Podcasts about frankr

  • 36PODCASTS
  • 206EPISODES
  • 19mAVG DURATION
  • 1EPISODE EVERY OTHER WEEK
  • Jun 19, 2026LATEST

POPULARITY

20192020202120222023202420252026


Best podcasts about frankr

Latest podcast episodes about frankr

Kultur
"Ce n'est pas mon affaire d'avoir un avis sur ce que j'écris"

Kultur

Play Episode Listen Later Jun 19, 2026


Gëschter Donneschdeg Owend huet d'Schrëftstellerin Marie NDiaye hiren neien Text "Ma chérie" zesumme mat der Improvisatiounsmusekerin Christine Wodrascka ënner der Regie vum Denis Cointe am TNL virgelies. Am Kader vun dësem Projet, deen dank dem TNL an dem IPW op Lëtzebuerg koum, huet de Jeff Schinker sech mat der franséischer Schrëftstellerin ënnerhalen, déi net just mam Prix Goncourt an dem Prix Femina ausgezeechent gouf, mee och rezent mat hirem Roman "La Sorcière" op der Shortlist vum International Booker Prize stoung. Am Extrait aus hirem laange Gespréich geet et ëm den Text "Ma chérie", ëm international Unerkennung, mee och ëm d'Gefore vun der KI an d'politesch a kulturell Situatioun am Frankräich.

Invité vum Dag
David Lentz. Procureur d'État

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Jun 15, 2026


No der Affaire Lyhanna a Frankräich: wéi geet d'Lëtzebuerger Justiz a Fäll vun Abus sexuel mat de presuméierten Täter ëm?

Kultur
Shortlëscht Prix Inter: Dysfunktional Famillen

Kultur

Play Episode Listen Later May 29, 2026


De Prix Inter ass e bëssen en Ovni an der Landschaft vun de sëllege Literaturpräisser, déi et a Frankräich gëtt, eleng, well en net am Hierscht, mee am spéide Fréijoer vergi gëtt an domat eeben net just Bicher vun der Rentrée littéraire op der Shortlëscht huet. Gegrënnt vu France Inter huet de Präis ee wiesselende Jury, deen dëst Joer vum Laurent Mauviginier, Gewënner vum Prix Goncourt 2025, presidéiert gëtt. De Jury selwer besteet aus 24 Auditeuren an Auditricë vu France Inter. Zanter dem Mëttwoch stellt de Jeff Schinker déi zéng Bicher vun der Shortlist vir, dat, éiert de Gewënner um nächste Méindeg bekannt gëtt. Hei stinn déi lescht dräi Romaner um Programm.

Kultur
Theeme vun der Prix-Inter-Shortlist: Monstrositéit an Entmënschlechung

Kultur

Play Episode Listen Later May 28, 2026


De Prix Inter ass e bëssen en Ovni an der Landschaft vun de sëllege Literaturpräisser, déi et am Frankräich gëtt, eleng, well en net am Hierscht, ma am spéide Fréijoer vergi gëtt an domat eben net just Bicher vun der Rentrée littéraire op der Shortlëscht huet. Gegrënnt vu France Inter huet de Präis ee wiesselnde Jury, deen dëst Joer vum Laurent Mauviginier, Gewënner vum Prix Goncourt 2025, presidéiert gëtt. De Jury selwer besteet aus 24 Auditeuren oder Auditrice vu France Inter. An den nächsten dräi Deeg stellt de Jeff Schinker déi zéng Bicher vun der Shortlist vir, dat, éiert de Gewënner um nächste Méindeg bekannt gëtt.

Kultur
Shortlist vum Prix Inter - Déi 3 éischt Bicher!

Kultur

Play Episode Listen Later May 27, 2026


De Prix Inter ass e bëssen en Ovni an der Landschaft vun de sëllege Literaturpräisser, déi et am Frankräich gëtt, eleng, well en net am Hierscht, ma am spéide Fréijoer vergi gëtt an domat eben net just Bicher vun der Rentrée littéraire op der Shortlëscht huet. Gegrënnt vu France Inter huet de Präis ee wiesselnde Jury, deen dëst Joer vum Laurent Mauviginier, Gewënner vum Prix Goncourt 2025, presidéiert gëtt. De Jury selwer besteet aus 24 Auditeuren oder Auditrice vu France Inter. An den nächsten dräi Deeg stellt de Jeff Schinker déi zéng Bicher vun der Shortlist vir, dat, éiert de Gewënner um nächste Méindeg bekannt gëtt.

