SchrëftstellerIn vum Mount

Follow SchrëftstellerIn vum Mount
Share on
Copy link to clipboard

All Mount steet eng Schrëftstellerin oder ee Schrëftsteller am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a ville Facette vum Wierk.

radio 100,7

  • Sep 3, 2018 LATEST EPISODE
  • infrequent NEW EPISODES
  • 10m AVG DURATION
  • 25 EPISODES


Search for episodes from SchrëftstellerIn vum Mount with a specific topic:

Latest episodes from SchrëftstellerIn vum Mount

Juli Zeh

Play Episode Listen Later Sep 3, 2018 10:38


D'Juli Zeh ass eng ëffentlech Intellektuell, déi bekannt ass fir hir intensiv Ausernanersetzung mat aktuelle politeschen a juristeschen Diskussiounen. Hir Iwwerzeegung, datt den Auteur sech an der Ëffentlechkeet soll engagéieren ass net just an hirer journalistescher a juristescher Aarbecht ze erkennen, mee och an hirem fiktionale Schreiwen. Detailer mam Sophie Thoma.

Georges Hausemer

Play Episode Listen Later Aug 27, 2018 11:40


Aus eng trauregem aktuellem Ulass, dem Doud vum Georges Hausemer, den 13. August 2018, rediffuséiere mir d'Emissioun "Georges Hausemer - de Schrëftsteller vum Mount vum 30. Oktober 2017. Och wann d'Reesliteratur e bedeitenden Deel vum Georges Hausemer senger schrëftstellerescher  Aarbecht ausgemaach huet, sou däerf een net säin anert Wierken aus den Ae verléieren. Nieft Lyrik a Prosa huet hien och Kannerbicher verfaasst, war Zeechner, Iwwersetzer a Blogger. E Bäitrag vum Valerija Berdi iwwer de Georges Hausemer -  a seng Literatur an all senge Formen.

Georges Hausemer

Play Episode Listen Later Aug 20, 2018 10:02


Aus eng trauregem aktuellem Ulass, dem Doud vum Georges Hausemer, den 13. August 2018, rediffuséiere mir d'Emissioun "Georges Hausemer - de Schrëftsteller vum Mount vum 23. Oktober 2017. Südeuropa a Westafrika, Südostasien a Latäinamerika - vun iwwerall, wou de Georges Hausemer säi Fouss opgesat huet, huet hien och meeschtens literaresch Spuren hannerlooss. Seng villfälteg Reesliteratur ass op alle Fall eenzegaarteg zu Lëtzebuerg. Eng Odyssee duerch dem fräischaffenden Auteur seng Reesprosa a seng Reesberichter. D'Valerija Berdi mat Detailer.

Esther Kinsky

Play Episode Listen Later Aug 13, 2018 9:11


Mat hirer lyrescher Prosa, déi d'LieserInnen op eng Italierees mathëlt, konnt d'Esther Kinsky dëst Joer d'Jury vum Buchpräis vun der Leipziger Buchmessse iwwerzeegen. D'Esther Kinsky huet awer net eréischt mat "Hain. Geländeroman" hiert aussergewéinlecht Talent fir d'Verschrëftlechung vun Observatiounen an Iwwerleeunge bewisen. D'Valerija Berdi informéiert.

Didier Eribon

Play Episode Listen Later Jul 23, 2018 8:15


Den Didier Eribon gehéiert haut zu de bedeitendste Soziologen a Frankräich. De soziale Milieu, sozial Beweegungen an d'Aarbechterklass stinn am Fokus vu senge Recherchen, Coursen a Seminären. Hie selwer staamt aus der Aarbechterklass an de sozialen Opstig vun Aarbechterkanner ass en eminent Thema a senge Wierker, grad esou wéi d'Roll an awer och d'Versoe vu lénker Politik. Den Didier Eribon ass Professer op der Fakultéit Philosophie, Sciences humaines et sociales op der Universitéit vun Amiens. Nom Doud vu sengem Papp geet den Didier Eribon zeréck a seng Gebuertsstad Reims a mécht sech op d'Spure vu senge Virfahren. Hie begéint do dem Aarbechtermilieu an deem hien opgewuess ass an analyséiert déi gesellschaftlech Voleten a sengem autobiographesche Wierk "Retour à Reims". Detailer mam Valerija Berdi.

Ljudmila Ulitzkaja

Play Episode Listen Later Jul 16, 2018 9:47


Hir Romaner sinn ëmmer Oden un d'Liewen an hir ProtagonistInne stamen aus enger bonter Welt. Poetesch a graff, verdreemt a realistesch, dramatesch an humorvoll ass hire Schreifstil ... Grad esou villschichteg, widderspréchlech an iwwerraschend, wéi hir Figuren ... D'Valerija Berdi mat Hannergrënn iwwer déi russesch Autorin Ljudmila Ulitzkaja.

