Humanities Talk

Follow Humanities Talk
Share on
Copy link to clipboard

D'Humanities, ongeféier gläichbedeitend mat "sciences humaines" oder "Geisteswissenschaften", si vun den Unversitéiten net ewechzedenken, well se eis nei Erkenntnesser iwwert eis selwer bréngen: iwwert den Impakt vu Facebook op d'Sprooch, d'Geschicht vum Fussball, d'Verännerungen, déi d'Télé an eise…

radio 100,7

  • Apr 5, 2020 LATEST EPISODE
  • monthly NEW EPISODES
  • 29m AVG DURATION
  • 33 EPISODES


Search for episodes from Humanities Talk with a specific topic:

Latest episodes from Humanities Talk

Paul Feltes

Play Episode Listen Later Apr 5, 2020


Och Lëtzebuerg spillt eng grouss Roll an der Formatioun vun de Stolkarteller. Nom Zweete Weltkrich huet sech e mythologeschen Narrativ gebilt, deen dës Allianzen als Virreider vun engem europäesche Gedanken ouni Handelgrenze gesinn huet, een Narrativ, deen den Historiker Paul Feltes awer konsequent ofleent. D'Danièle Wecker ënnerhält sech mam 2019er Laureat vum 2019er Prix Emile an Aline Mayrisch iwwer seng Fuerschung.

Irma Hadzalic

Play Episode Listen Later Apr 5, 2020 26:58


D'Geschicht vun der ARBED an hir Plaz an der Lëtzebuerger Gesellschaft ass wuel jiddwerengem ee Begrëff, mee d'Kreatioun vun enger zweeter Firma duerch d'ARBED am brasilianesche Minas Gerais am Ufank vum 20. Joerhonnert ass net vill am ëffentleche Bewosstsinn. Dr. Irma Hadzalic fuerscht an hirer Thees iwwer Prozesser vu sozialen Initiativen, déi d'ARBED eent zu eent wollt a Brasilien implementéieren. Si fënnt eraus, datt d'Motivatioune vun der ARBED net eleng engem renge Sozialgeescht gedéngt waren.

Elisabeth Hoffmann

Play Episode Listen Later Feb 2, 2020


De Resistenzmusée zu Esch kritt en neit Gesicht a presentéiert eng komplett nei Ausstellung an der zweeter Hallschent 2021. Grond genuch fir d'Danièle Wecker mat enger vun den Historiker aus dem Musée ze ënnerhalen. D'Elisabeth Hoffmann gëtt e klengen Abléck, wat de Visiteur d'nächst Joer erwaart an ënnerhält sech iwwer Kontroversen am Musée iwwer déi leschte Joren, de komplett neien Opbau vun der Ausstellung a modern Mesuren, déi de Contenu engem Public, deen den Zweete Weltkrich net erlieft huet, solle méi no bréngen.

Christoph Brüll

Play Episode Listen Later Nov 3, 2019 29:38


Zanter der Annexioun vu verschiddenen ostbelsche Kreesser, ënner anerem Eupen a Malmedy am Joer 1920, spille sech op dësem Terrain net just sproochlech, politesch a kulturell Deitungskämpf of, mee och ganz essentiell Parametere vun Nationalidentitéit ginn hei ëmmer erëm nei definéiert. Esou kann dës Regioun an der Zäit vun 1920 bis haut och als Spigelbild vu wiesselende Muechtpolitiken tëschent den Zentre Bréissel a Berlin gesi ginn, an där sech och d'Zerrassenheet vun der Neizäit erëmspigelt, seet den Zäithistoriker Christoph Brüll.

#wielewatmirsinn

Play Episode Listen Later Oct 6, 2019 29:36


Den 28. September 2019 gouf zu Lëtzebuerg de Centenaire vun der Aféierung vum allgemenge Wahlrecht gefeiert. Méi wéi Grond genuch fir d'Chamber sech mam Musée national d'histoire et d'art zesummen ze di fir eng Ausstellung iwwer d'Thema op d'Been ze setzen. Déi Haaptresponsabel Renée Wagner a Régis Moes hunn de Wee an de Studio fonnt fir iwwer dëse Projet ze schwätzen.

