E Bléck an déi national Press
Mat de Sujete Lëtzebuerger Sprooch, Cyberkriminalitéit, Rekrutéieren op der Bunn an nei Weltuerdnung

D'Geleeënheet fir d'Unerkennung vu Palästina ass elo: Där Meenung ass de Michael Merten a sengem Leitartikel am Lëtzebuerger Wort. Eng Unerkennung als Staat géif de Verhandlungsspillraum vun de “konstruktive palästinenseschen Acteuren” erhéijen. “Blindflug am Findel”, esou huet de Chris Schleimer säin Editorial am Tageblatt iwwerschriwwen. Hien ass der Meenung, datt d'Regierung erëm eng Kéier beim Dialog géif versoen. D'Regierung schéngt et op en Neits verpasst ze hunn, d'Gespréich mat den direkt Bedeelegten ze sichen. Opmaacher-Sujet am Lëtzebuerger Wort ass d'Eenegung tëschent der Europäescher Unioun an den USA am Handelssträit. Den Deal géif Imprevisibilitéit mat sech bréngen, esou gëtt de Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel am Wort zitéiert. Dëse Sujet gëtt haut och am Quotidien kommentéiert. Am Lëtzebuerger Journal beschäftegt de Misch Pautsch sech mat der Fro, firwat vill vum sougenannten Needle Spiking geschwat gëtt. Fäll, bei deene beluecht ass, datt eng Persoun am ëffentleche Raum heemlech ee Stoff mat enger Nol agesprëtzt kritt huet, géife weltwäit komplett feelen.

Wat d'Verbraucherpräisser ugeet, bleift Lëtzebuerg dat drëttdeierst Land an der Europäescher Unioun a bei de Liewensmëttelpräisser ass de Grand-Duché souguer den EU-Spëtzereider. Dat thematiséiert haut d'Tageblatt. “Méi éierlech Argumenter amplaz indignéiert Reflexer”, dat fuerdert d'Ines Kurschat am Leitartikel am Lëtzebuerger Wort. D'Chefredactrice schreift, “mir liewen an enger Zäit, an där Opmierksamkeet alles ass an Inhalter näischt”. Et soll een net erwaarden, datt Haiser vum Himmel falen: dat seet de Logementsminister Claude Meisch an engem ausféierlechen Interview mam Online-Magasinn Reporter. “Osteopathie in Luxemburg: Gefragt, aber umstritten”, esou hunn d'Laura Tomassini an de Lex Klesen hiren Artikel beim Lëtzebuerger Journal iwwerschriwwen. Osteopathesch Behandlunge géifen hei am Land boomen, mee de Beruff wier rechtlech kaum gereegelt, an d'Käschte géifen d'Patienten a Patientinne meeschtens selwer droen, heescht.

D'Zeitunge befaasse sech mat der Cyberattack, déi weider Problemer an der Kommunikatioun gewisen huet, d'Fluglotsen dreeë mat Streik wéinst geplangte virtuelle Kontrolltuerm, an eng Milliard Investitioun fir Findelausbau: dat sinn d'Sujeten an der Presserevue.
Mat de Sujete politesch Wiesselen an de Gemengen, Etüd iwwer de Bankesecteur, Reouverture vum grousse Basseng vun der Veiner Schwemm a Rechter vun der LGBTQIA+-Communautéit

Mat de Sujeten AMMD, Bauprojet zu Rodange, bal-Kollisioun tëschent Bus an Zuch a Liberty Steel

Ëm den Noen Oste geet et haut an direkt zwee Zeitungsleitartikelen: “Nichts zu befürchten”, esou huet de Guy Kemp säin Editorial am Tageblatt iwwerschriwwen. Ouni Drock vu bausse wäert den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu säi Krich an der Gazasträif net op een Enn bréngen. Déi zweet Zeitung, där hiren Editorial sech mam Noen Oste beschäftegt, ass haut d'Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek. Do fuerdert den Uli Brockmeyer “Sanktionen gegen Israel jetzt!” Iwwer ee “Parlament ohne Selbstbewusssein” schreift de Laurent Schmit an engem Kommentar bei Reporter.lu: D'Regierung géif d'Chamber mëssuechten. Een Ëmdenke wier néideg, soss géif et een irreparabele Schued fir d'Demokratie ginn, heescht et an dësem Meenungsbäitrag bei Reporter.lu. “Sportberichterstattung wird weiblicher”, dat kënnegt de Bob Hemmen am Leitartikel am Lëtzebuerger Wort un. Hie stellt fest, datt Medie matbestëmmen, wie gefërdert, gesponsert an als Virbild wouergeholl gëtt. An am Lëtzebuerger Wort fënnt een haut ee weidere Sportsujet, déi Kéier op de Lokalsäiten. Do gëtt ee gewuer, datt Miersch een neie Sportkomplex plangt ... fir 155 Milliounen Euro!

