D'Aktualitéit mat Humor kommentéiert
Marie Gales, Jacques Kapp, Pascal Becker, Gérard Valerius an d'Stärekächin iwwer de Poopst, de Premier, Dikrecher Wäin a Sex-Spillsaachen
Marie Gales, Jacques Kapp, Lucien Czuga, Gérard Valerius an d'RTL Déierendoktesch iwwer Huesen, Kueben, de Wäschbier, Péckvillercher a Mini-Schwäin
Bob Konsbruck, Jacques Kapp, Lucien Czuga, Gérard Valerius an eis ESC-Hoffnung iwwer Influencer, Whisky, Radaren, Fussball, Pefferspray a Foussfesselen
Marie Gales, Jacques Kapp, Lucien Czuga, Gérard Valerius an déi fréier Presidentin vun der ASTI iwwer Auslännerwalrecht, Pensiounen, Fréijoer, A3 an Eeër
Christiane Kremer, Jacques Kapp, Lucien Czuga, Gérard Valerius an déi fréier Gläichstellungsministesch iwwer de Weltfraendag, Amerika, Punkten a Maizena
Marie Gales, Jacques Kapp, Pascal Becker, Gérard Valerius an déi 7fach Sportlerin vum Joer iwwer Liken, Caritas, Schisport, Senior TV bis bei de Pinocchio
Marie Gales, Jacques Kapp, Lucien Czuga, Gérard Valerius an d'Actrice Rosalie Maes iwwer d'Bréifdréieschaffär, d'Caritas an Foussfesselen
Marie Gales, Pascal Becker, Lucien Czuga, Gérard Valerius an d'Presidentin vum OGBL iwwer Ouvertureszäiten, Chrëschtbeemercher an eng 'Kazefra'
Marie Gales, Pascal Becker, Jacques Kapp, Lucien Czuga an hiren Invité iwwer schwéier Accidenter, e Wackeldackel, de Politmonitor an de neie Papamobil
Marie Gales, Pascal Becker, Jacques Kapp, Gérard Valerius an hir Invitée iwwer Chrëschtmäert, ChatGPT, Botox, Psychopaten a Banannen
Marie Gales, Pascal Becker, Lucien Czuga, Jacques Kapp an de Gérard Valerius iwwer Trump, Dubai Schockela, Kommiounen an d'Piraten
Marie Gales, Pascal Becker, Lucien Czuga, Jacques Kapp an de Gérard Valerius iwwer de CGDIS, Football an d'Mierschwéngercher
Marie Gales, Al Ginter, Lucien Czuga, Jacques Kapp an de Gérard Valerius iwwer d'Caritas, de Poopst, d'Piraten an all déi Verstuerwen
Marie Gales, Al Ginter, Lucien Czuga, Jacques Kapp an de Gérard Valerius iwwer d'Skandaler vu Caritas bis Croix-Rouge, den Trump an d'Visitte vum Poopst
All 2 Wochen raumen si op. Alles dat wat anerer ënner den Teppech kieren huelen si, Stëbskär fir Stëbskär, do eraus a schaffen et op. Si weisen mam Fanger op Saachen déi net sou gelaf sinn wéi se sollen, a nennen Leit mam Numm déi géint d'Reegelen verstouss hunn. Fir dës Sisyphusaarbecht huet d'Marie Gales kompetent Leit zu senger Säit mam Jacques Kapp, Lucien Czuga, Pascal Becker, Gérard Valerius a Christiane Kremer.
All 2 Wochen raumen si op. Alles dat wat anerer ënner den Teppech kieren huelen si, Stëbskär fir Stëbskär, do eraus a schaffen et op. Si weisen mam Fanger op Saachen déi net sou gelaf sinn wéi se sollen, a nennen Leit mam Numm déi géint d'Reegelen verstouss hunn. Fir dës Sisyphusaarbecht huet d'Marie Gales kompetent Leit zu senger Säit mam Jacques Kapp, Lucien Czuga, Pascal Becker, Gérard Valerius a Christiane Kremer.
Sou wéi d'EU-Staats- a Regierungscheffen reegelméisseg zu Bréissel zesumme kommen, fir hir Point-de-vuen auszetauschen, sou begéinen déi heiten 5 sech am Prinzip all 2 Wochen fir e klengen Austausch ze maachen wat d'Aktualitéit hier ginn huet. Wéinst dem Nationalfeierdag sinn awer elo, zanter hirer leschter Entrevue, schonn 3 Wochen vergaangen. Wat behale se zréck, wat hu se ze luewen a wat ze kritiséieren? Ronderëm den Studiosdësch sinn et de Jacques Kapp, Pascal Becker, Gast Waltzing, Gérard Valerius an d'Marie Gales.
