Podcasts about liewen

  • 48PODCASTS
  • 289EPISODES
  • 28mAVG DURATION
  • 1EPISODE EVERY OTHER WEEK
  • Feb 9, 2026LATEST

POPULARITY

20192020202120222023202420252026


Best podcasts about liewen

Show all podcasts related to liewen

Latest podcast episodes about liewen

Kultur
Lionel Baier am Gespréich

Kultur

Play Episode Listen Later Feb 9, 2026 10:26


Déi Schwäizer-Lëtzebuerger-franséisch Filmproduktioun “La cache” ass kierzlech an eise Kinoen ugelaf. De Jeff Schinker war dem Realisateur Lionel Baier d'lescht Joer op der Berlinale begéint, wou och dëse Film gewise gouf, an huet mat him iwwer d'Verfilmung vun der Familljegeschicht vum Christophe Bolanski geschwat. D'Geschicht, déi am Buch an am Film aus der Siicht vum néngjärege Christophe erzielt gëtt, spillt an der Zäit vum Mee 68 zU Paräis, bezitt sech awer och op d'Liewen am besate Paräis wärend dem Zweete Weltkrich.

Erklär&Laach
Ep.129: Awer nees an d'Suckel kritt

Erklär&Laach

Play Episode Listen Later Feb 4, 2026 57:58


Obwuel eise spirituelle Guide, de Mischo-San, eis mat senger onedlecher Weisheet gewarnt huet ("Genuch an d'Suckel kritt", huet hie geschwat), hu mir net gelauschtert. Mir zielen eis Klepperei-Geschichten, déi net vu gloräichen Zäite bezeien, mee eng Metapher sinn fir d'Vegänglechkeet vum Liewen. Genau sou wéi e puer aner wouer Geschichten, déi mir iech an dëser Episode verzielen. Plus natierlech vill Blödsinn. Praise the lord.

Kultur
Anne Sauber-Lemaître - Vengeance programmée

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 23, 2026 8:02


Hei erzielt d'Autorin d'Geschicht vun hirer Frëndin, dem seng glécklech Kandheet op ee Coup beendegt war. Wat sexuelle Mëssbrauch mat engem Kand mécht, virun allem wann den Täter och nach eng Persoun ass, déi engem u sech no steet, a wéi eng Auswierkungen dat op dat ganzt Liewen huet, a mat wat fir engem Bléck een säin Emfeld wouer hëlt. Ee vun den dräi rezente Publikatiounen, déi d'Valerija Berdi an de Michel Delage de leschte Sonnden an der Literatursendung “Déi wonnerbar Valibrairie” beschwat hunn, ass der Anne Sauber-Lemaître hire Roman: “Vengeance programmée” aus dem Verlag Phi. Mir lauschteren dësen Extrait.

Kultur
Amélie Vrla - Enfanter une étoile qui danse

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 22, 2026 9:43


Am Roman begleede mer d'Mélodie duerch verschidden Etappe vun hire Liewen. Déi wichtegst ass hei, datt déi 37-järeg Fra schwanger ass an net weess, ob si dëst Kand iwwerhaapt wëll. Eng Decisioun, déi si net einfach huele kann a bei verschiddene Leit, vun Experte bis Leien, no Rot a Hëllef freet. Diskussioune mat hirem Partner, mat Frënn bréngen si net richteg weider, Anerersäits léiere mer och dat berufflecht Ëmfeld vun der Fra kennen. Si lieft u sech an enger Welt, wou keng richteg Plaz fir e Kand ass. Oder dach? De leschte Sonnden hunn d'Valerija Berdi an de Michel Delage an der Literaturemissioun “Déi wonnerbar Valirairie” dräi Bicher aus Lëtzebuerg beschwat. Een dervun ass der Amélie Vrla hire Roman “Enfanter une Étoile qui danse” , eraus komm bei Hydre Editions.

partner welt experte fra danse rot toile leit etappe kand plaz liewen vrla bicher diskussioune michel delage
Kultur
Dem Claude Luisier seng nei erfonnte Balafonen

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 24, 2025 26:24


Dee belsche Journalist Jean-Bernard Rauzer trëfft sech mam Claude Luisier, e fréiere Schwäizer Holzfäller, dee sech vun der éischter Nout un an de Balafon verléift huet, a säi Liewen dem Perfektionéiere vum westafrikaneschen Xylophon verschriwwen huet. An dann ass do nach de Christophe Erard, e renomméierte Multiinstrumentalist, deen Concerten a Musekscoursen am Ex-Rex, dem Weltmusekzentrum zu La Chaux-de-Fonds, ubitt, an dat natierlech fir Balafon.

schw fonds perfektion seng holzf la chaux nout concerten liewen xylophon
Kultur
Wäit fort: "Jacky" vum Anthony Passeron a “Comme un père vum Christian Auth

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 5, 2025 17:03


Ee Papp verléisst de Stot, een anere kënnt erëm: am Christian Authier sengem “Comme un père”, ee vun de véier Finaliste vum Prix Interallié, kënnt ee verschollene Papp op eng mysteriéis Manéier zeréck an d'Liewe vu sengem Bouf. Am Anthony Passeron senger Autofiktioun “Jacky”, ee vun de Finaliste vum Prix Femina, erzielt de Schrëftsteller, wéi säi Papp sech lues a lues aus dem eegene Liewen zeréckzitt, bis en op engem Dag komplett verschwënnt. De Jeff Schinker huet déi zwee Romaner gelies - a verréit eis, ob se ze recommandéiere sinn.

Méi wéi Sex
#180: Léift geet duerch de Mo? – Iessgewunnechten

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later Nov 28, 2025 48:05


Liebe geht durch den Magen! Sou seet een*t zumindest ëmmer, a fir vill Mënschen ass Iessen en essentiellen Deel vun hirem Liewen an hirer Identitéit. Mee wéi äußern sech eis Iessgewunnechten a laange Bezéiungen, a wéi beaflossen déi Bezéiungen eis Gewunnechten? A kënnen Veganer*innen a Fleeschiesser*innen amfong eppes mateneen hunn? De Joël, den Elie a Robin diskutéieren dës an aner Froen an dëser Episod. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer AuDHD.

RTL - Kloertext fir ze lauschteren
Duerch den Doud fir d'Liewe léieren, 06/11/2025

RTL - Kloertext fir ze lauschteren

Play Episode Listen Later Nov 6, 2025 65:58


E ka stënterlech kommen, ouni Virwarnung, ouni Logik scho ganz jonk, oder no laangem erfëllte Liewen: den Doud.

logik doud liewen duerch
Méi wéi Sex
#178: Bauchgefill vs Trauma? – Intuitioun

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later Oct 31, 2025 49:08


Eis Intuitioun ass den Detektiv vun eisem Kierper, a soll eis amfong sëcher halen andeems se eis eng éischt Aschätzung vu neie Situatiounen a Mënsche gëtt. Mee wéi wësse mäer amfong, wéi mäer eiser Intuitioun vertraue kënnen, grad wann mäer an eisem Liewen traumatesch Erfarunge gemaach hunn? Wéi wierken déi sech op eis Intuitioun aus? A kann een Trauma, posttraumatesch Belaaschtungen an Intuitioun wierklech auseneen halen? Den Elie, d'Ella an d*e Robin ginn an dëser Episod denen (a méi) Froë no an diskutéieren hir Erfarungen. An der Rubrik fänkt Kelly eng nei Serie iwwer dem Emily Nagoski säi rezent Buch "Come Together" un a schwätzt iwwer den Intro an dat éischt Kapitel.

Kultur
Film vun der Woch: "Amrum"

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 13, 2025 10:55


E klenge Jong entdeckt d'Häerten an d'Freede vum Liewen um Enn vum Zweete Weltkrich op enger isoléierter Insel op der Nordséi... Den däitsch-tierkesche Realisateur Fatih Akin huet en delikaten an emotionale Coming-of-age-Film gedréint, mengen de Michel Delage an d'Valerija Berdi.

film insel jong enn nords amrum woch liewen michel delage
RTL - Carte Blanche / Commentaire
Jean-Luc Thill: Trounwiessel, oder wéi d’Liewen esou spillt, 03/10/2025

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Oct 3, 2025 3:56


Mam Guillaume huet Lëtzebuerg zënter dem spéide Freidegmoien en neie Grand-Duc. An enger perséinlecher Carte Blanche hëlt de Jean-Luc Thill Iech mat op eng Rees vun Zoufäll, oder wéi d'Liewe sou spillt.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Jean-Luc Thill: Trounwiessel, oder wéi d’Liewen esou spillt, 03/10/2025

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Oct 3, 2025 3:56


Mam Guillaume huet Lëtzebuerg zënter dem spéide Freidegmoien en neie Grand-Duc. An enger perséinlecher Carte Blanche hëlt de Jean-Luc Thill Iech mat op eng Rees vun Zoufäll, oder wéi d'Liewe sou spillt.

Kultur
Booker Prize: "The Rest of Our Lives" vum Ben Markovits

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 2, 2025 9:58


No “Audition” vun der Katie Kitamura a “Flesh” vum David Szalay rezenséiert de Jeff Schinker mat “The Rest of Our Lives” vum Ben Markovits dat drëtt vun de sechs Bicher, déi et op d'Booker-Prize-Shortlëscht gepackt huet. Dem Markovits säi Roman ass een ironesch-melancholesche Roadtrip, an deem ee Familljepapp op säi Liewen zeréckbléckt, dat mat der Gewëssheet, datt et esou vill Zukunft vläicht net méi wäert ginn.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Nico Hoffmann: Fir eng Stäerkung vun der Kafkraaft an e Recht op en dezent Liewen!, 26/09/2025

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Sep 26, 2025 2:29


An der Carte Blanche vum laangjärege President vum Konsumenteschutz Nico Hoffmann geet et ëm d‘Thema Erhalung a Stäerkung vun der Kafkraaft an e Recht op en dezent Liewe fir jiddereen.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Nico Hoffmann: Fir eng Stäerkung vun der Kafkraaft an e Recht op en dezent Liewen!, 26/09/2025

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Sep 26, 2025 2:29


An der Carte Blanche vum laangjärege President vum Konsumenteschutz Nico Hoffmann geet et ëm d‘Thema Erhalung a Stäerkung vun der Kafkraaft an e Recht op en dezent Liewe fir jiddereen.

