RTL - Am Gespréich

Follow RTL - Am Gespréich
Share on
Copy link to clipboard

Am Gespréich

RTL Radio Lëtzebuerg

  • Mar 13, 2020 LATEST EPISODE
  • infrequent NEW EPISODES
  • 474 EPISODES

Search for episodes from RTL - Am Gespréich with a specific topic:

Latest episodes from RTL - Am Gespréich

Nicole Kuhn-Di Centa: Wichtegkeet vun der Beweegung a vum Sport bei de Kanner, 13/03/2020 12:10

Play Episode Listen Later Mar 13, 2020

An der Emissioun am Gespréich um Freideg iwwer Sport tëscht 12 an 13 Auer war d'Presidentin vun der Lasep d'Invitée beim Franky Hippert.

Am Gespréich: Nicole Kuhn-Di Centa, 13/03/2020 12:10

Play Episode Listen Later Mar 13, 2020

D’Nicole Kuhn-Di Centa war Invitee beim Franky Hippert an der Emissioun am Gespréich um Freideg iwwer Sport. Mat der neier Presidentin vun der Lasep, hu mer tëscht 12h an 13h iwwert d’Wichtegkeet vun der Beweegung a vum Sport bei de Kanner geschwat. Wat sinn d’Erausfuerderungen vun der Ligue des Associations Sportives de l’Enseignement Primaire, an wat muss sech an Zukunft am Beräich vun der Beweegung bei de Kanner onbedéngt hei zu Lëtzebuerg veränneren respektiv verbesseren? Dat waren just e puer vun den Sujeten tëscht 12h an 13h op RTL Radio Lëtzebuerg!

Am Gespréich: Nicole Kuhn-Di Centa , 13/03/2020 12:10

Mariette Lentz: "Radio Days", 12/03/2020 12:10

Play Episode Listen Later Mar 12, 2020

Léierin war se an engem éischte Beruffsliewen, mä dobäi huet se och de Gesank entdeckt.

Am Gespréich: Mariette Lentz, 12/03/2020 12:10

Play Episode Listen Later Mar 12, 2020

Léierin war se an engem éischte Beruffsliewen, mä dobäi huet se och de Gesank entdeckt, haut ass d’Mariette Lentz a béide Funktiounen aktiv: als Sopranistin op de Musekbünen an als Gesanksproff am Conservatoire zu Ettelbréck. Ëmmer erëm begeeschtert se sech awer och fir besonnesch Projeten. Een esou e Projet heescht „Radio Days“ a beschäftegt sech mat dem Radio a senger Musek an de Joren tëscht 1930 an 1955. Ausserdeem trëtt se mam Ensembel Kammerata Luxembourg op.

Am Gespréich: Mariette Lentz , 12/03/2020 12:10

Erny Schumacher: Entretien mat engem Wënzer, 11/03/2020 12:10

Play Episode Listen Later Mar 11, 2020

En Interview mam President vun de Privatwënzer.

Am Gespréich: Erny Schumacher, 11/03/2020 12:10

Play Episode Listen Later Mar 11, 2020

Mam President vun de Privatwënzer schwätze mer iwwert d'Aarbecht an de Lëtzebuerger Wéngerten. Viru 40 Joer huet den Här Schumacher als Wënzer ugefaangen a vun deemools bis haut huet sech nawell vill geännert. Vum Schneide vun de Riewen, iwwer d'Sprëtzen bis hin zum Ëmgank mat den Drauwen. Wéi vill Zäit muss een am Joer investéieren, wat sinn d'Suergen vun de Privatwënzer a wéi gi si mam Klimawandel ëm? Den Expert verréit eis ausserdeem wourunner mer e gudde Wäin erkennen.

Am Gespréich: Erny Schumacher , 11/03/2020 12:10

Carole Müller, Serge Nickels: Success Story, 10/03/2020 12:10

Play Episode Listen Later Mar 10, 2020

D'Finaliste si fonnt an der Success Story op RTL Tëlee Lëtzebuerg an elo stinn d'Challengen an d'Haus.

