POPULARITY
Iwwert dem Spielberg seng Duerstellung vum Holocaust war de Claude Lanzmann deemools schockéiert - hien huet gemengt verschidde Saachen wieren einfach irrepresentabel. Den Documentaire "Holofiction" vum Michal Kosakowski beliicht grad, wéi d'Shoah an der Fiktioun duergestallt gouf - a misst, esou de Marc Trappendreher, an all Schoulprogramm opgeholl ginn.
Firwat soll de Schouschter iwwerhaapt bei senge Leeschte bleiwen? Soll jidderee just a sengem Beräich bleiwen? Soll ee sech also och net zu Wuert melle bei Saachen, déi een u sech näischt uginn? Déi Froe stellt sech de Serge Tonnar a senger Carte Blanche -a gëtt domadder jo schonn d'Äntwert.
Am Mäerz 1922 entdeckt d'Famill Gruber um Haff Hinterkaifeck komesch Saachen, déi drop hindeiten, dass een sech am Haus ophält. Den Haff läit relativ isoléiert an et wunne sechs Persounen do. Den 31. Mäerz 1922 gëtt déi ganz Famill brutal ermort. Mee bis dat opfält vergi véier Deeg. Et schéngt wéi wann den Täter weider um Haff gewunnt, gekacht, gebak a souguer d'Kéi gestrach hätt. Et ginn e puer Verdächteger, mee bis haut konnt keen Täter ermëttelt ginn.
Et ass déi läscht Folleg ier d' Summer-Paus.-Episode starten an et geet uerdentlech virun: Mir fänke mat de "No Angels" un, sti mam Airfryer am Lift a spille mat Red Flags. Fir déi néideg Holiday-Vibes ginn et amerikanesch Absurditéiten, pöbelnd Politikerinnen a Féisswéih um Festival. Mir gi mat den Aliens an den Europapark an diskutéieren iwwer Marketing, "American Apparel" an e persesche Rapper. Natierlech geet et och ëm "the concert that could have been an e-mail", dem Charel Goerens seng grouss Musekskarriär a Millennial-Tipps fir Saachen am Summer. Ze kläre bleift also just nach: Ass Karamell 10 Kalorie wäert? Wéi vill Dates kann een an enger Woch hunn? Wien ass d'Twiggy XKX? A wisou ass d'Antonia Rados bei de Mormonen?
Am Reemantel, an der Pan, am Läschschaum vun de Pompjee an an dausend anere Saachen. Déi sougenannt Ewigkeitschemikalien, och als PFAS bekannt, sinn iwwerall. Dat heescht awer och, datt sech hir Ofbauprodukter mëttlerweil iwwerall erëmfannen, besonnesch am Waasser: An eise Flëss a Bachen, am Grondwaasser an och am Krunnewaasser. Eng méintlaang Recherche vun der woxx wéisst, wou d‘PFASen iwwerall virkommen. Wéi geféierlech ass dat? Wéi si mir bei der Recherche virgaangen? Wouriwwer wäerte mir an deenen nächsten Deeler schwätzen? Dat alles gitt dir an dëser Podcastepisod gewuer. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Ewigkeitschemikalien in Luxemburg (1/4): Auf immer und ewigThe post Wou sinn iwwerall Ewigkeitschemikalien zu Lëtzebuerg? first appeared on Radio ARA.
„Design for all“ heescht eng Philosophie, mat där Barrierefräiheet net just nodréiglech agebaut, mä vun Ufank u matgeduecht soll ginn. Och am Sport kann een*t dat ëmsetzen – wann een*t just wëll. D'Melanie Czarnik wat sech de Gym „Iron Sparks“ ukucken, deen dat zu Esch op enger neier Plaz ëmsetzt. Nieft deene praktesche Saache ginn et awer och an der Virgoensweis vill Saachen, déi ee beuechte muss, fir eng Atmosphär ze schafen, an där jiddereen*t wëllkomm ass. Wéi dat geet, beschwätze mir an dëser Episod. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Inklusion im Sport: Design für alleThe post Wéi ka Sport fir jiddereen*t sinn? first appeared on Radio ARA.
