Riicht eraus

Follow Riicht eraus
Share on
Copy link to clipboard

Eng Stonn Hannergrondinformatioun: en Invité steet Ried an Äntwert zu der Aktualitéit.

radio 100,7


    • Dec 18, 2021 LATEST EPISODE
    • weekly NEW EPISODES
    • 56m AVG DURATION
    • 88 EPISODES


    Search for episodes from Riicht eraus with a specific topic:

    Latest episodes from Riicht eraus

    François Bausch

    Play Episode Listen Later Dec 18, 2021 55:43


    Mam grénge Vize-Premier, Mobilitéits- an Arméiminister kucke mir op ee Joer zeréck, dat op en Neits vun der Corona-Pandemie markéiert war. Mir froen och, wat déi blo-rout-gréng Regierungskoalitioun an hirer neier Zesummesetzung bis zu de Chamberwalen nach wëlles huet. Moderatioun: Pia Oppel

    D'Live-Musek an déi véiert Well

    Play Episode Listen Later Dec 11, 2021 54:47


    Den internationale Kontext ass fir dëse Secteur besonnesch wichteg: Leit musse reesen, touren a gesinn sech mat verschiddene Situatiounen a Reegelen a verschiddene Länner konfrontéiert. Wat fir een Ausbléck erlaabt dës Situatioun? Een Iwwerbléck mat Vicky Zeimetz (Atelier), Luka Heindrichs (De Gudde Wëllen), René Penning (Kulturfabrik), Jerôme Reuter (Rome) um Mikro vum Marc Clement.  

    Martine Reicherts

    Play Episode Listen Later Dec 4, 2021 52:26


    Déi laangjäreg héich EU-Beamtin ass zënter Juli Presidentin vum Verlaagshaus, dat ënnert anerem d'Lëtzebuerger Wort an de Contacto eraus gëtt - an dat elo net méi dem Bistum, mee dem belsche Mediekonzern Mediahuis gehéiert. D'Pia Oppel schwätzt mat der Martine Reicherts iwwer d'Zukunft vun de klassesche Medien an Zäite vu Facebook-Meenungen, Telegram-Konspirationsmus an TikTok-Trends.

    Jemp Schuster

    Play Episode Listen Later Nov 27, 2021 55:02


    Mam Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräis 2021 geet rieds iwwer Bluttsëffer an Ouereschlëffer,  Kannertheater a Kabarä, Corona-Middegkeet a Wander-Loscht.

    Firwat léisst bal ee Véierel vun der Populatioun sech net impfen?

    Play Episode Listen Later Nov 20, 2021 55:42


    Ronn 76 Prozent vun den Awunner vu méi wéi 12 Joer si komplett géint de Covid-19 geimpft. Elo leeft d'Kampagne fir eng zousätzlech Impfung fir eeler Persounen. Aus wéi enge Grënn bal ee Véierel vun der Populatioun sech net impfe léisst, a wéi een an der Impfcampagne soll kommunizéieren, doriwwer diskutéieren ënner anerem den Dr. Jean-Paul Schwarz an de Psychiater Jean-Marc Cloos. Moderatioun: Carole Schimmer

    Friederike Otto

    Play Episode Listen Later Nov 13, 2021 54:40


    Wéi een Undeel huet de Klimawandel un eenzelen extreeme Wiederphenomeener? Déi däitsch Physikerin a Philosophin ass eng Pionéierin vun dëser neier Fuerschungsbranche. Am Gespréich mam Pia Oppel erkläert d'Fuerscherin um Londoner Imperial College, wat déi sougenannt "Attributiounswëssenschaft" ka leeschten - a wat si sech vum UN-Klimasommet erwaart.

    D'Land brauch ee modernt Gemengegesetz

    Play Episode Listen Later Oct 30, 2021 55:52


    D'Gemengegesetz gëtt moderniséiert fir sech den Erausfuerderunge vun haut unzepassen. Well verschidden Elementer vun där Reform nach virun de Gemengewalen 2023 solle kënnen ëmgesat ginn, wëllt d'Inneministerin Taina Bofferding dräi Haaptvoleten virzéien, dat sot si rezent op engem Ronndëschgespréich mam President vum Syvicol Emile Eicher an dem President vun der Gemengebeamtegewerkschaft FGFC, dem Marco Thomé.

    Marc Giorgetti

    Play Episode Listen Later Oct 23, 2021


    Am Gespréich mam President vum Groupement des Entrepreneurs geet et ëm d'Wunnengskris, déi geplangte Grondsteierreform grad wéi ëm säi professionelle Parcours als Bauentrepreneur.  Moderatioun: Pia Oppel  

    Bleift d'Kierch am Duerf?

