POPULARITY
Si kënnen iwwerall mat braddelen. Vum Sport iwwer d'Kultur bis bei déi komplizéierst politesch Zesummenhäng sëtzen d'Experten elo eng Stonn rondrëm den Desch fir d'Aktualitéit vun de leschten 2 Wochen z'analyséieren. Beim Christiane Kremer sinn haut de Jay Schiltz, Al Ginter, Lucien Czuga a Gérard Valerius

Op kenger anerer Plaz sinn d'Konsequenze vum Klimawandel esou ze erkenne wéi an der Arktis. Eng Laangzäit-Fuerschung vun der Universitéit Freiburg iwwer dat Héich-Arktescht-Ökosystem liwwert nei Erkenntnisser an d'Realitéit vun der Verännerung. Den nordëstleche Grönland National Park ass de Liewensraum vu Lemmingen, verschiddene Schnéi-Eilen an och eng vun den Hauptwurfgebieter vun den Äisbieren. Observatioune vu méi wéi 20 Joer hunn net nëmmen ökologesch Zesummenhäng an Interaktiounen, wéi d'Lemmingzyklen op eng eenzegaarteg Manéier dokumentéiert, mee och déi schläichend Verännerungen, déi dës Landschaften ëmmer méi betreffen. A sengem Virtrag schwätzt den Elsässer Dr. Benoît Sittler, deen 1988 de Karupelv Valley Project initiéiert hat, iwwer seng Laangzäit-Fuerschungen a Grönland an iwwer Verännerungen duerch de Klimawandel. D'Konferenz, déi vu Polar.lu organiséiert gouf, Coorganisateur war den MNHN, ass opgeholl a verschafft gi vum Carlo Link. Interaktiv kann een dee ganze Virtrag vum Dr. Sittler un Hand vun engem Pdf suivéieren: https://img.100komma7.lu/uploads/media/default/0001/92/klimawandel-groenland2018_050a68.pdf Den Dr. Sittler ass Diplom-Geograph un der Universitéit Freiburg a Matgrënner vum franséische Groupe de Recherche en Ecologie Arctique. © Polar.lu Karupelv Valley Project - Eine Langzeituntersuchung über Lemmingzyklen im North-East Greenland National Park: https://www.karupelv-valley-project.de/deutsch/das-projekt/ GRÉA - Groupe de Recherche en Écologie Arctique: http://www.grearctique.org/actualites Polar.lu: https://www.polar.lu Fotomaterial vum Lëtzebuerger Charel Klein, deen 2015 d'Geleeënheet hat während enger Expeditioun an der Arktis am Laangzäitprojet Karupelv Valley Project dem Dr. Benoît Sittler ze hëllefen: https://www.charel-klein-photography.com/other-1/birdringing/greenland/
An eiser Serie erziele Biergerinnen a Bierger onkommentéiert, wat si géife maachen, wa si eppes am Land kéinte veränneren. Den Erliefnespedagog gesäit et als Necessitéit un, de Liewensstil ze änneren a géif dat als Premier och esou virliewen. Hie géif och de Geschichtsunterrecht fërderen, fir verschidden Zesummenhäng besser verstoen ze kënnen.