Et ass déi lescht Woch Fussball bevir et an déi schéinste Woch vum Joer geet. De Ben an de Gilles blécken op déi wichtegst Saachen am Lëtzebuerger Fussball: BGl Ligue, Éierepromotioun, 1. Divisioun an an an… Alles an dëser Episod Buvette.
Et diskutéieren d'Fraktiounspresidenten a Spriecher vun alle Parteien aus der Chamber iwwert déi grouss Themen vun der Ried zu Lag vun der Natioun. Et gëtt awer geschwat iwwer déi Saachen, iwwer déi de Premier wéineg oder guer näischt sot. Et geet och ëm de Stil an d'Approche vum Luc Frieden.
Alt nees ee vergaangene Weekend an der Fussballwelt an de Ben an den Dylan kucken zesummen op d'BGL Ligue, d'Éierepromotioun, d'Champions League, déi ustoend Lännermatcher an dat alles mat Fakten, Fakten a nach méi Fakten. Dat a nach vill weider Saachen an der neier Folg Buvette.
“Musek am Syrdall ass esou eng Frëndschaft mam Publikum a mat de Kënschtler”, seet de President vum Festival Jeannot Waringo. Zanter 1988 gëtt et de Festival, an dëst Joer ass et mat der 36. Editioun déi lescht Saison. Iwwert all déi Jore gouf et ëmmer ee roude Fuedem: nei Kompositiounen, haaptsächlech vu jonke Kënschtler, an de Vierdergrond stellen an e “Lieu de rencontre” si fir iwwer Kultur an och aner Saachen ze schwätzen. Dëst Joer sti véier Concerten am Mäerz an Abrëll um Programm, mat der Mënster Musek, dem Perkussiounsensembel vum Stater Conservatoire, dem Lëtzebuerger Lidderchouer an der Kammerata Luxembourg. Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit de Jeannot Waringo méi.
En Donneschdeg de Moie war d'Archeologie Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Et war e rouege Weekend an der Fussballwelt. Trotzdem kucken de Ben, den Gilles an den Dylan op d'Ereignisser. Déifferdeng mécht einfach sou weider wéi se et ëmmer maachen, zu Miersch ass eng Kou rondërem gelaf, Mamer schéisst Biissen of an de Lars Gerson huet Probleemer um Wuessterrain ze spillen. Dat a nach vill weider Saachen an der neier Folg Buvette.
Fiert d'CSV-DP-Koalitioun a Saachen d'Asylpolitik eng méi haart Linn wéi déi viregt Regierung? Dat freet d'Christiane Kleer de spezialiséierten Affekot a Member vum Flüchtlingsrot.
D'Buvette geet genau sou wéi de Lëtzebuerger Fussball an d'Wanterpaus. Trotzdeem beschwätzen d'Bouwe vun der Buvette nach eng Kéier déi wichteg Saachen. Wéi geet et mat Hesper weider? Wat huet de Ben zu Stroossen erlieft? Wat ass zu Königsdorf geschitt? Wat maachen d'Ekippen an der Wanterpaus? Alles dat a nach vill méi an dëser Episod vun der Buvette.
Vill Schauspiller wëllen an hire Filmer och fir d'Regie verantwortlech sinn. Déi zwou Saachen ënnert een Hutt ze kréien ass definitiv net einfach - ausser et heescht ee Clint Eastwood! An den Hollywood Reporter Pit Biwer huet mam Morgan Freeman iwwert seng onverkennbar Stëmm geschwat.
