Podcasts about konscht

  • 27PODCASTS
  • 187EPISODES
  • 19mAVG DURATION
  • 1EPISODE EVERY OTHER WEEK
  • Jun 10, 2026LATEST

POPULARITY

20192020202120222023202420252026


Best podcasts about konscht

Latest podcast episodes about konscht

Kultur
Bettina Heldenstein a Sandra Kolten: zanter 30 Joer Employéeë vum Casino!

Kultur

Play Episode Listen Later Jun 10, 2026


Zanter dem Fréijoer, a bis an dat anert Joer eran, feiert de Casino, also de Forum fir déi zäitgenëssesch Konscht an der Ënneschtgaass, säin 30. Gebuertsdag. Dëst ënner dem Motto “Fora”, deemno Forum an der Meerzal. Den Echange ronderëm Entwécklungen an der Konscht gëtt an deem Kontext grouss geschriwwen. Vu muer u mat engem 2. Volet: dee Moment sti Performancen zum Theema “Retour au réel et au geste” um Gebuertsdagsprogramm, mee och Konferenzen, déi sech mat eisem Banneliewen, eisen Dreem an der Source vun der Kreativitéit beschäftegen. D'Kerstin Thalau huet sech fir haut emol mam Banneliewe vum Casino beschäftegt, mat deene Membere vun der Ekipp, déi net esou bekannt sinn.

Kultur
Nei Konscht vum Banksy

Kultur

Play Episode Listen Later Jun 9, 2026


Zu London gëtt et nei Konscht vum Banksy, déi net ze iwwersinn ass an déi bis elo nach net ewechgeholl gouf - wéi dat esou dacks de Fall ass bei senge Wierker. Wéi gewinnt gëtt den anonyme Kënschtler sech sozialkritesch. D‘Claire Barthelemy war kucken.

fall banksy konscht
Kultur
D'Kënschtlerin Hisae Ikenaga presentéiert "Anatomy of Use" zu Gand

Kultur

Play Episode Listen Later Jun 5, 2026


D'Hisae Ikenaga huet mexikanesch-japanesch Originnen: si ass 1977 zu Mexico-City gebuer, do och opgewuess, huet duerno Konscht zu Mexiko, da Kyoto, Barcelona a Madrid studéiert, éier si, viru gutt zéng Joer, hei an der Groussregioun ukoum. Hir multimedial Installatiounen hunn zu Lëtzebuerg ewell vill Succès; d'Hisae Ikenaga war Laureatin vum Luxembourg Encouragement for Artists Prize, kuerz LEAP, stellt heefeg aus, ënner anerem hat si 2024 eng grouss Eenzelausstellung an der Escher Konschthal, an duerch hir Lëtzebuerger Galerie konnt si u Konschtprojeten zu Bréissel deelhuelen. Momentan ass hir Installatioun "Anatomy of Use" am Kiosk zu Gand ze gesinn. D'Kerstin Thalau ass vun der Hisae Ikenaga an hirer Curatrice Charlotte Masse gewuer ginn, wéi et dozou koum.

Kultur
Impressioune vum Infinite Now Festival zu Berlin

Kultur

Play Episode Listen Later May 19, 2026


De Sport an allen Éieren, mee wärend zu Lëtzebuerg jidderee Marathon gelaf ass, huet eise Korrespondent Max Tholl zu Berlin ee Konschtmarathon gemaach. 30 Stonnen non-stop Musek an engem fréiere Kraaftwierk - dat gouf et de Weekend zu Berlin. The Infinite Now ass een transmediale Festival fir experimentell Musek a Konscht, bei deem de Public sech waakreg an och schlofend op déi verschidden Artisten an Artistinnen aloosse soll.

public festival berlin marathon infinite artisten musek konscht infinite now stonnen
Kultur
De “Boy from home” a Kënschtlerresidenz zu Maacher

Kultur

Play Episode Listen Later May 15, 2026


Dëse Weekend sinn d'Luxembourg Museum Days, bedeit porte ouverte bei eise Muséeën a Kulturzentren, an deemno d'Méiglechkeet, eise Patrimoine, Konscht- a Kultursammlunge ze entdecken, eventuell e spezielle Kaderprogramm ze genéissen oder bei Workshops matzemaachen. Am Maacher Kulturhuef erwaart iech dofir zum Beispill den Damien Diudice. Den ausgebilte Kommunikatiounsdesigner a Kënschtler ass fir eng Kënschtlerresidenz vun engem ganze Joer am Kulturhuef. An d'Kerstin Thalau hat d'Méiglechkeet, mam Damien Diudice am hausinternen, respektiv eisem nationalen, Dréckereimusée ze schwätzen.

Kultur
Tracey Emin am Tate Modern

Kultur

Play Episode Listen Later May 13, 2026


D'Tracey Emin ass wuel déi bekanntste Kënschtlerin aus Groussbritannien. An den 80er an den 90er Joren ass si mat hirer rauer, provokativer Konscht zum Superstar vun der brittescher Konscht ginn. An hirem Wierk geet et em Aarmut, Sex, Mëssbrauch, Ofdreiwung an awer och em Léift a Freet. Den Tate Modern zu London kuckt elo op hir laang Karriär zréck. D'Claire Barthelemy war fir eis kucken.

Erklär&Laach
Ep.134: Kollektiv kulturelle Komedyworkshop

Erklär&Laach

Play Episode Listen Later May 12, 2026 70:38


Direkt no engem sportlechen Exploit (en Tournage, de vollen Ausmooss vun dëser Peinlechkeet gesitt dir geschwënn) setze mir eis zesummen, fir Drock ofzeloossen. Tëscht Robofësch a Summerpläng fanne mir net esou richteg e Ventil - bis sech déi wuel bescht Plattform fir Diskussiounen opmécht: modern Konscht. Mir vertrieden all Meenungen, vum Konschthistoriker bis bei een, dee Konscht héchstens aus Pornoe kennt.A mir liwweren, Vollprofien di mer jo awer sinn, scho Cliffhangeren op déi nächst Fold. Vläicht gëtt déi besser wi di hei. Mee warscheinlech net.

Kultur
"La Merde" op der Biennale zu Venedeg

Kultur

Play Episode Listen Later May 7, 2026


Déi 61. Konschtbiennale zu Venedeg ass trotz Jury-Demissioun net an d'(Héich-)Waasser gefall. D'Kontrovers ass séier erkläert: Déi eng verlaangen d'Enn vun onpolitescher Konscht, déi hir Hänn an Onschold wäscht a fanne Russland an Israel sollten als Krichsagressoren net deelhuelen dierfen. Anerer zitéieren den olympeschen Ideal als Géigenargument fir Inklusioun. Schued wier et, wann d'Messagë vun der eigentlecher Konscht an dëser Diskussioun géifen erdrénken ... Am lëtzebuergesche Pavillon, deen haut offiziell opgeet, ass do awer keng Gefor. Mam Schock, deen dem Wim Delvoye an Enrico Lunghi hir “Cloaca”-Ausstellung 2007 ausgeléist hat, nach am Kapp, genee wéi enger laanger Lëscht vu Kënschtler, déi mat Exkrementer schockéierend Konschtwierker gemaach hunn, konnt de Marc Clement gëschter “La Merde”, deen 30 Minutte laange Film, mat deem d'Kënschtlerin Aline Bouvy Lëtzebuerg representéiert, fir d'éischt erliewen. Eng Strull Kacka erlieft hei Situatiounen, déi weder schockéieren, nach eekelen. Am contraire, en humoristescht, sensibelt a ganz taktvollt Wierk ass dobäi entstanen. Am Gespréich mat der Aline Bouvy wollt de Marc fir d'éischt wëssen, ob een d'Wierk psychologesch kéint verstoen.

israel film ideal russland biennale merde kapp pavillon waasser konscht wim delvoye gefor diskussioun minutte am gespr situatiounen
Kultur
Tëschent Café Ubu an Dada-Cave kritt déi jonk Konscht eng nei Plattform

Kultur

Play Episode Listen Later Apr 16, 2026


“Besteeënd Infrastrukturen nei an innovativ notzen” dat ass och dem Service culturel vun der Stad Esch-Uelzecht seng Philosophie. Dowéinst ënnerstëtzt en zanter dësem Joer en neien Ausstellungscycle am Escher Theaterfoyer. Do gi jo scho méi laang Konschtexpoen gewisen, mee elo kritt en eng kloer Ausriichtung: ënner dem Numm “Trampolin” soll en der jonker Konscht aus der Groussregioun eng Plattform bidden; viséiert sinn d'Absolvente vu Konschthéichschoulen, déi mat engem éischten Expoprojet eventuell méi liicht Kontakter zu der professioneller Konschtwelt knäppe kënnen. Als Expocuratrice konnt d'Danielle Igniti gewonne ginn: Konschtexpertin a Philologin, Member a verschiddene Konschtjuryen, bei Lët'z Arles, war am Verwaltungsrot vum Mudam, knapps 30 Joer laang Kulturcheffin vun Diddeleng, tëschent 1999 an 2015 Presidentin vum Planning Familial a laangjäreg Chronistin beim 100,7. Firwat elo den Trampolin? Dat wollt d'Kerstin Thalau vun der Danielle Igniti gewuer ginn.

Kultur
Rewire Festival zu Den Haag

Kultur

Play Episode Listen Later Apr 10, 2026


De Weekend ass zu Den Haag déi 15. Editioun vum Rewire Festival, bei deem experimentell Musek a Konscht am Vierdergrond steet. Gëschter Owend war schonn den Optakt, haut geet et dann esou richteg lass. Fir eis ass de Max Tholl dobäi, deen eis e klengen Ausbléck op de Festival gëtt.

festival rewire den haag fir optakt musek owend konscht editioun de weekend
Kultur
Vun IA (intelligence artificielle) zu IA (intelligence ancienne)

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 4, 2026 17:23


“Here comes the Luxembourg City Filmfestival”; muer den Owend ass d'Opening ceremony. Mee elo schonn, a bis ufanks Abrëll, kënnt Dir parallel dozou “Here comes the sun” entdecken: dem Cercle Cité seng Kontributioun zum Festival, am Ratskeller an der Paschtoueschgaass. D'Multimedia-Expo ass mat “Art, énergie et intelligence naturelle” ënnertitelt. Zesummegestallt gouf se vun Elektron, also der Plattform fir d'Lienen tëschent Konscht, digitalen Technologien, Wëssenschaft a gesellschaftlechen Erausfuerderungen, déi d'Françoise Poos an de Vincent Crapon virun dräi Joer lancéiert hunn. “Here comes Kerstin Thalau” fir dem Duo eng Partie sonneg Froen zu hirer Expo ze stellen.

