POPULARITY
D'Wieder weess alt nees net wierklech, wat et wëllt, mee d'Konscht awer. An dowéinst invitéiert d'Ekipp vum Neimënster dëse Sonndeg op hiren neie Festival L'embellie. Do geet et net einfach just ëm Opklärung oder Verbesserung, nee: do sollt Dir Geleeënheet kréien, d'Kreatioun vu muer ze entdecken, Konscht bei där alles méiglech ass, respektiv gëtt. Hanner quasi all Neimënster-Dier erwaarden Iech den 1. Juni Musiker:innen, bildend Kënschtler:inne, Dänzer:innen, an anerer. Déi meescht vun hinne waren oder sinn an enger Kënschtler:inne-Residenz an der fréierer Abtei a Prisong. Esou zum Beispill d'Clio Van Aerde. D'Kerstin Thalau huet d'Performerin a Bünebildnerin am Gronn besicht.
Wéi kann een d'Architektur prett fir d'Zukunft maachen? A liwwert se nei Léisungsusätz fir den aktuellen a globale Problemer, wéi zum Beispill dem Klimawandel entgéint ze wierken? Dëst sinn déi zentral Froen, op déi d'Organisateure vun der Venedeger Architektur-Biennale wëllen opmierksam maachen. Ee Virsaz dee geléngt? De Joé Birchen war fir eis op der Plaz, an huet Andréck an Highlights vun der Expo matbruecht.
Zu Lëtzebuerg ass EMOP: also European Month of Photography. A vu datt et déi 10. Editioun ass, hunn déi Lëtzebuerger Initiateure vun der Café Crème ASBL decidéiert, se ënner de Motto “Rethinking Photography” ze stellen. Op emoplux.lu gëtt ee gewuer, datt déi meescht Expoen tëschent dem 13. a 16. Mee opginn, dee Moment och en etlech international Fotografen am Land sinn, mee och momentan kënnt Dir schonn eng ganz Rei interessant fotografesch Decouvertë maachen. Esou zum Beispill am Nationalmusée um Fëschmaart
Zu Lëtzebuerg ass EMOP: also European Month of Photography. A vu datt et déi 10. Editioun ass, hunn déi Lëtzebuerger Initiateure vun der Café Crème ASBL decidéiert, se ënner de Motto “Rethinking Photography” ze stellen. Op emoplux.lu gëtt ee gewuer, datt déi meescht Expoen tëschent dem 13. a 16. Mee opginn, dee Moment och en etlech international Fotografen am Land sinn, mee och momentan kënnt Dir schonn eng ganz Rei interessant fotografesch Decouvertë maachen. Esou zum Beispill am Nationalmusée um Fëschmaart
Bei der Klimabeweegung denkt een*t vläicht als éischt u jonk Leit, déi Freides op d’Strooss ginn oder sech op d’Strooss pecht. Zu Lëtzebuerg waren dës zwou Aktiounsformen zwar ni immens staark, mä trotzdeem dominéieren esou Biller den ëffentlechen Discours. Mä et ginn och ganz aner Klimaaktivist*innen, déi och mat anere Methode schaffen. Esou zum Beispill d’Klimasenior*innen, ëm déi et dës Woch am Podcast geet. Engersäits ginn et d’Klimaseniorinnen aus der Schwäiz, déi eng grouss Victoire zu Stroossbuerg virum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter errongen hunn. Wat dat Urteel bedeit a wat d’Schwäiz elo maache muss, erkläert d’María Elorza am Podcast. Si schwätzt och doriwwer, wat deen nach klenge Grupp vu Lëtzebuerger Klima-Senior*innen esou wëlles huet. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Klimaklagen: Sie zeigen den WegThe post Wéi Senior*innen sech an d'Klimabeweegung abréngen first appeared on Radio ARA.
Am nationale Basket kréien d'Clibb dacks virgehäit, si hätte keng Gedold mat hire Profien. Den Auslännerkarussell géif ze séier dréien, an dat wier alles anescht wéi eng Reklamm fir de Lëtzebuerger Basket. Datt et awer net ëmmer un de Clibb läit, beweist de Guy Seyler am Rebound vun haut um Beispill vum BBC US Hiefenech.
