POPULARITY
Glass for Two ass den Titel vum Concert, deen de Vibraphonist Pascal Schumacher zesumme mat der Pianistin Danae Dörken den 1. Juni um 5 Auer an der Loretto Kapell zu Klierf gëtt. Um Programm sti Stécker aus hirem leschten Album Glass Two, deen als Hommage un de Komponist Philipp Glass geduecht ass. Wat huet de Rond-Point bei der Luxexpo mam Philipp Glass ze dinn? Wat ass eigentlech e Rework a wéi eng gemeinsam musekalesch Sprooch deelt de Schumacher mam Glass? Ënner anerem dat, verréit hien am Gespréich mam Marie Trussart, an och firwat den amerikanesche Komponist hien esou faszinéiert.
Am Joer 2008 wanderen den Thomas an d'Agnes mat hire béide Kanner an Norwegen aus. Hei wëllen si sech en neit Liewen opbauen. Dëst klappt och relativ gutt, den Thomas an d'Agnes fannen nei Jobs, si kafen een Haus an de Kanner geet et gutt. Mee d'Agnes huet seng Schwieregkeete mam Führerschäin, mat der Sprooch an ass net méi sou glécklech do. Dëst alles féiert dozou, dass hatt erëm an Däitschland wëll auswanderen, den Thomas wëll dat awer net. Sou kennt et, dass ëm Ouschteren d'Agnes verschwënnt a kuerz drop gëtt seng Läich an engem Fjord fonnt. Wéi ass et zu dësem Doud komm? Dat gëss du an dëser Episod vu Loscht op Mord gewuer.
Deen 18. Roman vum Jean Echenoz ass, wéi vum Auteur gewinnt, verspillt, ironesch a verdaamt gutt geschriwwen. Hei geet et ëm ee mëttelméissege Cineast, deen en Abenteurfilm an Afrika soll dréien an dobäi eng onbekannt Schauspillerin muss casten, an déi hie sech och nach verkuckt. Wat et mam Mann op sech huet, deen direkt am éischte Saz plakeg aus enger Fënster fält, gëtt een dobäi vläicht gewuer - wien den Echenoz kennt, weess, datt dat awer am Endeffekt e bëssen egal ass, well hei déi wansinneg geschlaffe Sprooch am Zentrum steet. De Jeff Schinker huet d'Buch gelies a gëtt eis en Abléck an d'Welt vum Jean Echenoz.
Deepfakes gehéiere mëttlerweil zum Internet, esou wéi Streaming, Memes a Kazen. Mee wéi erkennt een Deepfakes? Dat ass déi grouss Fro, déi d'Nesryne Mejri a senger Fuerschung rëmdreift. An dëser Episod erzielt d'Nesryne vun deene gudden a schlechte Säite vun Deepfakes a kläert eis iwwert Red Flags an der Fuerschung op. Ausserdeem schwätzt et iwwert säi Faibel fir déi japanesch Sprooch a Kultur, a verréit eis, wee säi léifste Game of Thrones-Personnage ass. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
“Christmas Carols” ass e Concert, deen d'Amis du Chant Luxembourg schonn zanter 1992 organiséieren. Um Programm steet englesch Chrëschtmusek an englescher Sprooch. Dëst Joer séngt de Chouer dee Concert direkt zweemol - eemol wéi gewinnt am Stater Conservatoire, an eemol an der Porkierch zu Mäerzeg. Op der Affiche steet dëst Joer awer och e weidere Chrëschtconcert um Belval am Kader vum Evenement Blast into Christmas, mat feierleche Lidder op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch. Den Dirigent Fränz Theis huet dem Marie Schockmel méi verroden.
Déi lescht Woch ass vill iwwer d'Lëtzebuergesch als Sprooch vun der Europäescher Unioun diskutéiert ginn. Als Soziolinguist a Kenner vun onser Sproochegeschicht wollt de Fernand Fehlen och säi Pefferkär dozou bäidroen.
Sujeten haut: Fernand Kartheiser relativéiert Fuerderung fir Lëtzebuerger Sprooch, Zoustand vu Steeë bei d'Kallektuffquell an 10. Editioun vum Prix Pictet
Sujeten haut: Fernand Kartheiser relativéiert Fuerderung fir Lëtzebuerger Sprooch, Zoustand vu Steeë bei d'Kallektuffquell an 10. Editioun vum Prix Pictet
D'Lëtzebuergescht als offiziell Sprooch am EU-Parlament, ganz nei a streng Krittäre fir Adapto an en Noperschaftssträit wéinst enger Halloween-Deko am Gaart sinn Theemen an der Presserevue
E Mëttwoch de Moie ware Respekt an Toleranz d'Theemen an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
An eisen Episoden ass munchen vun eise Nolauschter*innen bestëmmt schonn opgefall, dass mäer als Méi Wéi Sex Team d'lëtzeboier Sprooch heinsdo aanecht gebrauchen wéi se geleefeg benotzt gëtt. Mäer benotzen oft gendersensibel Sprooch, an adaptéieren d Sprooch domat zu eise Besoinen. An dëser Episod schwätzen de Joël, den Elie an d*e Robin iwwer hire Sproochgebrauch an diskutéieren hir Usiichten. Och schwätzen si iwwer Pronomen, a wéi gendersensibel Sprooch a Pronomen am Lëtzeboieschen kënnen ëmgesat ginn. An der Rubrik schwätzt Kelly doriwwer wéi een*t zum Orgasmus komme kann. Robin erklärt firwat een*t den H-Slur net benotze sollt: Eng gutt Fro: Wat ass Intergeschlechtlechkeet?
Et geet elo duer! Är OGs sinn erëm do an hunn alles mat dobäi, wat d'summerlecht Häerz héich schloe léisst: Wirschtercher, Hënn mat Goldketten an iwwerdeiert Birkenstocks. D'Vakanzevibes gi komplettéiert duerch eng vegan Metzlerduechter, Mansplaining, Melodramatik an d'Môme herself. Vill "almost 40"-excitement, eng gebrache Lanz fir Kuelenhydrater an d'grouss Speedo-Kontrovers sinn och mat dobäi. Et gi gratis Geschäftsiddie mat der Lëtzebuerger Sprooch an Decisiounen, ouni virdrun eng Fra ze froen (GANZ schwiereg, dat ze soen). Huet de Claude Monet tatsächlech bei engem Diddelenger Café ofgekuckt? Wisou sollte mir all nom Motto "Read the street" liewen? A so mol googelt et nach??
Wärend zu Paräis déi lescht Virbereedunge fir d'Olympesch Spiller amgaang sinn, erfuerscht eng lëtzebuergesch Produktioun am Off zu Avignon déi donkel Säit vum Leeschtungssport. No "Petit frère - la grande histoire Aznavour" gouf dëst Joer déi däitschsproocheg Produktioun "Körper am Ende der Welt" vun engem vu Kultur | lx opgestallte Jury op Avignon geschéckt. Fir d'Virstellungen um weltbekannte Festival, op deem dëst Joer am Off iwwer 1.600 Spektakelen ze gesi sinn, gouf d'Stéck op Franséisch iwwersat. "Corps au bout du monde" erzielt déi deels autofiktional Geschicht vu Gymnastinnen, déi wéi d'Schauspillerin Marion Rothhaar an hire jonke Joren hire Kierper an hiert Liewen dem Diktat vum Sport afferen. De Jeff Schinker huet déi zwou Schauspillerinnen no hirem Optrëtt am Château de Saint-Chamand zu Avignon an een Dag no de Walen a Frankräich ausgefrot iwwer déi verschidden Erausfuerderungen, déi d'Spillen an enger anerer Sprooch, d'Erausstiechen an enger Mass vun 1.600 Spektakelen an d'alldeeglecht Optrieden an der Hëtzt vun der Provence mat sech bréngen.
Wärend zu Paräis déi lescht Virbereedunge fir d'Olympesch Spiller amgaang sinn, erfuerscht eng lëtzebuergesch Produktioun am Off zu Avignon déi donkel Säit vum Leeschtungssport. No "Petit frère - la grande histoire Aznavour" gouf dëst Joer déi däitschsproocheg Produktioun "Körper am Ende der Welt" vun engem vu Kultur | lx opgestallte Jury op Avignon geschéckt. Fir d'Virstellungen um weltbekannte Festival, op deem dëst Joer am Off iwwer 1.600 Spektakelen ze gesi sinn, gouf d'Stéck op Franséisch iwwersat. "Corps au bout du monde" erzielt déi deels autofiktional Geschicht vu Gymnastinnen, déi wéi d'Schauspillerin Marion Rothhaar an hire jonke Joren hire Kierper an hiert Liewen dem Diktat vum Sport afferen. De Jeff Schinker huet déi zwou Schauspillerinnen no hirem Optrëtt am Château de Saint-Chamand zu Avignon ausgefrot iwwer déi verschidden Erausfuerderungen, déi d'Spillen an enger anerer Sprooch, d'Erausstiechen an enger Mass vun 1.600 Spektakelen an d'alldeeglecht Optrieden an der Hëtzt vun der Provence mat sech bréngen.
