Sport total mat eisem sportlechen Invité vun der Woch.
Futtball-WM 2018 Spezial: No der Victoire vun eisen Noperen
Domadder hat net jidderee gerechent: d'Finale vun der Weltmeeschterschaft 2018 steet. Op der enger Säit de Weltmeeschter vu virun 20 Joer an op der aner Säit eng Equipe, déi nach ni an enger Finale stoung. Wat bréngt de Match Frankräich-Kroatien? A wéi war hire Parcours. Doriwwer schwätze mer am Radio Sport Club Spezial mam Guy Hellers, Robi Langers an Hubert Meunier.
Nach just 8 Equippe kommen a Fro fir de Weltmeeschtertitel 2018. An och wa Brasilien a Frankräich sécher zu den erwaarte Véierelsfinaliste gehéieren, huet sech bei dëser WM dës Kéier awer och Equippe gewisen, déi keen direkt um Radar hat, woubäi aner Grousser schonn doheem sinn, dorënner déi aktuell zwee bescht Futtballspiller vun de Welt Messi a Ronaldo. Op dat wat bis ewell geschitt ass an dat wat kënnt schwätzen dës Woch am Radio Sport Club spezial Robi Langers, Hubert Meunier an Dan Theis.
Eent steet fest: de Weltmeeschter verdeedegt säin Titel och déi Kéier net. Sou wéi Italien a Spuenien déi lescht zwou Kéieren, fiert Däitschland no der éischter Ronn heem. Fir aner Weltmeeschter ass et nach esou just duergaangen: Argentinien mat herrlechem Messi-Gol, Brasilien eréischt am drëtte Match iwwerzeegend, Frankräich nach ouni dee grousse Jeu, Spuenien och nëmme mat enger Victoire. Just England ass a Gol-Laun. An da sinn do nach déi aner wéi d'Belsch oder d'Kroaten. Wat bréngen d'Aachtelsfinallen- doriwwer schwätzen déi Kéier d'Emilia Oliveira, de Marc Thomé an de Guy Hellers.
De Weltmeeschter nach ouni Punkt, de Ronaldo scho mat 4 Goler, de Messi ouni Eelefmeter-Gléck, e puer Favoriten, déi sech nach net musse bretzen an eng iwwerraschend gutt Ambiance, d'Weltmeeschterschaft a Russland huet schonn intressant Biller geliwwert an Diskussiounen ausgeléist. Mir diskutéieren och doriwwer am Radio Sport Club, mat derbäi sinn Emilia Oliveira, Guy Hellers a Marc Oberweis. De Mëtteg um hallwer 2.
D'Réiser Päerdsdeeg sinn de gréisste Rendez-Vous am Sprangréiden hei zu Lëtzebuerg. Déi bescht Lëtzebuerger Sprangreider an och international Vedetten kommen all Joer op d'Herchesfeld an de Réiserbann.Do dernieft awer och dausenden vu Spectateuren.D'Réiser Päerdsdeeg hu sech mëttlerweil zu engem "Social Event" entwéckelt.Firwat dat esou ass, doriwwer schwätze mir mam Dan Rinaldis vun der Organisatioun.De Radio Sport-Club. Um Freideg live vun hallwer 2 un, vun de Réiser Päerdsdeeg
D’lescht Woch huet ee vun de beschte Lëtzebuerger Basketballspiller vun allen Zäiten annoncéiert, mat 29 Joer, seng Schong un de Nol ze hänken. De Samy Picard, dee vun de Musel Pikes eriwwer op Tréier bei deen deemolegen TBB an d’1. Bundesliga als Proffi gewiesselt war, huet déi lescht 6 Joer bei der Amicale gespillt. Mat deene Steeseler huet hie 6 Titelen gewonnen, 3 mol Champion, 3 mol d’Coupe, an de leschten zwee Joer hannerteneen dobäi den Doublé realiséiert. De Samy Picard ass haut den Invité am Radio Sport Club um hallwer 2.