RTL - Automag
IAA Mobility 2025 zu München mam Skoda Vision O, 15/09/2025

RTL - Automag

Play Episode Listen Later Sep 15, 2025 2:29


Heiansdo muss e Visiounen am Liewen hunn. Am Automag ginn et där och elo. Skoda hat nämlech di grouss international Bün vun der IAA München genotzt fir seng Zukunftsvisiounen ze presentéieren.Dat a Presenz vun hirem Designer Oliver Stefani.De Skoda Vision O stoung do am Mëttelpunkt, an de Christian Schmit war mat zu München dobäi an hat sech mam Chef Designer doriwwer ënnerhal.

RTL - Automag
IAA Mobility 2025 zu München mam Skoda Vision O, 15/09/2025

RTL - Automag

Play Episode Listen Later Sep 15, 2025 2:29


Heiansdo muss e Visiounen am Liewen hunn. Am Automag ginn et där och elo. Skoda hat nämlech di grouss international Bün vun der IAA München genotzt fir seng Zukunftsvisiounen ze presentéieren.Dat a Presenz vun hirem Designer Oliver Stefani.De Skoda Vision O stoung do am Mëttelpunkt, an de Christian Schmit war mat zu München dobäi an hat sech mam Chef Designer doriwwer ënnerhal.

Grousse Kino
Dysfunktional Bezéiungen

Grousse Kino

Play Episode Listen Later Aug 23, 2025 54:56


Eng Koppel, déi esou laang openee pecht, bis se wuertwiertlech net méi vunenee lasskënnt, een alkoholesche Realisateur a säi kéngste Projet - an eng Fra, déi lues a lues muss realiséieren, datt si dement ass an de Rescht vun hirem Liewen an engem Heem wäert verbréngen: d'Valerija Berdi an de Jeff Schinker beschwätzen dem Joachim Trier säin zu Cannes mam Grand Prix ausgezeechente "Sentimental Value", dem Michael Shank säin australeschen Horrorthriller "Together" an der Sarah Friedland hire "Familiar Touch".

cannes grand prix fra projet joachim trier heem liewen realisateur michael shank
Kultur
LGBTQIA+-Theemen no der Pride Woch

Kultur

Play Episode Listen Later Jul 21, 2025 9:04


Zu Lëtzebuerg war et eng Pride Woch, an där immens vill verschiddenen Evenementer ugebuede goufen - vu Sport op Konscht, Kino a Literatur war alles dobäi. Mam Slogan “Stand United against the Backlash” war d‘Pride dëst Joer och e bësse méi politesch wéi soss. Wei steet et ëm dat queert Liewen zu Lëtzebuerg, wann d‘Bünen ofgeriicht an d‘Sponsoren d‘Pride-Fändelen erëm agepaakt hunn? D‘Claire Barthelemy huet Andréck gesammelt.

Speakeasy Podcast
Haut stierft de Bambi - Äddi a Merci #15

Speakeasy Podcast

Play Episode Listen Later Jun 30, 2025 46:21


Wat passéiert mam Jeeër, wann hien en Déier ëmbréngt ? Wéisou mécht een dat ? Wat fillt een dobäi? A wéi een Bléck huet den Jeeër op seng Beute? An der Episod 15 vun der Serie „Äddi a Merci – e Liewen mam Doud“ schwätze mer mam Ryan Shepherd iwwert säin déidlechen Hobby.

Kultur
Assises culturelles 2025: D'ILRES-Enquête iwwer kulturellt Liewen zu Lëtzebuerg

Kultur

Play Episode Listen Later Jun 26, 2025 5:44


D'Marie Trussart erënnert dorunner, wat genee d'Iddi vum Kulturentwécklungsplang ass - a geet méi an den Detail vun der ILRES-Enquête 2024 iwwer dat kulturellt Liewen zu Lëtzebuerg. D'Etude stellt d'Basis vum Aktiounsplang duer, deen op den Assisë gëschter (25.6.) virgestallt gouf.

Loscht op Mord
Episod 105 - Albert Fish - The Greyman

Loscht op Mord

Play Episode Listen Later Jun 15, 2025 47:34


An dëser Episod huele mir dech mat an de Fall vum Albert Fish – engem vun de grausaamsten Täter an der US-Kriminalgeschicht. Hie war net nëmmen ee Seeriemäerder, mee war och ee Sadist, ee Kannibal an ee reliéise Fanatiker. Mir zéien duerch säi Liewen – vu sengem traurege Start bis zu senge makabere Verbriecher.

Kultur
Das Radial

Kultur

Play Episode Listen Later Jun 13, 2025 7:58


Das Radial ass de Museksprojet vun engem Schauspiller, dem Max Thommes, deen an Däitschland an zu Lëtzebuerg bei Theater an Tëlee schafft. D'Experiment huet ugefaangen, wéi de Max Protagonist war vun engem Film iwwer d'Intrusioun vu Kommunikatiounstechnologien an eist Liewen an iwwer Datenobsessioun. D'Live-Performancë vun Das Radial ware vun Ufank un intensiv, rosen, energesch, freedeg, voller performativer Elementer. Mat der Zäit huet sech den Theemekrees vun de Stécker erweidert. Séier Moud, Konsumdenken, politescht Säbelrasselen, de Rietsruck an Däitschland, méi Narzissmus a Gefillskeelt - et ass kee rosat Bild, deen Das Radial vun der Gesellschaft zeechent a mat 80er New-Wave-Klängpassend ënnermoolt. Fir déi nei Das Radial Plack - en Album - koum nei Musek, wéi den Titel “Tür-Politik”, bei déi bekannte Banger bäi, déi an deene leschte Joren erauskoumen an ëmmer Fudder fir de Käppche matgeliwwert hunn.