Kultur
Etonnants voyageurs

Kultur

Play Episode Listen Later May 20, 2026


“Le sens, le sensible et la relation”, dat ass dëst Joer de Motto vum Literaturfestival ”Etonnants voyageurs” ze Saint-Malo an der Bretagne a Frankräich. De Festival, deen zënter 1990 all Joer iwwer de Päischtweekend Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller aus der ganzer Welt accueiléiert, mécht dat och dëst Joer an d'Valerija Berdi huet schonn hir Valis gepak fir dohinner ze fueren. Virdrun erzielt si eis awer nach Detailer.

Kultur
D'Tapisserie vu Bayeux

Kultur

Play Episode Listen Later Apr 29, 2026


D‘Tapisserie vu Bayeux an der Normandie ass eng Broderie, déi d‘Eruewerung vun den Englänner duerch d‘Normannen illustréiert. Se ass e wichtegt Konschtwierk aus der englesch-franséischer Geschicht. D‘Broderie soll elo fir ee Joer zu London ausgestallt ginn am Kader vum Rapprochement tëschent Frankräich a Groussbritannien. Mee a Frankräich gëtt et Widderstand. D'Claire Barthelemy mat Hannergrënn vu London

Invité vum Dag
Christophe Bouchard

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Jan 14, 2026 13:28


Mam franséischen Ambassadeur zu Lëtzebuerg geet net nëmmen, mee haaptsächlech, rieds iwwer déi Sujeten, bei deene Lëtzebuerg a Frankräich sech NET eens sinn.

Kultur
Kënschtlerinne-Portrait: Claudia Passeri

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 10, 2025 16:10


D'Claudia Passeri ass eng jonk, lëtzebuergesch Kënschtlerin, déi an hirer Konscht hir italieenesch Originnen net nëmmen thematiséiert, mee mat lokalen a globale Kontexter novollzéibar mëscht. Zënter 2002 sinn hir Wierker a kulturellen Institutiounen an am ëffentleche Raum an der Belsch, Frankräich, Italien a Lëtzebuerg ausgestallt. Am Joer 2011 krut si den Edward Steichen Award an am Joer 2016 e Fuerschungsstipendium an der Fonderie Darling zu Montreal. 2019 huet si hiert Wierk Aedicula an der Chapelle de la Charité am Kader vun de Rencontres de la Photographie zu Arles presentéiert, kuréiert vun der Danielle Igniti. Am Joer 2022 huet si zwou monumental Installatiounen realiséiert, dorënner P.G.R. – Per Grazia Ricevuta zu Sanem/Belvaux. Nieft hiren eegene kënschtleresche Wierker schafft d'Claudia Passeri reegelméisseg mat Kënschtler a Kulturpraktiker aus verschiddene Beräicher zesummen. Am Joer 2006 huet si zesumme mat der Michèle Walerich de Kuratorieprojet Agence Borderline gegrënnt; Am Joer 2018 huet si zesumme mam Benoît Delzelle de Kollektiv Common Wealth gegrënnt, deen de Bert Theis-Stipendium krut a fir deen si 2019 op eng Kënschtlerresidenz an Italien invitéiert gouf.

RTL - Automag
Automag: Dacia Bigster Alldagstest, 11/09/2025

RTL - Automag

Play Episode Listen Later Sep 11, 2025 2:36


Bigster heescht deen aktuell gréisste Modell an der Gamm vun Dacia! No der Presentatioun am Süde vu Frankräich stoung elo ee méi laangen Test hei heem um Programm. Wéi den Dacia Bigster sech am Alldag schléit, dat huet de Paul Origer fir eis erausfonnt.

programm modell gamm alldag frankr
RTL - Automag
Automag: Dacia Bigster Alldagstest, 11/09/2025