Dir kennt Vangelis? Wéi wier et dann elo mat Vargelis: deen éischten hat musikalesch fir Feier gesuergt, den Nicholas Vargelis réckelt Situatiounen an dat richtegt Feier, besser: Liicht. Momentan zum Beispill duerch seng Luucht-Installatioune bei der Expo “Boogie” am Casino an der Ënneschtgaass. Konscht ouni Faarf a Pinsel, mee quasi just mam Schäi vun ale Luuchtenampullen? An dat en plus an enger Expo, déi als rhythmescht Experiment geduecht an deemno ni d'selwecht ass? D'Kerstin Thalau huet d'Boogie-Curatrice Stilbé Schroeder an de Studio invitéiert, fir Liicht an d'Däischtert ze bréngen.
“Eng optimal Balance tëschent Beruff a Privatliewen ass net nëmme fir déi mental Gesondheet, mee och fir eng laangfristeg Produktivitéit vu Bedeitung, dowéinst muss een tëschent béide kloer Grenzen zéien!” fuerdere Guiden a fette schwaarze Buschtawen. Do kënne verschidde Kënschtler:inne warscheinlech just de Kapp rëselen: wéi soll dat an hirem Alldag méiglech sinn? D'Fotokënschtlerin Néckel Scholtus trennt net an doriwwer eraus ass hir Famill och reegelméisseg Bestanddeel vun hirer Konscht. Momentan zum Beispill bei der Expo “Entre réel et impalpable” am CAPE zu Ettelbréck. D'Kerstin Thalau huet d'Néckel Scholtus an de Studio invitéiert.
Et gi vill Virdeeler iwwert Roma, an zu Lëtzebuerg sinn dës besonnesch staark, wéi déi rezent Diskussiounen iwwert Heescheverbuet gewisen hunn. De Fabien Grasser huet fir d’woxx mat zwou Associatiounen, déi sech d’Roma zu Lëtzebuerg an an der Grenzregioun asetzen, geschwat. Hien erkläert am Podcast, wat Problemer a Virurteeler sinn a wat fir Widderstänn et an der Lëtzebuerger Politik gëtt, zum Beispill géint eng aire de transit. Mir schwätzen awer och doriwwer, wat eng Roma-Associatioun um Festival des Migrations mécht a wat d’Besicher*innen vun hirem Stand erwaart. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Roms du Luxembourg : l'État aux abonnés absents. Besicht och d’woxx op eisem Stand um Festival des Migrations (Stand Nummer 128).The post D'Situatioun vun de Roma zu Lëtzebuerg first appeared on Radio ARA.
Vum 6. bis 16. Mäerz ass de Luxembourg City Filmfestival. Traditionell bedeelegen sech och eng Rei Kulturinstitutiounen, mat eegenem Programm, um Fest. Esou zum Beispill de Cercle Cité, wou Dir elo schonn zwou immersiv a partizipativ Installatiounen entdecke kënnt: dorënner "Ceci est mon coeur" vun de Gebridder Blies, Realisateure vu Moulhouse a Matgrënner vun der experimenteller Filmproduktiounsfirma a_Bahn, déi hire Sëtz zu Lëtzebuerg huet. D'Kerstin Thalau an d'Sté Bisenius hu sech op "Ceci est mon coeur" agelooss, wëllen hir Impressioune mat Iech an den zwee Kreateuren deelen an hunn also den Nicolas Blies an de Stéphane Hueber-Blies an de Studio invitéiert.
Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Sartre ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Vidéo! 00:30 – Biographie 02:35 – Textanalyse 08:20 – Beispill vum Handy 10:29 - Prüfungsfroen 13:53 - Fro 1: Wëlle mer wierklech fräi sinn? 16:02 - Fro 2: Ass de Staat Frënd oder Feind vu menger Fräiheet?
Mëttlerweil ginn et eng ganz Partie Muséeën, déi sech fir d'Entwécklung vu “Computerart” interesséieren, respektiv Konschtwierker aus deem Beräich sammelen. Allerdéngs geet et dobäi meeschtens ëm Aarbechten, déi no 1990, an also no der Aféierung vum Internet entstane sinn. Bis den 2. Februar proposéiert de Mudam, sech emol mat de Joren 1960 bis 1991 ze beschäftegen, deemno souzesoe mat analoger Computerkonscht. “Radical Software: Women, Art & Computing 1960-19191” ass déi aktuell Expo iwwerschriwwen. D'Kerstin Thalau hat Geleeënheet, verschidde Computerkënschtlerinne kennen ze léieren: zum Beispill d'Amerikanerin Rebecca Allen an d'Belsch Anne-Mie Van Kerckhoven.
Zanter gutt 15 Joer belount de Pictet Group reegelméisseg ee besonnesche Foto-Projet mam Prix Pictet, an deemno mat 100'000 Schwäizer Frangen. De Präis ass un e Sujet am Beräich vun der nohalteger Entwécklung gekoppelt, déi Kéier ass e mat “Human” iwwerschriwwen. 300 international Foto-Spezialist:innen haten Aarbechte vun enger Hellewull Fotograf:inne proposéiert, e Jury huet néng Finalisten nominéiert, deenen hier Fotoen, no London, San Diego, Shanghai a München, bis dëse Sonnden inclus am Stater Cercle Cité ze gesi sinn. Déi indesch Laureatin vum aktuelle Prix Pictet, d'Gauri Gill, déi sech mat der ländlecher Populatioun an der indescher Peripherie beschäftegt, konnt leider net op Lëtzebuerg kommen, dofir war awer zum Beispill de Pol Michał Łuczak am Cercle Cité, an d'Kerstin Thalau hat d'Geleeënheet, him e puer Froen ze stellen.
Um Enn vum Joer wëlle mir gären nach emol u Perséinlechkeeten erënneren, déi eis ënnerwee verlooss hunn. Esou zum Beispill d'Germaine Hoffmann: mat 94 Joer am Juli 2024. D'Germaine Hoffmann, Joergang 1930, koum aus enger bekannter lëtzebuergescher Kënschtlerfamill: hire Mann war de Schrëftsteller Leopold Hoffmann, hire Fils Frank huet sech am Theater en Numm gemaach, de Schauspiller André Jung ass hiren Eedem. Datt d'Germaine Hoffmann déi lescht 50 Joer selwer och Konscht gemaach huet, an zwar haaptsächlech interessant Collagen, war just engem klengere Krees bewosst. Bis dunn hir Enkelin, déi plastesch Kënschtlerin Sophie Jung, hir am Hierscht viru 4 Joer, eng Aart Retrospektiv am Casino organiséiert huet. D'Kerstin Thalau hat 2020 Geleeënheet, sech an deem Kontext mat der Germaine Hoffmann ze ënnerhalen.
Insekten, déi wéi geckeg ronderëm Luuchten zierkelen, ginn net méi belächelt: déi vum Mënsch verursaacht Liichtpollutioun an hir tragesch Konsequenze fir Fauna a Flora si bekannt, en Ëmdenke wier néideg. Duerch Recherchen ass d'Multimedia-Kënschtlerin Nika Schmitt dorop gestouss, datt Matten, zum Beispill, net mam Kapp no vir a Richtung Liichtquell ënnerwee sinn, mee deem hellste Punkt de Réck dréien. Op Basis vun dësem Constat huet si eng mechanesch Konschtinstallatioun fir d'Cecil's Box kreéiert, also fir d'Ausstellungsvitrinn baussent dem Cercle Cité. D'Kerstin Thalau ass vun der Nika Schmitt méi iwwer hir Aarbecht “Moth” gewuer ginn.
Mir froen d'Justizministesch, wéi konkret ugefaange gëtt um Projet vun enger neie Cité judiciaire ze schaffen a wéi si den Transport vun Detenuen tëschent dem Prisong an dem Geriicht, zum Beispill, reforméiere wëllt.
E Bilan no engem Joer schwaarz-bloer Koalitioun, e Beispill vun engem schlecht geféierte Betrib an eng ëmstridde Reform vum Naturschutzgesetz: eis Theemen an der Presserevue
Et war e groussen Dag fir de Saxophon a fir Saxophonistinnen a Saxophonisten: Jonk an Al, Amateur a Professionell - all waren se wëllkomm fir zu bal 200 dee gréisste Saxophonsorchester zu Lëtzebuerg ze forméieren. Dat bréngt organisatoresch an natierlech och artistesch Erausfuerderunge mat sech: Arrangementer mussen adaptéiert ginn, et brauch een och Memberen déi zum Beispill um Tubax, engem Kontrabass-Saxophon kënne spillen, an da gouf dee komplette Repertoire just um Dag vum Concert zesumme geprouft. Wéi all dës Erausfuerderunge schlussendlech zum éischten Erfolleg vum 'Mega Saxophonsorchester' gefouert hunn, verroden d'Nadine Kauffman, den Andreas Mader an den Hy-Khang Dang am Gespréich mam Christophe Mirkes.
