Ee Mount, een Thema

Follow Ee Mount, een Thema
Share on
Copy link to clipboard

De radio 100,7 verdéift all Mount e speziellen Themeberäich. Dës Programm-Schwéierpunkten zéie sech duerch vill Emissiounen a Reportagen a bidden dem Nolauschterer Hannergrondinformatiounen an deels ënnerschiddlech Approchen zum Thema vum Mount.

radio 100,7

  • Sep 9, 2019 LATEST EPISODE
  • infrequent NEW EPISODES
  • 12m AVG DURATION
  • 28 EPISODES


Search for episodes from Ee Mount, een Thema with a specific topic:

Latest episodes from Ee Mount, een Thema

D'Montée an de Fall vum Summer of Love

Play Episode Listen Later Sep 9, 2019 12:17


Wann ee Summer of Love seet, dann denken déi meescht un den Woodstock-Festival, iwwer dee mir scho ganz vill rieds haten, an dee virun 50 Joer organiséiert gouf. Summer of Love ass awer vill méi, wéi dee Festival. En ass scho laang virdru ugaangen, an am Fong sollt domat e Liewensgefill beschriwwe ginn, wéi den Hippie-Mouvement et virun allem zu San Francisco duerch 1960er Jore gelieft huet.  

Woodstock - den Ufank war gemaach!

Play Episode Listen Later Sep 2, 2019 12:14


Aus underground Subkultur gëtt Mainstream Wuer: Woodstock léisst eng Well vu weideren Open-Air-Eventer aus, déi bis haut Musek a Kommerz kombinéiert - op d'mannst bei de grousse Festivalnimm ass dat de Fall. D'Improvisation aus de siechzeger Jore gehéiert der Vergaangenheet un, d'Festivalzeen vun haut ass e reegelrechte Business ginn.

Aus dem Chaos gouf eng Legend

Play Episode Listen Later Aug 26, 2019 14:54


De Woodstock Festival am August 1969, viru 50 Joer: eng Legend gouf gebuer, jo esouguer e Mythos. Mee duerch wat gouf en e Mythos a Legend? Duerch den absolute Chaos, duerchgeknallten Improvisatiounen an eng absolut iwwerfuerdert Organisatioun. Mee dat geet duer, déi dräi Deeg "Love, Peace and Music" op der Wiss zu Bethel sinn eng Legend. Och wann d'Realitéit eng aner war, mat engem risege finanziellen Defizit an deem wuel gréisste Stau, deen d'USA jeemools gesinn hunn. Iwwerleeunge vum Jean Claude Majerus.    

Woodstock an en déckt Lach an der Keess

Play Episode Listen Later Aug 19, 2019 11:38


Villes war um Festival improviséiert, d'Fraise si vu Stonn zu Stonn méi héich ginn, an de Bléck an d'Keess verréit den Amateurismus vun den Organisateuren: Woodstock huet offiziell en Defizit vun 1,3 Milliounen Dollar verzeechent. Duerch eng geschéckt Vermaartung konnt dëst Lach no etleche Jore gestoppt ginn - besonnesch Warner Bros., déi kuerzfristeg d'Rechter u Film an Triple-Album kaf haten, ginn als grouss Gewënner bei der Saach eraus.

Woodstock - déi laang Sich no engem Site

Play Episode Listen Later Aug 12, 2019 10:08


Woodstock war guer net zu Woodstock ... et war e Festival, dee wuel ënner dësem Numm an d'Geschicht agaangen ass, mee dee relative wäit ewech vun där klenger amerikanescher Uertschaft am US Bundesstaat New York iwwer d'Bühn gaangen ass. Grond dofir: zweemol haten d'Organisateuren e Site zougesot kritt, fir d'éischt zu Woodstock selwer, duerno zu Wallkill, eng hallef Autostonn vun do ewech. Béid Kéiere gouf den Accord no Protester vun den Awunner zeréckgezunn. Dat obwuel de Virverkaf scho längst ugefaangen hat - mat Woodstock als Plaz, wou dräi Deeg laang musizéiert sollt ginn. De Fred Medernach kuckt op d'Landkaart an erënnert un e Projet, dee ganz idealistesch awer wéineg professionell ugepaakt gouf.  

Woodstock Ventures - mir organiséieren e Festival

Play Episode Listen Later Aug 5, 2019 9:05


Woodstock - en Numm an aller Mond: mee wie steet als Organisateur hanner dësem Projet an ass Woodstock wierklech d'"Mamm vun alle Festivallen", deen éischte vu senger Zort iwwerhaapt? Iwwer dës Mammefunktioun kann een esou oder esou uerteelen. Woodstock huet ganz kloer alles an de Schied gestallt, wat bis dato a Saache Festival organiséiert gouf a war Inspiratioun fir vill, ganz vill anerer. Deen éischten Open Air war et awer beileiwen net, dee Michael Lang, Artie Kornfeld, Joel Rosenmann an John Roberts an Ugrëff geholl hunn. De Fred Medernach op der Sich, wéi alles mam haut legendäre Festival ugefaangen huet.

Trauma Vietnam

Play Episode Listen Later Jul 29, 2019 10:48


Am südostasiatesche Konflikt geet et ëm den Afloss op eng ganz Partie Länner. Déi kommunistesch an déi kapitalistesch Gesellschaftsuerdnung sti sech géntiwwer. D'amerikanesch Populatioun steet praktesch vereent hanner hirem President Dwight D. Eisenhower, deen Enn de Fofzeger "déi Rout" wollt bremsen. Mee déi un Erfolleg gewinnten amerikanesch Arméi kritt - anescht wéi erwaart - de Géigner net an de Grëff. Doheem an de States wiisst de Widderstand géint den Engagement, och well ëmmer méi jonk Zaldoten hiert d'Liewen an de Kämpf loossen. D'Hippie-Ideologie an d'Géigekultur vum summer of love vun 1967 beaflossen besonnesch déi Jonk enorm. De Pazifismus an de Protest géint de Krich am Vietnam sinn och um Festival zu Woodstock en Uleies. Detailer mam Fred Medernach.  

Black Revolution

Play Episode Listen Later Jul 22, 2019 9:33


Schonn an de fofzeger Jore gëtt et éischt Protester géint déi krass Diskriminéierung vun der schwaarzer Populatioun an de Vereenegte Staaten, e puer Joer duerno stinn Nimm wéi Martin Luther King, Malcolm X an d'Black Panthers fir de Kampf ëm Gläichberechtegung. D'USA sinn Enn de Sechzeger wuel nach ëmmer eng gespléckte Natioun wann et ëm Wäiss a Schwaarz geet - mee et fänkt een un openeen zouzegoen, och wann dat e schwéiere Wee ass, voller Obstakelen, am Gesetz, am Alldag a virun allem an de Käpp. Och musikalesch gëtt schwaarz Musek akzeptéiert an eruewert d'Charts. Zu Woodstock iwwerzeegen ë. a. de Richie Havens a Sly and the Family Stone e gréisstendeels wäisse jonke Publikum. De Fred Medernach mat engem Réckbléck.

1969

Play Episode Listen Later Jul 15, 2019 13:19


D'Joer 1969, ee Joer, wat am Gediechtnes bleift: Woodstock, den éischte Mënsch um Mound, de Vietnam-Krich, de Film "Easy Rider", d'Ufänk vum Internet, den Nordirland-Konflikt oder den Stonewall-Opstand an der Christopher Street zu New York. De Jan Pallach verbrennt sech, d'Schauspillerin Sharon Tate gëtt vu Membere vun der Manson-Family ëmbruecht.