E Sonndeg ass am Football de leschten Héichpunkt vun der nationaler Saison mat der Finale an der Coupe de Luxembourg. Déi zwee Trainer, de Patrick Grettnich vum Racing an den Henri Bossi vun Hueschtert, wëllen d’Coupe eng éischte Kéier an der respektiver Veräinsgeschicht mat heem huelen. Et ass och déi éischte Kéier iwwerhaapt, datt déi 2 Clibb an der leschter Ronn vun dëser Kompetitioun stinn. De Patrick Grettnich an den Henri Bossi sinn d'Invitéen an am Radio Sport Club um hallwer 2.
E Samschdeg-8-Deeg ass nees déi grouss Gran Fondo vum Frank Schleck mat Depart an Arrivée zu Muneref. De 38 Joer ale fréiere Vëlosproffi gëtt bei dëser Cyclo-Tourist, den Adepten vun der "Petite Reine", d’Méiglechkeet seng fréier Trainingsstrecken ze entdecken. De Frank Schleck huet sech an de leschte Wochen och ëm eng Rei Hobbycycliste gekëmmert, fir se op déi 85 respektiv déi 155 Kilometer ze preparéieren. Doriwwer verréit e méi am Radio Sport Club um hallwer 2.
De leschte Weekend ass de Lëtzebuerger Volleyballnationalspiller Kamil Rychlicki mat Maaseik Champion an der Belsch ginn. Den 21 Joer alen Ugrëffsspiller, mat polneschen Originen, huet beim Spëtzeklub zu de Piliere gehéiert. No 2 Saisone bei eise belschen Noperen kéint d’Rees vum enormen Talent, dat beim VC Stroosen grouss gouf, an de Süden, Direktioun Italien féieren. Ob dat esou ass, ënner anerem dat erzielt eis de Kamil Rychlicki um hallwer zwou am Radio Sport Club.
Den Jimmy Wagner ass ee vun den Initiateuren vum sougenannten „Andy Schlecks Cycles Women Project“.D'Zil ass et, fir méi jonk Meedercher an Damme bei de Vëlossport ze kréien andeems een si mat Workshops an Trainingsstagen motivéiert fir eng Lizenz ze ënnerschreiwen an esou méi Dammen un den Depart vun de Coursë kritt.Een ambitiéise Projet, deen de Jimmy Wagner eis am Virfeld vum Festival Elsy Jacobs am Detail presentéiert. Hien ass den Invité am Radio Sport Club um hallwer 2.
E Samschdeg ass an der Coque d’Final vun der Coupe de Luxembourg tëscht Péiteng a Bierchem. Den 23 Joer ale Ben Weibel spillt zanter 17 Joer Handball, dovun 14 zu Péiteng, wou d’riets Band och ugefaang huet. No der décker Surprise an der Halleffinall mat der Victoire géint den HBD, kréien déi Péitenger et elo an der leschter Ronn mat deene Réiserbänner ze dinn! De Mëtteg ass de Ben Weibel den Invité am Radio Sport Club.
E Samschdeg ass déi zweet an scho vläicht decisiv Final am Dëschtennis-Equippechampionnat tëscht Diddeleng an dem Houwald. De Gilles Michely huet e groussen Undeel um Succès aus de leschte Jore vun der Equipe aus der Forge du Sud. Déi Diddelenger Dëschtennisspiller kéinten nom kloren 5-0 an der éischter Finale, elo de Weekend de Sak zoumaachen an dann hiren 6 Championstitel hannerteneen, an den 5. Doublée aus deene leschte 6 Joer feieren. De 4-fache Lëtzebuerger Champion am Eenzel Gilles Michely ass den Invité am Radio Sport Club.