Zu Lëtzebuerg gëtt et eng staark Segregatioun am Schoulsystem. Schüler*innen, déi doheem net Lëtzebuergesch schwätzen oder déi aus engem schwaache sozioekonomeschen Haushalt kommen, lande vill manner dacks am Classique wéi zum Beispill lëtzebuergesch Schüler*innen mat räichen Elteren. D’María Elorza Saralegui huet sech fir d’woxx ugekuckt, wat d’Ursaache vun deenen Ënnerscheeder si kéinten. Fest steet, datt d’Orientéierung am sechste Schouljoer wuel vir vill Leit dee wichtegste Moment an hirem Liewen ass, deen hir spéider berufflech Zukunft scho festleet. Dofir schwätze mir am Podcast och vill doriwwer, wéi sech déi Orientéierung an deene leschte Jore verännert huet, mä awer och doriwwer, wisou keen iwwert eng grouss Reform mat engem verlängerten Tronc Commun schwätzt. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Ungleichheiten im Bildungswesen: Die BlackboxThe post Wisou si bal just lëtzebuergesch Kanner am Classique? first appeared on Radio ARA.
Zanter e Mëttwoch ass kloer: De Wollef soll deemnächst an der EU manner streng geschützt sinn. Argumentéiert ginn ass dee Schratt mat Problemer, déi d’Déier soll verursaachen, zum Beispill duerch Schof, déi gerass ginn. Och Lëtzebuerg huet sech fir ee manner strenge Schutz ausgeschwat. Domadder huet d’Regierung eng 180-Grad-Dréiung higeluecht, ouni déi awer genee ze erklären. Am Podcast schwätzen d’María Elorza Saralegui an de Joël Adami iwwert de Wollef, seng Situatioun zu Lëtzebuerg an an der EU, an iwwert Fro, wéi ee Management vum Wollef kann ausgesinn. Dozou gehéieren eventuell och Ieselen – wat et mat deenen op sech huet, gitt dir natierlech och am Podcast gewuer. All d’woxx-Artikelen zum Thema Wollef fannt dir ënnert dësem LinkThe post D'EU an de béise Wollef first appeared on Radio ARA.
Wann eng Band eng kloer Visioun huet, vun där Musek, déi si maachen a wëlle maachen, da schéngt dat ëmmer duerch. Et kann een et zum Beispill un enger konsequenter Diskographie erkennen. D'Tindersticks, de Quintett vun Nottingham, deen 1991 mat der EP “Old Horse” hiren Debut erausbruecht huet, hunn definitiv e roude Fuedem an hirem Schafen. Zanter hirem éischten Debut 1993 hu si ouni midd ze ginn hir Musek weiderentwéckelt a verfeinert. 31 Joer méi spéit si si bei hirem 14. Studioalbum ukomm, d'Plack “Soft Tissue“, erauskomm virun 11 Deeg. An nach un enger anerer Saach weist sech, datt eng Band mengt, wat si mécht: datt et iwwer d'Joren ëmmer méi schwéier gëtt, si an e Genre-Tirang ze quëtschen. D'Tindersticks kléngen ëmmer no sech selwer, a keng aner Band kléngt wéi si. “Soft Tissue“ vun Tindersticks ass eraus op City Slang, de Marc Clement hëlt mat duerch den Album.
Tëschent dem Freideg, 27. September, a Sonndeg, 6. Oktober si queesch duerch Lëtzebuerg déi traditionell Journées du patrimoine. Esou invitéiert de Spektrum zu Rëmeleng zum Beispill op de Projet “Minett Metabolisms”, also op eng Zort Porte ouverte mat enger Hellewull Aktivitéite fir all Alter. De Spektrum versicht, sech als Zentrum fir multimedial an digital Konscht en Numm ze maachen, als Uert fir Kënschtlerresidenze plus Hotel; dat Ganzt mat Bezuch zum Passé: schliisslech war dës Plaz fréier als Hames-Haus bekannt. De Kënschtler a Sculpteur Albert Hames hat do och säin Atelier. Zanter sengem Doud 1989 vollgepaakt mat Skulpturen a Studien, mat sengem Aarbechtsgeschier. D'Konschtrestauratrice Laura Di Mola gouf domat beoptraagt, dëse Schatz en valeur ze setzen. D'Kerstin Thalau huet si kennegeléiert.
Dee lëtzebuergesch-däitsche Kënschtlerduo M+M huet sech hei am Land mëttlerweil en Numm gemaach; eventuell well si, mat hirer Konscht, anescht wéi hir Homonymmen, net fir Karies, mee fir konstruktiv Gedankenustéiss suergen. Esou zum Beispill am Casino, virun 10 Joer, mat hirer komplexer Videoinstallatioun “7 Tage”, déi en Acteur a banalen, mee an engems kontradiktoresche Situatioune weist. De Marc Weis an de Martin De Mattia, déi zu München liewen a schaffen, beschäftege sech multimedial mat der Dekonstruktioun vun Identitéiten, Netzwierker, Architekturen, enger zäitlecher Linearitéit. Nach bis e Sonndeg inclus kënnt Dir am Casino an der Ënneschtgaass eng aner M+M-Facett entdecken: hir kuratoresch Aarbecht.