Master in Space

Play Episode Listen Later Jul 13, 2019 9:12


Vu September vun dësem Joer un offréiert d'Uni Lëtzebuerg en neie Studiegank "Master in Space". Matgegrënnt gouf de Master in Space vun der Luxembourg Space Agency, der staatlecher Agence, déi Betriber a Start-uppen aus dem Beräich vun der Weltraumfuerschung finanziell ënnerstëtzt. Den interdisziplinäre Master in Space soll dann och d'Bréck schloen tëschent der Fuerschung an der Ekonomie.

One small step for men - One giant leap for mankind

Play Episode Listen Later Jul 8, 2019 8:49


Den Neil Armstrong war den éischte Mënsch um Mound, mee am Ganze waren et där zwielef Astronauten, déi um Äerdtrabant gelant sinn. D'Astronauten hu bei hire Missiounen deelweis hiert Liewe riskéiert. Den Apollo-Projet, dee mat der Katastroph vun Apollo 1 ugefaangen a mat der Apollo 17-Missioun viru 47 Joer op en Enn gaangen ass, war de gréisste Raumfaart-Programm vun den USA.    

Astrologie - Philosophie oder Hokuspokus?

Play Episode Listen Later Jul 6, 2019 8:33


Den Doud oder e Gewënn am Lotto viraussoen, dat iwwerléisst den Ernst Ott aneren. Dem Astrolog geet et ëm Perséinlechkeetsanalysen an Entwécklungschancen op Grond a mat Hëllef vun ënner anerem Gebuertshoroskopen. D'Stäre si fir hien net Ursaach vum Schicksal, mee Hiweiser a Symboler fir d'Kreativitéit ze fërderen a spirituell Raim opzemaachen. 

Vollmound an Neiliicht

Play Episode Listen Later Jul 1, 2019 9:50


Et ginn där, déi gleewen drun, an et ginn där, fir déi ass et Hokuspokus: Den Afloss vum Mound op de Mënsch an op d'Natur. Beweiser fir dësen Afloss gëtt et anscheinend genuch. Bei Vollmound kënne vill Leit net gutt schlofen, een Indice kéint sinn, datt an där Period vill Kanner gemaach ginn, sief et dann. An der alternativer Landwirtschaft ass d'Neiliicht déi beschten Zäit fir ze planzen, heescht et. Wëssenschaftlech gëtt et awer keng Beweiser dofir, weder statistesch nach empiresch.

Fly Me To The Moon

Play Episode Listen Later Jun 24, 2019 9:27


Ee Liewen op der Äerd ass an Zukunft net méi méiglech, ouni eng Infrastruktur um Mound. Dee Saz, dee méi dramatesch kléngt, wéi en ass, ass dann och d'Geschäftsphilosophie vun der Entreprise I-Space mat Sëtz zu Lëtzebuerg. Fir I-Space ass de Mound déi nächst Destinatioun fir en Eco-System opzebauen. Den Eko-System soll dann d'Äerd mam Mound verbannen. 

D'Minette am Weltraum

Play Episode Listen Later Jun 17, 2019 10:39


Op de Mound oder Asteroiden ze fléie fir do Ressource wéi Waasser oder Metaller ze fannen ass d'Visioun vum Space Mining. Dohannert stécht awer vill méi. Mam Space Mining ass e Secteur geschafe ginn, de permanent evoluéiert, Entreprisen ulackelt, Aarbechtsplaze schaaft an d'Fuerschung ënnerstëtzt. Et wëllt en hei och net d'Ressourcen op d'Äerd bréngen, mä déi op der Plaz fir den Opbau vun Infrastrukturen notzen.

D'Stärekuckerten oder d'Limitte vun der Virstellungskraaft

Play Episode Listen Later Jun 3, 2019 8:51


Och wann en "nëmmen" 384.400 Kilometer wäit ewech ass, ass de Mound e ganz interessanten Objet fir d'Astronomen, déi mat hiren Teleskope ganz déif an den Universum kënne kucken. Grad d'Proximitéit vum Mount mécht dann och seng Faszinatioun aus. Eng Mounddäischtert, eng Sonnendäischtert, de Bluttmound an de Supermound; déi Phenomener kann ee mat bloussem A gesinn.  

Rechter a Flichten

Play Episode Listen Later May 27, 2019 9:39


Roaming, Geoblocking, Rechter vum Fluchpassagéier, manner Fraise fir grenziwwerschreidend Virementer, e bessere Schutz a Rechter bei der Online-Reservatioun vu Pauschalreesen, dat sinn e puer Punkten op deenen de Centre Européen des Consommateurs an deene leschte Joren um europäesche Plang Verbesserungen erreecht huet. De leschte Succès: Zanter Mëtt vun dësem Mount gëtt och telefonéiere vun doheem an d'Ausland méi bëlleg.

Europawahlen: D'Entwécklung vum Europaparlament

Play Episode Listen Later May 25, 2019 10:09


Mat der Grënnung vun der Europäescher Gemeinschaft fir Kuel a Stol am Joer 1952 stoung um Ufank eng Versammlung vun 78 Parlamentarier. Dës Versammlung hat just eng konsultativ Funktioun a Kontrollrechter vis-à-vis vum Rot a vun der Kommissioun. Nom Traité vu Lissabon am Joer 2007 ass haut d'Europaparlament nieft dem Rot Matdecideur vun europäesche Gesetzestexter. 

Queesch duerch Europa - Ungarn

Play Episode Listen Later May 24, 2019 26:27


Zanter bal zéng Joer ass de Viktor Orbán mat senger seng Fidesz-Partei an Ungarn um Rudder. Vun enger confortabeler Zwee-Drëttel-Majoritéit am Parlament kënne Parteien an anere Länner just dreemen. Den aktuelle Premierminister Viktor Orbán, dee Mann, deen den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker am Geck "Diktator" genannt huet, konnt seng Muecht an de leschte Jore staark ausbauen. D'Land gëtt dowéinst och alt emol als Orbanistan bezeechent. Ass dat iwwerdriwwen? Wat bedeit et ënner dem Fidesz-Regime ze liewen? Firwat kritt d'Oppositioun kee Fouss op de Buedem? D'Danièle Weber war e puer Deeg an Ungarn ënnerwee.

Irland: Den Impakt vum Brexit op déi gréng Insel

Play Episode Listen Later May 22, 2019 25:20


Wa Groussbritannien aus der EU Austrëtt steet Irland viru groussen Erausfuerderungen. Well de Brexit kéint déifgräifend Konsequenzen hunn, fir d'Ekonomie an och de Fridden op där ëmmer nach gedeelter Insel. Wa nees eng haart Grenz tëscht dem Norden a Süde géif kommen, riskéiert d'Gewalt vun den "Troubles" nei opzeflamen. An eiser Serie "Queesch duerch Europa" ass de Pierre Reyland an déi zwee Deeler vun der Insel Irland gereest -  d'Republik am Süden an dat britescht Nordirland.

Europa: Should I stay ...?

Play Episode Listen Later May 20, 2019 11:53


Viru knapps dräi Joer hunn d'Briten an engem Referendum fir en Austrëtt aus der Europäescher Unioun gestëmmt. Dee sollt dunn den 29. Mäerz vun dësem Joer sinn. Well awer déi britesch Premierministerin Theresa May keng Majoritéit am Parlament fir d'Ofkommes iwwer de Brexit krut, ass den Delai op den 31. Oktober verlängert ginn. Dat heescht an dräi Deeg wielen d'Briten hir Deputéiert fir an d'Europaparlament. De Brexit awer bleift nach ëmmer en Thema. Den André Duebbers am Gespréich mam fréieren Europadeputéierte Robert Goebbels.

Vum Schongbuttek zum Europahaus

Play Episode Listen Later May 18, 2019 8:14


Op der Ligne droite vum Europawahlkampf leeft och d'Aarbecht vum Lëtzebuerger Büro vum Europaparlament op Héichtouren. E puer Deeg virun de Wahlen organiséiert de Büro nach Table ronden a Veranstaltunge fir de Leit nach emol d'Importenz vun den Europawahlen ze erklären.

Rumänien: Wann déi europäesch Fräiheet bedrohlech gëtt ...

Play Episode Listen Later May 15, 2019


Et gëllt als eng vun de groussen Errongenschafte vun der EU, datt d'Bierger sech fräi an der Unioun kenne beweegen. Mee dës Fräiheet kann och bedrohlech Ausmoossen unhuelen: A Rumänien ass d'Populatioun zum Beispill staark zeréckgaangen, zanter d'Land der EU bäigetratt ass. Wéi geet dat osteuropäescht Land domat ëm? Fir dat erauszefanne war de Rick Mertens kuerz virun den Europawahlen a Rumänien.

D'Belsch: sou no an dach esou friem

Play Episode Listen Later May 13, 2019 18:15


An der Reportage-Serie "Queesch duerch Europa" geet et haut queesch iwwer d'Grenz - an d'Belsch: e Land, dat eis no steet, awer iergendwéi och friem ass. Säi politesche System? Net ze duerchkucken! Dat permanent Gestreits tëschent Flamen a Wallounen? Net nozevollzéien! De 26. Mee wielen d'Belsch net just hir Europadeputéiert, mee och en neit nationaalt Parlament. Wat sinn d'Enjeue vun de Wahlen an déi méiglech Optioune fir d'Regierungsbildung duerno? De Maurice Molitor huet probéiert, sech Duerchbléck ze verschafen.

Europa: Déngschtleeschtung ouni Grenzen

Play Episode Listen Later May 11, 2019 10:22


Mir liewen an engem Europa ouni Grenzen, an dat gëllt och fir de Secteur vun den Déngschtleeschtungen a fir d'Handwierk. Auslännesch Betriber offréieren hir Aarbecht hei am Land, mee et gëtt och ëmmer méi Lëtzebuerger Entreprisen, déi am Ausland aktiv sinn. Dat erfuerdert harmoniséiert Formatiounen a Qualifikatiounen.

Am Asaz fir Europa

Play Episode Listen Later May 10, 2019 9:24


Den europäesche Solidaritéits-Corps lackelt zanter senger Proklamatioun duerch den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker am Joer 2016 ëmmer méi Jugendlecher un, déi am Zeeche vun der Solidaritéit bei soziale Projete matmaachen, sief et als Fräiwëllegen oder am Kader vun engem Stage. Zanter der Kreatioun vum Solidaritéits-Corps hu sech schonn eng 90.000 jonk Leit engagéiert.

Portugal: Wirtschaftswonner op wackelege Been

Play Episode Listen Later May 8, 2019 15:09


Portugal gëllt als neit europäescht Wirtschaftswonner. Mat enger Croissance iwwer der EU-Moyenne, engem Chômagetaux, dee staark fält, an engem Boom am Tourismus. Dat südeuropäescht Land schéngt sech vun den Nowéie vun der europäescher Finanzkris ze erhuelen. Mee d'Realitéit um Terrain ass méi nuancéiert. Dat weist eise Reportage vu Lissabon, am Virfeld vun den Europawahle vum 26. Mee. Eng Episode vu Queesch duerch Europa, mam Maxi Pesch.

Europa: D'Highlighten am Europaparlament

Play Episode Listen Later May 6, 2019 10:15


Héichpunkte vu senger parlamentarescher Aarbecht am Europaparlament ware fir de belschen Europadeputéierte Pascal Arimont vu Sankt Vith säi Rapport iwwer den Interreg-Programm fir d'Promotioun vun de Grenzregiounen. Do dernieft war et d'Ouverture fir den Online-Shopping ouni Grenzen. Par konter existéiert nach ëmmer de Geoblocking fir minoritär Sproochcommunautéiten.

Claim Ee Mount, een Thema

In order to claim this podcast we'll send an email to with a verification link. Simply click the link and you will be able to edit tags, request a refresh, and other features to take control of your podcast page!

Claim Cancel