Kultur
40 Joer Saatchi Gallery

Kultur

Play Episode Listen Later Feb 19, 2026 5:11


D‘Saatchi Gallery zu London huet mat hire kontroversen Ausstellunge jonk brittesch Kënschtler:innen an den 90er Joren zu Weltstare gemaach. Fir hire 40. Gebuertsdag weist d‘Galerie elo nach eemol grouss Blockbuster-Installatiounen, déi hir Geschicht markéiert huet. Mee och nei zäitgenëssesch Konscht gëtt presentéiert. D‘Claire Barthelemy war kucken.

galerie fir mee joe r geschicht joren saatchi gallery konscht gebuertsdag
Kultur
Aus dem Forum d'art contemporain gëtt de FORA

Kultur

Play Episode Listen Later Feb 12, 2026 18:55


1995, also fir dat éischt Kulturjoer zu Lëtzebuerg, gouf an der Ënneschtgaass en temporären Espace opgemaach, fir Ausstellungen ze empfänken. Dat Joer drop ass doraus de Sëtz vun der Casino Lëtzebuerg ASBL ginn, déi vun deem Moment un Expoen an eng Hellewull aner Aktivitéiten zum Theema aktuell Konscht proposéiert huet. A wa se net gestuerwen ass, ...? Nee: de Casino hält sech daper, ass ewell Établissement public a feiert Mëtt Mäerz e ronnen 30. Gebuertsdag. D'Kerstin Thalau mam Detail vun der Programmatioun

Kultur
Pilotprojet fir Venedeg 2026: Mentorship “Take off” fir di jonk Konscht

Kultur

Play Episode Listen Later Feb 5, 2026 24:19


Lescht Woch hate mir iech op dëser Plaz mat op déi offiziell Presentatioun vun der Kënschtlerin Aline Bouvy hirem Projet “La Merde” fir de Lëtzebuerger Expo-Raum bei der Biennale vu Venedeg 2026 geholl. An dësem Kontext hat de Kulturminister Eric Thill och annoncéiert, datt Kultur:LX um Lido e Pilotprojet lancéiert: de Mentorship “Take off” fir di jonk Konscht. Dowéinst huet d'Kerstin Thalau fir haut d'Simone Decker invitéiert, déi zanter engem knappe Joer Kultur:LX-Responsabel fir de Volet plastesch Konscht ass.

Kultur
De Materialdesigner Jules Péan experimentéiert mat New Rocks a Potatoes

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 23, 2026 16:24


Trotz Renovatiounsaarbechten...d'Equipe vun de Rotonde fënnt, an hire fréieren Zuchatelieren, ëmmer nach Maueren an Ecker, déi sech als Plattform fir di aktuell Konscht eegnen. Momentan kënnt dir gläich zwee nei Projeten entdecken: der Experimentalfilm-Kënschtlerin a Fotografin Léa Giordano hire Film-Loop “As long as it lasts” iwwert dem Bar vun der Buvette, plus dem Materialdesigner Jules Péan seng Installatioun "New Rocks" am Cube, also tëscht der Rotonde2-Entrée an der Buvette. D'Kerstin Thalau huet de Jules Pénar dëser Deeg beim Montage vu sengem Wierk begéint.

Kultur
YLA 2025 bis den 23. Januar 2026

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 19, 2025 23:08


Déi 3 Buschtawen Y/ L / A stinn zënter 2021 fir Young Luxembourgish Artists, net fir "why L.A." respektiv "firwat Los Angeles". Am Kontext vun der Luxembourg Art Week hunn d'Galeriste Lou Philipps a Gerard Valerius dës Plattform fir jonk Lëtzebuergesch Kënschtler:inne lancéiert, also fir Konscht, déi an hiren Ae villverspriechend ass, déi nach net hir Plaz op enger Konschtfoire huet, awer dach eng interessant Ergänzung dozou an enger Zort Off-Programm bidde kann. An doriwwer eraus? Déi 5. Editioun vun den YLA ass bis den 23. Januar 2026 ze gesinn. Dowéinst huet d'Kerstin Thalau d'Lou Philipps, als Expo-Organisatrice a -Curatrice an eise Studio invitéiert.

Kultur
Eng Expo mat rezenten Acquisitiounen an Donatiounen an der Villa Vauban

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 4, 2025 23:35


Et ass d'Zäit vum Schenken an Deelen, an där Traditioun wëll sech och d'Ekipp vun der Villa Vauban zanter e puer Joer net verschléissen: “Bienvenue à la Villa!” nennt sech hir Ausstellungsrei um Enn vum Joer, wou se duerch eng thematesch Expo nei Acquisitiounen an Donatioune mam Public souzesoen deelen. Déi Kéier zum Schwéierpunkt Lëtzebuerger Konscht aus dem 20. Joerhonnert, an Zuelen: knapps 80 Konschtwierker vun 19 Kënschtler, dorënner 8 Kënschtlerinnen. Et handelt sech net ëm e Best of, gewise gi markant kënschtleresch Positiounen, déi bis ewell a privaten Hänn waren an dowéinst net ëffentlech ze gesi waren. An doriwwer hu mir mam Boris Fuge vun den 2 Stater Muséeë geschwat ... ganz ëffentlech!

Kultur
KI a Konscht: Kënschtler:innen hunn d'Wuert

Kultur

Play Episode Listen Later Nov 26, 2025 28:18


Eise Kulturminister Eric Thill wëllt sech verstäerkt fir eng mënschlech Kulturpolitik am digitalen Zäitalter asetzen. Fir hie kann déi Kënschtlech Intelligenz op kee Fall eisen Imaginär ersetzen, mee richteg agesat an duerch Richtlinnen encadréiert, e Katalysator si fir Ausdrocksméiglechkeeten an Innovatioun ze stimuléieren. Aus dësem Grond ass am Kulturministère e Wäissbuch fir e responsabelen an transparenten Ëmgang mat KI ausgeschafft ginn, a waren déi lescht thematesch Kulturassise ganz zum Theema vu "Kënschtler:innen a KI". D'lescht Woch hate mir Vertrieder vum Ministère zu dësem Sujet op Besuch am Studio, hei léisst de Marc Clement an d'Kerstin Thalau d'Kënschtler:inne selwer zu Wuert kommen.

