POPULARITY
Zanter en Dënschdeg weess d'Land da lo endlech a graffen Zich, wou et bei der Pensiounsreform soll higoen. Um Ofschloss vum laangen Consultatiounsprozess, dee Schwaarz-Blo déi lescht Méint zelebréiert huet, läit d'Verantwortung da lo virun allem bei de jonke Generatiounen, fir de System an der Riicht ze halen. D'Claude Zeimetz sicht zanter där Annonce nach ëmmer de Kompromëss, dee jo u sech sollt bei deem ganze Geschwätz erauskommen.
Zanter 1999 steet hien un der Spëtzt vum Lëtzebuerger Filmfong an zielt iwwer den Oscar, d'Glenn Close, den Al Pacino a seng Roll als Transvestit
D'Dorothea Tatalidis huet Trompett am Stater Conservatoire beim Charles Consbruck a Roman Zaremba geléiert. Zanter 2021 studéiert si op der Hochschule für Musik, Theater und Medien zu Hannover. Mat hiren 23 Joer huet si schonn en impressionante Parcours hanner sech: si schléisst ënner anerem hire Prix Supérieur am Conservatoire mat Auszeechnung of, huet fënnefmol den 1. Präis mat Auszeechnung vum Concours Luxembourgeois pour Jeunes Solistes gewonnen an hat hire Solodebut bei der Militärmusek. An elo gouf si beim European Union Youth Orchestra (EUYO) fir d'Saison 2025 ugeholl. Am Gespréich mam Marie Trussart erkläert d'Trompettistin ënner anerem, wéi si mam Stress virun engem Concert ëmgeet, firwat si esou begeeschtert vun hirem Instrument ass a wat den EUYO als Orchester esou besonnesch mécht.
D'Dorothea Tatalidis huet Trompett am Stater Conservatoire beim Charles Consbruck a Roman Zaremba geléiert. Zanter 2021 studéiert si op der Hochschule für Musik, Theater und Medien zu Hannover. Si huet mat hire 23 Joer schonn en impressionante Parcours hanner sech: si schléisst ënner anerem hire Prix Supérieur am Conservatoire mat Auszeechnung of, huet fënnefmol den 1. Präis mat Auszeechnung vum Concours Luxembourgeois pour jeunes solistes gewonnen an hat hire Solodebut bei der Militärmusek. An elo gouf si beim European Union Youth Orchestra (EUYO) fir d'Saison 2025 ugeholl. Am Gespréich mam Marie Trussart erkläert si ënner anerem, wéi si mam Stress virun engem Concert ëmgeet, firwat si esou begeeschtert vun hirem Instrument ass a wat den EUYO als Orchester esou besonnesch mécht.
Zanter 50 Joer besteet den Orchestre de Chambre du Luxembourg, kuerz OCL. Bis haut huet den Orchester keng eege Raimlechkeete fir ze prouwen. Wat déi eng vläicht als Hindernis gesinn, gesäit den OCL als Challenge. An als Chance, aussergewéinlech Kollaboratiounen entstoen ze loossen. Aktuell befënnt sech den Orchester a Residenz an der International School of Luxembourg, kuerz ISL. D'Marie Trussart ass an den ISL gaangen an huet probéiert erauszefannen, wat et bedeit, wann en Orchester an enger Schoul doheem ass.
“Musek am Syrdall ass esou eng Frëndschaft mam Publikum a mat de Kënschtler”, seet de President vum Festival Jeannot Waringo. Zanter 1988 gëtt et de Festival, an dëst Joer ass et mat der 36. Editioun déi lescht Saison. Iwwert all déi Jore gouf et ëmmer ee roude Fuedem: nei Kompositiounen, haaptsächlech vu jonke Kënschtler, an de Vierdergrond stellen an e “Lieu de rencontre” si fir iwwer Kultur an och aner Saachen ze schwätzen. Dëst Joer sti véier Concerten am Mäerz an Abrëll um Programm, mat der Mënster Musek, dem Perkussiounsensembel vum Stater Conservatoire, dem Lëtzebuerger Lidderchouer an der Kammerata Luxembourg. Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit de Jeannot Waringo méi.
Zanter gëschter ass déi Lëtzebuerger Futtball-Nationalequipe zu Lëpschent am Trainingslager fir d'Frëndschaftslännermatcher e Samschdeg heiheem géint Schweden, an en Dënschdeg-8-Deeg zu Sankt Gallen géint d'Schwäiz ze preparéieren. An der BGL-Ligue ass den FC Déifferdeng 03 Directioun zweete Championstitel ënnerwee..., d'Equipe vun der Stonn ass awer och Stroossen, mat mëttlerweil der drëtter Plaz an der Tabell. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
Zanter den Donald Trump nees um Rudder ass, bléist ee stramme Wand an der Weltpolitik.
Zanter leschte Mëttwoch huet Lëtzebuerg eng Uergel méi am Gebrauch. A Presenz vum Kardinol an Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich gouf an der Privatschoul Sainte-Sophie an der Stad eng Uergel geweit. Speziell ass, datt dës Uergel an enger Schoul, an net wéi gewinnt an enger Kierch steet. Mee wat mécht d'Schoul mat dëser Uergel, a wéi leeft esou eng Uergelwei of? De Lex Kauffmann aus der Klassik-Ekipp war bei der Wei dobäi an huet mam Zeremoniar Jean-Pierre Reiners doriwwer geschwat.
Zanter méi wéi 30 Joer ass de Schwäizer Affekot Antoine Goetschel am Déiererecht aktiv. Als weltwäit éischten “Tieranwalt” huet hien a senger Karriär iwwer 700 Déiere viru Geriicht vertrueden, dorënner souguer ee Chamäleon, ee Pony an eng Boa. Mee wéi gesäit et an Europa a Saachen Déiereschutzrecht aus, an a wéi eng Richtung entwéckelt sech d'Relatioun tëschent Gesellschaft an Déier weider? Den Déierenaffekot huet an der Nationalbibliothéik ee Virtrag iwwer méiglech Weeër gehalen, an de Joé Birchen huet mat him iwwer dës geschwat.
En Donneschdeg (23.01) trëtt de Schengen Trio vum Orchester Les Solistes Européens, Luxembourg (SEL) zesumme mam Jean Muller zu Steesel am Kultursall op. An dësem Trio, deem seng Membere variéieren, spillt dës Kéier de jonke Geiist Yanis Grisó. Zanter 2023 ass de Student Member vum SEL. Am Interview beim Luc Boentges schwätzt hien iwwer Grenzen a säi Liewen tëschent Concerten a Studium.
Zanter gutt 15 Joer belount de Pictet Group reegelméisseg ee besonnesche Foto-Projet mam Prix Pictet, an deemno mat 100'000 Schwäizer Frangen. De Präis ass un e Sujet am Beräich vun der nohalteger Entwécklung gekoppelt, déi Kéier ass e mat “Human” iwwerschriwwen. 300 international Foto-Spezialist:innen haten Aarbechte vun enger Hellewull Fotograf:inne proposéiert, e Jury huet néng Finalisten nominéiert, deenen hier Fotoen, no London, San Diego, Shanghai a München, bis dëse Sonnden inclus am Stater Cercle Cité ze gesi sinn. Déi indesch Laureatin vum aktuelle Prix Pictet, d'Gauri Gill, déi sech mat der ländlecher Populatioun an der indescher Peripherie beschäftegt, konnt leider net op Lëtzebuerg kommen, dofir war awer zum Beispill de Pol Michał Łuczak am Cercle Cité, an d'Kerstin Thalau hat d'Geleeënheet, him e puer Froen ze stellen.
Dir hutt bestëmmt scho matkritt, datt op den 1. Januar d'Netzkäschte beim Stroum änneren. Zanter e puer Deeg läit déi definitiv Präisstruktur vir. Mee wësst Dir scho genee, wat op Iech als Konsument duerkënnt? Fir deem nozegoen ass de Claude Rischette bei eis am Studio, ee vun den zwee Vizedirektere vum Regulateur ILR.
Zanter den 1980er schreift d'Kim Deal an zwou groussaartege Rockbands Geschicht: The Pixies an The Breeders. Bal 40 Joer nom Ufank vun hirer Musekskarriär huet si elo just hiren éischte Soloalbum erausbruecht: "Nobody Loves You More". Dissonant Distortioun verhënnert Gefiller net, besonnesch wann deen ee Saz vun der Mamm den Titel däerf stellen. D'Claire Barthelemy huet déi nei Scheif fir eis gelauschtert.
Viru genee 20 Joer gouf, op Initiativ vum Ambassadeur a Kënschtler Hubert Wurth, den ESAL, also den Edward Steichen Award Luxembourg, an d'Liewe geruff. Dëst mat der Ënnerstëtzung vun der Steichen-Famill an den USA. Zanter 2011 ginn d'Laureaten a Laureatinnen aus der Groussregioun zousätzlech mat engem Kënschtler:inneresidenze-Programm vun e puer Méint, zu New York, belount. 2005 war d'Su-Mei Tse déi éischt Laureatin, Sophie Jung, Mary-Audrey Ramirez, Jeff Weber, Jeff Desom koumen, nieft aneren, no. Gëschter Owend war am Mudam d'ESAL-2024-Soirée. D'Ierfgroussherzogin Stéphanie, de Kulturminister Eric Thill, jo och déi fréier Kulturministerin Erna Hennicot-Schoepges hu sech dat net entgoe gelooss. D'Kerstin Thalau war fir eis mat dobäi an huet eng vun den 2 Laureatinnen an de Studio invitéiert.
Zanter der Mary-Audrey Ramirez hirer Eenzelausstellung “Forced Amnesia”, viurn e puer Méint am Casino Lëtzebuerg, ass och hire Partner Max Kreis Konschtintresséierten e Begrëff. De Berliner Multimedia-Kënschtler hat fir d'Expo mat un engem experimentelle Videospill geschafft. Als ausgebilten Informatiker a Kënschtler, dee sech zanter 6 Joer intensiv mat kënschtlecher Intelligenz a maschinellem Léiere befaasst, war de Max Kreis awer och den ideale Kandidat fir eng nei Kënschtler-Fuerscher-Residenz, déi en am September, tëscht der Uni um Belval an dem Casino Display an der Stad, ugetrueden hat. D'Kerstin Thalau hat gëscht Geleeënheet, mam Max Kreis, Bilan ze zéien.
Viru gutt 7 Joer hu Kreativer, Wëssenschaftler, Handwierker, Interesséierter den DKollektiv gegrënnt, fir sech um Site vum fréieren Diddelenger Walzwierk mat Industriekultur ze befaassen. De Feedback war positiv, esou datt aus der Initiativ 2022 den Tiers-Lieux culturel VeWa ervirgaangen ass: eng Plaz tëscht Schaff an Doheem, wou Leit Kenntnisser, Fäegkeeten, en Espace, Material a Ressource gemeinsam fir kreativ Zwecker deele kënnen. Zanter hier stinn d'Saisonen ënnert engem gewësse Sujet. Iwwert dee gëtt recherchéiert an um Enn eng Expo op d'Bee gestallt. Jo, a fir 2024 steet se ewell: d'Kerstin Thalau huet sech vum Serge Ecker duerch “Sols et sous-sols” guidéiere gelooss.
Zanter méi wéi 90 Joer gëtt et hei am Land d'Caritas. 1932 gouf de "Kathoulesche Lëtzebuerger Caritasverband" gegrënnt. Datt d'Organisatioun den 100. Gebuertsdag feiert, ass éischter onwarscheinlech. D'ONG gouf beklaut a steet virum Enn vun hirer Existenz. Et bleiwe vill Froen an d'Ongewëssheet, wéi et weidergeet mat der Caritas. Mä déi lescht Deeg hunn och Resultater bruecht. D'Carine Lemmer kommentéiert.
D'Julie Scheuren huet sech viru 5 Joer dofir decidéiert, professionell Perkussioun ze spillen. Zanter 5 Joer ass si Studentin um renomméierte Royal College of Music zu London. Rezent eréischt huet si bei engem Concert op de BBC Proms an der Royal Albert Hall zu London matgespillt. Eng grouss Erfarung fir d'Musekerin, iwwer déi si am Interview mam Lex Kauffmann geschwat huet. Mir hunn dee Concert och iwwerdroen a kann an der opus 100,7 Mediathéik nach bis den 1.11. gelauchtert ginn.