RTL - Automag

Play Episode Listen Later Sep 11, 2025 2:36


Bigster heescht deen aktuell gréisste Modell an der Gamm vun Dacia! No der Presentatioun am Süde vu Frankräich stoung elo ee méi laangen Test hei heem um Programm. Wéi den Dacia Bigster sech am Alldag schléit, dat huet de Paul Origer fir eis erausfonnt.

programm modell gamm alldag frankr
Kultur
Rentrée littéraire: "La collision" vum Paul Gasnier

Kultur

Play Episode Listen Later Sep 10, 2025 6:56


An eiser neier Serie iwwer d'Rentrée littéraire rezenséiert d'Kulturredaktioun reegelméisseg Romaner an Essaien, déi et op déi divers Long- a Shortliste vun de sëllege Literaturpräisser a Frankräich gepackt hunn. Den Ufank mécht dem Paul Gasnier seng Autofiktioun "La collision", an där hien iwwer den déidlechen Accident investigéiert huet, an deem seng Mamm hiert Liewe verluer huet. "La collision", an der éischter Selektioun vum prestigiéise Prix Goncourt, setzt sech als Zil, datt déi Geschicht, an där ee jonke Migrant schëlleg geschwat gouf, net vum RN kann instrumentaliséiert ginn. Wisou dat just zum Deel opgeet, verréit de Jeff Schinker a senger Kritik.

RTL - De Journal (Small)
De Journal vum 10. September 2025, 10/09/2025

RTL - De Journal (Small)

Play Episode Listen Later Sep 9, 2025 28:06


Sujeten haut: Preparatioune fir Schoulrentrée, Renaturéierung vum Uelzechtdall, Maniffen a Frankräich, Ried zur Lag vun der EU an Ettelbrécker Unterfürung.

RTL - De Journal (Large)
De Journal vum 10. September 2025, 10/09/2025

RTL - De Journal (Large)

Play Episode Listen Later Sep 9, 2025 28:06


Sujeten haut: Preparatioune fir Schoulrentrée, Renaturéierung vum Uelzechtdall, Maniffen a Frankräich, Ried zur Lag vun der EU an Ettelbrécker Unterfürung.

RTL - De Journal (Small)
De Journal vum 9. September 2025, 09/09/2025

RTL - De Journal (Small)

Play Episode Listen Later Sep 8, 2025 26:25


Theemen haut: Iwwerschwemmungen, Chamber-Finazkommissioun, 95. Gebuertsdag vum Jean Spautz, d'Situatioun vun der Regierung a Frankräich an Damme-Basket

journal regierung frankr gebuertsdag
RTL - De Journal (Large)
De Journal vum 9. September 2025, 09/09/2025

RTL - De Journal (Large)

Play Episode Listen Later Sep 8, 2025 26:25


Theemen haut: Iwwerschwemmungen, Chamber-Finazkommissioun, 95. Gebuertsdag vum Jean Spautz, d'Situatioun vun der Regierung a Frankräich an Damme-Basket

journal regierung frankr gebuertsdag
Presserevue

Wäilies fänkt un, Maxim Pasta gëtt vu Klengbettener Millen iwwerholl, Accident a Frankräich mat den U21 Fussballspiller sinn d'Opmaacher vun der geschriwwener Presse. D'Carole Schimmer mat der Presserevue

Kultur
Prix Goncourt: Déi éischt Selektioun ass eraus

Kultur

Play Episode Listen Later Sep 3, 2025 3:55


De Prix Goncourt ass dee wichtegste Literaturpräis a Frankräich, haut huet d'Académie Goncourt déi 15 Bicher annoncéiert, déi dëst Joer an d'Course ginn. De Gewënner wäert de 4. November feststoen. Wien ass nominéiert a ginn et Iwwerraschungen? Dozou eise Korrespondent vu Paräis, de Max Tholl

Presserevue
Editioun vum Weekend

Presserevue

Play Episode Listen Later Aug 30, 2025 3:19


Sozialdialog zu Lëtzebuerg an a Frankräich, Douanestaxen-Deal tëschent USA an EU sinn d'Sujeten an de Leitartikele vun der geschriwwener Press.

united states european union press frankr sujeten editioun
RTL - De Journal (Small)
De Journal vum 3. Juli 2025, 03/07/2025

RTL - De Journal (Small)

Play Episode Listen Later Jul 2, 2025 27:13


Sujeten haut: Immobiliepräisser, LSAP wëll abordabele Logement, Fëmmverbuet a Frankräich, Kloertext, Tour de France an Expo "Cité transparente".

RTL - De Journal (Large)
De Journal vum 3. Juli 2025, 03/07/2025

RTL - De Journal (Large)

Play Episode Listen Later Jul 2, 2025 27:13


Sujeten haut: Immobiliepräisser, LSAP wëll abordabele Logement, Fëmmverbuet a Frankräich, Kloertext, Tour de France an Expo "Cité transparente".

Kultur
Lëtzebuerg op dem 42. Marché de la poésie zu Paräis

Kultur

Play Episode Listen Later Jun 24, 2025 5:54


Vu leschte Mëttwoch bis e Sonndeg war zu Paräis déi 42. Editioun vum Marché de la Poésie, dee gréisste Poesie-Event a Frankräich. Mat dobäi war Kultur I lx mat engem Stand, op deem d'Kultur-Export-Agence dem Public an den Editeuren déi Lëtzebuerger Poesie méi no bruecht huet. Wat zeechent dës aus a wéi steet et ëm si? Eise Korrespondent Max Tholl war leschte Freideg um Marché.

stand public mat vu poesie lapo frankr sonndeg editioun freideg
Kultur
Iwwer “silicon valleys” an “islands” weltwäit

Kultur

Play Episode Listen Later Jun 11, 2025 11:16


Der Daphné Le Sergent hir Thematike sinn déi grouss geopolitesch Froe plus hir Effeten op de mënschleche Kierper. D'Daphné Le Sergent, gebierteg Koreanerin an adoptéiert a Frankräich, ass awer weder Human- nach Naturwëssenschaftlerin, mee Kënschtlerin. An zwar eng, déi mat Hëllef vu mobillen an immobille Biller, reellen a KI-generéierten Opnamen, hybrid Geschichten zu dësem Theema erzielt, fir op eng bannenzeg Zerrapptheet opmierksam ze maachen. Am Espace Cultures vun der Uni um Belval presentéiert si momentan d'Konschtinstallatioun “Silicon islands and war”. D'Kerstin Thalau hat Geleeënheet der Daphné Le Sergent um Belval e puer Froen zu der Aarbecht ze stellen.

Kultur
D'Finaliste vum Internationale Klarinette-Concours sti fest!

Kultur

Play Episode Listen Later Apr 10, 2025 6:44


Fir déi éischt Editioun vum Internationale Klarinette-Concours am Kader vum Klenge Maarnecher Festival hu sech ronn 80 jonk Klarinettiste gemellt. An der Halleffinale mat 15 Leit huet den national an international unerkannte Jury elo entscheet, wien déi 3 jonk Finaliste sinn, déi muer géinteneen optrieden. Et sinn de Quentin Chartier aus Frankräich, de Sang-Jin Park aus Südkorea, an den Nuno Baptista aus Portugal. Den 11. Abrëll owes vu 7 Auer un iwwerdroe mir live d'Finall vum Concours aus dem Cube521 zu Maarnech.

RTL - Commentaire
Marc Hoscheid: Marine İmamoğlu oder Ekrem Le Pen?, 03/04/2025

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later Apr 3, 2025


Marine Le Pen gëtt a Frankräich verurteelt an dierf net u Walen deelhuelen. An der Tierkei gëtt den Ekrem İmamoğlu wéinst méiglecher Korruptioun verhaft. Déi zwee Fäll sinn net gläichzesetzen, ma d'Reaktioune lafen awer no engem änleche Muster of, mengt de Marc Hoscheid an engem Commentaire.

Kultur
Rentrée littéraire (2) "Un perdant magnifique" vun der Florence Seyvos

Kultur

Play Episode Listen Later Feb 13, 2025 7:04


Nom Frédéric Beigbeder sengem "Un homme seul" rezenséiert de Jeff Schinker ee weidere Roman vun der franséischer Rentrée littéraire, dee sech mat enger enigmatescher Pappefigur auserneesetzt. Am Géigesaz zum Beigbeder ass der Schrëftstellerin a Zeenaristin Florence Seyvos hei awer ee melancholeschen, empathesche Roman gelongen, deen tëschent Frankräich an der Elfenbeinküst pendelt.