Zwee ganz ënnerschdilech Sportsween sti sech haut am Automag géintiwwer.De 100 % elektreschen Hyundai Ioniq 5N aus Korea, an de klassesche Verbrenner aus Amerika, d' Corvette C8Komplett verschidden, an awer e puer Saachen "en commun"? De Christian Schmit souz hannert dem Volant vun deen zwee an huet et erausfonnt.
Evacuate the Liichterketten, et ass Zäit fir Chrëschtdag! Ënnert dëm Motto "Huiuiui...heute wird's anders!" présentéiert äre Liblingspodcast iech kuerz no Halloween net just "passiv-aggressive Szenen einer Freundschaft", mee och allerhand aner spooky Saachen ewéi Zukunftsängscht duerch Jugendfilmer, Morde fir de Glow, den DJ Ötzi als Stripper a Läiche bei der Schoul. E Film iwwer Jeans an Dance Moms steet och um Programm, genee ewéi d'Téléréalité française aus den 2000er a "Bitzen Doheem". D'Cl-AI-re Luxlait, d'Podcast-Wanderhure an e multilinguaalt Pianogenie sinn o nach mat vun der Partie. Wéi ëmmer, ginn och brennend Froen opgeworf... ënner anerem: Wee war am Hitler senger Bidden? Ween ass d'Sonia in Paris? A wee vun eis spillt Triangel an der Philharmonie?
D'Buvette ass rëm zeréck an et gëtt alles op lénks gedréit! Keng Bundesliga méi, keng Premier League méi, näischt Internationales méi. Nëmmen nach déi interessant Saachen an zwar de Fussball aus Lëtzebuerg. De Ben de Gilles an den Dylan hunn sech Gedanke gemaach a plapperen an dëser Episod iwwer Aktuelles aus der BGL Ligue, e Sensatiounstrikot a maachen sech prett fir de Start vun deenen aneren Ligen.
E Mëttwoch de Moie war de Respekt bei hëtzegen Diskussiounen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
All 2 Wochen raumen si op. Alles dat wat anerer ënner den Teppech kieren huelen si, Stëbskär fir Stëbskär, do eraus a schaffen et op. Si weisen mam Fanger op Saachen déi net sou gelaf sinn wéi se sollen, a nennen Leit mam Numm déi géint d'Reegelen verstouss hunn. Fir dës Sisyphusaarbecht huet d'Marie Gales kompetent Leit zu senger Säit mam Jacques Kapp, Lucien Czuga, Pascal Becker, Gérard Valerius a Christiane Kremer.
All 2 Wochen raumen si op. Alles dat wat anerer ënner den Teppech kieren huelen si, Stëbskär fir Stëbskär, do eraus a schaffen et op. Si weisen mam Fanger op Saachen déi net sou gelaf sinn wéi se sollen, a nennen Leit mam Numm déi géint d'Reegelen verstouss hunn. Fir dës Sisyphusaarbecht huet d'Marie Gales kompetent Leit zu senger Säit mam Jacques Kapp, Lucien Czuga, Pascal Becker, Gérard Valerius a Christiane Kremer.
De Ben an den Dylan hunn sech dës Kéier nees d'Méi gemaach an hunn all déi wichtegst Saachen aus der Fussballswelt fir dech opgegraff. Rouspert suergt dofir, dass et keng Meeschterschaftsfeier fir Déifferdeng gouf, den Jamie Carragher huet gelieft wéi een aus der Buvette, De Kroos spillt weiderhin Zockerpassen, de Max Kruse gesäit aus wéi de schlechten Ailton an de Baumgart hat Streit matt sengem Noper.
Wann et ëm d'Wieder geet sëtze mer all am selwechte Boot, an och beim Trafic gëtt et keng Extrawurschten. Bei anere Saachen sinn d'Ënnerscheeder schonn méi grouss jee nodeem wou een gebuer a grouss ginn ass. Déi eenzel Point de vue'en, Top a Flop an eng ganz Achterbunn vun de Gefiller gëtt et elo nees bis Mëtteg am Bilan vun der Aktualitéit aus de leschten 14 Deeg beim Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga, Gérard Valerius a Marie Gales.