Kultur
Dem Claire Barthelemy säi KI-Guide

Kultur

Play Episode Listen Later Nov 26, 2025 4:27


Et gëtt den Ament vill doriwwer diskutéiert, wat fir een Afloss Kënschtlech Intelligenz op d‘Aarbechtswelt, d‘Konscht an d‘Gesellschaft huet. Mee wéi erkennt een eigentlech KI-Biller a Videoen? A wéi kann ee sech géint Manipulatioun wieren? D‘Claire Barthelemy huet Tuyauen.

Kultur
Kënschtlerinne-Portrait: Claudia Passeri

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 10, 2025 16:10


D'Claudia Passeri ass eng jonk, lëtzebuergesch Kënschtlerin, déi an hirer Konscht hir italieenesch Originnen net nëmmen thematiséiert, mee mat lokalen a globale Kontexter novollzéibar mëscht. Zënter 2002 sinn hir Wierker a kulturellen Institutiounen an am ëffentleche Raum an der Belsch, Frankräich, Italien a Lëtzebuerg ausgestallt. Am Joer 2011 krut si den Edward Steichen Award an am Joer 2016 e Fuerschungsstipendium an der Fonderie Darling zu Montreal. 2019 huet si hiert Wierk Aedicula an der Chapelle de la Charité am Kader vun de Rencontres de la Photographie zu Arles presentéiert, kuréiert vun der Danielle Igniti. Am Joer 2022 huet si zwou monumental Installatiounen realiséiert, dorënner P.G.R. – Per Grazia Ricevuta zu Sanem/Belvaux. Nieft hiren eegene kënschtleresche Wierker schafft d'Claudia Passeri reegelméisseg mat Kënschtler a Kulturpraktiker aus verschiddene Beräicher zesummen. Am Joer 2006 huet si zesumme mat der Michèle Walerich de Kuratorieprojet Agence Borderline gegrënnt; Am Joer 2018 huet si zesumme mam Benoît Delzelle de Kollektiv Common Wealth gegrënnt, deen de Bert Theis-Stipendium krut a fir deen si 2019 op eng Kënschtlerresidenz an Italien invitéiert gouf.

Kultur
Renovatiounsaarbechten am Centre Pompidou zu Paräis

Kultur

Play Episode Listen Later Sep 25, 2025 5:45


De Centre Pompidou zu Paräis ass wuel ee vun de bedeitendste Muséeë fir zäitgenëssesch a modern Konscht. D'Konschtinstitutioun huet e Méindeg hir Dieren zougemaach an zwar fir ganzer fënnef Joer. D'Gebai brauch dréngend groussflächeg Renovatiounen. Déi lescht Ausstellung war eng ganz besonnesch Konzeptioun vum renomméierte Kënschtler Wolfgang Tillmans. Wéi geet et elo weider? De Max Tholl mat Detailer

Kultur
Die goldene Bremm: nach ëmmer “de Glanz”?

Kultur

Play Episode Listen Later Sep 17, 2025 27:53


2023 war queesch duerch d'Saarland “Saarart”. Dëst eng éischte Kéier mat der Presenz vu Kënschtler:innen aus der Groussregioun. Iwwerdeems se Lëtzebuerger Propose suivéiert hunn, ass dem Kerstin Thalau an dem Joé Birchen, am Programmheft, ee multinationalen a multidisziplinäre Projet opgefall, deen anescht wéi déi aner geschéngt huet: d'Remise-en-valeur vum Areal Goldene Bremm op der däitsch-franséischer Grenz, ënner anerem duerch Konscht. Elo, zwee Joer duerno, si si zeréck op en Areal, dee laang als desolaten Onuert an der kollektiver Memoire gespäichert war.

Kultur
"Schwefelgelb und zitronengrün"

Kultur

Play Episode Listen Later Jul 31, 2025 4:41


Déi vill Bréiwer vum Vincent van Gogh u säi Brudder, seng Kënschtlerfrënn, weisen de Moler als Auteur. Hie beschreift net just seng Aarbecht als Kënschtler, mee och seng Opfaassung vun der Konscht an der artistescher Froestellung. De Léon Rinaldetti huet dës Publikatioun, déi d‘Gloria Köpnick an de Rainer Stamm an der Insel-Bücherei vum Suhrkamp-Verlag erausginn hunn, gelies.

auteur gogh hie suhrkamp verlag moler aarbecht konscht brudder schwefelgelb
Kultur
LGBTQIA+-Theemen no der Pride Woch

Kultur

Play Episode Listen Later Jul 21, 2025 9:04


Zu Lëtzebuerg war et eng Pride Woch, an där immens vill verschiddenen Evenementer ugebuede goufen - vu Sport op Konscht, Kino a Literatur war alles dobäi. Mam Slogan “Stand United against the Backlash” war d‘Pride dëst Joer och e bësse méi politesch wéi soss. Wei steet et ëm dat queert Liewen zu Lëtzebuerg, wann d‘Bünen ofgeriicht an d‘Sponsoren d‘Pride-Fändelen erëm agepaakt hunn? D‘Claire Barthelemy huet Andréck gesammelt.

Kultur
Freet Iech: Dir sidd eventuell méi hybrid wéi Dir mengt!

Kultur

Play Episode Listen Later Jun 26, 2025 12:56


Wéi kënne Science Fiction, digital Konscht a Kënschtlech Intelligenz eist Verständnis fir d'Bewosstsinn an aner Forme vun Intelligenz erweideren? Interesséiert Iech net? Schued! Well concernéiere géif et Iech jo iergendwéi schonn, an de 26. Juni kéint Dir an entspaanter Ronn am LUGA-LAB am Pafendall méi zum Theema gewuer ginn: an zwar vum Multi-Media-Kënschtlerduo Crosslucid vu Berlin am Gespréich mat der kanadesch-lëtzebuergescher Autorin Mary Carey, déi all Hybriditéit a fléissend Identitéiten an hirer Konscht thematiséieren. Wéi Crosslucid dat maachen, huet d'Kerstin Thalau am neien temporairen Elektron-Espace an der Geschäftsgalerie Mercure zu Esch-Uelzecht gesinn a konnt och do mam Duo iwwer hir experimentell virtuell Videoaarbechte schwätzen.

Kultur
This is a Human's World Festival - Zu Téiteng de 5. Juli

Kultur

Play Episode Listen Later Jun 25, 2025 9:40


Aus dem Feminismus gebuer, fir all Mënschen an hir Feminitéit weidergeféiert, ass de Festival This Is A Human's World zu Téiteng en Treff fir ze philosophéieren, sech méi nozekommen, a Konscht ze feieren.

Kultur
Aarbechtsgesten als Konschtperformance

Kultur

Play Episode Listen Later May 30, 2025 13:05


D'Wieder weess alt nees net wierklech, wat et wëllt, mee d'Konscht awer. An dowéinst invitéiert d'Ekipp vum Neimënster dëse Sonndeg op hiren neie Festival L'embellie. Do geet et net einfach just ëm Opklärung oder Verbesserung, nee: do sollt Dir Geleeënheet kréien, d'Kreatioun vu muer ze entdecken, Konscht bei där alles méiglech ass, respektiv gëtt. Hanner quasi all Neimënster-Dier erwaarden Iech den 1. Juni Musiker:innen, bildend Kënschtler:inne, Dänzer:innen, an anerer. Déi meescht vun hinne waren oder sinn an enger Kënschtler:inne-Residenz an der fréierer Abtei a Prisong. Esou zum Beispill d'Clio Van Aerde. D'Kerstin Thalau huet d'Performerin a Bünebildnerin am Gronn besicht.

die r verbesserung residenz abtei hanner iech esou beispill sonndeg konscht neim
Kultur
Venedeger Architektur-Biennale – Eng Bréck tëschent Konscht a Wëssenschaft?

Kultur

Play Episode Listen Later May 21, 2025 7:28


Wéi kann een d'Architektur prett fir d'Zukunft maachen? A liwwert se nei Léisungsusätz fir den aktuellen a globale Problemer, wéi zum Beispill dem Klimawandel entgéint ze wierken? Dëst sinn déi zentral Froen, op déi d'Organisateure vun der Venedeger Architektur-Biennale wëllen opmierksam maachen. Ee Virsaz dee geléngt? De Joé Birchen war fir eis op der Plaz, an huet Andréck an Highlights vun der Expo matbruecht.

Kultur
Klassik Live: der fliegende Holländer

Kultur

Play Episode Listen Later May 13, 2025 9:35


Haut den Owend um 19:30 Auer spillen d´Lëtzebuerger Philharmoniker eng konzertant Versioun vum Richard Wagner sengem Fliegenden Holländer. Hannert dem Dirigentepult: de 25 järege finneschen Dirigent Tarmo Peltokoski. Den international unerkannte Wagnerianer hat schonn am Alter vun 22 Joer d´Integral vum Ring dirigéiert. Am Gespréich mam Marie Trussart erkläert hien ënner anerem, firwat hien denkt datt een d´Konscht vum Kënschtler muss trennen an och wéi seng Faszinatioun fir de Wagner iwwerhaapt ugefaangen huet.

Kultur
Vun der Konscht liewen - mee wéi?

Kultur

Play Episode Listen Later May 8, 2025 50:08


Vu senger Konscht kënnen ze liewen – de groussen Dram vun all Kënschtler erweist sech zu Lëtzebuerg zumindest um Pabeier als méiglech: 107 Leit hunn hei am Land de Statut d'artistes, 268 Leit dee vum Intermittent du spectacle. An der Praxis gesäit d'Saach allerdéngs e bësse méi schwiereg aus, dat net just zu Lëtzebuerg, ma och am Ausland. Am Frankräich ass beispillsweis de Prozentsaz vu Schrëftsteller:innen, déi vun hirem literaresche Schreiwen eleng liewe kënnen, zimmlech geréng. Virun e bësse méi wéi engem Mount huet een Artikel an der Luxembourg Times, an deem zwee Kulturschafender iwwert de Seeldanz tëschent Broutjob a Konscht geschwat hunn, fir ee (klenge) Shitstorm gesuergt, dat well de Journalist op eng liicht naiv Manéier e Portrait gezeechent huet vu Leit, déi daagsiwwer schaffen an nuets kreativ ginn, ouni ze hannerfroen, wéi et kéint sinn, dass deels renomméiert Kulturschafend et nawell net packen, vun hirer Musek, hirer Konscht, hirem Schreiwen, bref vun hirer Aarbecht ze liewen. Fir e bësse mat där Manéier, de kreative Beruff ze verklären, opzeraumen, hunn d'Kerstin Thalau an de Jeff Schinker haut véier Leit agelueden, déi mat eis iwwert d'Erausfuerderung vum onofhängege Schaffen diskutéieren: d'Kënschtlerin Julie Wagener, déi transdisziplinaresch Kënschtlerin Clio van Aerde, de Museker Tun Biever an de Schrëftsteller Antoine Pohu.

RTL - De Journal (Small)
De Journal vum 4. Mee 2025, 04/05/2025

RTL - De Journal (Small)

Play Episode Listen Later May 4, 2025 17:32


Theemen haut: Walen a Rumänien, déi brittesch Ambassadrice zu Lëtzebuerg am Interview, de Kass Haff, Konscht am Gronn an de Film vun der Woch.

RTL - De Journal (Large)
De Journal vum 4. Mee 2025, 04/05/2025

RTL - De Journal (Large)

Play Episode Listen Later May 4, 2025 17:32


Theemen haut: Walen a Rumänien, déi brittesch Ambassadrice zu Lëtzebuerg am Interview, de Kass Haff, Konscht am Gronn an de Film vun der Woch.

Kultur
Eng Invitatioun fir eng nei Vue op dem Bert Theis säi Wierk

Kultur

Play Episode Listen Later Apr 23, 2025 9:04


Den Numm Bert Theis stoung, a steet, fir eng sozial a politesch engagéiert Konscht: fir kënschtleresch Plattformen, also Installatiounen, déi den Dialog tëschent alle Mënsche fërdere sollen. Dat zu Mailand an zu Lëtzebuerg. Ewell sinn et knapps 10 Joer hier, datt de Kënschtler mat 64 no schwéierer Krankheet verstuerwen ass, mee säin Isola-Projet zu Mailand gëtt weidergeféiert a säin Archiv zu Lëtzebuerg opgeschafft. An do hu sech nei Erkenntnisser erginn, déi d'Escher Konschthal bis Enn September als Expo presentéiert. D'Kerstin Thalau gouf méi vum Curateur Marco Scotini gewuer.

Kultur
Bert Theis: pour une philosophie collagiste

Kultur

Play Episode Listen Later Apr 8, 2025 16:57


Den Numm Bert Theis stoung, a steet, fir eng sozial a politesch engagéiert Konscht: fir kënschtleresch Plattformen, déi den Dialog tëschent alle Mënsche fërdere sollen. Dat zu Mailand an zu Lëtzebuerg. Ewell ass et knapps 10 Joer hier, datt de Kënschtler eis verlooss huet, mee säin Isola-Projet zu Mailand gëtt weidergeféiert a säin Archiv zu Lëtzebuerg opgeschafft. An do hu sech nei Erkenntnisser erginn. D‘Kerstin Thalau am Gespréich mat der Mariette Schiltz, der Fra a Matstreiderin vum Bert Theis

Kultur
D'Jil Lahr huet sech géint 70 weider LEAP-Kandidaturen duerchgesat

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 31, 2025 6:13


And the winner is...: Jil Lahr! De leschte Freiden ass d'Multi-Media Kënschtlerin an der Escher Konschthal mam Luxembourg Encouragement for Artists Prize, kuerz LEAP, ausgezeechent ginn. Mat 12.500 Euro ass de LEAP ee vun den héchstdotéiertste Präisser fir visuell Konscht. D'Jil Lahr, Joergang 1991, lieft a schafft zënter hire Konschtstudien zu Hamburg. A Rauminstallatiounen übt si mat Molerei, Keramik, Fotoen an haaptsächlech gesammelten Alldagsobjeten eng satiresch Gesellschaftskritik. D'Kerstin Thalau mat Impressioune vun der LEAP-Soirée 2025.

Kultur
Generalprouf vun “F for Fake Light” am Casino

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 19, 2025 10:14


Dir kennt Vangelis? Wéi wier et dann elo mat Vargelis: deen éischten hat musikalesch fir Feier gesuergt, den Nicholas Vargelis réckelt Situatiounen an dat richtegt Feier, besser: Liicht. Momentan zum Beispill duerch seng Luucht-Installatioune bei der Expo “Boogie” am Casino an der Ënneschtgaass. Konscht ouni Faarf a Pinsel, mee quasi just mam Schäi vun ale Luuchtenampullen? An dat en plus an enger Expo, déi als rhythmescht Experiment geduecht an deemno ni d'selwecht ass? D'Kerstin Thalau huet d'Boogie-Curatrice Stilbé Schroeder an de Studio invitéiert, fir Liicht an d'Däischtert ze bréngen.

Kultur
Out of the Crowd 2025: Déi Zwanzegst!

