POPULARITY
D'Ziler vun der Luxembourg Space Agency an d'Ziler vun de Union des indépendants - dat si weider Theemen an der nationaler Press haut.
This message was originally given by Pastor Dave Ziler on Sunday, December 1, 2024 at Memorial Heights Baptist Church.
De Sao Soulez Larivière ass ee jonke franséisch-hollännesche Braatschist. 2023 krut hien den ICMA Award a gouf zum Young Artist of the Year 2023 gewielt. Gläichzäiteg gouf hien och vun der International Concert Hall Organisation, kuerz ECHO, zum Rising Star gewielt an dierf domat 17 Concerte queesch duerch Europa spillen. Eng immens Erfarung fir de jonke Braatschist, iwwer déi hie mam Lex Kauffmann am Gespréich geschwat huet. Hie schwätzt och iwwer seng Ziler als jonken Nowuesmuseker an d'Erfarung mat renomméierte Proffe wärend senge Studien.
pOpera, dat ass den Numm vun engem Projet, deen d'Fondation EME vum 5. August bis den 12. September organiséiert. D'Finalitéit: d'Opféierung vun enger Pop Oper den 11. an den 12. September an der Philharmonie. De Projet geet awer vill méi wäit, wéi just d'Prouwen an d'Opféiere vun enger Oper. Et ass en inklusive Projet, deen duerch déi transformativ Kraaft vun der Musek Guddes bewierke wëllt. Wat genee, dat verréit de Paulo Lameiro, Directeur artistique am Gespréich mam Marie Trussart. An och firwat hie senger Meenung no scho längst seng Ziler erreecht huet, bevir d'Oper iwwerhaapt opgeféiert gouf.
Vun November u lancéieren d'Rotonden zu Bouneweg sech an hir bis elo vläicht gréissten Transformatiouns-Aventure. Déi mëttlerweil schonn iwwer 20 Joer oppe Rotonde 1 kritt duebelt Glas an eng Opfrëschung, wärend an d'Rotonde 2 nei, këschtefërmeg openee gestapelt Raimlechkeete gebaut ginn. Bannescht a baussecht Espacë wäerte verschmëlzen, an och de Parvis soll mat agebonne ginn, an ënner anerem ee Restaurants-Gebai mat Daachterrass an en Accueil bidden. Esouwäit emol kuerz zum Architektoneschen. Mee wéi eng Ziler stiechen hanner deem Ëmbau, a wéi wäert e sech op de Programm auswierken? De Marc Clement huet mam Direkter vun de Rotondë Steph Meyers geschwat.
Bei de Chamberwale sinn d'Piraten hanner den héijen Erwaardungen zeréckbliwwen. Mat wéi engen Ziler gi si elo an d'Europawalen? De Rick Mertens freet hire Spëtzekandidat.
Verschidde Versprieche vun der Regierung kléngen dach richteg gutt nee? Dat fënnt och d'Diana Hoffmann a sengem Commentaire an hofft, dass déi ambitiéis Ziler erreecht ginn.
D'Summersaison an der Liichtathletik ass eriwwer. Zäit also e klenge Réckbléck op déi leschte Méint ze maachen. De Rich Simon huet mat de verschiddene Protagonisten, iwwert hir Leeschtungen, Resultater an Ziler fir Zukunft geschwat.
This message was originally given by Pastor Dave Ziler of the Union Rescue Mission on Sunday, May 7, 2023 at Memorial Heights Baptist Church.
D'CSV leet op Käschte vun LSAP an DP bäi: aus der Sonndesfro, déi d‘Ilres am Optrag vun RTL an dem Wort gemaach huet, geet ervir, dass déi Chrëschtlech-Sozial hire fräie Fall stoppe konnten. Si profitéiere vum Retour vum Luc Frieden an d'Politik. D'CSV sollt hir Ziler awer och no deem Erfollegserliefnis net ze héich usetzen, fënnt de Pierre Jans.
An der Hallschent vum Aktiounsplang fir Inclusioun fält de Bilan net gutt aus, an de Cyclist Bob Jungels huet grouss Ziler fir 2023: Theemen an der nationaler Press presentéiert vum Françoise Medernach.
Méi wéi jeemools brauche mir gemeinsam Ziler, Valeuren a besonnesch d'Vertrauen an d'objektiivt Wësse vun onofhängege Fachleit. Vum Pierre Hurt, directeur de l'Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils.