De Premier Luc Frieden ass en ambivalente Charakter: dat schreift d'Lëtzebuerger Land. Zu Bréissel seet hie Saachen, déi hien zu Lëtzebuerg erëm relativéiert. “Ënnerschiddlech Siichtweisen” géif hien an enger Persoun vereenen, stellt d'Wochenzeitung fest. Iwwer den Ausbau vum Tram an der Stad geet Rieds an engem Interview mat der Mobilitéitsministerin Yuriko Backes (DP) haut am Lëtzebuerger Land. Mat der Néierlag fir de fréiere Proactif-Direkter beschäftegt sech ë. a. d'Luxemburger Wort: d'Geriicht huet d'Klo vum François Georges géint seng Kënnegung fir net zoulässeg erkläert. Hie wéilt elo virun d'Aarbechtsgeriicht zéien.
De Premier Luc Frieden ass en ambivalente Charakter: dat schreift d'Lëtzebuerger Land. Zu Bréissel seet hie Saachen, déi hien zu Lëtzebuerg erëm relativéiert. “Ënnerschiddlech Siichtweisen” géif hien an enger Persoun vereenen, stellt d'Wochenzeitung fest. Iwwer den Ausbau vum Tram an der Stad geet Rieds an engem Interview mat der Mobilitéitsministerin Yuriko Backes (DP) haut am Lëtzebuerger Land. Mat der Néierlag fir de fréiere Proactif-Direkter beschäftegt sech ë. a. d'Luxemburger Wort: d'Geriicht huet d'Klo vum François Georges géint seng Kënnegung fir net zoulässeg erkläert. Hie wéilt elo virun d'Aarbechtsgeriicht zéien.
Am japaneschen heescht et 'mizaru, kikazaru, iwazaru', dat ass d'Spréchwuert vun den 3 Afen déi näischt héieren, näischt gesinn a näischt soen'. Bei hinnen ass dat just de Contraire, se gesinn alles, héiere souguer Saachen déi soss kee weess, an de Mond hale kënne se schonn guer net. Déi lescht 14 Deeg huet et Skandaler gereent an dovunner kënnen si zieren. Beim Marie Gales sinn et haut den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga a Gérard Valerius.
148 Happy Hippo Podcast - Wat Saachen! by Happy Hippo
Op verschidde Saachen do freet ee sech laang, an da sinn se séier eriwwer, an dann gëtt et aner Geschichten, déi een emol net erwaart hat an dann gëtt ee se net méi lass. Vu béidem gouf et och déi lescht 2 Wochen, déi elo nees op eng ganz speziell Fassong resuméiert a kritiséiert ginn. Beim Christiane Kremer, Jacques Kapp, Lucien Czuga, Pascal Becker a Gérard Valerius weess een ganz séier wat hinnen géint de Stréch gaangen ass, wou hinnen den Hutt héich goung oder wou si sech driwwer gefreet hunn, och ouni eng Zeechnung ze maachen.
Eenzel Hoer, klompeg Flëssegkeeten, interessant Gerösch – den dägleschen Kierper produzéiert sou Eeneges fir dat mer eis intuitiv schummen oder eekelen. An dëser Episode schwätzen de Joël a Kelly driwwer. Mir froen eis: Wat gëtt et esou u weirde Saachen, déi aus eise Kierpern erauskommen oder drop wuessen – a wouhier kommen Ekel a Schummt?
Et gëtt eppes ze feieren an der Buvette! Net nëmmen déi 125. Episod mee ochnach aner bestëmmte Saachen. De Fussball soll natierlech och rëm net ze kuerzkommen. Dowéinst ginn sech an dëser Episod ënnert anerem Froe gestallt, wat under Monnerecher Buvette esou gutt ass, wat de Gilles fir e Gedeessems huet derichtegen BVB-Trikot ze kréien a wat et an e puer Méint mat de Spiller vuSchalke geschitt.
An der Theorie ass all Staat souverän. An der Praxis ass Muecht awer duerch vill Faktoren beschränkt. Am Oktober sinn Chamber-Walen. Dofir wollt ech den Petz Bartz froen, wéi eng 3 international Saachen een senger Meenung no am Hannerkapp hale sollt, fir informéiert wielen ze goen. A wéi esou oft ass Praxis méi komplizéiert wéi d'Theorie...
Dëst Joer ass e sougenanntent Super-Waljoer a jiddereen hofft, nach séier seng wichtegst Saachen duerchzekréien.
Der Sophia Aram hir Stëmm kennt ee vun der franséischer Radioschaîne France Inter. Haut den Owend (8.12.) presentéiert d'Humoristin hiren neie Spektakel "Le monde d'après" an der Kulturfabrik zu Esch. Bei eis um Mikro huet si erkläert, wéi si mam Virworf ëmgeet, datt den Humor sech hautdesdaags just nach un ee bestëmmte Public riicht, an et ëmmer méi schwéier gëtt, zesummen iwwer déi selwecht Saachen ze laachen.
Dobausse gëtt et esou lues fierchterlech kal an dat mierken och d'Jongen aus der Buvette. De Gilles fréiert schonn no 20m bei den Auto, den Dylan ass nom Match krank an de Fupa-Liveticker live Ticker léisst no. An trotzdeem ginn et do rëm herrlech Saachen ze berichten an dowéinst gëtt et an der Buvette elo déi nei Rubrik "De Liveticker". Soss gouf normal gebraddelt wei ëmmer an den Interview vum Schweinsteiger an dem Flick ënnert d'Lupp geholl.
Si sinn zanter ville Joren fir hiert Fangerspëtzegefill bekannt. Si bauschen näischt grouss op mä entschäerfen éischter all Situatioun. Heiansdo sinn se hirer Zäit viraus, awer meeschtens hippen se de Saachen hannendrun, well hier Aarbecht ass et, d'Weltpolitik, awer och déi vill lokal Geschichten z'analyséieren an z'interpretéieren, fir dass een all dat, wat spéider an de Geschichtsbicher steet, besser versteet. Ronderëm den Dësch beim Christiane Kremer sëtzen den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga an de Gérard Valerius.
D'WM huet ugefaangen a soll awer net d'Haaptthema an der Buvette sinn. Bis op e puer kleng witzeg Saachen wéi eng ze héich Zuschauerzuel an en eidele Stadion no 60 Minutten, widmen déi dräi aus der Buvette sech deene wichtege Saachen. Den Dylan zum Beispill feiert dem Sebastian Vettel säi Karrieres-Enn op eng ganz besonnesch Aart a Weis an de Ben erzielt eis wéi ee de Match a 4 Méint géint Portugal kucke kann.
Wann den Alldag ze schlëmm gëtt, da sicht een gär mol Halt a manner wichtegen Saachen. An enger Kompetitioun tëscht Croissant an Aachtchen, zum Beispill. Mir gi natierlech eise Pefferkär zur wichtegster Debatt am Land. Ausserdeem: Firwat gleeft d'LSAP nach ëmmer der DP hir Verspriechen zu enger Steierreform? An ass den Discours vun der Policegewerkschaft geféierlech?
Ënnert de Leit net opzefalen ass net esou einfach. Scho guer net wann ee Prominent ass. Déi Eng verkleede sech. Anerer maachen aner Saachen fir net erkannt ze ginn. De Ben Affleck huet do awer eng Method déi dem Acteur souguer richteg Spaass mécht
Et kéint ee mengen, d'Missiounen vun der Police wären de Schutz vum Bierger an d'Erhalen vu Sécherheet a Fridden. Mee an den USA ass dat awer net esou, do huet d'Police keng föderal Obligatioun, déi Saachen ze maachen. Wéi ass et dann zu Lëtzebuerg? Huet d'Police en devoir de protection? Ech war bei d'Simone Beissel, fir Äntwerten op meng Froen ze kréien.