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 17, 2025 15:06


Fréijoer ass Festivalzäit zu Lëtzebuerg. Vun elo bis zur Fête de la musique gëtt et dank dem schéine Wieder endlech erëm Musek dobaussen ze erliewen, wa mir mol dem Altelier seng LuxeExpo Extravaganza wärend der Schoulvakanz virewech loossen. Besonnesch fir d'Frënn vun onofhängeger Rockmusek ass den Out of the Crowd Festival, zanter 20 Joer an der Escher Kulturfabrik vum Schalltot Kollektiv organiséiert, deen éischte grousse Rendez-vous vum Joer, an ee vun deenen treffséchersten, wann et ëm Programmatioun geet. Egal op een experimentell Sounds a musikalesch Decouverte sicht, immersiv Konscht genéissen, oder der lëtzebuergescher Musekszeen méi no komme wëllt, den Out of the Crowd bitt alles dat op engem Dag, an dat ass dëst Joer de Samschdeg, 19. Abrëll. Mir schwätze mam Nicolas Przeor vu Schalltot iwwer 20 Joer Out of the Crowd an d'Editioun vun dësem Joer.

crowd egal mir rendez dag abr joe r decouverte vun musek konscht editioun samschdeg besonnesch
Kultur
D'Néckel Scholtus versicht mat der Kamera d'Realitéit ze spieren

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 14, 2025 14:58


“Eng optimal Balance tëschent Beruff a Privatliewen ass net nëmme fir déi mental Gesondheet, mee och fir eng laangfristeg Produktivitéit vu Bedeitung, dowéinst muss een tëschent béide kloer Grenzen zéien!” fuerdere Guiden a fette schwaarze Buschtawen. Do kënne verschidde Kënschtler:inne warscheinlech just de Kapp rëselen: wéi soll dat an hirem Alldag méiglech sinn? D'Fotokënschtlerin Néckel Scholtus trennt net an doriwwer eraus ass hir Famill och reegelméisseg Bestanddeel vun hirer Konscht. Momentan zum Beispill bei der Expo “Entre réel et impalpable” am CAPE zu Ettelbréck. D'Kerstin Thalau huet d'Néckel Scholtus an de Studio invitéiert.

Méi wéi Sex
#159: Tëscht Wichsvirlag a Musée – sexy Konscht konsuméieren

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later Feb 7, 2025 44:41


Ob Aktmolerei, Fanfiction oder Performances – heiansdo hu mir Loscht, sexy Konscht ze konsuméieren. An dëser Episod schwätze Kelly an de Joël iwwert den Ënnerscheed tëscht Porno a Konscht, iwwert dat sexy Potenzial vu verschidde Medien an erziele vun hiren Erfarungen mat Texter, Biller an anere Konschtformen. Si schwätzen och doriwwer, wéi a wisou mir selwer (sexy) Konscht kënne maache sollten. An der Rubrik stellt Kelly eng Mindfulnessübung vir. Shownotes Buch: "erotica universalis" (TASCHEN Verlag) Performance Deborah de Robertis Youtube: Video-Essay zu Omegaverse, nach een Video-Essay zu Omegaverse Further Reading: Susan Sontag: The Pornographic Imagination Wikipedia: History of erotic depictions

Speakeasy Podcast
PhiloFlow Fir GSO #05 - Aféierung an d'Ästhetik

Speakeasy Podcast

Play Episode Listen Later Jan 31, 2025 25:40


Du bass op der 1e GSO, GSN, A3D? An du wëlls wëssen, em wat et am Dossier „Esthétique - au-delà de la beauté" geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat ass Ästhetik, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng philosophesch Froen stelle sech héi am Dossier? Dat kucke mer am Video! 00:00 – Intro 01:45 – l'art 02:55 – l'artisanat 04:23 – l'oeuvre d'art 08:06 – la nature 09:39 – le quotidien 11:05 – la morale 14:00 – Résumé 14:50 – Examens-Froen 15:17 – Ass an der Konscht alles erlabt? 20:45 – Mat wat däerf ech Konscht hierstellen? 22:50 – Ënnerscheed art-artisanat

video thema mat ass dossier gsn gso froen konzepter konscht
Kultur
Wat zielt eis de Bëschbuedem am Éislek?

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 22, 2025 6:41


An eiser Rubrik Soundatlas analyséieren an hannerfroen d'Kerstin Thalau an de Joé Birchen eenzel Kläng a Geräischer, sichen hier Lienen zu Alldagskultur, Konscht, jo och zur Wëssenschaft. Dat elo och Sonndes Moies um 20 op 9 am Joé Birchen senger Émissioun “Am Buedmantel”. Di nächst véier Episoden dediéiere si de Grond-Elementer Äerd, Waasser, Loft a Feier. Di véier ginn och nach Wuerzelkräfte genannt: also hunn d'Kerstin an de Joé en Ausfluch an den Norden, souzesoen “back to the roots”, gemaach a waren op de Klangpad zu Houschent, vu wou se fantastesch Opname matbruecht hunn, well se mat spezielle Mikroe schaffe konnten.

norden de b loft feier opname lienen waasser konscht
Kultur
Den “Noise” ass iwwerall

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 9, 2025 8:07


De Soundatlas kritt am neie Joer eng nei Plaz: Vun elo u kënnt Dir och sonndes moies um 9:20 en Episod am Joé Birchen senger Emissioun “Am Buedmantel” lauschteren. Fir déi, déi eis Soundserie nach net kennen: Am Soundatlas ginn d'Kerstin Thalau an de Joé Birchen de verschiddensten Téin op d'Spuer. Dobäi analyséieren si d'Kläng bis an den Detail a fannen och ëmmer nees Verbindungen zur Alldagskultur, Konscht a souguer der Wëssenschaft. Ob dat haut wuel och geléngt? Déi zwee haten am Virfeld iergendeppes vun “Noise”, also Kaméidi, gefuebelt ...

RTL - Hollywood Reporter
Hollywood Reporter: Stare fir de gudden Zweck, 02/01/2025

RTL - Hollywood Reporter

Play Episode Listen Later Jan 2, 2025 3:05


Déi grouss Actricen an Acteuren déi ee vum groussen Ecran kennt, wëlle méi hannerloossen ewéi hir Konscht. An notzen hir Popularitéit och, fir deene Mënschen ze hëllefen, deenen et net esou gutt geet.

RTL - Hollywood Reporter
Hollywood Reporter: Stare fir de gudden Zweck, 02/01/2025

RTL - Hollywood Reporter

Play Episode Listen Later Jan 2, 2025 3:05


Déi grouss Actricen an Acteuren déi ee vum groussen Ecran kennt, wëlle méi hannerloossen ewéi hir Konscht. An notzen hir Popularitéit och, fir deene Mënschen ze hëllefen, deenen et net esou gutt geet.

Kultur
Der Germaine Hoffmann hire verdéngten Duerchbroch koum mat 90

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 31, 2024 9:53


Um Enn vum Joer wëlle mir gären nach emol u Perséinlechkeeten erënneren, déi eis ënnerwee verlooss hunn. Esou zum Beispill d'Germaine Hoffmann: mat 94 Joer am Juli 2024. D'Germaine Hoffmann, Joergang 1930, koum aus enger bekannter lëtzebuergescher Kënschtlerfamill: hire Mann war de Schrëftsteller Leopold Hoffmann, hire Fils Frank huet sech am Theater en Numm gemaach, de Schauspiller André Jung ass hiren Eedem. Datt d'Germaine Hoffmann déi lescht 50 Joer selwer och Konscht gemaach huet, an zwar haaptsächlech interessant Collagen, war just engem klengere Krees bewosst. Bis dunn hir Enkelin, déi plastesch Kënschtlerin Sophie Jung, hir am Hierscht viru 4 Joer, eng Aart Retrospektiv am Casino organiséiert huet. D'Kerstin Thalau hat 2020 Geleeënheet, sech an deem Kontext mat der Germaine Hoffmann ze ënnerhalen.

Kultur
D'Marie-Claude Beaud mat 78 Joer zu Toulon gestuerwen

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 30, 2024 15:42


Ëm den 29. Dezember ass d'Marie-Claude Beaud, also déi éischt Directrice vum Mudam, mat 78 Joer gestuerwen. No Geschicht-, Konschtgeschicht- an Archeolgiestudie Mëtt der 1960er hat d'Marie-Claude Beaud hiert Liewe komplett an den Déngscht vun der Konscht gestallt. A Muséeën a Fondatiounen hat si sech séier en Numm als staark Perséinlechkeet gemaach, där hiert Markenzeechen d'Zesummebrénge vu verschiddene Konschtstiler a Mënsche war. Tëschent 2000 an 2008 war si Directrice vum Mudam, deemno déi éischt 4 Joer eng Directrice ouni Gebai. Mee si huet de Musée du scho virtuell zum Liewen erwächt, Expoen op anere Plazen organiséiert. 2003 huet d'Marie-Claude Beaud d'Tsu-Mei Tsé, mat hirer Konscht, fir Lëtzebuerg op d'Biennale vu Venedeg geschéckt. Hiren Instinkt gouf belount: de gëllene Léif goung un de Grand-Duché. Tëschent 2009 a bis zu hirer Pensionéierung 2021 war si Directrice vum Nouveau Musée National de Monaco. Als Erënnerung un d'”Grande dame des musées” proposéiere mir en Extrait aus engem Interview vum Christian Mosar mat der Marie-Claude Beaud, vu Juni 2006, an deem et deemno ëm d'Ouverture vum Mudam geet.

Kultur
En 10-Jores-Bilan mat der Kënschtlerin Catherine Lorent

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 27, 2024 17:11


Joresréckblécker, kuerz Ausblécker op dat anert Joer ... dat bitt sech dëser Deeg un. Och well et am Beräich Konscht a Kultur e bësse méi roueg ass. Mee d'Kerstin Thalau huet d'Catherine Lorent fir en 10-Jores-Réckbléck an de Studio invitéiert. D'Catherine Lorent, Joergang 1977, lieft a schafft, no Konschtstudien an Däitschland an a Frankräich plus engem Doktorat an der Konschtgeschicht, zanter 15 Joer zu Berlin. Lëtzebuerg ass awer net vergiess: vun Zäit zu Zäit sinn hir kënschtleresch-musikalesch Aarbechten och hei ze gesinn, an ze héieren; am Kontext vun Esch2022 an an Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg, hat si awer och d'Evolutioun vum Buergbrenne studéiert. Kerstin: 10 Joer an 10 Minutten ... do musst Dir awer Gas ginn?

RTL - De Journal (Small)
De Journal vum 3. Oktober 2024, 03/10/2024

RTL - De Journal (Small)

Play Episode Listen Later Oct 2, 2024 23:35


Sujeten: Rekrutement bei der Police, Caritas, VDL-Pläng fir d'Stäreplaz, Enn vum Luxtrust-Token, Nations League, Internationales, Film a Konscht.

RTL - De Journal (Small)
De Journal vum 4. Juli 2023, 04/07/2023 00:00

RTL - De Journal (Small)

Play Episode Listen Later Jul 3, 2023


Theemen haut: Programm Landesplanung, OGBL Nationalcomité, Suivi Accident Bäerdref, Attacke Westjordanland, Archivmount, Konscht fir de gudden Zweck an TDF.

RTL - De Journal (Small)
De Journal vum 26. Juni 2023, 26/06/2023 00:00

RTL - De Journal (Small)

Play Episode Listen Later Jun 25, 2023


Mat dëse Sujeten: Ëffentlech Finanzen, d'Situatioun a Russland an am Belarus, Ëmfro ënnert de Baueren, Internationalen Noriichteniwwerbléck, Konscht a Sport.