D'Meenungsplattform vun RTL

Eng Carte Blanche vum Richard Graf iwwert d'Klimakonferenz a Brasilien an d'Noutwendegkeet, d'Instrument vun internationalen Accorden net einfach opzeginn.

Et kann ee sech wuel gutt un dës Spréch vun eisen Elteren erënneren, déi hirem Ierger ob déi Aart a Weis Loft gemaach hunn, wann en aneren Automobilist sech net konform am Stroosseverkéier verhalen huet. Leider ass et net besser ginn, an dee Sproch ass haut méi wéi jee zoutreffend. Eng Carte Blanche vum Françoise Hetto.

Mécht den Erzéiungsminister mat sengen neien ëffentlechen Europaschoulen an der Méiglechkeet fir eng Alphabetiséierung op Franséisch ze wielen, onse Bildungssystem futti? De Fernand Fehlen, deen de Bildungsdebat säit véierzeg Joer verfollegt, kann iwwer dëse Virworf nëmmen de Kapp rëselen.

"Fake News!", dat war mäin éischte Gedanken, wéi ech dëser Deeg gelies hunn, datt an den USA solle Sportskompetitioune stattfannen, bei deenen Dopping net nëmmen erlaabt, mee esouguer ënnerstëtzt gëtt. Net ze gleewen, mee dach wouer. D'Organisateure vun de sougenannten "enhanced games" soen, dass d'Athlete kéinte mat hirem Kierper maachen, wat se wëllen.

Wann eng nei Regierung agesat gëtt, dann erwaart sech de Bierger selbstverständlech, dass e Regierungsprogramm erstallt ginn ass, wou Reformen ugekënnegt ginn, déi positiv Effekter fir d'Gesellschaft bréngen. Jo et mussen och mol Korrekture gemaach ginn, déi schmäerzlech kënne sinn. All dat muss awer an enger Walcampagne, engem Parteiprogramm an an engem Regierungsprogramm enthale sinn, an ech schwätze vun däitleche Wierder, wou de Bierger am Viraus weess, wat op een zoukënnt. Verstoppte Klauselen, widderspréchlech Interpretatioune si keng éierlech Politik. Wann de Bierger matschwätze soll, wat ass dann net besser gëeegent wéi e Walkampf? Hei ka kontrovers gestridde ginn, a leschtens weess de Bierger wat e maache soll, wat en ënnerstëtzt, oder ofleent.

An enger Welt, an där alles soll esou séier wéi méiglech digitaliséiert gëtt, gëtt et leider awer och vill Leit déi do net matkommen. Um Beispill vun den digitale Bezuelungsmëttelen gesäit een, datt vill Leit riskéieren ausgeschloss ze ginn an duerfir weist dës Carte blanche, datt d'Boergeld eng Rei Eegenschaften huet, déi een och an den digitale Bezuelungsmëttele muss erëm fannen. D'Inclusioun a besonnesch déi finanziell Inclusioun ass eng absolut Prioritéit.

Behält d'Relioun an Zäite vun enger staarker Sekulariséierung eng Plaz? Dozou eng Carte Blanche vum Georges Hellinghausen.

Eng Carte Blanche vum Pierre Hurt, Direkter vum Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils (OAI).

Wat wa mir eis d'Zukunft positiv ausmole kéinten. Wat wa mer mat enger Carte Blanche net nëmmen Iddie vun enger Persoun héiere géingen, mee vu méi Léit. Wat wa mer eis géingen inspiréiere loossen. D'Magali Paulus konfrontéiert eis haut mat enger Hellewull "wat wann". Si schafft fir CELL an ass engagéiert bei etika, dem Zentrum fir politesch Bildung an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.

D'Sue fléissen net do, wou se solle fléissen. Dozou eng Carte Blanche vum Ekonomist Marc Hostert.

A senger Carte blanche fuerdert de Gilles Hempel, Direkter vun der Fondation pour l'Accès au Logement, d'Schafung vun engem National Housing Innovation Lab – ee Laboratoire, wou Staat, Gemengen, Associatiounen an Experten zesummeschaffe, fir de soziale Wunnengsbau an d'Wunnpolitik zu Lëtzebuerg nei ze denken.

Mir kënnen eis Zukunft selwer an d'Hand huelen, komm mir ginn eis all Chancen déi Problemer z'evitéieren, déi an eisen Hänn leien. Dat mengt d'Kommunikatiounsexpertin Christiane Bram an hirer Carte Blanche.

E Mënsch bleift ëmmer Mënsch. Och dann, wann en eng Drogenaddictioun huet, opfälleg ass, souzesoen "net an d'Bild passt." En ongefilterte Kommentar.

Den Dépôt vum Staatsbudget ass all Joer d'Geleeënheet fir de Point ze maachen iwwert déi ekonomesch a budgetär Situatioun zu Lëtzebuerg. Mir dierfen do awer net déi sozial Situatioun aus den Ae verléieren an do stellt ee fest, dass de Budget net der sozial beonrouegender Situatioun zu Lëtzebuerg gerecht gëtt, sou de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.

Viru kuerzem huet Lëtzebuerg ee vun deene rare Momenter erlieft, déi nëmmen all puer Joerzéngte virkommen: ee feierlechen Trounwiessel. Fir de Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, ass et elo Zäit, mat e bëssen Distanz op dës Deeg zeréckzekucken an d'Fro ze stellen, wéi gutt déi behaapte politesch an ideologesch Neutralitéit vun eiser Monarchie zu engem kathouleschen Te Deum passt, deen als quasi selbstverständlechen Deel vun engem Staatsakt higeholl gouf.

Vill Reegelen, wéineg Dynamik: ass Europa dobäi, sech ze bremsen? Doriwwer mécht sech den Tom Wirion seng Gedanken an der Carte Blanche vun haut.

Déi lescht Wochen ass hei am Land vill iwwer d'Sozialronn geschwat ginn an dobäi dann och iwwer d'Pensiounen. A senger Carte Blanche vun haut beschäftegt de René Winkin sech mat enger Fuerderung, déi an deem Kontext dacks genannt gëtt a kuckt bësse no vir.

Wéi geet et de Mënschen, déi sech op eise Gesondheetssystem verloossen – besonnesch an Noutsituatiounen? D'Presidentin vum Beruffsverband vun den Infirmièren an Infirmieren deelt hir Gedanken zu engem Fall, dee vill Leit beréiert huet.

Mam Guillaume huet Lëtzebuerg zënter dem spéide Freidegmoien en neie Grand-Duc. An enger perséinlecher Carte Blanche hëlt de Jean-Luc Thill Iech mat op eng Rees vun Zoufäll, oder wéi d'Liewe sou spillt.

An der europäescher Press, déi jo all Dag eng méi oder manner ëmwerfend Nouvelle vum Donald Trump iwwerhëlt, ass wéineg driwwer geschwat ginn, mee am Mäerz dëst Joer huet de President Trump en Dekreet ënnerschriwwen, aus deem ervirgeet, datt Englesch ewell déi eenzeg offiziell Sproch an de Vereenegte Staaten ass. Wei den Trump mat dëser Sproch ëmgeet, beschäftegt de Paul Hammelmann a senger "Carte blanche".

An der Carte Blanche vum laangjärege President vum Konsumenteschutz Nico Hoffmann geet et ëm d‘Thema Erhalung a Stäerkung vun der Kafkraaft an e Recht op en dezent Liewe fir jiddereen.

D'Prozedur fir d'Validation des acquis de l'expérience - kuerz VAE - erméiglecht d'Unerkennung vu beruffleche Fäegkeete fir en Diplom ze kréien. Bei eis ass dëse Wee allerdéngs onnéideg komplizéiert, haaptsächlech well net kloer ass, wat vun de Kandidate verlaangt gëtt. Eng verpasste Chance fir dem Manktem u qualifizéiertem Personal entgéintzewierken a Pech fir déi Léit, déi iwwer dee Wee hir berufflech Karriär wëllen opwäerten.

All Dag gi mir am Schnëtt 8-10.000 Signaler ausgesat, déi probéieren, eis ze beaflossen oder einfach nëmmen ze ënnerhalen.

Eng Carte Blanche vum Richard Graf iwwert ee Gesetz, dat déi betraffen Organisatioune mat zimmlech gemëschte Gefiller opgeholl hunn.

Wann et ëm d'Wäertschätzung vum Buch geet, sollt sech Lëtzebuerg e Beispill un Dänemark huelen, seet d'Schrëftstellerin Elise Schmit.

D'Wunnengsnout zu Lëtzebuerg ass ee richtege Brandbeschleuneger vun der Onzefriddenheet. Si gräift mëttlerweil bis déif an d'Mëttelschicht eran.

Zu Lëtzebuerg huet d'Schoul haut zwee Gesiichter.

D'Chambre de Commerce organiséiert de 16. September eng Rentrées-Konferenz iwwert demographesch, energeetesch an technologesch Transitiounen. Et geet drëms, wirtschaftlech Verännerungen ze verstoen an ze antizipéieren, zu Lëtzebuerg esou wéi an Europa. A virun allem gëllt et mat Zäiten ze handelen. Eng Carte blanche vum Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Chambre de Commerce.

Firwat soll de Schouschter iwwerhaapt bei senge Leeschte bleiwen? Soll jidderee just a sengem Beräich bleiwen? Soll ee sech also och net zu Wuert melle bei Saachen, déi een u sech näischt uginn? Déi Froe stellt sech de Serge Tonnar a senger Carte Blanche -a gëtt domadder jo schonn d'Äntwert.

Dozou e puer Iwwerleeunge vum Tom Wirion.

Et ass ni ze fréi fir Preventioun. Scho guer net, wann et ëm Tabuthemen ewéi d'Santé Mentale geet. Déi ideal Vermëttlung dofir si participativ Kreativitéit an eng kloer Sprooch.

D'Summervakanz steet virun der Dir. E gudden Zäitpunkt fir sech e puer Gedanke ronderëm d'Schoul an hir Roll an enger demokratescher Gesellschaft ze maachen, mengt d'Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung.

D'Iwwerschëldung ass ee schlëmme Probleem an dobäi ass et nëmmen d'Spëtzt vum Äisbierg. Ganz vill Leit liewen a ganz prekäre finanzielle Bedingungen a riskéieren all Ament, kuerz oder laangfristeg an d'Laberenten ze kommen. Wichteg ass eng finanziell Gesondheet. An dëser Carte Blanche gëtt gefuerdert, datt duerfir eng ausféierlech finanziell Bildung an de Schoulen ageféiert gëtt. An och déi eeler Generatioune solle gutt Informatioune kréie fir hir Finanze laangfristeg gesond ze verwalten.

Selbstjustiz am Internet stellt net nëmmen de Rechtsstaat a Fro, mä geet dacks Hand an Hand mat der Manipulatioun vu jonke Leit, déi vun extremistesche Gruppen ausgenotzt ginn.

Leschte Samschdeg war eng grouss Manifestatioun vun de Gewerkschafte géint den Ofbau vum Lëtzebuerger Sozialmodell. Datt dëse souwuel eng Ressource fir onse Wirtschaftsstanduert wéi och e Géigegewiicht zum Demokratie-Defizit duerstellt, mengt de Soziolog Fernand Fehlen.

D'EU-Kommissioun setzt am Kader vun der "Better Regulation Strategie" op eng nei Method, fir d'Gesetzgebung méi einfach, effektiv an transparent ze gestalten. D'Zil ass et, d‘administrativ Belaaschtung ze reduzéieren an d'Reegele besser un déi komplex a wirtschaftlech, sozial an environemental Erausfuerderungen unzepassen, déi séier änneren. An dësem Kontext spillen d'OMNIBUS-Propositiounen eng zentral Roll.

Am leschte Politmonitor war de Logement alt erëm déi gréisste Suerg vun de Lëtzebuerger. Een Dauerbrenner, dee mir sollte seriö huelen. Dozou eng Carte Blanche vum Gilles Hempel.

A senger Carte Blanche schwätzt de Jean Huss, ex-Deputéierten, iwwer en noutwendege Bilan vu fënnef Joer Corona.

Am Laf vum Schouljoer 2023/2024 hunn 8,2 Prozent vun allen net méi schoulpflichtege Schüler hei zu Lëtzebuerg d'Handduch gehäit an d'Schoul oder d'Léier ofgebrach. A Chifferen heescht dat konkret, dass 1.884 jonk Mënschen hei am Land net wësse wouhinner, net wësse wat maachen. Eng Carte Blanche vum Françoise Hetto, Educatrice graduée a fréier Politikerin.

A senger Carte Blanche fuerdert de fréiere Minister Robert Goebbels, datt Lëtzebuerg Palästina unerkennt.

Op der falscher Platz spuere kann deier ginn. Fir e Paradigmewiessel am ëffentlechen Optragswiesen: Qualitéit ass kee Luxus, mee deen eenzege Wee, fir eng nohalteg Zukunft ze bauen. Eng Carte Blanche vum Pierre Hurt, Direkter vum Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils (OAI).

D'Pensiounsreform, sou wéi se lo vun der Regierung annoncéiert ass, ass schonn e komescht Konstrukt. Si ass ideologesch orientéiert an et mierkt een, dass et just drëm geet, fir Kotisatiounserhéijungen ze verhënneren, sou de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.