POPULARITY
Fir dës Episod konnte mir d'Europa-Deputéiert Monica Semedo gewannen, wat eis immens frou gemaach huet. Engersäits well et am Moment e gutt Stéck méi ze dinn huet wéi fréier bei RTL, anerersäits well mir eis an dëser Zäit kee bessere Gaascht konnte virstellen. Wéi bei engem richtege Radiosender huet d'Monica sech bei eis LIVE vu Bréissel era gemellt a mir hu mat him iwwert déi traureg Aktualitéit awer deelweis schockant Erliefnisser aus sengem Liewe geschwat. Mir warne vir: Verschidde Saache sinn nëmme schwéier ze verdauen! Donieft erkläert eis d'Monica awer och iwwert dat konkret Virgoe vum EU-Parlament, an och vun him als Politikerin, géint Rassismus an Diskriminatioun. Dës Episod weist awer och wéi schéin d'Liewe ka sinn a wéi vill Chancen een zu Lëtzebuerg kann hunn a kréien, d'Monica ass eent vun de Musterbeispiller. Ausserdeem hu mir ganz dringend d'Fro misste klären op et e Comeback beim Picco Bello wäert ginn oder net...
D'Liewe geet nees un. A mir wäerte ganz geschwënn nees beienee sëtzen! Bis et souwäit ass, hei nach e klénge Kaffisbraddler mam Pippo a Baschti.
De Mount Oktober ass dee Mount, wou vill iwwert de Kriibs geschwat an informéiert gëtt, dëst virun allem well den Oktober als internationale Broschtkriibsmount bekannt ass, de sougenannte 'Rosa Oktober'. An dem Kontext huet d'Fondation Cancer 3 nei Broschüren erausginn, iwwert déi mir wäerte schwätzen. An e weidert Thema ass hir Sensibiliséierungscampagne, déi sech mat de Symptomer fir Kriibs bei sech ze erkennen, beschäftegt. D'Directrice vun der Fondatioun Cancer Lucienne Thommes ass 'Am Gespréich' a mir schwätzen iwwert déi Krankheet, déi haut weltwäit nach ze ville Mënschen d'Liewe kascht.

Mam neien Direkter vun der Fondatioun vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse hu mer gekuckt ewéi déi am Fong aus zwou Fondatiounen entstanen ass. Déi eng gouf virun 28 Joer an d'Liewe geruff, déi aner virun 19 Joer, an 2004 si se zu enger fusionéiert. Dir gouft gewuer wéi eng Aufgaben an Erausfuerderungen se all Joer bei der Fondatioun am sozialen an humanitäre Beräich ze meeschteren hunn a vu wiem se dobäi ënnerstëtzt ginn. Dem Här Majerus seng Karriär huet donieft beim Militär ugefaangen- bei eis huet en erzielt, wéi ee vun der Arméi bei eng Fondatioun kënnt. A mer goufe méi driwwer gewuer, wéi et ass fir d'Grande-Duchesse a mat hir ze schaffen.

Viru ronn 6 Joer huet ee vun deene stäerksten tropesche Wierbelstierm mam Numm 'Haiyun' grouss Deeler op de Philippinen zerstéiert. D'Resultat waren Schied an enger Héicht vu bal 3 Milliounen Dollar a genee esou vill Mënschen déi hir Existenz verluer hunn. Nodeems den Olivier Conrardy Biller vun der Verwüstung gesinn huet, huet hien eng spontan Hëllefsaktioun an d'Liewe geruff an ass fir e puer Wochen op d'Philippine geflunn fir op der Plaz ze hëllefen. Dorausser ass d'ASBL 'Aide Philippines' entstan a nach haut gi Famillen a Kanner op de Philippinen medezinesch a schoulesch ënnerstëtzt.

60 Joer nodeems déi europäesch Agrarpolitik an d'Liewe geruff gouf, soll si nees eemol reforméiert ginn. D'Visioun vun der EU-Kommissioun ass, de Memberstaaten an der Agrarpolitik, déi ëmmerhi 40 Prozent vum gesamten europäesche Budget ausmécht, méi Spillraum ze ginn, wou si d'Subventiounen asetzen, fir gemeinsam Ziler a Saachen Ëmwelt, Klimawandel an Nohaltegkeet z'erreechen.