POPULARITY
Vun haut un ass also den Handy an der Grondschoul an an de Maison-relaise strikt verbueden. No der Péngschtvakanz zéien d'Lycéeën no. D'Mesure gëtt allgemeng begréisst. Ma fir de Jonken hiert Wuelbefannen an hir Entwécklung wierklech ze verbesseren, braucht et méi wéi manner Zäit virum Ecran an der Schoul. E Commentaire vum Claude Zeimetz.
Net genuch Daten iwwer Kanner mat spezielle Besoinen an der Schoul, Verkéiersberouegungen an der Stad an Immobiliepräisser déi nees klammen, dat sinn Theemen an der Presserevue
Police-Joresrapport, Prozess ëm annoncéierten Amoklaf, Verméige vum Grand-Duc, Bilan Raiffeisen, Spezifesch Besoinen an der Schoul, Urban Loop, Internationales.
Police-Joresrapport, Prozess ëm annoncéierten Amoklaf, Verméige vum Grand-Duc, Bilan Raiffeisen, Spezifesch Besoinen an der Schoul, Urban Loop, Internationales.
Zanter 50 Joer besteet den Orchestre de Chambre du Luxembourg, kuerz OCL. Bis haut huet den Orchester keng eege Raimlechkeete fir ze prouwen. Wat déi eng vläicht als Hindernis gesinn, gesäit den OCL als Challenge. An als Chance, aussergewéinlech Kollaboratiounen entstoen ze loossen. Aktuell befënnt sech den Orchester a Residenz an der International School of Luxembourg, kuerz ISL. D'Marie Trussart ass an den ISL gaangen an huet probéiert erauszefannen, wat et bedeit, wann en Orchester an enger Schoul doheem ass.
Mat ganz ënnerschiddleche Sujeten: vun Drogen an der Schoul bis Deeler vun enger Fassad, déi gefall kommen.
Gewalttäteg Kanner an der Schoul, a wéi machtlos d'Enseignantë sech fillen, ass en Theema an der Presserevue, grad wéi den Albdram vu villen Awunner aus der Stad vis-à-vis vun den Nuetsflich um Findel.
Haart Téin zu Hesper, Buergbrennen zu Esch, méi Sport an der Schoul, knaschtegt Waasser zu Ettelbréck an onkloer Aussoen zu Ruanda-Sanktiounen, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
Haart Téin zu Hesper, Buergbrennen zu Esch, méi Sport an der Schoul, knaschtegt Waasser zu Ettelbréck an onkloer Aussoen zu Ruanda-Sanktiounen, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
Viru bal genee fënnef Joer, den 29. Februar 2020 fir genee ze sinn, gouf et deen alleréischte Covid-Fall hei zu Lëtzebuerg. Wat duerno koum, wësse mer nach all, mä et wierkt mam Recul vun haut deels onreal: Lockdown, Ausgangsspär an Ausnamezoustand, Leit déi eleng hu misse stierwen, zoue Grenzen, 3G, 2G, A-B-Wochen an der Schoul... En demokrateschen Ausnamezoustand, dee vill Länner bis haut nach net opgeschafft hunn, mä all Interêt hätten, et ze maachen. Och Lëtzebuerg, fënnt d'Claude Zeimetz a sengem Commentaire.
Zanter leschte Mëttwoch huet Lëtzebuerg eng Uergel méi am Gebrauch. A Presenz vum Kardinol an Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich gouf an der Privatschoul Sainte-Sophie an der Stad eng Uergel geweit. Speziell ass, datt dës Uergel an enger Schoul, an net wéi gewinnt an enger Kierch steet. Mee wat mécht d'Schoul mat dëser Uergel, a wéi leeft esou eng Uergelwei of? De Lex Kauffmann aus der Klassik-Ekipp war bei der Wei dobäi an huet mam Zeremoniar Jean-Pierre Reiners doriwwer geschwat.
Leschten Dënschde gouf an der Chamber iwwert zwou Petitiounen diskutéiert. Déi eng wollt all LGBTIQA-Themen aus der Schoul verbannen, déi aner huet sech fir méi vun dësen Themen am Unterrecht agesat. D’Melanie Czarnik an de Joël Adami diskutéieren am Podcast, wéi si dës Diskussiounen erlieft hunn an analyséieren, wéi d’Politik mat de Petitiounen ëmgaangen ass – an iwwerleeën, wat een hätt kéinte besser maachen. D’Artikelen dozou: LGBTIQA-Politik: Sonntagsreden reichen nicht & Debatte: Nicht-Wissen-Wollen The post Zwou Petitiounen zum Thema LGBTIQA an der Chamber first appeared on Radio ARA.
En Donneschdeg de Moie war d'"LGBTIQ+"-Sujeten an de Schoulen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Dem Donald Trump seng Vereedegung den Owend, ze vill Stress an der Schoul an den déidleche Virfall virun zwee Joer wärend engem Jugendtraining zu Esch sinn Theemen an der Presserevue.
Déi meeschte Leit hu vill Bezéiungen vun ënnerschiddlecher Natur, déi meeschtens all eenzegaarteg a wäertvoll sinn. Leider hu mäer alleguer nëmme 24 Stonnen am Dag, an déi si meeschtens dann zu engem groussen Deel mat Aarbecht, Schoul a Selferhalung gefëllt. Oft muss dann tëscht Bezéiungen prioriséiert ginn, an an enger amatonormativer Welt gëtt dann oft d*e Partner*in zur wichtegster Persoun am Liewen. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wéi si d Mënschen an hirem Liewen prioriséieren, a wourun si déi Décisiounen festmaachen. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Sex an Trauma.
4775 Ënnerschrëften huet d'Petitioun 3176 kritt, déi de 4. November an der Chamber virgedroe gouf: si huet zum Zil, de Smartphone generell an der Enceinte vun der Schoul ze verbidden. Petitioune leien am Trend. Dozou eng Carte Blanche vum Gaston Ternes.
Evacuate the Liichterketten, et ass Zäit fir Chrëschtdag! Ënnert dëm Motto "Huiuiui...heute wird's anders!" présentéiert äre Liblingspodcast iech kuerz no Halloween net just "passiv-aggressive Szenen einer Freundschaft", mee och allerhand aner spooky Saachen ewéi Zukunftsängscht duerch Jugendfilmer, Morde fir de Glow, den DJ Ötzi als Stripper a Läiche bei der Schoul. E Film iwwer Jeans an Dance Moms steet och um Programm, genee ewéi d'Téléréalité française aus den 2000er a "Bitzen Doheem". D'Cl-AI-re Luxlait, d'Podcast-Wanderhure an e multilinguaalt Pianogenie sinn o nach mat vun der Partie. Wéi ëmmer, ginn och brennend Froen opgeworf... ënner anerem: Wee war am Hitler senger Bidden? Ween ass d'Sonia in Paris? A wee vun eis spillt Triangel an der Philharmonie?
Nom Zodi aus de leschte Méint huet den Direkter vum Lycée Josy Barthel zu Mamer ugekënnegt, keen 3. Mandat un der Spëtzt vun der Schoul unzestriewen.
Keng Petitioun gouf an der Lescht esou kontrovers diskutéiert wéi d'Petitioune fir a géint queer Themen an der Schoul.
Am September ass net just Schoul-, mee och Kultur-Rentrée, an et huet Traditioun, datt all Theaterhaiser, déi dat am Mee a Juni net gemaach hunn, hir nei Saisone virstellen. Eng aner Traditioun wëllt, datt den Theater sech an der Stad selwer feiert, am Kader vum Theaterfest, dat vun der Theater Federatioun organiséiert gëtt an e bëssen d'Ouverture vun der Saison symboliséiert. Ee Gespréich mam Sascha Dahm, President vun der Theater Federatioun
Sujeten haut: Nei EU-Kommissioun, Autismus an der Schoul, Neien Zenter fir Kanner, Läschfliger vun der Cargolux, Nei Gare zu Rodange, Tennis an Championsleague
Sujeten haut: Nei EU-Kommissioun, Autismus an der Schoul, Neien Zenter fir Kanner, Läschfliger vun der Cargolux, Nei Gare zu Rodange, Tennis an Championsleague
An der Réimecher Schoul ginn et iwwerduerchschnëttlech vill ënnerschiddlech Profiller a Besoinen bei de Schüler. Mat der Schoulpresidentin an dem Regionaldirekter schwätzt schwätzt d'Christiane Kleer iwwer d'Erausfuerderungen déi doraus entstinn.
E Freideg de Moie war ënner anerem d'Handyverbuet an de Grondschoulen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
De Sujet schéngt an der Summervakanz, also virun der Rentrée, nach méi akut ze si wéi souwisou schonn: eng Wunneng fannen, éier d‘Schoul ugeet, e Sujet an der Presserevue.
Handyverbuet an der Schoul, Liewen ouni Pabeieren, Commerce zu Réiden an iwwerraschend ukrainesch Offensiv
Handyverbuet an der Schoul, Liewen ouni Pabeieren, Commerce zu Réiden an iwwerraschend ukrainesch Offensiv
D’Petitioun Nummer 3198 wëll all queer Inhalter aus der Schoul erauskréien. Dat suergt säit gutt zwou Woche fir Diskussiounen, virun allem well quasi jiddereen*t eppes aneres an den Text vun der Petitioun eraninterpretéiert. Mä wat fir Argumenter ginn am Fong benotzt, fir dës Petitioun ze verteidegen? Am Podcast schwätze mir doriwwer, analyséieren déi Ängschte, déi dohannert stinn a ginn och e puer historesch Beispiller, wou et esou Verbueter an änlech Initiative scho gouf. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: LGBTIQA: So net „queer“!The post Wouhier kënnt d'Angscht viru queere Kanner? first appeared on Radio ARA.
D'Petitioun Nummer 3198 wëll all queer Inhalter aus der Schoul erauskréien. Dat suergt säit gutt zwou Woche fir Diskussiounen, virun allem well quasi jiddereen*t eppes aneres an den Text vun der Petitioun eraninterpretéiert. Mä wat fir Argumenter ginn am Fong benotzt, fir dës Petitioun ze verteidegen? Am Podcast schwätze mir doriwwer, analyséieren déi Ängschte, déi dohannert stinn a ginn och e puer historesch Beispiller, wou et esou Verbueter an änlech Initiative scho gouf.
Theemen haut: Sexuell Educatioun an der Schoul, Serie Commerce (Ettelbréck), Israel-Iran a Visitt Jordanien.
Theemen haut: Sexuell Educatioun an der Schoul, Serie Commerce (Ettelbréck), Israel-Iran a Visitt Jordanien.
E Schoulmeeschter, dee wéinst haislecher Gewalt verurteelt gouf, däerf weider Schoul halen, déi däitsch Grenzkontrolle suerge weider fir riseg Stauen an déi Escher Maartleit si frustréiert.
E Schoulmeeschter, dee wéinst haislecher Gewalt verurteelt gouf, däerf weider Schoul halen, déi däitsch Grenzkontrolle suerge weider fir riseg Stauen an déi Escher Maartleit si frustréiert.
Eis RTL-Kannerreporter ënnerhalen sech iwwert d'Schoul an schwätzen iwwert hiren Interview mam Claude Meisch,
Eis Sujete vun haut: Glëtz iwwer Lëtzebuerg - vill lass an Urgencen, laange Stau vu Camionen, keng Schoul, Wieder-Previsiounen - an international Noriichten.
Eis Sujete vun haut: Glëtz iwwer Lëtzebuerg - vill lass an Urgencen, laange Stau vu Camionen, keng Schoul, Wieder-Previsiounen - an international Noriichten.
Och mat enger Behënnerung kann e Kand zu Hollywood spéider Stuntman ginn. De Pit Biwer stellt eis haut eng Schoul vir, déi genee dat Zil verfollegt.
D'Lëtzebuergescht als Haaptsprooch Doheem an op der Aarbecht an an der Schoul hëlt of, aner Sproochen diversifiéieren d'Sproochelandschaft. Mam Comissaire fir d'Lëtzebuerger Sprooch de Pierre Reding diskutéiere mer iwwert den Défi den Zougang zur Sprooch ze vereinfachen a mir kucken ob déi Etüd vum Statec hindeit datt d'Lëtzebuergescht un Terrain verléiert.
An der leschter Episode vun 2023 zu Gaascht ass d'lëtzebuergesch DJ Legende DJ DEE am Start. Opgepasst, déi heiten Episode ass méi relatable, wann een aus dem Norde kënnt, well mir thematiséieren nämlech wat aus dem Café du Gymnase ginn ass
International Studie weisen drop hin, wéi grouss den Impakt vum sozioprofessionellen Hannergrond vum Jonken op seng Reussite an der Schoul ass. A wann ee vu Reussite schwätzt, kommen automatesch d'Promotiounskrittären an d'Spill. Deem Thema geet de Gaston Ternes, fréiere Schouldirekter an aktuellen Expert fir de Reseau vun den Europaschoulen a senger Carte blanche no.
Am Kloertext goung et dës Kéier ëm d'Visiounen, déi déi verschidde Parteien fir d'Schoul hunn.
Elo Donneschdes um 20 Auer. D‘Emissioun vum Caroline Mart ronderëm déi Themen, déi jiddereen am Alldag betreffen.
Elo Donneschdes um 20 Auer. D‘Emissioun vum Caroline Mart ronderëm déi Themen, déi jiddereen am Alldag betreffen.
An de leschte Jore koum et zu enger Zerstéckelung vum Schoulsystem, déi zu Ongerechtegkeete féiert, heescht et vun der Feduse.
An der internationaler Schoul zu Déifferdeng an Esch hu méi Primaner hiert Joer gepackt, wéi an anere Lëtzebuerger Lycéeën. De Rick Mertens freet den Direkter vun der EIDE, firwat dat esou ass.
Theemen haut: Handwierkerfederatioun, Schoul zu Schengen, Aarbechtsvisitt am Bangladesch an den ING-Marathon.
Theemen haut: Handwierkerfederatioun, Schoul zu Schengen, Aarbechtsvisitt am Bangladesch an den ING-Marathon.
Sief et an der Schoul oder op der Uni: d'KI ChatGPT stellt Schoulen an Universitéiten virun d'Fro, wat an Zukunft nach relevant Kompetenze sinn a wéi eng net, seet de Marc Schiltz, Chef vum Fonds National de la Recherche a senger Carte Blanche.
Sujeten haut: Réckbléck op d'Petitioune vun 2022, Mobbing an der Schoul, Alain Massen, Réckbléck op d'Justizaffären 2022 an de Florian Bohnert beim SC Bastia.
Theme vun haut: Ukrainesch Kanner fänken hei mat der Schoul un an de Progrès vun den erneierbaren Energien zu Lëtzebuerg.