Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Follow Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Share on
Copy link to clipboard

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Mond Op a.s.b.l.


    • Feb 20, 2026 LATEST EPISODE
    • weekly NEW EPISODES
    • 16m AVG DURATION
    • 377 EPISODES


    Search for episodes from Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts with a specific topic:

    Latest episodes from Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

    Geschlechtersensibel behandelen

    Play Episode Listen Later Feb 20, 2026 17:27


    All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Laang Zäit gëllt de männleche Kierper als medezinesche Standard – an dat mat konkrete Konsequenzen. Frae ginn heefeg méi spéit diagnostizéiert, leiden dacks ënner méi staarken Niewewierkunge vu Medikamenter a weisen heiansdo aner Symptomer wéi Männer, déi net ëmmer erkannt ginn. Et geet dobäi net nëmmen ëm Hormonen, mee och ëm Aarmut, Care-Aarbecht, Stereotypen an strukturell blann Flecken an der Fuerschung. Iwwer d'Fro, wéi e Gesondheetssystem wierklech evidenzbaséiert ka funktionéieren, schwätzt de Joël Adami mat der Melanie Czarnik an dëser Episod. More Posts for Show: Am Bistro mat der woxxThe post Geschlechtersensibel behandelen first appeared on Radio ARA.

    Wat Wirtschaft a Biodiversitéit mateneen ze dinn hunn

    Play Episode Listen Later Feb 13, 2026 15:59


    De Weltbiodiversitéitsrot IPBES ass fir d’Biodiversitéit dat, wat de Weltklimarot IPCC fir d’Klima ass. Een neie Rapport vun dësem Expert*innengremium beschäftegt sech mat der Relatioun tëscht Ekonomie an Ökologie. Wien elo mengt, datt et jo souwisou kloer ass, datt d’Wirtschaft d’Ëmwelt zerstéiert, läit zwar net ganz falsch, mä ganz korrekt ass et och net: Vill Beräicher vun eiser Ekonomie hänken direkt oder indirekt vum Zoustand vun der Natur of. Am Podcast diskutéieren d’Melanie Czarnik an d’María Elorza Saralegui iwwert dës Zesummenhäng. Si schwätzen awer och kuerz iwwert dem US-Präsident Trump seng nei Politik zu den Zäregasen. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Die Wirtschaft schießt sich ins KnieThe post Wat Wirtschaft a Biodiversitéit mateneen ze dinn hunn first appeared on Radio ARA.

    Wisou et fir LGBTIQA-Persoune wichteg ass, Virbiller ze hunn

    Play Episode Listen Later Feb 6, 2026 13:18


    Wärend op sozialen Netzwierker d’Diskussiounen ëm genderneutral Toiletten a Schoule gefouert goufen, huet de leschte Freiden d’LGBTIQA-Gemeinschaft zu Lëtzebuerg sech selwer gefeiert. Am Rainbow Center goufen d’LGBTQIA+ Role Model Awards verginn. D’Melanie Czarnik war fir d’woxx op der Plaz an erzielt am Podcast, wat hir Andréck waren, wisou et wichteg ass, gutt Virbiller ze hunn a wat d’Serie „X-Files“ domadder ze dinn huet. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: VorbildfunktionThe post Wisou et fir LGBTIQA-Persoune wichteg ass, Virbiller ze hunn first appeared on Radio ARA.

    Wéi Fraen am Prisong duebel bestrooft ginn

    Play Episode Listen Later Jan 30, 2026 18:51


    Een neie Rapport vum Ombudsman wéist op een néits, datt Fraen zu Lëtzebuerg am Prisong weiderhin ongläich behandelt ginn. Dat läit engersäits dorunner, datt d’Untersuchungshaft an déi Verurteelt net getrennt sinn, mä och u generell méi schlechten Haftkonditiounen, méi schlechter medezinescher Versuergung a stereotyppen Atelieren. Am Podcast erkläert d’woxx-Journalistin Melanie Czarnik, wisou dat esou ass a wisou sech zanter Joerzéngte kaum eppes vun dëser Situatioun geännert huet, obwuel de Grand-Duché virun net emol véier Joer ee fuschneie Prisong opgemaach huet – mä deen ass ebe just fir Männer.The post Wéi Fraen am Prisong duebel bestrooft ginn first appeared on Radio ARA.

    Kënschtlech Intelligenz a Musek: Wien spillt hei eigentlech?

    Play Episode Listen Later Jan 23, 2026 14:40


    All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Musek, déi net méi vu Mënschen, mee vun Algorithme komponéiert gëtt, ass längst am Alldag ukomm. Op Streaming-Plattformen zirkuléieren ëmmer méi Lidder, déi ganz oder deels vu kënschtlecher Intelligenz generéiert sinn – dacks ouni datt d'Lauschterer*innen dat iwwerhaapt mierken. Wat heescht dat fir eis Relatioun zur Musek? Ass et egal, wien (oder wat) e Song produzéiert huet? A wat bedeit dës Entwécklung fir Museker*innen, déi vun hirer Aarbecht liewe wëllen? Iwwer KI-generéiert Musek an d'Zukunft vum Musekschafen schwätzt d'Melanie Czarnik mat der Chris Lauer an dëser Episod. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Warum David Bowie Recht hatteThe post Kënschtlech Intelligenz a Musek: Wien spillt hei eigentlech? first appeared on Radio ARA.

    Umgehungsstrooss Niederkerschen

    Play Episode Listen Later Jan 16, 2026 17:22


    All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Zanter Jorzéngten gëtt zu Niederkerschen iwwer eng Umgehungsstrooss diskutéiert. Elo hält d'Regierung trotz staarker Kritik un de Pläng fest: D'Bauaarbechte sollen ufänken, nach éier e Geriicht iwwer eng ageleet Klo entscheet huet. D'Trass géif duerch geschützte Bësch- a Natura-2000-Gebidder féieren an hannerléisst no Meenung vun Aktivist*innen irreversibel Schied un Natur, Biodiversitéit an Liewensqualitéit. D'Biergerinitiativ Gemeng Suessem (Bigs) bezweifelt dobäi net nëmmen d'Kompensatiounsmoossnamen, mee och d'Grondargumenter vun der Regierung. Iwwer d'Geschicht vum Projet, d'Alternativen zur Trass an d'juristesch Klo, schwätzt d'María Elorza Saralegui mat der Melanie Czarnik an dëser Episod. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Umgehungsstraße Niederkerschen: In Richtung SackgasseThe post Umgehungsstrooss Niederkerschen first appeared on Radio ARA.

    EU-Mercosur-Abkommen: Endspurt

    Play Episode Listen Later Jan 9, 2026 13:20


    All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. No Joerzéngte vu Verhandlungen kéint d'EU-Mercosur-Abkommen elo séier Realitéit ginn. An enger geopolitësch ugespaanter Situatioun huet Italien seng Blockade opginn – domat ass eng qualifizéiert Majoritéit am EU-Rot erreechbar, an eng Ënnerschrëft kéint schonn an de kommende Deeg erfollegen. Mä d'Kritik ass grouss: Ëmweltschutz-NGOen, landwirtschaftlech Verbänn an indigen Communautéiten a Südamerika warnen viru méi Offorchtung, steigenden Emissiounen an onfaire Konkurrenz fir europäesch Baueren. Iwwer d'politesch Dynamiken, d'Roll vun der Landwirtschaft an d'Froen, wien vum Abkommen profitéiert, schwätzt de Joël Adami mat der María Elorza Saralegui an dëser Episod. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: EU-Mercosur-Abkommen: EndspurtThe post EU-Mercosur-Abkommen: Endspurt first appeared on Radio ARA.

    Wunderwaffe CO2-Speicher?

    Play Episode Listen Later Jan 2, 2026 19:10


    All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. CO₂ ofschäiden, späicheren oder notzen – dës Technologien ginn zanter Joren als méigleche Wee aus der Klimakris gehandelt. Kritiker*innen gesinn doranner awer virun allem eng Strategie, fir strukturell Verännerungen ze vermeiden. Elo wëll och d'CSV-DP-Regierung op dëse Wee setzen a schafft un engem Aktiounsrahmen zu CCS, CCU an CDR. Wéi gesäit d'Realitéit vu CO₂-Späicherprojeten aus, déi weltwäit lafen – a firwat profitéiert d'fossil Industrie dovun esou dacks? A wéi seriö sinn d'Pläng, CO₂ och am lëtzebuergesche Buedem ze späicheren, obwuel dat bis elo gesetzlech verbueden ass? Iwwer technesch Verspriechen, de Kuelestoffmarché an d'Gefor, d'Reduktioun vun Emissiounen aus den Aen ze verléieren, schwätzen de Joël Adami an d'Melanie Czarnik an dëser Episod. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: CO2-Speicher: Keine Wunderwaffe in der KlimakriseThe post Wunderwaffe CO2-Speicher? first appeared on Radio ARA.

    Bodenschutz: Op wackelegem Buedem

    Play Episode Listen Later Dec 19, 2025 15:42


    All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Gesond Biedem si fundamental fir d'Biodiversitéit, d'Liewensmëttelsécherheet an de Klimaschutz – a stinn dach laang am Schiet vun aneren Ëmweltthemen. Mat enger neier EU-Direktiv soll sech dat änneren: Zanter dem 16. Dezember ass fir d'éischt e gemeinsaame Kader fir d'Iwwerwaachung vun der Buedemqualitéit a Kraaft. Mä geet dat wäit genuch?Iwwer degradéiert Biedem, versiegelt Flächen, politesch Kompromësser an d'Grenze vun engem Gesetz, dat éischter observéiert wéi schützt, schwätze de Joël Adami an d'María Elorza Saralegui an dëser Episod. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Bodenschutz: Auf wackligem GrundThe post Bodenschutz: Op wackelegem Buedem first appeared on Radio ARA.

    De laange Wee zur barrièrefräier Kultur

    Play Episode Listen Later Dec 12, 2025 14:33


    Vill ëffentlech Kulturhaiser kënne mat engem Rollstull besicht ginn, well si esou ëmgebaut goufen, datt dat méiglech ass. Mä iwwerall do, wou d’Kultur méi am Ënnergrond ass – zum Deel wuertwiertlech, nämlech am Keller – ass dat schwéier bis onméiglech. An dëser Episod vum Podcast erkläert d’Melanie Czarnik, wisou grad dacks déi klengste Kultur-Veranstalter*innen net barrièrefräi sinn. Ee Problem, deen sech an deenen nächste Joer léise soll, bis 2032 nämlech. Et ginn awer Leit, déi net esou laang waarde wëllen, an och iwwert deenen hir Petitioun geet riets. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Barrierefreie Kultur The post De laange Wee zur barrièrefräier Kultur first appeared on Radio ARA.

    Antirassismus: E Plang ouni Bëss?

    Play Episode Listen Later Dec 5, 2025 16:58


    All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel.D'Regierung huet de laang erwaarten nationalen Aktiounsplang géint Rassismus virgestallt – e Plang, deen no bal 50 Joer ICERD-Ratifikatioun endlech konkret Politik versprach hätt. Mä d'Reaktioune ware séier kloer: ze wéineg Verbindlechkeet, ze vill Lück, a kee kloert Verständnis dovun, wéi systemesche Rassismus a Luxemburg wierklech funktionéiert. An dëser Episod schwätzt d'Melanie Czarnik iwwer déi gréisste Schwachstellen: feelend Intersektionalitéit, e Kultursecteur, deen am Plang kaum virkënnt, an eng Strategie, déi vill sensibiliséiert, mee wéineg verpflicht. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn:Rassismus: Vom zahnlosen TigerThe post Antirassismus: E Plang ouni Bëss? first appeared on Radio ARA.

    D'COP30 ass eriwwer – eis Bilanz

    Play Episode Listen Later Nov 28, 2025 24:14


    All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Bei der 30. Klimakonferenz am brasilianesche Belém gouf vill erwaart – an d'Enttäuschung war um Enn entspriechend grouss. Chaotesch Verhandlungen, eng ëmmer méi dominant Fossillobby an en Ofschlusstext, deen sech op dat absolut Minimum beschränkt. Dobäi war et grad eng COP, déi Raum fir Protest, Diversitéit an eng staark Stëmm vun indigenen Communautéiten hätte bidden. Trotz e puer klengen Erfolleger bleift vill onsécher: keen kloeren Ausstieg aus de fossillen Energien, kee Fortschrëtt beim Waldschutz an eng ganz EU, déi sech selwer blockéiert. Iwwer d'Konferenz, hir symbolesch Momenter, politesch Duercherneen an déi vill verpassten Chancen schwätzen de Joël Adami an d'María Elorza Saralegui an dëser Episod. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Armut: Auf Zehenspitzen ums FeuerThe post D'COP30 ass eriwwer – eis Bilanz first appeared on Radio ARA.

    Wisou ginn et esou vill aarm Leit zu Lëtzebuerg?

    Play Episode Listen Later Nov 21, 2025 18:34


    Ronn ee Fënneftel vun der Bevëlkerung ass dem Risiko vun Aarmut ausgesat – an dat am räiche Lëtzebuerg. D’Melanie Czarnik huet méi genee zu dem Thema recherchéiert an erkläert am Podcast, wisou elengerzéiend Eltere besonnesch betraff sinn, a wisou de Phänomen vun den “working poor” ëmmer méi grouss gëtt. Et geet awer net just ëm eng Bestandsopnam, mä och ëm d’Scheier tëscht aarm a räich, déi zu Lëtzebuerg ëmmer méi grouss gëtt – an dat net ouni Konsequenze fir de sozialen Zesummenhalt. Natierlech steet beim Thema Aarmut och de Wunnengsmaart um Programm, an d’Fro, wéi vill Hëllefe vum Staat wierklech bewierken. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Armut: Die Kluft wächstThe post Wisou ginn et esou vill aarm Leit zu Lëtzebuerg? first appeared on Radio ARA.

    Deux ans de gouvernement CSV-DP : Dialogue en panne

    Play Episode Listen Later Nov 14, 2025 10:48


    All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Deux ans après l'arrivée au pouvoir du gouvernement Frieden, le dialogue social semble au point mort. Ministres critiqué·es, tensions avec les syndicats, rumeurs de remaniement…Le journaliste Joël Adami revient avec Fabien Grasser sur un article qui dresse le bilan d'un exécutif accusé de gouverner sans concertation – et s'interroge sur les fractures qui traversent la coalition CSV-DP. L'article dont nous parlons : Deux ans de gouvernement CSV et DP : Pas de madeleine de Proust pour FriedenThe post Deux ans de gouvernement CSV-DP : Dialogue en panne first appeared on Radio ARA.

    Vum Kyoto-Protokoll bis COP30

    Play Episode Listen Later Nov 7, 2025 20:18


    Am Bistro mat der Woxx Episod 358 – Vum Kyoto-Protokoll bis COP30 All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Am Dezember 2015 gouf zu Paräis e Klimaaccord beschloss, dee weltwäit Hoffnungen ausgeléist huet. Zéng Joer méi spéit ass vun där Euphorie wéineg iwwreg – d'Klimaziler ginn ëmmer nach verfeelt, an och Lëtzebuerg huet seng Emissiounen eréischt an de leschte Joren däitlech reduzéiert.D'Journalist*innen Joël Adami a Maria Elorza kucken zeréck op d'Geschicht vun de COP-Konferenzen – vum Kyoto-Protokoll bis Paräis – a erklären, wou d'Welt haut steet an op wat ee sech bei der COP30 am brasilianesche Belém virbereede muss. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Zehn Jahre Pariser Abkommen: Entspannt in den Abgrund? The post Vum Kyoto-Protokoll bis COP30 first appeared on Radio ARA.

    D'Robotaxi-Illusioun

    Play Episode Listen Later Oct 31, 2025 19:28


    Episod 358 – D'Robotaxi-Illusioun All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. An dëser Episod geet et ëm eng Zukunftsvisioun, déi ëmmer méi no kënnt: automatiséiert Fueren. D'Regierung huet d'Strategie „Automatiséiert Fueren 2028“ presentéiert an domat grouss Pläng ugekënnegt – bis hin zu Robotaxien op eise Stroossen. Awer wéi realistesch ass dat wierklech?De Journalist Joël Adami erkläert, wat hannert der neier Strategie stécht, wéi autonom déi sougenannt selbstfuerege Gefierer tatsächlech sinn an ob se d'Mobilitéitsproblemer am Land léise kënnen oder se éischter verschäerfen. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Automatisiertes Fahren: Die Robotaxi-Illusion ​ The post D'Robotaxi-Illusioun first appeared on Radio ARA.

    Iwwert Suizid schwätzen léieren

    Play Episode Listen Later Oct 24, 2025 19:41


    Episod 357 – Iwwert Suizid schwätzen léieren All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. An dëser Episod geet et ëm e schwéiert, mä wichtegt Thema: Suizidpräventioun. D'Ligue luxembourgeoise d'hygiène mentale huet eng nei Formatioun gestart, déi dozou bäidroe soll, datt méi Mënschen léieren, wéi ee mat Persounen an enger suizidaler Kris ëmgeet. D'Melanie Czarnik war dobäi an erzielt, wéi esou eng Formatioun ofleeft an wat se bewierke kann. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Suizidprävention: Über Suizidalität sprechen lernenThe post Iwwert Suizid schwätzen léieren first appeared on Radio ARA.

    D'Moossname fir d'CNS si just eng Plooschter

    Play Episode Listen Later Oct 17, 2025 16:00


    D‘Quadripartite huet d‘Gesondheetskeess CNS net gerett, mä just dofir gesuergt, datt de System elo weider zwee Joer ka lafen. Am Podcast erkläert de Fabien Grasser wat decidéiert ginn ass a wisou déi Mesuren awer warscheinlech just zwee Joer laang dofir suerge wäerten, datt sech d‘finanziell Lag vun der CNS verbessert. Mir schwätzen och iwwert Revendicatioune vun der AMMD, déi zum Deel e bësse konfus sinn, an doriwwer wisou d‘Doktesch– an Zänndokteschassociatioun d‘Konventioun mat der CNS wëll kënnegen. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Deux ans de sursis pour la caisse de maladie The post D'Moossname fir d'CNS si just eng Plooschter first appeared on Radio ARA.

    Kënschtlech Intelligenz: D'Folgen fir d'Ëmwelt

    Play Episode Listen Later Oct 10, 2025 17:58


    Kënschtlech Intelligenz: D'Folgen fir d'Ëmwelt All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Wéi vill Energie verbraucht Kënschtlech Intelligenz a firwat gëtt doriwwer esou wéineg geschwat?Et geet ëm gigantesch Rechenzentren, risege Stroumverbrauch an e Klimafoussofdrock, deen dacks verschleiert gëtt. De Joël Adami erkläert, wéi „Kënschtlech Intelligenz“ d'Klimakris befeiert. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Energieverbrauch von Rechenzentren: „Künstliche Intelligenz“ befeuert die Klimakrise The post Kënschtlech Intelligenz: D'Folgen fir d'Ëmwelt first appeared on Radio ARA.

    Marschmusek amplaz Techno-Beat? Wisou d'Arméi ee Stand um LOA hat

    Play Episode Listen Later Oct 3, 2025 11:25


    Bei der leschter Editioun vum Lëtzebuerger Technofestival „Luxembourg Open Air“ hat d’Arméi ee Stand fir jonk Leit ze rekrutéieren. Wéi dat bei „Peace Love Unity Respect“, de Motto vun der Technozeen, passe sollt, wollt eng Lieserin vun der woxx wëssen. De Fabien Grasser huet probéiert, dat erauszefannen – an huet fir d’woxx analyséiert, wéi d’Recrutementsstrategie vun der Lëtzebuerger Arméi amgaangen ass, sech ze veränneren. Dat ass een Ausdrock vun enger méi grousser Militariséierung, déi een och zu Lëtzebuerg spiert. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Recrutement militaire : La musique qui marche au pas…The post Marschmusek amplaz Techno-Beat? Wisou d'Arméi ee Stand um LOA hat first appeared on Radio ARA.

    Lipödem: Beine wie Blei

    Play Episode Listen Later Sep 26, 2025 18:11


    All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Dës Woch geet et ëm d'Krankheet Lipödem, eng Fettverdeelungsstéierung, déi bal ausschliisslech Fraen a Persoune betrëfft, déi „assigned female at birth“ waren. Vill Betraffen leiden ënner schwierege Schmäerzen an enger schlechter Liewensqualitéit – dacks ouni datt d'Gesondheetssystem se eescht hëlt. An Däitschland iwwerhuelen d'Keesen ab 2026 d'Käschte fir eng chirurgesch Behandlung, zu Lëtzebuerg ass dat nach ëmmer net de Fall. Am Podcast erkläert d'woxx-Journalistin Melanie Czarnik, wat hannert der Krankheet stécht, firwat d'Politik sech esou schwéier deet a wéi eng Roll d'Betraffen selwer an der Opklärungsaarbecht spillen. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Fettverteilungsstörung: Beine wie BleiThe post Lipödem: Beine wie Blei first appeared on Radio ARA.

    Wasserstoff made in Luxembourg: Das Pilotprojekt Echo-Wave

    Play Episode Listen Later Sep 19, 2025 10:16


    All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Dës Woch geet et ëm e wichtege Schrëtt an der Energiewend zu Lëtzebuerg: Mat „Echo-Wave“ soll tëscht Kehlen a Keispelt déi éischt lokal Produktiounsanlag fir nohaltege Waasserstoff entstoen. Ab 2027 kéint do gréngen Energiecarrier hiergestallt ginn, virun allem fir d'Industrie an d'Logistik. Am Podcast erkläert d'woxx-Journalistin María Elorza Saralegui, wéi realistesch d'Pläng sinn, wat d'Bedeitung vum Projet fir d'national Strategie ass a wou nach Froenzeechen bleiwen. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Der Traum der eigenen HerstellungThe post Wasserstoff made in Luxembourg: Das Pilotprojekt Echo-Wave first appeared on Radio ARA.

    Flüchtlinge maachen op onhaltbar Zoustänn an ONA-Strukturen opmierksam

    Play Episode Listen Later Sep 12, 2025 12:14


    Dës Woch hu Flüchtlinge mat engem oppenen Bréif an enger Pressekonferenz op déi onmënschlech Liewensbedingungen an de Strukture vum ONA, wou si ënnerkomm sinn, opmierksam gemaach. Si hu keng Privatsphär, dacks ass d‘Hygiène schlecht an d‘Sécherheet, besonnesch vu Fraen, net garantéiert. Am Podcast erkläert d‘woxx–Journalistin María Elorza Saralegui, wéi si déi Kritik anuerdent a wisou dës Zoustänn ee Symptom fir ee gréissere Problem zu Lëtzebuerg sinn. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Mut in der NotThe post Flüchtlinge maachen op onhaltbar Zoustänn an ONA-Strukturen opmierksam first appeared on Radio ARA.

    Wirtschaftlech Interessen a Protester – D'Verbindungen tëscht Lëtzebuerg an Südafrika zur Zäit vun der Apartheid

    Play Episode Listen Later Sep 5, 2025 15:32


    Den 10. September ass et 40 Joer hir, datt op engem Treffe vun den EG-Ausseminister*innen iwwert Sanktioune géint Südafrika geschwat ginn ass. Mir hunn dat als Ulass geholl, fir zeréckzekucken op déi wirtschaftlech Verflechtungen tëscht Lëtzebuerg a Südafrika wärend der Zäit vun der Apartheid. Et gouf awer net just eng Fluchlinn a vill Relatioune mat der Finanzplaz, mä och Protest do dogéint. D’woxx-Matgrënnerin an Historikerin Renée Wagener erkläert am Podcast d’Detailer. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Geschäft mit der Apartheid: Ein schwerer AbschiedThe post Wirtschaftlech Interessen a Protester – D'Verbindungen tëscht Lëtzebuerg an Südafrika zur Zäit vun der Apartheid first appeared on Radio ARA.

    D'Enn vu Windows 10: Wat elo?

    Play Episode Listen Later Aug 29, 2025 21:36


    All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Den 14. Oktober 2025 stellt Microsoft de Support fir säi Betribssystem „Windows 10“ an. Weltwäit kéinten da Millioune funktionéierend Computeren zu Elektroschrott ginn – och hei zu Lëtzebuerg. An dëser Episod vun Am Bistro mat der woxx schwätzt Joël Adami iwwert d'Konsequenzen vum Support-Enn, d'Alternativen zu engem forcéierte Computerwiessel – a firwat sech e Bléck op Linux lount. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Müllberg by MicrosoftThe post D'Enn vu Windows 10: Wat elo? first appeared on Radio ARA.

    Eliteschule für Massenmörder: Die ehemalige NS-„Ordensburg“ Vogelsang

    Play Episode Listen Later Aug 22, 2025 17:36


    All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Zwou Stonnen vun der Stad ewech, an der idyllescher Eifel, steet eng imposant NS-Hinterloossenschaft: d'„Ordensburg Vogelsang“. Wat wéi e Monument ausgesäit, war tatsächlech eng Eliteschoul fir déi nationalsozialistesch Administratioun. An dëser Episod vun Am Bistro mat der woxx schwätzt Joël Adami mam Auteur vum Artikel, Thorsten Fuchshuber, iwwert seng Recherchen, d'Geschicht vum Site – an d'Fro, wéi mat esou engem Täterort haut pedagogesch a gesellschaftlech ëmgaange ka ginn.  Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Architektur der Herrenmenschen The post Eliteschule für Massenmörder: Die ehemalige NS-„Ordensburg“ Vogelsang first appeared on Radio ARA.

    Agriculture biologique : Résistance préventive à Arlon

    Play Episode Listen Later Aug 8, 2025 13:18


    Chaque semaine, le podcast de la woxx vous offre un regard en coulisses sur notre travail journalistique et explore les enjeux derrière nos articles. Chaque semaine, le podcast de la woxx vous offre un regard en coulisses sur notre travail journalistique et explore les enjeux derrière nos articles. Cette fois-ci, direction Arlon, où un collectif citoyen tente de sauver un champ cultivé en bio, menacé par un projet de complexe sportif. Entre spéculation foncière, pression immobilière venue du Luxembourg et résistances locales, cette histoire raconte bien plus qu'un conflit d'aménagement : elle met en lumière les tensions entre modèle agricole durable et développement urbain. L'article dont nous avons parlé : Agriculture biologique et urbanisation : Résistance préventive à ArlonThe post Agriculture biologique : Résistance préventive à Arlon first appeared on Radio ARA.

    PFAS: Geféierlech Verbindungen an héich Interessen

    Play Episode Listen Later Aug 1, 2025 22:54


    All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Am Reemantel, am Krunnewaasser – an an de Comitéen zu Bréissel. D'PFAS-Chemikalien, och „Ewigkeitschemikalien“ genannt, sinn net nëmmen iwwerall an eiser Ëmwelt, mee och an de Netzer vun der Industriepolitik vertratt. An dëser neier Episode vun Am Bistro mat der woxx schwätze mir iwwert d'Herkunft vun de PFAS, hir Gesondheetsgeforen an déi massiv Lobbyaarbecht, déi dozou bäidréit, dass déi geféierlech Stoffklas nach ëmmer net konsequent ageschränkt gouf. Mir zéien e Fazit vun eisem véierwochenege PFAS-Dossier a kucken no vir. Lauschtert eran! Déi véier Artikelen, iwwer déi mir geschwat hunn:– Ewigkeitschemikalien in Luxemburg (1/4): Auf immer und ewig– Ewigkeitschemikalien in Luxemburg (2/4): Unsichtbare Herkunft – Ewigkeitschemikalien in Luxemburg (3/4): Drum prüfe, was sich ewig hält – Ewigkeitschemikalien in Luxemburg (4/4): Kampf gegen PFAS-Windmühlen Den éischten Deel vum Podcast zum Thema:Am Bistro mat der woxx #343 – Wou sinn iwwerall Ewigkeitschemikalien zu Lëtzebuerg?The post PFAS: Geféierlech Verbindungen an héich Interessen first appeared on Radio ARA.

    Wat heescht d'Klimaschutz-Gutachte vum IGH fir Lëtzebuerg?

    Play Episode Listen Later Jul 25, 2025 9:36


    De leschte Mëttwoch huet den Internationale Geriichtshaf (IGH) zu Den Haag een historescht Gutachte verëffentlecht. Et geet dobäi ëm d‘Verantwortung zum Klimaschutz vun alle Staaten, an ëm d‘Fro, ob Schuedenersatzfuerderunge méiglech sinn. A béide Froe war d‘Äntwert vum IGH jo. Am Podcast schwätze mir doriwwer, wéi dëst Urteel bewäert gëtt a wat et fir Lëtzebuerg heesche kéint. Kommen elo och Klimakloen op de Grand–Duché duer, a wisou huet Lëtzebuerg eng historesch Verantwortung, wat d‘CO2–Emissiounen ugeet? Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Pflicht zum Klimaschutz The post Wat heescht d'Klimaschutz-Gutachte vum IGH fir Lëtzebuerg? first appeared on Radio ARA.

    Was ist toxische Männlichkeit?

    Play Episode Listen Later Jul 18, 2025 18:07


    All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Toxesch Männerbilder sinn net just eng Saach vu Social Media. Wat Influencer op TikTok verbreeden oder Parteien a Walcampagnen zementéieren, huet och en Impakt op jonk Männer hei am Land – op hiert Selbstbild, hiert Verhalen an hir Gesondheet. D'Melanie Czarnik ass der Fro nogaangen, wéi sech toxesch Männlechkeet zu Lëtzebuerg bemierkbar mécht – a wien dru schafft, dës Rollenbiller ze duerchbriechen. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Patriarchale Männlichkeit: jung, männlich, toxisch?The post Was ist toxische Männlichkeit? first appeared on Radio ARA.

    Wou sinn iwwerall Ewigkeitschemikalien zu Lëtzebuerg?

    Play Episode Listen Later Jul 11, 2025 19:44


    Am Reemantel, an der Pan, am Läschschaum vun de Pompjee an an dausend anere Saachen. Déi sougenannt Ewigkeitschemikalien, och als PFAS bekannt, sinn iwwerall. Dat heescht awer och, datt sech hir Ofbauprodukter mëttlerweil iwwerall erëmfannen, besonnesch am Waasser: An eise Flëss a Bachen, am Grondwaasser an och am Krunnewaasser. Eng méintlaang Recherche vun der woxx wéisst, wou d‘PFASen iwwerall virkommen. Wéi geféierlech ass dat? Wéi si mir bei der Recherche virgaangen? Wouriwwer wäerte mir an deenen nächsten Deeler schwätzen? Dat alles gitt dir an dëser Podcastepisod gewuer. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Ewigkeitschemikalien in Luxemburg (1/4): Auf immer und ewigThe post Wou sinn iwwerall Ewigkeitschemikalien zu Lëtzebuerg? first appeared on Radio ARA.

    Psychische Gesundheit und LGBTQIA+

    Play Episode Listen Later Jun 27, 2025 19:54


    All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. D'mentalt Wuelbefanne vu queere Persounen ass net nëmmen eng Fro vun Therapieplazen. Wat a Budapest oder Washington geschitt, huet och en Impakt op Lëtzebuerg – op d'Liewensqualitéit, op d'Sécherheetsgefill, op d'Gesondheet. D'Melanie Czarnik huet mat Fachleit, Aktivist*innen an der Communautéit geschwat, fir erauszefannen, wéi queerfeindlech Politik sech op d'Psyche vu Mënschen hei am Land auswierkt. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Queere psychische GesundheitThe post Psychische Gesundheit und LGBTQIA+ first appeared on Radio ARA.

    Wéi ka Sport fir jiddereen*t sinn?

    Play Episode Listen Later Jun 20, 2025 19:59


    „Design for all“ heescht eng Philosophie, mat där Barrierefräiheet net just nodréiglech agebaut, mä vun Ufank u matgeduecht soll ginn. Och am Sport kann een*t dat ëmsetzen – wann een*t just wëll. D'Melanie Czarnik wat sech de Gym „Iron Sparks“ ukucken, deen dat zu Esch op enger neier Plaz ëmsetzt. Nieft deene praktesche Saache ginn et awer och an der Virgoensweis vill Saachen, déi ee beuechte muss, fir eng Atmosphär ze schafen, an där jiddereen*t wëllkomm ass. Wéi dat geet, beschwätze mir an dëser Episod. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Inklusion im Sport: Design für alleThe post Wéi ka Sport fir jiddereen*t sinn? first appeared on Radio ARA.

    Am Bistro mat der woxx #339 – Zebrastreifen-Affäre: Der lange Weg zur Transparenz

    Play Episode Listen Later Jun 13, 2025 20:45


    All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Was mit einem Projekt zur Verkehrssicherheit begann, wurde zum Symbolfall für Intransparenz und Machtspiele in der Kommunalpolitik. In dieser Episode sprechen wir über die sogenannte Zebrastreifen-Affäre. Jahrelang weigerte sich die Stadt Luxemburg, dem Zentrum fir urban Gerechtegkeet (Zug) Dokumente freizugeben, die eigentlich für die Öffentlichkeit bestimmt waren. Vor kurzem wurde das endgültige Urteil gesprochen.Joël Adami hat den Fall von Anfang an begleitet und ordnet ein, was dieses Urteil bedeutet. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Zebrastreifen-Affäre: Der lange Weg zur TransparenzThe post Am Bistro mat der woxx #339 – Zebrastreifen-Affäre: Der lange Weg zur Transparenz first appeared on Radio ARA.

    Mam Platzverweis renforcé an den autoritäre Staat?

    Play Episode Listen Later Jun 6, 2025 14:02


    An dëser Episod schwätze mir iwwert de Gesetzesprojet vum Platzverweis renforcé, dee vill Kritik krut. Dat Thema steet awer net eleng fir sech, mä wéisst op eng gréisser Entwécklung hin, déi ganz besuergneserreegend ass. Et gëtt net nëmmen ëmmer méi schwiereg, als aarm Persoun am ëffentleche Raum ze existéieren, mä och fir Aktivist*innen a Journalist*innen kéint et séier geféierlech ginn. D’María Elorza erkläert, wat déi wichtegst Kriticken um Platzverweis sinn, wien se geäussert huet a wat den Zesummenhang mat anere geplangte Gesetzer ass. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Sozialpolitik: Von einem Platz auf den anderenThe post Mam Platzverweis renforcé an den autoritäre Staat? first appeared on Radio ARA.

    Onhygieenesch Zoustänn a Lëtzebuerger Flüchtlingsstrukturen

    Play Episode Listen Later May 30, 2025 14:24


    Ee Bericht vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot wéist op schlëmm Conditiounen an de Strukturen, déi Flüchtlingen zu Lëtzebuerg ophuelen, hin. D'woxx-Journalistin María Elorza konnt de Bericht liesen, an och aner Dokumenter, wéi zum Beispill Fotoen, gesinn. Do ass ze gesinn, datt d'Liewenskonditiounen an deene Strukture schlëmm sinn, sou ginn et ganz onhygieenesch Sanitäranlagen, mä awer och Problemer mat der Sécherheet a quasi keng Privatsphär. Am Podcast erkläert d'María Elorza, wisou déi Conditiounen net de Standarde vun der EU entspriechen a wien am Fong zoustänneg ass, fir déi Strukturen ze iwwerpréiwen. Ausserdeem gi mir op d'Fro an, wisou Journalist*innen an ONGen net an d'Strukture gelooss ginn. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Politique d'accueil : La vie dans les hébergementsThe post Onhygieenesch Zoustänn a Lëtzebuerger Flüchtlingsstrukturen first appeared on Radio ARA.

    Wéi vill Klimaschutz wëll d'Lëtzebuerger Bevëlkerung?

    Play Episode Listen Later May 23, 2025 11:08


    Eng rezent Etüd vum Observatoire de la politique climatique huet d’Leit zu Lëtzebuerg gefrot, wéi si zur Klimapolitik stinn. An d’Majoritéit vun der Bevëlkerung ass fir méi Klimaschutz. D’María Elorza huet sech d’Etüd ugekuckt a schwätzt am Podcast iwwert d’Detailer vun de Resultater. Sou gëtt et net nëmmen Ënnerscheeder tëscht jonk an al, mä och tëscht aarm a räich. Dës Resultater spigelen sech och international erëm: Do sinn et 89 Prozent, déi méi staark Klimaschutzmoossname wëllen. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Meinungsumfrage: Der KlimaschutzkonsensThe post Wéi vill Klimaschutz wëll d'Lëtzebuerger Bevëlkerung? first appeared on Radio ARA.

    Frae-Selbstschutz

    Play Episode Listen Later May 16, 2025 12:04


    All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Dës Woch geet et ëm Frae-Selbstschutz: Tëscht Krav Maga, Orange Week a politescher Verantwortung stellt sech d'Fro, wat esou Coursë wierklech bréngen – a wat se net kënnen. Melanie Czarnik huet mat Trainer*innen an Expert*innen geschwat, an erzielt, firwat et heiansdo e Gefill vu Sécherheet gëtt, ouni dass d’Strukturen sech änneren.The post Frae-Selbstschutz first appeared on Radio ARA.

    Eng lëtzebuergesch Delegatioun an der Ukrain

    Play Episode Listen Later May 9, 2025 14:23


    D’lescht Woch waren d’Arméisministesch Yuriko Backes an de Bausseminister Xavier Bettel vir een Dag an der Ukrain. Mat dobäi war och ee Grupp Journalist*innen, ënnert hinnen och den Thorsten Fuchshuber vun der woxx. Hien erkläert am Podcast, wisou dës Rees stattfonnt huet, wisou d’DP-Minister*innen dës Kéier och d’Press invitéiert haten a wéi déi lëtzebuergesch Delegatioun an der Ukrain empfaange ginn ass. Hien erzielt awer och vu sengen Andréck a gëtt eng Aschätzung iwwert dat Ofkommes iwwert seelen Ierden, dat d’Ukrain mat den USA ofgeschloss huet.The post Eng lëtzebuergesch Delegatioun an der Ukrain first appeared on Radio ARA.

    Am Bistro mat der woxx #332 – Schlaganfall in jungen Jahren

    Play Episode Listen Later May 2, 2025 13:25


    All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. E Schlaganfall kënnt dacks aus dem Näischt – a fir vill Betraffener schléit en tatsächlech aus heiterem Himmel. An dëser Episod schwätze mir iwwert e wichtegt awer nach ëmmer ënnerschatte Gesondheetsthema: Firwat gëtt et ëmmer méi jonk Mënschen, déi en Schlaganfall erliewen? D'Melanie Czarnik huet sech mat der Presidentin vum Blëtz a.s.b.l. ënnerhalen an erkläert, wéi wichteg séiert Handelen a gesellschaftlech Opklärung an deem Kontext sinn. D’Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn: Schlaganfall: Aus heiterem HimmelThe post Am Bistro mat der woxx #332 – Schlaganfall in jungen Jahren first appeared on Radio ARA.

    Am Bistro mat der woxx #330 – Digitale Abhängigkeit

    Play Episode Listen Later Apr 18, 2025 19:33


    All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Déi meescht Software, déi zu Lëtzebuerg an der Verwaltung benotzt gëtt, kënnt vu grousse US-Techkonzernen – Microsoft, Google, Amazon a Co. A mat engem Trump, dee rem an der Regierung ass, stellt sech d'Fro: Wat passéiert, wann dës Konzerner op eemol net méi wëllen oder däerfen? D'Regierung gesäit kee grousse Risiko, mä aner Länner wéi Däitschland oder Holland huelen d'Saach méi eescht. Wat heescht technologesch Souveränitéit iwwerhaapt? Firwat kéint Open Source eng Léisung sinn? A wéi eng Alternativen ginn et fir jiddereen*t am Alldag? Am Gespréich mat Joël Adami geet d'woxx dëse Froen op de Grond. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: IT-Infrastruktur: Digitale Abhängigkeiten The post Am Bistro mat der woxx #330 – Digitale Abhängigkeit first appeared on Radio ARA.

    Online-Psychotherapie ass nëtzlech, mä wisou gëtt se net rembourséiert?

    Play Episode Listen Later Apr 11, 2025 13:22


    Et gi vill Grënn, fir eng Psychotherapie-Sëtzung per Videokonferenz ofhalen ze wëllen: Et ass een*t a senger Mobilitéit ageschränkt, et huet een*t eng ustiechend Krankheet oder sëtzt esou déif an enger Depressioun oder Angschtstéierung, datt een*t grad net virun d’Dier kann. Egal wéi: Dacks sinn et déi Krisemomenter, wou et besonnesch wichteg wier, fir Therapie kënnen an Usproch ze huelen. Mä zu Lëtzebuerg ginn dës Online-Sëtzungen net vun der Gesondheetskeess CNS rembourséiert. An dat, obwuel sech am Fong jiddereen – Psychotherapeut*innen, Patient*innen, CNS a Gesondheetsministère – eens ass, datt dat sënnvoll wier. Wisou ass dat esou? D’Melanie Czarnik huet dat fir d’woxx recherchéiert. An dëser Episod erkläert si, wat si dobäi erausfonnt huet a wisou och de Remboursement vun Online-Therapie am Fong just ee klenge Schratt wier. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Psychische Gesundheit: Inklusive PsychotherapieThe post Online-Psychotherapie ass nëtzlech, mä wisou gëtt se net rembourséiert? first appeared on Radio ARA.

    Am Bistro mat der woxx #328 – Kein Begehren? Kein Problem! Asexualität und Aromantik

    Play Episode Listen Later Apr 4, 2025 18:55


    All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Asexualitéit – e Wuert, dat fir vill Leit nach onbekannt ass. Awer fir aner ass et eng wichteg Identitéit, déi se endlech beschreift. Am Podcast vun haut schwätze mir doriwwer, wat et heescht, keen sexuellt Verlaangen ze spieren, firwat dat näischt mat Krankheet ze dinn huet, a firwat et Zäit ass, dass och d'‘A‘ am LGBTQIA+ gesi gëtt. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Asexualität und Aromantik: Wer A sagt The post Am Bistro mat der woxx #328 – Kein Begehren? Kein Problem! Asexualität und Aromantik first appeared on Radio ARA.

    Wéi Senior*innen sech an d'Klimabeweegung abréngen

    Play Episode Listen Later Mar 28, 2025 11:23


    Bei der Klimabeweegung denkt een*t vläicht als éischt u jonk Leit, déi Freides op d’Strooss ginn oder sech op d’Strooss pecht. Zu Lëtzebuerg waren dës zwou Aktiounsformen zwar ni immens staark, mä trotzdeem dominéieren esou Biller den ëffentlechen Discours. Mä et ginn och ganz aner Klimaaktivist*innen, déi och mat anere Methode schaffen. Esou zum Beispill d’Klimasenior*innen, ëm déi et dës Woch am Podcast geet. Engersäits ginn et d’Klimaseniorinnen aus der Schwäiz, déi eng grouss Victoire zu Stroossbuerg virum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter errongen hunn. Wat dat Urteel bedeit a wat d’Schwäiz elo maache muss, erkläert d’María Elorza am Podcast. Si schwätzt och doriwwer, wat deen nach klenge Grupp vu Lëtzebuerger Klima-Senior*innen esou wëlles huet. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Klimaklagen: Sie zeigen den WegThe post Wéi Senior*innen sech an d'Klimabeweegung abréngen first appeared on Radio ARA.

    Wann den Dierwiechter an d'Flüchtlingsheem kënnt …

    Play Episode Listen Later Mar 21, 2025 16:52


    Zu Lëtzebuerg gëtt et ee Mangel u Plazen a Strukture fir Leit, déi geflücht sinn. Zesumme mat dem extrem iwwerlaaschte Wunnengsmaart feiert dat zu Situatiounen, datt Leit aus de staatleche Strukturen expulséiert ginn. Hir eenzeg ëffentlech Alternativ ass dann déi sougenannt Maison de retour – oder d’Wanteraktioun. Am Podcast erkläert d’María Elorza, wéi et zu dëser Situatioun komm ass a wéi se sech warscheinlech entwéckele wäert. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Politique d'asile : Signaux d'alerte.The post Wann den Dierwiechter an d'Flüchtlingsheem kënnt … first appeared on Radio ARA.

    D'Situatioun vun de Roma zu Lëtzebuerg

    Play Episode Listen Later Mar 14, 2025 13:21


    Et gi vill Virdeeler iwwert Roma, an zu Lëtzebuerg sinn dës besonnesch staark, wéi déi rezent Diskussiounen iwwert Heescheverbuet gewisen hunn. De Fabien Grasser huet fir d’woxx mat zwou Associatiounen, déi sech d’Roma zu Lëtzebuerg an an der Grenzregioun asetzen, geschwat. Hien erkläert am Podcast, wat Problemer a Virurteeler sinn a wat fir Widderstänn et an der Lëtzebuerger Politik gëtt, zum Beispill géint eng aire de transit. Mir schwätzen awer och doriwwer, wat eng Roma-Associatioun um Festival des Migrations mécht a wat d’Besicher*innen vun hirem Stand erwaart. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Roms du Luxembourg : l'État aux abonnés absents. Besicht och d’woxx op eisem Stand um Festival des Migrations (Stand Nummer 128).The post D'Situatioun vun de Roma zu Lëtzebuerg first appeared on Radio ARA.

    Wisou Logement ee feministescht Thema ass

    Play Episode Listen Later Mar 7, 2025 11:02


    De Wunnengsproblem zu Lëtzebuerg ass grouss – eng Tatsaach, där sech déi meescht Leit wuel bewosst sinn. Wéineger bekannt ass awer, datt de Logement och ee feministescht Thema ass. Wisou dat esou ass, erkläert d’Tatiana Salvan an dëser Episod vum woxx-Podcast. Et geet ëm Diskriminéierung, Lounënnerscheeder an d’Fro, wat d’Politik ënnerhëlt. Ausserdeem stelle mir d’Fuerderunge vun der Plattform JIF, déi de Logement dëst Joer zu engem vun hiren Haapttheme gemaach huet, méi genee vir. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Le logement, source d'inégalités entre les sexesThe post Wisou Logement ee feministescht Thema ass first appeared on Radio ARA.

    Méi a méi séier bauen: Op Käschte vun der Natur?

    Play Episode Listen Later Feb 28, 2025 17:33


    All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. An dëser Episod schwätzt de Joël Adami mat der Melanie Czarnik iwwer d'Reform vum Naturschutzgesetz an d'Kritik, déi dës mat sech bréngt. Wéi kann d'Regierung d'Natur schützen a gläichzäiteg méi Wunnraum schafen? A geet et hei wierklech ëm eng equilibréiert Léisung oder ginn Ëmweltauflagen einfach ofgebaut? Mir kucken, wéi d'Reform sech op d'Biodiversitéit an d'Liewensqualitéit am Land auswierke kéint a firwat Klimaschutz ëmmer méi aus der politescher Prioritéitenlëscht verschwënnt. Den Artikel dozou: Reform des Naturschutzgesetzes: Mit der Kettensäge The post Méi a méi séier bauen: Op Käschte vun der Natur? first appeared on Radio ARA.

    Wat Schwerhörigkeit mat psychescher Gesondheet ze dinn huet

    Play Episode Listen Later Feb 21, 2025 18:08


    An dëser Episod vum Podcast schwätzen d’Melanie Czarnik an de Joël Adami doriwwer, wéi et ass, net gutt ze héieren. Mir gi gewuer, wat d’Ursaache fir Schwerhörigkeit kënne sinn, an diskutéieren, wéi dat och erëm op op d’Psych schloe kann. Mir beliichten d’Situatioun zu Lëtzebuerg, déi duerch d’Méisproochegkeet net grad einfach ass, an dofir och héich Ufuerderungen un Dolmetscher fir déi däitsch Gebäerdesprooch mat sech bréngt. Zum Schluss geet et dann och drëm, wat d’Politik maache kéint, fir fir méi Inklusioun ze suergen. Den Artikel dozou: Leben mit Schwerhörigkeit: MissverstehenThe post Wat Schwerhörigkeit mat psychescher Gesondheet ze dinn huet first appeared on Radio ARA.

    Klimakrise: Pläne der Regierung, Forderungen der CSL

    Play Episode Listen Later Feb 14, 2025 11:34


    All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Haut schwätze mir iwwert d’Klimakris an hir Auswierkungen op Lëtzebuerg. Wéi hu sech d’Temperature bei eis verännert, a wat sinn déi konkret Konsequenzen fir d’Natur an d’Aarbechtswelt? De Joël Adami erkläert, wéi d’Regierung mam neie Klimaupassungsplang reagéiert a firwat d’CSL Ännerungen am Aarbechtsrecht fuerdert, fir d’Aarbechter*innen besser ze schützen. Den Artikel dozou: Klimakrise: An der Anpassung arbeitenThe post Klimakrise: Pläne der Regierung, Forderungen der CSL first appeared on Radio ARA.

    Wisou ass et wichteg, iwwer Suizid ze schwätzen?

    Play Episode Listen Later Feb 7, 2025 12:31


    Haut schwätze mir iwwert ee komplext an onangeneemt Thema, nämlech Suizid. Wisou ass et wichteg, iwwert Suizid ze schwätzen an och dat Wuert ze benotzen? Wat kann ee*nt maachen, wann ee*nt mat enger Persoun konfrontéiert ass, déi suizidär Gedanken äussert? D’Melanie Czarnik an de Joël Adami diskutéieren net just iwwert déi Froen, mä schwätzen och doriwwer, wat fir gesellschaftlech Gruppe besonnesch betraff sinn. Si decken och e puer Mythen, déi et iwwert suizidär Persoune ginn, op. Den Artikel dozou: Psychische Gesundheit: Gefährliches SchweigenThe post Wisou ass et wichteg, iwwer Suizid ze schwätzen? first appeared on Radio ARA.

    Claim Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

    In order to claim this podcast we'll send an email to with a verification link. Simply click the link and you will be able to edit tags, request a refresh, and other features to take control of your podcast page!

    Claim Cancel