RTL - Hollywood Reporter
Hollywood Reporter, 05/06/2025

RTL - Hollywood Reporter

Play Episode Listen Later Jun 5, 2025 2:21


Hollywood feiert 100 Joer Tony Curtis. Eng Legend, Fräigeescht an e Faibel fir d'Konscht. Hien stoung net just op der Bün, hien eng Ära definéiert.Säi Liewen: wéi seng Rollen – expressiv, onkonventionell, a voller Faarf. De Pit Biwer

Kultur
Surrender - dem U2-Frontmann Bono säi Liewen als Theaterstéck

Kultur

Play Episode Listen Later Jun 5, 2025 12:06


Eng Bün, e puer Spotten, Biller a schwaarz-wäiss: Ongewéinlech onspektakulär presentéiert sech de Leadsänger vun der irescher Formatioun U2 an engem Documentaire, deen éischter u gefilmten Theater erënnert.

RTL - Hollywood Reporter
Hollywood Reporter, 05/06/2025

RTL - Hollywood Reporter

Play Episode Listen Later Jun 5, 2025 2:21


Hollywood feiert 100 Joer Tony Curtis. Eng Legend, Fräigeescht an e Faibel fir d'Konscht. Hien stoung net just op der Bün, hien eng Ära definéiert.Säi Liewen: wéi seng Rollen – expressiv, onkonventionell, a voller Faarf. De Pit Biwer

Méi wéi Sex
167: Méi wéi rout Rousen – Wat si romantesch Gefiller?

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later May 30, 2025 53:59


Een Date bei Käerzeschäin, Rouseblieder um Bett – dat si Biller,déi deene meeschte vun eis an de Kapp kommen, wa mir d'Wuert„Romantik“ héieren. Mä wat ass dat am Fong, romanteschGefiller? An dëser Episod ginn d*e Robin a Kelly där Fro opd'Spuer an entdecken, datt dat guer net esou einfach ass, wéieen*t vläicht denke kéint. Si schwätzen iwwert den Ënnerscheedvu romanteschen zu frëndschaftleche Gefiller, iwwer Romantik alsgesellschaftlecht Konstrukt an doriwwer, wéi cute Gesten eng(romantesch) Bezéiung kënnen definéieren. An der Rubrik schwätzt d'Ella iwwert „Sex Wars“ aus den 1970er-Joren. Shownotes Episod 57 Ech wëll eppes vun dir – mä wat? Episod 121: The One – Gëtt et déi éiwegt Léift? Episod 126: Méi wéi just heiansdo Sex – Demisexualitéit Episod 157: Déi wichtegst Persoun a mengem Liewen? – Hierarchien tëschent Bezéiungen Rubrik zum Mythos Sex Drive Types of attraction Amatonormativiteit Questionable Origins of Love Languages Choosing Therapy zu romantic attraction Bicher: bell hooks: all about love Angela Chen: Ace

RTL - Commentaire
Annick Goerens: Interview mat Pedo-Kriminellem: Dat ass kee Journalismus, mee Voyeurismus, 23/05/2025

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later May 23, 2025 2:56


Et ass du Jamais-vu, wat d'Lëtzebuerger Wort an de leschten zwee Deeg publizéiert huet. Rieds ass vun engem nach lafende Geriichtsprozess, wou ee Mann wéinst Pedo-Kriminalitéit ugeklot ass, deen an der Theaterwelt an am ëffentleche Liewen hei zu Lëtzebuerg keen Onbekannten ass. De Mann huet en plus seng eegen Duechter mëssbraucht a kritt elo am Wort e ganzen Artikel, wou hie sech als Affer duerstellen däerf. Een absolutten No-Go fënnt d'Annick Goerens am Tëscheruff.

wort jamais journalismus no go pedo annick voyeurismus dat ass deeg theaterwelt liewen affer rieds
RTL - Hollywood Reporter
Hollywood Reporter, 22/05/2025

RTL - Hollywood Reporter

Play Episode Listen Later May 22, 2025 2:34


D'Audrey Hepburn, bekannt aus Filmer wéi Breakfast at Tiffany's oder Roman Holiday, soll elo e filmescht Comeback kréien. An der Biografie iwwer hiert Liewen spillt keng aner wéi d'Rooney Mara, zweemol fir en Oscar nominéiert, d'Haaptroll. Dréiaarbechten fänken deemnächst un an eisen Hollywood-Reporter Pit Biwer hat déi grouss Éier déi legendär Schauspillerin nach perséinlech kennenzeléieren.

RTL - Commentaire
Dany Rasqué: Schaffen, fir ze liewen, ass Out!, 22/05/2025

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later May 22, 2025


Am Walkampf war d'Thema Pensioune quasi inexistent. 18 Méint, nodeems den neie Luc sech op de Stull vum Premier gesat huet, ass kloer: Mir gi méi laang schaffen, ob mer wëllen oder net. "Hätt een dat nëmmen éischter gewosst", kommentéiert d'Dany Rasqué mat emol méi, emol manner Ironie.