Huet d'Waarde sech gelount? Mir fannen: jo, absolutt! Zanter dem Weekend a bis den 19. Januar presentéiert déi däitsch-lëtzebuergesch Keramik-Kënschtlerin Vera Kox, Joergang 1984, an der Escher Konschthal hir Ausstellung “Sentient Soil”, also sensibele Buedem. Am Virfeld war d'Kënschtlerin an eng sëlleg klimatesch extreem Naturgebidder gereest. Hir Impressiounen an Andréck, d'Verflechtungen tëschent Ëmwelt, mënschlechen an net-mënschleche Liewensforme kommen an der Expo voll zur Geltung. D'Kerstin Thalau hat d'Geleeënheet, kuerz virum Vernissage, der Vera Kox e puer Froen ze stellen.
Zanter e Mëttwoch ass kloer: De Wollef soll deemnächst an der EU manner streng geschützt sinn. Argumentéiert ginn ass dee Schratt mat Problemer, déi d’Déier soll verursaachen, zum Beispill duerch Schof, déi gerass ginn. Och Lëtzebuerg huet sech fir ee manner strenge Schutz ausgeschwat. Domadder huet d’Regierung eng 180-Grad-Dréiung higeluecht, ouni déi awer genee ze erklären. Am Podcast schwätzen d’María Elorza Saralegui an de Joël Adami iwwert de Wollef, seng Situatioun zu Lëtzebuerg an an der EU, an iwwert Fro, wéi ee Management vum Wollef kann ausgesinn. Dozou gehéieren eventuell och Ieselen – wat et mat deenen op sech huet, gitt dir natierlech och am Podcast gewuer. All d’woxx-Artikelen zum Thema Wollef fannt dir ënnert dësem LinkThe post D'EU an de béise Wollef first appeared on Radio ARA.
Wann eng Band eng kloer Visioun huet, vun där Musek, déi si maachen a wëlle maachen, da schéngt dat ëmmer duerch. Et kann een et zum Beispill un enger konsequenter Diskographie erkennen. D'Tindersticks, de Quintett vun Nottingham, deen 1991 mat der EP “Old Horse” hiren Debut erausbruecht huet, hunn definitiv e roude Fuedem an hirem Schafen. Zanter hirem éischten Debut 1993 hu si ouni midd ze ginn hir Musek weiderentwéckelt a verfeinert. 31 Joer méi spéit si si bei hirem 14. Studioalbum ukomm, d'Plack “Soft Tissue“, erauskomm virun 11 Deeg. An nach un enger anerer Saach weist sech, datt eng Band mengt, wat si mécht: datt et iwwer d'Joren ëmmer méi schwéier gëtt, si an e Genre-Tirang ze quëtschen. D'Tindersticks kléngen ëmmer no sech selwer, a keng aner Band kléngt wéi si. “Soft Tissue“ vun Tindersticks ass eraus op City Slang, de Marc Clement hëlt mat duerch den Album.
Tëschent dem Freideg, 27. September, a Sonndeg, 6. Oktober si queesch duerch Lëtzebuerg déi traditionell Journées du patrimoine. Esou invitéiert de Spektrum zu Rëmeleng zum Beispill op de Projet “Minett Metabolisms”, also op eng Zort Porte ouverte mat enger Hellewull Aktivitéite fir all Alter. De Spektrum versicht, sech als Zentrum fir multimedial an digital Konscht en Numm ze maachen, als Uert fir Kënschtlerresidenze plus Hotel; dat Ganzt mat Bezuch zum Passé: schliisslech war dës Plaz fréier als Hames-Haus bekannt. De Kënschtler a Sculpteur Albert Hames hat do och säin Atelier. Zanter sengem Doud 1989 vollgepaakt mat Skulpturen a Studien, mat sengem Aarbechtsgeschier. D'Konschtrestauratrice Laura Di Mola gouf domat beoptraagt, dëse Schatz en valeur ze setzen. D'Kerstin Thalau huet si kennegeléiert.