Tim van der Heijden

Play Episode Listen Later May 5, 2019 28:22


De Mediewëssenschaftler Tim van der Heijden huet am Kader vum Projet "Changing platforms of ritualized memory practices. The cultural dynamics of home movies" d'Geschicht vum Amateurfilm recherchéiert. Dëse Projet kuckt sech de sougenannten Home Movie vum Ufank vun der Kamera 1895 bis d'Opkomme vun der digitaler Medieplattform YouTube 2005 un. Dobäi huet de van der Heijden sech besonnesch op Phas vum technologesche Wiessel konzentréiert a konstatéiert, datt sech net nëmmen d'Instrument ännert mat deem de private Filmemacher schafft, mee esou guer d'Aart a Weis, wéi sech erënnert gëtt. D'Danièle Wecker ënnerhält sech mam Tim vun der Heijden iwwer Verännerungen am private Film.

Humanities Talk

Play Episode Listen Later Apr 7, 2019 25:47


D'Sproochwëssenschaftlerin Judith Manzoni beschäftegt sech an hirer Aarbecht als éischte Linguistin mam Intonatiounssystem - dat heescht verschidde Muster vu Betounung - an a vun der Lëtzebuerger Sprooch. Net nëmme bestëmmt si verschidden universell Musteren an der Sprooch mee definéiert och hir Funktioun am Discours an analyséiert ob a wéini Lëtzebuerger hire Sproochrhythmus an hir Betounung am Däitschen a Franséische bäihalen a wéini net. D'Judith Manzoni schwätzt mat eis iwwert Sprooch, Betounung an hiert Experiment an deem si mat originelle Methoden huet missen opkomme fir Resultater ze kréien.

Fabienne Gilbertz

Play Episode Listen Later Mar 3, 2019 29:15


D'Literaturwëssenschaftlerin Fabienne Gilbertz analyséiert an hirer 2018 ofgeschlossener Thees verschidden Aspekter vum Professionaliséierungsprozess an a vun der Lëtzebuerger Literatur. Si fokusséiert literaresch Produktiounen, d'Grënne vun diversen institutionelle Medien a Formen an awer och eng méi vag Notioun vun engem Wouerhuele vu sech selwer als literareschen Acteur. Esou beliicht si en diverse Prozess an der Period Nokrichszäit bis zu de produktiven 80er Joren, wou d'Lëtzebuerger Literatur net nëmmen e grousse Wandel an hirer Bestëmmung, hirem Toun an hirer Form duerchmécht, mee aus hirem eegene Schiet eraustrëtt an hir eege Stëmm oder Stëmme fënnt.

Bernardino Tavares - Kapverdianesch Migratioun

Play Episode Listen Later Feb 3, 2019 28:42


Den Ethnograph Bernardino Tavares huet 2018 seng Fuerschungsaarbecht iwwer kapverdianesch Migratioun ofgeschloss. Hie kuckt sech net nëmme Lëtzebuerg als Land vun Immigratioun mee och d'Kapverden als Land vun Emigratioun an d'Trajectoiren dertëscht un. Wat als éischt emol verwonnert, ass d'Visibilitéit vu Lëtzebuerg an der ëffentlecher Landschaft vun de Kapverden an d'Iddi, déi vill Kapverdianer vu Lëtzebuerg als mythescht Paradäis hunn. D'Situatioun hei am Land erweist sech awer dacks als schwéier, wann d'Migrante mat der multilingualer Realitéit konfrontéiert ginn. Wou muncheree vläicht mengt, d'Sproochesituatioun géing et méi einfach maachen e linguistesche Raum ze fannen, esou ass et, dem Bernardino Tavares no, awer grad méi schwéier, well Sprooch dacks instrumentaliséiert gëtt fir enger Bevëlkerungsschicht, wéi och de Migranten, verschidden Accèsen ze verweigeren a verstoppt och en ënnerleiende Rassismus.  

