POPULARITY
Firwat net alles Gold ass, wat blénkt, riets Tendenzen an der Asylpolitik an Nowéie vun engem Zuchaccident, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Ech interviewen den RTL-Journalist Petz Bartz iwwert d'Kris am Noen Osten. Firwat hunn d'USA an Israel den Iran ugegraff? Wat huet di Attack getriggert? Wéi gëtt se gerechtfertegt? Wee profitéiert vun dem Krich? Hunn d'USA dobäi en Selbstgoal kasséiert? A wéisou sinn esou Saachen iwwerhaapt méiglech? Dat sinn alles Themen, di ech mam Petz Bartz diskutéieren.
De Mammekonzern vun Enovos a Creos geet net dovun aus, datt Stroum a Gas deemnächst vill méi deier wäerte ginn. Wou déi Conclusioun hierkënnt froe mir säin CEO, Claude Seywert.
Vill Personalwiesselen, komplizéiert administrativ Prozesser, en Direkter dee quasi net präsent ass a schlecht Zoustänn an de Strukturen – den ONA huet am Audit vun der IGF, der Generalinspektioun vun de Finanzen, ganz schlecht ofgeschnidden. Dobäi goufe verschidde Problemer scho jorelaang kritiséiert. Firwat ass näischt dogéint ënnerholl ginn a wéi soll den Office national de l'accueil elo reforméiert ginn, dat froe mir den DP-Familljeminister Max Hahn.
Firwat d'Paulette Lenert an de Staatsrot wëll wiesselen a firwat d'Tripartite fir de Luc Frieden zur Beresina, dat sinn d'Themen an der Presserevue
Eigentlech sinn d'CNS an d'Dokteschassociatioun AMMD sech eens iwwer eng nei Konventioun. Mee d'Doktere wëlle méi a signéieren den Text net. Firwat, froe mir hire President.
Sports Smut huet et vun der Fankultur an de Mainstream gepackt! De Joël a Kelly hunn natierlech Heated Rivalry gekuckt, gelies an eng Meenung dozou. Ausserdeem froe mer eis: Firwat fanne Frae schwule Smut esou extrem gutt? Wat gëtt et sos nach fir Sports Smut? An wei klengt et wann d'Schauspiller vum Heated Rivalry Audioporn maachen? Quellen Bicher: - Game Changers Serie (Band 1-6) & “Time to Shine” vum Rachel Reid - “Pucking Around” vum Emily Rath - “Deep End” vum Ali Hazelwood - “Sweat” vum Jonah Yorke - “Cleat Cute” vum Meryl Wilsner Filmer: - Personal Best (1982) - Water Lilies (2007) - Challengers (2024) Artikelen: - “A Brief History of Slash Fiction. The horny girls who walked so Heated Rivalry could run.” vum Bethy Squires (am New York Magazine). - “Heated Rivalry and the erotics of equality Masculinity, care and love under late capitalism” vum Yalda Keshavarzi (am shado magazine). - “He's the voice of romantasy audiobooks' biggest heartthrobs. He's never been busier” vum Vanessa Romo (bei npr). Real-life lesbian heated rivalries: - Julie Chu & Caroline Ouellette - Savolainen & Anna Kjellbin Weider Quellen, déi mer am Hannerkapp haten: - “What's up with the Heated Rivalry houses?” vum Kendra Gaylord op Youtube - “Heated Rivalry x The Puritanical Eye with Hope Rehak” vum Material Girls Podcast
“Besteeënd Infrastrukturen nei an innovativ notzen” dat ass och dem Service culturel vun der Stad Esch-Uelzecht seng Philosophie. Dowéinst ënnerstëtzt en zanter dësem Joer en neien Ausstellungscycle am Escher Theaterfoyer. Do gi jo scho méi laang Konschtexpoen gewisen, mee elo kritt en eng kloer Ausriichtung: ënner dem Numm “Trampolin” soll en der jonker Konscht aus der Groussregioun eng Plattform bidden; viséiert sinn d'Absolvente vu Konschthéichschoulen, déi mat engem éischten Expoprojet eventuell méi liicht Kontakter zu der professioneller Konschtwelt knäppe kënnen. Als Expocuratrice konnt d'Danielle Igniti gewonne ginn: Konschtexpertin a Philologin, Member a verschiddene Konschtjuryen, bei Lët'z Arles, war am Verwaltungsrot vum Mudam, knapps 30 Joer laang Kulturcheffin vun Diddeleng, tëschent 1999 an 2015 Presidentin vum Planning Familial a laangjäreg Chronistin beim 100,7. Firwat elo den Trampolin? Dat wollt d'Kerstin Thalau vun der Danielle Igniti gewuer ginn.
