Erklär&Laach

Erklär&Laach

Follow Erklär&Laach
Share on
Copy link to clipboard

Zimlech iwwerflëssegen Podcast, mee dofir eemol d'Woch. Mat den dräi Idioten vun Duck Féiss.

Baschti, Philippe & Joe


    • Jun 2, 2025 LATEST EPISODE
    • every other week NEW EPISODES
    • 1h 2m AVG DURATION
    • 129 EPISODES


    Search for episodes from Erklär&Laach with a specific topic:

    Latest episodes from Erklär&Laach

    Ep.116: Alternativen Zeenewiessel

    Play Episode Listen Later Jun 2, 2025 70:19


    Wanns de op der Sich no enger Podcast-Alternativ zum Zeenewiessel bass, an du fënns einfach näischt, wat dat Lach fëllt... Tronkil Bre, hei bass de richteg: Vum ING Night Marathon iwwer d'Gëlle Palm fir Lëtzebuerg bis bei dem Joe seng rezent Entdeckunge vum Massesport decke mir alles of, wat dës Woch zu Lëtzebuerg geschitt ass. Als klenge Schmankerl fir eis Wëssensfanatiker zielt de Pippo eppes iwwer Frituren, fir de kurzweilegen Nolauschterer spille mir Entweder/Oder a mir maachen natierlech lauter domm Witzer op Käschte vu Minoréiten, Majoritéiten an eis selwer.

    Ep.115: Vulnerabel am Baumaart

    Play Episode Listen Later May 21, 2025 47:57


    Chat GPT, wourëms geet et beim Podcast Erklär&Laach?Äntwert: De Podcast Erklär&Laach ass nach ëmmer aktiv a gëtt reegelméisseg aktualiséiert. Den Trio Baschti, Philippe a Joe, bekannt als déi "dräi Idioten vun Duck Féiss", liwwert zanter 2019 eng Mëschung aus Satir, Humor a lëtzebuergescher Kultur. Bis elo hu si 127 Episoden produzéiert. D'Themen si variéiert: vun aktueller Gesellschaftskritik a politeschen Iwwerleeungen bis zu fiktiven True-Crime-Serien wéi "Tatort: Lëtzebuerg – D'Waldbëlleger Band". D'Hosts kombinéieren dacks Ironie mat engem kriteschen Bléck op d'Lëtzebuerger Gesellschaft.Dir kënnt Erklär&Laach op Spotify, Apple Podcasts, Podtail an TuneIn lauschteren. Fir méi Informatiounen a fir um Lafenden ze bleiwen, kënnt Dir hinnen op Instagram follegen.Wann Dir Fan sidd, kënnt Dir och hire Merch-Shop besichen.Mir hätten et net kéinte besser soen.

    Ep.114: Mir si Poopst

    Play Episode Listen Later Apr 28, 2025 60:31


    Wäissen Damp um Podcasthimmel, well mir hunn e Géigepoopst fonnt. Mam Poopst Cholesterol II. bidde mir eng éierlech down-to-earth Alternativ zu der kathoulescher Kierch an hire Versäumnisser. Dir kënnt iech eisem Kult ab elo uschléissen, maacht eis einfach en Digi mat op mannst engem dräistellege Betrag.An aneren News: Bee Secure huet eis gefrot, fir nach emol kloerzestellen, dass Pornoen net d'Realitéit duerstellen (hu mir je de Géigendeel behaapt??). Hire Message ass wichteg a richteg: Dat wat een op Pornosäite gesäit, huet wéineg bis näischt mat richtegem Sex ze dinn...

    Ep.113: Fro net sou domm!

    Play Episode Listen Later Apr 21, 2025 68:00


    Dir wënscht iech eng Ulafstell fir är Froen, eng Plaz, wou een endlech eppes iwwer de Sënn vum Liewe léiert, ee Safe Space fir all déi peinlech, intim, awer wichteg Sujeten ze beschwätzen, déi iech scho laang beschäftegen?Da sidd dir hei genau richteg. Mir këmmeren eis an dëser Folg ëm all déi Themen, déi soss vun der Gesellschaft ënnert de symboleschen Teppech gekiert ginn: Den Arschlach-Effekt, déi zweet Virnimm vu Presidenten, a villes méi.Presentéiert zesumme mam Psychiater-Verband Lëtzebuerg.

