POPULARITY
Viru 5 Joer waren e puer Fräiwëlleger fir eng éischte Kéier an de Balkan gefuer fir do de Flüchtlingen ze hëllefen. D'Joer drop gouf 'Catch a smile' gegrënnt an zanterhier kënne si duerch Done Mënschen an Nout an op der Flucht hëllefen. Bei eis am Studio ass tëscht 12 an 1 Auer d'Julia Gregor, d'Presidentin vun der ASBL a si erzielt eis wéi et an den Joren duerno gaangen ass, wou si schonns iwwerall gehollef hunn, wat hir aktuell Projete sinn a wéi ee selwer hëllefe kann.

D'Joer ass nach jonk, an déi meescht waren e puer Deeg am Congé. Ausgerout si se, awer huet 2020 och schonn genuch Fudder hir ginn fir sech kontrovers driwwer z'ënnerhalen? Dat fanne mer bis Mëtteg eraus. Beim Christiane Kremer sinn haut de Jay Schiltz, Al Ginter, Lucien Czuga an de Gérard Valerius.

Wei gewinnt ass am Dezember d'Generalversammlung vun der nationaler Liichtathletikfederatioun. Zäit also fir de Bilan ze zéien an op d'Joer 2019 zeréck ze kucken. Donieft verroden Iech d'Fabienne Zwally an d'Jana Peters am Sprint vun haut déi leschten Resultater.

D'Joer 1919 war e Joer vu politescher Onrou a Verännerung zu Lëtzebuerg: Republik, Referendum, dat allgemengt Walrecht an eng nei Grande-Duchesse. Vill an dacks gouf an de leschte Méint un dës Zäit erënnert an ëmmer nees ass dobäi och den Numm vun der Groussherzogin Marie-Adelheid gefall, déi als ganz jonk Fra op den Troun koum ass nees huet mussen ofdanken. D'Historikerin a Professesch Josiane Weber huet elo eng politesch Biographie erausbruecht. Dat ass een Thema "Am Gespréich" haut mam Josiane Weber.

D'Joer 1969, ee Joer, wat am Gediechtnes bleift: Woodstock, den éischte Mënsch um Mound, de Vietnam-Krich, de Film "Easy Rider", d'Ufänk vum Internet, den Nordirland-Konflikt oder den Stonewall-Opstand an der Christopher Street zu New York. De Jan Pallach verbrennt sech, d'Schauspillerin Sharon Tate gëtt vu Membere vun der Manson-Family ëmbruecht.
Dëse Méindeg (26.11.) goufen op dem 18. Buchstellentag zu Mäerzeg déi offiziell Resultater vun der Landwirtschaft zu Lëtzebuerg fir d'Joer 2017 virgestallt. Aus dem Rapport vum Landwirtschaftsministère geet ervir, datt sech d'Situatioun vun de Baueren a Wënzer am Land par Rapport zu de Jore virdru verbessert huet. Fir och an Zukunft positiv Zuelen ze generéieren, muss de Secteur eng gewësse Wäitsiicht matbréngen. De Maurice Antony mat weideren Detailer.
E Sonndeg ass dat nationaalt Championnat am Cyclocross. Grouss Favoritin bei den Dammen ass natierlech d'Christine Majerus. Mat der Sportlerin vum Joer kucke mer zeréck op d'Joer 2017 an awer och no vir op de Cyclocross-Championnat vum Weekend an déi nei Stroossesaison vun der Profi-Cyclistin.D'Christine Majerus am Radio Sport Club tëscht hallwer zwou an zwou.
De Gilles Muller huet wuel seng beschte Saison bis elo, an senger 15 Joer laanger Carrière hannert sech. Den 33 Joer alen Tennisspiller stoung ënnert anerem bei 2 ATP-Tournoien an der Final. Mat der Plaz 34 an der Weltranglëscht schléisst de Spiller vun der Spora och d'Joer op der beschter Positioun bis elo, of. Op den Olympeschen Summerspiller zu Rio huet de Gilles Muller och de Rout-Wäiss-Bloe Fändel bei der Ouvertureszeremonie eragedroen. Haut ass de Gilles Muller den Invité am Radio Sport Club.
Dëst d'Joer hu bis elo 1.200 Flüchtlingen eng Demande op Asyl gemaach. All Dag kommen an der Moyenne 30 nei Refugiéen hei am Land un.

All 14 Deeg héiert ee Sonndes um véirel op 11 wann hinnen den Hutt héich geet, a vir d'Joer ofzeschléissen an dat neit ze begréissen hu se sech haut nach emol zesummefonnt fir ze kucken wat hänke bliwwen ass, am gudde wéi am schlechte Sënn. D'Christiane Kremer, Fernand Mathes, Guy Seyler, Roger Leiner, Lucien Czuga, Jemp Schuster a Gerard Valerius beliichten déi 12 Méint op hier Manéier ouni e Blat vrun de Mond ze huelen.

Fir déi Lëtzebuerger Futtballnationalequipe ass d'Joer 2014 elo eriwwer. Zäit also fir en Tëschebilan vun der Campagne fir d'Euro 2016 a Frankräich ze zeien. E Samschdeg hunn d'Rout Léiwen an der Europameescherschaftsqualifikatioun virun ronn 4400 Spectateuren am Stade Josy Barthel 0-3 géint d'Ukraine verluer. Et hätt awer och anescht kënnen, oder esouguer missen ausgoen. Den FLF-Magazin vun haut mat Jhang Mathes an Franky Hippert: