Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.
... Europa 1848/49 und der Kampf für eine neue Welt". Ee Virtrag a Gespréich mam Historiker Christopher Clark, dëst am Kader vum 20. Anniversaire vum Institut Pierre Werner, dem 175. Anniversaire vun der Chamber an der Ausstellung "1848 Revolutioun zu Lëtzebuerg" am Lëtzebuerger Nationalarchiv. De Virtrag stoung och am Zeechen vum Auteure-Forum “Das Blaue Sofa“ vu Bertelsmann, wou dem Auteur Christopher Clark säi rezent Buch mam selwechten Titel am Mëttelpunkt stoung. De Christopher Clark, 1960 zu Sydney gebuer, léiert als Professer fir modern europäesch Geschicht um St. Catharine's College zu Cambridge. D'Moderatioun hat de Samuel Hamen, hie schafft als Fräiberuffler a Literaturkritiker, ënner anerem fir den Deutschlandfunk, Zeit Online. Hie lieft zu Heidelberg an zu Dikrech. De Virtrag an d'Gespréich goufen den 29. September 2023 an der Abtei Neimënster opgeholl. Montage: Carlo Link D'Ausstellung "1848 Revolutioun zu Lëtzebuerg am Lëtzebuerger Nationalarchiv" ass verlängert bis de 24. Februar 2024.
© Chantal Maquet Kolonialismus, Rassismus, Diskriminéierung ... An hirer neier Graphik-Novell ënnersicht d'Lëtzebuerger Kënschtlerin Chantal Maquet d'Verbindung vu Lëtzebuerg zum Kolonialismus an de strukturelle Rassismus, fir dëse Phenomeen a Fro ze stellen an ze bekämpfen. An de verschiddene Kapitele vun dësem Grafikroman benotzt d'Chantal Maquet hir Familljegeschicht fir Froen iwwer d'Lëtzebuerger kolonial Vergaangenheet, de Postkolonialismus a Rassismus am Allgemengen ze beäntweren. Fir Äntwerten op hir Froen ze fannen, hat Si Experte befrot: Régis Moes, Historiker a Curator am Musée national d'histoire et d'art Luxembourg (MNHA). Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg. Myriam Abaied an Antónia Ganeto vum IKL Intercultural Education Center. "Kolonialismus, Rassismus, Diskriminéierung - Dat huet jo näischt mat mir ze dinn", e Virtrag opgeholl de 4. Juni 2023 am CUBE 521 zu Maarnech. Enregistrement a Montage: Carlo Link Panorama "Wou stees du? aus der Ausstellung: "dat huet jo näischt mat mir ze dinn" vum Chantal Maquet an der Galerie Nei Liicht zu Diddeleng, 2021. © Mike Zenari Perséinlech Fro: Sinn ech rassistesch? D'Lëtzebuerger Kënschtlerin Chantal Maquet, Gewënnerin vum Prix Pierre Werner 2022, lieft a schafft zu Hamburg, si ass de Moment fir e Projet an der Kënschtlerresidenz, den Ermitage zu Klierf. D'Graphik-Novell vum Chantal Maquet, ass ze kréien an all gutt Bichergeschäft
Conférence et entretien du 18 avril au Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster, pour essayer de comprendre la situation actuelle et l'utilisation de l'histoire dans cette guerre d'agression de la Russie contre l'Ukraine. En février 2022, la guerre a fait son retour sur le continent européen. Après la révolution de Maïdan en 2014, l'annexion de la Crimée et les huit années de guerre dans le Donbass, la guerre de 2022 a pris une nouvelle dimension en s'étendant à toute l'Ukraine. Du côté russe, cette guerre est justifiée par des falsifications et des manipulations de l'histoire. La conférence, en français et allemand, vise à donner des clés pour comprendre les dimensions historiques très présentes de ce conflit. A travers la discussion de plusieurs experts et historiens de Russie, d'Ukraine, d'URSS et des pays et sociétés post-soviétiques, cette conférence vise à mettre en avant la dimension historique du conflit et à fournir une bonne clé de compréhension des dimensions historiques très présentes de ce conflit. Elle proposera une rétrospective de l'histoire de l'Ukraine au 20e siècle, mais aussi un regard sur l'histoire du début du 21e siècle pour éclaircir la situation actuelle et l'utilisation de l'histoire dans cette guerre d'agression de la Russie contre l'Ukraine. Les historiens Alain Blum et Tanja Penter donneront des clés pour essayer de comprendre la situation actuelle. Modération: Philippe Schockweiler, Journaliste Enregistrement: IPW / Montage: Carlo Link Écouter la suite de la conférence (questions / réponses) Tanja Penter, Philippe Schockweiler, Alain Blum ©IPW Biographies: Alain Blum est un historien et démographe français, né le 31 décembre 1958. ll est directeur de recherche de l'Institut national d'études démographiques (INED), directeur d'études associé à l'École des hautes études en sciences sociales (EHESS). Il a été directeur du Centre d'études des mondes russe, caucasien et centre-européen (CERCEC) jusqu'au 2012. Alain Blum est membre du comité de rédaction de la revue Kritika - Explorations in Russian and Eurasian History et, depuis 1998, des Cahiers du monde russe. Tanja Penter est professeur d'histoire de l'Europe de l'Est à l'Université de Heidelberg depuis 2013. En 1999, elle a obtenu son doctorat à l'université de Cologne avec une thèse sur la Révolution Russe de 1917. En 2008, elle a soutenu sa thèse d'habilitation à l'université de la Ruhr à Bochum sur les expériences de travail et de vie quotidienne de la population du bassin ukrainien du Donetsk sous la domination stalinienne et nationale-socialiste.
Esou war eng Manifestatioun de 4. Mee am Kader vum Europadag 2023 an am Zesummenhang mat der Inauguratioun vun enger Ausstellung an der Gemeng Esch-Uelzecht iwwerschriwwen. Agelueden haten d'Uni Lëtzebuerg, de Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History, d'Stad Esch an d'Europaparlament. Mir héieren Extraiten vun dësen Intervenanten: Georges Mischo, Deputé-Maire vun Esch Prof. Dr Jens Kreisel, Rektor vun der Uni Lëtzebuerg Dr. Elena Danescou, Coordinatrice vum Europe Direct vun der Uni Lëtzebuerg Dr Ludovic Delepine, Chef de l'Unité des Archives du Parlement européen (Vir-enregistréierten Message) Dr. Étienne Deschamps, Historiker vum Service de recherche vum Europäesche Parlament Marc Angel, Lëtzebuerger Europadeputéierte a Vizepresident vum Europäesche Parlament, hien hat iwwer déi nei Erausfuerderungen an d'Zukunft vun Europa geschwat Christoph Schroeder, Chef du Bureau de Liaison du Parlement européen au Luxembourg Anne Calteux, Vertriederin vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg Enregistrement a Montage: Carlo Link - Technik: Gemeng Esch D'Ausstellung, déi bis de 7. Juli 2023 an der Escher Gemeng ze gesinn ass, wäert als Plaz fir Studiendeeg a Seminären déngen, fir déi Jonk op d'Geschicht vum europäesche Bau am Zäitalter vun der Digitaliséierung ze sensibiliséieren an d'Multimedia Archiwe kritesch ze ënnersichen. Ausstellung iwwer de Robert Schuman @Gemeng Esch
Buch-Cover: "Global Citizenship - Perspektiven einer Weltgemeinschaft". Foto vun der Raumstatioun MIR '97. Riets den Dr. Roland Bernecker bei der Konferenz/Gespréich (23.03.23) "Die vielen Kulturen müssen begreifen, dass sie auf überwiegend getrennte Vergangenheiten zurückschauen und auf überwiegend gemeinsame Zukünfte vorausblicken", esou deen däitsche Philosoph a Publizist Peter Sloterdijk 2018. Dëst Zitat beschreift d'Fuerderung un d'Global Citizenship (d'Weltbiergerschaft) ganz gutt. "Was nun, global citizen? - Die Zukunft des planetarischen Bewusstseins im Zeitalter von Klimawandel, Krieg und Kulturkämpfen" Den 23. Mäerz 2023 hunn den Dr. Roland Bernecker a Samuel Hamen iwwer dëst Theema am Neimënster diskutéiert. Et goung ënner anerem dorëms, wou de Begrëff Global Citizenship entstanen ass, a wéi eng Roll de Begrëff haut fir eis, ënner den aktuelle politeschen an ökologesche Konditiounen, nach spille kann. Organiséiert vun der Commission luxembourgeoise pour l'Unesco an dem Institut Pierre Werner, mat der Ënnerstëtzung vum Neimënster. Enregistrement: IPW / Montage: Carlo Link Biografien vun den Intervenanten: Den Dr. Roland Bernecker ass 1961 zu Bendorf/Rhein gebuer, hie war vun 2004 bis 2019 Generalsekretär vun der däitscher UNESCO-Kommissioun. Nodeems hien zu Frankfurt/Main Literatur a Philosophie studéiert hat, huet hien iwwer déi europäesch Opklärung promouvéiert. No Fuerschungs- a Léier-Aktivitéiten an Däitschland, Italien a Frankräich, war hien Direkter vum franséisch-däitsche Kulturinstitut zu Nantes. Hie gouf 1998 Kulturberoder vun der däitscher UNESCO-Kommissioun a vun 2002 bis 2004 huet hien am Auswärtigen Amt geschafft zu Berlin geschafft. De Samuel Hamen schafft als Freelance Schrëftsteller zu Dikrech an Heidelberg. Hie krut ënner anerem 2020 de Lëtzebuerger Buchpräis an 2022 gouf hie mat engem Stipendium vun der Roger-Willemsen-Stëftung ausgezeechent. Dr. Roland Bernecker (l.) a Samuel Hamen, Moderator vum Zyklus Global Citizenship (© IPW) D'Buch: "Global Citizenship - Perspektiven einer Weltgemeinschaft" vun den Auteuren Roland Bernecker a Ronald Grätz koum 2017 am Steidl Verlag eraus. "Blue Marble" (Blo Jick), vun der an der Konferenz geschwaat gouf, ass eng bekannte Foto vun der Äerd déi d'Crew vun der Apollo 17, am Joer 1972 aus enger Distanz vu ronn 29.000 km, gemach hat (© NASA) Lauschtert d'Aleedung: Simone Beck (Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun)
Si l'islam est aujourd'hui sur le devant de la scène, c'est souvent qu'il occupe le banc des accusés: terrorisme, fanatisme, l'actualité l'associe à ce que la religion peut produire de plus inquiétant pour des sociétés largement sécularisées. Qu'est-ce au juste que ce fanatisme que, depuis les Lumières, on reproche aux religions? Et l'islam est-il, par sa nature même, touché par cette maladie de la religion? Conférence au sujet de la relation entre l'islam et le fanatisme organisée par l'Institut Pierre Werner en coopération avec la Fondation CANDIDA (sous l'égide de la Fondation de Luxembourg) et LSRS (Luxembourg School of Religion & Society, Centre Jean XXIII). Enregistrement: IPW | Montage: Carlo Link Biographie: Le Père Adrien Candiard, OP[*] théologien, est français et vit au Caire. Après une formation en histoire et en sciences politiques, le père Candiard a rejoint l'ordre dominicain en 2006. Après sa formation en théologie, il est arrivé en Égypte en 2012. Il y a obtenu un master en islamologie à l'Université américaine du Caire, et rédige aujourd'hui un doctorat à l'École pratique des hautes études (EPHE) de Paris. Ses recherches portent sur la théologie musulmane classique (kalām) et les relations entre raison et révélation en islam. [*]OP = L'ordre des Prêcheurs ou des Frères prêcheurs (O.P. - en latin: Ordo Fratrum Prædicatorum), plus connu sous le nom d'ordre dominicain et historiquement connu également sous le nom de Jacobins, est un ordre catholique né à Toulouse sous l'impulsion de Dominique de Guzmán en 1215. Père Adrien Candiard, OP (Ordre des Prêcheurs, plus connu sous le nom d'ordre dominicain) Introduction de la conférence: Jean Ehret, directeur de la LSRS
De Melitta Mann an d'Klementine ware gëschter, d'Reklamm vun haut gesäit anescht aus an huet vill méi Afloss. Influencer:inne prägen d'Plattforme wéi Instagram, YouTube an TikTok, si guidéieren a manipuléiere Millioune vun Unhänger an hire Kafentscheedungen, si maache Publicitéit, net nëmme fir Produkter, mee och fir en neoliberale Liewensstil an zweiwelhaft Kierperbilder. D'Podcaster an d'Auteure vun "Influencer - Die Ideologie der Werbekörper" (2021), Ole Nymoen a Wolfgang M. Schmitt, analyséieren e Phenomeen, dee vill iwwer d'Stagnatioun vun der Wirtschaft souwéi iwwer Postdemokratie verréit. Eng Live-Performance "Influencer-Late-Night-Show" vum 21. Oktober, organiséiert vum europäesche Kulturzentrum IPW, Institut Pierre Werner, am Kader vun der Serie Politik a Gesellschaft. Enregistrement: IPW - Montage: Carlo Link Biographien: De Wolfgang M. Schmitt bedreift zanter 2011 den YouTube-Kanal "Die Filmanalyse" ënner dem Motto "Kino anders gedacht!" An hirem gemeinsame Podcast "Wohlstand für alle" schwätzt hie mam Ole Nymoen iwwer Geld, wéi och d'Geschicht vu wirtschaftlechen Iddien a politescher Wirtschaft. Den Ole Nymoen studéiert Soziologie an Ekonomie zu Jena a schafft als Freelance Journalist. Zesumme mam Wolfgang M. Schmitt schwätzt hien an hirem gemeinsame Podcast. Am Joer 2021 hate si hiert Buch "Influencer - Die Ideologie der Werbekörper" am Suhrkamp Verlag publizéiert. Ole Nymoen a Wolfgang M. Schmitt © (Podcaster an Auteuren) Lauschtert d'Fortsetzung vun der Live Performance
"Luxembourg under Destruction" a "Stoppt de Bagger" haten de 4. Oktober op e Ronndëschgespréich am Sang a Klang agelueden. Den Architekt Christian Bauer an d'Professere vun der Uni Lëtzebuerg, Florian Hertweck (Architektur) a Markus Hesse (Stadfuerschung) wëllen an der Diskussioun dobäi hëllefen d'Problematik ze beliichten, virun allem déi soziopolitesch Hannergrënn vun enger Ex-an-Hop Mentalitéit, déi anscheinend méi zu Lëtzebuerg wéi soss anzwousch an Europa ausgepräägt ass. D'Moderatioun: Richard Graf (WOXX a Stoppt de Bagger) Enregistrement a Montage: Carlo Link Lauschtert d'Fortsetzung vum Ronndëschgespréich
[ Text, Institut Pierre Werner (IPW) ] : [ Nachdem der "IS" in Trümmern lag und "Kalif" al-Baghdadi im Oktober 2019 von US-Truppen getötet wurde, schien der "Krieg gegen den Terror" einmal mehr beendet. Aber der Dschihadismus ist längst eine globale Bewegung geworden, der Dutzende von Organisationen angehören - und mit Gewalt allein ist ihr nicht beizukommen. Seit drei Jahrzehnten verfolgt Asiem El Difraoui als Filmemacher, Journalist und Wissenschaftler diese Entwicklung. Er traf Kampfgefährten bin Ladens in Khartum und PR-Strategen, die in Berlin-Charlottenburg Propagandavideos produzierten. In Kriegsgebieten wie Bosnien, dem Irak oder in Afghanistan hat er selbst den Terror gegen die Bevölkerung miterlebt. Und immer wieder kam der Terror auch zu ihm, wie in Gestalt der Anschläge 1995 und 2015 in Paris, die sich in seiner unmittelbaren Nachbarschaft ereigneten. Kenntnisreich und anschaulich schildert Difraoui, wie der Dschihadismus entstanden ist, wie seine Denkmuster und PR-Strategien sich gewandelt haben und woraus die Hydra ihre Kraft bezieht. Was macht die todbringende Ideologie gerade auch für junge Menschen in Europa attraktiv? Welchen Anteil hat der Westen, haben die Medien an ihrem Erfolg? Und wie kann es gelingen, ihre Macht zu brechen? Ein aufrüttelnder Appell, sich einer der größten Gefahren der Gegenwart zu stellen. ] Gespréich vum 13. Juni 2022 an der Abtei Neimënster, zum Buch mam selwechten Titel, "Die Hydra des Dschihadismus", dat 2021 bei Suhrkamp eraus koum. Moderatioun: Petz Bartz Enregistrement: IPW, am 13. Juni 2022 Mastering a Montage: Carlo Link [radio 100,7] Fortsetzung vun der Konferenz a Froen an Äntwerten aus dem Publikum: Lauschteren Gespréich tëschent dem Petz Bartz (lénks) an dem Asiem El Difraoui © IPW Biografien [ Text IPW ] : [ Asiem El Difraoui, geboren 1965, war schon immer ein Reisender und Mittler zwischen den Kulturen. Als Sohn eines ägyptischen Vaters und einer deutschen Mutter wuchs er in der Nähe von Frankfurt auf, studierte in London und Kairo und promovierte in Paris bei Gilles Kepel. Er gilt heute als einer der führenden europäischen Experten zum Thema Dschihadismus, berät deutsche und französische Regierungsorgane und kommentiert auf ARD, BBC und CNN. ] [ Patrick "Petz" Bartz ist ein luxemburgischer TV-Journalist, der seit 1995 für RTL arbeitet. 2019 reiste er mit der Kamera nach Syrien, um eine Reportage über den Luxemburger Dschihadisten Steve Duarte zu drehen. Für diesen Beitrag wurde er im selben Jahr in die Finalrunde des Amnesty Mediepräis gewählt. 2020 gewann er den Amnesty Mediepräis für seine auf RTL ausgestrahlte Reportage "Blockéiert um Balkan", die sich mit der Notlage von Geflüchteten und Migranten an der bosnisch-kroatischen Grenze auseinandersetzt. ] 2020 krut de Petz Bartz den Amnesty Mediepräis fir säi Reportage op RTL, "Blockéiert um Balkan" © Etienne Grimée
Le Luxembourg a-t-il un passé colonial? La plupart des Luxembourgeois répondrait très clairement que non. Certes, l'État luxembourgeois n'a jamais été une puissance coloniale. Mais est-ce aussi simple? Le Musée national d'histoire et d'art (MNHA) se penche sur la question. Si le Luxembourg n'a jamais exercé d'autorité sur un territoire d'outremer ou sur ses populations, nombre d'hommes et de femmes du Grand-Duché ont émigré aux 19e et 20e siècles pour s'établir et travailler dans les colonies d'autres pays européens. Ces Luxembourgeois et Luxembourgeoises y ont occupé toutes sortes de fonctions: soldats, scientifiques, hommes d'affaires, missionnaires hommes et femmes et même fonctionnaires coloniaux. En effet, une propagande active visant à recruter sur le sol luxembourgeois des coloniaux pour le Congo belge s'était largement déployée. Conférence du 9 juin "Cette colonie qui nous appartient un peu" par l'historien et auteur Régis Moes, conservateur au Musée national d'Histoire et d'Art (MNHA) dans le cadre de l'exposition temporaire "Le passé colonial du Luxembourg" du 8 avril 2022 au 6 novembre 2022 au MNHA. Enregistrement: [MNHA] | Montage et présentation: Carlo Link [radio 100,7] Suite de la conférence de Régis Moes: Ecoutez
Minsk im Sommer 2020. Eine junge Frau im ärmellosen weißen Kleid tänzelt vor einer schwarzen Mauer aus martialisch vermummten Sondereinsatzkräften: Bilder wie diese gingen um die Welt. Der Brutalität des Regimes setzen Hunderttausende mutige Bürgerinnen und Bürger aller gesellschaftlichen Schichten Gewaltfreiheit, kreative Vielfalt und dezentrale Selbstorganisation entgegen. Was sich seit den Präsidentschaftswahlen am 9. August 2020 in Belarus abspielt, geht über eine regionale Protestbewegung gegen gefälschte Wahlen weit hinaus. In Minsk und vielen anderen Städten des weithin unbekannten Landes zwischen Russland und der EU wird Geschichte geschrieben. Weiblich, friedlich, postnational - so charakterisiert Olga Shparaga die Umwälzung in ihrem Land und stellt die Ereignisse in den Kontext europäischer und globaler Emanzipationsbewegungen. "Die Revolution hat ein weibliches Gesicht - Der Fall Belarus", das Buch von Olga Shparaga erschien 2021 im Suhrkamp Verlag. Moderation: Nina Weller Audio-Aufzeichung vom 9. März 2022 im Kulturzentrum, Abtei Neumünster: IPW [Institut Pierre Werner] Mastering und Bearbeitung: Carlo Link [radio 100,7] Biographien: Olga Shparaga, geboren 1975, lehrt Philosophie am European College of Liberal Arts in Minsk. Sie ist Mitglied der feministischen Gruppe des Koordinationsrats, des politischen Organs der Opposition gegen den Diktator Alexander Lukaschenko Nina Weller war bis vor kurzem akademische Mitarbeiterin an der Europa Universität Viadrina in Frankfurt (Oder). Sie forscht zu Erinnerungskulturen in Russland, Belarus und der Ukraine. Sie ist Mitherausgeberin des Buches "Belarus! Das weibliche Gesicht der Revolution. Berlin: edition.fototapeta 2020" und hat im August 2020 den Blog "Stimmen aus Belarus" mit ins Leben gerufen. Verleihung des Internationalen Karlspreises 2022 zu Aachen, an die belarussischen führenden politischen Aktivistinnen (26. Mee): Maria Kalesnikava (inhaftiert), Swetlana Tichanowskaja und Veronica Tsepkalo In Würdigung ihres mutigen und ermutigenden Einsatzes gegen die brutale staatliche Willkür, Folter, Unterdrückung und die Verletzung elementarer Menschenrechte durch ein autoritäres Regime, für Demokratie, Freiheit und Rechtsstaatlichkeit ehrt das Direktorium der Gesellschaft für die Verleihung des Internationalen Karlspreises zu Aachen im Jahr 2022 die belarussischen politischen Aktivistinnen Maria Kalesnikava, Swetlana Tichanowskaja und Veronica Tsepkalo [Karlspreis-Direktorium und Stadt Aachen].