    Play Episode Listen Later Oct 16, 2021 55:57


    Wéi kënnen an däerfen entweite Kierchen a Sakralbauten zu Lëtzebuerg nei genotzt ginn? Dat diskutéiere mer mat véier Invitéen: Der Architektin Sala Makumbundu, dem Kierchenexpert Alex Langini, dem Gérard Kieffer vum Bistum, an dem Robert Mangen, Schäffe vun der Gemeng Déifferdeng, wou d'nächst Woch déi desakraliséiert Kierch vu Lasauvage ageweit gëtt. Moderatioun: Pierre Reyland

    invit kieffer bistum woch sakralbauten
    Dan Kersch

    Play Episode Listen Later Oct 9, 2021 55:32


    Mam LSAP-Vize-Premier schwätze mir iwwer Zukunftspläng: seng eegen an déi vun der blo-rout-grénger Regierung, zu där hie fir den Ament Mol nach gehéiert. Moderatioun: Pia Oppel.

    Luc Frieden

    Play Episode Listen Later Oct 2, 2021 54:59


    Mam President vun der Handelskammer geet et drëms, wat d'Betriber sech vun der blo-rout-grénger Regierungskoalitioun erwaarden, fir déi grouss Defiën a Saache Klimaschutz, Wunnengsbau a Steiergerechtegkeet ze meeschteren. Moderatioun: Pia Oppel.

    Spezial Bundestagswahl 2021

    Play Episode Listen Later Sep 25, 2021 57:46


    Dëse Sonndeg steet Däitschland am Mëttelpunkt: Ronn 60 Millioune Wieler sinn opgeruff en neit Parlament ze wielen. Wat sinn d'Enjeue fir Däitschland, d'Europäesch Unioun an d'Groussregioun? Där Fro gi mir an engem Riicht eraus Spezial no, mat Hannergrënn, Analysen an Aschätzunge vum Max Tholl a Matthias Kirsch, eise Korrespondenten zu Berlin, an dem Danièle Weber, eiser EU-Korrespondentin zu Bréissel. Donieft huet d'Christina Heidt nogefrot, wat d'Direktkandidate vun Tréier zu Berlin a punkto Mobilitéit an der Groussregioun wëllen erreechen.

    De Lëtzebuerger Bléck op d'Bundestagswahlen 2021

    Play Episode Listen Later Sep 18, 2021 56:30


    An Däitschland gëtt de 26. September een neie Bundestag gewielt. Wéi een Afloss hunn dës Walen an hiert Resultat op Lëtzebuerg an op déi Europäesch Unioun? Dat analyséiert de Serge Kesseler mat senge Gäscht: den LSAP-Parteipresident Yves Cruchten, de WOXX-Journalist Raymond Klein an de Publizist Pierre Lorang.

    Corinne Cahen

    Play Episode Listen Later Jul 17, 2021 56:19


    D'Familljeministerin huet eng mouvementéiert Woch hanner sech: No der Presentatioun vum Rapport Waringo iwwer d'Infektiouns-Clusteren an den Alters- a Fleegeheimer gouf si hefteg kritiséiert. D'Oppositioun huet souguer fir d'zweet bannen e puer Méint hir Demissioun gefrot. Wéi eng Léieren zitt d'Corinne Cahen aus dem Rapport? A wéi reagéiert si op d'Diskussiounen do ronderëm? Dat sinn dem Maurice Molitor seng zentral Froen am Gespréich mat der Familljeministerin an DP-Presidentin.

    rapport alters woch froen maurice molitor
    Raus op d'Land

    Play Episode Listen Later Jul 10, 2021


    Iwwer 80 Prozent vun der Fläch vu Lëtzebuerg si ländlech Regiounen. A bal 40 Prozent vun den Awunner liewen um Land. Wat sinn d'Vir- an d'Nodeeler? A wéi gëtt d'Entwécklung vum ländleche Raum gesteiert an Zäite vun héijem Wuesstum? Doriwwer geet rieds mat dräi Invitéen: De Biekerecher Buergermeeschter Thierry Lagoda; den Arno Frising aus dem Ministère fir ländlech Entwécklung; an der Odile Simon, Direktesch vum Kulturzentrum Cube 521. Moderatioun: Pierre Reyland

    Wat huet d'Schoul aus der Pandemie geléiert?

    Play Episode Listen Later Jul 3, 2021


    Mat Mask am Cours, virum Ecran doheem: Zanter méi wéi engem Joer ass an de Lëtzebuerger Klassesäll villes anescht wéi virdrun. Mee ass dorun alles schlecht? Wat fir Léieren zitt d'Schoul aus engem gudde Joer Coronavirus? Dat diskutéiere mir ënner anerem mam Educatiounsminister Claude Meisch an dem Jean Theis vum Collège vun de Lycéesdirekteren. Moderatioun: Christiane Kleer

    Mark Cole

    Play Episode Listen Later Jun 26, 2021 55:31


    De russesche Staatssender Russia Today hätt gär eng Lëtzebuerger Lizenz fir per Astra-Satellit en däitschsproochegen Tëleesprogramm ze diffuséieren, huet d'Süddeutsche Zeitung gemellt. Firwat dat fir Lëtzebuerg an Däitschland ee Problem ass - a wéi eng Defie sech fir d'Medienopsiicht an der EU méi allgemeng stellen, ass een Theema mam Invité Mark Cole, Droitsprofesser an Expert fir Medierecht op der Uni Lëtzebuerg. Moderatioun: Pia Oppel

    Ferdinand Kayser

    Play Episode Listen Later Jun 19, 2021 55:11


    De Satellitte-Bedreiwer SES huet net just wéinst der Pandemie ongewëss Zäiten matgemaach. Déi lescht Joren hu sech d'Marchéen an d'Ëmfeld vun der SES immens verännert. De Public kuckt manner Tëlee an d'Konkurrenz lancéiert dausende Minisatellitten. Wéi sech d'SES adaptéiert, doriwwer schwätzt d'Michèle Sinner mam SES-Direktiounsmember Ferdinand Kayser.  

    Serge Allegrezza

    Play Episode Listen Later Jun 12, 2021 54:01


    Wéi eng Wierkung kéinten déi rezent Annoncë vun de G7-Finanzministere fir multinational Firmen méi do ze besteieren, wou se aktiv sinn, net just um Siège, op déi Lëtzebuerger Ekonomie hunn? Gutt Fro, huet den Direkter vum Statec, de Serge Allegrezza an der Emissioun gemengt. A sengen Ae war et richteg, déck Konjunkturpäck ze annoncéieren - d'Regierung hat alles an allem eelef Milliarden ugekënnegt, mee just 1,7 Milliarden Euro goufen agesat - schonn eleng fir d'Leit ze rassuréieren, datt si net géifen am Ree stoe gelooss ginn. Aner Sujeten an der Emissioun waren, wéi vill d'Lëtzebuerger Residenten an der Pandemie u Sue gespuert hunn an d'Lëtzebuerger Ekonomie un Zäregasemissiounen. Moderatioun: Michèle Sinner

    Wat ass z'erwaarde vum Gesondheetsdësch?

    Play Episode Listen Later Jun 5, 2021 56:20


    Iwwer d'Zukunft vum Gesondheetswiesen gëtt aktuell um Gesondheetsdësch diskutéiert - an och a Riicht eraus um radio 100,7: Invitéiert sinn d'Santésministerin Paulette Lenert, de Romain Nati, Generaldirekter vum Stater CHL a Vize-President vun der Spidoolsfederatioun FHL, an den Alain Schmit, President vun der Dokter-Associatioun AMMD. Moderatioun: Pia Oppel.

    "Homes for Luxembourg"

    Play Episode Listen Later May 22, 2021 57:16


    " Homes for Luxembourg " esou heescht d'Propositioun vu Lëtzebuerg bei der Architektur-Biennale dëst Joer zu Venedeg iwwert déi an der Sendung Riicht eraus riets goung. Curateur fir déi Lëtzebuerger Participatioun ass och dës Kéier de Luca, de Luxembourg Centre for architecture. Zesummen mam Bureau Studio SNCDA vun der Lëtzebuerger Architektin Sara Noel Costa de Araujo ass d'Iddi eng modulaire Wunnunitéit, déi een ënnerschiddlech kann déclinéieren an déi fir eng begrenzten Zäit kéint implantéiert ginn, sou datt de Proprietär vum Terrain seng Parzell herno zeréck kann kréien, wann en eppes anescht wëll domat maachen. Am Riicht eraus gëtt des Propositioun op der Kräizung vun Kultur, Architektur a Politik diskutéiert.

    Lydia Rilling a Stephan Gehmacher

    Play Episode Listen Later May 15, 2021 55:00


    Concertsofsoen, en Anniversaire, deen net konnt gefeiert ginn an e Festival, deen huet misse verluecht ginn: Trotz dem groussen Impakt vun der Corona-Pandemie op d'Saison 2020/2021 kuckt een an der Philharmonie no vir. Wat sinn déi nei Pläng? Wéi geet et virun, wann d'Chefdramaturgin an Directrice Artistique vum rainy-days-Festival Lydia Rilling d'Philharmonie 2022 verléisst, fir déi artistesch Leedung vun den Donaueschinger Musiktagen ze iwwerhuelen? Wat sinn d'Méiglechkeeten an d'Erausfuerderungen am Beräich vun der digitaler Offer? Froen, déi de Luc Boentges mam Stephan Gehmacher, dem Direkter vun der Philharmonie an der Lydia Rilling diskutéiert.

    Jim Cloos

    Play Episode Listen Later May 8, 2021 55:35


    Hie war Chef de cabinet vum Kommissiouns-President Jacques Santer, an déi lescht Joren ee vun den héchste Beamten am EU-Conseil: de Lëtzebuerger Jim Cloos huet méi wéi 30 Joer europäesch Geschicht do materlieft, wou se geschriwwe gëtt: an de Bréisseler Kulissen. Zanter Februar ass hien a Pensioun. De Maurice Molitor kuckt mat him zeréck op seng berufflech Karriär an op d'Entwécklung, déi d'Unioun an deene leschte Joerzéngte geholl huet. 

    Frank Engel

    Play Episode Listen Later Apr 24, 2021 56:34


    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, wat schif gelaf ass, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. A fir ze verroden, wat hien elo wëlles huet, politesch an och soss. Bleift de Fränk Engel eng ëffentlech Persoun oder zitt hie sech zeréck? Dës Fro - nieft villen aneren - stellt him de Maurice Molitor.  

    Claude Mangen

    Play Episode Listen Later Apr 17, 2021 54:50


    Vum Comptabel zum signifikante Personnage an der Kulturzeen: De Claude Mangen war vun 1993 bis 2018 fir d'éischt fir d'Kulturredaktioun um radio 100,7 responsabel, éier hie Programm-Direkter gouf. Haut ass de Claude Mangen Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun. Wou kënnt déi Léift fir den Theater hier? Wat si seng Erfarungen als Schauspiller? Als Theaterregisseur? Seng Andréck vun de Wiener a Zürecher Bünen? An déi hei zu Lëtzebuerg? Seng bedeitendst Momenter um radio 100,7? E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an en Ausbléck op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg. Riicht eraus mam Claude Mangen: dëse Samschdeg 17.04. tëschent 12 an 1 Auer. Moderatioun: Valerija Berdi

    Paul Galles a Christophe Hansen

    Play Episode Listen Later Apr 10, 2021 56:35


    D'CSV huet d'Lëtzebuerger Politik jorelaang dominéiert. Mee iwwer siwe Joer nom Depart vum Jean-Claude Juncker sinn déi Chrëschtsozial just nach eng zerstridden Oppositiounspartei, ouni klore Message. Ausgerechent de gescheiterte Spëtzekandidat vun de leschte Wale soll elo nees Rou an d'CSV bréngen. Wéi wëllen de Claude Wiseler a seng nei Ekipp dat maachen? Dat froe mer zwee Politiker, déi dem Claude Wiseler an Zukunft bei der Leedung vun der Partei wëllen zur Säit stoen: de Paul Galles an de Christophe Hansen. Si kandidéieren fir Vizepresident, respektiv Generalsekretär vun der CSV ze ginn.  Moderatioun: Rick Mertens

    Henri Kox

    Play Episode Listen Later Apr 3, 2021 56:28


    De grénge Minister fir Logement a Bannescht Sécherheet ass den Invité beim Pia Oppel.

    Philippe Poirier

    Play Episode Listen Later Mar 27, 2021 56:21


    D'Krisestëmmung an der CSV an d'Entwécklung vun der Lëtzebuerger Parteielandschaft sinn d'Theemen am Gespréich mam Philippe Poirier. Zur Hallschent vun der Legislaturperiod kommentéiert de Politikwëssenschaftler vun der Uni Lëtzebuerg déi politesch Stëmmungslag am Land. Moderatioun: Pia Oppel

    Serge Legil

    Play Episode Listen Later Mar 20, 2021 56:12


    Mam Direkter vun der Prisongsverwaltung, Serge Legil, beliichte mer d'Situatioun an den Alldag an de Prisongen zu Lëtzebuerg. Mir froen, a wéi wäit d'Prisongen hir Roll kënnen erfëllen an d'Prisonéier op hir Re-Integratioun an der Gesellschaft kënne virbereeden. Moderatioun: Pierre Reyland

    Claude Turmes

    Play Episode Listen Later Mar 13, 2021 55:59


    Mam Energie- a Landesplanungsminister geet et ëm d'Fro, wéi Lëtzebuerg d'Zil vun der Klimaneutralitéit konkret soll erreechen. Moderatioun: Pia Oppel.

    Tom Dominique

    Play Episode Listen Later Mar 6, 2021 55:04


    Mam neie President vum Wirtschafts- a Sozialrot geet Rieds iwwer seng Prioritéite fir déi nächst zwee Joer, awer och iwwer seng Roll als IGSS-Direkter (Inspection Générale de la Sécurité Sociale) an der Gestioun vun der Covid-Kris.

    Paulette Lenert

    Play Episode Listen Later Feb 27, 2021 56:29


    Virun engem Joer - den 29. Februar 2020 - gouf hei am Land deen éischte Covid-Fall confirméiert. D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert war deen Ament nach kee Mount am Amt. Mat der LSAP-Politikerin schwätze mir awer net just iwwer den aktuelle Verlaf vun der Pandemie. Schwéierpunkt ass d'Gesondheetspolitik méi allgemeng. Vill Dossiere si wéinst der sanitärer Kris an d'Hannertreffe geroden, dorënner de Gesondheetsdësch an d'Cannabis-Legaliséierung.  Moderatioun: Rick Mertens.

    Musikalesch Kreativitéit wärend der Pandemie

    Play Episode Listen Later Feb 20, 2021 55:12


    Wärend dem éischte Lockdown d'lescht Joer huet déi Schwäizer Musekerin Sophie Hunger op Instagram geschriwwen, datt elo Zäit wier, fir datt Museker sech nei erfannen. "Dat hei ass keng Paus, et ass e Systemwiessel", esou huet et geheescht. Wat bedeit et haut Museker/Musekerin ze sinn? Wéi evoluéiert de musikalesche Kreatiounsprozess wärend der Pandemie? Vu wou komme Lidder iwwerhaapt hier? Deene klengen a méi grousse Froen geet den Jamie Reinert op de Fong. Invitéë sinn d'Singer-Songwriterin Karma Catena alias "C'est Karma", den elektronesche Museksproduzent Andrea Mancini alias Cleveland, den Neo-Folk Museker Jérôme Reuter alias Rome an déi zäitgenëssesch Komponistin Catherine Kontz.

    Frank Wolter a Roger Schauls

    Play Episode Listen Later Feb 13, 2021 54:37


    D'Corona-Kris huet eemol méi gewisen, wéi wäertvoll de Bësch ass - fir erauszekommen, an d'Natur, a sech vum Stress ze erhuelen. Mee och de Bësch ass gestresst. Well de Bësch zu Lëtzebuerg ass an engem schlechten Zoustand. Wat sinn d'Grënn dofir? A wat si méiglech Léisungen?  Dat freet de Pierre Reyland de Frank Wolter, den Direkter vun der Natur- a Bëschverwaltung, an de Roger Schauls vum Movement Ecologique.

    Jean-Claude Juncker

    Play Episode Listen Later Feb 6, 2021 56:28


    Ass et der EU-Kommissioun hir Schold, datt d'Europäer manner séier geimpft gi wéi Britten an Amerikaner? Oder kritt Bréissel de Schwaarze Péiter zougeschoustert ouni eppes dofir ze kënnen? Dat ass eng vun de Froen un de fréieren President vun der EU-Kommissioun. Nieft aneren europäeschen Theemen gëtt den Éierestaatsminister awer och op eng Rei Lëtzebuerger Theemen ugeschwat. Stéchwierder sinn do d'Monarchie, ee Joer nom Rapport Waringo an den Zoustand vun der CSV no siwe Joer Oppositioun. Moderatioun: Maurice Molitor.

    Corinne Cahen

    Play Episode Listen Later Jan 30, 2021


    Mat der Präsidentin vun der Demokratescher Partei schwätze mir iwwer den Ëmgank vu der DP mat der Monica Semedo, déi vum Europaparlament wéinst Mobbing sanktionéiert ginn ass. Mat der Ministerin geet och Rieds iwwer hire politesche Parcours an hir Regierungsressorten: d'Famill, d'Integratioun an d'Groussregioun. Moderatioun: Pia Oppel

    Blanche Weber

    Play Episode Listen Later Jan 23, 2021


    Nieft der aktueller sanitärer Kris ginn et aner Krisen, déi d'Liewen op dësem Planéit däitlech veränneren a weider verännere wäerten: De Klimawandel an d'Ausstierwe vun ëmmer méi Aarten. D'Wëssenschaft warnt, datt wäitreechend Mesuren néideg si fir d'Hausse vun den Temperaturen an de Réckgang vun der Biodiversitéit ofzebremsen. Allerdéngs bréngen och Ëmweltschützer et net fäerdeg, e séiert Ëmdenken ze bewierken. Wat si Grënn dofir? Ënner anerem doriwwer schwätzt de Jean-Claude Franck mat der d'Blanche Weber, zanter 18 Joer Presidentin vun der Ëmweltassociatioun Mouvement Ecologique.

    Anne-Marie Hanff

    Play Episode Listen Later Jan 16, 2021 53:27


    Um Ufank vun der Pandemie goufe si als Helde gefeiert, elo kämpfe si nach ëmmer fir eng Verbesserung vun hirer Ausbildung an hiren Aarbechtskonditiounen: D'Fleegepersonal steet am Fokus vu Riicht eraus. Invitée ass d'Anne-Marie Hanff, Presidentin vun der Associatioun vun den Infirmieren an Infirmièren ANIL. Moderatioun: Pia Oppel

    Claude Meisch

    Play Episode Listen Later Jan 9, 2021 56:45


    Zanter zéng Méint geheit Corona de Schoulalldag op d'Kopp ... a beräichert de Vocabulaire ëm e puer nei Wierder wéi Homeschooling, A/B-Gruppen a -Wochen, Enseignement en alternance. Et gëtt vill digitalen, awer och nach ëmmer Presenz-Unterrecht ... mat Mask, zwee Meter Distanz an oppene Fënsteren, fir genuch ze lëften. Vill Diskussiounen, vill Kritik - an am Mëttelpunkt: den Educatiounsminister. De Claude Meisch steet Ried an Äntwert iwwer dat wat war, dat wat ass, an dat wat vläicht wäert sinn. D'Schoul a Covid-Zäiten ass Haapt-, awer net eenzegt Theema am Gespréich mam Claude Meisch. Moderatioun: Maurice Molitor

    2021 gëtt alles besser?

    Play Episode Listen Later Jan 2, 2021 115:34


    Et kéint een dem Joer 2021 mat Optimismus begéinen, sot d'EU-Gesondheetskommissärin Stella Kyriakides virun enger Woch zum Optakt vun der europäescher Impfcampagne géint de Covid. Mee bis genuch Impfstoff do ass, wäert et nach daueren, esou datt dat neit Joer um sanitäre Plang wuel nach eng Zäit laang deem ale wäert gläichen. Wéi wäert d'Pandemie dëst Joer verlafen? A wéi eng Facteure spillen hei eng wichteg Roll? D'Pia Oppel huet doriwwer mam Paul Wilmes geschwat, dem Spriecher vun der wëssenschaftlecher Covid-19-Task-Force. Interview mam P. Wilmes Och fir d'Journaliste war 2020 en aussergewéinlecht Joer, an deem een Theema - d'Corona-Kris - d'Aktualitéit praktesch all Dag dominéiert huet. Wéi kucken d'Journalisten elo op dat neit Joer? Där Fro geet d'Pia Oppel no, am Gespréich mam Christoph Bumb vu Reporter.lu a mam Raymond Klein vun der Wochenzeitung woxx. Interview mam R. Klein & C.Bumb Mir beliichten och, wat elo zum Joresufank ännert. A mir kucken op wichteg Theeme vum leschte Joer zeréck, déi dat neit Joer wäerte markéieren: Wéi de Personalmanktem an de Spideeler, d'Wirtschaftskris, den Ausnamezoustand an de Schoulen, de Klimaschutz, d'Reform vun der Monarchie, den Amtsuntrëtt vum US-President Joe Biden an de Brexit. D'Musek kënnt vu Lëtzebuerger Kënschtler. Et ass ee Best of vun Titelen aus dem Joer 2020, deen eis Museksredaktioun zesummegestallt huet: Francis of Delirium - Quit Fucking Around Pascal Schumacher - Sol Claudine Muno - Pink Revolver Ananda Grows - My Way feat. Nicool Autumn Sweater - Half of March Ryvage & Them Lights - Yesterday           C'est Karma - Fist Fight Bartleby Delicate - From Top to Toe Duerch d'Sendung féiert de Pierre Reyland.

    Wéi geet et de Gemengen?

    Play Episode Listen Later Dec 19, 2020 55:53


    Et ass Hallefzäit tëschent de Gemengewale vun 2017 an 2023. Mir notzen d'Geleeënheet fir mat Gemengeresponsabelen een Tëschebilan ze maachen: Wéi eng Ziler hu si sech gesat? A wou sinn d'Projeten drun? A wéi een Afloss huet d'Corona-Pandemie op d'Situatioun vun de Gemengen? Et diskutéieren d'Buergermeeschterinnen d'Simone Massard-Stitz (CSV) vu Sandweiler, d'Pascale Hansen vu Bettenduerf an d'Simone Asselborn-Bintz (LSAP) vu Suessem. Moderatioun: Pia Oppel

    Claude D. Conter

    Play Episode Listen Later Dec 12, 2020 54:38


    Aacht Joer laang huet de Claude Conter den nationale Literaturarchiv geleet. Fir grouss Iwwerraschung huet hie gesuergt, wéi hien am Mee de Poste vum Direkter vun der Nationalbibliothéik ugeholl huet, an den 3. Juli war et dann esou wäit. D'Nationalbibliothéik ass net just e Raum, an deem ee Bicher kann ausléinen a liesen, mee villes méi! Wat sinn d'Aufgabe vun enger Nationalbibliothéik? Wat sinn d'Projeten, Pläng a Visiounen vum neien Direkter? D'Valerija Berdi féiert duerch d'Gespréich.

    Wéi ëmgoe mat illegalen Drogen?

    Play Episode Listen Later Dec 5, 2020 54:50


    D'Stad Lëtzebuerg fuerdert ëmmer nees eng verstäerkte Police-Presenz am Garer Quartier. Dat fir géint Kriminalitéit an Nuisancë virzegoen, déi staark mam Handel a Konsum vun illegalen Drogen zesummenhänken. Wéi gesinn d'Alternativen zu dëser repressiver Approche aus - a wat kënne se bewierken?   Doriwwer diskutéieren den nationalen Droge-Coordinateur am Santésministère Alain Origer, de President vum Suchtverband René Meneghetti an d'Claudia Allar, Chargée de Direction vum Drogenhëllefzentrum Abrigado. Theema ass och déi geplangte Legaliséierung vun där am meeschte konsuméierter illegaler Drog hei am Land, dem Cannabis.   Moderatioun: Pia Oppel

    Wéi een Impakt huet d'Corona-Pandemie op déi al Mënschen?

    Play Episode Listen Later Nov 28, 2020 55:50


    De Coronavirus ass besonnesch geféierlech fir al Leit: Méi wéi een Drëttel vun den Doudesfäll gëtt aus Alters- a Fleegeheemer gemellt. Mee wéi kënne mir déi al Populatioun schützen, ouni hir ze schueden? Wéi kënne mer si versuergen a si awer matschwätze loossen? Wéi eng Roll spillen al Mënschen iwwerhaapt an eiser Gesellschaft? Doriwwer diskutéiere mir mam Ben Wahl, Responsabel fir d'Soinen am CIPA Bieles, mat der Anja Leist, Gerontopsychologin a Fuerscherin op der Uni Lëtzebuerg, mam Gilbert Pregno, President vun der Mënscherechtskommissioun a mat der Monique Del Marco, Duechter vun enger Fleegeheem-Bewunnerin.  Moderatioun: Maxi Pesch

    Nei Dynamik am Literatursecteur?

    Play Episode Listen Later Nov 21, 2020 55:04


    Eleng vum Schreiwe kann een zu Lëtzebuerg net gutt liewen. Trotzdeem ass d'Zuel vu literaresche Publikatiounen an de leschte Joren enorm an d'Luucht gaangen. Literatur aus Lëtzebuerg gëtt am Ausland promovéiert, eng nei Associatioun vu Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller gouf elo gegrënnt, eng Solidaritéit ass ze spieren, déi och vum Kulturministère ënnerstëtzt gëtt. Wéi erliewen Autorinnen an Auteuren a Verlagshaiser dës Dynamik? Wéi fille si sech vun der Gesellschaft opgeholl a wat sinn hir Engagementer an hir Erwaardungen? Et diskutéieren d'Schrëftstellerin Nathalie Ronvaux, d'Schrëftstellerin an Editrice Susanne Jaspers an de Schrëftsteller Guy Helminger. Moderatioun: Valerija Berdi.  

    Steiergerechtegkeet

    Play Episode Listen Later Nov 14, 2020 55:36


    Et diskutéieren: Max Leners vun der LSAP-noer Fondation Robert Krieps, Keith O'Donnell vun der Steierberodungsfirma Atoz, Jean-Jacques Rommes, Vertrieder vum Patronatsdaachverband UEL a President vum Wirtschafts- a Sozialrot. Moderatioun: Pia Oppel.

    Sam Tanson, Myriam Muller a Gilles Pegel

    Play Episode Listen Later Nov 7, 2020 54:16


    Wärend dem Confinement huet sech d'Kultur praktesch just virtuell ofgespillt. Elo sinn Kulturhaiser erëm op, awer mat Restriktiounen, déi d'Zuel vun de Visiteuren drastesch reduzéieren. Op den drëtte Kulturassisen hu sech eng Rei Artisten d'Fro gestallt, ob si an hirem Métier weidermaache kënnen. An engem Communiqué fuerdert d'Initiativ Forum Culture(S), datt de "liewenswichtege Produit Kultur" e "Bien commun" gëtt.   Wéi steet et ëm de Besoin u Kultur zu Lëtzebuerg? Wéi wichteg ass se an der Zäit vu Corona? Wéi eng Revendicatiounen huet de Kultursecteur un de Staat? Féiert de Kulturentwécklungsplang an déi gewënschte Richtung? Wéi gesäit d'Realitéit um Terrain aus? Fir op dës Froen Äntwerten ze fannen, sinn d'Kulturministerin Sam Tanson, d'Theaterregisseurin a Schauspillerin Myriam Muller an de Kënschtler Gilles Pegel Invitéen. Moderatioun: Valerija Berdi

    De Staatsminister Xavier Bettel

    Play Episode Listen Later Oct 31, 2020 55:52


    D'Corona-Epidemie huet villes op d'Kopp geheit: Esou huet d'Regierung vum Xavier Bettel (DP) eleng zanter der Ried zur Lag vun der Natioun vu virun zwou Woche schonn nees missen an en anere Modus wiesselen. Zanter där Deklaratioun de 14. Oktober am Parlament huet d'Zuel vun den deeglechen Neiinfektioune mam Coronavirus sech vervéierfacht, d'Zuel vun den Hospitalisatioune verdräifacht.    Muss déi blo-rout-gréng Koalitioun kuerzfristeg nach méi streng Mesuren decidéieren, esou wéi dat rezent an den Nopeschlänner scho geschitt ass? Gouf d'sanitär Kris bis elo gutt geréiert? A wéi vill Spillraum huet d'Lëtzebuerger Regierung nach fir politesch Akzenter an der zweeter Hallschent vun dëser Legislaturperiod?   Doriwwer schwätzt de Jean-Claude Franck mam 47-Joer ale Xavier Bettel, dee viru siwe Joer Regierungschef ginn ass a fir d'zweete Kéier eng Dräierkoalitioun tëschent DP, déi gréng an LSAP uféiert.

    Jean-Claude Schmit

    Play Episode Listen Later Oct 24, 2020 56:15


    De Jean-Claude Schmit ass eng Schlësselfigur an der Lëtzebuerger Corona-Krisegestioun. Éier de Spezialist fir Infektiounskrankheeten 2016 Direkter vun der Santé gouf, war hien Dokter am CHL a spéider Chef vum CRP Santé, dem haitege Luxembourg Institute of Health. Am Gespréich beliichte mir, wéi hien dës Zäit erlieft, viru wéi engen Defien d'Pandemie seng Administratioun stellt, wat hie sech vun den nächste Méint erwaart, a wéi eng Léieren een aus der Kris kann zéien. Moderatioun: Pia Oppel.

    Martine Hansen a Josée Lorsché

    Play Episode Listen Later Oct 17, 2020


    Fir déi blo-rout-gréng Koalitioun gëllt de Regierungsprogramm vun 2018, esou een zentrale Message am Premier Xavier Bettel senger Ried zur Lag vun der Natioun dës Woch an der Chamber. Diskussiounen iwwer déi deemools decidéiert Grondsätz sinn net erwënscht.   Ass dat déi richteg Approche fir d'Corona-Kris an aner Defien ze meeschteren? Doriwwer diskutéiere mir mat der Josée Lorsché (déi gréng) an der Martine Hansen (CSV). Theema sinn dann och d'Gestaltungsméiglechkeete vu Majoritéit an Oppositioun am Parlament - a Krisenzäiten an doriwwer eraus. Moderatioun: Pia Oppel.

    Nora Back

    Play Episode Listen Later Oct 10, 2020 54:19


    Am Virfeld vum Premier Xavier Bettel senger Ried zum "Etat de la Nation" d'nächst Woch an der Chamber, froe mir d'Nora Back, wéi si d'Situatioun vum Land aschätzt. Wat sinn hir Erwaardungen un déi-blo-rout-gréng Koalitioun, fir déi sëllech Defien - vun der Corona-Pandemie bis zur Wunnengsnout - ze meeschteren? Ee knappt Joer nodeems d'Nora Back un d'Spëtzt vun der gréisster Gewerkschaft am Land gewielt gouf, beliichte mir och hire Parcours als Gewerkschaftlerin. Moderatioun: Pia Oppel.

    Claim Riicht eraus

    In order to claim this podcast we'll send an email to with a verification link. Simply click the link and you will be able to edit tags, request a refresh, and other features to take control of your podcast page!

    Claim Cancel