Zanter dem leschte Joer rembourséiert d'CNS och Psychotherapien. Kréien elo all d'Patienten an d'Patientinnen déi Versuergung, déi si brauchen? De Rick Mertens freet d'Presidentin vun der Psychotherapeuten-Federatioun.
Zanter 1340 gëtt et d'Schuebefouer. An dat grousst Volleksfest zitt all Joers Millioune Mënschen un. Och fir vill Leit zu Lëtzebuerg ass d'Fouer e Must. Eise Sproochmates Alain Atten bréngt eis dëst traditiounsräicht Fest méi no.
D'Gesiicht vun der Stad mat senge Verännerungen uechtert d'Zäit dokumentéieren: dat ass d'Missioun vun der Stater Fotothéik op der Cloche d'or. Zanter ewell ronn 40 Joer bedeit dat net nëmmen déi 7 Millioune Fotoen an Negativer aus der hausinterner Sammlung aartgerecht ze archivéieren, mee se och dem breede Public zougänglech ze maachen. Zum Beispill am Summer mat enger thematescher Foto-Expo am Cercle Cité. “Put it on! Le Luxembourg s'habille” ass se déi Kéier iwwerschriwwen. An d'Kerstin Thalau hëlt Iech elo mat op eng Visitt derduerch, zesumme mat der Fotothéik-Responsabeler Gaby Sonnabend an dem Fotograf vun der Institutioun, de Christian Aschman.
D'Mabe Fratti, eng Cellistin aus dem Guatemala, huet 2016 duerch eng Residenz am Goethe-Institut Mexico entdeckt, wou si haut schafft an an der improviséierter Musekszeen matmëscht. Zanter hirer Teenagerzäit mécht d'Mabe Fratti scho Musek an ass fräi an hirem Ëmgang mat Kollaborateure wéi Museker am Amor Muere Kollektiv, mat deene si d'lescht Joer eng LP erausbruecht huet - wéi och mat Titanic, hirem gemeinsame Projet mam Hector Tosta. “Sentir Que No Sabes” ass hir 4. Soloplack zanter dem Debut 2019. Dës weist eemol méi d'Subtilitéit vun der Musekerin a wéi si sech ëmmer méi wäit an d'Popmusek eraleet.
D'Mabe Fratti, eng Cellistin aus dem Guatemala, huet 2016 duerch eng Residenz am Goethe-Institut Mexico entdeckt, wou si haut schafft an an der improviséierter Musekszeen matmëscht. Zanter hirer Teenagerzäit mécht d'Mabe Fratti scho Musek an ass fräi an hirem Ëmgang mat Kollaborateure wéi Museker am Amor Muere Kollektiv, mat deene si d'lescht Joer eng LP erausbruecht huet - wéi och mat Titanic, hirem gemeinsame Projet mam Hector Tosta. “Sentir Que No Sabes” ass hir 4. Soloplack zanter dem Debut 2019. Dës weist eemol méi d'Subtilitéit vun der Musekerin a wéi si sech ëmmer méi wäit an d'Popmusek eraleet.
Zanter der Coronakris kënnt et méi dacks zu Verspéidungen an Annulatioune vu Flich. Mussen d'Passagéier och dëse Summer domat rechnen? De Rick Mertens freet den Direkter vun der Luxair.
Zanter 2018 mécht sech de Patrick Miranda mat sengem Projet Pleasing en Numm an der Lëtzebuerger Musekszeen - a stellt mat sengem Projet tëschent Post-Hardcore, Postrock, Metal an Jazz-Aflëss eng Zort Omni, also Objet Musical non identifié duer. Mat sengen zwou neie Singele "Bleak" an "There's Something Wrong with Everybody" geet de jonke Museker nees nei Weeër - eng gutt Geleeënheet, hie fir ee Gespréich anzelueden.