De Weekend spillt eis Tennis-Davis-Cup-Equipe zu Esch an der Europa-Afrika Grupp 2 géint Georgien. Nieft dem Gilles Muller trieden Ugo Nastasi, Alex Knaff an d'Tholl-Bridder un. Ob d'Nummer 1 vun de Georgier den Nikoloz Basilashvili (Nummer 86 op der Welt) och derbäi ass, gëtt bei der Presentatioun bekannt op der Escher Gemeng bekannt. Vun do kënnt och de Radio Sport Club um hallwer 2.
E Samschdeg ass am Lëtzebuerger Footballchampionnat de Spëtzematch tëscht dem Tabellenzweeten Nidderkuer an dem Leader Diddeleng. Déi zwou Equippen sinn punktgläich, den F91 huet just ee Gol méi geschoss. De Karapetian war 3 Saisonen zu Diddeleng, spillt awer zanter dem leschten Juni fir de Progrès. An den 11 Championnats-Matcher déi den fréieren armeneschen Nationalspiller des Saison fir déi Nidderkuerer gespillt huet, huet de Stiermer 16 mol getraff. Haut ass den Aleksandre Karapetian den Invité am Radio Sport Club.
Dëse Weekend sinn déi zweet Mätscher vun de Finallen am Volleyball Championnat.Nodeems bei den Häre Fenteng den éischte Match géint Stroossen gewanne konnt, steet de Club elo nom Coupe-Gewënn virum vum 1. Championstitel an der Veräinsgeschicht.Mam President vum VC Fenteng, Jacques Feyder, schwätze mir am Radio Sport Club iwwer d'Entwécklung vu sengem Club an d'Perspektiven an den nächste Joren.
E Samschdeg sinn an der Arena vun der Coque d’Finalen an der Coupe de Luxembourg. Bei den Dammen an bei den Hären spillen d’Amicale Steesel an d’Etzella all Kéier géinteneen. De Jairo Delgado ass de Leader vun den Ettelbrécker Hären an ass ee vun de beschten Defense-Spiller am Land. Eng Statistik misst deene Steeseler op jiddwerfall Suerge maachen; bei 7 Coupefinallen ass de Nationalspiller 7 Mol als Gewënner vum Terrain gaang.
E Sonndeg fänkt hei zu Lëtzebuerg d‘Stroosselafsaison un. D‘Martine Mellina gehéiert zu de beschte Leeferinnen am Land. D‘Athletin vum Celtic ass de leschte Weekend Vizechampionne am Cross-Country ginn. E Sonndeg-8-Deeg probéiert d‘Mathesproff hiren Titel iwwer 10 Kilometer op de Meeschterschaften zu Dikrech ze verdeedegen. De Radio Sport Club mam Martine Mellina dëse Freideg tëscht hallwer zwou an zwou.
Zu Wimbledon zejoert hat d‘Lëtzebuerger Tennisspillerin annoncéiert, datt Nowuess ënnerwee wär. Mëttlerweil ass dat klengt Emma-Lina op der Welt, an zanter 3 Wochen ass déi aktuell Nummer 284 am WTA-Ranking nees op der Profitour ënnerwee. Wéi déi 32 Joer al Spillerin vun der Spora Sport an Mamm-sinn ënnert een Hutt kritt, an wat si nach vun Ziler huet, sinn nëmmen e puer vun de Froen.
Nächsten Donneschdeg, fänkt de fréiere Futtball-Profi Manuel Cardoni un, haaptberufflech bei der Lëtzebuerger Fussballfederatioun ze schaffen. Nieft sengen aktuellen Aufgaben als U-21 an U-19 Nationaltrainer, soll de Maan sech ëm de Lien mat de Jugendnationalspiller, déi am Ausland sinn, an d’Footballschoul zu Monnerech këmmeren.Genuch Sujeten iwwert déi mer tëscht hallwer zwou an zwou mam Manuel Cardoni am Radio Sport Club schwätze kënnen.
Hien ass ee vun den Haaptpiliere vum T71 Diddeleng a vun der Lëtzebuerger Nationalequipe, mä den nächsten Donneschden spillt den Tom Schumacher géint Zypern säi leschte Lännermatch. Firwat hält en op a wat huet e sportlech alles erreecht? Am Radio Sport Club schwätze mir mam Tom Schumacher iwwert seng Zäit bei der FLBB Formatioun a kucken och op déi aktuell Situatioun am Häre Basket.RDV ass wéi gewinnt vun hallwer 2 un.
Invitée war haut d'Sarah de Nutte. Mat der aktueller Nummer 62 vun der Dëschtennisweltranglëscht hu mer iwwert d'Eenzelmeeschterschaften an der Coque, iwwert hiert Liewen als Proffispillerin zu Bad Driburg an och iwwert d'Erliefnis eng Final an der däitscher Coupe ze spillen geschwat:
D'Charline Mathias ass dës Woch op Besuch am Radio Sport Club. E Samschdeg ass nees dee groussen internationale Liichtathletik-Meeting an der Arena vun der Coque. D‘Spezialistin op de Mëttelstrecken huet de leschte Weekend um nationale Championnat gewisen, datt si, no enger schwéierer Zäit op an no den Olympesche Spiller zu Rio, elo nees ganz gutt drop ass! Iwwer 400, 800 an 1500 Meter stoung d‘Mathias all Kéier ganz uewen um Podium!
De Weekend ass den Euro Meet an der Coque. De Raphael Stacchiotti, deen zanter engem Joer an der Elite-Sport-Sektioun vun der Arméi ass, kann elo ënner professionelle Konditiounen trainéieren. Op der Militär-WM am Dezember zu Rio gouf et eng Bronzemedaill, a beim Lëtzebuerger Championnat stoung de fréiere Junioreuropameeschter bei 17 Courssen, 17 mol ganz uewen um Podium. De Weekend lo, kann sech de Stacchiotti dann an der Coque nees mat de Vedetten aus dem internationale Schwammsport moossen.
De President vum Lëtzebuerger Olympesche Comité André Hoffmann ass dës Woch am Radio Sport Club.Um Freideg Moie gëtt den Luxembourg Institut of High Performance in Sports, de sougenannten Olympiastützpunkt virgestallt.Mam COSL-President schwätze mer iwwer dësen awer och iwwert déi nächst Olympesch Wanterspiller, déi den 9. Februar a Südkorea ufänken, a wou de Grand-Duché mam Schifuerer Mathieu Osch vertrueden ass.
E Sonndeg ass dat nationaalt Championnat am Cyclocross. Grouss Favoritin bei den Dammen ass natierlech d'Christine Majerus. Mat der Sportlerin vum Joer kucke mer zeréck op d'Joer 2017 an awer och no vir op de Cyclocross-Championnat vum Weekend an déi nei Stroossesaison vun der Profi-Cyclistin.D'Christine Majerus am Radio Sport Club tëscht hallwer zwou an zwou.
E neit Joer an nei Eausfuerderungen, dat gëlt och fir de Lëtzebuerger Fussball. Wéi a wat ass 2018 lass, national an international? Mam FLF-President Paul Philipp schwätze mer am Radio Sport Club e.a. iwwert d’Nations League, déi nei Kompetitioun fir Football-Nationalequippen déi am Hierscht ufänkt, iwwer d’Weltmeeschterschaft a Russland oder och d’Aufgaben vum neien Haaptberufflechen FLF-Trainer Manuel Cardoni. De Paul Philipp ass den Invité haut um hallwer 2 am Radio Sport Club.
En intressant a erfollegräicht Joer geet fir de Lëtzebuerger Sport op en Enn. Wéi gesäit dat de Chef? An der leschter Emissioun vum Joer kucke mer mam Sportminister op déi lescht 12 Méint zeréck, virun allem awer och op d‘Joer 2018 no vir, fir ze héieren wat vun considérabele Projeten fir de Sport zu Lëtzebuerg no vir ze bréngen, virgesi sinn. De Romain Schneider ass haut den Invité am Radio Sport Club um hallwer 2.