Am Gespréich: Carole Muller a Serge Nickels, 10/03/2020 12:10

Play Episode Listen Later Mar 10, 2020

D'Finaliste si fonnt an der Success Story op RTL Tëlee Lëtzebuerg an elo stinn d'Challengen an d'Haus. Haut schwätze mir vun der Success Story, an där Emissioun an där nees dee Kandidat gesicht gëtt mat der beschter Geschäftsiddi. Wat heescht iwwerhaapt ''bescht'' a wat alles derhannert stécht, erzielen eis d'Carole Muller CEO vum Fischer an de Serge Nickels vun der Fuse.

Am Gespréich: Carole Muller a Serge Nickels , 10/03/2020 12:10

Play Episode Listen Later Mar 10, 2020

D'Finaliste si fonnt an der Success Story op RTL Tëlee Lëtzebuerg an elo stinn d'Challengen an d'Haus. Haut schwätze mir vun der Success Story, an där Emissioun an där nees dee Kandidat gesicht gëtt mat der beschter Geschäftsiddi. Wat heescht iwwerhaapt ''bescht'' a wat alles derhannert stécht, erzielen eis d'Carole Muller CEO vum Fischer an de Serge Nickels vun der Fuse.

Marie-Josée Jacobs: Caritas a sozialen Engagement, 09/03/2020 12:10

Play Episode Listen Later Mar 9, 2020

20 Joer laang war d'Marie-Josée Jacobs an der Regierung, elo ass si virun allem benevole fir d'Caritas sozial engagéiert.

Am Gespréich: Marie-Josée Jacobs , 09/03/2020 12:10

Play Episode Listen Later Mar 9, 2020

20 Joer laang an der Regierung; lo benevol fir d'Caritas sozial engagéiert: d'Marie-Josée Jacobs ass och no hirem Depart als Ministesch virun 7 Joer nach ëmmer aktiv - a steet mat Häerzblutt fir "causen" an, déi Hir wichteg sinn.D'CSV-Politikerin ass Invitée vum Roy Grotz an der Mëttesstonn, wou mer op eng Panoplie vu SUjeten aginn, nieft der Aarbecht fir d'Caritas natirlech eng vue op d'aktuell Politik an d'Racinen vun der Mme Jacobs am Eisléck.D'Invitée am Gespréich um Méindeg op RTL Radio Lëtzebuerg ass d'Marie-Josée Jacobs, live an Toun a Bild natierlech och op rtl.lu

Am Gespréich: Marie-Josée Jacobs, 09/03/2020 12:10

Frank Arendt, Frank Muller, Erny Gruskovnjak, Guy Seyler: Table ronde iwwert de Basket zu Lëtzebuerg, 06/03/2020 12:10

Play Episode Listen Later Mar 6, 2020

Wéi all éischte Freideg am Mount hu mer och dës Woch nees eng Table ronde an eiser Emissioun am Gespréich iwwer Sport tëscht 12h an 13h Auer.

Am Gespréich iwwer Sport: Table-ronde iwwer, wéivill Proffien pro Equipe am Lëtzebuerger Basketball? , 06/03/2020 12:10

Play Episode Listen Later Mar 6, 2020

Wéi all éischte Freideg am Mount, hate mer och dës Woch nees eng Table-ronde an eiser Emissioun am Gespréich iwwer Sport tëscht 12h an 13h! Sujet dës Kéier war; wéivill Amerikaner, non-jicl’en oder soll ee besser soen « Proffien » sollen kënnen am Lëtzebuerger Basketball um Terrain stoen? 5, 3, 2 oder awer just 1, wéi et nach virun e puer Joer de Fall war? D'Inviteeën waren der Meenung, datt ee Proffispiller duergeet! An wat kann een géint dat villt Austauschen vun den Amerikaner am Laf vun der Saison maachen? D'Inviteeën beim Franky Hippert waren de Frank Arendt President vun der Sparta Bartreng, de Frank Muller Spiller vum T71 Diddeleng, den Erny Gruskovnjak laang Joren Dammentrainer bei de Musel Pikes an lo Cadettrainer bei der Amicale Steesel, an den RTL Basketballexpert Guy Seyler.