RTL - Hollywood Reporter
Hollywood Reporter, 22/05/2025

RTL - Hollywood Reporter

Play Episode Listen Later May 22, 2025 2:34


D'Audrey Hepburn, bekannt aus Filmer wéi Breakfast at Tiffany's oder Roman Holiday, soll elo e filmescht Comeback kréien. An der Biografie iwwer hiert Liewen spillt keng aner wéi d'Rooney Mara, zweemol fir en Oscar nominéiert, d'Haaptroll. Dréiaarbechten fänken deemnächst un an eisen Hollywood-Reporter Pit Biwer hat déi grouss Éier déi legendär Schauspillerin nach perséinlech kennenzeléieren.

Kultur
Vun der Konscht liewen - mee wéi?

Kultur

Play Episode Listen Later May 8, 2025 50:08


Vu senger Konscht kënnen ze liewen – de groussen Dram vun all Kënschtler erweist sech zu Lëtzebuerg zumindest um Pabeier als méiglech: 107 Leit hunn hei am Land de Statut d'artistes, 268 Leit dee vum Intermittent du spectacle. An der Praxis gesäit d'Saach allerdéngs e bësse méi schwiereg aus, dat net just zu Lëtzebuerg, ma och am Ausland. Am Frankräich ass beispillsweis de Prozentsaz vu Schrëftsteller:innen, déi vun hirem literaresche Schreiwen eleng liewe kënnen, zimmlech geréng. Virun e bësse méi wéi engem Mount huet een Artikel an der Luxembourg Times, an deem zwee Kulturschafender iwwert de Seeldanz tëschent Broutjob a Konscht geschwat hunn, fir ee (klenge) Shitstorm gesuergt, dat well de Journalist op eng liicht naiv Manéier e Portrait gezeechent huet vu Leit, déi daagsiwwer schaffen an nuets kreativ ginn, ouni ze hannerfroen, wéi et kéint sinn, dass deels renomméiert Kulturschafend et nawell net packen, vun hirer Musek, hirer Konscht, hirem Schreiwen, bref vun hirer Aarbecht ze liewen. Fir e bësse mat där Manéier, de kreative Beruff ze verklären, opzeraumen, hunn d'Kerstin Thalau an de Jeff Schinker haut véier Leit agelueden, déi mat eis iwwert d'Erausfuerderung vum onofhängege Schaffen diskutéieren: d'Kënschtlerin Julie Wagener, déi transdisziplinaresch Kënschtlerin Clio van Aerde, de Museker Tun Biever an de Schrëftsteller Antoine Pohu.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Françoise Hetto: Kanner kréien, en Engagement fir d'ganzt Liewen, 07/05/2025

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later May 7, 2025 2:14


Si sinn am Moment keen Thema. D'Aktualitéit gëtt dominéiert vu Krich, Wirtschaft, a fir Kanner a Jugendlecher interesséiert kee sech. Dobäi si grad si d'Zukunft vun eiser Gesellschaft. Mee si ginn einfach net eescht geholl. Eigentlech missten eis déi offiziell Zuele vu Suicidë bei Jonken ze denken ginn, an absolut Prioritéit sinn. Kanner, ob déi net gelauschtert gëtt, Kanner, déi net déi Ënnerstëtzung vun hiren Eltere kréien, déi se sou dréngend brauchen, sinn Thema an der Carte blanche vun haut. D'Françoise Hetto, fréier Politikerin, an éducatrice graduée , stellt d'Fro: muss een iwwerhaapt Kanner kréien?

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Françoise Hetto: Kanner kréien, en Engagement fir d'ganzt Liewen, 07/05/2025

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later May 7, 2025 2:14


Si sinn am Moment keen Thema. D'Aktualitéit gëtt dominéiert vu Krich, Wirtschaft, a fir Kanner a Jugendlecher interesséiert kee sech. Dobäi si grad si d'Zukunft vun eiser Gesellschaft. Mee si ginn einfach net eescht geholl. Eigentlech missten eis déi offiziell Zuele vu Suicidë bei Jonken ze denken ginn, an absolut Prioritéit sinn. Kanner, ob déi net gelauschtert gëtt, Kanner, déi net déi Ënnerstëtzung vun hiren Eltere kréien, déi se sou dréngend brauchen, sinn Thema an der Carte blanche vun haut. D'Françoise Hetto, fréier Politikerin, an éducatrice graduée , stellt d'Fro: muss een iwwerhaapt Kanner kréien?

Loscht op Mord
Episod 101 - Geplatzten Dram an Norwegen

Loscht op Mord

Play Episode Listen Later Apr 6, 2025 35:41


Am Joer 2008 wanderen den Thomas an d'Agnes mat hire béide Kanner an Norwegen aus. Hei wëllen si sech en neit Liewen opbauen. Dëst klappt och relativ gutt, den Thomas an d'Agnes fannen nei Jobs, si kafen een Haus an de Kanner geet et gutt. Mee d'Agnes huet seng Schwieregkeete mam Führerschäin, mat der Sprooch an ass net méi sou glécklech do. Dëst alles féiert dozou, dass hatt erëm an Däitschland wëll auswanderen, den Thomas wëll dat awer net. Sou kennt et, dass ëm Ouschteren d'Agnes verschwënnt a kuerz drop gëtt seng Läich an engem Fjord fonnt. Wéi ass et zu dësem Doud komm? Dat gëss du an dëser Episod vu Loscht op Mord gewuer.

Kultur
Franséisch Musek tëschent Hoffnung a Verzweiwlung

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 18, 2025 9:58


Fauré, Boulanger, Saint-Saëns a Leclair - 4 grouss Nimm aus der franséischer Museksliteratur, déi vill Gemeinsamkeeten hunn an awer am Kontrast zuenee presentéiert ginn. Fréijoersgefiller an d'Enn vum Liewen an d'Liichtegkeet an d'Schwéierfällegkeet spillen dobäi eng grouss Roll. Zesummegestallt gouf dëse Repertoire vun dräi jonke Professorinnen aus dem Escher Conservatoire, déi de Samschdeg den Owend (22.03.) fir d'éischt zesummen am Trio optrieden. D'Pianistin an Organistin Stefanie Duprel an d'Cellistin Nora Braun hunn an engem Gespréich mam Christophe Mirkes verroden, wat si un dësem franséische Programm begeeschtert, wat et mam Fréijoer an dem Enn vum Liewen op sech huet a wéi dëse Programm zustane koum, well d'Ausgangsiddi war eigentlech eng aner.

Kultur
Ee Concert mam Kreisler Quartett

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 14, 2025 7:36


2009 zesummegedoen, spillt de Kreisler Quartett gréisstendeels Concerten zu Lëtzebuerg. Den Ensembel, deen aus Musekerinnen a Museker vun de Lëtzebuerger Philharmoniker besteet, huet dobäi ee breet gefächerte Repertoire. Dëse Sonndeg (16.3.) spillt d'Formatioun ee Concert zu Lasauvage an der Eglise Sainte-Barbe. Am Gespréich mam Luc Boentges schwätzt den Cellist Niall Brown iwwer d'Creatioun vum Kreisler Quartett , de Concertsprogramm an d'Liewen tëschent berufflechem a private Museksliewen.

RTL - Automag
Renaissance vun der Mark Delage, 27/02/2025

RTL - Automag

Play Episode Listen Later Feb 27, 2025 2:24


D'Renaissance vun enger Auto Mark ass ëmmer eppes Besonnesches, an erlieft e net all Dag. Am Frankräich gouf awer elo DELAGE nees zum Liewen erwecht. A wéi! Mat engem Formel 1 Auto fir op d‘Strooss inklusiv engem 12 Zylinder made in France. De Christian Schmit huet de Patron vun Delage zu Paräis kenne geléiert.

Kultur
Am Gespréich mat der Elise Schmit

Kultur

Play Episode Listen Later Feb 26, 2025 17:12


A "Vreckvéi" stinn zwou jonk Schwëstere virun der Erausfuerderung, de verstuerwenen Elteren hire Bauerenhaff ze geréieren. Et ass ee staarken, minimalisteschen Text, dee mat knappe Sätz villes seet - net just iwwer eng Generatioun, déi d'Orientéierung verluer huet, mee och op enger méi metaphysescher Ebene eppes iwwer d'Struewelen an d'Isolatioun vu mënschlechem Liewen. D'Elise Schmit huet dem Simon Longman säin Text an d'Lëtzebuergescht iwwersat a verréit eis, wéi no hir den Text wärend dem Iwwersetze ginn ass.

Kultur
"... et huet mäi Liewe geännert"

Kultur

Play Episode Listen Later Feb 26, 2025 3:34


D'Musek vun Haut begleet de Perkussionist Guy Frisch all Dag an dominéiert net nëmme säi Liewen als Museker mee och als Direkter vum Ensembel fir Nei Musek United Instruments of Lucilin. Wéi et dozou koum, a wat hien dodru faszinéiert, erzielt hien dem Pit Brosius am neien Episod vum Podcast "Hanner den Téin". Episod 4 lauschteren Alles ronderëm déi nei Musek Als Dirigent huet de Pit Brosius vill Kontakt mat Neier Musek a gëtt ëmmer erëm a spannend Gespréicher mat Museker:innen verwéckelt. Am Podcast “Hanner den Téin” stellt hien dës perséinlech Diskussiounen an Anekdoten - déi normalerweis soss keen héiert - eemol de Mount an de Mëttelpunkt.

alles mount kontakt haut anekdoten dag episod huet hanner direkter liewe liewen musek diskussiounen
Kultur
Claudine Muno mat "ROFF"

Kultur

Play Episode Listen Later Feb 18, 2025 23:35


D'ASBL Open Screen gouf viru méi wéi 10 Joer gegrënnt fir d'Promotioun vun der Inklusioun an der Diversitéit duerch kulturell Aarbecht. Ee vun de Projeten, deen d'Claudine Muno realiséiert huet, ass d'Buch "Roff". Eng Rees duerch d'Geschicht vu Péiteng, duerch déi eis de Boy a seng Mémé begleeden an eis erziele vun de Zwangsaarbechter:innen wärend dem Zweete Weltkrich, Mënschen, déi zu Péiteng probéieren en neit Doheem ze fannen, Leit, déi hiert Liewen, hiert Been, hir Liewensfreed verluer hunn. Dotëschent awer ëmmer och eng Liewensloscht, Iwwerleeungen iwwer d'Liewen, Anekdoten, déi op Fakten an op Fiktioun stoussen. Eng déifgrënneg Recherche verbonne mat literareschem Kënnen, e Buch voller Liichtegkeet an Humor, voller Trauer an Drama. Dotëschent Skizzen, Fotoen, Kollagen, déi d'Claudine Muno realiséiert huet. De polnesche Komponist an Cellist Michal Pepol huet sech vu Péiteng inspiréiere gelooss an am Buch ass e QR-Code, mat deem een Zougang zu de Kompositioune vum Museker huet, déi zu "Roff" passen.