Et ass Hallefzäit tëschent de Gemengewale vun 2017 an 2023. Mir notzen d'Geleeënheet fir mat Gemengeresponsabelen een Tëschebilan ze maachen: Wéi eng Ziler hu si sech gesat? A wou sinn d'Projeten drun? A wéi een Afloss huet d'Corona-Pandemie op d'Situatioun vun de Gemengen? Et diskutéieren d'Buergermeeschterinnen d'Simone Massard-Stitz (CSV) vu Sandweiler, d'Pascale Hansen vu Bettenduerf an d'Simone Asselborn-Bintz (LSAP) vu Suessem. Moderatioun: Pia Oppel
Kann een Gesetz d’Klima retten? Mir hunn eis dës Woch dat neit lëtzebuergescht Klimagesetz méi genee ugekuckt. Ee vun den Haaptkritikpunkte sinn déi feelend sektoriell Ziler, mä et ginn awer och nach aner Schwaachpunkten. Wat huet et mat deene Prinzippien op sech, déi am Fong an dësem Gesetz sollte stoen, mä dunn erëm gestrach gi sinn? Mir hunn déi […]
Duerch déi aktuell Situatioun vum Covid-19, an déi doduerch annoncéiert nei Moossnahmen vun der Regierung, hat déi Lëtzebuerger Futtballfederatioun elo de Weekend de kompletten Spillprogramm ofgesot. Wéini nees an der BGL-Ligue gespillt wäert ginn, muss sech an de nächsten Deeg weisen. E Samschdeg war zu Useldeng och ënnert de néidege Covid-Mesuren de Kongress vum gréisste Sportverband aus dem Land, an do goufen e puer wichteg Ziler fir d'Zukunft matgedeelt. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
Duerch déi aktuell Situatioun vum Covid-19, an déi doduerch annoncéiert nei Moossnahmen vun der Regierung, hat déi Lëtzebuerger Futtballfederatioun elo de Weekend de kompletten Spillprogramm ofgesot. Wéini nees an der BGL-Ligue gespillt wäert ginn, muss sech an de nächsten Deeg weisen. E Samschdeg war zu Useldeng och ënnert de néidege Covid-Mesuren de Kongress vum gréisste Sportverband aus dem Land, an do goufen e puer wichteg Ziler fir d'Zukunft matgedeelt. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
Wouhi steiert d'Europäesch Unioun? A wéi reagéiert d'EU op déi aktuell an zukünfteg Erausfuerderungen? Doriwwer gëtt diskutéiert mat de véier Lëtzebuerger Europadeputéierte Marc Angel (LSAP), Christophe Hansen (CSV), Tilly Metz (déi gréng) a Monica Semedo (DP). No der Deklaratioun zur Lag vun der Europäescher Unioun vun der Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen thematiséiere mir an der Emissioun d'Reaktiounen op d'Corona-Pandemie, d'Pläng fir d'Asyl- a Migratiounspolitik an déi geplangten nei Ziler an der Klimapolitik. Moderatioun: Serge Kesseler
Fir d’Ziler vun der Klimapolitik ze erreechen ginn och vill Investmentfongen ugebueden déi vu sech behaapten an nohalteg Gesellschaften ze investéieren. An dëser Carte blanche gëtt ervirgehuewen datt et oft Nimm sinn déi een net spontan mat Nohaltegkeet a Verbindung bréngt. Och wann dat ablécklech dach Sënn mécht, werft et Froen op. Et ass duerfir néideg nei Bedingungen ze schafen fir hei méi gezielt kënnen ze investéieren, an iwwer dee Wee déi Transitioun op eng nohalteg Wirtschaft ze realiséieren, seet de Michel Maquil, fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse a fräie Wirtschaftsberoder.
Fir d’Ziler vun der Klimapolitik ze erreechen ginn och vill Investmentfongen ugebueden déi vu sech behaapten an nohalteg Gesellschaften ze investéieren. An dëser Carte blanche gëtt ervirgehuewen datt et oft Nimm sinn déi een net spontan mat Nohaltegkeet a Verbindung bréngt. Och wann dat ablécklech dach Sënn mécht, werft et Froen op. Et ass duerfir néideg nei Bedingungen ze schafen fir hei méi gezielt kënnen ze investéieren, an iwwer dee Wee déi Transitioun op eng nohalteg Wirtschaft ze realiséieren, seet de Michel Maquil, fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse a fräie Wirtschaftsberoder.
Si ass eng klassesch Quereinsteigerin: Virun annerhallwem Joer haten déi mannst d'Paulette Lenert op der Rechnung fir eng politesch Féierungsroll ze iwwerhuelen. Si gouf 2018 Ministerin fir Entwécklungszesummenaarbecht a Verbraucherschutz. Elo steet si kuerz virdrun de Gesondheetsministère ze iwwerhuelen - an ass domat eng vun de wichtegste Politikerinnen an der LSAP. Wat huet d'Paulette Lenert motivéiert fir d'LSAP an d'Regierung ze wiesselen? A wéi eng politesch Ziler huet si sech fir déi nächst Jore gesat? Dat freet de Rick Mertens déi designéiert Gesondheetsministesch.
Lëtzebuerg op d'Weltkaart setzen - Kulturpolitik vum nation building zum Nation Branding (Fabio Spirinelli, Uni Lëtzebuerg) De Virtrag proposéiert en Iwwerbléck iwwer déi national Kulturpolitik zu Lëtzebuerg zanter der Nokrichszäit. Dobäi gëtt versicht, déi grouss Entwécklung vun den Discoursen an de politeschen Initiativen nozevollzéien an d'Etappen ze beschreiwen, déi zum haitege Kulturministère geféiert hunn. Et soll ë. a. gewise ginn, datt mat der Kulturpolitik och bestëmmten Iddie verbonne waren an Ziler verfollegt goufen. Et gouf eng laang Entwécklung vun der Kulturpolitik am Déngscht vum nation building, wéi et an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert zum Ausdrock koum, bis zur Kulturpolitik als Wirtschafts- a Standuertpolitik zanter den 1990er Joren. Dës Entwécklung war net nëmmen duerch Fortschrëtter gepräägt. Am Kader vun der Immigratioun a vun der europäescher Integratioun huet och d'Angscht virum Verloscht vun der nationaler Identitéit net an dem Discours gefeelt. War d'Kultur an der Nokrichszäit kaum eng Prioritéit vun der Regierung an als Stéifkand vun der Politik bezeechent ginn, hunn déi éischt grouss Ännerungen an den 1970er Jore stattfonnt. Zanter den 1980er Joren hu verstäerkt wirtschaftlech Iwwerleeunge matgespillt, gläichzäiteg koum et zu engem Ausbau vu kulturellen Infrastrukturen, zur Organisatioun vun zwou Kulturhaaptstied an zu enger Dynamiséierung vum kulturelle Secteur. Mat der Promotioun vun de Kreativindustrien ass méi rezent just eng weider Etapp erreecht ginn, déi international Tendenzen erëmspigelt. D'Kulturpolitik gouf an de leschte Joerzéngte verstäerkt als e Mëttel ugesinn, d'Land am Ausland ze promouvéieren - a Lëtzebuerg op d'Weltkaart ze setzen. Opgeholl de 16. Dezember am CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck a verschafft vum Carlo Link. PDF zum Virtrag: https://img.100komma7.lu/uploads/media/default/0002/06/20191216-cape-virtrag-kulturpolitik-copie_a09b1b.pdf Videoen déi am Virtrag gewise goufen, mat den Explikatioune vum Conferencier an Audio-Extraitën: De Jang de Blanne kënnt nees heem ... Stad Lëtzebueg feiert 1000 Joer Lëtzebuerger Nationalbibliothéik Expo 150 Joer Onofhängegkeet Fabio Spirinelli, UNI Lëtzebuerg © Carlo Link
D'Chamber kritt haut e weideren neie Member.Nom Départ vum Marc Angel a Richtung Europa réckelt d'Francine Closener fir d'LSAP op de Krautmaart no.Wéi geet déi fréier Staatssekretärin déi parlamentaresch Aarbecht un? Wat sinn hir Ziler an Ambitiounen?Mir froen de Moie géint 10 op 8 no. D'Francine Closener ass d'Invitée vun der Redaktioun.
D'Chamber kritt haut e weideren neie Member.Nom Départ vum Marc Angel a Richtung Europa réckelt d'Francine Closener fir d'LSAP op de Krautmaart no.Wéi geet déi fréier Staatssekretärin déi parlamentaresch Aarbecht un? Wat sinn hir Ziler an Ambitiounen?Mir froen de Moie géint 10 op 8 no. D'Francine Closener ass d'Invitée vun der Redaktioun.
Tarihçi Ayşe Hür, bu haftaki programında, Osmanlı’dan Cumhuriyet’e 'dini ötekiler'in öteki yüzüne bakıyor. Ayşe Hür: ''Kızılbaş terimi ilk kez Safevi Devleti’nin kurucusu Şah İsmail’in Divan’ında “Yüreği dağ, bağrı kızıl yakut gibi kan olmadan Kızılbaş olmak kimsenin haddi değildir” ifadelerinde görülür. Kızılbaş terimi Şah İsmail’in babası Şah Haydar’ın, askerlerine giydirdiği dokuma yünden (çuha) yapılmış 12 dilimli kırmızı taçtan gelir. 16. yüzyıldan itibaren Kızılbaş terimi Safevi kökenli Şiilik biçiminin adı olarak, aşağılayacı biçimde “dinsiz” anlamına gelen ‘“zındık”, “rafizi”, “mülhid” terimlerin yerine kullanıldı.''
For part 2 of 90's Country, we're joined by known expert Cody Ziler to analyze the videos by the era's legendary women. We answer all questions, from “Whose ‘How Do I Live' is better?” to “Is Reba McEntire our greatest living actor?” We hope you listen and subscribe, and of course, we hope you dance. -- FOLLOW THE SHOW: @musicvideopod Follow Ryan: @blackbeltjonz Follow Chris: @chrisjcoffin Follow Cody: @buffalotofu
Den Design méi no un de Grand-Public bréngen - dat ass ee vun den Ziler vum Projet "Am Gronn".
Den Design méi no un de Grand-Public bréngen - dat ass ee vun den Ziler vum Projet "Am Gronn". Eng Plaz wou verschidde kulturell Acteuren sech kënnen austauschen an ënnerschiddlech Generatiounen sollen openee treffen. Mat de Grënnerinnen Irina Moons an Maida Halilović schwätze mer iwwert d'Iddi hannert dem Projet an méi generell och iwwert de kreative Secteur hei zu Lëtzebuerg.
Den Design méi no un de Grand-Public bréngen - dat ass ee vun den Ziler vum Projet "Am Gronn". Eng Plaz wou verschidde kulturell Acteuren sech kënnen austauschen an ënnerschiddlech Generatiounen sollen openee treffen. Mat de Grënnerinnen Irina Moons an Maida Halilović schwätze mer iwwert d'Iddi hannert dem Projet an méi generell och iwwert de kreative Secteur hei zu Lëtzebuerg.
O ESALQast é um podcast feito por, com e para esalqueanos. Início: 2018 Periodicidade: sem periodicidade Novos episódios: - Host: Fernando Martins Site: www.soundcloud.com/esalqast
Zu Wimbledon zejoert hat d‘Lëtzebuerger Tennisspillerin annoncéiert, datt Nowuess ënnerwee wär. Mëttlerweil ass dat klengt Emma-Lina op der Welt, an zanter 3 Wochen ass déi aktuell Nummer 284 am WTA-Ranking nees op der Profitour ënnerwee. Wéi déi 32 Joer al Spillerin vun der Spora Sport an Mamm-sinn ënnert een Hutt kritt, an wat si nach vun Ziler huet, sinn nëmmen e puer vun de Froen.
Nom Rekordjoer 2017 am Tourismus kuckt een am Tourismusministère weider an d'Zukunft a setzt mat der Strategie vum Secteur de Kader. D'Strategie baséiert op aacht Pilieren a setzt sech ambitiéis Ziler fir déi nächst fënnef Joer. Den zéngte Fënnefjoresplang léisst d'Regierung sech 60 Milliounen Euro kaschten a setzt domat op e Qualitéitstourismus.
60 Joer nodeems déi europäesch Agrarpolitik an d'Liewe geruff gouf, soll si nees eemol reforméiert ginn. D'Visioun vun der EU-Kommissioun ass, de Memberstaaten an der Agrarpolitik, déi ëmmerhi 40 Prozent vum gesamten europäesche Budget ausmécht, méi Spillraum ze ginn, wou si d'Subventiounen asetzen, fir gemeinsam Ziler a Saachen Ëmwelt, Klimawandel an Nohaltegkeet z'erreechen.
Zënter 2010 ass de Ben Gastauer Profi bei AG2. Am Cyclissem ass hie wuel de perfekte Co-Equipier fir all Topfuerer, deen Titele wëll wannen.Dowéinst, an och aus genuch aner Grënn huet de Schëfflenger bei der franséischer Equipe ee Kontrakt bis 2020.Um Enn vu senger Saison zéie mir mam Ben Gastauer de Bilan a kucken och no vir, op méiglech Ziler fir d'Zukunft. Rendez-vous um hallwer 2.
Wéi dir wahrscheinlech aus deene leschten Angscht a Schrecken-Episode wësst, halen ech den Referendum, dem sech Lëtzebuerg demnächst stelle muss, fir eng Farce. D'Froe sinn Detailer, iwwert déi een sech an der Regierung am Fong eenz ass, an et géif vill méi grondleeënd Froen ze klären: Wat fir eng Staatsform wëlle mir? Wat fir Grondrechter sollen an d'Verfassung? Wat fir Ziler soll Lëtzebuerg hunn? Wat ass mam Staatsrot?
Bei der Flèche du Sud gouf de Joël Zangerlé de leschte Weekend den Zweeten. Dëser Deeg ass hie beim Skoda Tour de Luxembourg am Asaz.Wat si seng Ziler nach an dëser Saison a wéi sinn d'Chancen, dass hie fir déi nächste Saison e Profikontrakt kritt? De Cyclist Joël Zangerlé ass haut den Invité am Radio Sport Club.