POPULARITY
Am Bistro mat der Woxx Episod 358 – Vum Kyoto-Protokoll bis COP30 All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Am Dezember 2015 gouf zu Paräis e Klimaaccord beschloss, dee weltwäit Hoffnungen ausgeléist huet. Zéng Joer méi spéit ass vun där Euphorie wéineg iwwreg – d'Klimaziler ginn ëmmer nach verfeelt, an och Lëtzebuerg huet seng Emissiounen eréischt an de leschte Joren däitlech reduzéiert.D'Journalist*innen Joël Adami a Maria Elorza kucken zeréck op d'Geschicht vun de COP-Konferenzen – vum Kyoto-Protokoll bis Paräis – a erklären, wou d'Welt haut steet an op wat ee sech bei der COP30 am brasilianesche Belém virbereede muss. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Zehn Jahre Pariser Abkommen: Entspannt in den Abgrund? The post Vum Kyoto-Protokoll bis COP30 first appeared on Radio ARA.
Wann eng nei Regierung agesat gëtt, dann erwaart sech de Bierger selbstverständlech, dass e Regierungsprogramm erstallt ginn ass, wou Reformen ugekënnegt ginn, déi positiv Effekter fir d'Gesellschaft bréngen. Jo et mussen och mol Korrekture gemaach ginn, déi schmäerzlech kënne sinn. All dat muss awer an enger Walcampagne, engem Parteiprogramm an an engem Regierungsprogramm enthale sinn, an ech schwätze vun däitleche Wierder, wou de Bierger am Viraus weess, wat op een zoukënnt. Verstoppte Klauselen, widderspréchlech Interpretatioune si keng éierlech Politik. Wann de Bierger matschwätze soll, wat ass dann net besser gëeegent wéi e Walkampf? Hei ka kontrovers gestridde ginn, a leschtens weess de Bierger wat e maache soll, wat en ënnerstëtzt, oder ofleent.
Si war Model, Fotografin, Krichsreporterin an duerno Kächin - Rieds geet vun der Lee Miller, déi als Fotojournalistin den Zweete Weltkrich an d‘Liberatioun dokumentéiert huet. Mat hirer Aarbecht ass si zu enger vun de wichtegsten Fotografinnen aus dem 20. Joerhonnert ginn. Den Tate Britain zu London werft elo e Bléck op hir laang a mouvementéiert Karriär, déi si och op Lëtzebuerg bruecht huet. D‘Claire Barthelemy war fir eis kucken.
Episod 358 – D'Robotaxi-Illusioun All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. An dëser Episod geet et ëm eng Zukunftsvisioun, déi ëmmer méi no kënnt: automatiséiert Fueren. D'Regierung huet d'Strategie „Automatiséiert Fueren 2028“ presentéiert an domat grouss Pläng ugekënnegt – bis hin zu Robotaxien op eise Stroossen. Awer wéi realistesch ass dat wierklech?De Journalist Joël Adami erkläert, wat hannert der neier Strategie stécht, wéi autonom déi sougenannt selbstfuerege Gefierer tatsächlech sinn an ob se d'Mobilitéitsproblemer am Land léise kënnen oder se éischter verschäerfen. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Automatisiertes Fahren: Die Robotaxi-Illusion The post D'Robotaxi-Illusioun first appeared on Radio ARA.
Episod 357 – Iwwert Suizid schwätzen léieren All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. An dëser Episod geet et ëm e schwéiert, mä wichtegt Thema: Suizidpräventioun. D'Ligue luxembourgeoise d'hygiène mentale huet eng nei Formatioun gestart, déi dozou bäidroe soll, datt méi Mënschen léieren, wéi ee mat Persounen an enger suizidaler Kris ëmgeet. D'Melanie Czarnik war dobäi an erzielt, wéi esou eng Formatioun ofleeft an wat se bewierke kann. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Suizidprävention: Über Suizidalität sprechen lernenThe post Iwwert Suizid schwätzen léieren first appeared on Radio ARA.
Kënschtlech Intelligenz: D'Folgen fir d'Ëmwelt All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Wéi vill Energie verbraucht Kënschtlech Intelligenz a firwat gëtt doriwwer esou wéineg geschwat?Et geet ëm gigantesch Rechenzentren, risege Stroumverbrauch an e Klimafoussofdrock, deen dacks verschleiert gëtt. De Joël Adami erkläert, wéi „Kënschtlech Intelligenz“ d'Klimakris befeiert. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Energieverbrauch von Rechenzentren: „Künstliche Intelligenz“ befeuert die Klimakrise The post Kënschtlech Intelligenz: D'Folgen fir d'Ëmwelt first appeared on Radio ARA.
Kilometerlaang Stauen, iwwerfëllten Zich a Busser oder Vëlosweeër, déi feelen. Fir vill Leit hei am Land ass de Wee op d'Aarbecht, dat ass bekannt, eng richteg Plo. Fir duerzestelle wéi vill Zäit de Salarié dobäi verluer geet, koum virun enger Woch en neit Buch eraus vun der Soziologin Jessica Lopes an dem Kënschtler Charles Vinz. Fir hiert Wierk hu si 13 Persounen - Residenten a Frontalieren - bei hirem Wee op d'Aarbecht suivéiert. D'Paule Rodesch begleet eng dovunner op d'Aarbecht - an huet och d'Jessica Lopes derbäi, fir sech iwwer hiert Buch ze ënnerhalen.
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Dës Woch geet et ëm d'Krankheet Lipödem, eng Fettverdeelungsstéierung, déi bal ausschliisslech Fraen a Persoune betrëfft, déi „assigned female at birth“ waren. Vill Betraffen leiden ënner schwierege Schmäerzen an enger schlechter Liewensqualitéit – dacks ouni datt d'Gesondheetssystem se eescht hëlt. An Däitschland iwwerhuelen d'Keesen ab 2026 d'Käschte fir eng chirurgesch Behandlung, zu Lëtzebuerg ass dat nach ëmmer net de Fall. Am Podcast erkläert d'woxx-Journalistin Melanie Czarnik, wat hannert der Krankheet stécht, firwat d'Politik sech esou schwéier deet a wéi eng Roll d'Betraffen selwer an der Opklärungsaarbecht spillen. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Fettverteilungsstörung: Beine wie BleiThe post Lipödem: Beine wie Blei first appeared on Radio ARA.
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Dës Woch geet et ëm e wichtege Schrëtt an der Energiewend zu Lëtzebuerg: Mat „Echo-Wave“ soll tëscht Kehlen a Keispelt déi éischt lokal Produktiounsanlag fir nohaltege Waasserstoff entstoen. Ab 2027 kéint do gréngen Energiecarrier hiergestallt ginn, virun allem fir d'Industrie an d'Logistik. Am Podcast erkläert d'woxx-Journalistin María Elorza Saralegui, wéi realistesch d'Pläng sinn, wat d'Bedeitung vum Projet fir d'national Strategie ass a wou nach Froenzeechen bleiwen. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Der Traum der eigenen HerstellungThe post Wasserstoff made in Luxembourg: Das Pilotprojekt Echo-Wave first appeared on Radio ARA.
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Den 14. Oktober 2025 stellt Microsoft de Support fir säi Betribssystem „Windows 10“ an. Weltwäit kéinten da Millioune funktionéierend Computeren zu Elektroschrott ginn – och hei zu Lëtzebuerg. An dëser Episod vun Am Bistro mat der woxx schwätzt Joël Adami iwwert d'Konsequenzen vum Support-Enn, d'Alternativen zu engem forcéierte Computerwiessel – a firwat sech e Bléck op Linux lount. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Müllberg by MicrosoftThe post D'Enn vu Windows 10: Wat elo? first appeared on Radio ARA.
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Zwou Stonnen vun der Stad ewech, an der idyllescher Eifel, steet eng imposant NS-Hinterloossenschaft: d'„Ordensburg Vogelsang“. Wat wéi e Monument ausgesäit, war tatsächlech eng Eliteschoul fir déi nationalsozialistesch Administratioun. An dëser Episod vun Am Bistro mat der woxx schwätzt Joël Adami mam Auteur vum Artikel, Thorsten Fuchshuber, iwwert seng Recherchen, d'Geschicht vum Site – an d'Fro, wéi mat esou engem Täterort haut pedagogesch a gesellschaftlech ëmgaange ka ginn. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Architektur der Herrenmenschen The post Eliteschule für Massenmörder: Die ehemalige NS-„Ordensburg“ Vogelsang first appeared on Radio ARA.
Daache mir eppes als Gesellschaft? Dorëms geet et an der “Sperber Bussard Frage“, deem neien Erzielband vun der Nora Wagener, deen am Verlag Guy Binsfeld erauskoum. An dräizéng Erzielunge ginn aktuell gesellschaftlech Sujeten op ënnerschiddlech Manéieren traitéiert: Generatiounskonflikter, Konsum, Aarbecht, Famill, Sexualitéit, Léift, Sozial Medien, dat Ganzt am Kontext vum Afloss vun der digitaler Entwécklung. Méi dozou wëssen d‘Valerija Berdi an de Michel Delage.
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Am Reemantel, am Krunnewaasser – an an de Comitéen zu Bréissel. D'PFAS-Chemikalien, och „Ewigkeitschemikalien“ genannt, sinn net nëmmen iwwerall an eiser Ëmwelt, mee och an de Netzer vun der Industriepolitik vertratt. An dëser neier Episode vun Am Bistro mat der woxx schwätze mir iwwert d'Herkunft vun de PFAS, hir Gesondheetsgeforen an déi massiv Lobbyaarbecht, déi dozou bäidréit, dass déi geféierlech Stoffklas nach ëmmer net konsequent ageschränkt gouf. Mir zéien e Fazit vun eisem véierwochenege PFAS-Dossier a kucken no vir. Lauschtert eran! Déi véier Artikelen, iwwer déi mir geschwat hunn:– Ewigkeitschemikalien in Luxemburg (1/4): Auf immer und ewig– Ewigkeitschemikalien in Luxemburg (2/4): Unsichtbare Herkunft – Ewigkeitschemikalien in Luxemburg (3/4): Drum prüfe, was sich ewig hält – Ewigkeitschemikalien in Luxemburg (4/4): Kampf gegen PFAS-Windmühlen Den éischten Deel vum Podcast zum Thema:Am Bistro mat der woxx #343 – Wou sinn iwwerall Ewigkeitschemikalien zu Lëtzebuerg?The post PFAS: Geféierlech Verbindungen an héich Interessen first appeared on Radio ARA.
Déi vill Bréiwer vum Vincent van Gogh u säi Brudder, seng Kënschtlerfrënn, weisen de Moler als Auteur. Hie beschreift net just seng Aarbecht als Kënschtler, mee och seng Opfaassung vun der Konscht an der artistescher Froestellung. De Léon Rinaldetti huet dës Publikatioun, déi d‘Gloria Köpnick an de Rainer Stamm an der Insel-Bücherei vum Suhrkamp-Verlag erausginn hunn, gelies.
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Toxesch Männerbilder sinn net just eng Saach vu Social Media. Wat Influencer op TikTok verbreeden oder Parteien a Walcampagnen zementéieren, huet och en Impakt op jonk Männer hei am Land – op hiert Selbstbild, hiert Verhalen an hir Gesondheet. D'Melanie Czarnik ass der Fro nogaangen, wéi sech toxesch Männlechkeet zu Lëtzebuerg bemierkbar mécht – a wien dru schafft, dës Rollenbiller ze duerchbriechen. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Patriarchale Männlichkeit: jung, männlich, toxisch?The post Was ist toxische Männlichkeit? first appeared on Radio ARA.
Bicher wëlle gelies ginn. Dofir brauch een net just Autorinnen an Auteuren, déi dës schreiwen, Editiounshaiser, déi se publizéieren a Librairien, déi se verkafen. Bicher, déi voller Feeler sinn, wou sech Ongereimtheeten era schleisen, an et u Kohärenz feelt, fannen net vill Uklang. Dofir gëtt et e Lektorat, deen awer no baussen net vill Beuechtung kritt. Elo hu sech Lektorinnen a Lektore vu Lëtzebuerg zesummegedoen an e Verband gegrënnt. A fir iwwer hir Aarbecht, hir Revendicatiounen an Erfarungen ze schwätzen, begréisst d'Valerija Berdi d‘Maike Edelhoff an den Henning Marmulla.
D'Caritas-Spezialkommissioun huet hir Aarbecht ofgeschloss. Wat huet se bruecht? Dat froe mir hire President.
D'Summervakanz steet virun der Dier, dat heescht net just Vakanz fir d'Schoulen, mee och grouss Chantieren op wichtegen Transport-Achsen. Tëscht dem 11. Juli an dem 15. September fueren zum Beispill keng Zich tëscht Beetebuerg an der Stad wéinst Aarbecht um Netz. Et sinn Aarbechten, déi batter néideg sinn, fënnt den Tim Morizet a sengem Commentaire... well Zuch fueren déi lescht Méint war keen einfach Exercice.
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. D'mentalt Wuelbefanne vu queere Persounen ass net nëmmen eng Fro vun Therapieplazen. Wat a Budapest oder Washington geschitt, huet och en Impakt op Lëtzebuerg – op d'Liewensqualitéit, op d'Sécherheetsgefill, op d'Gesondheet. D'Melanie Czarnik huet mat Fachleit, Aktivist*innen an der Communautéit geschwat, fir erauszefannen, wéi queerfeindlech Politik sech op d'Psyche vu Mënschen hei am Land auswierkt. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Queere psychische GesundheitThe post Psychische Gesundheit und LGBTQIA+ first appeared on Radio ARA.
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Was mit einem Projekt zur Verkehrssicherheit begann, wurde zum Symbolfall für Intransparenz und Machtspiele in der Kommunalpolitik. In dieser Episode sprechen wir über die sogenannte Zebrastreifen-Affäre. Jahrelang weigerte sich die Stadt Luxemburg, dem Zentrum fir urban Gerechtegkeet (Zug) Dokumente freizugeben, die eigentlich für die Öffentlichkeit bestimmt waren. Vor kurzem wurde das endgültige Urteil gesprochen.Joël Adami hat den Fall von Anfang an begleitet und ordnet ein, was dieses Urteil bedeutet. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Zebrastreifen-Affäre: Der lange Weg zur TransparenzThe post Am Bistro mat der woxx #339 – Zebrastreifen-Affäre: Der lange Weg zur Transparenz first appeared on Radio ARA.
Der Daphné Le Sergent hir Thematike sinn déi grouss geopolitesch Froe plus hir Effeten op de mënschleche Kierper. D'Daphné Le Sergent, gebierteg Koreanerin an adoptéiert a Frankräich, ass awer weder Human- nach Naturwëssenschaftlerin, mee Kënschtlerin. An zwar eng, déi mat Hëllef vu mobillen an immobille Biller, reellen a KI-generéierten Opnamen, hybrid Geschichten zu dësem Theema erzielt, fir op eng bannenzeg Zerrapptheet opmierksam ze maachen. Am Espace Cultures vun der Uni um Belval presentéiert si momentan d'Konschtinstallatioun “Silicon islands and war”. D'Kerstin Thalau hat Geleeënheet der Daphné Le Sergent um Belval e puer Froen zu der Aarbecht ze stellen.
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Dës Woch geet et ëm Frae-Selbstschutz: Tëscht Krav Maga, Orange Week a politescher Verantwortung stellt sech d'Fro, wat esou Coursë wierklech bréngen – a wat se net kënnen. Melanie Czarnik huet mat Trainer*innen an Expert*innen geschwat, an erzielt, firwat et heiansdo e Gefill vu Sécherheet gëtt, ouni dass d’Strukturen sech änneren.The post Frae-Selbstschutz first appeared on Radio ARA.
Haut, um 9. Mee feiere mer Europa, e Projet vu Fridden an Eenheet, vu fräier Zirkulatioun vu Wueren an Aarbecht a vun exemplarescher Kooperatioun a Solidaritéit ënner den europäesche Länner. Mee vill Fräiheeten a Rechter gëllen net fir all Awunner an der EU a sinn ofhängeg vun der Nationalitéit oder dem Wunnsëtz vun der Persoun. E puer Beispiller vun heiheem...
Vu senger Konscht kënnen ze liewen – de groussen Dram vun all Kënschtler erweist sech zu Lëtzebuerg zumindest um Pabeier als méiglech: 107 Leit hunn hei am Land de Statut d'artistes, 268 Leit dee vum Intermittent du spectacle. An der Praxis gesäit d'Saach allerdéngs e bësse méi schwiereg aus, dat net just zu Lëtzebuerg, ma och am Ausland. Am Frankräich ass beispillsweis de Prozentsaz vu Schrëftsteller:innen, déi vun hirem literaresche Schreiwen eleng liewe kënnen, zimmlech geréng. Virun e bësse méi wéi engem Mount huet een Artikel an der Luxembourg Times, an deem zwee Kulturschafender iwwert de Seeldanz tëschent Broutjob a Konscht geschwat hunn, fir ee (klenge) Shitstorm gesuergt, dat well de Journalist op eng liicht naiv Manéier e Portrait gezeechent huet vu Leit, déi daagsiwwer schaffen an nuets kreativ ginn, ouni ze hannerfroen, wéi et kéint sinn, dass deels renomméiert Kulturschafend et nawell net packen, vun hirer Musek, hirer Konscht, hirem Schreiwen, bref vun hirer Aarbecht ze liewen. Fir e bësse mat där Manéier, de kreative Beruff ze verklären, opzeraumen, hunn d'Kerstin Thalau an de Jeff Schinker haut véier Leit agelueden, déi mat eis iwwert d'Erausfuerderung vum onofhängege Schaffen diskutéieren: d'Kënschtlerin Julie Wagener, déi transdisziplinaresch Kënschtlerin Clio van Aerde, de Museker Tun Biever an de Schrëftsteller Antoine Pohu.
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. E Schlaganfall kënnt dacks aus dem Näischt – a fir vill Betraffener schléit en tatsächlech aus heiterem Himmel. An dëser Episod schwätze mir iwwert e wichtegt awer nach ëmmer ënnerschatte Gesondheetsthema: Firwat gëtt et ëmmer méi jonk Mënschen, déi en Schlaganfall erliewen? D'Melanie Czarnik huet sech mat der Presidentin vum Blëtz a.s.b.l. ënnerhalen an erkläert, wéi wichteg séiert Handelen a gesellschaftlech Opklärung an deem Kontext sinn. D’Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn: Schlaganfall: Aus heiterem HimmelThe post Am Bistro mat der woxx #332 – Schlaganfall in jungen Jahren first appeared on Radio ARA.
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Déi meescht Software, déi zu Lëtzebuerg an der Verwaltung benotzt gëtt, kënnt vu grousse US-Techkonzernen – Microsoft, Google, Amazon a Co. A mat engem Trump, dee rem an der Regierung ass, stellt sech d'Fro: Wat passéiert, wann dës Konzerner op eemol net méi wëllen oder däerfen? D'Regierung gesäit kee grousse Risiko, mä aner Länner wéi Däitschland oder Holland huelen d'Saach méi eescht. Wat heescht technologesch Souveränitéit iwwerhaapt? Firwat kéint Open Source eng Léisung sinn? A wéi eng Alternativen ginn et fir jiddereen*t am Alldag? Am Gespréich mat Joël Adami geet d'woxx dëse Froen op de Grond. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: IT-Infrastruktur: Digitale Abhängigkeiten The post Am Bistro mat der woxx #330 – Digitale Abhängigkeit first appeared on Radio ARA.
En Donneschdeg de Moie war d'politesch Aarbecht vun der Partei Fokus Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Asexualitéit – e Wuert, dat fir vill Leit nach onbekannt ass. Awer fir aner ass et eng wichteg Identitéit, déi se endlech beschreift. Am Podcast vun haut schwätze mir doriwwer, wat et heescht, keen sexuellt Verlaangen ze spieren, firwat dat näischt mat Krankheet ze dinn huet, a firwat et Zäit ass, dass och d'‘A‘ am LGBTQIA+ gesi gëtt. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Asexualität und Aromantik: Wer A sagt The post Am Bistro mat der woxx #328 – Kein Begehren? Kein Problem! Asexualität und Aromantik first appeared on Radio ARA.
Nom Internationalen Dag vun de Frae widmet d'Jessica Lopes hir Carte Blanche deene Fraen, deenen hir Aarbecht oft onsiichtbar bleift an net richteg valoriséiert gëtt, obwuel si eng fundamental Roll an eiser Gesellschaft spillen.
D'Ana Maria Tzekov, huet zanter Abrëll 2024 d'kënschtleresch Leedung vum CAPE iwwerholl. Am Gespréich mam Marie Trussart erzielt si, wéi een et trotz der héijer Verantwortung packt, eng gutt Work-Life Balance ze halen, wéi hir Erfarungen an der Wiener Volksoper an an der Philharmonie zu Lëtzebuerg hir Visioun fir de CAPE präägt. Si erkläert wourauser d'Aarbecht vun enger Directrice artistique besteet an iwwerhaapt: wéi et hir geet.
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. An dëser Episod schwätzt de Joël Adami mat der Melanie Czarnik iwwer d'Reform vum Naturschutzgesetz an d'Kritik, déi dës mat sech bréngt. Wéi kann d'Regierung d'Natur schützen a gläichzäiteg méi Wunnraum schafen? A geet et hei wierklech ëm eng equilibréiert Léisung oder ginn Ëmweltauflagen einfach ofgebaut? Mir kucken, wéi d'Reform sech op d'Biodiversitéit an d'Liewensqualitéit am Land auswierke kéint a firwat Klimaschutz ëmmer méi aus der politescher Prioritéitenlëscht verschwënnt. Den Artikel dozou: Reform des Naturschutzgesetzes: Mit der Kettensäge The post Méi a méi séier bauen: Op Käschte vun der Natur? first appeared on Radio ARA.
Den Direkter vun der Gewerbeinspektioun (ITM) reagéiert op Kriticke vun Deeler vum Patronat un der Aarbecht vu senger Verwaltung.
D'ASBL Open Screen gouf viru méi wéi 10 Joer gegrënnt fir d'Promotioun vun der Inklusioun an der Diversitéit duerch kulturell Aarbecht. Ee vun de Projeten, deen d'Claudine Muno realiséiert huet, ass d'Buch "Roff". Eng Rees duerch d'Geschicht vu Péiteng, duerch déi eis de Boy a seng Mémé begleeden an eis erziele vun de Zwangsaarbechter:innen wärend dem Zweete Weltkrich, Mënschen, déi zu Péiteng probéieren en neit Doheem ze fannen, Leit, déi hiert Liewen, hiert Been, hir Liewensfreed verluer hunn. Dotëschent awer ëmmer och eng Liewensloscht, Iwwerleeungen iwwer d'Liewen, Anekdoten, déi op Fakten an op Fiktioun stoussen. Eng déifgrënneg Recherche verbonne mat literareschem Kënnen, e Buch voller Liichtegkeet an Humor, voller Trauer an Drama. Dotëschent Skizzen, Fotoen, Kollagen, déi d'Claudine Muno realiséiert huet. De polnesche Komponist an Cellist Michal Pepol huet sech vu Péiteng inspiréiere gelooss an am Buch ass e QR-Code, mat deem een Zougang zu de Kompositioune vum Museker huet, déi zu "Roff" passen.
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Haut schwätze mir iwwert d’Klimakris an hir Auswierkungen op Lëtzebuerg. Wéi hu sech d’Temperature bei eis verännert, a wat sinn déi konkret Konsequenzen fir d’Natur an d’Aarbechtswelt? De Joël Adami erkläert, wéi d’Regierung mam neie Klimaupassungsplang reagéiert a firwat d’CSL Ännerungen am Aarbechtsrecht fuerdert, fir d’Aarbechter*innen besser ze schützen. Den Artikel dozou: Klimakrise: An der Anpassung arbeitenThe post Klimakrise: Pläne der Regierung, Forderungen der CSL first appeared on Radio ARA.
Pensiounsdebatt, Aktiounsplang géint Aarmut, Aarbechtszäit-Flexibiliséierung a Steierreform: 2025 leeft d'politesch Aarbecht ënner CSV-DP-Dominanz.
Déi meeschte Leit hu vill Bezéiungen vun ënnerschiddlecher Natur, déi meeschtens all eenzegaarteg a wäertvoll sinn. Leider hu mäer alleguer nëmme 24 Stonnen am Dag, an déi si meeschtens dann zu engem groussen Deel mat Aarbecht, Schoul a Selferhalung gefëllt. Oft muss dann tëscht Bezéiungen prioriséiert ginn, an an enger amatonormativer Welt gëtt dann oft d*e Partner*in zur wichtegster Persoun am Liewen. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wéi si d Mënschen an hirem Liewen prioriséieren, a wourun si déi Décisiounen festmaachen. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Sex an Trauma.
D'Margret Stéckel erzielt d'Geschicht vum Lukas Braak, dee Schëffskapitän an der DDR war a wéinst Westkontakter säi Beruff huet missen opginn. Hien a seng Fra verléieren hir Aarbecht. Well si vun eppes liewe mussen, fänkt hien u bei der LPG, der Landwirtschaftlichen Produktionsgenossenschaft ze schaffen. De Lukas war ëmmer en treie Sozialist, huet iergendwéi un d'DDR an un de Sozialismus gegleeft. Seng Mamm hat d'Famill verlooss, wéi hien nach ganz kleng war a war an Amerika ausgewandert. Wéi de Lucas schonn als Kapitän geschafft huet, hat si op emol Loscht hire Fils erëmzegesinn, an dat war dann dee Westkontakt, deen de Lukas zum Fale bruecht huet. De Lukas fillt sech ongerecht behandelt a just éier d'Mauer fält, schreift hien dem Erich Honecker e Bréif, andeem hien deem proposéiert mat him ze schwätzen. D'Margret Steckel hëlt eis mat an d'Kandheet vum Lukas, säin Erwuesseginn, Kenneléiere vu senger Fra, alles ass u sech eng Skizz, mee mat esou enger Intensitéit, typesch Margret Steckel, si seet an engem Saz esou vill, wou anerer eng ganz Säit brauchen ... D'Valerija Berdi an de Michel Delage am Gespréich iwwer d'Wierk, dat bei Capybarabooks erauskoum.
Virun annerhallwer Woch war et esou wäit: d'Notre-Dame zu Paräis ass gutt 5 Joer nom Brand nees op fir de grousse Public. Et war eng opwenneg Restauratioun, un där ronn 250 Entreprisë bedeelegt waren. D'Uergel war net ofgebrannt, mee se huet komplett nees missen opgebaut, gebotzt a restauréiert ginn. Ëm 8.000 Päifen huet sech misse gekëmmert ginn a responsabel war dofir ënner anerem och ee Lëtzebuerger: de Laurent Anen. De Christophe Mirkes huet beim Uergelbauer nogefrot, wéi seng Aarbecht konkret ausgesinn huet.
Ënner dem Motto "Une crèche musicale de Noël" presentéiere Musikerinnen a Museker vun de Solistes Européens, Luxembourg ee Concert mat kammermusikalesche Wierker. Dat méindes owes, de 16. Dezember 2024 am Kammermusekssall vun der Philharmonie. De Stil geet dobäi ganz kloer an d'Museksepoche vum Barock a Wiener Klassik. Fir de Pianist vum Concert, de Christoph König, ass et nieft senger Aarbecht als Dirigent bei groussen Orchesteren, eng wëllkommen Ofwiesslung. Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätzt de Museker iwwer seng Roll als Pianist an och iwwer seng nei Tâche als éischten Haaptgaaschtdirigent an der Geschicht vun der Warschauer Philharmonie.
Ready to boost your Luxembourgish with a new B1 Conversation Workout? Mastering real conversation takes practice—especially when you want to discuss everyday topics more naturally and confidently.In this episode, we'll tackle conversations about job satisfaction and your work life. Perfect for a coffee chat with a friend or a new acquaintance! You'll strengthen both listening and speaking skills, learning how to express opinions about your job, ask questions, and answer in a way that sounds natural and authentic. First You'll hear the whole conversation between Jeannine and Anne -2 works colleagues - so an informal conversationThen I will go through important vocabulary and phrases used in the conversation so to practice together and make sure your Luxembourgish sounds more fluent and that you also gain in confidenceReady to practice? A: So mol Jeannine, bass du zefridden mat danger Aarbecht? Tell my J are you happy with your job?J: Jo, eigentlech schonn. Meng Aarbechtskollegen si sympathesch an meng Aarbecht ass interessant. Yes, pretty much. My colleagues are nice and my job is interesting. Awer ech géif gär méi Verantwortung iwwerhuelen. But I would like to take on more responsibility.A: Wat mengs du mat méi Verantwortung? What do you mean with …J: Ech wëll gär an den nächste 5 Joer eng dichteg Positioun iwwerhuelen. I would like to take on a leadership position in the next 5 years. A wéi gesäit et bei dir aus Anne? And how about you?A: Ech sinn och zefridden mat menger Aarbecht, awer ech wënsche mer méi Geleeënheeten fir meng Fäegkeeten weider ze entwéckelen. I'm happy with my job too, but I wish to have more opportunities to develop my skills.J: Seriö? Ech wousst net, datt s du esou éiergäizeg bass. Really, I did not know that you were so ambitious.A: Dach, - YesJ: Wéi laang schaffs du da schonn hei? How long have you been working here?A: Dat ass mäi 5. Joer an der Firma. This is my 5th year with this company.J: Hues du schonn iwwerluecht, wat s du maache kéints, fir däin Zil ze erreechen? Have you already thought about what steps you could take to achieve your goal?A: Jo, ech hu mam Chef driwwer geschwat, an hien huet proposéiert datt ech un enger interner Ausbildung deelhuelen soll. Yes, I've discussed this with the manager, and he suggested that I take part in an internal training.J: dat ass eng gutt Iddi. That's a good idea.A: Jo, ech freeë mech iwwer dës Formatioun = Ausbildung. Ech wäert sécherlech vill Neies an och nei Fäegkeeten léiere. Yes, I'm looking forward to this training. I will for sure learn a lot of new stuff and also new skills.J: ech mengen, datt et och wichteg ass eng gutt balance tëscht Aarbecht a Fräizäit ze fannen. I think that finding a good balance between work and free time (it) is also important.Vergiess net och heiansdo Spaass am Liewen ze hunn. Aarbecht eleng mécht net glécklech. Don't forget to have some fun sometimes in life. Work alone won't make you happy.A: Jo dat stëmmt. Dofir versichen ech mech ze entspanen an de Weekend treffen ech meng Frënn. An du? Wat méchs du fir de Kapp fräi ze kréien? Yes, that's right. Therefore I try to relax and at the weekend I meet my friends. And what about you? What do you do to clear your head?J: Also, ech ginn heiansdo lafen an ech maachen reegelméisseg Yoga. An ech verbrénge vill Zäit mat menger Famill a mat menge Frënn. Also, I sometimes go running and I regulary do Yoga. And I spend a lot of time with my family and my friends.A: Do hues du recht. There you're right. J: Absolut. Sou, genuch geschwat. ech mengen et ass nees Zäit fir schaffen ze goen. Absolutely. So, enough talked. I think it's time to go back to work.Well done! Nice work for sticking with me all the way through that training.It's training your mouth and your memory through repetition that will help you sound more like a native speaker.Do you want to practice actively conversation then reach out to LWA and get all details about our 1:1 conversation coaching program with me as your coach.Website: https://luxembourgishwithanne.luSproochentest Oral Exam Prep Class:https://courses.luxembourgishwithanne.lu/p/oralexamFacebook: https://www.facebook.com/luxembourgishwithanne.lu/Instagram: https://www.instagram.com/luxembourgishwithanne/?hl=enLinkedIn: https://www.linkedin.com/company/80364342/admin/feed/postsYoutube: https://www.youtube.com/channel/UCh7_kWqrLaZea-IJH46KJEA
Ewech vum kënschtlereschen Ego, hin zu enger kollektiver Aarbecht - dat war de Motto vum Lëtzebuerger Pavillon, deen den Andrea Mancini dëst Joer zesumme mat dem belgo-italieenesche Kollektiv Every Island, der Curatrice Joel Valabrega a véier Kënschtler:innen, déi de Pavillon iwwer déi lescht Méint ëmmer nees mat Performancë bespillt hunn. Ënner deem nämmlechten Titel wéi de Pavillonsprojet - "A Comparative Dialogue Act" - erschéngt elo eng Vinyl, déi Deeler vun de Performancë vun der Selinn Davasse, der Celin Jiang, der Stina Fors an der Bella Báguena afänkt. Fir hir Performancen hunn déi véier sech op eng gemeinsam Klangbibliothéik konnte baséieren. De Jeff Schinker ënnerhält sech hei mam Andrea Mancini, de Kënschtler, dee fir dëse Projet säin Ego esou wäit wéi méiglech zeréckgeschrauft huet.
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Das Functional Fitness Gym „Iron Sparks” zeigt, wie Inklusion im Sport gelingen kann. Am kommenden Samstag, dem 9. November wird es für sein Engagement geehrt. Wir waren vor Ort und sprechen heute über dieses spannende Projekt. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Grenzenlose Fitness The post Grenzenlose Fitness – Das inklusive Gym Iron Sparks first appeared on Radio ARA.
The Ancient, esou gëtt den Abu Qadim Haqq genannt. Dee mëttlerweil 55 Joer ale Mann ass eng Zentralfigur am Afrofuturismus Konschtmouvement vun Detroit. A sengem CV steet ënner anerem, datt hien d'Albumcovere vun den Techno-Legenden Underground Resistance an Drexciya gemaach huet. The Ancient war zu Lëtzebuerg ze gesinn: Am Claudio Caruso sengem Vinyl Harvest Buttek zu Esch huet hien zwou Stonne laang eng Dier bemoolt, bis datt eng Cyber-Fra op engem Päerd ze gesi war. Seng Duechter d'Qadira huet wärenddeems een DJ-Set gespillt. Duerno duerft ee Froe stellen. The Ancient huet op Nofro erkläert, firwat seng Duechter am Homeschooling ass: well den ëffentleche Schoulsystem zu Detroit miserabel ass - dëst ass zanter iwwert 30 Joer keng Neiegkeet. An Amerika ass Detroit dacks d'Punchline vu Witzer, déi scho laang net méi witzeg sinn, besonnesch zanter déi staark Automobilindustrie ënnergaangen ass. Den Ancient selwer war an enger kathoulescher Privatschoul. Seng Eltere konnte sech dat leeschten, well säi Papp fir Chrysler an der Fabrik geschafft hat. Dat war zu enger Zäit, wou een och ouni Schoulofschloss eng gutt bezuelten Aarbecht konnt fannen. D'Stad Detroit ass awer och fir hir immens kreativ Musekszeen bekannt; och Hiphop gëtt do groussgeschriwwen. Den Eminem an seng Kolleegen am Rapkollektiv D12 si vun Detroit a liewe weiderhin do. Op e puer vun dëse Saache koum deen nom Mole midden Här mam Nicolas Calmes ze schwätzen.
Triggerwarnung: Suizid, Mental Krankheeten - wann's du dech mat dësen Themen onwuel fills, lauschter léiwer net eran. Déi heiten Episod ass eng Special Edition, gesponsert vun der Ligue Santé Mentale am Kader vun der Semaine de la Santé Mentale. An dëser Episod schwätzen ech mam Psycholog Fränz D'Onghia vun der Ligue Santé Mentale, deen op Suizid-Präventioun spezialiséiert ass. Suizid ass awer net den Haapt Topic iwwert de mir schwätzen - mir thematiséieren, wéi déi verschidde Generatioune mental Gesondheet wouerhuelen. Et gi vill Klischeeën, datt d'GenZ als "Snowflakes" bezeechent ginn, well si anscheinend ze vill op hir mental Gesondheet oppassen. Op der anerer Säit gëtt gesot, datt d'Baby Boomers sech guer net drëm këmmeren. Mir klären d'Klischeeë ronderëm dëst Thema op a maachen op d'Semaine de la Santé Mentale opmierksam. Lauschter, oder kuck eran! Wann's du nach Froen un de Fränz hues, da mell dech bei der ligue Santé Mentale op Instagram . méi Informatioune zu den Events déi vum 7.-20. Oktober stattfannen fënns du op https://www.semainesantementale.lu. Villmools Merci un d'Ligue Santé Mentale a fir déi wichteg Aarbecht déi si leeschten!
E Méindeg de Moie war d'politesch Rentrée Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Uewen op der Lee stinn d'Pensiounsdebatt an den éischte richtege Budgetsprojet vun der CSV-DP Regierung
All Joer huet de radio 100,7 d'Éier, een heemesche Museksprojet auszewielen, fir zu Groningen um Eurosonic Showcase-Festival seng Aarbecht ze presentéieren. Fir d'Editioun vun 2025, déi vum 15. bis den 18. Januar ass, ass d'Recommandatioun vun der 100,7-Museksredaktioun op den elektronesche Museker Ryvage gefall. Zäit, Iech de Museker méi nozebréngen, beim Marc Clement um Mikro.
Et ass eng onverständlech Situatioun: Säit dräi an hallef Jore ginn d’Employéë vu Liberty Steel zu Diddeleng bezuelt, fir bal näischt ze schaffen. D’Stolwierk steet stell, déi ronn 160 Aarbechter*innen hu keng Aarbecht. An der leschter Zäit, huet sech d’Lag nach verschlëmmert: Säit Woche waarden d’Employée*n op hire Loun vum August, mä bis elo ass keen*t bezuelt ginn. D’Syndikater sinn alarméiert, den Aarbechtsministère suivéiert d’Situatioun. De Fabien Grasser präsentéiert dëst Woch seng exklusiv Recherche zum Thema an erkläert, wéi et dozou komm ass, wéi eng Zukunft d’Stolwierk an d’Aarbechter*inne erwaarde kéint a wat de Milliardär Sanjeev Gupta mat allem ze dinn huet. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Liberty Steel Dudelange : chronique d'une débâcle annoncéeThe post Liberty Steel an der finanzieller Kris first appeared on Radio ARA.
Dee lëtzebuergesch-däitsche Kënschtlerduo M+M huet sech hei am Land mëttlerweil en Numm gemaach; eventuell well si, mat hirer Konscht, anescht wéi hir Homonymmen, net fir Karies, mee fir konstruktiv Gedankenustéiss suergen. Esou zum Beispill am Casino, virun 10 Joer, mat hirer komplexer Videoinstallatioun “7 Tage”, déi en Acteur a banalen, mee an engems kontradiktoresche Situatioune weist. De Marc Weis an de Martin De Mattia, déi zu München liewen a schaffen, beschäftege sech multimedial mat der Dekonstruktioun vun Identitéiten, Netzwierker, Architekturen, enger zäitlecher Linearitéit. Nach bis e Sonndeg inclus kënnt Dir am Casino an der Ënneschtgaass eng aner M+M-Facett entdecken: hir kuratoresch Aarbecht.
My students often want to say in Luxembourgish sentences such as "Before I go to work I do this and that". And then I see them hesitating and most of the time I hear phrases such as: Virun ech ginn op d’Aarbecht, ech drénken Kaffi. Short sentence but with some mistakes