Huet d'Thema vun dëser Woch bei dir en “hehe
D'Enseignantsgewerkschaft SEW-OGBL begréisst dem Educatiounsminister Claude Meisch (DP) seng Positioun zur Inklusioun an der Schoul. Firwat?
Ënnert de sëlleche politeschen Instrumenter setzt d'Europäesch Unioun Wirtschaftssanktiounen an, zum Beispill géint Russland als Reaktioun op d'Invasioun vun der Ukrain. Uviséiert ginn och Eenzelpersounen. Wärend laang Individuen aus Drëttstaaten ënner Strof gestallt gi sinn, betrëfft dat zënter kuerzem awer och EU-Bierger. Firwat dës Entwécklung problematesch ass, erkläert de lénken éisträichesche Publizist Hannes Hofbauer a sengem Buch "Aller Rechte beraubt. Mit aussergerichtlichen EU-Sanktionen zum autoritären Staat" (Promedia Verlag). Op der Leipziger Buchmesse huet de Michel Delage mam Hannes Hofbauer geschwat.
Rouspert verléiert 0:2 géint den UNK a kee vun de Vogels war an der Buvette... pardon dofir. Trotzdeem kucke mir wat an der BGL Ligue leeft, wie wichteg Punkten an der Éierepromotioun geholl huet a wat zu Sandweiler sou besonnesch war. Et geet, wéi et sech och gehéiert, méi ëm déi Saachen niewent dem Terrain wéi um Terrain. D' Episod 202 vun der Buvette befaasst sech och mam Theema firwat et am Fong ëmmer ëm Fussball geet.
Wie kandidéiert um nächsten CSV-Kongress? Firwat kënne Leit sech zu Esch net umellen? A firwat hunn d'Zich esou vill Verspéidung? Mat deene Froe beschäftege sech d'Zeitungen.
Och, wann een d'Discographie vun den Talking Heads oder dem David Byrne net gutt kennt, lount et sech an d'Rockhal ze goen. Den Yves Stephany hat de Sänger d'lescht Woch zu Bréissel gesinn an ass begeeschtert.
A sengem Roman "Mon ami, Nietzsche" (Ed. Les Impliqués) erkläert de Claude Schmit dem däitsche Philosoph säi rabiat Wierk duerch eng ënnerdréckte Sexualitéit. Eng Kritik vum Michel Delage
Dark Romance ass e Genre, deen Diskussiounen ausléist. Mee wat versteet een eigentlech ënner dub-con? Firwat liesen sou vill Mënschen trotz – oder vläicht grad wéinst – de kontroversen Themen Dark Romance? A wéi hunn dem Joël a Kelly hier däischter Lektüre gefall? Dat héiers du an dëser Episode. An der Rubrik schwätzt d'Ella iwwer Heterofatalismus! Inhalt vun der Episode: Minutt 0-12: Intro, Definitioun & Tropes Dark Romance Minutt 12-34: Bicher déi mir gelies hunn, hir Sexszeenen & wat mir denken Minutt 34-42: Grënn fir Dark Romance ze liesen Minutt 44-45:30: Ëmgang mat potenziell negativen Auswierkunge vum Dark Romance Trend Minutt 45:30-51:45: Ass Dark Romance eise Genre - an törnt eis dat un? Minutt 51:45-54: Wei geet et mat de Smutty Book Podcast-Episode weider? ab Minutt 54: Rubrik zu Heterofatalismus Bicher, déi mer erwähnen: - “The Serpent and the Nings of Night” (Crowns of Nyaxia #1) vum Carissa Broadbent - “Six Scorched Roses” (Crowns of Nyaxia #1,5) vum Carissa Broadbent - “The Ashes and the Star-Cursed King” (Crowns of Nyaxia #2) vum Carissa Broadbent - “Kiss of Seduction” (Court of Chains #1) vum Rawnie Sabor - “A Little Sin” (Court of Chains #2) vum Rawnie Sabor - "Haunting Adeline" vum H.D. Carlton - "Very Bad Kings" Serie vum Jane S. Wonda - „Lights out“ vum Navessa Allen - “The Princess's Pet” (Soul Match Series #1) vum J.K. Jeffrey Quellen: - Döring, Nicola. (2025). Groschenromane mit Porno-Inhalten? Warum Dark Romance fasziniert und polarisiert. In: Mediendiskurs, 1(2025), S. 64–72, online: https://mediendiskurs.online/beitrag/groschenromane-mit-porno-inhalten-beitrag-1193 - Döring, Nicola. (2025). Dark-Romance-Bücher zwischen Leselust und Moralpanik: Eine Orientierungshilfe für die pädagogische Praxis. In: merz | medien + erziehung, 69(3), online: https://doi.org/10.21240/merz/2025.03.29 - Interview mit Prof. Dr. Nicola Döring. (2025). Dark Romance: Schulen müssen Medien- und Sexualkompetenz fördern: https://www.campus-schulmanagement.de/magazin/dark-romance-schulen-muessen-medien-und-sexualkompetenz-foerdern-nicola-doering - Weis, Diana. (2025). Smut: Zur Popularität von New Adult- und Dark Romance-Literatur. In: POP – Kultur und Kritik, 26, S. 116–122, online: https://doi.org/10.14361/pop-2025-140118. - Artikel iwwer Twilight gender-swap: Brown, Heather. (2018). Fictional power and control and the reality of abusive behaviour. In: Journal of Gender Studies, 27:4, S. 401-410, DOI: 10.1080/09589236.2016.1223611. „Wenn Jugendliche Dark Romance als erste Quelle für Beziehungsgestaltung und Sexualität nutzen und daraus problematische Vorstellungen ableiten, verweist dies auf Defizite in der elterlichen und schulischen sexuellen Bildung.“ — Prof. Dr. Nicola Döring Myth of Consensual Sex Meme: https://knowyourmeme.com/memes/the-myth-of-consensual-sex
1935, also viru genee 90 Joer, huet de franséischen Acteur, Metteur-en-scène, plastesche Kënschtler an Theater-Theoretiker Antonin Artaud den “Théâtre de la cruauté” an d'Liewe geruff. Theater war a sengen Ae méi wéi Text oder Narratioun: eng radikal Performance sollt beim Spectateur fir e kierperlecht, jo kathartescht Erliefnes suergen. Ass Iech alles bekannt? Da wësst Dir och, datt de Marseiller Artaud, 1896 gebuer an 1948 gestuerwen, vu Kandheet un ënner chronescher Péng an Iwwerempfindlechkeet gelidden huet, spéider laang Zäit an der Psychiatrie mat Medikamenter an Elektroschocken traitéiert gouf. Firwat sech nei mam Antonin Artaud beschäftegen? Dat ass d'Kerstin Thalau vun der Londoner Curatrice Agnes Gryczkowska gewuer ginn, déi aktuell d'Expo “Theatre of Cruelty” am Casino Lëtzebuerg presentéiert.
Eng Ausstellung, an där ee kann d'Schachbriet vum Marcel Duchamp gesinn, oder dem Juan Miro säi Bild “La course de taureaux”, an “Croix Noire” vum Kasimir Malevitch … esou Erliefnesser ware bis viru 15 Joer dem Tourist zu Paräis virbehalen. Am Moment ass dat grad ëmgedréit. Am Centre Pompidou an der franséischer Haaptstad, deem säi fantastescht Gebai vum Renzo Piano grad renovéiert gëtt, kann een iwwerhaapt keng emblematesch Wierker vun der Moderne a Postmoderne méi bestaunen, wuel awer zu Metz, ee Sprong virun eiser Dier. Firwat de Centre Pompidou grad mat senger momentaner Ausstellung “Dimanche sans fin” méi hell stralen dierf wéi de Beaubourg, hu mir kierzlech mat der Chercheuse a Commissairin Zoe Stillpass vum Centre Pompidou beschwat.
D'Prozedur fir d'Validation des acquis de l'expérience - kuerz VAE - erméiglecht d'Unerkennung vu beruffleche Fäegkeete fir en Diplom ze kréien. Bei eis ass dëse Wee allerdéngs onnéideg komplizéiert, haaptsächlech well net kloer ass, wat vun de Kandidate verlaangt gëtt. Eng verpasste Chance fir dem Manktem u qualifizéiertem Personal entgéintzewierken a Pech fir déi Léit, déi iwwer dee Wee hir berufflech Karriär wëllen opwäerten.
D'Prozedur fir d'Validation des acquis de l'expérience - kuerz VAE - erméiglecht d'Unerkennung vu beruffleche Fäegkeete fir en Diplom ze kréien. Bei eis ass dëse Wee allerdéngs onnéideg komplizéiert, haaptsächlech well net kloer ass, wat vun de Kandidate verlaangt gëtt. Eng verpasste Chance fir dem Manktem u qualifizéiertem Personal entgéintzewierken a Pech fir déi Léit, déi iwwer dee Wee hir berufflech Karriär wëllen opwäerten.
De klengen Dessert, eng Minette oder einfach nëmmen d'Verb "lecken" – hannert deene Begrëffer verstoppt sech den Akt, dee scientifique och "Cunnilingus" gennant gëtt. Oralsex u Vulven an un Anusser gëtt am Engleschen och oft einfach "eating out" gennant: also eng Persoun "aus" iessen. Mee wat huet et amfong matt deene Sexualpraktiken u sech? Firwat hu mer amfomg dausend Begrëffer fir Oralsex um Penis mee net u Vulven an Anusser? Firwat fanne Leit et flott, fir aner Leit "z'iessen" oder "giess" ze ginn? A wéi kann een*t sech bei dene Sexualpraktiken uleeën? De Joël an d*e Robin ginn denen an anere Froen no a schwätzen iwwer hir Erfarungen mat Oralsex u Vulven an Anusser. D'Ella schwätzt an der Aktualitéitsrubrik iwwer déi geplangten Reform fir d'Recht op Ofdréiwung an d'Verfassung ze setzen.
Firwat soll de Schouschter iwwerhaapt bei senge Leeschte bleiwen? Soll jidderee just a sengem Beräich bleiwen? Soll ee sech also och net zu Wuert melle bei Saachen, déi een u sech näischt uginn? Déi Froe stellt sech de Serge Tonnar a senger Carte Blanche -a gëtt domadder jo schonn d'Äntwert.
Firwat soll de Schouschter iwwerhaapt bei senge Leeschte bleiwen? Soll jidderee just a sengem Beräich bleiwen? Soll ee sech also och net zu Wuert melle bei Saachen, déi een u sech näischt uginn? Déi Froe stellt sech de Serge Tonnar a senger Carte Blanche -a gëtt domadder jo schonn d'Äntwert.
An eiser Summerserie vun de renomméierte Rencontres de la photo d'Arles hu mir Iech e puermol mat an de Palais de Luppé geholl. Do haten nämlech eng Partie Lëtzebuerger Fotokënschtler:innen Geleeënheet, hir Aarbechten invitéierte Konschtexperten a Konschtexpertinne bei labbere Portfolio-Reviews ze presentéieren. Firwat an engem Palais aus dem 18. Joerhonnert, dee géint 1900 vum franséische Vicomte Gaston de Luppé opkaf an op neo-florentinesch renovéiert gi war? Well et do e Bezuch zu Lëtzebuerg gëtt. Dat ass d'Kerstin Thalau am Gespréich mam Enkel a Palais-Ierwe Loup-Sanche de Luppé gewuer ginn.
D‘Congés annulés, de Summer-Museksfestival vun de Rotonden ass a vollem Schwong. Haut den Owend, 8.8., trëfft do d‘Energie vun enger Rave op déi kommunal Erfarung vun enger Theaterperformance, mat Kabeauché, engem Kënschtler aus dem Kenia, mat senger Band. Firwat datt d‘Abanne vum Public him esou wichteg ass a wat seng Musek soss nach eenzegaarteg mécht, beschwätzt de Marc Clement mam Kabeaushé live an de Rotonden.
De Literat a Philosoph Kim Sisŭp, deen am 15. Joerhonnert a Korea gelieft huet, war zu Liefzäite schonn eng Berüümtheet. Dat ass hien och no sengem Doud bliwwen. Seng “Neue Erzählungen von der goldenen Schildkröte”, déi rezent am Reclam Verlag erauskoumen, ginn a Korea zum nationale Kulturierwe gezielt. Firwat dëst Wierk bis haut modern bliwwen ass, verréit de Léon Rinaldetti.
Lëtzebuerg – e Land, eng Stad, eng (auslännesch) Provënz... oder just eng Iddi? Firwat hu mir e Nationalfeierdag – an net einfach en "Dag vum Siegfried" oder "Dag vum Caesar"? Wéini gëtt eng Iddie zum Fakt? A wien huet iwwerhaapt entscheet, datt mir eng Natioun sinn? Mam Historiker Pit Peporte sichen ech no de Wuerzelen vun eiser Nationalerzielung. Hei den Link zum "À propos" :https://luxembourg.public.lu/fr/publications/ap-histoire.html
Firwat ass d'Franséisch nach ëmmer esou wichteg am Lycée? A wat genau soll een haut an der Schoul léieren?
Uni fäerdeg, en Auto an dann eng eege Wunneng. Dat ass den Dram vu villen. Leider ass dat esou net ëmmer ganz méiglech. Firwat dat esou ass, dat seet eis d'Lindsay Flynn. Déi gebierteg Amerikanerin fuerscht nämlech am Beräich vum Logement. Mä wéi erfuerscht een dat eigentlech? Donieft geet et och ëm amerikanesch Traditiounen, den Tom Cruise an international ënnerschiddlech Gréisste vu Panen. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
Firwat ass d'Franséisch nach ëmmer esou wichteg am Lycée? A wat genau soll een haut an der Schoul léieren?
Selbstjustiz am Internet stellt net nëmmen de Rechtsstaat a Fro, mä geet dacks Hand an Hand mat der Manipulatioun vu jonke Leit, déi vun extremistesche Gruppen ausgenotzt ginn.
Selbstjustiz am Internet stellt net nëmmen de Rechtsstaat a Fro, mä geet dacks Hand an Hand mat der Manipulatioun vu jonke Leit, déi vun extremistesche Gruppen ausgenotzt ginn.
Wéi leeft amfong eng Broschtverklengerung of? Firwat wéilt een*t déi Operatioun? A wat huet Genderidentitéit domat ze dinn? An dëser Episod schwätzen Robin a Lynn iwwer dem Lynn seng Broschtverklengerung a seng Erfarungen mat dem Prozess. An der Rubrik schwätzt d'Ella iwwer den Hymen.
Firwat hëlt d'CGFP net un der Protest-Manif vun LCGB an OGBL deel a wéi ass de Rapprochement tëschent den zwou gréisste Gewerkschaften am Privatsecteur ze interpretéieren? Den Adrien Thomas beschäftegt sech beim LISER, dem Lëtzebuerger Institut fir sozio-ekonomesch Recherche, intensiv mat der Soziologie vu Gewerkschaften a weess déi aktuell Entwécklungen anzeschätzen.
D‘Lëtzebuerger Jazz-Rockgrupp Benoit Martiny Band huet den 8. Juni hir éischt Tour a Groussbritannien ugefaangen. Firwat dës Concerten dem Benoît Martiny esou vill bedeiten a wéi seng Musek an England ukënnt, dat erzielt Iech d‘Claire Barthelemy.
De véierte Juni ass dem Animatiounsmeeschter Jean-François Laguionie säin neien Dessin Animé “Slocum et moi” bei eis am reguläre Kinosprogramm ugelaf. Dobäi handelt et sech ëm eng Koproduktioun vun der lëtzebuerger Produktiounsfirma Tarantula. De Jean-François Laguionie hat “Slocum et moi” am Mäerz, also am Kader vum Luxembourg City Filmfestival, héchstperséinlech presentéiert. Firwat mir dat esou betounen? Ma well de Cinéast de leschten Hierscht 85 Joer al ginn ass an annoncéiert huet, “Slocum et moi” wier da säi leschte Film. En Interview mam Jean-François Laguionie war fir de Michel Delage dowéinst e Must. Den 1. Deel vum Gespréich hutt dir leschte Samschden op dëser Plaz héieren. Falls net, fannt dir en am Internet op 100komma7.lu; haut an hei elo den 2. Deel.
Firwat demonstréiert d'Staatsbeamtegewerkschaft den 28. Juni net zesumme mat LCGB an OGBL géint d'Pensiounspläng vun der Regierung? Mir froen den CGFP-Generalsekretär.
De véierte Juni leeft dem Animatiounsmeeschter Jean-François Laguionie säin Dessin Animé “Slocum e moi” bei eis am reguläre Kinosprogramm un. Dobäi handelt et sech ëm eng Koproduktioun vun der lëtzebuerger Produktiounsfirma Tarantula. De Jean-François Laguionie hat “Slocum et moi” am Mäerz, also am Kader vum Luxembourg City Filmfestival, héchstperséinlech presentéiert. Firwat mir dat esou betounen? Ma well de Cinéast de leschten Hierscht 85 Joer al ginn ass an annoncéiert huet, “Slocum et moi” wier da säi leschte Film. En Interview mam Jean-François Laguionie war fir de Michel Delage dowéinst e Must
Am Moment gëtt sech vill mat Verdeedegung an Oprëschtung beschäftegt. Vergiess gëtt menger Meenung no, dass Kricher a Konflikter och Ursaachen hunn. Sech mat deenen ze beschäftegen, nennt ee präventiv Konfliktvermeidung.
Am Moment gëtt sech vill mat Verdeedegung an Oprëschtung beschäftegt. Vergiess gëtt menger Meenung no, dass Kricher a Konflikter och Ursaachen hunn. Sech mat deenen ze beschäftegen, nennt ee präventiv Konfliktvermeidung.
Zënter 1993 ass d'Kannerrechtskonventioun zu Lëtzebuerg a Kraaft.
Zënter 1993 ass d'Kannerrechtskonventioun zu Lëtzebuerg a Kraaft.
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Déi meescht Software, déi zu Lëtzebuerg an der Verwaltung benotzt gëtt, kënnt vu grousse US-Techkonzernen – Microsoft, Google, Amazon a Co. A mat engem Trump, dee rem an der Regierung ass, stellt sech d'Fro: Wat passéiert, wann dës Konzerner op eemol net méi wëllen oder däerfen? D'Regierung gesäit kee grousse Risiko, mä aner Länner wéi Däitschland oder Holland huelen d'Saach méi eescht. Wat heescht technologesch Souveränitéit iwwerhaapt? Firwat kéint Open Source eng Léisung sinn? A wéi eng Alternativen ginn et fir jiddereen*t am Alldag? Am Gespréich mat Joël Adami geet d'woxx dëse Froen op de Grond. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: IT-Infrastruktur: Digitale Abhängigkeiten The post Am Bistro mat der woxx #330 – Digitale Abhängigkeit first appeared on Radio ARA.
De Lëtzebuerger Student bedeelegt sech reegelméisseg u Rettungsmissiounen un der Krichsfront an der Ukrain. Firwat mécht hien dat?
De Lëtzebuerger Student bedeelegt sech reegelméisseg u Rettungsmissiounen un der Krichsfront an der Ukrain. Firwat mécht hien dat?
De Lëtzebuerger Student bedeelegt sech reegelméisseg u Rettungsmissiounen un der Krichsfront an der Ukrain. Firwat mécht hien dat?
Am Summer 2016 gëtt d Police geruff well ee Mann moies um 6 Auer plakesch Trompet am Gaart spillt. Dëse Mann ass keen Onbekannten, d'Nopere ruffen ëmmer rëm mol d Police wéinst dem Axel G. Mee wéi d'Beamten dës Kéier bei d'Haus kommen, ass et anescht wéi soss, et sténkt, all Fënster an d'Dier stinn op an et sténkt extrem. Am Buedzëmmer fannen se dann eng Läich, d'Iwwerreschter vum Sarah H. Wien ass d'Sarah H.? Firwat ass hatt dem Axel G. zum Affer gefall? A wien ass den Axel G.? Wat huet hien zu dëser Dot gedriwwen? Alles dat an dëser Episod vu Loscht op Mord.
Firwat gouf den Donald Trump erëm gewielt? Wat huet hie wëlles? Gëtt et e System hannert sengem Chaos? A wat bedeit dat fir eis an der EU? Déi Froen diskutéieren ech mam Journalist Petz Bartz.