Die Teilhabe am Politischen

Play Episode Listen Later Nov 4, 2018 29:09


Am Rendez-Vous am Laboratoire vun de Geeschteswëssenschaften ass den Historiker Tobias Vetterle op Besuch. Hien huet sech mam Discours ëm d'politesch Participatioun zu Lëtzebuerg vun 1960 bis 1990 auserneegesat. Fir hien ass dëst e Raum dee sech opdeet an deem sech de Prinzip vun Demokratie ëmmer erëm selwer muss fannen oder erfannen. D'Danièle Wecker am Gespréich mam Historiker.

De Pasha Rafiy geet op Arles

Play Episode Listen Later Sep 9, 2018


D'Foto "Selbstportrait mit Pasha Rafiy", déi en dekontraktéierte Pasha Rafiy um Canapé nieft engem ugespaante Jean-Claude Juncker weist, huet den iranesch-lëtzebuergesche Fotograf 2007 bekannt gemaach. Mam Documentaire "Foreign Affairs" vun 2015, deen den Ausseminister Jean Asselborn op Schratt an Tratt begleet, huet de Pasha Rafiy och an der Filmwelt Fouss gefaasst. An am Mäerz ass hie scho fir d'zweet fir d'Rencontres d'Arles selektionéiert ginn, an zwar mat der Fotoserie "Bad News". D'Kerstin Thalau wollt méi iwwer d'Biller, déi de Pasha Rafiy zu engem groussen Deel an Amerika geschoss huet, éier de "Muslim Travel Ban" koum, gewuer ginn.

Der Fotografin Laurianne Bixhain hire Projet fir Arles

Play Episode Listen Later Sep 2, 2018 28:53


D'Fotografin Laurianne Bixhain interesséiert sech fir aktuell Entwécklungen am urbane Raum. Wéi gesäit de Rapport tëscht Mënsch a bebauter Ëmwelt, an der Technik, a méi spezifesch: dem Zerfall vun den Industrien aus? Dëser Fro ass si während enger Kënschtlerresidenz zu Montreal nogaangen. Hiren Hôte - de Konschtzentrum Fonderie Darling- ass an enger aler Géisserei, matten an engem fréieren Handwierkerquartier, installéiert, deen aktuell zum hippen IT-Zentrum vu Montreal mutéiert. Der Laurianne Bixhain hir Fotoserie "On the Other End", déi si op den Rencontres d'Arles 2018 presentéiert, ass do entstanen. Zum Gespréich mam Kerstin Thalau huet d'Fotografin e Medientheoretiker an e Museker matbruecht.  

D'Erënnerung un d'Resistenz am Krich

Play Episode Listen Later Aug 26, 2018 29:10


D'Memoire vun der Resistenz - dat ass net nëmmen heizuland en Thema. D'Elisabeth Hoffmann huet d'Forme vun Erënnerungskultur tëscht Lëtzebuerg, Elsass, an der Moselle an an der Ost-Belsch matenaner verglach. Dobäi huet si och gekuckt, wéi sech déi Erënnerungskultur zanter dem Zweete Weltkrich entwéckelt huet. D'Renée Wagener ënnerhält sech mat der Historikerin.

Jiddesch Fräiwëlleger am Spuenesche Biergerkrich

Play Episode Listen Later Aug 19, 2018 28:36


Am Spuenesche Biergerkrich vun 1936-1939 hunn déi Kräften, déi d'Republik géint eng nationalistesch Iwwernahm wollte verteidegen, och international u Fräiwëlleger appelléiert, fir si ze ënnerstëtzen. Ënner dësen internationale Spueniekämpfer waren och vill jiddesch Männer. Nom Zweete Weltkrich krut dësen Engagement eng nei Bedeitung an der Diskussioun ëm déi angeblech jiddesch Passivitéit géinteniwwer der antisemitischer Verfolgung an Hitlerdäitschland. D'Renée Wagener schwätzt mam Gerben Zaagsma vun der Uni Lëtzebuerg iwwer seng Fuerschung zu dësem Thema.

D'Ofschafe vum Sklavenhandel

Play Episode Listen Later Aug 12, 2018 29:35


Beim Kongress vu Wien 1815 hunn déi grouss europäesch Staaten och beschloss, de Sklavenhandel ofzeschafen. Mee och wann dat internationaalt Recht an déi Richtung ugepasst gouf, si Sklaverei an Zwangsaarbecht bis zum Zweete Weltkrich net verschwonnen. De Rechtswëssenschaftler Michel Erpelding huet déi Evolutioun a senger Doktoratsthees analyséiert, déi och als Buch erauskoum. Erpelding, Michel: Le droit international antiesclavagiste des "nations civilisées" (1815-1945). (Collection de thèses; 145). Thèse de doctorat, Paris 2017. D'Renée Wagener ënnerhält sech mam Wëssenschaftler.

D'Chronik vum Dalimil, eng Geschicht op Tschechesch am 14. Jh.

Play Episode Listen Later Aug 5, 2018 30:14


Am 14. Joerhonnert war d'Haus vu Lëtzebuerg mat Béimen verbonnen, duerch de Fait, datt de Jang de Blannen do Kinnek gouf. D'"Chronik vum Dalimil", déi an alem Tschechesch verfaasst ass, weist, iwwer de Wee vun enger historescher, mythologescher a literarescher Duerstellung vum Land, wéi de béimeschen Adel seng Positioun géintiwwer dem Kinnek verdeedegt huet. Dobäi huet en och op en nationalisteschen Discours zeréckgegraff. D'Éloïse Adde-Vomáčka, déi elo fir d'éischt eng Iwwersetzung op Franséisch virleet, analyséiert dëst Muechtspill. D'Renée Wagener ënnerhält sech mat der Historikerin.

Déi psychesch Sequellë vun der Nazi-Verfolgung

Play Episode Listen Later Jul 29, 2018 28:59


Déi, déi d'Konzentratiounslager vum Zweete Weltkrich iwwerlieft hunn, sinn duerno dacks psychesch net mat där schrecklecher Erfarung eens ginn. Et war awer grad an Däitschland e beschwéierleche Wee, bis datt net nëmme physescht, mee och psychescht Leiden opgrond vu Verfolgung unerkannt gouf. Déi jonk Historikerin Sophie Thoma ass der Entwécklung vun der däitscher Psychiatrie nogaangen - an dem Paradigmewiessel, deen an dëser Disziplin vum Enn vun de Fofzegerjoren ze erkennen ass. D'Renée Wagener ënnerhält sech mat der Historikerin.

Portugal, eng transterritorial Natioun

Play Episode Listen Later Jul 22, 2018 29:29


Viru wéi no der Révolution des Oeillets vun 1974 huet de portugisesche Staat versicht, déi portugisesch Communautéiten am Ausland a seng Politik ze integréieren a si esou un d'Mammeland ze bannen. Och déi Lëtzebuerger Emigratiounsveräiner waren zanter de Siwwenzegerjoren an déi Bestriewungen op sproochlechem, kulturellem awer och wirtschaftlechem Plang agebonnen. Den Thierry Hinger huet sech a senger Promotiounsaarbecht mat dësem Phenomen auserneegesat. D'Renée Wagener huet sech mat him ënnerhalen.

D'Gentrifizéierung vun eise Stied

Play Episode Listen Later Jul 15, 2018 29:04


De Phänomen vun der Gentrifizéierung gëtt iwwerall an Europa diskutéiert. Dohannert stinn och Konflikter tëschent soziale Gruppen. Den Antoine Paccoud huet um Beispill vu London iwwer dëse Phenomen gefuerscht an d'Renée Wagener huet sech mat him ënnerhalen.

Den Eduard Conzemius, e Lëtzebuerger Ethnolog

Play Episode Listen Later Jul 1, 2018 28:50


De Lëtzebuerger Ethnolog, dee vun 1892 bis 1931 gelieft huet a besonnesch a Mëttelamerika aktiv war, ass bei eis relativ wéineg bekannt. Den Historiker Claude Wey huet seng kuerz, awer spannend Biographie nogesicht. D'Renée Wagener am Gespréich mam Historiker.

Textilhandel an der réimescher Zäit

Play Episode Listen Later Jun 3, 2018


De Jan Lotz fuerscht iwwer den Handel a Gallien an der réimescher Zäit. Dobäi versicht hien och, d'Bezéiungen an d'Netzwierker tëscht den Handelsfamillen ze rekonstruéieren. Besonnesch geet et dobäi ëm den Textilhandel.

De Lëtzebuerger Paysagist Eugène Mousset

Play Episode Listen Later Apr 8, 2018 29:27


Den Eugène Mousset war en Escher Moler, deen an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert aktiv war. Hien huet sech besonnesch op Lëtzebuerger Landschafte spezialiséiert. Bei Geleeënheet vum Buch, dat d'Laure Caregari an de Luciano Pagliarini zu him erausginn hunn, ënnerhält d'Renée Wagener sech mat hinnen.

D'NEETs - eng vulnerabel Grupp vu Jonken

Play Episode Listen Later Feb 18, 2018 29:01


NEET - ni en éducation, ni en emploi, ni en formation - mat dësem Begrëff gi ganz ënnerschiddlech Motivatioune vu jonke Leit bezeechent, déi ausserhalb vun Educatiouns- an Aarbechtswelt liewen. D'Laetitia Hauret an de Romain Maas vum LISER hunn eng Etude zu deem Phänomen gemaacht. D'Renée Wagener schwätzt mat hinnen.

D'Geschicht vum CNA senger Kollektioun vun Amateur-Biller

Play Episode Listen Later Feb 4, 2018 29:14


D'Françoise Poos huet sech ënner anerem als Curatrice vill mat Foto a Film ausernanergesat. Och an hirer Dissertatioun steet d'Bild am Zentrum: Unhand vun der Geschicht vum Centre national de l'audiovisuel, senger Kollektioun vun Amateurbiller an der Ausstellung "Hidden Images" ënnersträicht si, datt Biller net nëmmen eng esthetesch Valeur hunn, mee och e soziale Kontext, deen et gëlt, bei hirer Analys an Duerstellung anzebezéien.

Eng nei Mise en scène fir d'Buerg vu Veianen

Play Episode Listen Later Nov 5, 2017 29:46


Wéi stellt een eng Buerg, déi eng Rei vu Joerhonnerten um Bockel huet, engem moderne Public vir? A wéi wäit ass d'Buerg vu Veianen exemplaresch fir geschichtlech Entwécklungen an Europa an där laanger Zäit? Doriwwer geet et am Gespréich mam Historiker Pit Péporté, deen un där neier Ausstellung vun der Buerg matgeschafft huet. D'Renée Wagener féiert duerch d'Gespréich.

Am Grupp Sprooche léieren

Play Episode Listen Later Sep 17, 2017 29:36


Amplaz am Sproochecours duerch Theater Sprooche léieren, dat wor d'Konzept vun engem pedagogesche Projet, mat deem sech den Dany Weyer befaasst. D'Renée Wagener schwätzt mat him iwwer seng Beobachtung, datt d'Léieren sou net nëmme vill méi Spaass mécht, mee datt d'Kanner dobäi nach perséinlech gestäerkt ginn an Diversitéit am Grupp positiv erliewen.  

Den Hubert Ritter, en nationalsozialisteschen Urbanist zu Lëtzebuerg

Play Episode Listen Later Aug 13, 2017 29:10


Den Architekt an Urbanist Hubert Ritter war nëmmen e puer Joer zu Lëtzebuerg, mä dofir an enger markanter Zäit: Hien huet am Zweete Weltkrich ënnert der nationalsozialistescher Besatzung e "Generalbebauungsplan" fir Lëtzebuerg ausgeschafft. Den Historiker Stefan Heinz huet sech mat dëser Aarbecht an hiren Nowierkungen ausenanergesat. D'Renée Wagener ënnerhält sech mat him.

E Sozialist am Éischte Weltkirch: dem Michel Welter säi Journal de guerre

Play Episode Listen Later Jul 30, 2017 28:59


Dem Michel Welter seng perséinlech Andréck vum Éischte Weltkrich, déi hie vun 1914 bis 1916 notéiert huet, sinn net nëmmen e raart Dokument iwwer de chronologeschen Oflaf vum Krich. Si liwweren och Ablécker an déi politesch Entwécklungen zu Lëtzebuerg an an déi sozial Kris während dem Krich. D'Literaturwëssenschaftlerin a laangjäreg Direktesch vum Nationale Literaturarchiv Germaine Goetzinger verzielt dem Renée Wagener, wéi si bei hirer Aarbecht fir d'Editioun vun dësem Tagebuch virgaangen ass.

Mat engem grousse K? Kulturpolitik zu Lëtzebuerg zënter 1945

Play Episode Listen Later Jul 23, 2017 29:15


D'Geschicht vun der Lëtzebuerger Kulturpolitik ass déi vun enger laangwiereger Emanzipatioun: Et huet vill Joerzéngte gebraucht, bis zu engem selbstännege Kulturministère an zu enger proaktiver Kulturpolitik. Wéi sech an dëser Entwécklung d'Konzeptioune vu Kultur verännert hunn, domat huet sech de Fabio Spirinelli auserneegesat. D'Renée Wagener ënnerhält sech mat him iwwert déi Verännerungen.

Schaffen ënnert dem Hitler-Regime

Play Episode Listen Later Jul 9, 2017 29:02


Wéi huet sech déi Lëtzebuerger Aarbechtspolitik ënnert dem nationalsozialistesche Régime 1940-1944 geännert? Ware fir den Nazi-Regime an de Besatzunggebidder just wirtschaftlech Iwwerleeunge wichteg, oder sinn et och ideologesch Consideratioune ginn? Doriwwer schwätzt d'Renée Wagener mam Historiker Marc Schoentgen.

Wéi cool ass de Musée fir Jonker?

Play Episode Listen Later Jul 2, 2017 29:29


Jonker hunn ënnert den Ziilgruppe vun de Muséeën dacks net d'Nues vir. Dat ass och eng Fro vun der Musées-Kultur, déi si vermëttelt kréien. D'Renée Wagener schwätzt mat der Laurence Brasseur, déi eng Etüde iwwer deene Jonken hir Attitüd zum Musée gemaacht huet.

Glécklech Famillen - den zentrale Message vun den Amateurfilmer

Play Episode Listen Later Jun 4, 2017 29:17


D'Famill steet am Mëttelpunkt vun den Amateurfilfmer. Déi eege Kanner, Familiememberen, Hochzäiten a Kommunioune maachen dës Form vu private Filmkreatiounen aus. D'Mediewëssenschaftlerin Danièle Wecker huet sech op der Basis vun enger Collectioun vum CNA iwwer 500 där Filmer ugekuckt an se analysiéiert.

D'Schmelz am Fokus

Play Episode Listen Later May 14, 2017 28:14


Am Ufank hunn d'Leit nach fonnt, Industriekamäiner hätten näischt op de Fotoe mat idyllesche Lëtzebuerger Landschafte verluer. Mä lues a lues ass d'Schmelz zu engem Symbol fir d'Lëtzbuerger Reussite ginn. De Frederik Herman an d'Ira Plein vun der Uni Lëtzebuerg, déi sech mam Konzept vum "Cultural Learning" beschäftegen, hunn déi didaktesch Roll vun de Fotoe an der deemoleger Gesellschaft analyséiert. D'Renée Wagener ënnerhält sech mat hinnen.

Claim Humanities Talk

In order to claim this podcast we'll send an email to with a verification link. Simply click the link and you will be able to edit tags, request a refresh, and other features to take control of your podcast page!

Claim Cancel