Mat de geléinte Wierder ass et wéi mat ville Saachen am Liewen, se kommen, se ginn a kommen heiansdo erëm. Den Alain Atten huet nawell e gutt Beispill an deem Kontext fonnt; per force, läit op der Hand, hu mir aus dem Franséische geléint mä wéi a wéini? De Sproochmates huet den Dictionnaire opgeschloen.
Mir paken eis siewe Saachen a fuere wéi all gudde Lëtzebuerger rop op de Stau, fir an der Sonn ze gammelen. An iech huele mer natierlech mat! An dëser Folg dréit sech dann och alles em den Drot zu dem, wat eis zesummenhält: eis Fësch. Mir schaffen eis voll Inbox Stéck fir Stéck of, a ginn op all relevant Evenementer vun der Woch an. Vum Baschti senger Renconter mat enger beandrockender Fra iwwer de Mullenchecka69 bis hin zum 4. Prager Fenstersturz.
Näischt z'iessen, sech z'iwwerginn oder ongesond dënn auszegesinn - Dat sinn déi éischt Saachen déi en sech denkt, wann ee Magersucht héiert. Magersucht steet ëmgangssproochlech fir d'psychosomatesch Krankheet Anorexia Nervosa ënnert der, laut der representativer Studie vun DEGS1, 1,1% vun de Fraen an 0,3% vun de Männer leiden. An dëser Episode schwätzen ech mam Anouk Treff, wat duerch d'Krankheet gaangen ass, wéi et dozou komm ass, wéi et säin Ëmfeld betrëfft, wat d'Symptomer dovunner sinn an och wisou et him wichteg ass doriwwer ze schwätzen. D'Episode ass zimmlech "positiv" opgebaut, mee fir déi déi sou Themen net kënnen héieren, sollten dëst Episode skippen. ________________ MERCH: https://jado.lu/produkt/your-favourite-ginterview-limited-edition/
Fir d'Jil Devresse war d'Schauspillerei am Ufank keng Optioun. U sech wollt hat a Richtung Socio, Geschicht oder Philosophie goen. Wéi et schlussendlech awer an der Schauspillerschoul gelant ass, gitt der an dëser Episode gewuer. Hat beschreiwt eis wéi säi Studium gelaf ass, wéi Corona him bei ville Saachen ee Stréch ënnert d'Rechnung gezunn huet, wéi wichteg Connections zu Lëtzebuerg sinn a schlussendlech schwätze mir och iwwert dem Jil Devresse säin éischt Lidd ënnert sengem Kënschtlernumm "Lilou". Vill Spaass beim Lauschteren! . . . Hannert dësem Podcast stécht vill Aarbecht a vill Energie. Falls dir Loscht an d'Méiglechkeet hutt mech z'ënnerstëtzen, da géing ech mech iwwert e klengen Don freeën. Op dësem Link fannt der méi Infoen doriwwer: ➡️ https://www.patreon.com/cecidoyouloveme Dir kritt och natierlech eppes dofir zréck! D'Packages stinn all um Patreon Account. Falls du nach Froen dozou hues, dann zéck net a mell dech bei mir :)
Mol e geléinte Wuert, mol e flotte Sproch. Den Alain Atten ass de Mann fir eis déi Saachen z'erklären, hie wär esou, sot de Sproochmates.
En Artikel iwwert de rekonvaleszte Felix Braz ze schreiwen, huet journalistesch säi Reiz, well et vill Leit dierft interesséieren. Wann dann awer Saachen op d'Tapéit kommen, déi net dohi gehéieren, geréit dat Ganzt gär zu engem Selbstgol.
Ass d'Episod 28 déi richteg Episod fir opzehalen? Jiddefalls mol dës Saison... Wat nom Summer geschitt musse mer kucken. Oder wat wëll eis soss dee Cliffhanger soen déi méi dramatesch ass wéi de Cliffhanger am Film Cliffhanger mam Sylvester Stallone. Wat ass soss geschitt? De Ben zielt der Welt dass en endlech Parks&Rec fäerdeg gekuckt huet, den David weist eis seng seng exklusiv Kap vu Supreme an déi 2 loosse sech bedauere wéinst hierer Impfreaktioun. Dat si lo mol déi ganz wichteg Saachen. Soss ass et awer och nach ëm Cancel Culture gaangen, de Noostkonflikt gouf liischt ugerass an de Ben huet nach zum Schluss e wichtege Message (Statement: mir schwätzen an engem Punkt iwwer "Schwuler", mengen awer u sech "LGBTQI+"...et war relativ spontan, an et geet wa mer éierlech sinn eigentlech och méi ëm den Inhalt vum Message).
Hei sinn d'Meeschter am Kapprësselen. Lokal, regional, national an international kenne si sech aus, a wëssen, wat déi lescht 14 Deeg gelaf oder net gelaf ass. Besonnesch déi Saachen déi net ronn gedréit hunn interesséieren de Jacques Kapp, Al Ginter, Lucien Czuga, Gérard Valerius a Christiane Kremer bis Mëtteg. Si weisen nees mam Fanger op all dat, wat carrement aus dem Rudder gelaf ass, an dat maache si aus allméiglechen Himmelsrichtungen, well jiddereen sëtzt nees fir sech ganz eleng a sengem Motzeck.
Fir déi 25. Editioun vun eisem weltwäit gefeierte Podcast hunn de Ben an David sech eppes Extraes afale gelooss: net nëmmen dass de Ben alt erëm säi Recording-Material vergiess huet, nee déi 2 hunn eng Episod als Insta Live opgeholl. Geet net? Geet wuel! Lauschtert lo eng Editioun mat Internetproblemer, zwee-an-engem-hallwe spontane Livegaascht, vill Film, e bësse Musek, a verschiddene Saachen déi mir scho rëm vergiess hunn. Kee Problem, kommt mir lauschteren dës Episod nach eng Kéier alleguer zesummen. Prost!
d'Christiane Kremer an déi ganz Corona hunn haut nees de Choix, well d'Aktualitéit huet déi lescht 2 Wochen méi hir ginn, wéi soss alt emol net an engem ganzen Joer. Wien mat wiem, a wien géint wien, gouf do diskutéiert. Et gouf vill lamentéiert, protestéiert a reagéiert, a wat et bruecht huet kritt der elo zerwéiert. An zwar mondgerecht ouni sech d'Zong ze verbrennen. An enger knapper Stonn maache si den Tour an zortéieren déi wichteg vun deenen onwichtegen Saachen. Bäigeschalt sinn den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga a Gérard Valerius.
Är Chance ass do! LetzTalk sicht e Sponsor fir eng Dubai Vakanz. Dir sidd intresséiert (sou wéi warscheinlech 100 aner Entreprisen) a wëllt méi Informatiounen? Da schreift eis ënner letztalkpodcast@gmail.comWa mir scho bei Vakanze sinn, den Eric war zu Montpellier an hätt sollten op Malta mee wéinst Corona hu bei deenen zwou Destinatiounen sou munch Saachen net geklappt.Déi lëtzebuergesch Netflix-Serie Capitani huet grousse Succès gefeiert a natierlech wëlle mir iech eis Meenung dozou net virenthalen.Wien nach net bei "Clubhouse" invitéiert ginn ass, dee misst sech vläicht mol Gedanke maachen. Alles zu der neier App an nach vill méi an der dëser Episod vu LetzTalk.