Déi Lëtzebuerger Footballnationalequipe huet déi bescht 12 Méint an der 106 Joer aler Geschicht vun der FLF-Formatioun hannert sech. D‘Rout Léiwen hunn 2017, vun 9 Matcher, der 3 gewonn, zwee gläichgespillt, do war de sensationellen 0-0 zu Toulouse géint Frankräich dobäi, a 4 verluer. An der FIFA-Weltranglëscht, war d‘Nationalequipe, mat der aktueller Positioun 84, nach ni besser klasséiert. Grond genuch mam Nationaltrainer Luc Holtz de Bilan ze maachen an dat geschitt haut um hallwer 2 am Radio Sport Club.
Den nächsten Donneschdeg 7. Dezember ass de grousse Sportgala an der Coque. Zanter 15 Joer ass de Gilbert Neumann den Direkter vum nationale Sport a Kulturzenter um Kierchbierg. Dëst Joer ginn et eng Rei nei Elementer bei der sportspress.lu Awards Night @ Coque, wann ë.a. de Sportler, d‘Sportlerin an d‘Equipe vum Joer gewielt ginn. Déi Responsabel vun der Coque sinn awer och am gaangen en Héichleeschtungszenter fir Elitesportler a Privatleit opzebauen. Alles Themen iwwer déi mer am Radio Sport Club mam Invité Gilbert Neumann diskutéieren.
Am Handball spillt den Dan Scheid, déi riets Band vun de Red Boys, de Weekend am europäeschen Challenge Cup géint d'Bulgare vun Dubrodja. Am nationale Championnat dinn sech déi Déifferdenger am Moment e bësse méi schwéier. De Nationalspiller an seng Equipieren wëllen sech op der europäescher Bühn awer vun hirer beschter Säit weisen.
Zënter 2010 ass de Ben Gastauer Profi bei AG2. Am Cyclissem ass hie wuel de perfekte Co-Equipier fir all Topfuerer, deen Titele wëll wannen.Dowéinst, an och aus genuch aner Grënn huet de Schëfflenger bei der franséischer Equipe ee Kontrakt bis 2020.Um Enn vu senger Saison zéie mir mam Ben Gastauer de Bilan a kucken och no vir, op méiglech Ziler fir d'Zukunft. Rendez-vous um hallwer 2.
Dës Woch koum d'Annonce, datt den Interreg-Projet am Judo weider gefouert gëtt. Lëtzebuerg, d'Saarland, Rheinland-Pfalz an de Grand Est profitéieren vun 1,5 Milliounen Euro EU Gelder wéinst dëser interregionaler Zesummenaarbecht. De Lëtzebuerger Judoka a Sportstudent Tom Schmit konnt wéinst dëser finanzieller Hëllef, elo eng hallef Tache als Sportcoordinateur fir d'Groussregioun kréien. Doriwwer schwätze mer mat him am Radio Sport Club um hallwer 2.
Lëtzebuerg huet an de leschte Joeren schéi Säiten am Cyclissem geschriwwen, och bei den Dammen. Nieft dem Christine Majerus gehéiert och d'Elise Maes zu de Beschten am Land. Déi fréier Triathletin ass viru 4 Joer bei de Cyclissem gewiesselt an huet sech vu Joer zu Joer verbessert. D'Elise Maes huet ee grousst d'Zil virun Aen. An dat sinn déi olympesch Summerspiller 2020 zu Tokyo a Japan.Wéi realistesch d'Chance sinn derbäi ze sinn, doriwwer schwätze mir ënnert anerem mat der 25 Joer aler Sportlerin vun hallwer 2 un am Radio Sport Club.
De Weekend fänken d'BGL BNP Paribas Luxembourg Open un. Déi 17 Joer jonk Eléonora Molinaro spillt schonn eng drëtte Kéier bei dësem WTA-Dammen Tennis Tournoi op der Kockelscheier an der Qualifikatioun. Dat grousst Talent vun der Schéiss, dat an der Juniorweltranglëscht schonn op der Plaz 85 stoung, gëtt als gréisst Hoffnung am Land ugesinn, fir eng Kéier Nofolgerin vu Minella, Schaul a Kremer ze ginn. Haut ass d'Eléonora Molinaro um hallwer 2 d'Invitée am Radio Sport Club.