Wat d'Kommentatoren beim Fussball oder de 'Statler an de Waldorf' bei de Muppets, dat sinn si hei um Radio. Soubal een hinnen e Mikro gëtt dann geet et lass mat soueren, knouteren, maulen a meckeren. Vum Wieder iwwer d'Politik bis bei d'Kinnekshaiser an de Sport. Keen a näischt ass sécher virun hinnen an hirem Réckbléck op déi lescht 14 Deeg. Beim Marie Gales sinn den Al Ginter, Roland Meyer, Jacques Kapp an de Gérard Valerius.
Opgewiermtes schmaacht meeschtens nach besser, an dofir gëtt och elo an der nächster Stonn d'Aktualitéit opgekacht. A genuch Sujeten drängen sech quasi op, et kritt een se souzesoen um 'Plateau zerwéiert'. Et kéint een zB iwwer d'Europawale schwätzen, oder d'Visitt vum Poopst? D'Kläpperei zu Déifferdeng kéint een uräissen oder de Findel wou een de Stecker gezunn hat. Genuch Gespréichs- oder Sprengstoff bis Mëtteg fir de Jacques Kapp, Lucien Czuga, Pascal Becker, Gérard Valerius an d'Marie Gales.
Wann et ëm d'Wieder geet sëtze mer all am selwechte Boot, an och beim Trafic gëtt et keng Extrawurschten. Bei anere Saachen sinn d'Ënnerscheeder schonn méi grouss jee nodeem wou een gebuer a grouss ginn ass. Déi eenzel Point de vue'en, Top a Flop an eng ganz Achterbunn vun de Gefiller gëtt et elo nees bis Mëtteg am Bilan vun der Aktualitéit aus de leschten 14 Deeg beim Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga, Gérard Valerius a Marie Gales.
Déi 5, déi elo kommen, sinn net bekannt fir hier Seeërcher, Spiichten oder Anekdoten. Si pechen un der Aktualitéit a bleiwen bei de Fakten. 'Fakenews' sinn hinnen en Dar am A. Si kucken awer manner no vir mee éischter zréck, an de Réckspigel a beliichten dat wat war.Beim Marie Gales gëtt et bestëmmt nees méi wéi een Geeschtesblëtz vum Al Ginter, Tony Tintinger, David Winter an Gérard Valerius.
2 Woche leien tëscht der Analyse vun der Aktualitéit vun eiser Ekipp vum 5 vir 12, ma bannent deenen Deeg huet sech nees vill Fudder ugesammelt fir driwwer ze debattéieren an dat mol an en anescht Liicht ze setzen, och wann een do mol ka verblennt ginn. No Ellesonndeg, haut op Pällemsonndeg um Wee fir bei Ouschtersonndeg hunn sech ëm d'Marie Gales den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga an de Gérard Valerius versammelt.
Am japaneschen heescht et 'mizaru, kikazaru, iwazaru', dat ass d'Spréchwuert vun den 3 Afen déi näischt héieren, näischt gesinn a näischt soen'. Bei hinnen ass dat just de Contraire, se gesinn alles, héiere souguer Saachen déi soss kee weess, an de Mond hale kënne se schonn guer net. Déi lescht 14 Deeg huet et Skandaler gereent an dovunner kënnen si zieren. Beim Marie Gales sinn et haut den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga a Gérard Valerius.
Si halen näischt vu Rumeuren a Couloires- oder Béierdeckelsgespréicher. Si hunn hir Informatiounen aus éischter Hand oder bal. Soss gouf ëmmer gesot 'béis Zong behaapten', an elo hunn se e Numm. Beim Christiane Kremer sinn den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga an de Gérard Valerius.
Wou dréckt de Schong dann am Moment? Wéi ass et mam Stëmmungsbarometer, wou gëtt et e neie Skandal a wou just e Stuerm am Waasserglas? Si analyséieren a kommentéieren déi lescht 14 Deeg a sinn normalerweis gutt informéiert. Si hunn Aen an an Oueren nees opgespaant fir och nëmmen alles matzekréien. Beim Marie Gales sinn et haut den Jacques Kapp, Lucien Czuga, Pascal Becker an de Gérard Valerius.