Zanter ronn enger Woch steet den 1. Escher Schäffe Pim Knaff am Mëttelpunkt vun der medialer Opmierksamkeet. Well hien iwwer 100.000 Euro un Honorairen net versteiert huet, gouf en zu enger Amende vun 9.500 Euro verurteelt. Fir déi Escher Oppositiounsparteien ass dat Grond genuch, de Récktrëtt vum Pim Knaff ze fuerderen. D'Majoritéit stellt sech iwwerdeems hannert den DP-Politiker, dee selwer vun engem Feeler schwätzt, fir deen e riichtstoe géing. Eng Affär, bei där net nëmmen de Pim Knaff net gutt ausgesäit, mengt de Marc Hoscheid an engem Commentaire.
An de Rotondë spillen den Owend Faux Real. Leit, déi scho méi laang an der Lëtzebuerger Musekszeen dra sinn, kennen d‘Gebridder Eliott a Virgile Arndt vu Glitter an d'Trauma an Natas Loves You, zwou Bands, déi am viregte Joerzéngt hei an iwwer d‘Grenzen eraus Erfolleg haten. Mat Faux Real geet et vum Rock an den decaléierte Pop. Zanter der Covid-Pandemie ass de Projet opgaange wéi eng Blumm. De Marc Clement huet sech am Virfeld vum Concert den Owend (5.6.) zu Bouneweg mat Faux Real ënnerhalen.
Zanter gëschter wësse mer, datt d'Tali et an d'Finall vum ESC gepackt huet, a Lëtzebuerg de Samschden an der Finall vertrëtt. D'Sophie Schroeder huet op der Plaz e puer Stëmmen agefaangen.
Iwwert d'Konscht- a Kulturoffer zu Lëtzebuerg kann ee sech haut wierklech net bekloen. Eng etlech Leit fannen, nieft hirem eegenen alldeegleche Programm, just keng Zäit dofir. Dach, fir eng schonn: fir d'Akafskultur. Viru knapps 10 Joer hate 7 Fraen sech an de Kapp gesat, déi ze revolutionéieren, an domat d'Gesellschaft nohalteg ze veränneren. Si hate séier Succès: fir hiert Konzept vum Null-Verpackungsbuttek si si mam Innovatiounspräis ausgezeechent ginn, hu kuerz drop den éischten “Ouni” op der Gare opgemaach. Viru 5 Joer ass en 2. “Ouni” zu Diddeleng annoncéiert ginn. Zanter 2 Joer ass Lëtzebuerg elo ouni “Ouni”. D'Kerstin Thalau huet mat Diddelenger Membere vun der Cooperative geschwat.
Zanter e puer Joer maachen zwee zougewandert Kolleegen zu Lëtzebuerg zesumme Musek, a verstoppen sech dobäi hannert de Kënschtlernimm Magnus & John, an heiansdo och hannert engem Ganzkierperkostüm. Hir Musek hält den Ideal vun der Techno-Musek héich – fräi a friddlech zesummen danzen - a gëtt mat der Zäit ëmmer méi raffinéiert. Haut bréngen déi zwee hir nei EP „Snowbirds“ eraus, an hunn dem Marc Clement e bësse méi iwwert déi nei Scheif erzielt.
Zanter 2017 gëtt et an der Gamme vun Hyundai, de Kona. Relativ fréi hat de koreanesche Konstrukteur, nieft de reng thermesche Motoren och eng Hybrid- an och eng Elektroversioun, a sengem Portfolio. Am Automag vun haut schwätze mir iwwer deen neien Kona dee reng elektresch ënnerwee ass. De Rich Simon huet den Auto getest. Rich de Kona am elektreschen ass schonns een alen Hues...
Zanter dräi Méint leeft de verstäerkte Policeasaz an der Stad, d'Presidentin vun der Policegewerkschaft SNPGL schwätzt an engem Interview haut vu kaum gräifbare Resultater, dofir awer vun engem groussen Opwand fir d'Kommissariater.