Géraldine Schwarz: "A présent que les témoins sont morts, victimes comme bourreaux, il reste le souvenir de leurs mots et de leurs visages, les monuments et les livres. J'ai voulu tisser les fils de la grande histoire avec ceux de la petite, jusqu'à ce que jaillisse un tableau d'antan, avec ses parts d'ombre et de lumière, ses vies écrasées par la mégalomanie des hommes; celles de Lydia et Karl Schwarz qui eurent la malchance de naître à l'orée d'un siècle maudit." Découvrant les arrangements de son grand-père allemand avec le régime nazi, Géraldine Schwarz met au jour la responsabilité des "Mitläufer" dans une dictature: ceux, si nombreux, qui "marchent avec le courant". Suivant sa famille sur trois générations, elle retrace le travail de mémoire mené en Allemagne, qui fait la force de sa démocratie. En le comparant aux lacunes mémorielles en France et ailleurs en Europe, elle soulève une question cruciale: faire des citoyens des victimes de l'Histoire au lieu de les responsabiliser n'a-t-il pas ouvert la voie au populisme et fragilisé nos démocraties? "Les Amnésiques" est paru en 2017 chez Flammarion, la traduction allemande "Die Gedächtnislosen" est parue en 2018 chez Secession. Entretien du premier février 2022 avec l'autrice, journaliste et réalisatrice Géraldine Schwarz à l'Institut Pierre Werner (IPW). Modération: William Irigoyen Enregistrement: IPW / Montage et Mastering: Carlo Link, radio 100,7 Biographies : Géraldine Schwarz est une autrice, journaliste et réalisatrice de documentaires franco-allemande. Son livre "Les Amnésiques" a été traduit dans plus de dix langues et primé notamment par le Prix du livre européen. Suivant son histoire familiale sur trois générations, l'autrice retrace le douloureux travail de mémoire mené en Allemagne qui permit de construire la démocratie et le compare aux lacunes mémorielles en France, en Italie et ailleurs. Pour Schwarz le travail de mémoire est la meilleure école de la démocratie et le fondement d'une conscience européenne. William Irigoyen, né en 1970, est un journaliste (Lire, Geo Histoire, Radio espace 2) et présentateur français. Depuis 2012, il présente le magazine international Arte Reportage. Photo: Géraldine Schwarz © Astrid di Crollalanza | Montage: CL
De 14. Abrëll 1912, um 23 Auer a 40 Minutten, ass d'RMS TITANIC, dat deemools gréisste Passagéierschëff, mat enge ronn 2.200 Mënschen u Bord, ob senger éischter Rees tëschent Southhampton an New York, mat engem Äisbierg kollidéiert (RMS steet fir Royal Mail Ship). 2 Stonnen a 40 Minutten duerno goung de Luxusliner am äiskalen Nordatlantik ënner. Eng 700 Leit konnte gerett ginn, ronn 1.500 Fraen, Kanner a Männer haten net iwwerlieft. De Carlo Link proposéiert an enger Radio-Dokumentatioun chronologesch d'Geschicht, d'Rees an déi lescht Stonnen op der Titanic, mat de Stëmme vun Iwwerliewenden, a Form vun Aussoe vun hinnen, déi vun 1915 bis 1999 gemaach an enregistréiert goufen. Dëst ass eng aktualiséiert Versioun vun enger éischter Diffusioun op eiser Antenn vum 14. Abrëll 2002. Audio-Extrait: Lauschtert, d'Lëscht vun der Titanic-Prominenz aus der éischter Klass Geschichts-Quellen: Titanic [Geoff Tibballs] 1997 Toundokumenter: "Témoignages des Survivants" [Institut des Archives Sonores - International Radio/TV-Archiven - Éditions Frémaux & Associés] 2000 O-Téin: Titanic-Film [James Cameron] 1997 Rettungsboot-D vun der Titanic, fotographéiert vun engem Passagéier vum Rettungsschëff, der RMS Carpathia (Ëffentlechen Domaine) Vue op de Bug vun der RMS Titanic am Nordatlantik, Juni 2004 vun der "ROV (Remotely Operated Vehicle) Hercules" wärend enger Expeditioun, déi zréck bei de Schëffswrack koum (Ëffentlechen Domaine)
Wéi funktionéiert Konscht als Medium? Véier Kënschtler diskutéieren zum Theema artistesch Fräiheet a Meenungsfräiheet. Si stellen d'Fro, wéi Messagen duerch Konscht iwwermëttelt ginn, a wéi de Public se ophëlt. Virfäll wéi déi géint d'Karikaturiste vu Charlie Hebdo oder Attentater op aktivistesch Kënschtler hunn eng Diskussioun iwwer déi artistesch Fräiheet an d'Roll vu Konscht a Kultur an der Gesellschaft lassgeléist. Wéi wichteg ass Konscht fir Versteesdemech an Toleranz, Bewosstsinn a Wäitsiicht vum Individuum a vun der Gesellschaft ze fërderen? E Ronndëschgespréich vum 2. Dezember 2021 an der Nationalbibliothéik BNL An der Diskussioun mat dobäi waren: Didier Scheuren, Kënschtler Pascal Schumacher, Museker Anne Simon, Theater Filip Markiewicz, Performancekënschtler, Installatiounen a Film Moderatioun: Dr. Nora Schleich Enregistrement: BNL, Mastering a Montage: Carlo Link Schluss an d'Diskussioun mat dem Publikum lauschteren
Ee vun de bekanntste Lëtzebuerger bis haut, de Jean-Pierre Pescatore, hat a villerlee Hisiicht en aussergewéinlecht Liewen. Als Geschäftsmann, Banquier, Sammler a Mäzen ass hien zwar en typesche Vertrieder vun der héijer Bourgeoisie, wéinst sengem nonkonformistesche Privatliewe geréit hien awer a Konflikt mat de sozialen a moraleschen Norme vu senger Zäit. Ob a wéi dem Jean-Pierre Pescatore säi Beruffs-, Privat- a Familljeliewen de Krittäre vun de gesellschaftlechen Elitten am 19. Joerhonnert entsprécht oder dogéint verstéisst, soll an dëser Konferenz thematiséiert ginn. De Jean-Pierre Pescatore (1793-1855) - en (on)typesche Representant vun der Bourgeoisie. Eng Konferenz vun der Historikerin a Germanistin, Josiane Weber de 15. November am Cercle Cité, am Kader vun enger neier Offer ronderëm déi permanent Ausstellung an der Villa Vauban. Enregistrement a Montage: Carlo Link Josiane Weber © CL Fotoen, déi am Virtrag gewise goufen. Lauschtert dat leschte Kapitel: Jean-Pierre Pescatore - Josiane Weber
Am Joer 2013 koum déi franséisch Bibel vun der Liturgie eraus, vun där de Père Henri Delhougne, Benediktiner Pater an der Abtei Klierf, de Koordinator war. Et war déi éischt komplett Iwwersetzung op Franséisch vu bibleschen Texter, déi fir liturgesch Notzung geduecht sinn, dat heescht en Text, deen an der Ëffentlechkeet verkënnegt ka ginn, an dee vun der Versammlung, déi den Text net viru sech huet, verstane ka ginn, dat ass d'Specificitéit vun dëser liturgescher Bibel. D'Notzung vun der Iwwersetzung, déi vu sougenannten Exgégètes (Erklärer) vun der Bibel ausgeféiert gouf, beschränkt sech sécher net op d'Liturgie eleng. Si ass grad esou fir d'Katechete geduecht, wéi fir perséinlecht Liesen a Meditatioun. Fir e richtegt Verständnis vun der Schrëft ze erméiglechen, hat de Père Delhougne eng Ekipp vun zwanzeg Spezialiste rassembléiert, vun deenen der vill schonn un der Iwwersetzung bäigedroen haten. Si goufen opgeruff, Explikatiounen ze schreiwen. Am Ganze sinn dat eng 25.600, déi Äntwerten op Froe vun de Lieser vun haut ubidden. Zousätzlech, um Ufank vun all biblesche Buch, fënnt de Lieser een Inhaltsverzeechnes, dat him hëllefe soll, e Passage am Kontext vum Buch ze situéieren. Bei Geleeënheet vum 1.600. Doudesdag vum Hellege Jérome, Iwwersetzer vun der Bibel op Latäin, gouf am September 2020 dës nei Editioun vun de Schrëften, mat explikativen Notizzen, publizéiert. Am Ganze koumen dobäi eng ronn 25.000 Notten zesummen. De Carlo Link huet sech mam Père Henri Delhougne doriwwer ënnerhalen, wéi et zu dëser Publikatioun koum. Weider héiere mir, ënner anerem, en Extrait vun der Soirée de Lancement an der Belsch zu Léck, (Audio: Jean-Philippe Detiffe). Père Henri Delhougne, Presentatioun den 9. Oktober 2020 zu Léck, Église Saint-Jacques De Père Delhougne um Mikro vum Carlo Link den 13. Dezember "La Bible - Traduction liturgique avec notes explicatives" 2.880 Säiten - 16,5 x 25 x 7 cm - ISBN: 978-2-7067-2010-9 éditions SALVATOR, Paris
D'Ursula Meissner reest zënter méi wéi 30 Joer a Krichs- a Krisegebidder. Vun Afghanistan, Bosnien a Kosovo bis Angola a Sierra Leone - et ginn nëmmen e puer Länner, déi si net besicht huet fir ze beriichten. Dat authentescht Bild war ëmmer hiert Zil. De Virtrag thematiséiert hir Aarbecht an d'Limite vun deem, wat duergestallt ka ginn: "Dat schwieregst ass, dohinner ze kommen, wou d'Geschicht gemaach gëtt". Wéi entstinn dës Biller, déi d'Welt beweegen? "Kriegsfotografie - Die Grenzen des Abbildbaren", e Resumé vun der Konferenz, am Kader vun der World Press Photo, den 27. Oktober an der Abtei Neimënster. Enregistrement: Abtei Neimënster Montage, Mastering a Resumé: Carlo Link Moderatioun: Ines Kurschat, fréier Präsidentin a Generalsekretärin vum Presserot Fotografien déi am Virtrag gewise goufen (© Ursula Meissner): https://img.100komma7.lu/uploads/media/default/0002/37/mit-kamera-und-kugelsicherer-weste-c-ursula-meissner_9b23c3.pdf Ganze Virtrag lauschteren Geo-Reportage, Syrische Braut, Hochzeit im Niemandsland © Ursula Meissner
Den Historiker, Prof. Dr. Gerhard Paul beliicht Beispiller, d'Originn, d'Verbreedung an d'Liewe vun Ikonen an der Pressefotografie aus dem 20. an Ufank 21. Joerhonnert. De Conferencier geet der Fro no, wéi Fotoen Ikone ginn, wat hir speziell Eegenschafte sinn, wéi se am individuellen a kollektive Bildgediechtnes gespäichert sinn a wéi eng Funktiounen se fir hir Empfänger hunn. "Ikonen der Pressefotografie", eng Konferenz am Kader vun der World Press Photo, enregistréiert de 25. Oktober an der Abtei Neimënster. Mastering a Montage: Carlo Link Organisatioun: neimënster, Conseil de Presse Luxembourg, Fondatioun Zentrum fir politesch Bildung, Commission nationale du Luxembourg pour la coopération avec l'UNESCO, Musée National de la Résistance
Fir de fréieren Europadeputéierten Daniel Cohn-Bendit an de Politolog Claus Leggewie ginn nei Konzepter wéi eng franséisch-däitsch Federatioun gebraucht. Wéi bewäerten d'EU-Politiker a Politikwëssenschaftler aus Frankräich, Däitschland a Lëtzebuerg dëse Schrëtt? Wéi genee gesinn déi dréngend néideg Impulser aus? Et diskutéieren: de grénge Politiker Daniel Cohn-Bendit, de Lëtzebuerger Europadeputéierten Charles Goerens, d'Politologin Anna-Lena Högenauer vun der Uni Lëtzebuerg, de Claus Leggewie, de Ludwig Börne, Professer op der Universitéit Gießen an den Edouard Simon vum Institut de Relations Internationales et Stratégiques (IRIS). Moderatioun: Christophe Langenbrink Enregistrement vum 30. September 2021: IPW Mastering a Montage: Carlo Link v.l.n.r.: Christophe Langenbrink, Edouard Simon, Anna-Lena Högenauer, Charles Goerens, Claus Leggewie, Daniel Cohn-Bendit. © Sven Becker Biographien: Daniel Cohn-Bendit (*1945) ist ein deutsch-französischer Publizist und Politiker. 1968 wirkte er bei den Pariser Mai Unruhen mit und wurde daraufhin von der Regierung des Landes verwiesen. Er ließ sich in Frankfurt nieder und engagierte sich dort weiter (u.a. Frankfurter Sponti-Bewegung). 1984 trat er den Grünen bei und zählte dort zu den entschiedensten Gegnern des ökosozialistischen Fundamentalismus. Von 1994 bis 2014 war er Mitglied im Europäischen Parlament. Ab 2002 war er dort Co-Vorsitzender der Fraktion der Grünen / Europäische Freie Allianz. Er kandidierte abwechselnd für die deutschen Grünen und die französischen Les Verts bzw. Europe Écologie-Les Verts. Prof. Dr. Claus Leggewie (*1950) ist Professor für Politikwissenschaft und Ludwig Börne-Professor an der Universität Gießen. Claus Leggewie erhielt im Laufe seiner akademischen Laufbahn zahlreiche Auszeichnungen, darunter 2016 den Volkmar and Margret Sander Prize (New York University), und ist diesen Herbst als Honorary Fellow in das Thomas Mann House in Los Angeles eingeladen. Er ist Herausgeber der Blätter für deutsche und internationale Politik und veröffentlicht regelmäßig in Zeitungen und Zeitschriften, darunter Le Monde diplomatique, The New York Review of Books, Los Angeles Review of Books und Rolling Stone. Charles Goerens (*1952) ist luxemburgischer Europaabgeordneter für die Demokratesch Partei (DP). Von 1982 bis 1984 saß er zum ersten Mal im Europäischen Parlament und ersetzte Jean Hamilius, der in die Regierung eingetreten war. Er wurde 1999 direkt wiedergewählt, wurde aber in die Regierung Juncker-Polfer berufen, wo ihm das Ministerium für Zusammenarbeit, humanitäre Maßnahmen und Verteidigung sowie das Umweltministerium übertragen wurde. Er kehrte 2009 zum dritten Mal als Abgeordneter ins Europäische Parlament zurück und ist heute u.a. stellvertretender Vorsitzender des Ausschusses für konstitutionelle Fragen. Prof. Dr. Anna-Lena Högenauer (*1984) ist stellvertretende Institutsleiterin des Instituts für Politikwissenschaft und stellvertretende Studiengangsleiterin des Masters in European Governance an der Universität Luxemburg. Ihre Forschung umfasst Fragen der Multi-Level-Governance und der regionalen Interessenvertretung, Umweltpolitik, Europäisierung, parlamentarische Kontrolle europäischer Angelegenheiten und Legitimität in der EU-Politik. Sie war aktives Mitglied der Beobachtungsstelle der Parlamente nach Lissabon (OPAL) und des Erasmus-Netzwerks für parlamentarische Demokratie in Europa (PADEMIA). Edouard Simon (*1985) ist Forschungsdirektor des Institut de relations internationales et stratégiques (IRIS) und spezialisiert auf europäische Sicherheits- und Verteidigungsfragen sowie auf Industrie- und Rüstungspolitik. Bevor er zu IRIS kam, war Edouard von 2017 bis 2020 Leiter des Brüsseler Büros des europäischen Think Tanks Confrontations Europe. Davor war er vier Jahre lang in der Rechtsabteilung des Airbus-Konzerns tätig, wo er am Aufbau eines Teams mitwirkte, das sich mit EU-Recht, Wettbewerbspolitik und rechtlichem Lobbying befasste. Christophe Langenbrink wurde 1969 in Sélestat im Elsass geboren. Er wuchs in Karlsruhe auf, wo er seine gesammte Schulzeit verbrachte. Er besitzt die deutsche und die französische Staatsbürgerschaft. Nach seinem Studium der Politikwissenschaften, der interkulturellen Kommunikation und der Romanistik in Saarbrücken und Quebec übernahm er bis 2004 die Stelle des Generalsekretärs einer Nichtregierungsorganisation, die Fédération internationale der Maison de l'Europe (FIME). Berufsbegleitend absolvierte er ein MBA am Europa Institut der Universität des Saarlandes. Er war lange Zeit Redakteur des Luxemburger Worts mit Fokus auf internationale Politik. Jetzt ist er zuständig für die internationalen Beziehungen und den Europäischen Sozialfonds im Luxemburger Arbeits- und Beschäftigungsministerium.
Les normes éthiques comptent-elles en ligne ? Est-ce que les moeurs et valeurs sont respectées dans la société de l'information ? Ou avons-nous besoin d'une réévaluation de ce qu'on considère comme éthiquement correct dans ce domaine à l'heure actuelle ? Cette conférence fera lumière sur des phénomènes tels que le discours de haine, la " cancel culture " ou bien notre dépendance de la fonction " J'aime ". Une discussion autour du concept de la dignité humaine dans le monde médiatisé et technologique va approfondir ce sujet : l'accès à l'éducation et à l'information est un droit humain fondamental - et un des principaux piliers du développement de la personnalité individuelle. L'alphabétisation contemporaine doit donc également inclure des compétences dans la consommation de l'information et dans l'estimation de la fiabilité et la justification du contenu. La collecte et le traitement du savoir forment l'esprit critique et créatif de chaque citoyen mature et autonome. Un entretien avec Prof. Dr. Lukas K. Sosoe, professeur dans la théorie du droit, dans l'éthique et dans la philosophie politique contemporaine. Modération: Ian De Toffoli Enregistrement: Bibliothèque nationale du Luxembourg (BnL) Montage: Carlo Link Conférence Online: Écoutez: Les présentations Écoutez: L'entretien Écoutez: Questions/Réponses Ian De Toffoli (Modération), Prof. Dr. Lukas K. Sosoe. © BnL
Deutschland und Frankreich - Motor der Integration oder Schreckbild einer Hegemonie? Trotz der Bemühungen die Pandemie auf europäischer Ebene zu lösen, weckt der Kampf gegen das Virus alte Reflexe: nationale Abschottung. Der Rückfall in nationale Alleingänge stärkt nicht das europäische Selbstbewusstsein. Vielmehr deckt die Covid-19-Krise die Schwächen der europäischen Konstruktion auf. Die Europäische Union steckt in einer tiefen Sinnkrise. Mit dem Ausscheiden Angela Merkels aus dem Kanzleramt verlässt zudem eine einflussreiche Politikerin die europäische Bühne. Wie geht es nach den Bundestagswahlen mit dem deutsch-französischen Gespann weiter? Ein "Weiter so" ist schwer vorstellbar. Für den früheren Europaabgeordneten Daniel Cohn-Bendit und den Gießener Politikwissenschaftler Claus Leggewie, braucht es neue Konzepte wie zum Beispiel eine deutsch-französische Föderation. Wie beurteilen EU-Politiker und Politikwissenschaftler aus Frankreich, Deutschland und Luxemburg diesen Vorstoß? Wie genau sehen die dringend benötigten Impulse aus? Es diskutieren der Grünen-Politiker Daniel Cohn-Bendit, der luxemburgische Europaabgeordnete Charles Goerens, die Politikwissenschaftlerin Anna-Lena Högenauer von der Universität Luxemburg, Claus Leggewie, Ludwig Börne-Professor an der Universität Gießen und Edouard Simon vom Institut de Relations Internationales et Stratégiques (IRIS). Moderation: Christophe Langenbrink Aufzeichnung vom 30. September 2021: IPW Schnitt und Zusammenfassung: Carlo Link Online-Konferenz vom 30. September 2021: Deutschland und Frankreich - Motor der Integration oder Schreckbild einer Hegemonie?: 1. Presentation der Teilnehmer: Diane Krüger (IPW) 2. Gesamte Diskussion Zusammenfassung vom 10. Oktober hören:
Konferenz gouf den 9. Mee 2021 um Europadag lancéiert. Si ass eng Invitatioun un all d'Bierger vun Europa, iwwer d'Grenzen eraus mateneen ze schwätzen, iwwer d'Erausfuerderungen an d'Prioritéite a fir ze hëllefen d'Zukunft zesummen ze gestalten. D'Europaparlament, de Ministerrot an d'Europäesch Kommissioun verflichte sech den europäesche Bierger nozelauschteren an hir Recommandatiounen esou wäit wéi méiglech ëmzesetzen. Dëst gëtt den Europäer aus alle Schichten an alle Regioune vun der Unioun d'Méiglechkeet, Iddien iwwer d'Zukunft auszetauschen an zum Opbau vun Europa bäizedroen. Dëse Virschlag riicht sech besonnesch un déi jonk Generatioun, dëst ënner dem Moto: "Är Iddien a Wënsch sollen d'Zukunft gestalten". Bei dëser Geleeënheet hat den Institut Pierre Werner (IPW) den 21. Juni op eng tri-national Online Diskussioun, tëschent dem Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn an dem däitsche Staatsminister fir Europa am Ausseministère, de Michael Roth, invitéiert. Dëst a Presenz vum franséischen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, dem Bruno Perdu, deen de franséische Staatssekretär Clément Beaune vertrueden huet. D'Ministeren hu mat jonke Leit aus däitschen, franséischen a lëtzebuergesche Secondaire Klassen diskutéiert. D'Schüler ware invitéiert ginn, hir Froen zum Theema ze stellen. D'Diskussioun gouf moderéiert vum Pia Oppel, stellvertriedend Chefredaktesch vum ëffentleche radio 100,7. Enregistrement vum 21. Juni: IPW / Abtei Neimënster Mastering a Montage: Carlo Link Lauschtert d'Suite vun der Diskussioun v.l.n.r.: Michael Roth (Däitsche Staatsminister fir Europa), Pia Oppel (radio 100,7), Jean Asselborn (Lëtzebuerger Ausseminister). Am Hannergrond, Schüler aus däitschen, franséischen a lëtzebuergesche Secondaire Klassen.