Do wou si untrëtt kann ee mat engem Succès rechnen: esou liesen sech jiddefalls d'Walresultater vun der Liz Braz. Déi jonk Politikerin vun Esch huet d'lescht Joer aus dem Stand fir d'LSAP ee Mandat bei de Gemengewale kritt an e puer Méint méi spéit och eent an der Chamber. Bei den Europawale virun zwou Woche gouf si Zweet op der LSAP-Lëscht virun engem Mars di Bartolomeo, zum Beispill. Wéi mécht si dat, a wat mécht si domat? Dat freet d'Christiane Kleer d'Liz Braz.
Um Europawale-Weekend maachen 2 vun eise Muséeën hir Dieren op a feieren Europa mat enger Hellewull ganz ënnerschiddlechen Aktivitéiten: am Nationalmusée um Fëschmaart ass Porte ouverte, dëst am Kontext vu 50 Joer Oeilleterevolutioun a Portugal; d'Ekipp vum Lëtzebuerg City Museum - kann ee soen - rappt hir Dieren op a geet eraus: hiren drëtten urban history festival fënnt an de Stroosse vu Bouneweg statt. Do proposéiert de Konschthistoriker Hans Fellner, zum Beispill, seng “urban walks”, de Samschdeg an de Sonndeg tëschent 10 an 13 Auer. Point de depart ass bei der Entrée vun de Rotonden. D'Kerstin Thalau an de Joé Birchen hunn den Hans Fellner bei enger “Walk”-Prouf begleet.
“In München steht ein Hofbräuhaus”: dat ass bekannt, an zwar net just duerch den Titel vun der Spider Murphy Gang. Münchener Awunner an Touriste solle sech awer net just fir déi historesch Architektur - plus Inhalt - interesséieren, mee och fir zukünfteg Bauten. Um fréiere Pfanni-Industrieareal, zum Beispill, ginn zanter knapps 30 Joer d'Broochen als Nightlife- a Kulturareal genotzt. Bis 2003 ënnert dem Numm Kunstpark Ost; aktuell entsteet do d'Werksviertel, mat och neie Gebailechkeeten, wéi d'Konzerthaus München. Dofir gëtt elo scho mobil gemaach: mat engem Riserad, awer och mat engem méi nodenklechen a meditative Projet, der dagdeeglecher Performance “Piano vertical” vum Genfer Alain Roche. D'Kerstin Thalau huet se gesinn a gëschter mam Alain Roche ee virleefege Bilan gezunn.
Eisen Alldag gëtt ëmmer méi vun Intoleranz, vireilege Jugementer, Fake news a verbaler Aggressioun gepräägt. D'sozial Medie sinn een dagdeeglecht Beispill heifir.
Wann d'Klangkënschtler vum italieenesche Kollektiv Polisonum annoncéieren, datt si de Phänomen “Ouerewierm” an Ugrëff huele wëllen, kann een dovunner ausgoen, datt si net eng Aart Insektizid fir e Sënnesorgan entwéckelen. Di lescht Joren hunn d'Memberen, mat Hëllef vun enger spezieller Software, 10.000 musikalesch Ouerewierm, déi tëscht 2000 an 2022 erop an erof gespillt goufen, analyséiert. Interesséiert huet si zum Beispill d'Répétivitéit bei Musek an Text. Mat de charakteristeschste Schnëppel hunn si d'Soundinstallatioun “Superimposition” montéiert. An déi kënnt dir bis den 30. Juni am Cercle Cité lauschteren...a kucken! D'Kerstin Thalau am Gespréich mat den Expo-Curatricen Anastasia Chaguidouline a Francesca Ceccherini.
Datt Succès net vum selwe kënnt, weess een och zu Hollywood. Sou war zum Beispill d'Julia Roberts net vun Ufank u virun der Kamera gesat. Ma och Schauspiller déi sech als Regisseur, an ëmgedréint, probéieren, wëssen datt dat mam Erfolleg alles relativ op ass. E puer Beispiller mam Pit Biwer.
Et gesäit esou aus, wéi wann sech d'Mobilitéitspolitik vun der aktueller Regierung an eng Richtung entwéckele géif, déi sech dach awer vun där vireger ënnerscheet. Dat léisst sech um Beispill vum Tram an den Diskussiounen ëm eng Ofkierzung duerch d'Avenue de la Porte-Neuve besonnesch gutt illustréieren. Am Podcast schwätze mir doriwwer, wéi et dozou komm ass a wéi grouss déi Ënnerscheeder dann tatsächlech sinn.
“In München steht ein Hofbräuhaus”: dat ass bekannt, an zwar net just duerch den Titel vun der Spider Murphy Gang. Münchner Awunner an Touriste solle sech awer net just fir déi historesch Architektur -plus Inhalt- interesséieren, ma och fir zukünfteg Bauten. Um fréiere Pfanni-Industrieareal, zum Beispill, ginn zanter knapps 30 Joer, d'Broochen als Nightlife- a Kulturareal genotzt. Bis 2003 ënnert dem Numm “Kunstpark Ost”; aktuell entsteet do d'“Werksviertel”, mat och neie Gebailechkeeten, wéi d'”Konzerthaus München”. Dofir gëtt elo scho mobil gemaach: mat engem Riserad, awer och mat engem méi nodenklechen a meditative Projet, der dagdeeglecher Performance “Piano vertical” vum Genfer Alain Roche. D'Kerstin Thalau huet se gesinn a sech duerno mam Alain Roche ënnerhalen.
Selektiv Mesuren si wichteg, grad elo wou ëmmer méi Leit Schwieregkeeten hunn, d'Enner zesummen ze bréngen. De Staat hëlleft do zum Beispill mat der “Allocation de vie chère”, der “Prime énergie”, der "Subvention de loyer". Mee finanziell Hëllef vum Staat kritt een net einfach esou; et muss een Demandë maachen. De Gaston Ternes geet a senger Carte blanche op des Demarchen an.
Den Owend (2.2.) ass am Casino - dem Forum fir zäitgenëssesch Konscht an der Ënneschtgaass - de Vernissage vun der Mary-Audrey Ramirez hirer Expo “Forced Amnesia”. Mary-Audrey ... dat seet Iech eppes? D'Textil- a Printkënschtlerin ass 1990 zu Lëtzebuerg gebuer, lieft a schafft zanter hire Konschtstudien zu Berlin. U wat si schafft? U sougenannte “Softsculptures”. Zanter gutt zéng Joer baut d'Mary-Audrey Ramirez sech eng Zort skurillen an absurde Video-Games-Zoo an 3D op. Dat kënnt nawell gutt un. An dowéinst war si zum Beispill 2022 fir de Luxembourg Encouragement for Artits Prize nominéiert; Enn 2019 war si Edward-Steichen-Award-Laureatin, déi fir sechs Méint op eng Kënschtlerresidenz op New York dierf. An zwar zesumme mat der Nora Wagner. D'Kerstin Thalau hat d'Ladies deemools an de Studio invitéiert: hei en Extrait vum Gespréich.
D‘Rotondë proposéieren dacks kulturelle Programm, wann aner Haiser Paus hunn, esou zum Beispill am Summer mat de Congés annulés. An och tëschent Chrëschtdag an Neijoerschdag gëtt mat "Reclaim“ muer an iwwermuer e ganz ongewéinleche Spektakel gebueden, deen Zirkus a klassesch Musek matenee verbënnt. Eng Kombinatioun also, déi een net dacks erlieft. D‘Laura Graser vun de Rotondë mécht eis virwëtzeg.
Och wann et NACH NET eise versprachene Live ass: mir kënnen iech net einfach esou hänke loossen. Bei den 3. groussen TAUMEL Awards blécke mir am Smoking op dat lescht Joer zréck a verginn déi prestigiéis Präisser a beléifte Kategorien, wéi zum Beispill 'Vull vum Joer' oder 'Grond fir den 112 unzeruffe vum Joer' (presentéiert vum CGDIS). Kee vun den Nominéierte wollt sech op eiser Gala blécke loossen, mee dat verwonnert lo och net wierklech, oder? Merry XMAS léif Fësch.
De Weekend ass Luxembourg Art Week, also d'Konschtfoire an deene wäissen Zelter um Glacis. Mee d'Organisateuren hu fir d'Editioun 2023 nach méi intensiv de Kontakt zu Kulturinstitutiounen an -ASBLe gesicht, fir datt d'Stad sech am Kontext vun der LAW an eng eenzeg riseg Konschtmanifestatioun verwandelt. D'Kerstin Thalau war an Ausstellunge mam Label “Luxembourg Art Week”, zum Beispill gëschter Owend um Vernissage vum Christian Aschman senger Fotoexpo “Kierchbierg” am LUCA, a mengt, déi kéint interesséieren.
Dem Jean Portante säi Wuert vun der Woch ass déi Kéier mat der tragescher Aktualitéit a Palästina verbonnen, mat Gaza, wou Dausende vu Bommen, no enger bluddeger Attack vun der Hamas géint Israel, Dausende vun Zivilisten d'Liewe kaschten. D'Wierder kënne jo d'Bommen an de Krich net stoppen. Mee analyséieren, vu wou d'Wuert "Krich“ zum Beispill hierkënnt, kann eis vläicht hëllefen, méi e klore Bléck op d'Situatioun ze geheien.
Autoe musse méi nohalteg ginn – dat ass kloer, mee dat gëllt virun allem och fir hir Baudeeler. Wéi gesäit zum Beispill de Pneu vun der Zukunft aus? Goodyear huet deen Challenge ugeholl a fir ee Concept Car vu Citroën de besonnesch ëmweltfrëndlechen Eagle Go entwéckelt. De Paul Origer war fir eis op der Presentatioun zu Colmar Bierg dobäi.
Déi Lëtzebuerger Futtballnationalequipe spillt den Owend wuel ee vun de wichtegste Matcher an hirer Geschicht. Wann et géint d'Slowakei vun 1/4 vir 9 un, eng Victoire gëtt, dann bleiwen d'Chancen erhalen, datt d'FLF-Formatioun sech fir d'Europameeschterschaft d'nächst Joer an Däitschland kéint qualifizéieren. De Weekend war hei am Land awer och zum Beispill den 8. Spilldag an der Éierepromotioun. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
Weider geet et an der Buvette mat der Episod 117 an dës Kéier hunn déi dräi aus der Buvette sech vill mam Lëtzebuerger Fussball ausenee gesat. D'BGL Ligue gëtt ënner d'Lupp geholl, de Kader vun der Nationalequipe, d'Éierepromotioun an och d'Eenzelspiller wéi eise Laurent Jans. Natierlech gouf awer och rëm iwwer d'Bundesliga geschwat an zum Beispill eng Doppelpass-Zeen vu leschtem Weekend opgegraff.
D'Hisae Ikenaga huet, wéi den Numm et scho suggéréiert, mexikanesch-japanesch Originnen. Si ass 1977 zu Mexico-City gebuer, do och opgewuess, huet duerno Konscht zu Mexico, da Kyoto, Barcelona a Madrid studéiert, éier si, viru knapps zéng Joer, hei an der Groussregioun ukoum. Hir multimedial Installatiounen hunn zu Lëtzebuerg ewell vill Succès; d'Hisae Ikenaga war Laureatin vum Luxembourg Encouragement for Artists Prize, kuerz LEAP, si gëtt vun enger Galerie vertrueden, stellt heefeg aus. Momentan presentéiert si, zum Beispill, d'Installatioun "Visceral rack", also emotionaalt Regal, an der Cecil's Box vum Cercle Cité. D'Kerstin Thalau am Gespréich mat der Hisae Ikenaga
Bis d'Rentrée rediffuséiere mir all Sonndeg tëschent eelef an zwielef eis RadiOdysseeën. Da kritt Dir déi mat, déi Dir verpasst hutt, respektiv hutt d'Geleeënheet, déi eng oder aner nach emol ze lauschteren. Schuede kann dat jo näischt: zum Beispill beim Sujet Gebuert. Wéi gëtt déi an der Erzielkonscht thematiséiert? A ginn et Lienen zum Alldag vun enger Hiewan, déi hire Beruff esouwuel zu Lëtzebuerg wéi och am Senegal ausgeüübt huet? Dat wollten d'Kerstin Thalau an d'Erzielerinne Luisa Bevilacqua a Betsy Dentzer am Fréijoer 2023 erausfannen. Fir Iech anzestëmmen hei eng Geschicht, déi d'Betsy Dentzer am Maroc entdeckt huet.
2019 war Diddeleng am Dominique-Lang-Féiwer. Ulass war den 100. Doudesdag vum Moler. Un deen ass direkt vun e puer Kulturhaiser erënnert ginn, zum Beispill mat Expoen. Den Dominique Lang houng u senger Heemechtsstad Diddeleng; dat weist sech och ganz kloer a senger Konscht. Dëse Summer feiert d'Stater Villa Vauban den Impressionist. D'Ekipp huet rezent eng Rei Dominique-Lang-Acquisitioune gemaach. Déi ideal Matière fir eng Summerausstellung. Déi sollt awer kee Remake vun 2019 sinn, esou d'Conservatrice Gabriele Grawe am Gespréich mam Kerstin Thalau.