Et huet alles mat enger typescher Kooperatioun tëschent engem Komponist an engem Orchester ugefaangen. D'Militärmusek an de Jean-Claude Braun hu schonn eng Rëtsch Wierker vum éisträichesche Komponist Otto Schwarz opgeholl. Dat ass och schonn de Fall gewiescht mat verschidde Wierker vum Lëtzebuerger Komponist a Militärmuseker Georges Sadeler. Zanter dem leschte Joer koum eng Komponent dobäi. Den neie Verlag Symphonic Dimensions vum Otto Schwarz huet zwee Lëtzebuerger Komponisten, den Tim Kleren an de Georges Sadeler, ënner Vertrag. Dat ass och ee vun de Grënn fir déi aktuell Opnamen hei zu Lëtzebuerg. De Christophe Mirkes huet sech mam Lieutenant Jean-Claude Braun, mam Otto Schwarz a mam Georges Sadeler iwwer d'Entwécklung vun dëser Zesummenaarbecht ënnerhalen.
Zanter dem Ufank vum Ukrainkrich an de Sanktioune géint Russland, ass den Export a Russland agebrach, och vu Lëtzebuerg aus, dofir awer klëmmt den Aussenhandel mat den Nopeschlänner vu Russland.
Op Invitatioun vum Institut Pierre Werner war déi däitsch-ungaresch Schrëftstellerin Terezia Mora zu Lëtzebuerg. Si koum och bei eis op de Radio an huet mam Valerija Berdi iwwer hire leschte Roman “Muna oder Die Hälfte des Lebens“, deen am Luchterhand-Verlag erauskoum, geschwat. D'Terezia Mora, Joergang 1971, ass an Ungarn zweesproocheg - däitsch an ungaresch - opgewuess. Zanter 1990 lieft si an Däitschland a fir hiren éischte Roman "Alle Tage" krut si sëlleg Präisser, ënner anerem de Leipziger Buchpreis. An all hire Wierker befaasst si sech mat Personnagen, déi an dëser eiser Welt net hir richteg Plaz fannen, net derzougehéieren. Esou och an dësem Wierk, wou mir d'Protagonistin Muna duerch 20 Joer vun hirem Liewe begleeden.
Op Invitatioun vum Institut Pierre Werner war déi däitsch-ungaresch Schrëftstellerin Terezia Mora zu Lëtzebuerg. Si koum och bei eis op de Radio an huet mam Valerija Berdi iwwer hire leschte Roman “Muna oder Die Hälfte des Lebens“, deen am Luchterhand-Verlag erauskoum, geschwat. D'Terezia Mora, Joergang 1971, ass an Ungarn zweesproocheg - däitsch an ungaresch – opgewuess. Zanter 1990 lieft si an Däitschland a fir hiren éischte Roman "Alle Tage" krut si sëlleg Präisser, ënner anerem de Leipziger Buchpreis. An all hire Wierker befaasst si sech mat Personnagen, déi an dëser eiser Welt net hir richteg Plaz fannen, net derzougehéieren. esou och an dësem Wierk, wou mir d'Protagonistin Muna duerch 20 Joer vun hirem Liewe begleeden. E Liewen tëschent Berlin, London a Wien, matten am kulturelle Geschéien an dann awer an enger Relatioun, wou si kierperlech a psychesch mëssbraucht gëtt. D'Muna begéint hei vill Mënschen aus ganz ënnerschiddleche sozialen, sproochlechen a kulturelle Milieuen, hiert Elengsinn a sech eleng fillen, ass dat, wat si verbënnt.
De Black Star Miersch ass ee vun den eelste Basketveräiner aus dem Land. Dëst Joer gëtt de Club 90 Joer al. Datt et an där Zäit op an of goung, ass normal. Den Héichpunkt hate si an den 1960er Joren, wéi si 2x Champion goufen. An der Lescht sinn si tëschent der National 2 an der héchster Divisioun hin an hier gependelt, konnte sech ni méi wéi 1 Joer uewen halen. Zanter 2015 sinn si nëmme méi zweetklasseg gewiescht. Mee dat kënnt sech elo ännere, Guy Seyler:
"Der Prozess", de weltberüümte Roman vum Franz Kafka, steet zanter senger Verëffentlechung fir d'Absurditéit an d'Onmënschlechkeet vum Rechtsystem a stellt och eng Allegorie op déi Zort Bürokratiséierung, déi an autoritäre Regimmen d'Existenz vu Schreifdësch-Täter erméiglecht huet. Zanter leschter Woch ass de Roman dann och als Theateradaptatioun vum Jean-Paul Maes am Kaleidoskop Theater ze gesinn. Zu Huncherage am KulTourhaus kann een d'Stéck nach d'nächst Woch gesinn. De Jeff Schinker an den Nicolas Calmes beschwätzen hir Impressiounen.
Den Owend (2.2.) ass am Casino - dem Forum fir zäitgenëssesch Konscht an der Ënneschtgaass - de Vernissage vun der Mary-Audrey Ramirez hirer Expo “Forced Amnesia”. Mary-Audrey ... dat seet Iech eppes? D'Textil- a Printkënschtlerin ass 1990 zu Lëtzebuerg gebuer, lieft a schafft zanter hire Konschtstudien zu Berlin. U wat si schafft? U sougenannte “Softsculptures”. Zanter gutt zéng Joer baut d'Mary-Audrey Ramirez sech eng Zort skurillen an absurde Video-Games-Zoo an 3D op. Dat kënnt nawell gutt un. An dowéinst war si zum Beispill 2022 fir de Luxembourg Encouragement for Artits Prize nominéiert; Enn 2019 war si Edward-Steichen-Award-Laureatin, déi fir sechs Méint op eng Kënschtlerresidenz op New York dierf. An zwar zesumme mat der Nora Wagner. D'Kerstin Thalau hat d'Ladies deemools an de Studio invitéiert: hei en Extrait vum Gespréich.
Zanter ugangs dës Joers sinn d'Reklammsbliedercher a Folderen, déi an eise Bréifkëschte verdeelt goufen, Vergaangenheet. Natierlech war dësen Trend virauszegesinn.
Zanter gëschter ass déi repressiv Phas vum Heescheverbuet a Kraaft an dat ass de Moie grousst Theema op den éischte Säiten an den Zeitungen, et sinn Temoignagë vu Betraffenen a vu Leit vu baussen.
Zanter zéng Joer spillen Zéngdausende vu Britten am Dezember ee besonnescht Adventsspill: Whamageddon. Den Numm leet sech hier aus dem Numm vun der 80er-Jore Popgrupp Wham, där hire Leadsänger den George Michael war. Hire berüümte Chrëschthit "Last Christmas" huet nämlech net nëmme Frënn, besonnesch well et een Euphemismus wier ze soen, e wier iwwerlauschtert, esou dacks héiert een en am Radio, um Chrëschtmaart, an a Geschäfter. D'Zil vum Spill ass et dofir ëm all Präis ze verhënneren, dëst Lidd wärend der Adventszäit zu Oueren ze kréien. D‘Marie Billon rapportéiert vu London.
Zanter 2010 ass den Nissan Juke um Marché. Schonns e puer Mol hat d'Ekipp vum Automag de klenge Japaner am Test. Elo gëtt et nees eng Neierung. Den Juke ass elo als Hybrid Versioun ze kréien. Fir eis huet de Rich Simon den Auto getest. An och fir dech Rich, war et net den éischte Juke deen's du ënnert de Rieder has....
E Méindeg de Moie waren den Antisemitismus zu Lëtzebuerg an d'Zwee-Staate-Léisung am No-Ost-Konflikt Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
In this episode of JJ Meets World, the crew chats about their Mount Rushmore of musical solo artists! For more episodes of JJ Meets World, or to find out how you can support this podcast, visit http://www.jjmeetsworld.com/ Patreon - https://www.patreon.com/jjmeetsworld Merch Shop - https://shop.spreadshirt.com/jj-meets-world Apple Podcasts - https://podcasts.apple.com/us/podcast/jj-meets-world/id1367045742 Spotify - https://open.spotify.com/show/0L9IGvJuUjFK0UOR9AIF5u YouTube - https://www.youtube.com/channel/UCh1WZrpC-XE57mRzi1bzPow Google Play - https://play.google.com/music/listen?u=0#/ps/Iwnpufw6f5qromxbbw6pq32rsya Facebook - https://www.facebook.com/jjmeetsworldpodcast/ Twitter - https://twitter.com/jjmeetsworld?lang=en Instagram - https://www.instagram.com/jjmeetsworldpodcast/