POPULARITY
Wësst Dir, wéi vill Wierder mir esou an engem Dag ausschwätzen? A stëmmt et wierklech, datt d'Frae méi ze soen hunn, wéi d'Männer? An ass et richteg, wann an der Bibel steet: Am Ufank war d'Wuert? A wou kënnt d'Wuert "Wuert" iwwerhaapt hier? Dëst a villes méi verréit de Jean Portante a senger neier Rubrik: "D'Wuert vun der Woch", déi hien elo all Mëttwoch an eiser Emissioun Kultur um 5 presentéiert.
Zanter Joren schonn fiert den Här Schroeder an Afrika fir virun allem de Kanner do ze hëllefen. Am Ufank sinn se zu e puer Kollegen mat enger Camionnette dorower gefuer an hunn dobäi esou Munches erlieft. Esou goufen déi Fräiwëlleg zum Beispill 4 Deeg an engem Camp an der Wüst vu Mauretanien fest gehalen, well se zwou Këschten roude Wäin dobäi haten. D'Liewen an Afrika ass net einfach, d'Leit awer immens gaaschtfrëndlech. Esou zitt et de President vun der Asbl 'Hand an Hand fir Afrika' ëmmer nees dohinner, an dat obwuel en scho Malaria mat 42,7 Grad Féiwer hat. Seng grouss Freed ass d'Liichten an den Aen vun0 de Kanner wa se neit Schoulmaterial a Spillsaache kréien.

Och Hollywood huet mol eng Kéier ganz kleng ugefaang. Am Ufank hu just e puer 100 Leit do gewunnt. Wéi d'Stad vun de Millionären grouss ginn ass, dat zielt eis haut de Pit Biver aus eben där Stad a Kalifornien.

De Radio 100,7 hat dëse Mount d'Geleeënheet, ee Gespréich mat eisem Schrëftsteller vum Mount ze féieren. Am Ufank een distinguéierten Evolutiounsbiolog, huet sech dem Richard Dawkins seng Carrière schnell an d'Richtung vun der Wëssenschaftspopulariséierung beweegt. Virun allem säi Buch "The Selfish Gene" war destinéiert, di philosophesch Implicatioune vun der Evolutiounsbiologie an der Genetik anzefänken an duerzestellen. Spéider huet hien sech als Verfechter vum Atheismus verstanen, a sëch dogéint gewiert, dass reliéis Virstellungen oft zu Ongonschte vun der Rationalitéit ee Monopol op d'Moral beusprochen. Am Gespréich setzt de Richard Dawkins eiser momentan kulturpessimistescher Stëmmung ee radikaalt Bild vu moraleschem Fortschrëtt entgéint, deen an der Geschicht festgeschriwwen ass, mee heiansdo op Ierweer geréit: hie verweist hei op di besser Aspekter vun eiser Natur. Deene ville Virwërf vu Sozialdarwinismus, déi un hien adresséiert goufen mee déi hien ni op sech sëtze gelooss huet, begéint hie mat Mënschlechkeet; a mat der Warnung, dass natierlech Selektioun kee Virbild fir eis sozial Organisatioun soll duerstellen. De Kampf géint reliéis an ideologesch Iwwerzeegungen, Elementer déi senger Meenung no d'Gesellschaft splécken éischter wéi zesummebréngen, féiert hie mat engem Kannerbuch weider, dat sekular Educatioun erëm zeréck an de Mëttelpunkt setze soll.
Am Ufank hunn d'Leit nach fonnt, Industriekamäiner hätten näischt op de Fotoe mat idyllesche Lëtzebuerger Landschafte verluer. Mä lues a lues ass d'Schmelz zu engem Symbol fir d'Lëtzbuerger Reussite ginn. De Frederik Herman an d'Ira Plein vun der Uni Lëtzebuerg, déi sech mam Konzept vum "Cultural Learning" beschäftegen, hunn déi didaktesch Roll vun de Fotoe an der deemoleger Gesellschaft analyséiert. D'Renée Wagener ënnerhält sech mat hinnen.