Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

"Backrooms" ass net nemmen deen éischte Kinodebut vun engem 20-järegen, mee och een iwwerraschende Boxoffice-Erfolleg an eng onstëllbare Quell vun Internet-Lore. D'Vesna Andonovic, de Jeff Schinker an de Marc Clement hunn de Film gesinn.

Viru ganz genee zéng Joer gouf déi Lëtzebuerger Dichterin Anise Koltz um renomméierte Literaturfestival Étonnants voyageurs zu St. Malo mam Grand Prix de poésie Robert Ganzo ausgezeechent. 2026 goung en un eng vun de wichtegste weibleche Stëmme vun der syrescher Poesie, d'Maram al-Masri. Dëst fir hiert Gesamtwierk, awer am Kontext vun der Reeditioun vun hirem Gedichtband “Je te menace d'une colombe blanche”. De Link zu Lëtzebuerg? D'Nowuert ass vum Lëtzebuerger Auteur Lambert Schlechter. Mir proposéieren Iech hei en Extrait doraus, gelies vum Marc Clement; an duerno e Gespréich tëschent dem Valerija Berdi an der Maram al-Masri zu St. Malo.

Am Kader vum Pride Month kucke mir haut op d'Wierk vum brittesche Moler David Hockney zeréck, deen den 11. Juni 2026 gestuerwen ass. Den Hockney gëllt als ee vun de bedeitendste Kënschtler vum 20. Joerhonnert. Wärend senger ganzer Karriär huet hien ëmmer nees queer Léift, Identitéit a Bezéiungen thematiséiert – zu enger Zäit, wou esou Sujeten nach wäit manner siichtbar ware wéi haut. D'Emma Hizette erzielt méi doriwwer.

Gëschter Donneschdeg Owend huet d'Schrëftstellerin Marie NDiaye hiren neien Text "Ma chérie" zesumme mat der Improvisatiounsmusekerin Christine Wodrascka ënner der Regie vum Denis Cointe am TNL virgelies. Am Kader vun dësem Projet, deen dank dem TNL an dem IPW op Lëtzebuerg koum, huet de Jeff Schinker sech mat der franséischer Schrëftstellerin ënnerhalen, déi net just mam Prix Goncourt an dem Prix Femina ausgezeechent gouf, mee och rezent mat hirem Roman "La Sorcière" op der Shortlist vum International Booker Prize stoung. Am Extrait aus hirem laange Gespréich geet et ëm den Text "Ma chérie", ëm international Unerkennung, mee och ëm d'Gefore vun der KI an d'politesch a kulturell Situatioun am Frankräich.

"Disappear Here" vum Max Blom a mat der Marie Jung, dem François Camus an dem Thomas Lea Clarke leeft den Ament am TNL. D'Emma Hizette an de Jeff Schinker waren d'Stéck kucken a verroden eis net just, wéi si d'Stéck fonnt hunn, mee och, wat genee et mam Format vum Collage Play op sech huet.

"Coward's Heart" heescht der Catherine Elsen hiren éischte Soloalbum. Wat d'Konzept an Thematik derhannert ass, wisou d'Musekerin en ongewéinleche Wee vun der Distributioun gewielt huet – a wat genee si op Mörs verschloen huet – dat gi mir an hirem Interview mam Jeff Schinker gewuer.

Eng animéiert Serie, an där et ëm de Kampf tëschent Dämonen a Mënsche geet. Mir begleeden hei den Haaptpersonnage Dante, en Dämonejeeër, deen tëschent béide Säite steet. Eng Serie, déi en Action-Spektakel bitt, soss awer éischter iwwerflächlech bleift.

Deen 2. Band vun der Liddersammlung mam Titel "Georgely" ass e Sträifzuch duerch 200 Joer Lëtzebuerger Geschicht. De Georges Urwald huet d'Selektioun gemaach.

Die Spitz (dye zpitz) ass eng jonk Band aus dem Texas, déi am Hierscht hiren Debutalbum erausbruecht huet an dofir immens gutt Kriticken an der Press krut. Si mësche verschidde Genren a wiesselen och mol Instrumenter op der Bün.

No gutt 33 Joer mécht den 1. September Op der Lay seng Dieren zou: d'Bicher vum Verlag gëtt et da just nach bei Librairen, a Bibliothéiken a second hand. Wat bedeit dat fir d'Zukunft vum Verlagswiesen zu Lëtzebuerg? Verstoppt sech hanner deem Eenzelfall e méi déiwen, strukturelle Problem? Doriwwer huet de Jeff Schinker mam Eric Steffen vun Op der Lay, mam Marc Binsfeld vun den Éditions Guy Binsfeld plus Vizepresident vum Verband vun den Editeuren, mat der Anne-Marie Reuter vu Black Fountain Press a mam Jo Kox vum Focuna, geschwat. Zum Beispill iwwer déi verschidden national Verlagsmodeller a Subventiounen.

D'Beatles, d'Rolling Stones, d'Kate Bush, den David Bowie, Radiohead, Pink Floyd, d'Spice Girls – Dës sinn just puer vun de erfollegräichen Museker:innen, déi Groussbritannie produzéiert huet. D'musikalesch Kontributioune vun Schwaarze Museker:inne gëtt allerdéngs dacks iwwersinn. Deen neie Musée V&A East zu London kuckt an enger innovativer Ausstellung, wéi Black Music déi kulturell Landschaft a Groussbritannie gepräägt huet.

Den 8. Juli ass de Vernissage vun der Foto-Expo “La nature d'Edward Steichen” bei de renomméierte Rencontres de la Photo zu Arles. Ufanks Juni sinn dem Edward Steichen seng Fotoen aus verschiddene Lëtzebuerger Sammlungen a Südfrankräich ukomm, Enn leschter Woch hunn Ekippe vum MNAHA a vum CNA de Montage vun der Ausstellung ofgeschloss, eng Fotospezialistin den Zoustand vun de Wierker iwwerpréift. Et geet hinnen anscheinend gutt. Alles prett? D'Kerstin Thalau gouf vun der Directrice vum Nationalmusée, d'Tania Brugnoni, méi iwwer de Balanceakt tëschent Presentatioun a Preservatioun gewuer.

"Wagner oder Gebrauchsanweisung für Fortgeschrittene in der sorgenfreien Liebe zum Bayreuther Meister": dës nei ILL-Produktioun leeft den Donneschdeg an de Samschdeg am Mierscher Theater. De Metteur en scène Jacques Schiltz ass beim Jeff Schinker am Studio, fir mat him iwwert d‘Stéck iwwert de kontroverse Richard Wagner ze schwätzen.

Am Gespréich mam Jeff Schinker stellt d'Emma Hizette d‘Filmer vir, déi muer an eise Kinoen ulafen.

Keng Orientéierung méi: de roude Fuedem vun der nächster Spillzäit vum Escher Theater ass, datt mir de roude Fuedem verluer hunn. Ob den Theater kann hëllefen en zeréckfannen a wat eis, manner existenzialistesch gefrot, vu September 2026 un am Escher Theater erwaart, dat verréit eis d'Carole Lorang, Intendantin vum Escher Theater, déi beim Jeff Schinker am Studio ass.

Bräi staark an determinéiert Fraen, déi géint hiert Ëmfeld musse struewelen, stoungen de leschte Samschdeg am Zentrum vun eiser Emissioun De grousse Kino: am Steven Spielberg sengem Blockbuster “Disclosure Day” d'Wiederfee, déi vun elo op gläich sämtlech Sproochen, jo esouguer “ausserierdesch”, beherrscht; an der Johanna Moder hirem “Mother'sBaby” eng Orchestercheffin, déi dorunner zweiwelt, datt hire Bëbee tatsächlech hire Fils ass; an an der Leyla Bouzid hirem “A voix basse” eng Walparäisserin, mat tuneeseschen Originnen, déi sech op eemol an der Heemecht fir hir Unerkennung asetzt. Eise Film vun der Woch ass ...”A voix basse” vun der Leyla Bouzid. Dozou méi vum Jeff Schinker a Vesna Andonovic

