POPULARITY
D'Lambrini Girls sinn eng brittesch Punkband, déi sech duerch hir Live-Optrëtter an hir politesch Messagen en Numm gemaach hunn. E Mëttwoch (19.3.) spille si an de Rotonden. D'Claire Barthelemy huet mat hinne geschwat.
tenThing Brass spillt fir déi alleréischte Kéier zu Lëtzebuerg am Artikuss zu Zolwer. tenThing Brass ass een 100 Prozent weiblechen Ensembel - et sinn 10 Musekerinnen aus Norwegen. Si spillen elo hiren alleréischte Concert als Grupp hei am Land, an dat am Artikuss zu Zolwer (Gemeng Suessem). 2007 huet d'Tine Thing Helseth de Grupp gegrënnt an hiren éischten Nonumm ass dofir och am Numm vum Grupp erëmzefannen. Si huet dem Marie Schockmel méi verroden, ënner anerem, wéi si et hikréie sech aus allen Ecke vun Norwegen ze treffen, a wéi wichteg et hinnen ass Musek vu Komponistinnen ze spillen.
D'Lambrini Girls sinn eng brittesch Punkband vu Brighton, déi sech duerch hir live Optrëtter en Numm gemaach hunn, éier si iwwerhaapt en Album verëffentlecht haten. Hir éischt Plack ass haart, politesch an och zimmlech witzeg. Virun allem mécht se onheemlech Spaass, seet d'Claire Barthelemy, wat eragelauschtert huet.
Reaktiounen op de Vott vun der CDU, ee geplangte Retour an den Numm, deen een net dierf nennen: d'Theemen haut an der Presserevue.
Reaktiounen op de Vott vun der CDU, ee geplangte Retour an den Numm, deen een net dierf nennen: d'Theemen haut an der Presserevue.
Neies an der Affär ëm d'Theatergrupp aus dem Lycée Hubert Clement, en neie Mann fir HUT a firwat ee faschistesch Symboler soll mam Numm nennen, dat sinn Themen haut an der Presserevue.
Neies an der Affär ëm d'Theatergrupp aus dem Lycée Hubert Clement, en neie Mann fir HUT a firwat ee faschistesch Symboler soll mam Numm nennen, dat sinn Themen haut an der Presserevue.
Iwwer zwee Deeg kënne Passionéierter vun der Neier Musek esou wéi Leit, déi einfach virwëlzeg sinn, mat op eng musekalesch Entdeckungsrees goen. D'Marie Trussart huet Lucilin bei enger Prouf besicht a mat der Jil Hamm an der Anne-Catherine Feltgen iwwer d'Konzept vum Festival geschwat. Ënner anerem hunn si verroden, wat Lucilin aus der leschter Editioun geléiert hunn a wéi eng Erausfuerderungen op een duerkommen, wann een dem Public Nei Musek wëll méi no bréngen. An si verroden natierlech och wat de Numm 33,7 eigentlech bedeit.
Um Enn vum Joer wëlle mir gären nach emol u Perséinlechkeeten erënneren, déi eis ënnerwee verlooss hunn. Esou zum Beispill d'Germaine Hoffmann: mat 94 Joer am Juli 2024. D'Germaine Hoffmann, Joergang 1930, koum aus enger bekannter lëtzebuergescher Kënschtlerfamill: hire Mann war de Schrëftsteller Leopold Hoffmann, hire Fils Frank huet sech am Theater en Numm gemaach, de Schauspiller André Jung ass hiren Eedem. Datt d'Germaine Hoffmann déi lescht 50 Joer selwer och Konscht gemaach huet, an zwar haaptsächlech interessant Collagen, war just engem klengere Krees bewosst. Bis dunn hir Enkelin, déi plastesch Kënschtlerin Sophie Jung, hir am Hierscht viru 4 Joer, eng Aart Retrospektiv am Casino organiséiert huet. D'Kerstin Thalau hat 2020 Geleeënheet, sech an deem Kontext mat der Germaine Hoffmann ze ënnerhalen.
Ëm den 29. Dezember ass d'Marie-Claude Beaud, also déi éischt Directrice vum Mudam, mat 78 Joer gestuerwen. No Geschicht-, Konschtgeschicht- an Archeolgiestudie Mëtt der 1960er hat d'Marie-Claude Beaud hiert Liewe komplett an den Déngscht vun der Konscht gestallt. A Muséeën a Fondatiounen hat si sech séier en Numm als staark Perséinlechkeet gemaach, där hiert Markenzeechen d'Zesummebrénge vu verschiddene Konschtstiler a Mënsche war. Tëschent 2000 an 2008 war si Directrice vum Mudam, deemno déi éischt 4 Joer eng Directrice ouni Gebai. Mee si huet de Musée du scho virtuell zum Liewen erwächt, Expoen op anere Plazen organiséiert. 2003 huet d'Marie-Claude Beaud d'Tsu-Mei Tsé, mat hirer Konscht, fir Lëtzebuerg op d'Biennale vu Venedeg geschéckt. Hiren Instinkt gouf belount: de gëllene Léif goung un de Grand-Duché. Tëschent 2009 a bis zu hirer Pensionéierung 2021 war si Directrice vum Nouveau Musée National de Monaco. Als Erënnerung un d'”Grande dame des musées” proposéiere mir en Extrait aus engem Interview vum Christian Mosar mat der Marie-Claude Beaud, vu Juni 2006, an deem et deemno ëm d'Ouverture vum Mudam geet.
Hellegowend, Chrëschtdag an dann de 26. Dezember ass Stiefesdag. Abee Stiefesdag huet och en aneren Numm an eise Sproochmates Alain Atten erënnert un e ganze ale Brauch op deem Dag, op deem beileiwen net gefeiert gouf. Do geet et bis zu 200 Joer zréck an der Geschicht.
“Improvisations Live in Germany“ heescht deen neien Album vun der Pianistin a Komponistin Younee. Si gouf a Südkorea gebuer a wunnt mëttlerweil an Däitschland. Hir Concerte spillt si fir den Ament virun allem an Europa, an de 14. Dezember och fir déi éischte Kéier zu Lëtzebuerg. Am Kader vun hirer Christmas Tour trëtt si am Cube 521 zu Maarnech op - a wéi de Numm et schonn undeit, steet de Concert ganz am Zeeche vu Chrëschtdag. Am Interview beim Lori Dauphin huet d'Younee ënner anerem iwwert hiren éischte Kontakt als Kand mam Piano verroden. Weider Detailer zum Concert fannt Dir um www.opus.radio.
De Gust Graas, vu Formatioun Jurist, war deene meeschte wahrscheinlech als Generaldirekter vun der CLT e Begrëff, als Grënner vun RTL-Télévision an der Luxair, kuerz als Medie-Manager mat Visiounen. Gëtt ee säin Numm bei wikipedia an, steet do “Gust Graas, lëtzebuergesche Moler a Manager”. Effektiv hat hie sech, zwar als Autodidakt, mee awer och als Kënschtler en Numm gemaach. “Hat”, “war”... dat ass Vergaangenheet? Eng Madamm setzt sech schonn dat ganzt Joer dofir an, datt d'Erënnerung un de Moler Gust Graas waakreg gehale gëtt: seng Duechter, d'Journalistin Christiane Graas. An déi huet d'Kerstin Thalau an de Studio invitéiert.
Dëse Samschden ass déi 23. Editioun vun der Nuit des Musées zu Lëtzebuerg, also queesch duerch d'Stater Muséeën. D'Initiativ huet sech en Numm als riseg Musées-Party gemaach, d'Visitten duerch d'Haiser sinn e wéineg méi speziell, et ginn eng Hellewull Aktivitéiten, och kulturell Events gebueden, déi esou am Muséesalldag net um Programm stinn; fir Iessen a Gedrénks ass -kloer- gesuergt. Ma am Zentrum solle jo awer och di aktuell Ausstellunge stoen. An an deem Kontext wollt d'Kerstin Thalau op eng vun den Expoen am Mudam ze schwätze kommen, hiren Titel ass “Radical Software”.
Mat engem neien Numm an enger Saison, déi vum Theater iwwer Danz, Musek, Kanner- a Jugendmanifestatiounen, Ausstellunge bis bei Konferenzen an Diskussiounen e ganz villfältege Programm ubitt, wëll sech de Mierscher Theater geografesch a kulturell am Zentrum vum Land behaapten. Fir iwwer déi nei Saison an déi nei Strategie ze schwätzen, ass de Claude Mangen, Direkter vum Mierscher Theater eisen Invité.
Déi New Yorker Band Elysian Fields hu vun hirem algriicheschen Numm bis hin zu hire literareschen Aflëss schonn ëmmer eng staark europäesch Identitéit gefleegt. De Samschde spillt d‘Band am Gudde Wëllen, an am Virfeld huet de Marc Clement mat der Sängerin Jennifer Charles iwwert de Concert, hir nei Plack "What The Thunder Said" an altertümlech Musek geschwat.
Tëschent dem Freideg, 27. September, a Sonndeg, 6. Oktober si queesch duerch Lëtzebuerg déi traditionell Journées du patrimoine. Esou invitéiert de Spektrum zu Rëmeleng zum Beispill op de Projet “Minett Metabolisms”, also op eng Zort Porte ouverte mat enger Hellewull Aktivitéite fir all Alter. De Spektrum versicht, sech als Zentrum fir multimedial an digital Konscht en Numm ze maachen, als Uert fir Kënschtlerresidenze plus Hotel; dat Ganzt mat Bezuch zum Passé: schliisslech war dës Plaz fréier als Hames-Haus bekannt. De Kënschtler a Sculpteur Albert Hames hat do och säin Atelier. Zanter sengem Doud 1989 vollgepaakt mat Skulpturen a Studien, mat sengem Aarbechtsgeschier. D'Konschtrestauratrice Laura Di Mola gouf domat beoptraagt, dëse Schatz en valeur ze setzen. D'Kerstin Thalau huet si kennegeléiert.
Frank Daubenfeld ...Hm, deen Numm seet Iech näischt? Eventuell well de Frank Daubenfeld zanter gutt 10 Joer fir verschidde Konschtstudien am Ausland war: no Mainz a Stroossbuerg lieft a schafft hien zanter 2018 zu Wien. Seng Disziplin? D'Molerei. A mat där huet hien d'Membere vun der Veianer ASBL Viart nawell iwwerzeegt, esou datt si hien ufanks Summer zum Gewënner vun hirer 3. Biennale des étudiants en art et jeunes artistes an der Veiner Konstgalerie gemaach hunn. De Präis: 3 Wochen organiséiert Kënschtlerresidenz an der Veiner Konstgalerie. D'Kerstin Thalau huet um Enn mam Frank Daubenfeld Bilan gezunn.
pOpera, dat ass den Numm vun engem Projet, deen d'Fondation EME vum 5. August bis den 12. September organiséiert. D'Finalitéit: d'Opféierung vun enger Pop Oper den 11. an den 12. September an der Philharmonie. De Projet geet awer vill méi wäit, wéi just d'Prouwen an d'Opféiere vun enger Oper. Et ass en inklusive Projet, deen duerch déi transformativ Kraaft vun der Musek Guddes bewierke wëllt. Wat genee, dat verréit de Paulo Lameiro, Directeur artistique am Gespréich mam Marie Trussart. An och firwat hie senger Meenung no scho längst seng Ziler erreecht huet, bevir d'Oper iwwerhaapt opgeféiert gouf.
Dee lëtzebuergesch-däitsche Kënschtlerduo M+M huet sech hei am Land mëttlerweil en Numm gemaach; eventuell well si, mat hirer Konscht, anescht wéi hir Homonymmen, net fir Karies, mee fir konstruktiv Gedankenustéiss suergen. Esou zum Beispill am Casino, virun 10 Joer, mat hirer komplexer Videoinstallatioun “7 Tage”, déi en Acteur a banalen, mee an engems kontradiktoresche Situatioune weist. De Marc Weis an de Martin De Mattia, déi zu München liewen a schaffen, beschäftege sech multimedial mat der Dekonstruktioun vun Identitéiten, Netzwierker, Architekturen, enger zäitlecher Linearitéit. Nach bis e Sonndeg inclus kënnt Dir am Casino an der Ënneschtgaass eng aner M+M-Facett entdecken: hir kuratoresch Aarbecht.
Si ass 1989 am Kongo gebuer an huet hiert Land als Kand wéinst dem Biergerkrich a Richtung Frankräich verlooss. Haut ass Eve Guerra Proffessorin fir Latäin an Algriichesch an nodeems si e Gedichtband erausbruecht huet, koum elo hiren éischte Roman “Rapatriement” bei Editions Grasset eraus. E Roman, deen dann och direkt ausgezeechent gouf mam Prix Goncourt du premier roman. “Rapatriement” ass en autobiographescht Wierk, wou awer och Fiktioun seng Plaz huet. Fiktiv ass schonn den Numm vun der Protagonistin, Annabella, déi d'Noriicht kritt, datt hire Papp gestuerwen ass, an deem seng Läich soll rapatriéiert ginn. Si ass awer net just an totaler finanzieller Nout, si huet sech och a Lige verstréckt, esou, datt et schwéier ass en Auswee aus hirer Situatioun an de Wee bei hire Papp ze fannen. Gläich engem Bewosstsënnsstroum kommen Erënnerungen un d'Kandheet, d'Relatioun mam Papp, Momenter an Afrika op ... Mee bei der Eve Guerra ass net just wichteg, wat si erzielt, mee och wéi si erzielt an doriwwer loosse mir si elo erzielen ...
All 2 Wochen raumen si op. Alles dat wat anerer ënner den Teppech kieren huelen si, Stëbskär fir Stëbskär, do eraus a schaffen et op. Si weisen mam Fanger op Saachen déi net sou gelaf sinn wéi se sollen, a nennen Leit mam Numm déi géint d'Reegelen verstouss hunn. Fir dës Sisyphusaarbecht huet d'Marie Gales kompetent Leit zu senger Säit mam Jacques Kapp, Lucien Czuga, Pascal Becker, Gérard Valerius a Christiane Kremer.
All 2 Wochen raumen si op. Alles dat wat anerer ënner den Teppech kieren huelen si, Stëbskär fir Stëbskär, do eraus a schaffen et op. Si weisen mam Fanger op Saachen déi net sou gelaf sinn wéi se sollen, a nennen Leit mam Numm déi géint d'Reegelen verstouss hunn. Fir dës Sisyphusaarbecht huet d'Marie Gales kompetent Leit zu senger Säit mam Jacques Kapp, Lucien Czuga, Pascal Becker, Gérard Valerius a Christiane Kremer.
D'Mierscher Kulturhaus heescht elo Mierscher Theater. Op enger grousser Zeremonie gouf den neien Numm vum Theater mat de verschidde Landsmedien gedeelt. Donieft gouf awer och e Focus op d'Wäerter vum Theater, seng nei visuell Identitéit, an déi nei Programmatioun gesat, wéi de Marc Fischbach, Claude Mangen an de Mierscher Buergermeeschter Michel Malherbe an hire verschidde Rieden erkläert hunn. De Claude Mangen, Direkter vum Mierscher Theater, beäntfert an deem Kader Froe vum Nicolas Calmes.
Willkommen, bienvenue, welcome! Aner Podcasts hu Summerbreaks, mee mir handelen entgéint eisem Numm a schenken iech eng XXL-Episod. Fuert mat eis d'"Rue Joseph II de la résistance" erof an erlieft eng Parad aus Tréinen, Police-Autoritéit an am Donkele molende Yolandas. Theme sinn ënner anerem d'"Fashion Week", den "Te-Dayum", d'Pub-Quiz mam Sam an Tam (an der Prinzessin) an en iconic (a leider ëmmer nach aktuelle) Film, deen esou impressionant ass, dass een dofir an d'Bibliothéik geet. D'Kaulitz-Famill an "Germany's Next Margaret Thatcher" sinn och mat vun der Partie, genee esou ewéi de Luca beim Halligalli, de shady Edsun an den "Elle"-Launch-Event am Mudam. Mir beschwätzen de Soundtrack vun eisem Liewen (vun "Air" iwwer "Lily Allen" bis "Schlumpfen" an "Dulce Pontes") a froen eis, wat eigentlech mat de Claudette geschitt ass, ob een am Auto kachen dierf a mat weem mir beim "Oberweis" en Hühnchen rupfen mussen. Yoleau!
Zanter 2018 mécht sech de Patrick Miranda mat sengem Projet Pleasing en Numm an der Lëtzebuerger Musekszeen - a stellt mat sengem Projet tëschent Post-Hardcore, Postrock, Metal an Jazz-Aflëss eng Zort Omni, also Objet Musical non identifié duer. Mat sengen zwou neie Singele "Bleak" an "There's Something Wrong with Everybody" geet de jonke Museker nees nei Weeër - eng gutt Geleeënheet, hie fir ee Gespréich anzelueden.
Den Alain Atten iwwert e Feierdag, deem säin Numm haut bal kee méi kennt.
Nächst Woch hu mer en duebele Feierdag. Den Alain Atten iwwert e Fest mat engem uralen Numm.
En Dënschde war d'Metteure en scène Pauline Collet bei eis am Interview, haut huelen den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker hier Mise en scène vun "Times Square", ee meta-theatraalt Theaterstéck vum Clément Koch, deen d'Saison am TOL clôturéiert, ënnert d'Lupp.
Déi kleng Festivaller heefen sech zu Lëtzebuerg – e gutt Zeechen, dass d'Pandemie esou lues iwwerstanen ass an dass et och ee Renouveau an der Zeen gëtt. Nieft Festivaller, déi sech mëttlerweil een Numm gemaach hunn an net méi ewech ze denke si wéi de Siren's Call oder de Koll an Aktioun gouf et an de leschte Joren awer och e puer nei Rendez-vousen wéi de Culture Forest Festival oder eben de Messtival, ëm deen et haut soll goen. De Julien Primout bekannt als Sänger vun Everwaiting Serenade a Freshdax, huet virun e puer Joer zu Reckeng op der Mess de Messtival an d'Liewe geruff. Haut ass hie bei eis am Studio, fir iwwert déi drëtt Oplag vum Festival ze schwätzen – eng Oplag déi mat Nimm wéi Mutiny on the Bounty, Edsun, Maz Univerze and Friendz ee wierklech interessante Line-Up versprécht.
Scho mat sengem éischten, 2006 verëffentlechte Roman “Oben ist es still” (esou den Titel vun der däitscher Iwwersetzung), hat sech den hollänneschen Auteur Gerbrand Bakker international en Numm gemaach. Deen aktuelle Roman vum geléierte Gäertner, Literatur- a Sproochwëssenschaftler, deen op engem Bauerenhaff opgewuess ass an elo tëschent Amsterdam an der Eifel lieft, heescht “Der Sohn des Friseurs” (Surkamp Verlag). D'Buch behandelt eng atypeschen Trauer a Bezuch op dat schrot Fluchongléck 1977 op der kanarescher Insel Tenerife. De Michel Delage huet op der rezenter Leipziger Buchmesse mam Gerbrand Bakker geschwat.
Am Kader vum Luxfilmfest gouf déi Lëtzebuerger Koproduktioun (Amour Fou) “Jakobs Ross“ an Avant-première gewisen. Deemnächst leeft de Film och an eise Kinoen un. D‘Valerija Berdi hat d‘Geleeënheet mat der Schwäizer Regisseurin Kalain Gödrös iwwer dëse Film ze schwätzen. Et handelt sech ëm eng Romanverfilmung, dem Debutroman mam gläichen Numm vun der Schwäizer Autorin Silvia Tschui. Mir ginn an d‘Joer 1869 an an d‘Schwäizer Alpen. Hei dreemt eng jonk Mod mat groussem musikaleschen Talent vun enger Karriär, mee als Mod huet een do net vill mat ze decidéieren. Nieft der Luna Wedler an dem Valentin Postlmayer an den Haaptrollen, sinn och d‘Eugénie Anselin, d‘Marie Jung an de Luc Feit am Film ze gesinn.
Si halen näischt vu Rumeuren a Couloires- oder Béierdeckelsgespréicher. Si hunn hir Informatiounen aus éischter Hand oder bal. Soss gouf ëmmer gesot 'béis Zong behaapten', an elo hunn se e Numm. Beim Christiane Kremer sinn den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga an de Gérard Valerius.
Ënnert dem Titel „Memories“ gi véier Wang-Bing-Filmer, a spezieller Zeenographie, am Cercle Cité presentéiert. Tëscht dem 29. Februar an dem 10. Mäerz ass Luxembourg City Filmfestival. Mat dobäi de Wang Bing. De Realisateur ass 1967, kuerz nom Ufank vun der Kulturrevolutioun, a China op d'Welt komm, huet mat 14 säi Papp verluer, ass du fir seng Famill schaffe gaangen. Spéider huet hie Foto a Film studéiert. Am Westen huet hie sech mëttlerweil en Numm als haarde realisteschen Documentaire-Filmer gemaach. Mat véier vu sengen Aarbechte kënnt Dir iech elo schonn am Ratskeller vum Cercle Cité ausenanersetzen. Eng Film-Expo obschonns Wang-Bing-Aarbechten am Kontext vum Festival gewise ginn? D'Kerstin Thalau ass dozou vun der Curatrice Anastasia Chaguidouline méi gewuer ginn.
Ënnert dem Titel „Memories“ gi véier Filmer vum Wang Bing am Cercle Cité presentéiert. Tëscht dem 29. Februar an dem 10. Mäerz ass Luxembourg City Filmfestival. Mat dobäi de Wang Bing. De Realisateur ass 1967, kuerz nom Ufank vun der Kulturrevolutioun, a China op d'Welt komm, huet mat 14 säi Papp verluer, ass du fir seng Famill schaffe gaangen. Spéider huet hie Foto a Film studéiert. Am Westen huet hie sech mëttlerweil en Numm als haarde realisteschen Documentaire-Filmer gemaach. Mat véier vu sengen Aarbechte kënnt Dir iech elo schonn am Ratskeller vum Cercle Cité ausenanersetzen. Eng Film-Expo obschonns Wang-Bing-Aarbechten am Kontext vum Festival gewise ginn? D'Kerstin Thalau ass dozou vun der Curatrice Anastasia Chaguidouline méi gewuer ginn.
An den 1980er Jore war de Karl Koch grouss an der Hacker-Zeen dran an huet sech do en Numm gemaach, schliisslech gouf e vum KGB agestallt fir ze hacken. Wéi et dozou komm ass a firwat säin Doud sou komesch war, gitt dir an dëser Episod gewuer.
Haut ass Hellegowend. Muer Chrëschtdag an iwwermuer den 2. Chrëschtdag, Stiefesdag. Den Alain Atten erënnert awer nach un e ganz alen Numm fir de 26. Dezember ...
Zanter zéng Joer spillen Zéngdausende vu Britten am Dezember ee besonnescht Adventsspill: Whamageddon. Den Numm leet sech hier aus dem Numm vun der 80er-Jore Popgrupp Wham, där hire Leadsänger den George Michael war. Hire berüümte Chrëschthit "Last Christmas" huet nämlech net nëmme Frënn, besonnesch well et een Euphemismus wier ze soen, e wier iwwerlauschtert, esou dacks héiert een en am Radio, um Chrëschtmaart, an a Geschäfter. D'Zil vum Spill ass et dofir ëm all Präis ze verhënneren, dëst Lidd wärend der Adventszäit zu Oueren ze kréien. D‘Marie Billon rapportéiert vu London.
Chrëschtdag steet virun der Dier, no Ouschteren dat zweetwichtegst Fest vun de Chrëschten. Zanter Kuerzem ass zu Lëtzebuerg mat der CSV no zéng Joer Abstinenz rëm eng Partei an der Regierung, déi den "C" am Numm dréit. Datt d'Auer a Saache Kierchepolitik rëm zeréckgedréint oder eng konservativ Familljepolitik bedriwwe wäerte ginn, domadder ass awer net ze rechnen. Ze vill huet sech d'CSV vun der Kierch entfriemt, mengt de Marc Hoscheid a sengem Commentaire.
Zanter dem Ufank vum Krich am Noen Osten hunn Ufeindungen an och Menacë géint Judden erëm zougeholl. Wéi huet d'Lag zu Lëtzebuerg sech entwéckelt? Dat freet d'Christiane Kleer d'Direktesch vum Zenter géint Radikaliséierung, méi bekannt ënner dem Numm respect.lu.
Wolfgang Müller ... DEN däitschen 0815-Numm par excellence. Mee just ee Wolfgang Müller huet zu Berlin 1980 de Kult-Kënschtlerkollektiv “Die tödliche Doris” gegrënnt a lieweg gehalen. An dee Wolfgang Müller war fir eng länger Kënschtlerresidenz am Escher Bridderhaus. Am 100,7-Interview erkläert hien, firwat hien ni resignéiert huet, mee ëmmer nach oppen a virwëtzeg mat Konscht experimentéiert.
Als Filmproduzent huet hien e Numm, dobäi war seng éischt Schaff eng Bank, duerno d'Schoul an hien hat och en Ofstiecher an d'Publicitéitswelt gemaach
Den Alain Atten befaasst sech haut mam Patréiner vun de Moler, dem Lucas, a firwat d'Leit ganz fréier a sengem Numm kleng Pabeierziedelen ofgeschléckt hunn ...
Eng Episod mat enger Missioun: Är lieblings Zimtzicken kontrolléieren am "Atelier" op der 2000er Party net nëmmen, ob d'Outfits bei d'Thema passen, mee och, ob d'Party People wierklech Anung vun deem Joerzéngt hunn. D'Jessica Night an de Kölner Indieboy hunn sech dofir an de Camouflage gehäit, d'Creolen ausgepaakt a souguer géint Hannergrondgeräischer a sonsteg Verständnisschwieregkeeten gekämpft. Disclaimer: Fir d'Energie am éischten Deel vun der Folge ass dem Jill säin hausgemaachenen Espresso zoustänneg. Nieft moudeschen Hits wéi Schlaangecostumer, Glitzer-Nippel-Tiger-Tops an Skinny Leggings Jeans ginn et geféierlech Messerdänz vun haut an déi bescht Filmer vun deemools. Ausserdeem gëtt sech em skandaléis A-Promis am "Action" a Geständnisser aus der Hollerecher Strooss gekëmmert. Ganz sécher NET mat dobäi sinn d' "Google"-Kategorie an "Daylight in your eyes", mee dofir awer Lausbouwen zu New York, eng rout Valiss a Party-Atmosphär fir d'Oueren. Leit mat Froen zu Napster, Fallout Boy an Taille Basse Boxen ze belästegen an den DJs iwwer d'Schëller kucken, stoung och um Programm – dobäi gëtt och endlech gekläert, wouhier déi hiren Numm hunn. Maacht iech prett fir eng Achterbunnfahrt voller Gebläers, Gesang an Emotiounen... inklusive Fritten a Burger!
D'Kolla sinn ee Vollek aus dem Norde vu Chile. U Weltoppenheet an Nohaltegkeet wëllt de Kolla-Festival mat sengem Numm erënneren. Déi éischt Editioun no der Pandemie ass am Park vun der Stad Miersch a bleift de Grondsätz vum Festival a sengen Organisateuren trei. Wéi? Dat verréit d'Marike Breedijk vun der Kolla-Ekipp dem Marc Clement.
D'Hisae Ikenaga huet, wéi den Numm et scho suggéréiert, mexikanesch-japanesch Originnen. Si ass 1977 zu Mexico-City gebuer, do och opgewuess, huet duerno Konscht zu Mexico, da Kyoto, Barcelona a Madrid studéiert, éier si, viru knapps zéng Joer, hei an der Groussregioun ukoum. Hir multimedial Installatiounen hunn zu Lëtzebuerg ewell vill Succès; d'Hisae Ikenaga war Laureatin vum Luxembourg Encouragement for Artists Prize, kuerz LEAP, si gëtt vun enger Galerie vertrueden, stellt heefeg aus. Momentan presentéiert si, zum Beispill, d'Installatioun "Visceral rack", also emotionaalt Regal, an der Cecil's Box vum Cercle Cité. D'Kerstin Thalau am Gespréich mat der Hisae Ikenaga
De Pit Biwer hëlt eis haut mat an d'Joer 1962. Op engem 5. August stierft d'Marylin Monroe. Den FBI war nom Dout vum Norma Jeane Mortenson, sou de richtegen Numm, mat involvéiert. Elo sollen d'Dossieren zu deem Fall publizéiert ginn.
Ufank 2016 deckt de Chris Monteiro eng Hitman-for-hire Websäit am Darkweb op an erstellt eng Lëscht mat den Zilpersounen. Ganz uewen op der Lëscht steet den Numm vum Amy Allwine. Wien ass den Auftraggeber mam Numm DogDayGod? Firwat wëll desen d'Amy ermorden loossen? Dat gidd dir an dëser Episod gewuer.
Dësen Episode vum zertifiéiert beschte Podcast aus der Kategorie 'Gëlle Fro an Erklär&Laach' ass d'Kinneksdisziplin fir all Fësch: Wien sech duerch déi éischt 20 Minutte wuertwiertleche Schäiss wullt, gëtt belount duerch dat, woufir mir mat eisem Numm stinn. Erklären a laachen. Laang ass et hier.
Comitia varia per Americam habita Comitiīs senātōriīs et gubernātōriīs diē octāvō habitīs, longīs morīs ad suffrāgia numeranda tractīs, vidētur senātus dīvīsus fore: nam superior camera sinistram factiōnem penes manēbit, inferior vērō in dextrae factiōnis manūs trāditur. Inter certāmina senātōria et spectātiōra, in Pennsylvaniā cīvitāte Mahōmetus Oz, medicus et chīurgus quem spectacula tēlevīsifica nōtissimum fēcerant, victus est ā Iōhanne Fetterman, quī apoplēxiā cerebrī captus nōn sine difficultāte in candidātōrum disceptātiōne sententiās suās exprimere potuit. In Geōrgiā nec Raphaēl Warnock neque Herschel Walker potuit dīmidiam partem omnium suffrāgiōrum ferre, quāre suffrāgia dēnuō dabuntur sextō diē mēnsis Decembris ad senātōrem Geōrgiēnsem ēligendum. Senātūs camerīs inter factiōnēs dīvīsīs, vērisimile vidētur rempūblicam quasi paralyticam paucās lēgēs lātūram, quārē gaudent glīscuntque fora bursālia. Anna porrō Pelōsī, princeps īnferiōris camerae quae et factiōnī sinistrī erat praefecta, gubernācula factiōnis alterī cuidam suae factiōnis trādidit, cum dextra factiō obtineat senātūs principātum. Quod ad certāmina gubernātōria attinet: et Eustacia Adams est ā Briannō Kemp victa, et Robertus Franciscus O'Rourke est ā Gregōriō Abbott victus, et Catharīna Hobbs Macariam Lake dēvīcit. Conventus Partium Vīcēsimus Septimus In Ægyptum āeroplānīs volāvērunt dūcēs nōnnullārum gentium, quī verba dārent dē temperātūrā caelī temperandā ac dē ūsū petroleī dēminuendō ēmissiōneque carbōniī restinguendā. Nēmō Sēricus, quae gēns omnium maximam copiam carbōniī in caelum ēmittit, conventuī adfuit, neque Iāpōnēs nec Russī neque Indī adfuērunt: itaque ē quinque gentibus, quae hodiē maximam carbōniī vim ēmittunt, sōlīs operae pretium vidēbātur conventuī interesse Americānīs, quōrum praeses primam conventūs hebdomadem praetermīsit. Neque usque ad ultimum temporis articulum vidēbātur Rishīus Sunac, minister prīmārius Britannōrum, interfutūrus. Quī porrō secundum diurnāriōs Britannōs mox nuntiābit Britannōs ab Americānīs emptūrōs magnam vim gasī naturālis, quod alterō nōmine methānum appellātur et carbōniō celerius dīcitur calefacere caelum. Omnēs porrō dūcēs gentium potentissimārum, quae quidem conventuī interfuissent, ante conventūs fīnem suīs āeroplānīs Balium, in pulcherrimam Indonēsiae īnsulam, in alium conventum volāvērunt. Conventus Vīgintī Gentium Notissimī et potentissimī principēs magistrātūsque, inter quōs Iōsēphus Biden praeses Americānus, Xi Jinping praeses Sīnēnsium, Narendra Modī minister prīmārius Indōrum, Fumiō Kishida minister prīmārius Iāpōnum, Sergius Lavrov Russōrum minister rēbus externīs numerantur, congressī sunt Baliī. Xi Jinping multa, quālia antea nōn solēbat, dīxit. Prīmum enim asseverāvit sē tyrannidem nōn affectāre, sed populārem seu dēmocraticam rempūbliam cupere, mōre vērō aliō quam Americānam cōnstitūtam. Deinde apertē et coram diurnāriīs, ut anteā nōn fēcerat, Iustīnum Trudeau prīmārium ministrum Canadēnsium vituperāvit, ut quī colloquia sēiunctim habita nōn solum dīvulgāvisset sed parum sincērē dīvulgāvisset. In fīne conventūs, omnēs dūcēs cōnsēnsērunt nōn omnēs sed māiōrem partem suōrum improbāre bellum, quod inter Russōs et Ucrāīnēnsēs geritur. Carolus Michel ōmissus Ōrātiō, quam Carolus Michel Conciliī Eurōpaeī praeses ēlectronicae memoriae mandāvit et per rēte ūniversāle Sanghaevum mīsit in Sēricā expositiōne mercātōriā exhibendam, nōn exhibita est sed ā Sinēnsibus consultō praetermissa. Nam in illā ōrātiōne, sī habita esset, Michel multa dīxisset dē bellō, quod inter Russōs et Ucrāīnēnsēs geritur. Dictūrus porrō fuisse refertur Eurōpam nimis dē petroleō Russicō pependisse, unde didicisset quam perīculōsum esset dē gentibus externīs pendēre: id etiam verūm in commerciō cum Sēricīs habendō vidērī. Hortātus quoque esset Sēricōs ut aliquid agerent dē rē Ucrāīnēnsī. Nunc vērō Sīnēnsēs pergunt mercātū petroleāriō cum Russīs (quem Eurōpaeī interdīxērunt) nōn sōlum fruī sed pretiō propter ipsa interdicta dēminūtō fruī. Itaque verba Carolī, quae ōrātiōne ōmissā nēmō audīvit, sī quis audīvisset, in cassum cecidissent. Haïtia Latrōnēs, quī iussū Iācōbulī “Barbacōae” Corculī latronum ducis petroleum populō dēnegāverant, iam ā copiā petroleī recessērunt, cum negōtium inter eōs et magistrātūs ēgisse vidērētur Harrisōnius Ernestus, medicus quī et in rē pūblica versātur. Magistrātūs autem negant sē pactōs esse cum latrōnibus, sed custōdēs pūblicī affirmant in copiam petroleī, quam sex hebdomadēs latrōnēs occupāverant, sēmet ipsōs potestātem exercēre. Reclāmātur porrō in magistrātūs propter perīcula latrōnum et publicae salūtis et dēficientis energīae, cum magistrātūs nihil agere posse videantur. Quārē abhinc mēnsem rogāvērunt, ut ab externīs gentibus auxilium mīlitāre sibi mitterētur. Ariēl autem Henrīcus, quī annō praeteritō creātus est minister prīmārius post Juvenālem Moȳsem a Colombiānīs mercēnāriīs percussum, prōmīserat comitia cōnsulāria hōc annō habenda; sed multī Haïtiēnsēs, inter quōs est Iācōbus Corculum numerandus, nihil cōnfīdunt Henrīcō, quem suspicantur mortem Moȳsī esse mōlītum. Americānōrum vehiculum sēcrētum regressum Americānōrum caeleste vehiculum sēcrētum atque arcānum, quod X-trīginta septem B appellātur, tandem aliquandō post duōs annōs ad tellūrem dēlapsum est. Eō tempore, quō in caelum missus est, lues corōnāria timēbātur et nullum bellum in Ucrāīnā gerēbātur; ad mundum mīrīs modīs mutātum post diēs nongentī et octāvō regressum est. Quae in caelō fēcisset, sēcrēta manent. FTX societas dēcocta FTX societas, quae commercium nummōrum cryptographicōrum prōmōverat et forum permūtātiōnis domumque argentāriam nummīs illīs ficticiīs praestitit, dēcoxit, cum dēpsosita perdidisset. Nam societas, quam Samuēl Bankman-Fried condiderat, quamvīs prōmīsisset sē dēposita in tabulīs ā suā ipsīus propriā sēiunctīs tuitūram, eadem tamen dēposita fraudulenter commiscuit et locāvit et perdidit: unde solvendō nōn est. Prīmum enim dēcoxisse vidētur pars propriō commerciō bursālī dīcāta, cui praefuit Carolīna Ellison, quae apertē sē dīxerat inexpertam pecūniae locandae fuisse antequam praefecta facta esset centiēns mīlliēns centēnīs mīlibus dollarōrum; cuī etiam amātor erat Samuēl Bankman-Fried societātis conditor. Ille tunc putātur dēposita per ēlectrōnicum et arcānum postīcum surripuisse et suae dominae trādidisse, nē illa dēcoxisse viderētur; quod tamen cēlārī nōn potuit. Nunc vērō aliīs modīs pecūnia ē tabulīs ēgredī fertur, vel ā perfossōribus ēlectronicīs vel ab ipsīus societātis operāriīs ipsōque Samuēl Bankman-Fried sublāta. Pecūnia, quae quidem supersit, putātur dēbērī deciēns centēnīs mīlibus hominum. Ellison, quae Hongcongiae est, et Bankman-Fried, quī in īnsulīs Bahamēnsibus versātur, nōndum vinculīs pūblicīs tenentur nec crīmine accūsātī sunt, sed feruntur velle extrā diciōnem fugere Americānōrum. Dīvēs et pauper mortuī Duo hominēs nōtissimī periērunt. Prīmum Ēvālīnus Robertus Hādriānus dē Rothschild, argentārius inter dītissimōs hominēs numerandus, quem dē rēbus pecūniāriīs cōnsulere solēbat regīna Britannōrum, octāvō diē vītam efflāvit; quī vīxit annōs nōnaginta et ūnum. Mehran autem Karīmī Nassērī Persa ē Persiā expulsus annō millēsimō nōningentēsimō octōgēsimō octāvō litterās suās commeātūs in Francogallōrum āeroportū perdidisse fertur, quō factō homo sine cīvitāte nōn potuit fīnēs gentium transgredī. Itaque usque in annum bis millēsimum sextum sine cīvitāte habitāvit in parte āeroportūs Lūtetiānī omnibus gentibus commūnī. Propter corporis īnfirmitātem in ipsā Galliā brevī tempore vīxit, sed mente captus mēnse Septembrī ad āeroportum regressus erat, ubi diē duodecimō mortuus est. Incertum est quō annō natus sit, sed putātur annōs vīxisse sex et septuāgintā. Aēneae statuae Tuscae In Tusciā in balneīs antīquīs repertae sunt plūrēs quam vīgintī statuae aēneae lūtō et nummīs aēneīs, argenteīs, aureīs obtectae. Statuīs, quae inter secundum saeculum ante Christum nātum et prīmum post Christum nātum factae esse videntur, variī diī, sīcut Hygēa salūtifera et Apollō medicus, necnōn mortālēs, ut imperātōres matrōnae puerī, sunt repraesentātī. Archaeologī etiam referunt īnscriptiōnēs tam Latīnās quam Tuscās esse repertās. Nummī porro putantur in aquam fortūnae causa immissī.