RTL - Commentaire
Pit Everling: D'Gauche muss u sech schaffen, 11/02/2025

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later Feb 11, 2025 2:29


Italien, Holland, Belsch, Éisträich, Frankräich oder Däitschland. A ville westeuropäesche Länner si vill Wieler no riets geréckelt an dat plazeweis stramm. Déi entspriechend Parteie fänken un, salonsfäeg ze ginn a plazeweis Regierungen ze forméieren, wat erféieren deet. D'Ursaachen dofir si ganz verschidden. D'politesch Gauche muss op ville Plazen nokucken, se muss awer och u sech selwer schaffen, mengt de Pit Everling.

Kultur
Bande Dessinée: "Graines de voyous"

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 13, 2025 5:05


"Graines de voyous" ass de mëttlerweil aachten Deel vun der Serie Les Vieux Fourneaux vun den Auteuren Wilfrid Lupano a Paul Cauuet. Et geet ëm d'Duerfliewen am Süde vu Frankräich, ëm Toulouse, wou eeler Häre mat de Schwieregkeete vum moderne Liewe confrontéiert ginn.

Kultur
Graines de voyous

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 9, 2025 5:03


De mëttlerweil aachten Deel aus der Ser Serie "Les Vieux Fourneaux" vun den Auteuren Wilfrid Lupano a Paul Cauuet. Et geet ëm d'Duerfliewen am Süde vu Frankräich, ëm Toulouse, wou eeler Häre mat de Schwieregkeete vum moderne Liewe confrontéiert ginn.

toulouse graines liewe frankr
Kultur
En 10-Jores-Bilan mat der Kënschtlerin Catherine Lorent

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 27, 2024 17:11


Joresréckblécker, kuerz Ausblécker op dat anert Joer ... dat bitt sech dëser Deeg un. Och well et am Beräich Konscht a Kultur e bësse méi roueg ass. Mee d'Kerstin Thalau huet d'Catherine Lorent fir en 10-Jores-Réckbléck an de Studio invitéiert. D'Catherine Lorent, Joergang 1977, lieft a schafft, no Konschtstudien an Däitschland an a Frankräich plus engem Doktorat an der Konschtgeschicht, zanter 15 Joer zu Berlin. Lëtzebuerg ass awer net vergiess: vun Zäit zu Zäit sinn hir kënschtleresch-musikalesch Aarbechten och hei ze gesinn, an ze héieren; am Kontext vun Esch2022 an an Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg, hat si awer och d'Evolutioun vum Buergbrenne studéiert. Kerstin: 10 Joer an 10 Minutten ... do musst Dir awer Gas ginn?

Presserevue
Editioun 8h15

Presserevue

Play Episode Listen Later Dec 23, 2024 7:17


De Projet fir d'Strooss tëschent Bieles a Rédange a Frankräich fir den Duerchgangsverkéier ze späre schéngt bis op Weideres vum Dësch.

frankr editioun
Kultur
Prix littéraires: "Le rêve du Jaguar" de Miguel Bonnefoy

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 19, 2024 6:57


Mëtt November goufen a Frankräich déi sëllege Literaturpräisser verginn. Déi déck Fësch wéi de Goncourt an de Renaudot hate mir scho beschwat, zanter e puer Woche verrode mir Iech, fir wéi eng Romaner sech déi méi kleng, mee dacks literaresch méi relevant Juryen, entscheet hunn. Hei beschwätzt de Jeff Schinker "Le rêve du jaguar" vum Miguel Bonnefoy, fir deen den Auteur de Prix Femina an de Grand Prix du Roman de l'Académie française krut. Eng Entscheedung, déi eise Kritiker absolut net novollzéie kann, esou kitscheg an iwwerflächlech huet hien de Roman fonnt.

