RTL - FLF Goal

Follow RTL - FLF Goal
Share on
Copy link to clipboard

De Magazin vun der Football Federatioun

RTL Radio Lëtzebuerg


    • May 19, 2025 LATEST EPISODE
    • every other week NEW EPISODES
    • 2m AVG DURATION
    • 554 EPISODES


    More podcasts from RTL Radio Lëtzebuerg

    Search for episodes from RTL - FLF Goal with a specific topic:

    Latest episodes from RTL - FLF Goal

    FLF Magazin, 19/05/2025

    Play Episode Listen Later May 19, 2025 2:17


    Am nationale Futtball war gëschter deen zweetleschten Spilldag. Déifferdeng krut de Championstitel iwwerreecht, de Racing krut ee wichtege Punkt am Kampf fir déi europäesch Plazen an ënnen am Keller tauschen Rodange an Wolz d'Plazen. De Jeff Kettenmeyer kuckt am FLF Magazin op ee spannenden Spilldag zeréck.

    FLF-Magazin, 28/04/2025

    Play Episode Listen Later Apr 28, 2025 3:01


    An der BGL-Ligue am Lëtzebuerger Futtball bleift et 4 Spilldeeg viru Schluss spannend fir déi europäesch Plazen. Duerch déi besser Goldifferenz steet Stroossen elo nom 26. Spilldag op der zweeter Plaz, punktgläich virum F91 Diddeleng. De Racing, Nidderkuer an esouguer theoretesch Munneref sinn och nach an der Course fir d'Conference League Qualifikatioun ze spillen. Haut gouf och de Kontrakt fir d'Emissioun Goal op RTL Tëlee Lëtzebuerg mat der FLF an der CMCM ëm 3 Joer verlängert. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

    schluss haut magazin kontrakt joe r plaz flf duerch stroossen futtball rtl t franky hippert
    FLF-Magazin, 14/04/2025

    Play Episode Listen Later Apr 14, 2025 2:55


    Den FC Déifferdeng 03 hätt lo de Weekend, um 7.t-leschte Spilldag, fréizäiteg kënne Champion ginn...do huet den Tabellenzweeten F91 Diddeleng awer net matgespillt. Hannendrun bleift Course ëm déi drëtt europäesch Plaz spannend. Bei den Dammen gouf et an der Spëtzepartie tëscht deenen zwee éischten Racing an Hesper e Remis. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

    FLF Magazin, 31/03/2025

    Play Episode Listen Later Mar 31, 2025 2:03


    Am nationale Futtball Championnat ass d'Spannung fir de Championstitel esou lues eraus. Déifferdeng huet 8 Spilldeeg viru Schluss 15 Punkten Avance. Ma de Kampf ëm déi europäesch Plazen kéint awer bis ganz zum Schluss enk bleiwen, Jeff Kettenmeyer.

    FLF Magazin, 24/03/2025

    Play Episode Listen Later Mar 24, 2025 2:04


    D'Lëtzebuerger Futtball Nationalequipe huet e Samschdeg de Frëndschafts Lännermatch géint Schweden 1-0 gewonnen. Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op dësen perfekten Optakt an d'Joer 2025 zeréck an awer och schonns op den Match muer den Owend an der Schwäiz no vir.

    FLF-Magazin: BGL-Ligue a Nationalequipe, 17/03/2025

    Play Episode Listen Later Mar 17, 2025 2:57


    Zanter gëschter ass déi Lëtzebuerger Futtball-Nationalequipe zu Lëpschent am Trainingslager fir d'Frëndschaftslännermatcher e Samschdeg heiheem géint Schweden, an en Dënschdeg-8-Deeg zu Sankt Gallen géint d'Schwäiz ze preparéieren. An der BGL-Ligue ass den FC Déifferdeng 03 Directioun zweete Championstitel ënnerwee..., d'Equipe vun der Stonn ass awer och Stroossen, mat mëttlerweil der drëtter Plaz an der Tabell. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

    ligue schweden magazin trainingslager deeg plaz sankt gallen tabell zanter stonn stroossen samschdeg franky hippert
    FLF Magazin, 10/03/2025

    Play Episode Listen Later Mar 10, 2025 2:53


    Beim Progrès geet et och nom Trainerwiessel net wierklech besser. De Samuel Scholer huet jo d'lescht Woch de Jeff Strasser op der Trainerbänk ersat. Fir den Opsteiger Beetebuerg gouf et no der Wanterpaus emol nees eng Kéier eng Victoire, an dat war eng wichteg géint den direkte Konkurrent Monnerech. E Mëttwoch geet et schonn weider mat den 1/8.els Finalen an der Coupe. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

    FLF Magazin, 24/02/2025

    Play Episode Listen Later Feb 24, 2025 2:28


    Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op den Duell vun den Verfolger tëscht dem Racing an Stroossen. Donieft geet et awer och ëm Dammennationalequipe, déi no hirem Remis géint Kasachstan elo onbedéngt géint Liechtenstein wëll wannen.

    FLF Magazin, 17/02/2025

    Play Episode Listen Later Feb 17, 2025 2:16


    Am nationale Futtball-Championnat huet Déifferdeng de Weekend e grousse Schratt a Richtung Championstitel gemaach. Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op de Spëtzematch géint Diddeleng zeréck a verréit eis wien un den internationalen Plazen dru bleift.

    FLF Magazin, 10/02/2025

    Play Episode Listen Later Feb 10, 2025 2:21


    De Weekend war am nationalen Futtball Championnat d'Reprise no der Wanterpaus. Och am neie Joer bléift an der Tabell den FC Déifferdeng 03 déi kloer Nummer 1. Wat och bleift, sinn déi aussersportlech Geräischer beim Swift Hesper, Jeff Kettenmeyer.

    FLF Magazin, 25/11/2024

    Play Episode Listen Later Nov 25, 2024 2:03


    Am nationale Futtball stoung de Weekend no der Lännermatch-Paus nees de Championnat am Vierdergrond. No 13 Matcher ass Déifferdeng nach ëmmer ongeschloen an ass elo schonns fréizäiteg Hierschtmeeschter. Am FLF Magazin kuckt de Jeff Kettenmeyer och op den éischte Match am Championnat vum Stefano Bensi als Trainer vun Stroossen.

    FLF-Magazin, 18/11/2024

    Play Episode Listen Later Nov 18, 2024 2:52


    A ronn zwou Stonne fänkt fir déi Lëtzebuerger Futtball-Nationalequipe dee leschte Match an dëser Nations League Campagne un. D'Rout Léiwe kréien et um 20:45 Auer am Stade de Luxembourg mam Tabelleleader aus der Divisioun C Grupp 3 ze dinn. Fir d'Equipe vum Nationaltrainer Luc Holtz geet et drëms an där Divisioun ze bleiwen. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert.

    FLF Magazin, 04/11/2024

    Play Episode Listen Later Nov 4, 2024 2:22


    Am nationale Futtball bleift nom 12. Spilldag Déifferdeng nach emmer ongeschloen. Do hannendrun probéiert Hesper drun ze bleiwen. Woubäi déi hannendrun e bëssen Plommen hänke gelooss hunn. De Jeff Kettenmeyer kuckt am FLF Magazin vun haut op den 12. Spilldag zeréck.

    FLF-Magazin, 28/10/2024

    Play Episode Listen Later Oct 28, 2024 2:36


    An de Nations League Play-Offs am Futtball déi zu der Europameeschterschaftsqualifikatioun zielen, huet déi Lëtzebuerger Damme-Nationalequipe sech am Allermatch géint Schweden ganz anstänneg aus der Affär gezunn. An der BGL-Ligue gouf et um 11.te Spilldag eng wichteg Victoire fir den F91 Diddeleng géint de Progrès Nidderkuer an der Lutte ëm d'europäesch Plazen. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

    FLF Magazin, 21/10/2024

    Play Episode Listen Later Oct 21, 2024 2:13


    Am FLF Magazin vun haut steet net onbedéngt den 10. Spilldag am nationale Futtball am Vierdergrond mä virun allem den Kongress vun der Federatioun.Hei goufen 3 nei Memberen an de Verwaltungsrot vun der FLF gewielt, Jeff Kettenmeyer.

    hei magazin kongress flf futtball memberen
    FLF-Magazin: Rout Léiwen kréie Punkt a Bulgarien, 14/10/2024

    Play Episode Listen Later Oct 14, 2024 2:50


    Déi Lëtzebuerger Futtball-Nationalequipe ass matten dran an hirem duebele Rendezvous an der Nations League. A Bulgarien gouf et ee Punkt, elo heescht de nächste Géigner an Ungarn "Belarus". Déi jonk Rout Léiwen sinn dëser Deeg och am Asaz. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

    FLF Magazin, 09/09/2024

    Play Episode Listen Later Sep 9, 2024 2:31


    Am FLF Magazin geet et haut ëm déi zwee Futtball Lännermatcher vun der Lëtzebuerger Nationalequipe an der Nations League. Fir den Optakt goufen et souwuel a Nordirland wéi och géint Belarus zwou Néierlagen. Et ass een also definitiv nees zeréck um Buedem vun den Tatsaachen, Jeff Kettenmeyer.