Post Punk aus Wales, an op Walisesch, proposéiert de Gudde Wëlle muer den Owend mat Adwaith. Dräi jonk Waliserinnen, déi d‘Poesie vun hirer Sprooch duerch d‘Musek wëlle weiderginn. De Marc Clement wollt méi wëssen an hat d‘Sängerin Hollie Singer an d‘Bassistin Gwen Anthony doheem zu Carmarthen ugeruff.
Den 30. Abrëll ass den amerikanesche Schrëftsteller Paul Auster am Alter vun 77 Joer gestuerwen. E Schrëftsteller , dee Millioune vu Lieser ze begeeschtere wosst. Sengen aussergewéinleche Protagonisten huet de Paul Auster a senger experimenteller, mystescher a postmoderner Sprooch skurril a philosophesch Liewensweeër gezeechent. D'Valerija Berdi ass eent vun deenen, déi ganz faszinéiert vum Paul Auster senger Literatur sinn a huet sech mat sengem Schreiwen ausernee gesat. Mir lauschteren en Extrait. De ganze Portrait vum Paul Auster ass a “Kultur um 5” ze lauschteren.
Den 30. Abrëll ass den amerikanesche Schrëftsteller Paul Auster am Alter vun 77 Joer gestuerwen. E Schrëftsteller , dee Millioune vu Lieser ze begeeschtere wosst. Sengen aussergewéinleche Protagonisten huet de Paul Auster a senger experimenteller, mystescher a postmoderner Sprooch skurril a philosophesch Liewensweeër gezeechent. D'Valerija Berdi ass eent vun deenen, déi ganz faszinéiert vum Paul Auster senger Literatur sinn a huet sech mat sengem Schreiwen ausernee gesat.
E Méindeg de Moie goung et an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" ëm d'Lëtzebuerger Sprooch.
Theemen haut: Chantiere vun den CFL, Chambre des métiers zu aktueller Situatioun, Froestonn iwwer Lëtzebuerger Sprooch, Defie vun MSF a FSCL-Selektioun fir WM.
Theemen haut: Chantiere vun den CFL, Chambre des métiers zu aktueller Situatioun, Froestonn iwwer Lëtzebuerger Sprooch, Defie vun MSF a FSCL-Selektioun fir WM.
Geet et eiser Sprooch esou gutt oder esou schlecht wéi ni? Dat zweet, seet den ADR-Fraktiounschef am Gespréich mam Maurice Molitor.
En Freideg de Moie war d'Lëtzebuerger Sprooch Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Lëtzebuergescht als Haaptsprooch Doheem an op der Aarbecht an an der Schoul hëlt of, aner Sproochen diversifiéieren d'Sproochelandschaft. Mam Comissaire fir d'Lëtzebuerger Sprooch de Pierre Reding diskutéiere mer iwwert den Défi den Zougang zur Sprooch ze vereinfachen a mir kucken ob déi Etüd vum Statec hindeit datt d'Lëtzebuergescht un Terrain verléiert.
An dësem Episod dréit sech alles ronderëm d'Sprooch. Mä wéi fuerscht een eigentlech Sprooch? Wéi kann ee mat der Sprooch Experimenter maachen? A si Memes eigentlech ee Sujet an der Linguistik? Dës Froe beäntwerte mir zesumme mam Constanze Weth. D'Constanze erfuerscht d'Méisproochegkeet vu Kanner zu Lëtzebuerg. Dobäi huet hatt viru sengem Studium eigentlech ee ganz anere Wee ageschloen : Dee vun enger Léier als Huttmaacherin. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
Sehen und gesehen werden oder awer Rapp a Klapp? An der Concorde gëtt et näischt, wat et net gëtt! D'Jill ass leider verhënnert, mee et ass fir kompetenten Ersatz gesuergt, deen zwar keng Anung huet, mee dofir awer de Yannick komplett an d'Verzweiwlung dreift: Live aus dem Lëtzebuerger Lifestyle-Center beobacht äre neie Power-Duo gutt coifféiert Leit, Dammen en parme, Yoga-Mammen a Best-Ager. Si hunn en Häerz fir Solden a beschäftege sech mat onhéifleche Männer a wäisse Boxen. De "je ne sais quoi" vun dëser "OG-Place" verféiert net nëmmen zu Bartrenger Gossip a Gespréicher iwwer Lieblingsbutteker, mee och zu méi serieuxen Themen ewéi der "Causa Lindemann". Tëscht Tigermécken am Kaftan a kriminelle Machenschaften an der Parfumerie kommen awer och d'Gentrifizéierung duerch Bowls, wichteg Bréidercherstipps an d'Mëtschen-Debatt zur Sprooch. Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: bit.ly/3RVs4np - Facebook: bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
Wann een déi richteg Sprooch fënnt an hinne Raum léisst, dann ass bal ëmmer e groussen Interessi vun de Jonken un der Politik do.