Kultur
"Mythologie du .12" vum Célestin de Meeûs

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 11, 2024 12:02


Mëtt November goufen a Frankräich déi sëllege Literaturpräisser verginn. Déi déck Fësch wéi de Goncourt an de Renaudot hate mir scho beschwat, an den nächste Woche verrode mir Iech, fir wéi eng Romaner sech déi méi kleng mee dacks literaresch méi relevant Juryen entscheet hunn. Hei rezenséiert de Jeff Schinker "Mythologie du .12" vum jonke belschen Auteur Célestin de Meeûs, dee fir säin éischte Roman eng Mention spéciale vum Prix Wepler krut.

Invité vum Dag
Yves Cruchten

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Dec 6, 2024 14:00


Mam LSAP-Deputéierte schwätzt de Rick Mertens ënner anerem iwwer de Mercosur-Accord an iwwer déi verfuere politesch Situatioun a Frankräich an d'Roll vun de Sozialisten.

yves sozialisten frankr situatioun rick mertens
RTL - De Journal (Small)
De Journal vum 5. Dezember 2024, 05/12/2024

RTL - De Journal (Small)

Play Episode Listen Later Dec 4, 2024 26:09


Sujeten haut: Liberty Steel, de Premier schwätzt mat Jonken iwwer d'Klima a Frankräich an der Kris.

journal premier frankr sujeten jonken
Kultur
"Marc" vum Benjamin Stock

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 4, 2024 5:36


Mëtt November goufen a Frankräich déi sëllege Literaturpräisser verginn. Déi déck Fësch wéi de Goncourt an de Renaudot hate mir scho beschwat. An den nächste Woche verrode mir Iech, fir wéi eng Romaner sech déi méi kleng mee dacks literaresch méi relevant Juryen entscheet hunn. Hei beschwätzt de Jeff Schinker “Marc” vum Benjamin Stock, dee fir säi fuerchtbar topegen a gläichzäiteg immens philosophesche Roman iwwer eng Gemeinschaft vu Marc-Levy-Lieser de Prix de Flore krut.

RTL - De Journal (Large)
De Journal vum 5. Dezember 2024, 05/12/2024

RTL - De Journal (Large)

Play Episode Listen Later Dec 4, 2024 26:09


Sujeten haut: Liberty Steel, de Premier schwätzt mat Jonken iwwer d'Klima a Frankräich an der Kris.

journal premier frankr sujeten jonken
RTL - Carte Blanche / Commentaire
Gilbert Pregno: Eng Mask, déi dem Mann e Gefill vu Muecht gëtt, 29/11/2024

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Nov 29, 2024


A Frankräich suergt e Prozess fir vill Opmierksamkeet. Do ass eng Fra, d'Gisèle Pelicot, iwwert 10 Joer vergewaltegt ginn, ënner Ëmstänn, déi en Abléck ginn, wéi wäit Veruechtung vu Männer vis-a-vis vu Frae ka goen. Dozou eng Carte Blanche vum Psycholog a Mënscherechtler Gilbert Pregno.

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Wat geschitt mam Chômage vu franséische Frontalieren?

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Nov 29, 2024 17:42


Frankräich wëll de System änneren, wéi d‘Suen, déi Frontalieren am Chômage ze gutt hunn, berechent ginn. Si sollen deemno däitlech manner kréien, wat och eng grouss Verschlechterung vun hirer Situatioun mat sech bréngt, well d'Liewen hannert der Grenz duerch déi héich Léin zu Lëtzebuerg däitlech méi deier ginn ass wéi am Recht vu Frankräich. Am Podcast erkläert de Fabien Grasser, wéi et zu dëser Reform koum, wat se fir d'Frontaliere bedeit a wéi zu Lëtzebuerg dorobber reagéiert huet. Dobäi geet et och ëm déi lëtzebuergesch Regierung, déi bis elo éischter de Kapp an de Sand gestach huet. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Indemnités chômage des frontalier·ères français·es : La variable d'ajustementThe post Wat geschitt mam Chômage vu franséische Frontalieren? first appeared on Radio ARA.

RTL - De Journal (Small)
De Journal vum 22. September 2024, 22/09/2024

RTL - De Journal (Small)

Play Episode Listen Later Sep 21, 2024 17:23


Theemen haut: Commemoratioun zu Ettelbréck mat der Famill Patton, CGDIS-Dag an déi nei Regierung a Frankräich.

RTL - De Journal (Small)
De Journal vum 18. September, 18/09/2024

RTL - De Journal (Small)

Play Episode Listen Later Sep 17, 2024 20:44


Mat eise Sujeten: Rentrée am Lycée, Sécherheet beim Skoda Tour, nei Pneue-Reegele an Däitschland a Frankräich.

RTL - De Journal (Small)
De Journal vum 8. Juli 2024, 08/07/2024

RTL - De Journal (Small)

Play Episode Listen Later Jul 7, 2024 28:13


Theemen haut: Een Dag no de Walen a Frankräich, de Park zu Gaasperech, de Bilan vun "Déi Gréng" an de Bilan vun enger Woch Tour de France.

RTL - De Journal (Small)
De Journal vum 7. Juli 2024, 07/07/2024

RTL - De Journal (Small)

Play Episode Listen Later Jul 6, 2024 12:35


Theemen haut: Walen a Frankräich, Taxe op E-Autoen aus China an neien Tramtracé bis bei de Stadion.

RTL - De Journal (Small)
De Journal vum 6. Juli 2024, 06/07/2024

RTL - De Journal (Small)

Play Episode Listen Later Jul 5, 2024 20:33


Theemen haut: Walen a Frankräich um Sonndeg, Resumé Background, Nato-Sommet zu Washington a Public Viewing zu Lëtzebuerg.

RTL - De Journal (Small)
De Journal vum 1. Juli 2024, 01/07/2024

RTL - De Journal (Small)

Play Episode Listen Later Jun 30, 2024 24:48


Mat eise Sujeten: Gemenge-Police zu Esch, Suivi Iwwerschwemmungen, Walen a Frankräich a Liichtathletik.

RTL - De Journal (Small)
De Journal vum 28. Juni 2024, 28/06/2024

RTL - De Journal (Small)

Play Episode Listen Later Jun 27, 2024 31:28


Sujeten: Bilan CGDIS, Invité vun der Redaktioun, EU-Spëtzeposten, Walen a Frankräich an an den USA, Internationales, Sport an d'Expo Tying Knot.

RTL - De Journal (Small)
De Journal vum 6. Juni 2024, 06/06/2024

RTL - De Journal (Small)

Play Episode Listen Later Jun 5, 2024 29:10


Sujeten haut: 80 Joer D-Day, Pim Knaff demissionéiert net, Frëndschaftsmatch Lëtzebuerg-Frankräich, Chute beim Dauphiné, Réiser Päerdsdeeg an Theater Alphabet.

journal chute dauphin frankr sujeten
RTL - De Journal (Small)
De Journal vum 14. Juli 2023, 14/07/2023 00:00

RTL - De Journal (Small)

Play Episode Listen Later Jul 13, 2023


Theemen haut : De Stade Josy Barthel geet op, Aweiung SNCA um Fridhaff, Nationalfeierdag a Frankräich a «Mam Vëlo op d'Schoul» zu Noumer.

journal frankr d'schoul
RTL - De Journal (Small)
De Journal vum 30. Juni 2023, 30/06/2023 00:00

RTL - De Journal (Small)

Play Episode Listen Later Jun 29, 2023


Themen: EU-Sommet, Onrouen a Frankräich, Wëlzer Gemengepolitik, Fuerderunge vun der UEL, Foire Agricole, uergen Accident, Tour de France an Internationales.

BreakerCulture Podcast
THE IRS IS COMING FOR SPORTS CARD INVESTORS???

BreakerCulture Podcast

Play Episode Listen Later Nov 29, 2022 11:48


It's on December... but it's a PERFECT time to be thinking about how to reduce your 2023 taxes in relation to Sports Cards. Join me as I chat with @baseballHOFautographs ( YouTube for Frank) for 11min to get you thinking about what to do the next 4 weeks! Email Frank at: FrankR@schreiber.cpa YouTube Version: https://youtu.be/VcUIJEGXIhA #sportscards #TheHobby #Collect Bench Clear Media Production Check out Bench Clear at: http://www.benchclear.us