    FLF-MAG, 05/08/2024

    Play Episode Listen Later Aug 5, 2024 2:36


    D'Summerpaus an der ieweschter Futtballdivisioun ass eriwwer. An d'Favoritten hu sech fir den Optakt duerchgesat Fir d'Opsteiger war de Start an d'Saison alles anescht wéi einfach. Nieft dem Réckbléck op den 1te Spilldag, gëtt et och nach en Trikot vun der Nationalekipp ze gewannen.Den FLF-Magasin gëtt iech haut presentéiert, vum Gilles Tricca

    FLF-Magazin: Leschte Spilldag, 27/05/2024

    Play Episode Listen Later May 27, 2024 2:59


    Am nationale Futtball sinn an der regulärer Saison elo iwwert de Weekend déi lescht Decisioune gefall. Fir verschidden Equippen geet et iwwert d'Barragematcher awer och nach an d'Verlängerung. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

    saison magazin fir futtball franky hippert equippen
    FLF-Mag, 20/05/2024

    Play Episode Listen Later May 20, 2024 2:45


    An der Ieweschter Divisioun steet nom 2. leschte Spilldag mat Schëffleng den éischten Ofsteiger fest. 4 Veräiner däerfen nächst Saison net an der Coupe d'Europe spillen a bei der Jugend huet den F91 Diddeleng d'Coupe du Prince gewonnen. Dëst sinn Haapttheme vum FLF-Magazin, deen iech haut vum Gilles Tricca presentéiert gëtt.

    FLF Magazin, 13/05/2024

    Play Episode Listen Later May 13, 2024 2:32


    Am FLF Magazin vun haut geet et souwuel ëm de Championstitel wéi awer och ëm de Kampf géint den Ofstig.Zwee Spilldeeg bleiwen nach, an virun allem ënnen an der Tabell ass nach keng Decisioun gefall, Jeff Kettenmeyer.

    FLF Magazin, 06/05/2024

    Play Episode Listen Later May 6, 2024 2:26


    Déifferdeng nach ëmmer nom sécheren Champion aus, ma de Weekend huet Rouspert ee klenge Stréch duerch d'Festivitéiten gemaach.Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op den 27. Spilldag zeréck.

    FLF Magazin, 29/04/2024

    Play Episode Listen Later Apr 29, 2024 2:40


    Am nationale Futtball ass Déifferdeng dem Titel zanter dem leschte Weekend esou no wéi nach ni.Den Tabelleleader huet seng Aufgab erfëllt an hannendrun huet Hesper mat enger Victoire géint Diddeleng gehollef.Den Jeff Kettenmeyer iwwert d'Virentscheedung am Championnat.

    FLF Magazin, 22/04/2024

    Play Episode Listen Later Apr 22, 2024 2:32


    Am nationale Futtball bléift mam F91 Diddeleng just nach eng Equipe iwwereg déi dem FC Déifferdeng nach ee Strich duerch den éischten Titel zanter der Fusioun kéint maachen. Déifferdeng huet e Samschdeg de Spëtzematch géint Hesper 2-0 gewonnen an domat de Swift komplett aus der Course ëm den Titel eliminéiert.De Jeff Kettenmeyer kuckt am FLF Magazin awer och no ennen.

    FLF Magazin, 15/04/2024

    Play Episode Listen Later Apr 15, 2024 2:29


    Am nationale Futtball Championnat gesäit et 6 Spilldeeg viru Schluss richteg gutt aus datt den FC Déifferdeng 03 den éischten Championstitel zanter der Fusioun kéinnt feieren. Et hat gëschter souguer duerno ausgesinn wéi wann een och nach en Ecart op den F91 kéinnt ausbauen. De Jeff Kettenmeyer kuckt op dese Spilldag zeréck, ma et geet awer och ëm de neie Look vun der FLF.

    FLF-Magazin: D'Damme wannen géint Albanien, 08/04/2024

    Play Episode Listen Later Apr 8, 2024 2:59


    D'Lëtzebuerger Futtballnationalequipe vun den Dammen huet an der Europameeschterschaftsqualifikatioun hiren éischte Match vun der Campagne géint Albanien gewonnen. An der BGL-Ligue léisst d'Jeunesse no der Wanterpaus, an der Spëtzepartie, beim F91 Diddeleng, déi éischte Kéier Punkten hänken. Den Tabelleleader FC Déifferdeng 03 huet sech awer net géint den Opsteiger Miersch iwwerrasche gelooss. An der Coupe de Luxembourg goufen d'1/4.els Finallen gezunn. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

    FLF Magazin, 25/03/2024

    Play Episode Listen Later Mar 25, 2024 2:24


    Muer den Owend spillt d'Lëtzebuerger Futtball Nationalequipe am Stade de Luxembourg géint Kasachstan.Et hätt sollen déi grouss Finale fir d'EM an Däitschland ginn, ma eng schwaach Leeschtung virun allem an der éischter Hallschent vun de Roude Leiwen an e puer onglecklech Arbitter Decisiounen hunn zu enger 0-2 Néierlag zu Tiflis a Georgien de leschten Donneschdeg gefouert.Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer nach emol zeréck.

    FLF-Magazin: De Countdown leeft fir de Georgienmatch, 18/03/2024

    Play Episode Listen Later Mar 18, 2024 2:56


    De Countdown leeft fir d'Partie an der Halleffinal vun de Play-Offs an der Nations League géint Georgien. En Donneschdeg ass et esou wäit, dann ass een vun de wichtegsten Matcher an der Geschicht vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun. Wann d'Rout Léiwen zu Tiflis gewannen, dann ass d'FLF-Formatioun just nach ee Match vun der Europameeschterschaft am Summer an Däitschland ewech. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

    FLF-Magazin: F91 léisst Punkten hänken, Leader FCD03 kann sech liicht ofsetzen., 04/03/2024

    Play Episode Listen Later Mar 4, 2024 2:45


    An der BGL-Ligue am Lëtzebuerger Futtball huet den Tabellenzweeten F91 Diddeleng Punkten zu Käerjeng hänke gelooss...de Leader FC Déifferdeng 03 konnt mat engem Succès zu Munneref seng Avance als Leader ausbauen. D'Fola huet um Wupp vun der Tabell nees e Liewenszeeche vun sech ginn. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

    FLF Magazin, 26/02/2024

    Play Episode Listen Later Feb 26, 2024 2:34


    Am nationale Futtball Championnat hunn Déifferdeng an Diddeleng d'Avance op d'Konkurrenz ausgebaut.Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op de Spëtzematch Hesper géint Nidderkuer an wéi d'Jeunesse sech aus dem Tabellekeller erausgespillt huet.

    FLF-Magazin: Déifferdeng léisst Punkten hänken, d'Jeunesse vun den Escher Derby, 19/02/2024

    Play Episode Listen Later Feb 19, 2024 2:50


    "En Derby spillt een net, en Derby wënnt een", déi Futtball-Wäissheet war och gëscht zu Esch nees wouer. D'Jeunesse huet sech mam knappste vun alle Resultater, 1-0, beim grousse Rival Fola duerchgesat. Den Tabellenéischten Déifferdeng huet beim Remis zu Monnerech Punkten hänke gelooss, den zweeten Diddeleng huet mat enger klorer Victoire um Racing, Terrain gutt gemaach. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

    FLF-Magazin: Reprise no der Wanterpaus, 12/02/2024

    Play Episode Listen Later Feb 12, 2024 2:50


    An der héchster Divisioun am nationale Futtball rullt dat ronnt Lieder zanter gëschter nees. Um éischte Spilldag no der Wanterpaus hunn sech déi zwee Tabellenéischt Déifferdeng an Diddeleng net iwwerrasche gelooss..., den drëtten Hesper trëppelt fir den Optakt direkt emol op der Plaz. An der nächster Nations League Campagne kréien d'Rout Léiwen et mat Bulgarien, Nordirland an Wäissrussland ze dinn. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

    FLF Magazin, 11/12/2023

    Play Episode Listen Later Dec 11, 2023 2:39


    De Weekend war dee leschten Spilldag am nationale Futtball Championnat virun der Wanterpaus.Am FLF Magazin vun haut zitt de Jeff Kettenmeyer de Bilan vun der Allerronn an bei wiem et an Zukunft besser muss lafen.

    FLF-Magazin: Am Fall vun EM-Qualifikatioun sinn d'Rout Léiwen an engem Grupp mat ë.a. Portugal, 04/12/2023

    Play Episode Listen Later Dec 4, 2023 2:56


    Wann déi Lëtzebuerger Futtball-Nationalequipe am Mäerz sech an de Play-Offs vun der Nations League nach fir d'Europameeschterschaft de nächste Summer an Däitschland géif qualifizéieren, dann géifen d'Rout Léiwen et an der Gruppephase ënnert anerem mat Portugal ze dinn kréien. An der ieweschter Divisioun hei am Land kënnen sech déi zwee Tabellenéischt Déifferdeng an Diddeleng ofsetzen. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky HIppert:

    FLF Magazin, 27/11/2023

    Play Episode Listen Later Nov 27, 2023 2:31


    2 Matcher bléiwen Déifferdeng nach fir déi ganz Hironn am nationale Futtball ongeschloen ze bleiwen.Den Tabelleleader ass souverän ënnerwee, mä och hannendrun ass Diddeleng an engem exzellenten Laf.Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer zeréck op den 13. Spilldag.

    FLF Magazin, 13/11/2023

    Play Episode Listen Later Nov 13, 2023 2:43


    Am nationalen Futtball bléift Déifferdeng weiderhinn ongeschloen. Um 12. Spilldag war och de Spëtzematch tëscht Diddeleng an Hesper. Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer awer och op Käerjeng.

    FLF Magazin, 06/11/2023

    Play Episode Listen Later Nov 6, 2023 2:34


    Am nationale Futtball bléift Déifferdeng och nom Spëtzematch zu Hesper un der Tabellespëtzt. Diddeleng huet zanter 5 Matcher net méi verluer an ass och nees voll am Coup fir de Kampf ëm den Titel.Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer virun allem op den ieweschten Deel vun der Tabell.

    FLF Magazin, 30/10/2023

    Play Episode Listen Later Oct 30, 2023 2:35


    Am nationalen Futtball stoung de Weekend alles am Zeechen vun der Coupe de Luxembourg.Eng Partie Veräiner aus der BGL Ligue hunn sech ganz schwéier gedoen an anerer goufen souguer eliminéiert.De Jeff Kettenmeyer kuckt am FLF Magazin vun haut op e puer Matcher zeréck.

    FLF Magazin, 23/10/2023

    Play Episode Listen Later Oct 23, 2023 2:39


    Am nationale Futtball ass nom 10. Spilldag Déifferdeng nach ëmmer ongeschloen.Do hannendrun huet de Swift Hesper elo déi zweete Plaz vun Nidderkuer iwwerholl.Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer awer och an den Tabellekeller.

    magazin plaz futtball
    FLF-Magazin: Wichteg Partie an der EM-Qualifikatioun, 16/10/2023

    Play Episode Listen Later Oct 16, 2023 2:56


    Déi Lëtzebuerger Futtballnationalequipe spillt den Owend wuel ee vun de wichtegste Matcher an hirer Geschicht. Wann et géint d'Slowakei vun 1/4 vir 9 un, eng Victoire gëtt, dann bleiwen d'Chancen erhalen, datt d'FLF-Formatioun sech fir d'Europameeschterschaft d'nächst Joer an Däitschland kéint qualifizéieren. De Weekend war hei am Land awer och zum Beispill den 8. Spilldag an der Éierepromotioun. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

    FLF-Magazin: 9. Spilldag an der BGL, an lo d'Lännermatcher, 09/10/2023

    Play Episode Listen Later Oct 9, 2023 2:58


    Déi Lëtzebuerger Futtballnationalequipe ass zanter gëschter am gaangen zwee vun hire wichtegsten Matcher an der Geschicht vun de Roude Léiwen ze preparéieren. Do virdrun war awer nach de 9.Spilldag an der BGL-Ligue. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

    magazin matcher geschicht roude l franky hippert
    FLF Magazin, 25/09/2023

    Play Episode Listen Later Sep 25, 2023 2:48


    Am nationale Futtball Championnat geet et Schlag op Schlag.E Mëttwoch steet schonns dee nächsten Spilldag um Programme an do stinn eng Partie Veräiner no 7 Spilldeeg schonn zolidd ënner Drock.De Jeff Kettemeyer kuckt am FLF Magazin op d'Matcher vu gëschter zeréck an wot och ee Bléck no vir.

    Claim RTL - FLF Goal

    In order to claim this podcast we'll send an email to with a verification link. Simply click the link and you will be able to edit tags, request a refresh, and other features to take control of your podcast page!

    Claim Cancel