No gutt 33 Joer mécht den 1. September Op der Lay seng Dieren zou: d'Bicher vum Verlag gëtt et da just nach bei Librairen, a Bibliothéiken a second hand. Wat bedeit dat fir d'Zukunft vum Verlagswiesen zu Lëtzebuerg? Verstoppt sech hanner deem Eenzelfall vläicht esouguer ee méi déiwen, strukturelle Problem? Doriwwer huet de Jeff Schinker mam Eric Steffen, deen Op der Lay déi lescht Jore mat der Doris Bintener zesumme geleet huet, mam Marc Binsfeld vun den Éditions Guy Binsfeld plus Vizepresident vum Verband vun den Editeuren, mat der Anne-Marie Reuter vu Black Fountain Press a mat der Claudine Muno, als concernéiert Op-der-Lay-Autorin, geschwat. An engem éischten Deel geet et hei ëm eng Zort Bestandsopnam vun der Situatioun vun de Verläg.

Den NOSI, aka Eric Nosbusch, ass heiheem keen Onbekannte méi. No Rap-Lidder wéi “Schëdden”, “Klengen Drénken” a “Marrakesch” huet dee 26-Järege sech an de leschte Joren als DJ a Produzent profiléiert. Den internationalen Duerchbroch huet hien elo mat engem viralen Hit gepackt.

D'Theaterstéck vun der Romy Weyrauch, der Therese Lösch an dem Jan Jaroszek hat den 9. an 10. Juni seng Première am Mierscher Theater a geet der Fro no, wat et haut bedeit männlech ze sinn, a wéi eng Wäerter a Virstellunge vu Männlechkeet Jugendlecher prägen. Bei eis am Studio erzielt d'Emma Hizette, wat ee bei dësem Stéck erwaart..

Déi beschte Kuerzfilmer aus aller Welt goufen et gëschter zu Paräis bei den Nuits en Or ze gesinn. Déi renomméiert Académie des César huet 36 Court-metragë selektionéiert, déi an hire respektive Länner den nationale Filmpräis gewonnen hunn. Lëtzebuerg war dann och direkt zweemol vertrueden. De Max Tholl war fir eis gëschter dobäi.

Géif een d'Gebai vum Mudam als Kierper gesinn, da wier seng Konschtsammlung souzesoen d'Häerz. Den éischte Juli sinn et 20 Joer hier, datt d'Diere vum Pei-Musée opgaange sinn. An deem Kontext soll d'Kollektioun natierlech besonnesch en Valeur gesat ginn. An zwar gläich dräimol: ënner dem Titel “Seven Paintings, Seven Encounters” gëtt allkéiers engem Wierk ee ganzen Ausstellungsespace zur Verfügung gestallt; momentan sinn awer och 12 Aarbechten “on tour” duerch lokal Kulturzenteren / Administratiounen / Kierchen; an zousätzlech geet haut (12.6.) am Mudam déi traditionell Kollektioun-Summer-Expo op. D'Kerstin Thalau ass am Mudam fir mat der Directrice Bettina Steinbrügge iwwer “Video Killed the Radio Star” ze schwätzen.

Euphorie, gutt Laun an Optimismus: Domadder gëtt d'Sommermärchen - wéi déi däitsch Fussballfans d'Fussball-Weltmeeschterschaft 2006 an hirem Land gedeeft hunn - verbonnen. D'Stëmmung am Virfeld war awer alles aneschters wéi euphoresch. Eng ZDF-Doku an dräi Deeler versetzt den Zuschauer zeréck an déi Zäit. Duerch Interviewen an Archivopname gëtt kloer: Optimistesch war virun der Heem-WM an Däitschland bal keen. De Jo Diseviscourt stellt eis d'Fussball-Doku vir.

Eng Kënschtler:inne-Residenz bitt Kënschtler:innen d'Geleeënheet, den Alldag mat all sengen nervege Flichten hanner sech ze loossen, fir sech ganz op Recherche an/oder Kreatioun ze konzentréieren. D'Demande fir esou Programmer ass grouss, an zu Lëtzebuerg gëtt et kaum nach Institutiounen, déi keng Residenzen ubidden. Esou zum Beispill Neimënster: am Gronn ginn d'Kënschtler:innen net just gratis logéiert, mee si hunn och e generéisen Aarbechtsespace zu hirer Verfügung. A si kënne sech mat aneren Artisten an Artistinnen aus aller Welt, och aus aneren Disziplinnen, austauschen, well am CCRN meeschtens e puer Residenzen zäitgläich lafen. Momentan profitéieren dovunner ënner anerem “She Goat, un duo de performatrices franglais”, wéi si sech nennen. D'Kerstin Thalau war “She Goat” besichen.

Viru genee enger Woch hu Francis of Delirium, déi eenzeg lëtzebuergesch Band, där hir Releasë reegelméisseg op deene gréissten internationale Musekblogge gefeatured ginn, hiren zweete Studioalbum an de Rotondë virgestallt. D'Plack brécht aus de Radioformater aus mat Momenter vun emotionaler Intensitéit, déi géint eng haart Welt sollen duerhalen. De Marc Clement huet sech no der Release mat der Frontfra Jana Barich iwwer “Run, Run Pure Beauty” ënnerhalen.

Zanter dem Fréijoer, a bis an dat anert Joer eran, feiert de Casino, also de Forum fir déi zäitgenëssesch Konscht an der Ënneschtgaass, säin 30. Gebuertsdag. Dëst ënner dem Motto “Fora”, deemno Forum an der Meerzal. Den Echange ronderëm Entwécklungen an der Konscht gëtt an deem Kontext grouss geschriwwen. Vu muer u mat engem 2. Volet: dee Moment sti Performancen zum Theema “Retour au réel et au geste” um Gebuertsdagsprogramm, mee och Konferenzen, déi sech mat eisem Banneliewen, eisen Dreem an der Source vun der Kreativitéit beschäftegen. D'Kerstin Thalau huet sech fir haut emol mam Banneliewe vum Casino beschäftegt, mat deene Membere vun der Ekipp, déi net esou bekannt sinn.

Zanter 1987 éiert de Prix Batty Weber all dräi Joer ee Gesamtwierk vun engem Lëtzebuerger Auteur. 2026 geet de Präis un de Guy Helminger, deen domat de 14. Laureat (an zwielefte Mann) ass, deen den nom Schrëftsteller Batty Weber benannte Präis kritt. De Lëtzebuerger Auteur huet seng Kölner Heemecht kuerz verlooss an ass bei eis am Studio fir en Interview.

Am Gespréich mam Jeff Schinker stellt d'Emma Hizette d‘Filmer vir, déi muer an eise Kinoen ulafen.

Zu London gëtt et nei Konscht vum Banksy, déi net ze iwwersinn ass an déi bis elo nach net ewechgeholl gouf - wéi dat esou dacks de Fall ass bei senge Wierker. Wéi gewinnt gëtt den anonyme Kënschtler sech sozialkritesch. D‘Claire Barthelemy war kucken.

Knapp ass den TalentLAB fäerdeg, fänkt de Monodrama un. All Joers gëtt hei de Seul en scène gefeiert, eng Theaterform, déi als eng vun de gënschtegste gëllt, mee déi awer séier Casse-gueule ka sinn – hei kann een näischt hanner engem Récit choral mat enger Dose Schauspiller a vill Effekter verstoppen. D'Emma Lily an de Steve Karier si beim Jeff Schinker am Studio, fir de Programm vum Festival ze presentéieren, deen de Weekend start.

Zweete Weltkrich, Resistenz a Metoo: dat waren déi dräi rout Fiedem, déi sech de Samschdeg duerch eis Emissioun De grousse Kino gezunn hunn: beschwat goufen "L'objet du délit" vun der Agnès Jaoui, "Orphan" vum Laszlo Nemes, "A bras-le-corps" vun der Marie-Elsa Sgualdo an "La bataille De Gaulle: L'âge de fer" vum Antonin Baudry. Eng zäitlaang huet et geschéngt, wéi wann den “Orphan” vum Laszlo Nemes eise Film vun der Woch géif ginn. Mee déi jonk Marie-Elsa Sgualdo huet hie mat “A bras-le-corps” geklappt: de Jeff Schinker an d'Vesna Andonovic mat hirer Rezensioun vum onerwaarte Film vun der Woch.

Iwwer Päischte war d'Valerija Berdi um Literaturfestival Étonnants Voyageurs an der Bretagne an ass do enger ganzer Rei interessanter Schrëftsteller:inne begéint. Zum Beispill déi libaneesesch Autorin an Dramaturgin Hala Moughanie, déi an hirem Roman “Les bestioles” d'Situatioun vun engem Epicier beschreift, deen um Hafe vu Beirut d'Explosioun vum véierten August 2020 iwwerlieft. Deemools gouf et iwwer 200 Doudeger, méi wéi 6.500 Blesséierter, iwwer 300.000 Mënschen hate keen Daach méi iwwer dem Kapp. Dës Katastroph, matten an der Covid-Pandemie, am Kontext vun der dramatescher ekonomescher a politescher Kris am Libanon, huet natierlech d'Populatioun gepräägt. Mat der Hala Moughanie huet d'Valerija Berdi doriwwer geschwat, wéi hir Biografie mat där vum fiktiven Epicier verknëppt ass.

Um Enn vun der Saison programméiert den TOL meeschtens ee Stéck dat, quasi fir d'Summerpaus anzeleeden, méi liicht verdaulech ass. Dëst Joer ass dat "Porn for the Blind" vum Victorien Robert an enger Mise en scène vun der Pauline Collet – ee Stéck, dat d'Vulgaritéit vun der Pornoindustrie humorvoll, awer och kritesch beliicht. De Jeff Schinker war d'Stéck kucken.

Déi 11. Editioun vum TalentLAB ass voll um Lafen, een Event organiséiert vun de Stater Theateren, bei deem Kënschtler:innen eng Plattform gebuede gëtt, fir sech austauschen ze kënnen, un hire Projeten ze schaffen, ze kollaboréieren an Inspiratiounen ze sammelen. Dëst Joer maachen iwwer 100 Kënschtler:innen aus 19 verschiddene Länner mat. Nieft dem konsequente Workshop-Aspekt vum Evenement ginn et awer och eng Rei Spektakelen ze gesinn, déi iwwer déi lescht Deeg am Grand Théâtre an am Kapuzinertheater gelaf sinn. De Marc Clement schwätzt mam Luca Di Santolo iwwer zwee dovunner: déi kulinaresch Performance “Haribo Kimchi” an dann d'Danz- a Gesangsspektakel “Le Sacre”.

D'Hisae Ikenaga huet mexikanesch-japanesch Originnen: si ass 1977 zu Mexico-City gebuer, do och opgewuess, huet duerno Konscht zu Mexiko, da Kyoto, Barcelona a Madrid studéiert, éier si, viru gutt zéng Joer, hei an der Groussregioun ukoum. Hir multimedial Installatiounen hunn zu Lëtzebuerg ewell vill Succès; d'Hisae Ikenaga war Laureatin vum Luxembourg Encouragement for Artists Prize, kuerz LEAP, stellt heefeg aus, ënner anerem hat si 2024 eng grouss Eenzelausstellung an der Escher Konschthal, an duerch hir Lëtzebuerger Galerie konnt si u Konschtprojeten zu Bréissel deelhuelen. Momentan ass hir Installatioun "Anatomy of Use" am Kiosk zu Gand ze gesinn. D'Kerstin Thalau ass vun der Hisae Ikenaga an hirer Curatrice Charlotte Masse gewuer ginn, wéi et dozou koum.

De Lëtzebuergeschen Duo Cyclorama ass zanter gläich zwee Jorzengte Synonym fir psycheleschen a Kraut-influenzéierte Rock - zu Lëtzebuerg an doriwwer eraus. Een Cyclorama-Album ass ëmmer och eng Aventure. Muer kënnt dem Duo aus Sebasien Laas a Pierre Reyland hir nei Plack “Illuminated by Mirror Ball” eraus mat engem Release Concert an de Rotonden. Fir iwwer déi nei Plack ze schwätzen hu mir béid Bandmemberen an der Leitung.

Mir begleeden hei e CEO vun enger Firma, déi op allméiglech Aart a Weisen déi perséinlech Date vu Leit beschaaft a verkeeft. Mee wéi hien d'Firma verkafe wëllt, leeft säi Liewe komplett ausser Kontroll. De Simon Larsoche stellt eis dës Komedie-Serie vir.

Um Literaturfestival Etonnants voyageurs an der Bretagne huet d'Valerija Berdi sech mat den zwou Schrëftstellerinnen Hala Moughanie an der Maram al Masri ënnerhalen. Dëse Sonndeg kënnt Dir déi zwou Autorinnen héieren, wa si iwwer hiert Wierk awer och iwwer hiert Liewen an déi aktuell Situatioun an hire Länner schwätzen. Mir lauschteren e klengen Appetizer, hei mat Aussoe vun der libaneesescher Schrëftstellerin Hala Moughanie an der Emissioun Déi wonnerbar Valibrairie Déi ganz Sendung mat literaresche Stëmmen aus Syrien an dem Libanon kënnt Dir de Sonndeg um 11 Auer lauschteren an duerno natierlech och an eiser Mediathéik.

Wann ee Kënschtler vun engem Grupp vu Konschtexperte mat “hors norme, hors temps” bewäert gëtt, huet en et eigentlech gepackt, oder? En plus kënnt dës Aschätzung net vum Konschtmaart a wier eventuell e Verkafstrick, mee aus eisem Nationalmusée. Doriwwer eraus geet et ëm eng lëtzebuergesch KënschtlerIN, an zwar eng, déi tëschént 1879 an 1947 gelieft huet, zu enger Zäit also, wou Fraen an der Reegel guer keng professionell Karriär am Konschtberäich maache konnten, ënner anerem well et keng Héichschoule fir si gouf. Den Owend ass um Fëschmaart de Vernissage vun der Expo “Berthe Brincour, une artiste hors norme et hors temps”. D'Kerstin Thalau ass am MNAHA fir vun der Expo-Commissairin Liz Hausemer méi gewuer ze ginn.

D'Congés annulés sinn ee Mount-laange Museksfestival an de Rotonden, deen déi grouss Decouvertë vum internationale Musekscircuit op Lëtzebuerg bréngt, an dat ganz entspaant. Am iwwerdaachten Haff oder bannen op der Bün deet sech vun 8 Auer owes eppes méi bei de Schinnen, vun der Ouverture de 24. Juli bis zum leschte Gig um 20. August. Vill Museksgenrë si vertrueden, vun alternativem Rock iwwer DIY-a-Mathrock bis zu Elektronik, Experimentellem a Pop. Iwwer ee Summer voll Musek schwätzt de Marc Clement mam Museksprogrammateur vun de Rotonden, dem Marc Hauser.

Keen anere Museker huet den Jazz esou gepräägt, wéi den Trompettist Miles Davis. Nach haut gëllt säin Album “Kind of Blue” als déi meescht verkaaften Jazzplack aus der Geschicht vum Genre. Seng Karriär hat awer och vill Déiften: hien huet sech misse géint Rassismus a Sucht duerchsetzen, a seng Fraen huet hie geschloen an ënnerdréckt. Dëst Joer wier hien 100 Joer al ginn. D'Claire Barthelemy kuckt op säi Liewen zeréck.

“Squatfabrik”: ënner deem Titel invitéiert d'Escher Kufa, zanter Fréijoersufank an allkéiers fir dräi Wochen, zwou/zwee Kënschtler:innen fir eng Kënschtler:inne-Residenz. Den Term ass eng Referenz op d'Originne vun der Kulturfabrik, wou Kreativer d'Areal besat haten, well de Lieu hinnen ideal geschéngt huet, fir ze kreéieren, fräi ze denken a sech auszedrécken. De fënnefte Juni invitéieren Iech d'Vietnameesin Hién Hoàng an d'Lëtzebuergerin Aurélie D'Incau op hire “get out”, also den Ofschloss vun hire Residenzen. D'Kerstin Thalau huet mat der Aurélie D'Incau e wéineg “gesquat”.

"Porn for the Blind": Dat kléngt no engem Widdersproch, tatsächlech stinn awer am Zentrum vum Victorien Robert sengem Stéck dräi Mënschen, déi Audiodescriptioune fir Pornofilmer ophuelen - fir datt och déi blann eppes dovunner hunn. Op Besuch beim Jeff Schinker am Studio ass mat der Metteuse en scène Pauline Collet an der Schauspillerin Clara Hertz de weiblechen Deel vun enger Produktioun, déi net mat ganz schlechte Wuertspiller gäizt - an trotz allem eng interessant Reflexioun iwwer d'Saturatioun u plakege Kierperen, déi mir haut um Internet opruffe kënnen, duerstellt.