Den Technologie Podcast fir Lëtzebuerg, gëtt iech zerwéiert vum Chaos Computer Club Lëtzebuerg!
Iwwert Medien a wéi een domadder ëmgeet An dëser Episod schwätze mir mam Dr. Robert Reuter iwwert Mediekompetenz. Wat dat ass a firwat mir et brauchen! 00:00:00 Pre-Show 00:00:58 Jingle 00:01:11 Intro & Virstellung vum Invité 00:07:01 Medien am Allgemengen 00:23:52 Mediekompetenz - Wat ass dat iwwerhaapt? 00:31:35 Kann een iwwerhaapt vun der "Mediekompetenz" schwätzen oder sinn et méi verschidden Kompetenzen? 00:32:06 Kann een Mediekompetenz léieren? 00:34:10 Wat fir eng Kompetenzen gehéieren zur Mediekompetenz? 00:38:26 Wat fir eng Responsabilitéit hunn Meideschaffender bei der Mediekompetenz? 00:42:00 Wat fir eng Roll spillt eng wëssenschaftlech Grondausbildung? 00:46:48 Kann een Mediekompetenz moosen an wéi gesäit Fuerschung zur Mediekompetenz aus? 00:53:30 Mediekompenz eng gesellschaftlech Kompetenz? 00:54:22 Kreativitéit an der Mediekompetenz 00:58:26 Empowerment vun der Gesellschaft 01:13:02 Problem-Solving an der Mediekompetenz? 01:19:02 Zougang zu de Medien 01:20:40 Zougang zum Internet als Mënscherecht? 01:24:59 Mediekompetenz am Kader vun digitalen Medien (Social Media, Internet, Fake News etc...) 01:32:55 Responsabilitéit vun den Social Media 01:46:30 Spillt Programmatioun eng Roll an der Mediekompetenz? 01:51:56 Mediekompetenz an der Schoul 01:55:04 Wat kënne mir maachen fir Mediekompetenz ze fërderen? 02:03:15 Oofschloss 02:04:13 Outro https://wiki.c3l.lu/doku.php?id=projects:entr0py_encore:006_mediekompetenz
An dëser Episode schwätze mir iwwert eise Positiounspabeier zu der ëmstriddener "Digital Single Market" Direktiv. Vu Copyright bis zu Meenungsfräiheet a firwat Englesch esou eng einfach Sprooch ass. 00:00:00 Preshow 00:00:31 Jingle 00:00:45 Intro 00:03:08 Wéi ass et dozou komm a wat ass eiser Meenung no problematesch mat dëser Direktiv? 00:09:04 De Positiounspabéier 00:15:36 EU-Direktiven an Ëmsetzung 00:18:27 Artikelen 3 & 4: Text an "Data-Mining" 00:33:52 Artikel 5: Digital a grenziwwerschreidend Léieraktivitéiten 00:47:56 Artikel 6: D'Erhale vum kulturellen Ierwen 00:56:40 Artikel 7: Kontraktuell an technologesch Iwwertrompen 01:06:31 Artikelen 8-11: Benotzung an Verwendung vun Wierker, déi net méi am Handel sinn 01:18:13 Artikel 14: Wierker vu visueller Konscht am Domaine Public 01:24:30 Artikel 15: Schutz vu Pressepublikatiounen déi d'online Notzung betreffen 01:38:35 Artikel 17: Benotzung vu Copyright/Auteursrechtlech geschützten Contenu, duerch online Plattformen 01:53:12 Wien krut dat Positiounspabeier a copyrightreform.lu 01:55:23 Kontaktéier déng Deputéiert/Ministeren 01:58:06 Zukunft 02:04:57 Outro https://wiki.c3l.lu/doku.php?id=projects:entr0py_encore:005_copyright_reform
Wat ass 5G a firwat brauche mir dat? Spoiler Alarm, et stierwe keng Villercher duerch 5G!