POPULARITY
Zanter Enn vum leschte Mount ass en Gemengerot an der Stad: de Gabriel Boisante vun der LSAP. De Geschäftsmann a President vun der stater Sektioun vun der LSAP ass haut den Invité vun der Redaktioun. Mat him schwetze mer iwwert seng nei Aufgab am Gemengerot a wéi hie wëll der LSAP rëm eng méi grouss Roll an der Stad verschafen.

E Freideg war d‘Tessy Scholtes Invitée beim Franky Hippert an der Emissioun am Gespréich iwwer Sport tëscht 12h00 an 13h00! Zanter ronn 2 Méint ass déi fréier Vizeweltmeeschterin Presidentin vun der Sektioun Karate an der FLAM, der Federatioun vun den Arts Martiaux. An de Méint virdrun goufen et op administrativem Plang onroueg Zäiten! Déi sinn nach net ausgestaan. Wat d'Zukunft ugeet, hofft déi forméiert Sportsproff, datt op mannst eng Lëtzebuerger Karateka et op d'Olympesch Summerspiller d'nächst Joer zu Tokyo packt.

Den Ament sinn hei am Land am Ganze ronn 2.200 Schüler a sougenannten internationalen ëffentleche Schoulen ageschriwwen. Dat heescht Schoulen, an deenen d'Schüler eng Sektioun kënne wielen, wou d'Unterrechtssprooch Däitsch, Franséisch oder Englesch ass. D'Schoule sinn net onëmstridden, an och d'Meenunge vun de Parteien zum Thema ginn ausenaner. Hannergrënn vum Françoise Keller.
Wéi déi meescht vun mengen Nolauschtrer wahrscheinlech wessen, sinn ech relativ oft an vill am Internet ennerwee. Eischtens ged et do fuerchtbar vill Angscht a Schrecken ze erliewen (cf. Episod 57) an zweetens gefällt mir daat relativ gudd. Et ass net immens ustrengend an et leiert een immens vill interessantes a wichteges an nach vill méi onëtztes, daat engem fir eiweg am Gedierchniss stierche bleiwe wärt. Daat sinn dann esou Saachen wéi et zu Manchester den sougenannten Nico Ditch ged, den aus dem fréihe Mettelalter staamt an haut plaatzeweis nach d'Südgrenz vun Manchester markéiert.Oder dat an der schweizerescher Stadt Murten eng Kéier en Zirkuselefant fortgelaaf ass, den se dunn mat enger Kanoun erschoss hunn an d'Fleesch vum Déier durno verkaaft hunn? Bei esou Informatiounen kann dach all Magazin mat enger Sektioun déi sech „unnütztes Wissen“ nennt, apacken ...