POPULARITY
Si ass eng klassesch Quereinsteigerin: Virun annerhallwem Joer haten déi mannst d'Paulette Lenert op der Rechnung fir eng politesch Féierungsroll ze iwwerhuelen. Si gouf 2018 Ministerin fir Entwécklungszesummenaarbecht a Verbraucherschutz. Elo steet si kuerz virdrun de Gesondheetsministère ze iwwerhuelen - an ass domat eng vun de wichtegste Politikerinnen an der LSAP. Wat huet d'Paulette Lenert motivéiert fir d'LSAP an d'Regierung ze wiesselen? A wéi eng politesch Ziler huet si sech fir déi nächst Jore gesat? Dat freet de Rick Mertens déi designéiert Gesondheetsministesch.
Vum Krautmaart op de Fëschmaart.Den Alex Bodry wiesselt vum Parlament an de Staatsrot. Firwat dee Choix? Wat kënnt elo op de fréiere Minister a Parlamentarier duer? Wéi schwéier gëtt et fir d'LSAP ouni d' Zuchpäerd Schneider a Bodry?Mir froen den Alex Bodry herno géint 10 op 8. Hien ass haut eisen Invité vun der Redaktioun.

D'Chamber kritt haut e weideren neie Member.Nom Départ vum Marc Angel a Richtung Europa réckelt d'Francine Closener fir d'LSAP op de Krautmaart no.Wéi geet déi fréier Staatssekretärin déi parlamentaresch Aarbecht un? Wat sinn hir Ziler an Ambitiounen?Mir froen de Moie géint 10 op 8 no. D'Francine Closener ass d'Invitée vun der Redaktioun.

Vun 2020 un iwwerhëlt de Georges Engel d'Rudder an der LSAP-Fraktioun.Wéi preparéiert de Suessemer Buergermeeschter sech op d'Charge vum Fraktiounschef?Wéi gesäit hien d'LSAP vu Muer?Wat sinn d'Prioritéite fir d'Gemeng Suessem?Ënner anerem dat froe mer herno no 8 Auer den LSAP-Süd-Deputéierten.De Georges Engel ass haut den Invité vun der Redaktioun.

De Wirtschafts- a Gesondheetsminister Etienne Schneider schwätzt iwwert d'Projeten Google a Fage, seng Partei, d'LSAP, an iwwert d'Legaliséieren vum Cannabis fir rekreativ Zwecker.Den LSAP-Politiker war den Invité an der Emissioun "Background".

Si ass eng sougenannt „Quereinsteigerin“.D'Paulette Lenert sëtzt zënter e puer Méint fir d'LSAP an der Regierung a këmmert sech ëm d'Ressorte Konsumenteschutz a Kooperatioun.Wéi ass et zur Nominatioun komm? Wat fir Akzenter wëll d'Paulette Lenert an den zwéi Ministèrë setzen? Wéi gesäit d'Ministesch d'Zukunft vun der LSAP?Ënner anerem déi Froe hu mer der Paulette Lenert dëse Samschdeg am Background gestallt

Ee Mount no de Chamberwahlen hëlt d'Formatioun vun der neier Regierung esou lues Form un. Et zeechent sech eng Regierung mat 17 Memberen of. Sechs fir jeeweils d'DP an d'LSAP a fënnef fir déi gréng. Wéi konkret sinn déi Informatiounen iwwer d'Regierungsformatioun? Wisou fuerderen déi gréng bis elo net méi Posten? A wéi probabel ass et datt déi aktuell Pläng nach änneren? E politesche Réckbléck mam 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck.
Et ass gewielt, d'Koalitounsverhandlunge lafen, déi déi verluer hu lecken d'Wonnen a froe sech wat se falsch gemaach hunn.Vu ville Säite gouf op d'CSV an op d'LSAP geschoss. Déi traditionell Volleksparteien hu jo Plomme gelooss an e Renouveau deen néideg ass schéngt evident. Ganz séier gouf do op déi "al Huese" geklappt, déi Mat-Schold wieren, well se net géinge réckelen.De Pit Everling freet sech wou d'Parteien dann ouni dës "al" Politiker wieren?
Commentaire 161018:Uso:Lëtzebuerg huet also gewielt, wouropshin d'DP, d'LSAP an déi Gring décidéiert hunn, dass et zu Gambia 2.0 soll kommen!Den Eric Ewald befaasst sech a séngem Commentaire vun de Moien ënnert dem Stréch mat engem Gewënner an 3 Verléierer:
Déi nei Chamber ass gewielt. Gewënner sinn: déi gréng mat 3 Sëtz méi, d'Piratepartei mat 2 Sëtz, déi nei an d'Chamber kommen, an d'ADR déi 1 Sëtz dobäi gewonnen huet. Déi grouss Parteien CSV, LSAP an DP hu Stëmme verluer. D'CSV bleift mat 21 Sëtz stäerkste Partei. D'DP kënnt op 12 Sëtz, an d'LSAP op 10 Sëtz. D'Dräier-Koalitioun kann arithmetesch weidergefouert ginn. D'Spëtzepolitiker vu blo-rout-gréng hu sech derfir ausgeschwat, d'Parteigremie mussen nach zoustëmmen. Wéi geet et virun no de Wahlen? Et diskutéieren de Laurent Zeimet fir d'CSV, de Claude Lamberty fir d'DP, den Alex Bodry fir d'LSAP a fir déi gréng d'Carole Dieschbourg. Moderéiert vum Mick Entringer.
Den Aarbechtsminister Nicolas Schmit iwwer ë.a. den RMG, de Politmonitor an d'LSAP
Den Aarbechtsminister Nicolas Schmit iwwer ë.a. den RMG, de Politmonitor an d'LSAP