De 4. Dezember 2024 gëtt de Brian Thompson, den CEO vun der amerikanescher Gesondheetsversécherung United Healthcare, zu New York op oppener Strooss erschoss. Den Täter, de Luigi Manghone, gëtt zënter der Dot vu ville Bierger als Rächer gefeiert. Firwat dat esou ass a wat bis lo iwwert de Fall gewosst ass, fënns du alles an dëser Episod eraus.
In episode 19 you learned how to start a conversation in Luxembourgish. In this episode, you will learn a) the secret to becoming more fluent and improving your Luxembourgish; b) how to keep a conversation going, without running out of things to say!Let's start with the secret to becoming more fluent and improving your Luxembourgish: this is so simple: you might be surprised: ASK MORE QUESTIONSAnd we will at the end of the episode practice with two example conversations – an informal one using the du-form and a formal one using the Dir-form. Are you ready to learn this secret and master an everyday conversation?Bass du prett? Da lass!Most of the topics of small talk conversations include an observation followed by a question. This is the best way to get people talking about themselves.Talking about your next holidaysThe holidays are always an interesting topic. Usually people like talking about their next holidays. Here are some useful phrases to start a conversation about that topic. An easy and straightforward question:Wouhi gees du dëst Joer an d'Vakanz? – Where are you (informal) going on holidays this year?But if you want something more original, try this:Endlech! Déi nächst Woch ass Schoulvakanz. Hutt dir schonn eppes vir? Finally! Next week is school holidays. Do you (plural) have already something planned?Ech fueren, wéi ëmmer, am Februar an de Wantersport. An du? Gees du och am Wanter an d'Vakanz? – I go, as always, in February in the winter sports. What about you (informal)? Do you go as well on holidays in winter?Here's an example of how NOT to have an Luxembourgish conversation:War däi Weekend flott? – Did you have a nice weekend?Jo. An däin? – Yes. And how was yours?Majo, och flott. – Well, nice as well.Unfortunately, the conversation stops here because there's no natural way to continue it. This is OK if you only want to have a quick conversation (for example, if you are quickly passing a co-worker in the hallway). But how can you have a longer conversation in Luxembourgish?2 KEYS to continuing a conversation in Luxembourgish1 Ask questions that start with the question words Wat, Wéini, Wou, Firwat and Wéi. Try to avoid yes/no questions.2 In your answers, give one or two details that will help continue the conversation. You don't need to talk for a long time.Example of Luxembourgish ConversationsHere are two example conversations – an informal one using the du-form and a formal one using the Dir-form. Notice how each person adds one or two details, and then there is a follow-up question about the details. Moien! An, wéi war däi Weekend? Zimmlech flott! E Samschdeg ware mir bei Frënn agelueden an e Sonndeg war ech mat menge Kanner an de Kino. Flott. Wat sidd dir da kucke gaang? Den EMOJI!An? Wéi war en? De Kanner huet de Film natierlech gutt gefall. An du? Wat hues du de Weekend gemaach? Net esou vill. E Samschdeg sinn ech doheem bliwwen a sonndes moies ginn ech jo ëmmer lafen.Ah sou? Wéi laang leefs du dann? Normalerweis tëscht 45 Minutten an eng Stonn. Leefs du eleng?Jo, leider. Hues de Loscht eng Kéier matzekommen?”Oh nee, dat ass net menges. Ech gi just gär schwammen.A wouhi gees du da schwammen?…Hello! And, how was your weekend?Quite nice! On Saturday we were invited at some friends and on Sunday I went with my kids to the cinema.Nice. Which movie have you been watching?EMOJIAnd? How was it?Of course, the children liked the movie. And how about you? What have you done last Weekend?Not sou much. I stayed at home on Saturday and on Sunday mornings I always go running.Oh, really? How long do you run?Usually between 45 minutes and one hour.Do you run alone?Yes unfortunately. Would like to come with me once?Oh no, that is not my cup of tea. I just like to go swimming.And where do you go swimming? Website: https://luxembourgishwithanne.luSproochentest Oral Exam Prep Class:https://courses.luxembourgishwithanne.lu/p/oralexamFacebook: https://www.facebook.com/luxembourgishwithanne.lu/Instagram: https://www.instagram.com/luxembourgishwithanne/?hl=enLinkedIn: https://www.linkedin.com/company/80364342/admin/feed/postsYoutube: https://www.youtube.com/channel/UCh7_kWqrLaZea-IJH46KJEA