Chamberwahlen 2018

Follow Chamberwahlen 2018
Share on
Copy link to clipboard

De 14. Oktober 2018 wielt Lëtzebuerg en neit Parlament. 256.698 Wieler*Innen kënnen hir Stëmmen ofginn. Zur Wahl stelle sech 547 Kandidat*Inne vun zéng Parteien. Aktuell Resultater, Analysen an Interviewen fannt Dir um Wahlsonndeg op 100komma7.lu.  

radio 100,7

  • Nov 16, 2018 LATEST EPISODE
  • infrequent NEW EPISODES
  • 21m AVG DURATION
  • 32 EPISODES


Search for episodes from Chamberwahlen 2018 with a specific topic:

Latest episodes from Chamberwahlen 2018

Politsche Wocheréckbléck: Regierungsformatioun hëlt Form un

Play Episode Listen Later Nov 16, 2018 6:06


Ee Mount no de Chamberwahlen hëlt d'Formatioun vun der neier Regierung esou lues Form un. Et zeechent sech eng Regierung mat 17 Memberen of. Sechs fir jeeweils d'DP an d'LSAP a fënnef fir déi gréng. Wéi konkret sinn déi Informatiounen iwwer d'Regierungsformatioun? Wisou fuerderen déi gréng bis elo net méi Posten? A wéi probabel ass et datt déi aktuell Pläng nach änneren? E politesche Réckbléck mam 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck.

Analyse vun der zweeter Woch no de Chamberwahlen

Play Episode Listen Later Oct 26, 2018 5:52


Woch zwee vun de Koalitiounsverhandlungen: DP, déi gréng an LSAP sinn e Freiden nees am grouse Krees zesummen, fir iwwert e Koalitiounsaccord ze schwätzen. Wou sinn d'Verhandlungen drun? Eng Analyse vum 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck.

Nëmme 37 Prozent hu gewielt

Play Episode Listen Later Oct 22, 2018 8:12


Bei de Chamberwahlen hunn nëmme 37 Prozent vun der erwuessener Populatioun zu Lëtzebuerg gewielt. Dës niddreg Wielerparticipatioun ass zum allergréissten Deel op déi bekannte Situatioun zeréckzeféieren, dass net-Lëtzebuerger, déi bal d'Halschent vun der Populatioun am Land ausmaachen, nach ëmmer net wielen däerfen. Gouf d'Polemik iwwert déi politesch Participatioun oder net-Participatioun vun den Auslänner zu Lëtzebuerg elo relancéiert? En Dossier vum Pierre Reyland.

Analyse vun der éischter Woch no de Chamberwahlen

Play Episode Listen Later Oct 19, 2018 7:47


E Réckbléck op déi politesch Woch no de Chamberwahlen, de 14. Oktober. Eng Analyse vum 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck.

Serge Wilmes

Play Episode Listen Later Oct 16, 2018 16:08


Bei de Gemengewahlen zejoert an der Stad huet hien d'CSV als Spëtzekandidat zeréck an de Schäfferot geféiert, bei de Chamberwahlen e Sonndeg huet hien op der CSV-Lëscht am Zentrum déi zweetmeescht Stëmme kritt (just de Claude Wiseler hat der méi). Keen Zweiwel: mam Serge Wilmes ass ze rechnen an der CSV. Wat ass seng Analys vun deem schlechten Ofschneide vu senger Partei? A wat ass säi Plang fir d'Zukunft - säin eegenen an dee vun der CSV? De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.

Wéi kéint déi nächst Regierung ausgesinn?

Play Episode Listen Later Oct 15, 2018 4:29


Lëtzebuerg huet gëschter en neit Parlament gewielt. Wie sinn d'Gewënner an d'Verléierer vun dëse Chamberwahlen a wéi kéint eng nächst Regierung ausgesinn?

Lëtzebuerg huet gewielt - wat elo?

Play Episode Listen Later Oct 15, 2018 27:28


Déi nei Chamber ass gewielt. Gewënner sinn: déi gréng mat 3 Sëtz méi, d'Piratepartei mat 2 Sëtz, déi nei an d'Chamber kommen, an d'ADR déi 1 Sëtz dobäi gewonnen huet. Déi grouss Parteien CSV, LSAP an DP hu Stëmme verluer. D'CSV bleift mat 21 Sëtz stäerkste Partei. D'DP kënnt op 12 Sëtz, an d'LSAP op 10 Sëtz. D'Dräier-Koalitioun kann arithmetesch weidergefouert ginn. D'Spëtzepolitiker vu blo-rout-gréng hu sech derfir ausgeschwat, d'Parteigremie mussen nach zoustëmmen. Wéi geet et virun no de Wahlen? Et diskutéieren de Laurent Zeimet fir d'CSV, de Claude Lamberty fir d'DP, den Alex Bodry fir d'LSAP a fir déi gréng d'Carole Dieschbourg. Moderéiert vum Mick Entringer.

Wien huet et an d'Chamber gepackt? Wien net méi?

Play Episode Listen Later Oct 15, 2018 3:41


60 Deputéiert goufe bei de Chamberwahle gëschter gewielt. Eng ganz Partie Deputéiert sinn net méi an der Chamber vertrueden, eng Rëtsch anerer wäerten eng éischte Kéier ee Mandat am Parlament untrieden. D'Pia Oppel an de Michel Delage maachen de Point.

Eng Analys

Play Episode Listen Later Oct 15, 2018 5:41


Resultater, Analysen a Reaktiounen

Play Episode Listen Later Oct 14, 2018 56:31


Resultater, Analysen a Reaktiounen

Play Episode Listen Later Oct 14, 2018 51:33


Resultater, Analysen a Reaktiounen

Play Episode Listen Later Oct 14, 2018 68:26


Resultater, Analysen a Reaktiounen

Play Episode Listen Later Oct 14, 2018 46:32


Resultater, Analysen a Reaktiounen

Play Episode Listen Later Oct 14, 2018 56:02


D'Ekipp vum 100,7 guidéiert Iech Live duerch d'Aktualitéit um Wahlsonndeg.

De Wahlsonndeg um 100,7

Play Episode Listen Later Oct 14, 2018 60:41


An dëse Minutte ginn Deelresultater erwaart. Wat sinn éischt Analysen a Reaktioune vum Terrain? Mir schalten an d'Parteizentralen an huelen de Bols. Moderatioun: Sophie Morang an Tessy Steffen-Koenig.

De Wahlsonndeg um 100,7

Play Episode Listen Later Oct 14, 2018 59:32


Wéi eng Analyse maache fréier Politiker vu Regierungsaarbecht, Wahlcampagne a méiglechem Wahlresultat? Mat engem gewëssene Recul analyséieren d'Marie-Josée Jacobs an de Ben Fayot d'Evenementer. Moderatioun Tessy Steffen-Koenig a Sophie Morang.

De Wahlsonndeg um 100,7

Play Episode Listen Later Oct 14, 2018 59:41


Et war e langweilege Wahlkampf - et gëtt op en spannende Wahlsonndeg gehofft. Am Studio beim Sophie Morang an Tessy Steffen-Koenig sinn d'Geschichtsprofessesch a Presidentin vun der lëtzebuergescher UNESCO-Kommissioun Simone Beck an de Woxx-Journalist Raymond Klein

Réckbléck op déi lescht Wahlkampfwoch

Play Episode Listen Later Oct 12, 2018 6:56


Wéi ass déi lescht Wahlkampfwoch verlaf? A wat fir eng Dynamik kann een esou kuerz virun de Chamberwahlen observéieren? Eng Analys vum 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck am Gespréich mam Tessy Steffen Koenig.

Een Dag mam Gast Gibéryen

Play Episode Listen Later Oct 12, 2018 7:28


De Gast Gibéryen ass zanter bal 30 Joer an der Chamber an domadder den Doyen. 1989 gouf hie fir d'éischte Kéier op der Lëscht vum "Aktiounskommittee fënnef Sechstel" gewielt. Dëst Joer wëllt hien et erëm wëssen an ass Spëtzekandidat fir d'ADR am Süden. De Claude Biver huet de Gast Gibéryen een Dag laang begleet.

Maryse Lanners & Christoph Bumb

Play Episode Listen Later Oct 12, 2018 17:16


D'Rubrik "Invité vum Dag" stoung an de leschte Wochen ganz dacks am Zeeche vun de Chamberwahlen: Et sinn eng ganz Rei Politikerinnen a Politiker am 100,7-Studio defiléiert, déi e Sonndeg fir e Mandat um Krautmaart kandidéieren. Och am leschten "Invité vum Dag" virun e Sonndeg sinn d'Wahlen de Sujet. De Maurice Molitor huet haut awer zwee Gäscht bei sech, déi am Wahlkampf net als Acteur ënnerwee waren, mee als interesséiert Observateuren: d'Journaliste Maryse Lanners (RTL) a Christoph Bum (reporter.lu). Mat hinne mecht hien e Réckbléck op eng langweileg Wahlcampagne an Ausbléck op e spannende Wahlsonndeg.

"Wann ech Premier wier": Marie Harter

Play Episode Listen Later Oct 11, 2018 5:10


An eiser Serie erziele Biergerinnen a Bierger onkommentéiert, wat si géife maachen, wa si eppes am Land kéinte veränneren. Déi 94 Joer al Fra géif d'Landschaften erhalen an den Zesummenhalt vun de Mënsche stäerken.

International ëffentlech Schoulen

Play Episode Listen Later Oct 11, 2018 7:45


Den Ament sinn hei am Land am Ganze ronn 2.200 Schüler a sougenannten internationalen ëffentleche Schoulen ageschriwwen. Dat heescht Schoulen, an deenen d'Schüler eng Sektioun kënne wielen, wou d'Unterrechtssprooch Däitsch, Franséisch oder Englesch ass. D'Schoule sinn net onëmstridden, an och d'Meenunge vun de Parteien zum Thema ginn ausenaner. Hannergrënn vum Françoise Keller.

Corinne Cahen (DP) & Marc Spautz (CSV)

Play Episode Listen Later Oct 11, 2018 21:29


Bei der Wirtschafts- a Steierpolitik ginn et an de Wahlprogrammer vill Schnëttstellen tëschent CSV an DP. Wéi awer gesäit et bei der Sozial -a Familljepolitik aus? Wou sinn déi rot Linne bei der DP an der CSV an der Familljepolitik? A wou sinn inhaltlech d'Kompromëssméiglechkeete fir eng méiglech schwaarz-blo Regierung? D'DP huet Reforme gemaach, déi staark vun der CSV kritiséiert gi sinn. Am leschte Face-à-Face virun de Chamberwahlen um radio 100,7 begéine sech déi aktuell DP-Familljeministerin a Parteipresidentin Corinne Cahen, Kandidatin am Süden, an de Marc Spautz, CSV-President, Familljeminister an der viregter Regierung a CSV-Kandidat am Süden. D'Mick Entringer féiert duerch d'Gespréich.

"Wann ech Premier wier": Yasmine Hussein

Play Episode Listen Later Oct 10, 2018 4:27


An eiser Serie erziele Biergerinnen a Bierger onkommentéiert, wat si géife maachen, wa si eppes am Land kéinte veränneren. Déi jonk Fra aus Syrien géif Stagë fir Lycéesschüler a Studenten an de Schoulen aféieren, fir hinnen eng konkret Virstellung vun de jeeweilege Beruffer ze ginn. Dacks géif een nämlech net dat maachen oder studéieren, wat ee wierklech gär huet.

Richtegen a falsche Wuesstum

Play Episode Listen Later Oct 10, 2018 3:59


D'Wuesstumsdebatt huet besonnesch den Optakt vun der Wahlkampagne thematesch dominéiert. Dobäi huet sech séier erausgestallt: Trotz der affichéierter Wuesstumsskepsis vu ville Parteie wëllt keng vun hinnen op Wuesstum verzichten. D'Polemik schéngt vill méi ee Symptom dofir ze sinn, datt de Parteien d'Iddie feelen an de Beräicher Logement, Mobilitéit, Integratioun an Nohaltegkeet eng aner Politik ze maachen. Ee Kommentar vum Pia Oppel.

"Wann ech Premier wier": Jacques Welter

Play Episode Listen Later Oct 9, 2018 4:54


An eiser Serie erziele Biergerinnen a Bierger onkommentéiert, wat si géife maachen, wa si eppes am Land kéinte veränneren. Den Erliefnespedagog gesäit et als Necessitéit un, de Liewensstil ze änneren a géif dat als Premier och esou virliewen. Hie géif och de Geschichtsunterrecht fërderen, fir verschidden Zesummenhäng besser verstoen ze kënnen.  

Claude Haagen (LSAP) & François Bausch (déi gréng)

Play Episode Listen Later Oct 9, 2018 17:46


Wou differenzéiere sech déi zwou Parteien an der lénker Mëtt? Wou gesi sech déi aktuell Koalitiounspartner LSAP an déi gréng no de Wahlen? Firwat net e gemeinsame politesche Projet um lénke Bord? Doriwwer diskutéieren den LSAP-Parteipresident an de grénge Minister. D'Mick Entringer féiert duerch d'Gespréich.

"Wann ech Premier wier": Serge Milbert

Play Episode Listen Later Oct 8, 2018 4:23


An eiser Serie erziele Biergerinnen a Bierger onkommentéiert, wat si géife maachen, wa si eppes am Land kéinte veränneren. Den Optiker géif d'Handwierk valoriséieren an de Mindestniveau fir an de Beruff eranzeklammen an d'Luucht setzen.

Een Dag mam Claude Wiseler

Play Episode Listen Later Oct 8, 2018 8:23


Am Virfeld vun de Chamberwahle begleede mir d'Spëtzekandidate vun deene verschiddene Parteien am Wahlkampf. Den 58 Joer ale Claude Wiseler ass schonn zanter ronn zwee Joer de Spëtzekandidat vun där gréisser Oppositiounspartei. Den CSV-Fraktiounschef, fréiere Minister a fréiere Stater Schäffen, wëllt nom 14. Oktober de Xavier Bettel als Regierungschef ofléisen. De Serge Kesseler war de virleschte Samschdeg een Dag laang mam Claude Wiseler ënnerwee.  

Réckbléck op déi véiert Wahlkampfwoch

Play Episode Listen Later Oct 5, 2018 6:53


Wéi ass déi virlescht Wahlkampfwoch verlaf? A wat fir eng Dynamik kann een esou kuerz virun de Chamberwahlen observéieren. D'Pia Oppel aus der Noriichteredaktioun mat enger Analys.

Een Dag mam David Wagner

Play Episode Listen Later Oct 5, 2018 7:55


"Ech si kee Politiker", seet den David Wagner iwwert sech selwer, mee e Militant. Hie wier bereet, politesch Mandater unzehuelen, d'Politik wier fir hien awer keng berufflech Carrière. Zanter dräi Joer ass den 39-Joer-ale lénke Politiker an der Chamber, fir d'Wahlen de 14. Oktober ass hien ee vu véier Zentrum-Spëtzekandidaten. D'Fanny Kinsch war een Dag mam David Wagner ënnerwee.

Familljepolitik am Wahlkampf

Play Episode Listen Later Oct 5, 2018 4:32


D'Familljepolitik ass bekanntlech ee vun de grousse Wahlkampfthemen. Datt vill Eltere sech eng méi familljefrëndlech Aarbechtswelt wënschen, spigelt sech an de Programmer vu bal all de Parteien erëm. Iwwerhaapt sinn d'Parteien, wat Familljepolitik ugeet, net esouwäit auserneen. Eng Analys vum Maxi Pesch.

Claim Chamberwahlen 2018

In order to claim this podcast we'll send an email to with a verification link. Simply click the link and you will be able to edit tags, request a refresh, and other features to take control of your podcast page!

Claim Cancel