POPULARITY
Grad am Etat de Crise spillt d'Chamber eng wichteg Roll. Dowéinst ass d'Invitée vun der Redaktioun haut d'Martine Hansen, d'CSV-Fraktiounscheffin beim François Aulner...
Grad am Etat de Crise spillt d'Chamber eng wichteg Roll. Dowéinst ass d'Invitée vun der Redaktioun haut d'Martine Hansen, d'CSV-Fraktiounscheffin beim François Aulner...
Den audiovisuelle Service Public gehéiert an Europa zanter dem 20. Joerhonnert zur Grondausstattung vun enger intakter Demokratie. Mee wéi mussen déi ëffentlech-rechtlech Medien opgestallt sinn, fir relevante Contenu am allgemengen Interessi ze liwweren? Doriwwer soll d'Chamber an den nächste Wochen eng Orientéierungsdebatt féieren, an där et och ëm d'Missiounen an de legale Kader vum radio 100,7 wäert goen. Am Virfeld woe mir e Bléck iwwer den Tellerrand: Iwwer d'Plaz vum an d'Defie fir de Service Public an hire Länner diskutéieren d'Bettina Schmieding vum Deutschlandfunk, de Klaus Unterberger vum éisträichesche Rundfunk ORF an de Bakel Walden vun der Schwäizer Radios- an Tëleesgesellschaft SRG. Moderatioun Pia Oppel.
D'Chamber kritt haut e weideren neie Member.Nom Départ vum Marc Angel a Richtung Europa réckelt d'Francine Closener fir d'LSAP op de Krautmaart no.Wéi geet déi fréier Staatssekretärin déi parlamentaresch Aarbecht un? Wat sinn hir Ziler an Ambitiounen?Mir froen de Moie géint 10 op 8 no. D'Francine Closener ass d'Invitée vun der Redaktioun.

Si ass nom Départ Robert Traversini an d'Chamber nogeréckelt.D'Semiray Ahmedova huet elo déi éischt Wochen als gréng Parlamentarierin hannert sech.Wéi huet si sech agelieft? Wou leie fir si déi politesch Prioritéiten?Ënner anerem déi Froe stelle mer de Moien der neier Deputéiert Semiray Ahmedova. Si ass herno no 8 Auer d'Invitée vun der Redaktioun.

Hien hat se an enger Chamberssëtzung ugeschwat: Bréiwer vun der Procureur d'Etat un d'Chamber. De Gilles Roth. Mam CSV Deputéierte schwätze mer iwwert déi zwee Bréiwer. Respektiv wat se fir d'Gewaltentrennung zu Lëtzebuerg bedeiten.De Gilles Roth ass onsen Invité vun der Redaktioun géint 10 op 8.

Den 28. September 2019 gouf zu Lëtzebuerg de Centenaire vun der Aféierung vum allgemenge Wahlrecht gefeiert. Méi wéi Grond genuch fir d'Chamber sech mam Musée national d'histoire et d'art zesummen ze di fir eng Ausstellung iwwer d'Thema op d'Been ze setzen. Déi Haaptresponsabel Renée Wagner a Régis Moes hunn de Wee an de Studio fonnt fir iwwer dëse Projet ze schwätzen.
D'Regierung steet, d'CSV ass am Gaange sech ze erneieren an d'Chamber ass nees komplett: Dës Woch ass vill geschitt an der Politik. Wéi si verschidden Entwécklungen ze deiten? Eng Analys mam 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck.
Déi nei Chamber ass gewielt. Gewënner sinn: déi gréng mat 3 Sëtz méi, d'Piratepartei mat 2 Sëtz, déi nei an d'Chamber kommen, an d'ADR déi 1 Sëtz dobäi gewonnen huet. Déi grouss Parteien CSV, LSAP an DP hu Stëmme verluer. D'CSV bleift mat 21 Sëtz stäerkste Partei. D'DP kënnt op 12 Sëtz, an d'LSAP op 10 Sëtz. D'Dräier-Koalitioun kann arithmetesch weidergefouert ginn. D'Spëtzepolitiker vu blo-rout-gréng hu sech derfir ausgeschwat, d'Parteigremie mussen nach zoustëmmen. Wéi geet et virun no de Wahlen? Et diskutéieren de Laurent Zeimet fir d'CSV, de Claude Lamberty fir d'DP, den Alex Bodry fir d'LSAP a fir déi gréng d'Carole Dieschbourg. Moderéiert vum Mick Entringer.