POPULARITY
Categories
Zënter enger Woch ass de Jeff Schinker zu Avignon, wou dëst Joer 1.800 Stécker am Off lafen. Um Enn vu sengem Theater-Marathon, deen deels bis spéit an d'Nuecht gaangen ass, héiert Dir hei live vun Avignon e Bilan aus dem In an dem Off.
Mat sengem summerlech-lethargesche Thriller zeechent de Fransous Stéphane Demoustier e Portrait vun der Jugend vun haut. De Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi mat enger Bespriechung.
Dës Woch war den Dag vun der Entscheedung a Frankräich: De Cour d’Appell zu Paräis huet d’Strof fir d’Marine Le Pen zwar konfirméiert, mä an engem wichtegen Detail ofgeännert. Am Podcast diskutéiere mir, wat der rietsextremer Politikerin Marine Le Pen virgeworf ginn ass a wéi sech d’Urteel op déi franséisch Presidentewale wäert auswierken. Dobäi gi mir och op Parallellen zum Donald Trump an awer och op d’Kontrahent*innen vum Le Pen an. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Élection présidentielle française : Une culpabilité sans trop de peine Ënnerstëtzt d‘woxx mat engem Abo oder enger Spend! The post Wat bedeit d'Urteel géint d'Marine Le Pen? first appeared on Radio ARA.
Der Ungarin Ildikó Enyedi hiren intimisteschen Drama setzt sech mat de Bezéiungen tëschent Mënsch a Planzewelt auserneen. De Michel Delage, d'Valerija Berdi an d'Vesna Andonovic beschwätzen dësen aktuelle Kinosfilm.
An de leschte Woche gouf et scho verschidde speziell Mudam-Aktiounen: z. B. hat d'Ekipp, ënner dem Motto “Dodeka”, 12 Wierker aus der Mudam-Kollektioun an 12 Kulturzenteren, Administratiounen an och Kierchen uechter de Grand-Duché transportéiert, fir d'Sammlung méi no bei d'Leit ze bréngen, mat hinnen e gemeinsame Patrimoine ze deelen. A firwat? Mee, den 1. Juli viru ronn 20 Joer ass de Pei-Musée um Kierchbierg opgaangen. An dat gëtt dës ganz Woch grouss gefeiert. Dat schwätzt eventuell just déi un, déi eppes mam Mudam verbënnt: eng gemeinsam Geschicht oder esou. Dowéinst geet d'Kerstin Thalau elo nach emol op de Mudam-Passé an. An dozou gehéiert natierlech déi éischt Mudam-Directrice, d'Marie-Claude Beaud.
Eise Film vun der Woch ass "Jim Queen", e franséischen Anime vum Studio Bobbypills, an deem eng nei Geschlechtskrankheet Homosexueller lues a lues heterosexuell mécht. Ee verréckte Film géint Homophobie, dee batter néideg ass an Zäite vu politescher Radikaliséierung. Mir lauschteren nach eemol d'Rezensioun vum Vesna Andonovic a Jeff Schinker aus dem Grousse Kino.
Die Schweizerische Lebensrettungs-Gesellschaft macht nach diversen Badeunfällen eine Kampagne in verschiedenen Sprachen. Unter anderem auch in Aarau, dort ertrank letzte Woch ein junger Mann in der Aare. Die Kampagne soll auf die Gefahren hinweisen. Weiter in der Sendung: · In Muri ist eine Velofahrerin gestürzt. Ein SUV hat sie bei einem Überholmanöver von der Strasse gedrängt. Die Polizei sucht Zeugen. Der SUV mit Anhänger ist geflüchtet. · Ein national bedeutendes Flachmoor am Hallwilersee zwischen Boniswil und Seengen ist gefährdet, unter anderem durch jahrzehntelanges Ausbringen von Gülle in unmittelbarer Nähe. Obwohl dies legal ist, fordern Naturschützer seit Jahren einen strengeren Schutz. Nun zeichnet sich eine Lösung ab.
"Backrooms" ass net nemmen deen éischte Kinodebut vun engem 20-järegen, mee och een iwwerraschende Boxoffice-Erfolleg an eng onstëllbare Quell vun Internet-Lore. D'Vesna Andonovic, de Jeff Schinker an de Marc Clement hunn de Film gesinn.
Technophob Spillsaachen, ee #metoo-Fall, dee Schwësterléift op d'Kopp geheit an ee Miwwelsgeschäft mat engem Backroom, géint deen d'Backrooms an de Berliner Clubs op eemol ganz harmlos wierken – am Grousse Kino vun dëser Woch beschwätze mir "Toy Story 5", "Backrooms" a "Schwesterherz".
Den 8. Juli ass de Vernissage vun der Foto-Expo “La nature d'Edward Steichen” bei de renomméierte Rencontres de la Photo zu Arles. Ufanks Juni sinn dem Edward Steichen seng Fotoen aus verschiddene Lëtzebuerger Sammlungen a Südfrankräich ukomm, Enn leschter Woch hunn Ekippe vum MNAHA a vum CNA de Montage vun der Ausstellung ofgeschloss, eng Fotospezialistin den Zoustand vun de Wierker iwwerpréift. Et geet hinnen anscheinend gutt. Alles prett? D'Kerstin Thalau gouf vun der Directrice vum Nationalmusée, d'Tania Brugnoni, méi iwwer de Balanceakt tëschent Presentatioun a Preservatioun gewuer.
Bräi staark an determinéiert Fraen, déi géint hiert Ëmfeld musse struewelen, stoungen de leschte Samschdeg am Zentrum vun eiser Emissioun De grousse Kino: am Steven Spielberg sengem Blockbuster “Disclosure Day” d'Wiederfee, déi vun elo op gläich sämtlech Sproochen, jo esouguer “ausserierdesch”, beherrscht; an der Johanna Moder hirem “Mother'sBaby” eng Orchestercheffin, déi dorunner zweiwelt, datt hire Bëbee tatsächlech hire Fils ass; an an der Leyla Bouzid hirem “A voix basse” eng Walparäisserin, mat tuneeseschen Originnen, déi sech op eemol an der Heemecht fir hir Unerkennung asetzt. Eise Film vun der Woch ass ...”A voix basse” vun der Leyla Bouzid. Dozou méi vum Jeff Schinker a Vesna Andonovic
"Trois femmes puissantes" heescht dee mam Prix Goncourt ausgezeechente Roman vun der Schrëftstellerin Marie NDiaye, déi nächst Woch zu Lëtzebuerg ass – an dräi staark an determinéiert Fraen, déi géint hiert Ëmfeld musse struewelen, stinn och am Zentrum vun eisen dräi Filmer vun der Woch. Am Grousse Kino rezenséieren d'Vesna Andonovic, d'Emma Hizette, d'Kerstin Thalau an de Jeff Schinker dem Steven Spielberg säi Blockbuster “Disclosure Day”, der Johanna Moder hire (vläicht) iwwernatierleche Thriller “Mother's Baby” an der Leyla Bouzid hiren “A voix basse”.
Viru genee enger Woch hu Francis of Delirium, déi eenzeg lëtzebuergesch Band, där hir Releasë reegelméisseg op deene gréissten internationale Musekblogge gefeatured ginn, hiren zweete Studioalbum an de Rotondë virgestallt. D'Plack brécht aus de Radioformater aus mat Momenter vun emotionaler Intensitéit, déi géint eng haart Welt sollen duerhalen. De Marc Clement huet sech no der Release mat der Frontfra Jana Barich iwwer “Run, Run Pure Beauty” ënnerhalen.
Zweete Weltkrich, Resistenz a Metoo: dat waren déi dräi rout Fiedem, déi sech de Samschdeg duerch eis Emissioun De grousse Kino gezunn hunn: beschwat goufen "L'objet du délit" vun der Agnès Jaoui, "Orphan" vum Laszlo Nemes, "A bras-le-corps" vun der Marie-Elsa Sgualdo an "La bataille De Gaulle: L'âge de fer" vum Antonin Baudry. Eng zäitlaang huet et geschéngt, wéi wann den “Orphan” vum Laszlo Nemes eise Film vun der Woch géif ginn. Mee déi jonk Marie-Elsa Sgualdo huet hie mat “A bras-le-corps” geklappt: de Jeff Schinker an d'Vesna Andonovic mat hirer Rezensioun vum onerwaarte Film vun der Woch.
Zweete Weltkrich, Resistenz a Metoo: dat sinn déi dräi rout Fiedem, déi sech duerch eis Filmer vun der Woch zéien. Am Grousse Kino rezenséieren d'Vesna Andonovic, de Luca Di Santolo, de Jeff Schinker an dKerstin Thalau "L'objet du délit" vun der Agnès Jaoui, "Orphan" vum Laszlo Nemes, "A bras-le-corps" vun der Marie-Elsa Sgualdo an "La bataille De Gaulle: L'âge de fer" vum Antonin Baudry.
Literatur héich dräi: dat gëllt dës Woch an der Kufa, wou direkt dräi Liesungen an dräi ganz ënnerschiddleche Formater stattfannen. De Georges Goerens ass beim Jeff Schinker am Studio a stellt déi verschidde Liesunge vir - zesumme ginn déi zwee der Fro op de Grond, wéi een en dacks e bëssen ze formatéiert Konzept kann entstëbsen.
Siwe Joer no "The Gentlemen" ass de Guy Ritchie zeréck mat "In the Grey", engem Film, dee leider keng Grozone kennt a sech un engem Klischee no deem aneren ofschafft. Mir lauschteren nach eemol dem Marc Trappendreher an dem Jeff Schinker hir Diskussioun iwwer de Film.
Am Grousse Kino vun dëser Woch gëtt et eng uerdentlech Portioun spuenesche Metakino mat den neie Filmer vum Pedro Almodovar an dem Rodrigo Sorogoyen, eng Verfilmung vun de leschten Deeg vum Samuel Paty, dee viru senger Schoul gekäppt gouf, an ee Wrapup vum Festival de Cannes.
An dëser Episod geet et nëmmen ëm déi wichteg Saachen: Rouspert, Rouspert, Rouspert a nach e puer aner Detailer. Wéi huet de Ben déi lescht Woch erlieft, wat ass et fir e Gefill a wat erwaart eis? Natierlech kucke ma dann awer och nach op de leschte Spilldag vun der BGL Ligue, der Éierepromotioun an deenen ënneschten Divisiounen. Ganz vill Detailer an dëser Episod vu Buvette.
De Logementsminister Claude Meisch huet dës Woch d'Schafung vun enger nationaler Loyerskommissioun ugekënnegt. Domat gëtt eng laangjäreg Fuerderung vum Mieterschutz erfëllt. Wéi kann déi hëllefen, d'Situatioun um Locatiounsmaart ze berouegen? Dat froe mir de President vun der Asbl.
"Hysterikon" ass een duerchgeknallte Stéck iwwer déi duerchgeknallt Welt vum spéide Kapitalismus, an där alles a jidderee ka verhökert ginn. De Max Thommes bréngt d'Stéck vun der Ingrid Lausund nächst Woch an de Kasemattentheater - an ass zesumme mat der Jil Devresse, enger vun de véier Schauspillerinnen, beim Jeff Schinker am Studio.
Den Aarbechtsminister reagéiert op d'Kritik, déi d'Gewerkschaften den 1. Mee un him geäussert hunn, a bléckt no vir op d'Tripartite, déi d'nächst Woch ugeet.
Den éischte Juli feiert de Mudam e ronnen 30. Gebuertsdag. An dat soll, der Mudam-Ekipp no, am beschten dat ganzt Land matkréien. Dowéinst gouf virun enger Woch de Projet “Dodeka - zwielef Wierker fir zwielef Kantonen” lancéiert, nom Griicheschen “dôdeka”, wat eben “zwielef” bedeit. D'Sammlung vum Mudam ëmfaasst mëttlerweil gutt 800 Wierker; dovunner ass meeschtens just eng Selektioun ze gesinn. Fir “Dodeka” gouf de Mudam-Archiv opgemaach an no Aarbechte gesicht, déi éischtens schonn eng Zäitchen net méi ausgestallt waren, an zweetens bei lokal Muséeën, Bibliothéiken a Kulturhaiser queesch duerch Lëtzebuerg passe géifen. D'Presentatioun vum Projet war am Maacher Kulturhuef. D'Kerstin Thalau am Gespréich mat der Kulturhuef-Coordinatrice Monika Jakobs
Dem däitsche Realisateur Ilker Catak säin Drama geet ëm eng Theaterkoppel, déi an der Tierkei politesch ënner Drock geréit. De Michel Delage an d'Valerija Berdi hunn dëse Film am Grousse Kino beschwat.
Eng Geiselnam steet am Mëttelpunkt vum Amerikaner Gus Van Sant sengem neie Thriller. De Michel Delage, d'Valerija Berdi an d'Vesna Andonovic hunn de Film am Grousse Kino beschwat.
A sengem Documentaire begleet de renomméierte Cineast Werner Herzog d'Sich no enger mythescher Elefantenzort an Angola. De Michel Delage an d'Vesna Andonovic hunn de Film beschwat.
„Twin Peaks“ war ein Fernsehereignis, lange bevor es Streamingdienste oder „Binge Watching“ gab. Woche für Woch versammelte sich ein gebanntes Publikum vor dem TV-Gerät wie vor einem Lagerfeuer.
Huet d'Thema vun dëser Woch bei dir en “hehe
120 Filmer an engem: mat enger representativer Selektioun vun deels restauréierte "vuë" vun de Bridder Lumière realiséiert den Thierry Frémaux eng Rees zréck bei d'Originne vum Kino. De Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi hunn den Documentaire beschwat.
No méi wéi 36 Joer Band-Existenz erfannen sech The Notwist alt nach eemol nei: "News from Planet Zombie" gouf am Münchner Import Export a just enger Woch opgeholl. Wéi d'Opname verlaf sinn, wisou net am Studio opgeholl gouf a wéi et sech als Band um Planet Zombie lieft - dat hunn d'Gebridder Acher an den Cico Beck dem Jeff Schinker an engem laangen Interview erzielt - dee mat Extraiten aus dem neien Album ënnermoolt gëtt.
Ee verrécktent Metatheaterstéck am Mamer Kinneksbond an eng TNL-Produktioun live aus dem Geriichtshaff: De Jeff Schinker war lescht Woch fir eis an den Theater – a bréngt seng Andréck zu "Malaise dans la civilisation" an "Prima Facie" mat.
Ee Komplott an der Stolindustrie, een zynescht Post-7-Oktober-Israël an alt nees ee Weltënnergang: wärend "Exile" vum Mehdi Hmili, "Project Hail Mary" vun Phil Lord a Christopher Miller a "Yes" vum Nadav Lapid Biller vun engem akopalyptesche Präsent an enger nach méi apokalyptescher Zukunft weisen, bréngt "Calle Malaga" vun der Maryam Touzani als eenzege Film vun enger Realisatrice dës Woch e bëssen Optimismus an eis Selectioun – wann och en Optimismus, dee voller Nostalgie fir d'Vergangenheet ass.
Dës Woch gëtt et ënner Aneren eng Rei vu méi seriöen, auteur-orientéierte Filmer, mat Fokus op staark Geschichten a bekannte literaresch Virlagen.
Am Kader vum LuxFilmFestival war de Moris Garzaro sech d'lescht Woch eng Rei Projete vum Immersive Pavilion ukucken a stellt seng dräi Highlighte aus (oder mat) Letzebuerg vir.
Wann dem Frankenstein säi Monster sech eng Frëndin zesummeschoustere léisst ... Der Maggy Gyllenhaal hiren Horror-Film kombinéiert eng Uklo vun der Gewalt géint Frae mat engem Hommage un den Hollywood-Kino. De Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi beschwätze "The Bride".
Dem südafrikanesche Cineast Olivier Hermanus säin Drama handelt vu Léift, Erënnerung a populäre Gesang, mam Duo Paul Mescal a Josh O'Connor an den Haaptrollen. De Michel Delage, d'Valerija Berdi a Kerstin Thalau beschwätzen de Film.
Den Amerikaner Josh Safdie zeechent den nervöse Portrait vun engem ambitionéierte jonke Schongverkeefer, deen an den 1950er Jore mengt, mam Dëschtennis kënnen dat grousst Geld ze maachen. De Michel Delage an d'Valerija Berdi beschwätzen de Film.
Och, wann een d'Discographie vun den Talking Heads oder dem David Byrne net gutt kennt, lount et sech an d'Rockhal ze goen. Den Yves Stephany hat de Sänger d'lescht Woch zu Bréissel gesinn an ass begeeschtert.
Päsch-schwaarz Satir vum Koreaner Park Chan-wook iwwer de Kampf um Aarbechtsmaart am Zäitalter vun der KI. De Michel Delage an d'Valerija Berdi mat der Bespriechung.
Gëschter Owend, 12.2., huet d'Berlinale mat "No Good Men" vun der iranescher Realisatrice Shahrbanoo Sadat ugefaangen. De Jeff Schinker huet et trotz Ufanks der Woch nach schwéiere Meteoskonditiounen op Berlin gepackt a verréit eis net just, wéi kuckenswäert den Ouverture-Film ass, mee och, op wat ee sech wärend der 76. Berlinale soss nach ka freeën - a wéi eng Lëtzebuerger Filmer mat um Start sinn.
Véier Generatioune vun enger Famill liewen an engem Paräisser Appartement wärend der Studenterevolt vu Mee 1968. De Michel Delage an d'Valerija Berdi beschwätzen dës Drama-Comedie vum Schwäizer Lionel Baier, eng Lëtzebuerger Co-Produktioun.
Sujeten haut: Alphabetisatioun op Franséisch, Ernärung bei Jonken, Staatsdefizit, 2. Dag Bommeleeër-bis-Prozess, Futtball, Theater zu Esch a Film vun der Woch.
Sujeten haut: CNS AMMD Resiliatioun Konventioun, Sammelkloen, Daniel Miltgen, EU-Ministere viru COP30, Caddyman, Schüler zu Auschwitz, Sport, Film vun der Woch.
Sujeten haut: Allerséilen, Erwaardunge vun der Jugend un d'COP30, Valencia ee Joer no der Flut, Ëmfro vu Swissquote an de Film vun der Woch.
Sujeten haut: Nationale Commemoratiounsdag, Historesche Pilier zu Rëmeleng ofgerappt a Film vun der Woch.
Eis Sujete vun haut: Nëssmaart zu Veianen, Leidelenger Bierger soen Nee zu Tempo 30, Film vun der Woch, Nuit des Musées an international Noriichten.
Theemen haut: Feierlechkeeten a Sécherheet ëm den Trounwiessel, Sport an de Film vun der Woch.
Theemen haut: Maniff Palästina, 20 Joer Rockhal, Engguttsaach.lu, Walen a Moldawien an de Film vun der Woch.
Sujeten haut: Lëtzebuerger Sprooch, neit Gebai vun ArcelorMittal, Aarbechter op Rouder Lëns, Lëtz Mile, Bünepräisser a Film vun der Woch.
Eis Sujete vun haut: E Bléck an déi nei Fligere vun der Luxair, Cattenom huet den Eechtfall getest, Naturmusée-Fest a Film vun der Woch.