Kanner an Erwuessener liese gäre Comics. Mee, wat net vill beim Liese vun de faarwegen Hefter berücksichtegen, ass hir Funktioun, als Medium subliminal Informatiounen ze vermëttelen. "Transmission of information via specific media: Propagandistic messages in comics". Am Kader vum Konferenzzyklus 2021, Mankind and Media, vun der UNESCO-Kommissioun Lëtzebuerg, gouf d'Theema ëm propagandistesch Messagen a Comics beliicht, dat Ganzt an engem historeschen Iwwerbléck, wéi ënner anerem Comics an NS- oder a faschistescher Zäit, fir politesch Propaganda benotzt goufen. Och haut gi verstoppte Messagen ëmgesat, fir dem Lieser seng Meenung ze beaflossen. "Captain America" oder "Persepolis": si hu méi matzedeelen, wéi mir eis bewosst sinn! Eng Konferenz an englescher Sprooch vum 1. Juli an der Nationalbibliothék, (BNL) mat als Haapt-Spriecherin, der Dr. Manuela di Franco, Fuerscherin a populärer Kultur an a Gender-Representatiounen. D'Moderatorin vum Owend war d'Dr. Nora Schleich. Enregistrement: BNL Resumé a Montage: Carlo Link Déi ganz Konferenz "Online" lauschteren: 1 - D'Introduktioun lauschteren 2 - Konferenz lauschteren 3 - Gespréich lauschteren, Nora Schleich, Manuela di Franco a Publikum De Superjhemp, Lëtzebuerger Comicfigur aus der Comicserie mam selwechten Numm, déi vum Lucien Czuga geschriwwen a vum Roger Leiner gezeechent gouf.
Wéi e Stellewäert huet d'Lëtzebuerger Geschicht an der Fuerschung, an der Schoul, an der Ëffentlechkeet? Obwuel d'Lëtzebuerger Geschicht eng wichteg Roll spillt am politeschen Alldag, Joresdeeg a Commemoratioun, steet d'Fro am Raum, wéi et ëm d'Kenntnisser vun der Lëtzebuerger Geschicht bestallt ass. Wéi e Stellewäert huet dës Geschicht an engem Land, wou ee Groussdeel vun de Schüler keng Lëtzebuerger Wuerzelen huet. Wéi e Gewiicht a wéi eng Form soll d'Vermëttlung vun der Lëtzebuerger Geschicht an der Zukunft hunn? En Ustouss fir dëst Ronndëschgespréich, am Kader vum Archivmount 2021 vum Veräin vun de Lëtzebuerger Archivisten, waren ënner anerem zwee Artikelen an der Zäitschrëft Forum (Nr. 414-415). Intervenanten: Pit Péporté (Moderatioun), Sonja Kmec, Michel Pauly, Aurélie Thines a Françoise Flesch Organisateuren: Association luxembourgeoise des professeurs d'histoire (ALEH), Bibliothèque nationale du Luxembourg (BNL) Enregistrement vum 21 Juni: Nationalbibliothéik (BNL) Resumé a Montage: Carlo Link Online-Versioun:
Konferenz gouf den 9. Mee 2021 um Europadag lancéiert. Si ass eng Invitatioun un all d'Bierger vun Europa, iwwer d'Grenzen eraus mateneen ze schwätzen, iwwer d'Erausfuerderungen an d'Prioritéite a fir ze hëllefen d'Zukunft zesummen ze gestalten. D'Europaparlament, de Ministerrot an d'Europäesch Kommissioun verflichte sech den europäesche Bierger nozelauschteren an hir Recommandatiounen esou wäit wéi méiglech ëmzesetzen. Dëst gëtt den Europäer aus alle Schichten an alle Regioune vun der Unioun d'Méiglechkeet, Iddien iwwer d'Zukunft auszetauschen an zum Opbau vun Europa bäizedroen. Dëse Virschlag riicht sech besonnesch un déi jonk Generatioun, dëst ënner dem Moto: "Är Iddien a Wënsch sollen d'Zukunft gestalten". Bei dëser Geleeënheet hat den Institut Pierre Werner (IPW) den 21. Juni op eng tri-national Online Diskussioun, tëschent dem Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn an dem däitsche Staatsminister fir Europa am Ausseministère, de Michael Roth, invitéiert. Dëst a Presenz vum franséischen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, dem Bruno Perdu, deen de franséische Staatssekretär Clément Beaune vertrueden huet. D'Ministeren hu mat jonke Leit aus däitschen, franséischen a lëtzebuergesche Secondaire's Klassen diskutéiert. D'Schüler ware invitéiert ginn, hir Froen zum Theema ze stellen. D'Diskussioun gouf moderéiert vum Pia Oppel, stellvertriedend Chefredaktesch vum ëffentleche radio 100,7. Enregistrement vum 21. Juni: IPW / Abtei Neimënster Mastering a Montage vum Resumé an der Online-Versioun: Carlo Link Online-Versioun: Lauschtert déi ganz Diskussioun "d'Zukunft vun Europa" v.l.n.r.: Michael Roth (Däitsche Staatsminister fir Europa), Pia Oppel (Radio 100,7), Jean Asselborn (Lëtzebuerger Ausseminister). Am Hanngrond, Schüler aus däitschen, franséischen a lëtzebuergesche Secondaire's Klassen.
A sengem Buch, "Luxemburgs Exilregierung und die Entdeckung des Demokratiebegriffs", dat am Juni 2021 als Kooperatioun vu capybarabooks an den Editions Forum publizéiert gouf, weist den André Linden déi graduell Entwécklung vum Begrëff "Demokratie" als féierende Wäert, an den Aussoe vun der Lëtzebuerger Exilregierung am Zweete Weltkrich. Am Ufank, nodeems d'Nazi Truppen a Lëtzebuerg amarschéiert waren, goufen et aner féierend Wäerter, op déi d'Exilregierung a sengen Aussoen higewisen huet: Et goung ëm Fräiheet, Onofhängegkeet, national Souveränitéit - vun Demokratie goung keng rieds. Am Laf vun 1941 hunn awer d'Bindunge mat den Alliéierte bedeit, datt de Begrëff Demokratie no an no Akzeptanz krut. A sengem quelleräiche Buch weist den Auteur wéi d'Regierung am Exil d'Konzept vun der Demokratie als eng effektiv Kategorie fir déi propagandistesch Selbstbehaaptung vu Lëtzebuerg entdeckt huet. Den André Linden presentéiert säi Buch am Gespréich, dat op Däitsch gefouert gouf, mat der Historikerin, der Prof. Dr. Sonja Kmec. Ee Gespréich opgeholl den 1. Juni an der Abtei Neimënster, organiséiert vum IPW (Institut Pierre Werner). Enregistrement: IPW / Montage: Carlo Link Schluss, Froen a Reaktiounen aus dem Publikum lauschteren
A sengem Buch, "Luxemburgs Exilregierung und die Entdeckung des Demokratiebegriffs", dat am Juni 2021 a Kooperatioun vu capybarabooks an den Editions Forum publizéiert gouf, weist den André Linden déi graduell Entwécklung vum Begrëff Demokratie als féierende Wäert, an den Aussoe vun der Lëtzebuerger Exilregierung am Zweete Weltkrich. Am Ufank, nodeems d'Nazi Truppen a Lëtzebuerg amarschéiert waren, goufen et aner féierend Wäerter, op déi d'Exilregierung a sengen Aussoen higewisen huet: Et goung iwwer Fräiheet, Onofhängegkeet, national Souveränitéit - vun Demokratie goung keng rieds. Am Laf vun 1941 hunn awer d'Bindunge mat den Alliéierten bedeit, datt de Begrëff Demokratie no an no Akzeptanz krut. A sengem Quellsättege Buch weist den Auteur wéi d'Regierung am Exil, d'Konzept vun der Demokratie als eng effektiv Kategorie fir déi propagandistesch Selbstbehaaptung vu Lëtzebuerg entdeckt huet. Den André Linden presentéiert säi Buch am Gespréich, dat op Däitsch geféiert gouf, mat der Historikerin, der Prof. Dr. Sonja Kmec. E Gespréich opgeholl den 1. Juni an der Abtei Neimënster, organiséiert vum IPW (Institut Pierre Werner) a resuméiert vum Carlo Link. Déi ganz Opnam gëtt op Nationalfeierdag, den 23. Juni, tëschent 17:00 an 18:00 Auer op der Antenn diffuséiert.
De Wee vum Text war de Sujet den 8. Mee op enger Table ronde op de Mierscher Theaterdeeg am Mierscher Kulturhaus. D'Begleedung a Beaarbechtung vun engem Theaterstéck, wéi ass de Wee a wat sinn d'Ëmweeër vum geschriwwenem Text? Vu wéi engem Moment un, ginn d'Autorinnen an d'Auteuren den Text of a wéini kann eng Regisseurin oder e Regisseur an en Text agräifen? Et diskutéieren den Dramatiker an Dramaturg Olivier Garfalo, den Regisseur an Direkter vum Théâtre National du Luxemburg, de Frank Hoffmann, an den Regisseur an Direkter vum Kaleidoskop Theater vu Beetebuerg, de Jean Paul Maes. Och d'Autorin Elise Schmit huet un dësem Panel deelgeholl, hier Aussoen sinn, op hire Wonsch hin, eraus geschnidden. Moderatioun huet de Marc Rettel,Coordinateur vu Reading Luxembourg bei der Agence luxembourgeoise d'action culturelle. E grousse Merci dem Marc Georges vum Mierscher Kulturhaus fir d'Opnam.
A sengem Roman "Technophoria" (Hanser 2020) kuckt den Architekturprofessor, Schrëftsteller an FAZ Architekturkritiker Niklas Maak schaarf op eng Gesellschaft déi hir Fräiheet fir Komfort a Sécherheet opginn huet. Zesumme mam Architekt a städtesche Fuerscher Florian Hertweck wäert hien iwwer "Smart Cities", d'Digitaliséierung an dobäi och iwwert déi dréngend Themen aus eiser Zäit dikutéieren. Moderatioun: Robert Thum, Professer fir "Computational Design in Architecture", un der Héichschoul vu Trier. Enregistrement: Institut Pierre Werner Montage a Presentatioun: Carlo Link Biographien zu den Intervenantën: "Niklas Maak, geboren 1972 in Hamburg, studierte dort und in Paris Kunstgeschichte, Philosophie und Architektur und promovierte 1998 zur Entwurfstheorie bei Le Corbusier und Paul Valéry. Er lehrte Architekturgeschichte und -theorie in Harvard und aktuell als Gastprofessor an der Frankfurter Städelschule. Seit 2001 ist er bei der Frankfurter Allgemeinen Zeitung, wo er zuständiger Redakteur für Architektur ist und zusammen mit Stefan Trinks das Kunstressort leitet. Im Hanser Verlag veröffentlichte er unter anderem den Roman "Fahrtenbuch" (2011), "Wohnkomplex. Warum wir neue Häuser brauchen" (2014) sowie "Durch Manhattan" (2017, mit Leanne Shapton). Für seine Arbeit erhielt er den George-F.-Kennan-Preis, 2012 den Henri-Nannen-Preis, den COR-Preis 2014, den BDA-Preis für Architekturkritik 2015 und den HBS-Kritikerpreis 2017. Zuletzt erschien der Roman "Technophoria" (Hanser, 2020), der zurzeit verfilmt wird." "Florian Hertweck ist Architekt, promovierter Kunsthistoriker und Professor an der Universität Luxemburg, wo er den Masterstudiengang Architektur leitet. 2016 gründete er in Luxemburg Studio Hertweck Architecture Urbanism. 2018 kuratierte er mit Andrea Rumpf den Luxemburger Pavillon der 16. Architekturbiennale in Venedig "The Architecture of the Common Ground". 2020 präsentierte er mit Milica Topalovic Prospektivpläne für den Grossraum von Genf im Rahmen der Consultation du Grand Genève. Derzeit leitet er ein Konsortium von Planern und Forschern für das Herausarbeiten von raumplanerischen Visionen für Luxemburg im Rahmen des vom Luxemburger Ministeriums für Energie und Landesplanung ausgelobten Programm "Luxembourg in Transition 2050". Zu Hertwecks wichtigsten Publikationen gehören: Archtiketur auf gemeinsamem Boden, Positionen und Modelle zur Bodenfrage (Lars Müller Publishers 2020), Positions on Emancipation, Architecture between Aesthetics and Politics (Lars Müller Publishers 2018, gemeinsam mit Nikos Katsikis), Dialogic City. Berlin wird Berlin (Walther König Verlag 2015, mit Arno Brandlhuber und Thomas Mayfried); die kritische Ausgabe von Oswald Mathias Ungers' und Rem Koolhaas' The City in the City. Berlin: a Green Archipelago (Lars Müller Publishers 2013, mit Sébastien Marot); Climat(s) (Infolio, 2012, mit Thierry Mandoul, Jac Fol und Virginie Lefebvre); Der Berliner Architekturstreit (Gebr. Mann Verlag 2010)." "Robert Thum (* 1966) ist Professor fur Computational Design in Architecture und Leiter der Fachrichtung Architektur an der Hochschule Trier. Er studierte Architektur in Wien, Stuttgart, Phoenix (Arizona) und London. Als Leiter des Masterprogramms an der University of East London (2006-13) führte er zahlreiche Forschungsprojekte durch. Derzeit arbeitet er zusammen mit Harald Trapp an Capital Architecture, einem Forschungsprojekt über Algorithmische Produktion von Raum." Eng Diskussioun vum 16. Mäerz, mat der Ënnerstëtzung vum LUCA (Luxembourg Center For Architecture) an dem Neimënster. Lauschter de Schluss vun der Diskussioun mat de Froen aus dem Publikum v.l.n.r.: Florian Hertweck, Niklas Maak, Robert Thum (Moderatioun) © IPW
Am Roman "Winterreise", deen 2005 erauskoum, skizzéiert de Guy Wagner d'Liewen an d'Aarbecht vum berüümten éisträichesche Komponist a 24 Kapitelen a verbënnt se mat de 24 Lidder am "Winterreise"-Zyklus, déi de Franz Schubert ee Joer viru sengem Doud komponéiert huet. Op d'Manéier vun engem laange Bréif daucht dem Guy Wagner säi moderne sachleche Roman an dem Schubert säi bannescht Liewen an an erzielt net nëmmen iwwer dem Komponist säin ustrengend Liewen, Doud an Aarbecht, awer och mat beandrockende Biller vu Krich a Liichtegkeet zu Wien géint der Enn vum 19. Joerhonnert. De Roman gouf mam éischte Präis am Lëtzebuerger Literaturconcours ausgezeechent, de Concours littéraire national 2004/05. Eegenen Aussoen no huet de Guy Wagner vun 1996 bis 2003 recherchéiert, éier hien de Roman "Winterreise" tëschent August 2003 a Juni 2004 geschriwwen huet, deen an den Éditions PHI publizéiert gouf. Fir de fënneften Doudesdag vum Schrëftsteller, Autor a Musekskritiker Guy Wagner, an als Hommage un hien, haten d'Weebegleederinne Fabienne Hollwege, Leila Lallali, Charles Muller, Christiane Rausch, Andreas Wagner a Germain Wagner de 7. Mee eng inzenéiert Liesung am Trifolion zu Iechternach opgeféiert, aus sengem präisgekréinte Roman "Winterreise", wou d'Liewe vum Komponist Franz Schubert (1797-1828), skizzéiert gëtt. Konzeptioun: Charles Muller, Textkompositioun: Alain Steffen Begleet gouf d'Liesung mat Wierker vum éisträichesche Komponist aus dem Zyklus "Winterreise" vun der Sabine Weyer um Piano an den Dimitri Maslennikov um Cello. Musikalesche Programm: Franz Schubert - Aus "Die schöne Müllerin D 795": Das Wandern ist des Müller's Lust Franz Schubert - Freude der Kinderjahre D 455 Franz Schubert - Aus "Winterreise" D 911: Der Lindenbaum Im Dorfe Erstarrung Letzte hoffnung Einsamkeit Der Leiermann Enregistrement: Technik Trifolion | Montage: Carlo Link Ganz Liesung lauschteren V.l.n.r.: Leila Lallali, Charles Muller, Fabienne Hollwege, Germain Wagner, Christiane Rausch, Andreas Wagner. © Pierre Weber Sabine Weyer, Piano / Dimitri Maslennikov, Cello. © Pierre Weber Präisgekréinte Roman "Winterreise" vum Guy Wagner (Concours littéraire national 2004/05) © Montage Carlo Link
Wärend dem leschte Joer huet sech villes am Liewe vun eise Matmënsche geännert. Eisen Alldag leeft anescht of, d'Zesummeliewen ass verännert an ageschränkt, mir hunn aner Gewunnechten op der Aarbecht, d'Schoul an d'Veräinsliewe krut drastesch Aschränkungen operluecht. Wéi geet de Mënsch mat esou Verännerungen ëm? Wéi eng bleiwend Schied brénge Verännerunge mat sech? Wou kann de Mënsch eng Stäip fannen, fir besser duerch esou schwéier Zäiten ze kommen? Sinn dës Verännerungen och eng Chance, nei Weeër ze sichen an ze goen? Op dës an aner Froe versichen d'Intervenanten Äntwerten ze fannen. Moderatioun: Pit Bouché, Caritas a Member vum Verwaltungsrot vun der Erwuesse Bildung, (ze héieren an der Online-Versioun!) Et diskutéiere mat: Milly Hellers, Oktav-Priedegerin 2021 Marcia Dechmann, Mamm vun 3 Kanner, Infirmière Enseignante Martine Kemp, Ingénieure Paul Galles, ënnert anerem, Politiker, Member vum Verwaltungsrot vun der ErwuessenBildung Norry Schneider, Centre for Ecological Learning Luxembourg / CELL Enregistrement: Centre de formation diocésain Jean XXIII / Montage: Carlo Link Online-Versioun: Lauschtert déi ganz Gespréichsronn Video-Versioun: https://www.youtube.com/watch?v=8uPqaZTpB7Y