    Ep.112: WAS LOS AR$@#L0€%

    Play Episode Listen Later Apr 7, 2025 68:23


    Mir iwwerhuelen radikal vu riets (verkéierstechnesch, net politesch) mat engem Podcast, dee sech bëssi ufillt wéi di obligatoresch Fréijoersbotz: nerveg, laang, awer duerno fillt ee sech iergendwéi besser.D'Theme gi wéi gewinnt wäit auserneen: vum Joe senger Klepp bis bei d'Lëtzebuerger Influencer ass hei alles dobäi, wat kee sech gewënscht huet. An nach e wichtegen Disclaimer vum Joe: OPGEPASST SATIRE

    Ep.111: Bom Dia Baaschterten

    Play Episode Listen Later Mar 24, 2025 64:12


    Mir releasen eisen éischten exklusiven Spotify Softporno, bei deem dir eis elo och stalker-mässeg nokucke kënnt fir äre Pläséier. Leider hiewt dat d'Qualitéit vun den Diskussiounen net: Bei Baschti-Bashing, Pippo-Philo a Joe-Jokes ass inhaltlech alles wéi gewinnt. Bonne dégustation.

    Ep.110: Gëllene Schoss

    Play Episode Listen Later Mar 17, 2025 62:55


    Mir sinn zréck vun eisem Ausfluch bei d'Clickbait-Götter vun der gëllener Fro. Nom wierklech normalen a gesellege Gespréich mat eisen zwee Podcast-Kompatrioten ass et dofir Zäit, dass mir an eiser steinzeitlecher Höhl nees den IQ-Thermostat op 5 Grad ënner 0 stellen. Dir sidd zréck an ärer Wohfühlstubn, beim zweetbeschte Podcast vu Lëtzebuerg.

    Ep.109: KI-Chaos nom Tatort

    Play Episode Listen Later Mar 3, 2025 84:20


    No eisem Ausfluch an den True-Crime-Genre kënnt elo den Origin-Album vun eiser drëttklasseger Boyband: eng chaotesch an oniwwersiichtlech Mëschung aus eisen dräi Stëmmen a Stëmmungen. Vun der Tatort-Aftermath iwwer d'weltpolitesch Lag bis bei d'Wanderausstellung vum ZLS decke mir alles oof, wat iech am Moment net beweegt.Dee ganze Mélange gëtt gewierzt mat enger Prise AI-Witzer an enger Bäilag mat eiser neister Rubrik: Genial doniewt.

    Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel VI)

    Play Episode Listen Later Feb 19, 2025 53:26


    40 Joer no den Evenementer rondrëm d'Waldbëlleger Band hëlt den Nico Reisdorff sech Zäit fir e Gespréich mat eis. Hien bléckt zréck an zielt eis seng Siicht op d'Evenementer vun deemools...

    Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel V)

    Play Episode Listen Later Feb 10, 2025 25:07


    D'Situatioun spëtzt sech zou: Op enger enormer Verfollgungsjuegd mat der Police an der Gendarmerie ginn de Waldbëlleger soulues d'Léisungen aus... hunn si et lo engülteg ze wäit gedriwwen? Oder gëtt et nach en Auswee aus dëser Eskalatiounsspiral?

    Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel IV)

    Play Episode Listen Later Feb 2, 2025 20:03


    Et gëtt eescht fir d'Waldbëlleger, déi et nach eng leschte Kéier ganz grouss packe wëllen. Mat engem Iwwerfall, deen et sou zu Lëtzebuerg virdrun nach ni gouf... an dat aus guddem Grond.

    Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel III)

    Play Episode Listen Later Jan 27, 2025 20:01


    D'Faass leeft iwwer. D'Band besteet mëttlerweil aus ronn 16 Persounen, déi direkt oder indirekt un hiren Iwwerfäll bedeelegt sinn... si hunn awer keng Persoun, déi sech ëm d'Resources Humaines këmmert. Dofir mussen d'Käpp vun der Band dat selwer an de Grapp huelen...

    Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel II)

    Play Episode Listen Later Jan 20, 2025 22:24


    No hirer Origin Story geet et lo am zweete Kapitel vun eiser Geschicht ëm di éischt Iwwerfäll an Schéissereie vun der Band. Och wann et uganks nach gutt leeft, a si d'Kriminalitéit zu Lëtzebuerg op en neie Level hiewen, wäerte sech scho séier di éischt Problemer weisen... Keen ass sécher, och net d'Band selwer.

    Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel I)

    Play Episode Listen Later Jan 19, 2025 24:04


    Viru 40 Joer huet sech ee vun de gréisste Kriminalfäll an der Lëtzebuerger Geschicht zougedroen. Eng Rei jonk Männer hunn deemools mat Iwwerfäll, Schéisseren a Morden dee ganze Grand-Duché an Angscht a Chaos gestierzt. No laangen an ausféierleche Recherche si mir elo prett, fir d'Geschicht vun der Waldbëlleger Band nei ze vertounen an iech se als Hörspiel z'erzielen, mat esou villen Detailer wéi nach ni virdrun. Häerzlech Wëllkomm bei Tatort: Lëtzebuerg.

    Ep.108: Ee Leschte virum Tatort

    Play Episode Listen Later Jan 13, 2025 43:17


    Och am neie Joer kënnt dir vun eis nees ee Podcast-Schmaus op Stären-Niveau erwaarden. Haut zervéiere mir e Velouté aus feinstem Wuertwitz, Aktualitéit an literareschem Savoir-Vivre. Mee mir maachen och eppes neies: Mir wiesselen (temporär!) vun eisem gewinnte Podcast-Genre, an deem mir eis sou wuel fillen - dat kéint ee mat vill guddem Wëllen als 'Divers' bezeechnen - riwwer an den True Crime Genre. Mir wëllen ab der nächster Folg déi wuel gréisste Kriminalgeschicht, déi et jeemools am Grand-Duché gouf, nei erzielen. Méi Informatiounen dozou gëtt et an dëser Folg... an ab nächster Woch dann en Experiment. Stay tuned!

    Ep. 107: 5/6 Pensioun fir de Jang Linster

    Play Episode Listen Later Dec 19, 2024 57:25


    Häerzlech Wëllkomm bei den Décke Fësch am Bambësch. Mir huelen dës Woch vum Jay-Z bis bei de Gast Gybérien d'Patriarchat ënner d'Lupp a wierzen dat natierlech wéi gewinnt mat Wuertwitzer an Hallewwëssen. Bonus Content op DVD 2 (Sorry kids, boomer joke): De Pippo huet 10 Fakten iwwert de Kambodsch a mir schwätze fir d'éischte Kéier iwwert en neie Projet um Horizont...

    Ep.106: Kardinol Sënnen

    Play Episode Listen Later Dec 1, 2024 74:40


    Yo Talahons, sorry fir d'Interruption bei ärem Söder Kebap, mee wéi der wësst, ass lo nees cold & grey zu Lëtzebuerg. A grad an der Wanterzäit (fréier Adventszäit genannt) brauche mer nees méi Wäermt, méi Mateneen, méi Versteesdemech. Onoofhängeg dovunner hu mir eng nei Fold vun der E&L opgeholl. Themen si wéi gewinnt net kontrovers: D'politesch Shitshows an Däitschland an an den USA; de Poopst zu Lëtzebuerg; de Vullegast, a villes méi. Mir moderéieren dat ganz gechillt fort a soen zum Schluss just eise Sponsere Merci: Maryland, ArcelorMittal an natierlech der Pizzeria LeSpecial.

    Ep.105: Meuterei op der Bounty

    Play Episode Listen Later Jul 25, 2024 83:49


    Lëtzebuerg läit alt nees an der Mëtt vun der Welt: D'Piratepartei schéisst sech selwer Lächer an d'Schëff a bei der Caritas gëtt et e Robin Hood mat enger Uno-Reverse-Kaart (Hëlt vun deenen Aarmen a verdeelt d'Suen op verschiddenen Off-Shore-Konten). Mir beschwätzen dat zesumme mat weideren onkriddelegen Themen, zum Beispill Flüchtlingen a Relioun. Mir haten och nach e ganzen Deel mat Joe-Biden-Presidentschaftswitzer dran, mee de Joseph huet eis nawell e Stréch duerch d'Rechnung gemaach. Domadder ass et elo offiziell: Eise Podcast ass nach méi lues wéi en ale wäisse Mann.

    Ep.104: Tapis Plein um Grand-Duc senger Toilette

    Play Episode Listen Later Jul 1, 2024 58:13


    De beschten Investigativ-Podcast vu Lëtzebuerg (w.e.g. zu dëser Ausso keng Recherche maachen) mellt sech mat Updates zu deene wierklech wichtege Sujeten: Wéi gesäit et am privatsten Deel vum Schlass Bierg aus? Wat wëllen d'Leit vum Joe wierklech wëssen? A wien ass dee feméise Mënsch, deen e ganze Fliiger giess huet?

    Intermezzo VI - Rumeur oder Wourecht?

    Play Episode Listen Later Jun 6, 2024 11:31


    Mir mellen eis just kuerz aus eisem Erklär&Gaart fir mat iech eng Partie Gossip Gurlz ze spillen - an iech ze berouegen, dass déi nächst Folg E&L um Wee ass. Oder ass dat éischter beonrouegend?

    Ep. 103: Zréck aus der Vacannes

    Play Episode Listen Later May 27, 2024 63:19


    Whazup Kweens, är Bitch Bois sinn nees um Stizzle! No enger laanger, laanger Paus widme mir eis nees de wierklech wichtege Froen: Firwat gëtt et eis nach ëmmer? ASS SOU EEN ONDIVERSEN, SEXISTESCHEN, RASSISTESCHEN, GLUTENINTOLERANTEN, ONWITZEGEN AN NET STRUKTURÉIERTE PODCAST NET KOMPLETT ONNÉIDEG??1? Dir musst eis d'Äntwert ginn... Bis mir gecancelt ginn, kommen hei awer wéi gewinnt schlecht Witzer, flaach Pointen an onsécher Erkläerungsversich. It's good to be back.

    Ep.102: Léiert eppes - wat dir ni méi braucht

    Play Episode Listen Later Jan 7, 2024 52:55


    Exklusiv an dëser Folg: Dat neit Lidd 'Two Corns in a Field' vum Saylor Twift!!! Den Neijoersvirsaz ënnert de lëtzebuergesche Podcasts start mat Elan an den üblechen zwou bis dräi Geschlechtskrankheeten an dat neit Joer a versprécht wéi ëmmer wéineg Spaass, weder fir Grouss nach fir Kleng. Dofir awer hëtzeg Diskussiounen, flaach Witzer an absolut grenzwäerteg Aussoen.New year, old habits. An domadder hu mir eisen Neijoersvirsaz schonn direkt futti gemaach. 

    Ep.101: De Grousse 'Féck Dech 2023' Joresréckbléck

    Play Episode Listen Later Dec 18, 2023 77:14


    Och wann et NACH NET eise versprachene Live ass: mir kënnen iech net einfach esou hänke loossen. Bei den 3. groussen TAUMEL Awards blécke mir am Smoking op dat lescht Joer zréck a verginn déi prestigiéis Präisser a beléifte Kategorien, wéi zum Beispill 'Vull vum Joer' oder 'Grond fir den 112 unzeruffe vum Joer' (presentéiert vum CGDIS). Kee vun den Nominéierte wollt sech op eiser Gala blécke loossen, mee dat verwonnert lo och net wierklech, oder? Merry XMAS léif Fësch.

    Ep.99: Et ass ENDLECH riwwer

    Play Episode Listen Later Oct 11, 2023 71:32


    Enthält: Sträitgespréicher, domm Wuertwitzer, Falschinformatiounen. Grad wanns de mengs, dass de et gepackt hues fir wärend 6 Méint politescher Dauer-Kommunikatioun net verréckt ze ginn, komme mir 3 fréipensionnéiert Radiosgesiichter em den Eck a ginn dir de Gnodestouss. Spéitstens an dëser Folg beweise mir endgülteg, dass eis Mammen an der Schwangerschaft Crack gefëmmt hunn a kommentéiere mat enger Mëschung aus Autismus a geeschteger Absence non-excusée d'Resultater vun den Nationalwalen.

    Ep.98: Dem Joe seng Boma ass dem Pippo seng Mamm...

    Play Episode Listen Later Sep 8, 2023 62:50


    Wéi all gudde Porno kënnt och dëse Summer iergendwann op en Enn. An dat bedeit, dass mir dräi aus eisen Ecker gekroch kommen (De Joe aus der VIP-Vakanz a Griechenland, de Philippe aus engem geheime Mönch-Meeting an de Kasematten an Baschti vun ënnert engem grousse Steen). A fir iech nees ënnerduerchschnëttleche Content liwweren, mat Léift op der Hand gemaach, wéi bei der italienescher Nonna. Haut am Mix: Eise Familiestammbam ass anscheinend e Krees, de Joe huet komesch Begéignungen am Bus a mir probéieren eis un der Welt vu muer - Kënschtlech Intelligenz huet et an d'Erklär&Laach gepackt.