Kultur
Nika Schmitt an Ego/Egal

Kultur

Play Episode Listen Later Feb 11, 2025 12:05


2023 war déi Bréisseler Kënschtlerin Eva L‘Hoest als Haaptlaureatin vum Edward-Steichen-Award-Luxembourg wärend sechs Méint op Kënschtlerinneresidenz zu New York. Dësen Openthalt hätt hiert Liewen an hir Praxis déifgräifend verännert, esou de Statement vun der Eva L‘Hoest no hirem Retour. Momentan kann ee sech e Bild dovunner maachen: d‘Bréisselerin stellt nämlech am Casino an der Ënneschtgaass aus. Ee Beitrag dozou fannt Dir an eiser Mediathéik. D‘Kerstin Thalau ass vun der zweeter Laureatin, der Lëtzebuergerin Nika Schmit, gewuer ginn, wéi si dann hir Zäit zu New York erlieft huet.

Kultur
"De Beethoven ass eise Leuchtturm"

Kultur

Play Episode Listen Later Feb 7, 2025 13:20


Dëse Sonndeg, 9. Februar, kann een am Cube 521 zu Maarnech de Ludwig van Beethoven op eng ganz Intim Art a Weis kenneléieren. Ënner dem Titel Beethoven und seine Zeitgenossen gëtt e Portrait vum Bonner Komponist un Hand vu Bréiwer a Kompositioune vu senge Zäitgenossen am Cube 521 zu Maarnech gezeechent. D'Geiistin Sandrine Cantoreggi erkläert am Gespréich mam Marie Trussart, firwat de Beethoven grad am Europa vun haut nach esou wichteg ass a fir si e wichtegen Unhaltspunkt bleift. Tëschent deenen eenzelne Wierker liest d'Schauspillerin Brigitte Urhausen och Bréiwer vir, déi dem Beethoven säi Liewen an de Kontext setzen. D'Schauspillerin ass och Spriecherin, ënner anerem bei Arte a bei der ARD. Si verréit wien dem Beethoven seng Zäitgenosse waren, ob de Komponist elo wierklech esou granzeg war, wéi hien ëmmer duergestallt gëtt, an ob si e Sonndeg éischter als Spriecherin, als Schauspillerin, oder als eng Mëschung vu béide Rollen optriede wäert.

RTL - Automag
Renaissance vun der Mark Delage, 03/02/2025

RTL - Automag

Play Episode Listen Later Feb 3, 2025 2:24


D'Renaissance vun enger Auto Mark ass ëmmer eppes Besonnesches, an erlieft e net all Dag. Am Frankräich gouf awer elo DELAGE nees zum Liewen erwecht. A wéi! Mat engem Formel 1 Auto fir op d‘Strooss inklusiv engem 12 Zylinder made in France. De Christian Schmit huet de Patron vun Delage zu Paräis kenne geléiert.

Kultur
Squid Game- Staffel 2

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 17, 2025 4:08


Déi éischt Staffel ronderëm e Spill, bei dem et zwar ëm vill Sue geet, awer och dat eegent Liewen, war e risege Succès, firwat dann och direkt eng zweet Staffel an Optrag gi ginn ass. Op dës zweet Staffel do uknäppe kann, zielt eis de Simon Larosche.

Kultur
Tëschent Concert a Studium

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 16, 2025 8:17


En Donneschdeg (23.01) trëtt de Schengen Trio vum Orchester Les Solistes Européens, Luxembourg (SEL) zesumme mam Jean Muller zu Steesel am Kultursall op. An dësem Trio, deem seng Membere variéieren, spillt dës Kéier de jonke Geiist Yanis Grisó. Zanter 2023 ass de Student Member vum SEL. Am Interview beim Luc Boentges schwätzt hien iwwer Grenzen a säi Liewen tëschent Concerten a Studium.

concerts grenzen trio studium sel concerten liewen zanter student member am interview steesel
Luxembourgish with Anne PODCAST
Conversation Workout B1 - Bass du zefridden mat denger Aarbecht?

Luxembourgish with Anne PODCAST

Play Episode Listen Later Dec 12, 2024 18:26


Ready to boost your Luxembourgish with a new B1 Conversation Workout? Mastering real conversation takes practice—especially when you want to discuss everyday topics more naturally and confidently.In this episode, we'll tackle conversations about job satisfaction and your work life. Perfect for a coffee chat with a friend or a new acquaintance! You'll strengthen both listening and speaking skills, learning how to express opinions about your job, ask questions, and answer in a way that sounds natural and authentic. First You'll hear the whole conversation between Jeannine and Anne -2 works colleagues - so an informal conversationThen I will go through important vocabulary and phrases used in the conversation so to practice together and make sure your Luxembourgish sounds more fluent and that you also gain in confidenceReady to practice? A: So mol Jeannine, bass du zefridden mat danger Aarbecht? Tell my J are you happy with your job?J: Jo, eigentlech schonn. Meng Aarbechtskollegen si sympathesch an meng Aarbecht ass interessant. Yes, pretty much. My colleagues are nice and my job is interesting. Awer ech géif gär méi Verantwortung iwwerhuelen. But I would like to take on more responsibility.A: Wat mengs du mat méi Verantwortung? What do you mean with …J: Ech wëll gär an den nächste 5 Joer eng dichteg Positioun iwwerhuelen. I would like to take on a leadership position in the next 5 years. A wéi gesäit et bei dir aus Anne? And how about you?A: Ech sinn och zefridden mat menger Aarbecht, awer ech wënsche mer méi Geleeënheeten fir meng Fäegkeeten weider ze entwéckelen. I'm happy with my job too, but I wish to have more opportunities to develop my skills.J: Seriö? Ech wousst net, datt s du esou éiergäizeg bass. Really, I did not know that you were so ambitious.A: Dach, - YesJ: Wéi laang schaffs du da schonn hei? How long have you been working here?A: Dat ass mäi 5. Joer an der Firma. This is my 5th year with this company.J: Hues du schonn iwwerluecht, wat s du maache kéints, fir däin Zil ze erreechen? Have you already thought about what steps you could take to achieve your goal?A: Jo, ech hu mam Chef driwwer geschwat, an hien huet proposéiert datt ech un enger interner Ausbildung deelhuelen soll. Yes, I've discussed this with the manager, and he suggested that I take part in an internal training.J: dat ass eng gutt Iddi. That's a good idea.A: Jo, ech freeë mech iwwer dës Formatioun = Ausbildung. Ech wäert sécherlech vill Neies an och nei Fäegkeeten léiere. Yes, I'm looking forward to this training. I will for sure learn a lot of new stuff and also new skills.J: ech mengen, datt et och wichteg ass eng gutt balance tëscht Aarbecht a Fräizäit ze fannen. I think that finding a good balance between work and free time (it) is also important.Vergiess net och heiansdo Spaass am Liewen ze hunn. Aarbecht eleng mécht net glécklech. Don't forget to have some fun sometimes in life. Work alone won't make you happy.A: Jo dat stëmmt. Dofir versichen ech mech ze entspanen an de Weekend treffen ech meng Frënn. An du? Wat méchs du fir de Kapp fräi ze kréien? Yes, that's right. Therefore I try to relax and at the weekend I meet my friends. And what about you? What do you do to clear your head?J: Also, ech ginn heiansdo lafen an ech maachen reegelméisseg Yoga. An ech verbrénge vill Zäit mat menger Famill a mat menge Frënn. Also, I sometimes go running and I regulary do Yoga. And I spend a lot of time with my family and my friends.A: Do hues du recht. There you're right. J: Absolut. Sou, genuch geschwat. ech mengen et ass nees Zäit fir schaffen ze goen. Absolutely. So, enough talked. I think it's time to go back to work.Well done! Nice work for sticking with me all the way through that training.It's training your mouth and your memory through repetition that will help you sound more like a native speaker.Do you want to practice actively conversation then reach out to LWA and get all details about our 1:1 conversation coaching program with me as your coach.Website: https://luxembourgishwithanne.luSproochentest Oral Exam Prep Class:https://courses.luxembourgishwithanne.lu/p/oralexamFacebook: https://www.facebook.com/luxembourgishwithanne.lu/Instagram: https://www.instagram.com/luxembourgishwithanne/?hl=enLinkedIn: https://www.linkedin.com/company/80364342/admin/feed/postsYoutube: https://www.youtube.com/channel/UCh7_kWqrLaZea-IJH46KJEA

The Locumstory Podcast
Ep. 43: Caring for underserved populations through locum tenens and medical missions with family medicine physician, Dr. Liewen

The Locumstory Podcast

Play Episode Listen Later Oct 18, 2024 17:14


Dr. Alison Liewen has crafted a unique and fulfilling medical career, blending her passion for adventure with her dedication to compassionate care. Dr. Liewen discusses her transition to locum tenens work and her experiences working on assignments in Alaska. She also highlights the rewards and challenges of balancing locums assignments and how to maintain a broad scope of practice while making a significant impact on underserved communities. If you're interested in exploring locum tenens opportunities, check out CompHealth (comphealth.com) and Global Medical Staffing (gmedical.com).

RTL - De Journal (Small)
De Journal vum 8. August 2024, 08/08/2024

RTL - De Journal (Small)

Play Episode Listen Later Aug 7, 2024 19:12


Handyverbuet an der Schoul, Liewen ouni Pabeieren, Commerce zu Réiden an iwwerraschend ukrainesch Offensiv

journal commerce liewen schoul
RTL - De Journal (Small)
De Journal vum 8. September 2023, 08/09/2023

RTL - De Journal (Small)

Play Episode Listen Later Sep 7, 2023 22:45


Mat eise Sujeten: de Walprogramm vun der KPL, Mobilitéit zu Lëtzebuerg, Creos, Klima an Liewen an der Grenzregioun.

journal mat klima mobilit kpl liewen sujeten