Am Quotidien zitt de Commissaire Général vum Lëtzebuerger Pavillon op der Expo Osaka 2025 haut een Tëschebilan: no den dräi éischte Méint vun dëser Weltausstellung hätte schonn 167.000 Leit de Lëtzebuerger Pavillon besicht. De Stroumpräis hei am Land wier bannent engem Joer ëm iwwer 24 Prozent geklommen: dat gëtt een de Moien am Lëtzebuerger Wort gewuer. D'Mëssgonscht vun der AMMD géintiwwer dem Personal an de Klinicken ass net am Interesse vun de Patienten: där Meenung ass de Luc Laboulle am Leitartikel haut am Tageblatt.

De Sträit an der Gemeng Conter, déi geplangte Reform vun der Grondsteier, an den Ëmgang vun der Justiz mat Pädokriminelle si Sujeten haut an der Presserevue.
Geheimniskréimerei ëm de Sozialdialog, eng Mobiliséierungsteier, déi kee mobiliséiert an Trennung vun Ëmwelt a Landwirtschaft, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.

Verkéiersberouegung um Lampertsbierg, kommunal Dissonanzen an e Bréif un d'FLF: eis Theemen haut an der Presserevue

Eng Affär zu Déifferdeng, Summerpaus am Sozialdialog an d'Sich no engem neie Fussballnationaltrainer, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.

D'Pride ass kee Lafsteg, Warden op de Kärjenger Contournement an extrem temperaturen am CHNP, dat sinn esi Themen haut an der Presserevue
D'Pride ass kee Laufsteg, Waarden op de Käerjenger Contournement an extreem Temperaturen am CHNP, dat sinn eis Theemen haut an der Presserevue.
Succès fir d'Porte ouverte vun der Arméi, en Interview mat der OGBL-Presidentin Nora Back an Diskussiounen ëm Naturschutzoplagen, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.

Vill Kritik um Luc Frieden, en Deal mat de Lëtzebuerger Tankstellen a schwéier Zäite fir Namur: Theemen haut an eiser Presserevue

Den Exit vum Nationaltrainer, e schwieregen Aarbechtsmaart an nei Reegelen fir Fluchpassagéier, dat sinn eis Theemen haut an der Presserevue
Den Exit vum Nationaltrainer, e schwieregen Aarbechtsmaart an nei Reegele fir Fluchpassagéier, dat sinn eis Theemen haut an der Presserevue
Haut ass d'Reunioun vun der leschter Chance fir de Luc Frieden, esou d'Zeitungen, donieft suergt de Prozess ëm e verurteelte Sexualtäter zu Hesper fir Opreegung.
De Mëtteg ass d'Reunioun tëschent dem Premier an de Sozialpartner an d'Zeitunge gesinn dat Treffen als déi lescht Chance fir de Luc Frieden de Sozialdialog ze reaniméieren.
Experte widderspriechen dem Ausseminister Bettel, dee behaapt, datt Lëtzebuerg keng eege Sanktioune géint Israel kéint decidéieren, an datt dat nëmmen op EU-Niveau méiglech wier.
Wéi Lëtzebuerg sech op déi nächst Hëtztwell ka virbereeden, domat beschäftegen sech d'Zeitungen haut, net nëmmen d'Stied, mee och de Schoulbetrib misst besser preparéiert ginn.
An dräi Stater Quartiere gëllt vun haut un Tempo 30, donieft gëtt de Bilan vun der Foire agricole gezunn an d'Pride Week ass Theema.
D'Pride Week ass een Theema, vun haut u gëllt um Lampertsbierg, zu Märel an zu Hollerech Tempo 30 an eng Fra bereit, datt si eng Solaranlag op den Daach installéiere gelooss huet.
D‘Canicule ufanks der Woch, de Klimaschutz, de MERCOSUR Accord, a Kaffi mat der Garer Police - dat sinn haut Sujeten an der nationaler Press.
Déi amerikanesch Ambassade bleift zu Lëtzebuerg, d'Chambre de Commerce wëllt méi kuerz Vakanzen an de Luc Frieden kritt Konkurrenz als Premier, d'Theemen haut an der Presserevue