No de Wale falen d'Masken. Et ass dës Kéier net anescht wéi soss. Politiker, déi Wochelaang de Leit schéi geschwat a gelaacht hunn, weisen zënter dem Walowend nees hiert richtegt Gesiicht an op enger Rei Plaze muss de Wieler agesinn, datt et ni ëm hie goung, mä datt hie just Mëttel zum Zweck war. Dat ass d'Meenung vum Dany Rasqué, dat a sengem Commentaire op e ganz rezent Beispill ageet.
An dësem Episod as de Max op engem Tatort. Wéi kann et och anescht sinn, ëmmerhin heescht d' Invitée vun dëser Episode änlech wéi e berüümten Tatort-Kommissär: Schymanski, Emma Schymanski fir genee ze sinn. D'Emma ass gebierteg Australierin a schafft zu Esch am Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB). Hei ënnersicht d'Fuerscherin Prouwen aus der Natur op (on)bekannt Chemikalien a fënnt zum Beispill eraus, ob dës schiedlech sinn oder net. Dofir huet si souguer eng eege Methode erfonnt: Mëttlerweil ass d'Schymanski-Methode an hirem Domaine weltwäit unerkannt. Mam Emma schwätze mir iwwert Chemikalien an der Natur, Publikatiounen an der Schivakanz an iwwert de Jean-Claude Juncker als Dirigent. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
Haut ass Ellesonndeg. En Dag, op deem d'Leit fréier mol der Däiwel gefaart hunn. Den Alain Atten huet dann och herno e konkret Beispill parat.
2020 huet de Kulturministère den Arts Council Kultur | lx an d'Liewe geruff, deem seng Haaptmissioun d'Bekanntmaachen an d'Promotioun vu Lëtzebuerger Konscht a Kultur am Ausland ass, vun der visueller Konscht zum Beispill. Vu datt et net ENG Lëtzebuerger Konscht an DE Lëtzebuerger Kënschtler gëtt, suivéiert d'Hélène Doub vu Kultur | lx Kënschtler, déi en nohaltegen Impakt op déi lëtzebuergesch Zeen hunn, plus d'Evolutioun vun hirer Konscht. Vun 2023 u wäert Kultur | lx och d'Gestioun vum Lëtzebuerger Pavillon op der Biennale vu Venedeg iwwerhuelen. Mee wat bedeit dat? D'Selektioun vun de Kënschtler, de Montage vun hirer Expo zu Venedeg, also de kuratoreschen an intellektuelle Volet bleift bei den Institutioune Casino, Mudam an dem Luxembourg Centre for Architecture. D'Hélène Doub wäert sech ëm d'Kommunikatioun ronderëm de Pavillon, d'Accumulatioun vu Connaissancen a Kontakter bekëmmeren.
De Jean-Luc Jossa ass Perkussionist a spillt bei der Berliner Soulband The Ruffcats. Mat hinnen ass hien a klenge Clubs, mee och op grousse Bünen ënnerwee: d'lescht Joer hu si zum Beispill de Virprogramm vun de Fantastischen Vier assuréiert. Mee wéi entdeckt een als jonke Mënsch dann iwwerhaapt seng Begeeschterung fir d'Perkussioun?
Ronn 5 Joer nodeems decidéiert gouf, dass Therapië bei liberale Psychotherapeute vun der CNS solle rembourséiert ginn, huet de Sozialminister e Mëttwoch annoncéiert en Tarif dofir festzeleeën. Dat well CNS a Beruffsvertriedung sech net eens gi sinn. Leider wier dat nëmmen ee Beispill dofir, dass déi mental Gesondheet hei am Land ze kuerz kënnt, fënnt d'Maxime Gillen a sengem Commentaire.
D'WM huet ugefaangen a soll awer net d'Haaptthema an der Buvette sinn. Bis op e puer kleng witzeg Saachen wéi eng ze héich Zuschauerzuel an en eidele Stadion no 60 Minutten, widmen déi dräi aus der Buvette sech deene wichtege Saachen. Den Dylan zum Beispill feiert dem Sebastian Vettel säi Karrieres-Enn op eng ganz besonnesch Aart a Weis an de Ben erzielt eis wéi ee de Match a 4 Méint géint Portugal kucke kann.