    Ep.97: Belsch Loving um Walsonndeg

    Play Episode Listen Later Jun 12, 2023 63:07


    Mir haten et leider, leider versprach: Nodeems eis belsch Noperen an der leschter Folg kritt hunn, wat hinnen historesch an ethesch zousteet (Frechheeten a Mobbing) wëlle mir an dëser Folg dann eis journalistesch Grondausbildung éieren, an de Sujet och vun der anerer Säit beliichten. Der Belsch also...Komplimenter maachen. Mir sinn sou anescht ginn.

    Ep.96: Belsch Bashing um Europadag

    Play Episode Listen Later May 10, 2023 50:00


    Wéi gewinnt leien an eisem klenge Kuschelpodcast Normalitéit a komplette Chaos ganz no beieneen. Sou hu mer och um Europadag eng Folg opgeholl déi tëscht Léift an Haass balancéiert - bëssi wéi de Fred Keup um Drotseel vun der Existenz als Neonazi. Niewebäi diskutéiere mir natierlech och iwwer d'Kréinung vum Charles III., d'al Praxis vum Duelléieren an de Baschti schwätzt iwwert säin däischtert Geheimnis...

    Ep.95: Haut mam GRAND DUC HENRI

    Play Episode Listen Later May 4, 2023 57:26


    Et war esou laang an der Maach: Eist Management-Team huet sech an onzielege Sëtzunge mat der Maison du Grand-Duc iwwer Klengegkeeten am Vertrag gestridden, d'Land huet wéinst multipele Krisen ëmmer nees misse vu sengem Staatschef getréischt ginn an awer ass et elo endlech sou wäit...S.A.R. de Grand Duc Henri, Porteur vum slowakesche wäissen Duebel-Kräiz-Uerden, léisst sech erof fir eise Podcast ze besichen. A mir sinn immens geéiert! Et ass just suboptimal, dass mir nach eng ganz Rei Saachen ënnert eis ze beschwätzen hunn...   N.B.: Eis Affekoten hunn eis geroden, fir op dëser Plaz nach emol ze betounen, dass mir e satireschen (an de Wieder vun den Affekoten: iwwerflëssegen) Podcast sinn, dee mat der Realitéit näischt ze dinn huet. Dat Gespréich ass vun enger AI geschriwwe ginn.

    Ep.94: Napalm aus Ne(a)pel

    Play Episode Listen Later Apr 25, 2023 65:36


    De Pippo ass nees zréck vu sengem spirituelle Retreat! An dofir si mir och nees do.An et gëtt vill Spannendes ze beschwätzen: déi neisten Hiobsbotschaften aus der AI-Welt, déi wuel legendäersten Hochzäit vun de leschten zwou Wochen, eng Competitioun fir déi dommste Wuertspiller a villes méi.Mir verspriechen: mat eis vergeet d'Zäit *net* wéi am Fluch.

    Ep.93: Akupunktur Abrigado

    Play Episode Listen Later Mar 23, 2023 65:06


    Frësch gepresst a just fir iech: Eng nei Folg mat originelle Fake News zum Ursprong vun der Cactus-Dynastie, Amphibien an Social Eating.Net ze vergiessen natierlech de Merci vun der Woch, an e Sponsor-Message (nee, net vun der Pizzeria Le Special). Siiiiiuuu.

    Ep.92: Pippo will's wissen

    Play Episode Listen Later Mar 10, 2023 48:30


    Wat den Dan Kersch an dem Myriam Cecchetti säi Mëttelfanger fir d'Demokratie sinn, dat si mir fir d'Podcastwelt zu Lëtzebuerg. An deem Sënn luede mir nees an op eng Table Ronde zum Thema 'Pippo's Powerpoint Persiflage'. Raum fir Participatioun ass leider net ageplangt.

    Ep.91: Mir ginn ze al fir dee Schäiss

    Play Episode Listen Later Feb 20, 2023 60:23


    Dësen Episode vum zertifiéiert beschte Podcast aus der Kategorie 'Gëlle Fro an Erklär&Laach' ass d'Kinneksdisziplin fir all Fësch: Wien sech duerch déi éischt 20 Minutte wuertwiertleche Schäiss wullt, gëtt belount duerch dat, woufir mir mat eisem Numm stinn. Erklären a laachen. Laang ass et hier.

