Aktuell Wirtschafts-Themen, national an international.
Mat de Gesetzer vun der Propriété Intellectuelle kënnen Erfindungen, Marken a Kreatioune geschützt ginn. Am digitalen Zäitalter gëtt dat fir kreativ Leit a Betriber ëmmer méi wichteg. D'lescht Woch war an der Chambre de Commerce déi 11. Editioun vun der Journée luxembourgeoise de la propriété intellectuelle. De Pierre Reyland huet bei där Geleeënheet mat Acteuren aus dësem Secteur geschwat, dee sech och zu Lëtzebuerg séier weiderentwéckelt.
Avec le changement climatique, les vignerons belges voient les choses en vert. Selon les amateurs du secteur, le regain de chaleur dans les vignes belges pourraient amener les vignerons à concurrencer les vins français et luxembourgeois. De nombreux producteurs locaux tentent déjà l'aventure. Reportage chez l'un d'entre eux de Loreline Merelle.
De Wuesstum steet zu Lëtzebuerg ëmmer erëm am Mëttelpunkt vun der politescher Debatt. Verschidden Ekonomisten zweiwelen drun, datt e Wirtschaftsmodell deen op e kontinuéierleche Wuesstum vum PIB opbaut ekologesch nohalteg a sozial gerecht ka gestallt ginn. D'Fanny Kinsch huet mat zwee Wirtschaftsexperte geschwat - iwwer aktuell wirtschaftlech Tendenzen an Initiativen déi de Wuesstumsmodell a Fro stellen an iwwer Efforte fir eng nohalteg Wirtschaft zu Lëtzebuerg.
De franséische Chercheur Sébastien Stenger huet sech de Personalmanagement vun enger vun de sougenannte Big Four fir seng Doktorthes vu bannen ugekuckt an d'Resultat an engem Buch verëffentlecht. Deloitte Lëtzebuerg gesäit seng Analys éischter kritesch. D'Françoise Keller informéiert.
De Programm Business Partnership Facility ass fir Kleng- a Mëttelbetriber geduecht, déi an de sougenannte Pays cibles vu Lëtzebuerg wëllen investéieren. Konditioun dofir ass virun allem déi nohalteg Entwécklungsziler ze respektéieren. Ënnerstëtzt ginn d'Projete mat bis zu 50 Prozent vum Kooperatiounsministère.
Eng nohalteg Entwécklung, déi op de Prinzipie vun der Economie circulaire baséiert, ass d'Zil vun der Stad Wolz. Fir dësem Zil gerecht ze ginn, verflicht d'Gemeng sech bei alle Projeten d'Philosophie vun der Economie circulaire ze respektéieren. Dofir huet Wolz elo eng Charta ausgeschafft an ënnerschriwwen, wou op zéng Punkten opgelëscht gëtt, wat an Zukunft am Kader vun enger nohalteger Entwécklung soll gemaach ginn.
D'Veräinsliewen um Gemengenniveau méi visibel maachen, d'Kommunikatioun ënnert de Veräiner verbesseren an nei Memberen gewannen, dat versprécht d'Start-up ORGA50 de lokalen Associatiounen. ORGA50 - dohannert stinn eng dräi jonk Entrepreneuren, déi elo mat de Gemengen Hesper a Stroossen zwou kommunal Administratioune fir hire Projet gewonnen hunn.
De Staat léisst sech d'Innovatioun eppes kaschten. En neit Gesetz versprécht staatlech Bäihëllefe fir Handwierksbetriber, egal wéi grouss oder kleng de Betrib ass. Konditioun ass, dass de Betrib a Projeten am Beräich vun der Recherche an dem Développement investéiert. Dat neit Gesetz baséiert op enger europäescher Direktive.
Näischt ewech geheien, mä recycléieren an dorausser nees en neit Produkt maachen ass d'Philosophie vun der Kreeslafwirtschaft. Dozou gehéiert och, sech vum perséinlechen Eegentum ze trennen a Saachen nëmmen nach ze lounen. D'Philosophie vun der Kreeslafwirtschaft ass hautdesdaags kee Luxus, mä eng Iwwwerliewensnoutwendegkeet fir eise Planéit. An d'Schicksal leit zum groussen Deel an den Hänn vun der jonker Generatioun. Dat war de Message op der rezenter Matinée d'études interlycées am Stater Kolléisch.
D'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg hat a Saache Jughurt-Fabrick zu Beetebuerg hiren Homolog, de Wirtschaftsminister Etienne Schneider net nëmmen op den héije Waasserverbrauch vu sou enger Fabrick opmierksam gemaach, wat och hire Rôle als Ëmweltministerin wier, mä och drop opmierksam gemaach, dass e Betrib wéi de Jughurt-Produzent Fage net konform zur Rifkin-Strategie ass. Et huet en an der Koalitioun anscheinend geléiert: An Zukunft wëllt scho wäit am Virfeld vun Industrie-Projete nach besser tëscht de Ministère kommunizéieren.
D'Tendenz ass ganz kloer: Wunnen a Lëtzebuerg gëtt ëmmer méi deier. An de leschte Joren sinn d'Präisser ëm 40 Prozent ugezunn. Gëtt Wunnen zu engem Luxus? Wien ass responsabel fir d'Präis- Spiral a wéi eng Roll soll de Staat spille fir dezent Wunnen ze erméiglechen?
Nom Rekordjoer 2017 am Tourismus kuckt een am Tourismusministère weider an d'Zukunft a setzt mat der Strategie vum Secteur de Kader. D'Strategie baséiert op aacht Pilieren a setzt sech ambitiéis Ziler fir déi nächst fënnef Joer. Den zéngte Fënnefjoresplang léisst d'Regierung sech 60 Milliounen Euro kaschten a setzt domat op e Qualitéitstourismus.
D'Polemik am Virfeld war grouss, zënter engem Mount fiert den Tram. D'Leit appreciéieren deen neie Zerwiss vum ëffentlechen Transport. Den Transportminister François Bausch zitt elo schonn e positive Bilan. Den Tracé vun der Luxexpo bis bei déi Rout Bréck ass eréischt den Ufank, schlussendlech soll den Tram vum Findel bis op Leideleng fueren. Mä den Tram ass nëmmen een Deel vum Verkéierskonzept.
Europäesch Projeten, déi vu Gemengen, Associatiounen oder aneren Non-Profit-Organisatioune realiséiert ginn, erfuerderen deelweis och e spezielle Support. Hei kommen dann d'Start-uppen an d'Spill, déi ënnert anerem Gemenge bei engem bestëmmte Projet hëllefen, zum Beispill fir e Jugendgemengerot méi attraktiv ze maachen. Hei kënne dann d'Start-uppe vun engem Finanzement vu Säite vun der Europäescher Kommissioun profitéieren. De Lien tëscht Europa a Lëtzebuerg mécht den Zentrum fir politesch Bildung.
Opbauen, produzéieren, benotzen, ewechgeheien, dat war gëschter. Synergien, nohalteg Infrastrukture a Produkter schafen, dat ass d'Visioun. D'Prinzipie vun der Kreeslafwirtschaft konkret an enger Aktivitéitszon ëmsetzen, an enger Aktivitéitszon, déi schonn existéiert, dat ass d'Erausfuerderung. Fir d'Aktivitéitszon Eselbur-Lenzweiler bei Klierf ass elo eng Etude ausgeschafft ginn,. fir fir d'Zukunft a Musek ëmzesetzen.
60 Joer nodeems déi europäesch Agrarpolitik an d'Liewe geruff gouf, soll si nees eemol reforméiert ginn. D'Visioun vun der EU-Kommissioun ass, de Memberstaaten an der Agrarpolitik, déi ëmmerhi 40 Prozent vum gesamten europäesche Budget ausmécht, méi Spillraum ze ginn, wou si d'Subventiounen asetzen, fir gemeinsam Ziler a Saachen Ëmwelt, Klimawandel an Nohaltegkeet z'erreechen.
Banken, Assurancë-Gesellschaften, Neel-Studioen, Bäcker oder Medien: Wat kënnt op d'Entreprisë vum Mee d'nächst Joer un duer, déi Informatiounen iwwert hir Cliente sammelen, wann den europäesche Règlement général sur la protection des données a Kraaft trëtt? Vertrieder vun der nationaler Dateschutzkommissioun hunn Äntwerten op d'Froe vun den Entrepreneure ginn. A siwe Schrëtt zu engem konforme Betrib a Saachen Dateschutz.
D'Aarbechtsprozesser am Handwierk an an der Restauratioun ginn ëmmer méi automatiséiert. Dës Automatiséierung erfuerdert, nei Weeër an der Formatioun vun de Mataarbechter ze goen. De Mënsch iwwerléisst de Maschinnen en Deel vu senger Aarbecht, muss awer léieren, si ze programméieren. Maschinell Produktioun däerf a soll awer net d'Enn vun der Handwierkskonscht bedeiten. Eng Gratwanderung.
Déi lescht Woch war Zäit, en éischten Tëschebilan vun der drëtter industrieller Revolutioun ze zéien, déi d'lescht Joer mat der Presentatioun vun der Rifkin-Etude lancéiert gi war. Nohalteg a sozial gerecht, sou beschreiwen d'Acteuren d'Visioun vun der wirtschaftlecher Zukunft. Nohalteg heescht, iwwert eng Neiorganisatioun vun der Energieversuergung nozedenken. Sozial gerecht heescht, datt jidderee vum Räichtum soll profitéieren. Déi drëtt industriell Revolutioun, keen einfache Prozess, mat deem sech haut och d'Deputéiert an der Chamber wäerte beschäftegen.
Wéi 1967 deen éischte Cactus-Supermarché zu Bäreldeng opgaangen ass, war dat absolut Neiland fir de Kaffi-Réischter-Betrib Leesch. Aus dem éischte Cactus sollt bis haut eng ganz Chaîne vun Hypermarchéen, Supermarchéen, Marchéen, Shoppien an Hobbie ginn. Mä anescht wéi nach 1967 ass de Cactus-Grupp kee Monopolist méi a muss sech an enger Branche mat staarker Konkurrenz ëmmer nees nei positionéieren.
Wéi grouss ass d'Bereetschaft vun de Baueren an Zukunft biologesch ze produzéieren? Dat wollt e Sondage erausfannen, deen am Kader vun enger Bachelor-Aarbecht gemaach gouf. Deemno denkt ronn d'Halschent vun de Baueren, déi hiren Haff nach konventionell féieren, doriwwer no, an Zukunft op Herbiziden ze verzichten. De Switch vun enger konventioneller zu enger biologescher Landwirtschaft muss fir d'Baueren awer och finanziell attraktiv sinn.
De grousse Projet fir Ufank 2018 heescht House of Start-ups a soll engen 150 Start-ups hëllefen hir Geschäftsiddien ze lancéieren a virun allem zu enger Réussite ze féieren. Entreprise wéi de fintech Inkubator LHOFT, Nyuko oder de Luxembourg City Incubator sollen derbäi hëllefen. D'FEDIL, d'Federatioun vun den Industriellen encouragéiert de Projet, fir jonk Leit vun der lokaler Ekonomie ze iwwerzeegen.
Sech a klenge Sträitfäll mat engem Mediateur eens ginn amplaz sech an deier Geriichtsprozeduren ze lancéieren: Hei well d'Associatioun vun de Mediateure sensibiliséieren. E Litige mam Mediateur ze klären, geet an de meeschte Fäll méi séier a kascht vill manner. An et ass net nëmmen de bekannten Ombudsman, fir quasi bal all Secteur gëtt et Mediateuren.
Wéi wäit muss de Konsument geschützt ginn, respektiv wéi eng Rechter huet de Consommateur, wann hien nohalteg wëllt konsuméieren? Déi Fro erkläert sech aus dem Fait, datt nach ëmmer vill Produzente Produkter verkafe mat enger sougenannter Obsolescence programmée, wat näischt aneschters heescht, wéi datt de Produit no enger bestëmmter Zäit futti fiert. Hei fuerderen d'Konsumenteschutzverbänn d'Produzenten an d'Flicht ze huelen, sief et den Artikel z'ersetzen oder ze flécken oder awer d'Produkt nohalteg ze konstruéieren.
Nieft dem Brussels Business Institute, kuerz BBI, dem UBI, also den United Business Institutes an dem BSI, dem Business Science Institute kënnt eng weider Ofkierzung mat op den Dësch. Nämlech den DTMD, eng Universitéit fir Digital Technologies in medicine and Dentistry. D'Anne Schaaf huet nogefrot, wat dat fir Wolz bedeit.