Op verschidde Saachen do freet ee sech laang, an da sinn se séier eriwwer, an dann gëtt et aner Geschichten, déi een emol net erwaart hat an dann gëtt ee se net méi lass. Vu béidem gouf et och déi lescht 2 Wochen, déi elo nees op eng ganz speziell Fassong resuméiert a kritiséiert ginn. Beim Christiane Kremer, Jacques Kapp, Lucien Czuga, Pascal Becker a Gérard Valerius weess een ganz séier wat hinnen géint de Stréch gaangen ass, wou hinnen den Hutt héich goung oder wou si sech driwwer gefreet hunn, och ouni eng Zeechnung ze maachen.
Dat neit Joer ass knapps 14 Deeg al, awer déi al Problemer hunn eis schonn nees. Wéi eng Themen hunn déi éischt 2 Wochen schonn fir Opreegung gesuergt, wouriwwer gëtt gesouert, gemeckert a wou ass d'Gejäiz grouss? Eis Experten op dësem Gebitt maachen elo nees eng Stonn en Austausch un Emotiounen an setzen sech mat den opreegenden Sujeten ausenaner. Beim Christiane Kremer sinn et haut de Jacques Kapp, Lucien Czuga, Pascal Becker an de Gérard Valerius.
Wat bleift hänken vun 2023? Ëm Hallefnuecht sprange mir vun engem Joer an dat anert, sou änlech wéi vun engem Boot op en anert. Vill Saachen ginn engem duerch de Kapp, déi eng déi laang gedauert hunn a vläicht net sou agreabel waren, an anerer déi just kuerz awer dofir immens schéin waren. Vill Impressiounen hu mer och gedeelt mat Famill, Bekannten, Noperen, dem Land oder der ganzer Welt, an dorobber kënnt d'Marie Gales elo zréck. Bei him sinn den Al Ginter, Lucien Czuga, Jacques Kapp, Pascal Becker an de Gérard Valerius.
Hinnen entgeet näischt, an all Geleeënheet ass gutt fir d'Feeler vun deenen Aneren breet ze trëppelen. Wien huet wat gesot oder gemaach? Wéi eng Decisiounen goufen geholl wou ee just de Kapp rësele kann a wou sténken d'Lompen zerguttst? 1 Stonn laang huet d'Christiane Kremer elo nees Zäit fir den Tour vun de leschte 14 Deeg ze maachen, a Gesellschaft vum Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker a Lucien Czuga.
Lo gëtt nees d'Aktualitéit vun de leschten 2 Wochen Revue passéiere gelooss. Si sinn gewinnt géint de Stroum ze schwammen, a filteren a siften op wat se stoussen. Déi hei 5 loossen net einfach Gottes Waasser iwwer Gottes Land lafen, a maachen hirem Ierger Loft. Beim Christiane Kremer sinn et haut den Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker an de Gérard Valerius.
Si sinn net onbedéngt bekannt als déi grouss Diplomaten. Se maachen keng déck Baken mee falen iwwer all déi hier, déi déi lescht Wochen opgefall sinn, oder aus der Roll gefall sinn. Se rieden sech séier an den Äifer, a no hirer leschter Sendung, viru 4 Wochen, ass jo och genuch geschitt an dat muss elo opgeschafft ginn. Beim Christiane Kremer sinn den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga an de Gérard Valerius.
Eng Woch virun de Walen souzen déi heiten 5 eng leschte Kéier zesummen an hunn Walprogrammer studéiert an analyséiert. 3 Wochen duerno geet mat Sécherheet vun de Walresultater rieds. Awer alles wat et soss nach un Aktualitéit gouf, fënnt eng Plaz an hirer Mëtt. Hier Stonn ass e Mix aus Staminee a Kaffiskränzchen wou carrement iwwer jiddereen hiergefall gëtt, a se strecken hier Nues an alles wat si näischt ugeet. Beim Marie Gales sinn et haut den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga an de Gérard Valerius.
An enger Woch gëtt gewielt, an da ginn d'Faarwen eventuell nei gemëscht. Dann falen d'Wierfel wien déi nächst 5 Joren d'Geschécker vum Land leet. 60 Plazen gëtt et an der Chamber déi nei ze besetzen sinn, an aus de Muechtverhältnisser schielt sech och eraus wien d'Land regéiert an zum Regierungsconseil zielt, wann de Wielerwëllen respektéiert gëtt. Nach eng Woch dauert also déi spannend Zäit wou all Walverspriechen op den Dësch kommen an an d'Land erausposaunt ginn. Déi neutral Walobservateuren déi dat op hier Manéier analyséieren a kommentéieren sinn haut den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga, Gérard Valerius an d'Christiane Kremer.
Si observéieren a kommentéieren, reegelméisseg d'Aktualitéit op hier Manéier bei eis, awer 10 Wochen huet een keen Piipcheswiertchen vun hinne gehéiert. Elo, 3 Wochen ier mir stëmmen ginn, kënnt der hier Stëmmen och elo nees all 14 Deeg hei um Radio héieren fir mat der Lupp op all dat zréck ze kommen wat soss vläicht ënnert den Teppech gekiert gi wier. Beim Christiane Kremer sinn haut de Jacques Kapp, Al Ginter, Lucien Czuga an de Gérard Valerius.
De Franzous schwätzt vun 'bouche-à-oreille' an déi Däitsch vu 'Mund-zu-Mund-Propaganda'. Elo geet et nees eng Stonn ëm Couloirsgespréicher wou awer meeschtens e Fonken Wourecht drun ass. Déi heiten 5 héieren d'Fléi néitschen an d'Gras wuessen, a wat si déi lescht 2 Wochen opgeschnaapt hunn zerwéieren se Iech bis Mëtteg. Mat um Dësch den Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker, Gérard Valerius an d'Christiane Kremer.
De Franzous schwätzt vun 'bouche-à-oreille' an déi Däitsch vu 'Mund-zu-Mund-Propaganda'. Elo geet et nees eng Stonn ëm Couloirsgespréicher wou awer meeschtens e Fonken Wourecht drun ass. Déi heiten 5 héieren d'Fléi néitschen an d'Gras wuessen, a wat si déi lescht 2 Wochen opgeschnaapt hunn zerwéieren se Iech bis Mëtteg. Mat um Dësch den Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker, Gérard Valerius an d'Christiane Kremer.
T'Zopp gëtt ni sou waarm giess, wéi se gekacht gëtt. A wien sech wat agebrockt huet, an wien wat ausläffele muss héiere mer dës Stonn. 2 Wochen no de Gemengewalen an 3 Wochen virun der grousser Vakanz gëtt elo Rapport gemaach, awer och no vir gekuckt. An der Ronn sëtzen haut den Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker, Gérard Valerius an d'Marie Gales.
Bis op e puer Gemengen sinn se haut am ganze Land opgeruff fir bei d'Urn ze goen. Nom grousse Casting déi lescht Wochen, ginn elo vum Wieler Neel mat Käpp gemaach, an op Mammendag ginn nei Gemengemammen a -pappen gesicht. Déi heiten 5 wëlle sech d'Fanger net verbrennen an hale sech kleng, wann et ëm de Walzirkus geet. Et gëtt nach genuch ze beschwätzen, wat déi lescht 3 Wochen net ronn gelaf ass. D'Käpp beieneen strecken haut den Al Ginter, Lucien Czuga, Jacques Kapp, Gérard Valerius an d'Marie Gales.
An dräi Wochen kréien d'Politiker Zensuren vun de Bierger. Hei bei hinnen an der Ronn gëtt et all zwou Wochen Notten. Mol méi, mol manner gutt, gëtt dann hei iwwer déi Dichteg a Wichteg geschwat, a sech d'Fro gestallt wéi et souwäit komme konnt. Ronderëm den Dësch, fir iwwer d'Leit hier ze falen, sëtzen beim Christiane Kremer de Jacques Kapp, Pascal Becker, Gérard Valerius an den Tony Tintinger.
Elo ass et nees Zäit fir tëschent den Zeilen ze liesen. A 14 Deeg huet sech genuch ugesammelt, an dat gëllt et opzeschaffen, ze diskutéieren an ad acta ze leeën. Vill knaschteg Wäsch gëtt nees gewäsch vum Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga, Gérard Valerius a Marie Gales.
5 Temperamenter stoussen elo nees openeen fir d'Aktualitéit vun de leschten 3 Wochen ze diskutéieren an ze kommentéieren. Si iwwerfléien awer net just d'Haaptiwwerschrëften vun deem wat national an international geschitt ass, si huelen d'Lupp eraus an halen de Fanger drop, wou eppes net ganz sou gelaf ass wéi et hätt sollten. Beim Christiane Kremer sinn haut den Al Ginter, David Winter, Lucien Czuga an de Gérard Valerius.
Si halen d'Aen op, a maachen de Mond net zou wann hinnen eppes net passt. Si richen op honnert Meter wann d'Lompen sténken, a sinn och net frou wann eng Geschicht en ellene Bäigeschmaach huet. Si paken all Dossier un, wann och net ëmmer mat vill Fangerspëtzegefill. Beim Christiane Kremer geet et elo nees vun der Long op d'Zong mam Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga a Gérard Valerius.