    Ep.90: Heroin am Superwaljoer

    Play Episode Listen Later Jan 23, 2023 56:37


    2023 huet scho laang ugefaangen, mee mir erweche lo réischt aus eisem onverdéngt Wanterschlof: de Pippo an de Joe hunn alt wéinstens vun neie Rubricke gedreemt, se erziele vum Spa an der Eifel an de Baschti kritt esou lues seng Perséinlechkeet vum Radio an déi vum Podcast net méi getrennt - eng klassesch Féckmillchen. Mee ëmmerhin: eis huet et gutt gedoen, fir nees beieneen ze setzen. Lo hoffe mer just, dass dir hei net ze vill IQ-Verloscht kritt.

    Ep.89: De Grousse 'Féck Dech 2022' Joresréckbléck

    Play Episode Listen Later Dec 15, 2022 82:03


    2. TAUMEL Awards Zeremonie LIVE aus dem kléngen Turnsall vu Peppeng melle mir eis mat der wuel gréisster Präisgala östlech vun der Wäisser Iernz: haut decidéiert sech, wien am leider och nees miese Joer 2022 déi beléiften Taumel Awards mat heem huelen dierf. A Kategorien vu 'Vull vum Joer' bis zum 'Richtege Peoples Choice Podcast Award' ass alles dobäi fir de grousse Joresréckbleck. Avec amour, är dräi Profiditoen.

    Ep.88: Pöbel's Choice Awards

    Play Episode Listen Later Dec 1, 2022 62:33


    Wat ass bei de Podcast Awards schief gaang? Paus net dobäi, Happy Hippos net dobäi, a yours truly och net... Mir ginn op Spueresich a kommen zu (k)enger Konklusioun. Fir et mat den onstierfleche Wierder vun engem vun de gréissten a breedsten Dichter vun eisem Land ze soen: FCK RTL

    Ep.87: Flantes, Dräibiz a Fléipéiter

    Play Episode Listen Later Nov 15, 2022 65:19


    An der Hoffnung dass een eis sënnlos a liicht iwwerflësseg Beschreiwungen hei liest, ass hei eng wichteg Warnung: D'gëlle Fro probéiert e Podcast-Monopol opzebauen an zesumme mat den Illuminati vum Gruppetto aus ganz Lëtzebuerg ze kontrolléieren! Du kanns dat nëmme verhënneren andeems du des Folg lauschters an op Follow klicks! D'Schicksal vum Land, jee vun der ganzer Groussregioun läit an denge Wurschthänn.

    Ep.86: Blowal, Robb a Bison

    Play Episode Listen Later Nov 6, 2022 74:38


    Wéi an engem episodesche Filmmeeschterwierk vum Wes Anderson huele mir iech haut mat op eng verzaubert Rees duerch eis defekt Kläranlag, bis uewe gefëllt mat onsënnegen Themen an enger grousser Fro: Wat mécht de Joe mam Soundboard? Ausserdeem mat um Start (oder um Stizzle, wéi d'Kids net soen) sinn de Merci vun der Woch, eng philosophesch Fro an d'Thema Dout. Ça promet seet de Belsch.

    Ep.85: Quiz de grenouille

    Play Episode Listen Later Oct 25, 2022 65:21


    Eng Folg sou gefëllt mat Inhalt, dass se bal platzt: Vun engem onnéideg laangen Ausfluch an d'Sportwelt begi mir eis natierlech kuerz op d'Insel fir iwwert déi eenzeg Premierministesch ze schwätzen, déi jeemools engem Kinnek AN enger Kinnigin gedéngt huet. Mir hunn en extrem praktesche Lifehack fir iech, de Merci vun der Woch an NATIERLECH: de grousse Quiz mat Euphemisme fir Masturbatioun.

    Ep.84: Baschti's Bucket Brothers

    Play Episode Listen Later Oct 17, 2022 54:04


    Wéi kann een den Erfolleg vum Jeff Bezos kopéieren - nee - verbesseren? Dat a weider #Lifehacks presentéiere mir iech an enger neier Folg live aus dem Geckenhaus. Ausserdeem beschäftege mer eis mat der Fro: Wat mécht méi korrupt: Muecht oder Geld? Mir mussen et jo wëssen. Inzest dierf als Thema natierlech och net feelen, mee dat kennt dir jo souwisou vun eis.

    Ep.83: Joe du bass sou anescht ginn

    Play Episode Listen Later Oct 10, 2022 58:41


    Häerzlech Wëllkomm zréck bei der Russland-Krim-Bréck vun de lëtzebuergesche Podcasts! Mir sinn zréck aus der Summerpaus a bidden Iech endlech nees gratis Intelligenz-Immodium. Dat ënnert anerem mat engem Bléck op eise verstëpsten Insta-Kanal, dem Baschti senge kulinareschen Aventuren, an engem Joe, deen lo alles anescht maache wëll wéi fréier... C'est n'importe quoi géif de Belsch soen, mee je kiffe.

    Ep.82: Antihistamin fir Intelligenzallergiker

    Play Episode Listen Later Jul 13, 2022 52:15


    Et gëtt esou lues elle waarm, a mir verofschidden eis an eng absolut onverdéngte Summerpaus. Éier mir fort sinn fir an iergendenger Toilette ze tauchen, bidde mir awer natierlech nach eng Kéier eng uerdentlech Portioun Blödsinn, vum Joe senger Mamm, déi duerch hiren Hënner otemt, bis hin zu den neisten Dommheete vum lëtzebuergeschen Twitter. Fir Antiinformatioun ass wéi ëmmer gesuergt. Also léif Fësch, bis am Hierscht, passt gutt op iech op. Kussi, är dräi Liblings-Evolutiounsbremsen

    Ep.81: Squattage um Stau

    Play Episode Listen Later Jun 19, 2022 83:16


    Mir paken eis siewe Saachen a fuere wéi all gudde Lëtzebuerger rop op de Stau, fir an der Sonn ze gammelen. An iech huele mer natierlech mat! An dëser Folg dréit sech dann och alles em den Drot zu dem, wat eis zesummenhält: eis Fësch. Mir schaffen eis voll Inbox Stéck fir Stéck of, a ginn op all relevant Evenementer vun der Woch an. Vum Baschti senger Renconter mat enger beandrockender Fra iwwer de Mullenchecka69 bis hin zum 4. Prager Fenstersturz.

    Ep.80: Joe's next Topmodel

    Play Episode Listen Later Jun 14, 2022 53:34


    Wat läit op der Plage a braddelt ganz ondäitlech? Richteg, eng Nuschel. A wéini ginn U-Booter ënner? Kloer, um Dag vun der oppener Dier. Dat si just zwee kleng Amuse-Bouchen, déi dech op den Niveau vun eisem Podcast astëmme sollen. Also behaapt duerno net, et hätt keen dech gewarnt. De Joe huet iwwregens de Host. Un dir ze entscheeden, ob dat elo eng gutt oder eng schlecht Noriicht ass.

    Ep.79: Stammdëschgespréicher an der Zanzibar

    Play Episode Listen Later May 20, 2022 63:13


    Vum Kliemann iwwert d'Geriichtsaffär Heard vs Depp bis bei de Eurovision Song Contest: an der leschter Woch huet eis sou munches opgereegt. Dofir huele mir eis lo Zäit fir erofzekommen, an zesumme mat iech d'Séil baumelen ze loossen. (Bei Roserei oder Irritatioune wärend dem Lauschtere vun dësem Podcast, schreiwt w.e.g. e Mail un echhukeenhumor@feckdech.lu)

    Ep.78: Deng Mamm geet Ettel

    Play Episode Listen Later Apr 28, 2022 110:29


    Hei ass eng XXL-Folg vun eisem Schrottcast. XXL ass iwwregens och d'Gréisst vun denger Mamm hirem Schnitzel, dee si all Moie beim Kaffi wegstaubsaugert. Themen sinn eis Liblingslidder, Twitter, Klischeeën iwwer Jugendlecher, an natierlech dierfen eis 60.000 Rubricken net feelen. 60.000 ass iwwregens och de BMI vun denger Mamm.

    Ep.77: Drockverloscht an der Niveau-Kabinn

    Play Episode Listen Later Apr 20, 2022 86:40


    Am Delikatessebutték vun de Lëtzebuerger Podcasten hues du dech also fir dat Stéck Zoossiss mat engem groe Filz entscheet. D'Wurscht aus der Erklär&Laach Fabrick ass och des Kéier nees ze staark gewierzt, a fänkt direkt mat engem wierklech eeschten (an ausnamsweis och wichtegen) Thema un. Mee keng Angscht, d'Synapsen gi just kuerz ugestrengt, well de Joe huet d'Regie iwwer dësen Episode. Dofir begi mir eis nom Thema Ausschwitz direkt op intellektuellen Tauchgang, a versuergen dech wéi gewinnt mat 'geistiger Umnachtung', wéi se am großdeutschen Reich soen. (Jo, dat war e Witz iwwer d'drëtt Räich, obwuel et an dëser Folge em den Holocaust geet.) Hei dann och nach d'Resultat aus der representativer Statec-Emfro, déi mir an Optrag ginn hunn: Vun eis dräi Eenzeller ass de Baschti dee beléiftsten Podcastmember (97,69% vun de Befroten hunn dat uginn, 2,3% ware fir de Pippo, nom Joe gouf net gefrot). Verhältnisser wéi an Nordkorea, just dass et hei wouer ass.

    Ep.76: 'Nepal, Capitani & aner Sauereien'

    Play Episode Listen Later Apr 11, 2022 55:37


    Neies vum nëmme liicht zougefruere Séi vun der politescher Korrektheet: de Pippo ass frësch zréck aus dem Nepal a bréngt eng Portioun exotesch Wierz mat an de Podcast, de Joe ass mëttlerweil esou wäit ofgehuewen, dass hien selwer Capitani nach net gesinn huet (mir froen hien trotzdeem aus) an de Baschti ass wéi ëmmer sympathesch, buedemstänneg an ouni Effort witzeg, jee, d'gutt Séil vum Podcast. Zesummen huele mir iech mat op eng weider Audiorees Richtung Verluerenzäitland an nees zréck.

    Ep.75: Den Toni Schlesser a säi brennende Pissoir

    Play Episode Listen Later Mar 7, 2022 68:51


    Komm mir si mol éierlech, e puer Themen musse mer wegootmen: Ukrain natierlech, Capitani wéinst dem Joe, an *of course* d'Luxfilmfest. Mee dat garnéiere mer à la Salt Bae mat enger gudder Portioun Dommheet, sou wéi dir et vun eis gewinnt sidd: Onnéideg Business Iddien, dem Tommy Schlesser säin Doppelgänger, a vill flaach Witzer. Pas de prob.

    Ep.74: Capitani oder Erklär&Laach?

    Play Episode Listen Later Feb 28, 2022 72:34


    Mir sinn zréck aus dem Wanterschlof! Esch2022 bréngt d'Kultur zréck an d'Land, also brauche mir en niddreg-IQ-Géigepart. Dee liwwere mir mat Freed... mir beschwätzen alles vum Netflix-Joe sengem Comeback, dem Baschti sengen RTL-Eskapaden an dem Krich an der Ukrain mat eisem gewinnte 'je ne sais quoi'. *Je ne sais quoi* steet an deem Kontext fir ongefrot Meenungen an domm Witzer. Business as usual

    Ep.73: 'De finale Féck Dech un 2021'

    Play Episode Listen Later Dec 25, 2021 59:06


    Mir mellen eis eng leschte Kéier fir dëst Joer aus der Galeblos vun der lëtzebuergescher Podcastszeen. Mat eisem ganz eegenen, komplett oninforméierte Réckbleck op dat lescht Joer. De Joe schalt sech als #richboy aus den italieneschen Alpe bäi, de Baschti bréngt nees räichlech Anti-Astellung mat, an de Pippo probéiert déi ganz Saach iergendwéi net ënnergoen ze loossen. Mir halen d'Joer esou op, wéi mer et ugefaangen hunn.

    Ep.72: 'Vum Peacock bis op Fribourg'

    Play Episode Listen Later Dec 14, 2021 62:56


    Mir huelen iech mat op eisem Wasserwerfer a fueren eng Kéier gedanklech vum Peacock bis an d'Schwäiz. Dobäi hu mer nees eng ganz Rei Stops ënnerwee: Eng elitär Geschicht vum Joe, dem Philippe säin Owend um Filmpräis, de Baschti zielt vum legendäre Gunther VI., an et gëtt endlech en neie Kack-Krimi. Nach eng Reklamm an eegener Saach: De Paus-Podcast huet eis agelueden, fir déi 4. Käerz op hirem Adventskranz ze sinn. Also lauschtert do och eng Kéier ran wann iech langweileg ass. Bussi Bussi.

    Claim Erklär&Laach

    In order to claim this podcast we'll send an email to with a verification link. Simply click the link and you will be able to edit tags, request a refresh, and other features to take control of your podcast page!

    Claim Cancel