Am Gespréich iwwer Sport: Table-ronde iwwer, wéivill Proffien pro Equipe am Lëtzebuerger Basketball?, 06/03/2020 12:10

Play Episode Listen Later Mar 6, 2020

Wéi all éischte Freideg am Mount, hate mer och dës Woch nees eng Table-ronde an eiser Emissioun am Gespréich iwwer Sport tëscht 12h an 13h! Sujet dës Kéier war; wéivill Amerikaner, non-jicl’en oder soll ee besser soen « Proffien » sollen kënnen am Lëtzebuerger Basketball um Terrain stoen? 5, 3, 2 oder awer just 1, wéi et nach virun e puer Joer de Fall war? D'Inviteeën waren der Meenung, datt ee Proffispiller duergeet! An wat kann een géint dat villt Austauschen vun den Amerikaner am Laf vun der Saison maachen? D'Inviteeën beim Franky Hippert waren de Frank Arendt President vun der Sparta Bartreng, de Frank Muller Spiller vum T71 Diddeleng, den Erny Gruskovnjak laang Joren Dammentrainer bei de Musel Pikes an lo Cadettrainer bei der Amicale Steesel, an den RTL Basketballexpert Guy Seyler.

Jules Werner , 05/03/2020 19:45

Play Episode Listen Later Mar 5, 2020

Capitani, Superjhemp, Péitruss - oder Ivanov, Dom Juan, The Pillowman, den Acteur Jules Werner fillt sech virun der Kamera an op der Bün gläich wuel. Den Ament ass en als Ivanov op der Bün vum Groussen Theater ze gesinn an enger Mise en scène vum Myriam Muller. Ïwwer déi vill verschidde Rollen huet de Jules Werner de Mëtteg geschwat an huet och verroden, wéi ee sech dann esou no enger Virstellung fillt. Ob een do séier nees erof kënnt aus senger ganzer Spannung.

Jules Werner, 05/03/2020 19:45

Jules Werner: Vun der Bün bis virun d'Kamera, 05/03/2020 12:10

Play Episode Listen Later Mar 5, 2020

Capitani, Superjhemp, Péitruss - oder Ivanov, Dom Juan, The Pillowman, den Acteur Jules Werner fillt sech virun der Kamera an op der Bün gläich wuel.

Jules Werner , 05/03/2020 12:10

Play Episode Listen Later Mar 5, 2020

Capitani, Superjhemp, Péitruss - oder Ivanov, Dom Juan, The Pillowman, den Acteur Jules Werner fillt sech virun der Kamera an op der Bün gläich wuel. Net ëmmer sinn et déi sympatheschst Rollen, déi e verkierpert, mä sécher si grad dat déi Intressantst. Den Ament wiesselt e vrun allem vun enger Büneroll an déi aner, vun enger Sprooch an déi aner, vun engem Theater an deen aneren. Wou en iwwerall ze gesinn ass zu Lëtzebuerg an am Ausland, doriwwer geet Rieds de Mëtteg am Gespréich mam Jules Werner.

Jules Werner, 05/03/2020 12:10

Marie-Anne Lux: Autogenen Training, 04/03/2020 12:10

Play Episode Listen Later Mar 4, 2020

Den Autogenen Training huet eng Geschicht. An déi feiert dëst Joer hiren 100ten Anniversaire.

Marie-Anne Lux iwwer Autogenen Training , 04/03/2020 12:10

Play Episode Listen Later Mar 4, 2020

Den Autogenen Training huet eng Geschicht. An déi feiert dëst Joer hiren 100ten Anniversaire.   

Marie-Anne Lux iwwer Autogenen Training, 04/03/2020 12:10

Play Episode Listen Later Mar 4, 2020

Den Autogenen Training huet eng Geschicht. An déi feiert dëst Joer hiren 100ten Anniversaire.   

Marianne Kollmesch: Faaschten, 03/03/2020 12:10

Play Episode Listen Later Mar 3, 2020

En Interview iwwert alles wat ee muss wëssen, wann ee richteg faaschte wëllt.

Am Gespréich: Marianne Kollmesch , 03/03/2020 12:10

Play Episode Listen Later Mar 3, 2020

D'Faaschtenzäit ass am Gaangen a vill Leit si motivéiert fir e puer Kilo ofzehuelen. Dofir ass d'Faaschten awer net alleng do: wann een et serieux mécht, soll de Kierper Gëftstoffer ausstoussen, déi en deels schonn iwwer Joren agelagert huet (zum Beispill am Daarm, an der Liewer an an de Longen). 

Am Gespréich: Marianne Kollmesch, 03/03/2020 12:10

Play Episode Listen Later Mar 3, 2020

D'Faaschtenzäit ass am Gaangen a vill Leit si motivéiert fir e puer Kilo ofzehuelen. Dofir ass d'Faaschten awer net alleng do: wann een et serieux mécht, soll de Kierper Gëftstoffer ausstoussen, déi en deels schonn iwwer Joren agelagert huet (zum Beispill am Daarm, an der Liewer an an de Longen). 

Claude Schiltz: "Orang Utan Help Lëtzebuerg", 02/03/2020 12:10

Play Episode Listen Later Mar 2, 2020

En Interview mam Sekretär vun der ASBL "Orang Utan Help Lëtzebuerg".

Am Gespréich: Claude Schiltz , 02/03/2020 12:10

Play Episode Listen Later Mar 2, 2020

Mam Sekretär vun der ASBL "Orang Utan Help Lëtzebuerg" hu mer iwwert de Misär vun de Mënschenafen duerch d'Palmueleg-Industrie geschwat. Am Fong si mir alleguerte mat dru Schold well deen Ueleg a ville vun eise Liewensmëttelen ze fannen ass, och wa mer eis dees net bewosst sinn. A Malaysia an Indonesien ginn all Joer Hektare Reebësch ofgeholzt oder verbrannt fir Palmueleg-Plantagen unzeleeën. Net nëmmen d'Orang-Utanen si vum Verloscht vun deem Liewensraum betraff, mä nach e ganze Koup aner Déieren ewéi de Java-Leopard an de Sumatra-Tiger. An der Mëttesstonn gouft Dir gewuer wéi "Orang Utan Help Lëtzebuerg" hëlleft a wéi eng Projeten genee se ënnerstëtzen.

Am Gespréich: Claude Schiltz, 02/03/2020 12:10

Raphaël Guden, Sacha Pulli: Duell virum Duell, 28/02/2020 12:10

Play Episode Listen Later Feb 28, 2020

E Samschdeg sti sech an der Coupefinall am Handball Bierchem an Esch géintiwwer.

Am Gespréich: mam Sacha Pulli vum HB Esch an mam Raphaël Guden vum HC Bierchem , 28/02/2020 12:10

Play Episode Listen Later Feb 28, 2020

An eiser Emissioun am Gespréich iwwer Sport, hat de Franky Hippert dës Woch en Duell virum Duell! HC Bierchem géint Handball Esch, Raphaël Guden géint Sacha Pulli, grousst Réiserbänner Talent aus dem Sportlycée géint Routinier aus der Minettmetropol dee Geschichtsproff ass. E Samschdeg den Owend ass am Gymnase vun der Coque jo déi grouss Final an der Coupe de Luxembourg mat dem uewegenannte Klassiker. Gëtt et déi 11. Coupe fir Bierchem, oder déi 8. fir Esch? Mir hunn d’Analyse gemaach.

Am Gespréich: mam Sacha Pulli vum HB Esch an mam Raphaël Guden vum HC Bierchem, 28/02/2020 12:10

Play Episode Listen Later Feb 28, 2020

An eiser Emissioun am Gespréich iwwer Sport, hat de Franky Hippert dës Woch en Duell virum Duell! HC Bierchem géint Handball Esch, Raphaël Guden géint Sacha Pulli, grousst Réiserbänner Talent aus dem Sportlycée géint Routinier aus der Minettmetropol dee Geschichtsproff ass. E Samschdeg den Owend ass am Gymnase vun der Coque jo déi grouss Final an der Coupe de Luxembourg mat dem uewegenannte Klassiker. Gëtt et déi 11. Coupe fir Bierchem, oder déi 8. fir Esch? Mir hunn d’Analyse gemaach.

Andreas Hoppe: "Die Hoffnung und der Wolf", 27/02/2020 12:10

Play Episode Listen Later Feb 27, 2020

De fréieren "Tatort"-Acteur an haut engagéierten Naturschützer stellt zu Lëtzebuerg säi Buch "Die Hoffnung und der Wolf" vir.

Am Gespréich: Andreas Hoppe , 27/02/2020 12:10

Play Episode Listen Later Feb 27, 2020

58 Mol war hien de Kommissar Mario Kopper am "Tatort Ludwigshafen" an huet nieft der Ulrike Volkerts als Lena Odenthal ermëttelt. Virun 2 Joer war den Schauspiller Andreas Hoppe eng leschte Kéier an där Roll am Asaz. De Berliner Acteur huet sech awer zënterhier op aner Terraine gewot: als Acteur, awer och als Auteur an als Natur- an Ëmweltschützer. An deene leschten zwou Funktiounen ass hien haut fir eng Liesung zu Lëtzebuerg mat sengem Buch "Die Hoffnung und der Wolf". An de Mëtteg war den Andreas Hoppe bei eis am Gespréich an huet natierlech iwwer de Kopper an iwwer de Wollef geschwat.

Am Gespréich: Andreas Hoppe, 27/02/2020 12:10

Vanessa Sanchez-Willems: "Heartseeds", 26/02/2020 12:10

Play Episode Listen Later Feb 26, 2020

Si huet "Heartseeds" an d'Liewe geruff fir eenzegarteg Fraen a Mamaen ze stäerken.

Daniel Theisen: Rar Krankheeten, 25/02/2020 12:10

Play Episode Listen Later Feb 25, 2020

Et gëtt geschat, dass eng 30.000 Mënschen zu Lëtzebuerg eng rar Krankheet hunn.

Am Gespréich: Daniel Theisen , 25/02/2020 12:10

Play Episode Listen Later Feb 25, 2020

Et gëtt geschat, dass eng 30.000 Mënschen zu Lëtzebuerg eng rar Krankheet hunn. Theorie seet, dass ee vu rarer Krankheet schwätzt, wa 5 op 10.000 sou eng hunn. Mä wat genee ass eng rar Krankheet? A wat bedeit dëst fir e Mënsch, wann e se huet. Alles dat froe mir no am Kader vum Dag vun de rare Krankheetn, deen den 29. Februar ass. Am Studio ass de Chargé de Direction vun ALAN, den Daniel Theisen.

Am Gespréich: Daniel Theisen, 25/02/2020 12:10

Play Episode Listen Later Feb 25, 2020

Et gëtt geschat, dass eng 30.000 Mënschen zu Lëtzebuerg eng rar Krankheet hunn. Theorie seet, dass ee vu rarer Krankheet schwätzt, wa 5 op 10.000 sou eng hunn. Mä wat genee ass eng rar Krankheet? A wat bedeit dëst fir e Mënsch, wann e se huet. Alles dat froe mir no am Kader vum Dag vun de rare Krankheetn, deen den 29. Februar ass. Am Studio ass de Chargé de Direction vun ALAN, den Daniel Theisen.

Luc Nilles: Musikalesch Erzéiung zu Lëtzebuerg, 24/02/2020 12:10

Play Episode Listen Later Feb 24, 2020

Mam Museksproff a Baritonsänger hu mer eis iwwert déi musikalesch Erzéiung un eise Schoulen ënnerhalen.

Am Gespréich: Luc Nilles , 24/02/2020 12:10

Play Episode Listen Later Feb 24, 2020

Mam Museksproff a Baritonsänger ënnerhale mer eis iwwert déi musikalesch Erzéiung un eise Schoulen, beliichten ronn 40 Joer F-Sektioun, 20 Joer Musical am LMRL a sprange mam Olio awer kuerz zeréck an d'1920er Joren.

Am Gespréich: Luc Nilles, 24/02/2020 12:10

Play Episode Listen Later Feb 24, 2020

Mam Museksproff a Baritonsänger ënnerhale mer eis iwwert déi musikalesch Erzéiung un eise Schoulen, beliichten ronn 40 Joer F-Sektioun, 20 Joer Musical am LMRL a sprange mam Olio awer kuerz zeréck an d'1920er Joren.

Paule Kremer: "Ocean's Seven", 21/02/2020 12:10

Play Episode Listen Later Feb 21, 2020

D'Paule Kremer wëll den "Ocean's Seven" Challenge packen.

Am Gespréich: Paule Kremer , 21/02/2020 12:10

Play Episode Listen Later Feb 21, 2020

D'Paule Kremer ass  2017 duerch den Äermelkanal geschwommen.  Dat ass eng vu siwen Mierengten vun de sougenannten „Ocean's Seven“. Bis elo u just 17 Mënschen op der Welt deen d'Challenge gepackt. An dës Aventure ass dat grousst d'Zil vun der extrem Schwëmmerin.An dofir steet elo am August de Catalina Channel um Programm. Iwwer 34 Kilometer geet et vun der Santa Catalina Island eriwwer op Los Angeles. Wéi gesäit d'Preparatioun op esou een Defis aus a wéi sinn d'Chance fir als éischt Lëtzebuergerin d'Ocean's Seven ze packen?Doriwwer schwätze mir mam Paule Kremer an der Emissioun „Am Gespréich“ tëscht 12.00 an 13.00 Auer.

Am Gespréich: Paule Kremer, 21/02/2020 12:10

Am Gespréich: Mars Klein , 20/02/2020 19:45

Play Episode Listen Later Feb 20, 2020

Tëscht 1978 an 1982 huet de Mars Klein véier Kabaretsprogrammer zu Lëtzebuerg presentéiert an op pickeg Manéier Theme wéi Klengbiergertum, Educatioun, Kierch a Monarchie op d’Schëpp geholl. Dono huet e Paus vun der Bün gemaach an eréischt 2012 koum e mam Programm „Adel braucht Tadel“ erëm. Den Ament steet e mat sengem Ensemble KMK nees op de Bünen a spillt „Wann e Salamander mat dem Feier spillt“. Am Gespréich huet de Mars Klein de Mëtteg beim Christiane Kremer iwwer seng fréier an iwwer seng aktuell Programmer geschwat.

Am Gespréich: Mars Klein, 20/02/2020 19:45

Mars Klein: Cabaret zu Lëtzebuerg, 20/02/2020 12:10

Play Episode Listen Later Feb 20, 2020

Hie steet den Ament mat sengem Ensemble KMK op de Bünen a spillt "Wann e Salamander mat dem Feier spillt".

Claim RTL - Am Gespréich

In order to claim this podcast we'll send an email to with a verification link. Simply click the link and you will be able to edit tags, request a refresh, and other features to take control of your podcast page!

Claim Cancel