Déi Lëtzebuerger Football-Nationalequipe spillt e Samschdeg den Owend an der WM-Qualifikatioun a Schweden. No de staarken Optrëtter géint Wäissrussland a Frankräich, steet de 38 Joer ale Goalkeep vum F91 Diddeleng Jonathan Joubert, deen u sech schonn an der Nationalequipespensioun war, am Match géint d'Skandinavier an an der leschter Parti vun dëser Campagne en Dënschdeg den Owend am Stade Josy Barthel géint Bulgarien, nees tëscht de Poteauen. Wéi gutt e sech do spiert, dat erzielt en eis am Radio-Sport-Club um hallwer 2 an dee kënnt live vu Stockholm.
Dëse Weekend ass d'Journée de l'Arbitrage. D'Arbitter vun fënnef Federatiounen wëllen hiren Hobby de Leit méi nobréngen fir esou och dem Manktem vun den Hären an Dammen mat der Päif entgéint ze wierken. De Jérémy Müller huet 22 Joer, ass zanter 7 Joer Arbitter, a wäert des Saison eng éischte Kéier op héchstem nationale Niveau päifen. Lescht Woch ass hien och op der Nuit du Football ausgezeechent ginn. De Mëtteg ass de Jérémy Müller den Invité am Radio Sport Club. Um hallwer 2 gëtt ugepaff.
Esch ass op sportlechem Plang eng Héichbuerg, an dorun huet och den Handball säi Verdéngscht. Den Handball Esch huet dat lescht Joer den Doublé realiséiert. Den Nationalspiller Sacha Pulli freet sech mam Optakt vum Championnat dëse Weekend op den nächste groussen Challenge. Virdru stoung hien eis Ried an Äntwert.
De Cyclist Alex Kirsch ass a senger drëtter Saison bei de Profien. Am Fréijoer gouf hien den Zweete beim Le Samyn (Sa Main) an der Belsch an op der leschter Etapp vum Tour de Luxembourg gouf hien hannert dem Greg van Avermaet och den Zweeten. Dat si Resultater, déi sech weise loossen. Wat den Alex Kirsch sech fir Zukunft virgeholl huet doriwwer schwätze mir mat him ënnert anerem am Radio Sport-Club vun hallwer 2 un.
En Dënschdeg huet de Progrès Nidderkuer et fäerdeg bruecht, sech an der Europa League Qualifiktioun géint den Weltrekordchampion Glasgow Rangers aus Schottland fir den nächsten Tour ze qualifizéieren. No der 0-1 Defaitte zu Glasgow, hunn déi Nidderkuerer d'Sensatioun realiséiert 2-0 am Stade Josy Barthel ze gewannen. Dobäi huet den Olivier Thill deen éischte Gol preparéiert an de Sébastien Thill deen zweete mat engem Fräistouss direkt eragesat. Iwwer dës fantastesch Leeschtung schwätze mer mat de Bridder Thill um hallwer 2 am Radio Sport Club.
Déi leschte Woch waren déi national Meeschterschaften am Cyclissem.Bei der Elite ouni Kontrakt konnt sech den Tim Diederich souwuel am Contre la Montre, wéi och an der Course en Ligne de Lëtzebuerger Championstitel sécheren.Den 28 Joer ale Coureur vun de Muselbikes huet an den zwou Course sengen direkte Konkurrente keng Chance gelooss. Mam neie Lëtzebuerger Champion schwätze mir iwwer den Zäitopwand deen ee muss opbrénge fir als Amateur bei eis am Land eng Roll ze spillen an de Tour de France ass natierlech och een Thema.Den Tim Diederich ass vun hallwer 2 un den Invité am Radio Sport-Club.