Elo Donneschdes um 20 Auer. D‘Emissioun vum Caroline Mart ronderëm déi Themen, déi jiddereen am Alldag betreffen.
Firwat sinn d'Diskussiounen iwwert Sprooch sou emotional an och politesch zu Lëtzebuerg?
Elo Donneschdes um 20 Auer. D‘Emissioun vum Caroline Mart ronderëm déi Themen, déi jiddereen am Alldag betreffen.
Sot Dir Cadeau oder Geschenk? Déi Lëtzebuerger Sprooch gëtt eis jo zwou Méiglechkeete fir dat, wat mir ënner eisem Chrëschtbeemche fonnt hunn, ze bezeechnen. Den Auteur Jean Portante huet a sengem Frëndeskrees nogefrot an huet realiséiert, datt do "Cadeau" bei Wäitem méi geleefeg ass. Mee wou kënnt deen Term iwwerhaapt hier?
Sot Dir Cadeau oder Geschenk? Déi Lëtzebuerger Sprooch gëtt eis jo zwou Méiglechkeete fir dat, wat mir ënner eisem Chrëschtbeemche fonnt hunn, ze bezeechnen. Den Auteur Jean Portante huet a sengem Frëndeskrees nogefrot an huet realiséiert, datt do "Cadeau" bei Wäitem méi geleefeg ass. Mee wou kënnt deen Term iwwerhaapt hier?
Den Accord um Weltnatur-Sommet, den Ëmgang mat der Lëtzebuerger Sprooch, an eng Ëmfro bei de Parteien iwwer d'Gläichberechtegung sinn Theemen an der nationaler Press presentéiert vum Françoise Medernach.
D'Regierung huet en Aktiounsplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch decidéiert. Wéi eng Mesurë ginn elo geholl? Dat freet de Rick Mertens de Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch.
Als eng kritesch-humoristesch Bestandsopnam vun der Lëtzebuerger Sprooch kéint een dem Pit Schlechter seng Textsammlung ëmschreiwen. Dat vum Pit Weyer illustréiert Buch (Kremart Edition) ass eent vu fënnef Wierker op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis. Eng Kritik vum Michel Delage
Och zu Hollywood gëtt renovéiert. Oder fir an der Sprooch vum Showbiz ze schwätzen: Et geet ee Facellift. Fir dat bekanntst Symbol vun der Dramfabrik. En den Acteur, deen als John Boy aus de Waltons bekannt ginn ass, wäert deemnächst am Theater ze gesi sinn.
"Den Territoir vu menger Experimentatioun, dat ass Poesie", seet de Schrëftsteller Jean Portante. Elo koum en éischt Band mat senge Gedichter, déi hien tëschent 1986 an 2004 publizéiert huet am Verlag "La rumeur libre" eraus. Iwwer d'Genese vun der eegener Sprooch, wéi eng Roll d'Poesie dra spillt, a wéi een dat am Buch "Le travail de l'origine" retracéiere kann, huet de Jean Portante dem Valerija Berdi erzielt.
"Den Territoir vu menger Experimentatioun, dat ass Poesie", seet de Schrëftsteller Jean Portante. Elo koum en éischt Band mat senge Gedichter, déi hien tëschent 1986 an 2004 publizéiert huet, am Verlag La rumeur libre eraus. Iwwer d'Genese vun der eegener Sprooch, wéi eng Roll d'Poesie dra spillt, a wéi een dat am Buch "Le travail de l'origine" retracéiere kann, huet de Jean Portante dem Valerija Berdi erzielt.
D'Lëtzebuerger Sprooch an hir Geschicht, d'Epiceries sociales, déi ëmmer méi Zoulaf hunn an d'Limitte vum Déiereschutzgesetz sinn Theemen an der nationaler Press presentéiert vum Françoise Medernach.
Eng tragesch Libesgeschicht tëschent engem Schoulmeeschter a senger Schülerin virum Hannergrond vun den dramateschen Entwécklungen an der Sowjetunioun vun den 1920er Joren. Dat erzielt déi russesch Schrëftstellerin Gousel Iakhina an hirem historesche Roman "Les Enfants de la Volga" (Les Editions Noir sur Blanc), an enger Sprooch, déi sech un däitsche Märercher inspiréiert. De Michel Delage huet um Festival Etonnants voyageurs ufanks Juni zu Saint-Malo mat der russescher Autorin geschwat.
Ganz vir op der Bestsellerlëscht steet am Ablack d'Buch vum Fred Keup an Tom Weidig mam Titel "Mir gi Lëtzebuerg net op". Déi zwee ADR-Politiker molen do e ganz däischtert a pessimistesch Bild vu Lëtzebuerg an der Lëtzebuergescher Sprooch. Dozou haut de Soziolog Fernand Fehlen.
Den Alain Atten fënnt d'Iddie fir d'Wierder déi hien hei zerpléckt op alle méigleche Plazen. Och déi Wierder déi d'Lëtzebuerger Sprooch an aner Sprooche léine gaangen ass, ewéi de Chalet. Do huet de Sproochmates sech zeréckversat gefillt a seng Zäit bei de Scouten, wa beim Lagerfeier Lidder gesonge gi sinn, an déi Kléng et deene Groussen nogemaach hunn, ouni genee ze wëssen ëm wat et an deem Lidd geet...
An dëser Spezialeditioun huele mir eis d'Fräiheet net ewéi gewinnt aktuell Film-Sortien ze beschwätzen, mee mir stellen e Film an de Mëttelpunkt, deem seng Opnamen zanter knapps enger Woch eréischt an der Këscht sinn: "Läif a Séil", deen éischte Long-Metrage vum Loïc Tanson. Heifir huet d'Vesna Andonovic de Realisateur Loïc Tanson, de Schauspiller Timo Wagner an Samsa-Film-Produzent Claude Waringo an de Studio agelueden a freet ënner anerem, wat e Spaghetti-Western an engem Lëtzebuerger Duerf aus der Mëtt vum 19. Joerhonnert verluer huet, firwat Männer do hanner enger Fra déi zweet Géi spillen, a wéi een e belsche Produzent iwwerzeegt fir e Film a Lëtzebuerger Sprooch ze finanzéieren.
E Mëttwoch de Moie war de Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch eisen Invité vun der Redaktioun.
Am Lëtzebuergesche gëtt et net fir all Wuert e Wuert, dofir musse mer eis och heiansdo an eng aner Sprooch eppes léine goen. Dat mëscht eise Sproochmates och hat an huet sech mat der Folie.
Et gëtt Wierder an eiser Sprooch, déi geléint sinn. Se hunn hir fest Plaz an eisem Wuertschatz. Ee Wuert wat zanter de Streamingplattformen erëm an aller Mond ass, ass d'Wuert "Serie". Den Alain Atten huet a sengen décksten an eelste Bicher nogekuckt.
Geléinte Wierder, sou kann een elo déi nächste Minutte mat eisem Sproochmates ëmschreiwen. Also Wierder, déi mir aus enger anerer Sprooch léinen an déi sech ganz gutt am Lëtzebuergeschen installéiert hunn. Den Alain Atten huet sech haut mam Wuert ''Ambiance''.
Ëmmer erëm ass et interessant dem Alain Atten nozelauschteren, wann et ëm eis Sprooch geet. Nodeems et scho vill Erklärungen iwwer eenzelt Wierder goufen, kommen mer dann haut bei e Sproch. "Wie sech gutt hält mat de Kueben". Wéi muss dee verstane ginn, wat stécht derhannert?
D´Jonk Sozialisten Lëtzebuerg ginn an eng 2. Staffel vun hirem Podcast "Ziel Du Mir!". D´Samira kritt Verstäerkung vum Georges. Zesummen beschwätzen si an dëser éischter gemeinsamer Folge wei d´Sprooch eisen Alldag bestëmmt.
Travis, James and Kevin welcome back Sprooch_GH, AKA Jusitn Wanamake to chat about the world of modern and vintage toys - what's hot, what's cooling off, and what he's looking for! Justin got his start trading vintage games, GI Joes, and G1 Transformers, but what toys are keeping his business going these days? Little Kid Travis makes a killing at TF Con and starts down his dark path of toy flipping. Subscribe to Sprooch on YouTube! Hosted by Travis Landry, James Supp and Kevin Bruneau
D'Lëtzebuerger Sprooch huet sech eng Partie Wierder an anere Sprooche geléint, aus dem däitschen, hollännesche, spueneschen a franséischen. Den Alain Atten geet haut an d'franséischt, mat engem Wuert, dat hien an deene läschte Solden héieren huet: Eng Remise.