Am Roman "Winterreise", deen 2005 erauskoum, skizzéiert de Guy Wagner d'Liewen an d'Aarbecht vum berüümten éisträichesche Komponist a 24 Kapitelen a verbënnt se mat de 24 Lidder am "Winterreise"-Zyklus, déi de Franz Schubert ee Joer viru sengem Doud komponéiert huet. Op d'Manéier vun engem laange Bréif daucht dem Guy Wagner säi moderne sachleche Roman an dem Schubert säi bannescht Liewen an an erzielt net nëmmen iwwer dem Komponist säin ustrengend Liewen, Doud an Aarbecht, awer och mat beandrockende Biller vu Krich a Liichtegkeet zu Wien géint der Enn vum 19. Joerhonnert. De Roman gouf mam éischte Präis am Lëtzebuerger Literaturconcours ausgezeechent, de Concours littéraire national 2004/05. Eegenen Aussoen no huet de Guy Wagner vun 1996 bis 2003 recherchéiert, éier hien de Roman "Winterreise" tëschent August 2003 a Juni 2004 geschriwwen huet, deen an den Éditions PHI publizéiert gouf. Fir de fënneften Doudesdag vum Schrëftsteller, Autor a Musekskritiker Guy Wagner, an als Hommage un hien, haten d'Weebegleederinne Fabienne Hollwege, Leila Lallali, Charles Muller, Christiane Rausch, Andreas Wagner a Germain Wagner de 7. Mee eng inzenéiert Liesung am Trifolion zu Iechternach opgeféiert, aus sengem präisgekréinte Roman "Winterreise", wou d'Liewe vum Komponist Franz Schubert skizzéiert gëtt. Konzeptioun: Charles Muller, Textkompositioun: Alain Steffen Begleet gouf d'Liesung mat Wierker vum éisträichesche Komponist aus dem Zyklus "Winterreise" vun der Sabine Weyer um Piano an den Dimitri Maslennikov um Cello. Enregistrement: Technik Trifolion Ee Resumé vum Carlo Link. Déi ganz Liesung bréngt de radio 100,7 op Päischtméindeg den 23. Mee, tëschent 17:00 an 18:00 Auer. V.l.n.r.: Leila Lallali, Charles Muller, Fabienne Hollwege, Germain Wagner, Christiane Rausch, Andreas Wagner. © Pierre Weber Sabine Weyer, Piano / Dimitri Maslennikov, Cello. © Pierre Weber
"This is Fake News" - Die bewusste Verbreitung falscher Informationen ist ein historisches Phänomen, doch durch die Digitalisierung der Medien beschleunigte sich auch die Verbreitung von Falschnachrichten. Inzwischen hat sich der Begriff der Fake News für verschiedene Arten falscher Information wie Desinformation, Lügen und Propaganda etabliert. Als sogenannte Fake News kursieren nicht nur Falschmeldungen und Lügen, auch fundierte Tatsachen werden mitunter als alternative Fakten dargestellt und gezielt eingesetzt, um die Meinungsbildung zu beeinflussen. Durch die Digitalisierung der Kommunikationsmedien kommen Fake News oder ähnliche Formen verstärkt zum Einsatz und werden so zum Bestandteil des öffentlichen und politischen Diskurses. Das wirft viele Fragen im Hinblick auf die Rolle der Medien im digitalen Zeitalter auf: Wie kann zwischen Fake und Fakten unterschieden werden und eine nachhaltige Berichterstattung erfolgen? Welche Rolle kommt den Medien, insbesondere auch den Sozialen Medien, dabei zu? Inwiefern gefährden Falschnachrichten die Demokratie, die Debattenkultur und den gesellschaftlichen Zusammenhalt? Und wie kann dies durch zielgerichtete Gesetze reguliert werden ohne dabei Zensur auszuüben? Die Debatte fand im Rahmen der Themenreihe "Fake News" des Trifolion Echternach in Kooperation mit der Zeitschrift forum statt und lädt dazu ein, mit Expertinnen und Experten aus Wissenschaft und Medien über das Thema Fake News und die Rolle der Medien im digitalen Zeitalter zu diskutieren. Die Veranstaltung findet im Rahmen des World Press Freedom Day statt. Teilnehmende: Ines Kurschat (Journalistin & Generalsekretärin des Presserates) Petz Bartz (Journalist & Fotograf) Léonie de Jonge (Politologin aus Luxemburg, Universität Groningen), [Video-Ton] Misch Pautsch (Journalist) Moderation: Henning Marmulla (Redaktionsleiter der Zeitschrift forum ) Luxemburgisch | Deutsch V.l.n.r.: Misch Pautsch, Ines Kurschat, Petz Bartz, Henning Marmulla. © Gilles Kayser Enregistrement: Trifolion / Montage: Carlo Link Deepfake-Video (Barack Obama): https://www.youtube.com/watch?v=cQ54GDm1eL0 d'Suite lauschteren d'Froen / Äntwerten lauschteren
Net nëmmen an Zäite vu Covid-19 zirkuléieren ëmmer erëm bewosst Falschmeldungen oder Verschwörungstheorië virun allem a sozialen Netzwierker oder Chat-Programmen. Si wëlle Mënschen täuschen, bidden einfach Erklärungen an enger komplexer Welt a sinn zum Deel nëmme schwéier vun zouverlässegen Informatiounen ze ënnerscheeden. Firwat lafe mir alleguer Gefor, op Fake News oder Verschwörungstheorien eranzefalen? Wéi eng Auswierkungen hu se op d'Meenungsbildung an op d'Fundament vun enger Demokratie? Wéi kann een erfollegräich géint se virgoen? D'Debatt vum 22. Abrëll war am Kader vun der Serie Fake News am Trifolion zu Iechternach, a Kooperatioun mat der Zäitschrëft "forum". Participanten: Karin Weyer, Psychologin a Psychotherapeutin am Centre contre la radicalisation Judith Reicherzer, verantwortlech fir Kommunikatioun a Medienausbildung am Lycée Aline Mayrisch François Moyse, Affekot an der Stad Lëtzebuerg. Hien ass spezialiséiert op Mënscherechter, praktizéiert awer och Europäescht Recht an allgemeng Sträitfäll op alle Geriichter Anne Schaaf, fräi Kulturjournalistin heiheem an am Ausland an zukünfteg Historikerin Moderatioun: Romain Schroeder, Zentrum fir politesch Bildung Enregistrement: Trifolion. Montage an Audio-Mastering: Carlo Link V.l.n.r.: Anne Schaaf, François Moyse, Judith Reicherzer, Karin Weyer, Romain Schroeder © Trifolion d'Suite vum Debat lauschteren, wéi och d'Froen an d'Äntwerten Eng zweet Debatt, am Kader vun der Serie Fake News am Trifolion zu Iechternach vum 7. Mee, ënnert dem Titel: "Fake und Fakten - Medien im digitalen Zeitalter", bréngt de Radio 100,7 den 13. Mee op Christ Himmelfaart, tëschent 17:00 an 18:00 Auer.
Kënschtlech Intelligenz, kuerz K.I., bréngt Leeschtungen, déi fir eis Mënsche schwéier nozevollzéie sinn. Dausende vun Date kënnen a ganz kuerzer Zäit generéiert a verschafft ginn. D'Gesellschaft profitéiert vun de bedeitende Fortschrëtter an der Wëssenschaft an der Technologie. Mee kann de Mënsch nach ëmmer als Auteur vun der iwwermëttelten Informatiounen ugesi ginn? Si mir nëmme Konsumente gi vu Produkter vun der Dateveraarbechtung? Wéi eng Léisungen huet dat technologescht 21. Joerhonnert fir de Schutz vu perséinlechen Donnéeën? Potentiell Risikofacteuren, déi mat den neien Technologien associéiert sinn, wéi autonom Autoen oder Smart Haiser, stinn och zur Diskussioun. E Gespréich vum 25. Februar an der Nationalbibliothéik, mam Prof. Dr. Christoph Schommer, Fuerscher an de Beräicher Kënschtlech Intelligenz, Uni Lëtzebuerg, Machine Learning, Erkenntnesgewënn an Data Science. Moderatioun: Dr. Nora Schleich, Konzeptgestalltung a Projektmanagement. Am Kader vum Konferenzzyklus vu Les Rendez-vous de l'UNESCO: Mankind and Media. Rethinking the Roles in the Age of Information. Enregistrement: Technik-BNL / Montage an Audio-Mastering: Carlo Link d'Suite vun dem Gespréich lauschteren, Froen/Äntweren Prof. Christoph Schommer, Uni Lëtzebuerg - Dr. Nora Schleich, Konzeptgestalltung a Projektmanagement © BNL
Net nëmmen an Zäite vu Covid-19 zirkuléieren ëmmer erëm bewosst Falschmeldungen oder Verschwörungstheorië virun allem a sozialen Netzwierker oder Chat-Programmen. Si wëlle Mënschen täuschen, bidden einfach Erklärungen an enger komplexer Welt a sinn zum Deel nëmme schwéier vun zouverlässegen Informatiounen ze ënnerscheeden. Firwat lafe mir alleguer Gefor, op Fake News oder Verschwörungstheorien eranzefalen? Wéi eng Auswierkungen hu se op d'Meenungsbildung an op d'Fundament vun enger Demokratie? Wéi kann een erfollegräich géint se virgoen? D'Debatt vum 22. Abrëll war am Kader vun der Serie Fake News am Trifolion Iechternach a Kooperatioun mat der lëtzebuergescher Zäitschrëft forum. Participanten an der Reiefolleg, wéi si am Ufank zu Wuert kommen : - François Moyse, Affekot an der Stad Lëtzebuerg. Hien ass spezialiséiert op Mënscherechter, praktizéiert awer och europäescht Recht an allgemeng Sträitfäll op alle Geriichter - Karin Weyer, Psychologin a Psychotherapeutin am Centre contre la radicalisation - Anne Schaaf, fräi Kulturjournalistin heiheem an am Ausland an zukünfteg Historikerin - Judith Reicherzer, verantwortlech fir Kommunikatioun a Medienausbildung am Lycée Aline Mayrisch Moderatioun: Romain Schroeder, Zentrum fir politesch Bildung Resumé vun der Debatt vum 22. Abrëll. Enregistrement: Trifolion / Montage an Audio-Mastering: Carlo Link Déi komplett Debatt bréngt de Radio 100,7 - den 9. Mee tëschent 17:00 an 18:00 Auer ! https://trifolion.lu/de/programm/event-categories/fake-news.html
D'Virträg am Konferenzzyklus iwwer d'Kulturgeschicht vun de 50er Jore bis haut hu virun allem zwee Aspekter siichtbar gemaach: éischtens hu se de Räichtum an d'Polyvalenz vun der Kultur zu Lëtzebuerg ervirgehuewen an zweetens hu se op déi strukturell Problemer, deenen d'Kultur a Bezuch op déi gesellschaftlech an institutionell Unerkennung ausgesat ass, higewisen. An dësem Ofschlossvirtrag ginn déi verschidde Positiounen an Argumenter zesummegeféiert fir uschléissend iwwer déi gesellschaftlech Relevanz vun der Kulturgeschicht ze reflektéieren. Och d'Roll souwéi d'Situatioun vun der Kultur a Krisenzäite wéi der aktueller Pandemie ginn hei beliicht. Méi wéi Paschtéitchen an Iechternacher Sprangpressessioun, Ofschlossvirtrag den 8. Mäerz, am Kader vum Konferenzzyklus "Kulturgeschicht Lëtzbuerg - vun den 1950er Jore bis haut", am CAPE zu Ettelbréck mat der Literaturwëssenschaftlerin Dr. E. Jeanne Glesener, Associate professor Uni Lëtzebuerg. Organiséiert an Zesummenaarbecht mam Institut fir Lëtzebuerger Sprooch- a Literaturwëssenschaft an der Fuerschungsunitéit IPSE vun der Uni Lëtzebuerg. Enregistrement a Montage: Carlo Link Informatiounsmaterial zum Virtrag Suite a Schluss vum Virtrag lauschteren Dr. Jeanne E. Glesener @ Carlo Link
Lëtzebuerg ass keng "kulturell" Insel, mee wat fir een Impakt haten d'Antibabypëll an d'Fraebeweegung op Virstellunge vu Weiblechkeet a Männlechkeet zu Lëtzebuerg? Wéi kann een dat iwwerhaapt moossen oder ënnersichen? An dësem Virtrag diskutéiere mir, wéi a firwat d'Verhältnesser tëschent de Geschlechter sech an de leschte Joerzéngte verännert hunn. Doru gekoppelt ass d'Fro nom Afloss vu biologesche Virstellungen op sozial Realitéiten. Geschlechterverhältnesser zu Lëtzebuerg zanter den 1960er Joren: e Virtrag de 25. Januar am Kader vum Konferenzzyklus am CAPE zu Ettelbréck: "Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun den 1950er Jore bis haut", mat der Historikerin Dr. Sonja Kmec, Associate professor Uni Lëtzebuerg. Organiséiert an Zesummenaarbecht mam Institut fir Lëtzebuerger Sprooch- a Literaturwëssenschaft an der Fuerschungsunitéit IPSE vun der Uni Lëtzebuerg. Den Ofschlossvirtrag vun der Dr. Jeanne Glesener, mat engem Resumé vun den eenzele Beiträg, brénge mir muer op Ouschterméindeg tëschent 17:00 an 18:00 Auer. Enregistrement a Montage: Carlo Link Informatiounsmaterial zum Virtrag Sonja Kmec © Carlo Link
Oui, "qu'est-ce qu'une nation?". On reprend ici la question posée au XIXe siècle par Ernest Renan en se plaçant dans une perspective résolument planétaire; une autre manière de faire de l'histoire globale. Car rien n'y fait: de la révolution d'Octobre à la pandémie de 2020, la nation, qu'on disait moribonde ou - pire - dépassée, est plus vivante que jamais. On ne compte plus, à la surface de la terre, les mouvements de "libération nationale", de l'Ecosse à la Catalogne, de la Palestine au Kurdistan. Sans la nation comme clé d'interprétation, l'histoire du monde depuis trois siècles serait incompréhensible. Sans elle, l'irréductibilité de la Norvège ou de la Suisse, du Brésil ou de l'Afrique du Sud resterait opaque. Sans elle, le destin des puissances d'aujourd'hui, des Etats-Unis à la Chine, de l'Inde au Japon, devient illisible. Il n'y a rien de plus mondial que le national. On la disait imaginée, voire imaginaire: elle est construite, assurément, mais ni plus ni moins que l' "international", le "monde" ou l' "humanité", toutes ces fictions utiles grâce auxquelles - et à cause desquelles - les individus et les sociétés vivent et meurent. Quant à son imaginaire, il touche à l'essentiel, puisqu'il est celui d'une rencontre entre l'identité et la souveraineté: un peuple y devient le Peuple. Voilà pourquoi on a beau "déconstruire" la nation tous les matins, elle se reconstruit tous les soirs. Cette résistibilité aux vieilles prophéties religieuses ou laïques, libérales ou marxistes, méritait l'attention. Méritait un livre." (Pascal Ory) L'historien français Pascal Ory parle avec l'historien luxembourgeois Vincent Artuso sur son oeuvre la plus récente "Qu'est-ce qu'une nation?", parue en 2020 (Bibliothèques des histoires, Gallimard). Entretien du 9 mars 2021 organisé par l'Institut Pierre Werner (IPW) en coopération avec la Fondation CANDIDA (sous l'égide de la Fondation de Luxembourg). Enregistrement: IPW / Montage et mastering: Carlo Link, radio 100,7: Écoutez l'entretien en entier Pascal Ory est professeur émérite à l'Université Paris 1. Il interroge la nation depuis quarante ans, au travers de plusieurs ouvrages: "La France allemande" (1977); "Une nation pour mémoire: Trois jubilés révolutionnaires, 1889-1939-1989 " (1992); "Du fascisme" (2003); "Dictionnaire des étrangers qui ont fait la France" (2013); "Peuple souverain" (2017). Pascal Ory a été élu le 4 mars 2021 à l'Académie française au fauteuil n°32, il succède à l'écrivain et réalisateur franco-belge François Weyergans décédé en 2019. Vincent Artuso est un historien luxembourgeois. Il met l'accent de sa recherche entre autres sur l'histoire du Luxembourg sous l'occupation nazie entre 1940 et 1945. Vincent Artuso et Pascal Ory © IPW
Wat ënnerscheet d'Lëtzebuerger Pressefotografie? Wat sinn d'Erausfuerderungen am Hibléck op d'Mediekris? Wat heescht d'Bildintegritéit am digitalen Zäitalter? Et diskutéieren, fir de Finissage vun der World Press Photo 2020 Exhibition, Christian Aschman, fräie Fotograf, Sven Becker, Fotograf am Lëtzebuerger Land, Jessica Theis, fräi Fotografin a Guy Wolff, fräie Fotograf, Ex-Luxemburger Wort, iwwer déi professionell Presse-Fotografie hei am Land. Moderatioun: Josée Hansen, Kulturjournalistin a fréier Chefredaktesch vum d'Lëtzebuerger Land, déi selwer Fotoe fir hir "Trash Picture Company" mécht. Presentatioun: Ainhoa Achutegui, Direktesch vum CCR Neimënster Enregistrement: Neimënster / Montage an Audio-Mastering: Carlo Link Audio-Enregistrement: Table ronde lauschteren Video vun der Table ronde vum 20. Februar 2021 (Ufank bei 05:08):
© Claude Welter, Fotoen (BNL) / Carlo Link, Montage (100,7) Am 21. Joerhonnert ass d'Tourismusbranche mat groussen Erausfuerderunge konfrontéiert. Net nëmmen déi aktuell Covid-19-Kris, mee och d'Diskussiounen iwwer de Klimawandel geheien d'Vakanzen, wéi ee se zanter Jore kennt, op d'Kopp: Fortbeweegungsmëttel wéi de Fliger an d'Schëff gi staark kritiséiert a sinn ëmmer méi ëmstridden. Och vum Massentourismus probéiert sech deen, deen hautdesdaags reest, ze distanzéieren. Individuell, oder op d'Mooss gemaachte Reese sinn am Trend, dat ass eppes, wat een net ignoréiere kann. D'Leit hunn den Drang, eng Aventure ze erliewen, wëllen nei Saachen ausprobéieren an hu Loscht, Plazen ze entdecken, déi virdrun nëmme wéineg Opmierksamkeet kruten. Sief et fëschen an Alaska oder mat enger tibetanescher Famill an hirem traditionellen Doheem wunnen. Mee wat bedeit all dëst fir den Tourismus vun der Zukunft? Wéi kann en nohaltegen Tourismus ausgesinn a wat bréngen dës Entwécklunge mat sech fir Lëtzebuerg als Vakanzendestinatioun? Eng Table Ronde, opgeholl de 4. Februar an der Nationalbibliothéik (BNL), mat dem Minister fir Tourismus Lex Delles, de Jorge Valente, Co-Editeur vum Reesmagasinn Diaries of, d'Françoise Bonert, Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, Projet LEADER an den Alain Krier vu Luxembourg for Tourism. D'Moderatioun: Nathalie Bender. Enregistrement a Montage: Carlo Link | Technik: BNL Integral Table Ronde: Nohaltegen Tourismus: Méi wéi eng Alternativ? © Claude Welter, Nationalbibliothéik (BNL) Luci (Inspiring Travel Stories from Luxembourg) BNL, Nationalbibliothéik - Reesinspiratiounen Reesmagasinn Diaries of (Inspiratiounen)
Ass d'Zesummeliewen tëscht Mënschen a Wëllef, am dicht besidelen Europa, méiglech? Den Dr. Laurent Schley schwätzt a sengem Virtrag, am Trifolion, iwwer déi phänomenal Verbreedung vum Wollef an Europa an de leschten 30 Joer a beliicht déi ganz interessant Biologie an Ökologie vun dëser bekannter Déierenaart. De Retour vum Wollef an den Ardennen an domat och zu Lëtzebuerg gëtt am Detail diskutéiert. Souwuel d'Konflikter mat eis Mënsche ginn diskutéiert, wéi och positiv Aspekter vun dëser Spezies fir eis Natur. D'Gesamtanalyse soll d'Fro beäntweren, ob Zesummeliewen tëscht Mënschen a Wëllef am dicht besidelen Europa méiglech ass, wa jo, ënner wéi enge Konditiounen. Aner Intervenanten sinn: Günther Czerkus, Spriecher a President vun dem "Bundesverbandes Berufsschäfer e.V., Vereinsregister Wittlich" a Winfried von Loë, Lëtzebuerger Privatbësch. Den Dr. Laurent Schley ass Biolog an Sous-Direkter vun der Lëtzebuerger Naturverwaltung. Hien ass och Fuerscher am Nationalmusée fir Naturgeschicht a Sekretär vun der European Mammal Foundation. 2017 huet hien zesumme mat 17 aneren Auteuren den Handlungs- a Managementsplang fir mam Wollef zu Lëtzebuerg publizéiert. Am selwechte Joer gouf hien als Member vun der "Large Carnivore Initiative for Europe" ernannt, eng Expertegrupp am Kader vun der "Species Survival Commission (SSC) vun der International Union for Conservation of Nature (IUCN)", der Aarteschutzkommissioun vun der Weltnaturschutzunioun. Enregistrement vum 25. Januar 2021: Technik-Trifolion. Resumé-Montage: Carlo Link. Moderatioun: Nathalie Reuter, Journalistin. Integral Konferenz: Koexistenz Mënsch-Wollef 1. DEEL Integral Diskussioun: Koexistenz Mënsch-Wollef 2. DEEL Dr. Laurent Schley, Nathalie Reuter (Moderatioun), Günther Czerkus, Winfried von Loë, © Trifolion Resumé: