POPULARITY
Den Alain Atten hëlt eis nees mat op eng Zäitrees bei där eng Rechemaschinn nawell vu Virdeel ka sinn ...
En Dënschdeg de Moie war d'Medezin-Ausbildung op der Uni Lëtzebuerg d'Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
De Fils vun engem berüümte Papp ze sinn ass net ëmmer vu Virdeel. De Kennedy William Gordy alias "Rockwell" hat awer d'Chance och nach e prominente Schoulfrënd ze hunn.
Kanner vu berüümten Elteren hunn et net ëmmer einfach. An deem heite Fall war et awer weder eng Brems nach e Virdeel. Wilson Phillips hunn hire Wee ganz eleng gemaach.
De Pit Biver erzielt eis meeschtens de Leschte Gossip aus Hollywood. Déi kéier geet awer rieds vun enger e bësse méi spezieller Stunt-Schoul. Hei si Leit mat Behënnerung wëllkomm. Dës Leit hunn e ganz grousse Virdeel. De Message deen de Proprietär vun dëser Schoul vermëttele wëll ass kloer!

Wien hätt et geduecht; och zu Hollywood gi sech Gedanke fir en Nieweverdéngscht gemaach. Déi Schéin an déi Räich aus dem Film-Business hunn dobäi de Virdeel datt et d'Tëlee an d'Reklamme ginn. De Pit Biwer weess wie wat mat sou engem Spot verdéngt.

D'Fussballweltmeeschterschaft a Brasilien geet an déi nächst Ronn a Lëtzebuerg ass mattendran, mattendran tëscht deene 4 europäeschen Véierelsfinalisten- eis Nopeschlänner Belsch, Frankräich an Däitschland an net vill méi wäit ewech Holland, hunn nach gutt Chance Weltmeeschter ze ginn. Oder hunn déi südamerikanesch Equippen awer e Virdeel op hirem Kontinent? Ënner anerem doriwwer diskutéiere mer am Radio Sport Club spezial WM mam Emilia Oliveira, Robi Langers, Guy Hellers, Franky Hippert a Christiane Kremer. Ugepaff gëtt um hallwer 2.
Wann en an enger Stadt um Mëttelmier ass, huet een eigentlech keen Choix. Et kann een guer net anschecht, wéi un d’Mier ze goen, e bessi ze schwammen an herno jidderengem ze zielen, daat en den ganzen Daag op der Plage louch an sech en flott Liewen gemaach huet. Wann dorunner besser ass wéi en Daag um Stau, kann ech net genee soen. De Stau huet de Virdeel, daat et keen Sand do ged.