Ian McGuire - The North Water

Play Episode Listen Later Jul 9, 2018 11:37


Dem briteschen Auteur Ian McGuire säi Buch "The North Water", aus dem Joer 2016, huet verschidde Kritiker un dem Melville säi "Moby Dick" erënnert - wéinst der Thematik vun der Walfängerei. De McGuire huet ee realistesche Roman geschriwwen, deen am 19. Joerhonnert virun der Küst vu Grönland spillt. Dës Mëschung aus Thriller a Survival-Roman kéint ganz gären enges Daags zu de Klassiker vun der Abenteuer- a Mieresliteratur zielen. Ee Bäitrag vum Michel Delage.        

D'Mier an der Géigenwaartsliteratur

Play Episode Listen Later Jul 2, 2018 7:32


"Die Schrecken des Eises und der Finsternis" heescht dem Christoph Ransmayr säin éischte Roman an den däitsche Schrëftsteller hëlt, wéi vill aner Auteuren, dem Mier dat Friddlecht a Romantescht. D'Ausenanersetzung mam Mier, de Geforen, dem Onbekannten an dem Onheemlechen - och haut e grousst Thema an der Literatur. Iwwer Bicher, déi engem den Otem huelen, erzielt d'Valerija Berdi.

D'Mier a senge literaresche Formen

Play Episode Listen Later Jun 25, 2018 8:08


Etonnants voyageurs heescht de grousse Literaturfestival zu Saint-Malo. D'Stad vun de Korsaren grad wéi déi ganz bretonesch Küst hu schonn an der Vergaangenheet déi franséisch Schrëftsteller ugezunn an inspiréiert. Eng literaresch Rees mam Valerija Berdi an d'Bretagne vu gëschter an haut.  

Een ale Mann, ee Speerfësch an d'Mier

Play Episode Listen Later Jun 18, 2018


Ee Mann kann zerstéiert, mee net besiegt ginn. Dat schreift den Ernest Hemingway a sengem bekannte Wierk "The Old Man and the Sea". Eng Novella, fir déi den amerikaneschen Auteur fir d'éischt de Pullitzer Präis an duerno de Literaturnobelpräis krut. De Kampf vum Iwwerliewen, den Test vu kierperlechen a geeschtege Limitten an d'Onauswäichlechkeet vu Verloscht si just e puer vun den Themen, déi den Ernest Hemingway op knapp 100 Säiten opwerft.

Dem Melville säi Moby Dick

Play Episode Listen Later Jun 11, 2018 11:39


E Mann e Buch. Nach haut gëtt den Herman Melville virun allem op eent vu senge Wierker reduzéiert, de "Moby Dick". Hie steet domadder net eleng, och aneren Auteuren ass et d'selwecht ergaangen. Et muss een awer zouginn, datt de Roman, deen de Melville 1851 publizéiert huet, als Klassiker ka bezeechent ginn. D'Martine Reuter mat Hannergrënn.

Homer

Play Episode Listen Later Jun 4, 2018 11:15


Et gi vill Deitunge vum wuel bekanntste Wierk aus dem ale Griicheland. D'Valerija Berdi huet sech mam Homer senger  Odyssee auserneegesat an d'Meenung vum Linguist an Expert vun der algriichescher Literatur Dr. Ian de Toffoli gefrot. Begleet eis op dem Odysseus senger schwiereger Rees an dem Versuch erëm a säi geuerdent Liewen zréckzekommen.

Juli Zeh - Unterleuten

Play Episode Listen Later May 28, 2018 11:02


Mat Unterleuten huet Juli Zeh 2016 ee Gesellschaftsroman publizéiert, deen sech mat wichtegen zäitgenëssesche Froe beschäftegt: Gëtt et nach eng Moral déisäit vun eegenem Interessi? Wourunner gleewe mir an enger Welt ouni Visiounen? Wisou mengt jiddereen, ëmmer Recht ze hunn, a lauschtert net méi op dat, wat anerer ze soen hunn?

Slavoj Zizek

Play Episode Listen Later May 7, 2018 7:54


Et ass de Psychoanalytiker a Psycholog Jacques Lacan, deen dësen zäitgenësseschen enfant terrible vun der Philosophie gepräägt huet. Kulturkritiker, Philosoph a poststrukturalisteschen Psychoanalytiker a virun allem Polemiker däerf hie sech nennen. Hie bezeechent sech awer am Léifsten als iwwerzeegte Kommunist an huet dofir seng Erklärungen an Argumenter. Seng Publikatiounen sinn net ze zielen, seng Kritik un eiser Gesellschaft ass haart a beluecht. Wann hien schwätzt, da ka jiddereen hien verstoen, well hien déi breet Mass erreeche well. An hien huet vill ze soen: Iwwer Flüchlingspolitik a Kricher, iwwer Demokratie a Kapitalismus, iwwer Postideologie a Populärkultur ... Valerija Berdi stellt de Slavoj Zizek vir.

Norman Manea

Play Episode Listen Later Apr 30, 2018 9:30


"Für den Schriftsteller, der nirgends Heimat hat, ist die Sprache wie eine Plazenta" schreift den Norman Manea an engem vu sengen Essayen, déi ënner dem Titel "Wir sind alle im Exil" publizéiert sinn.  D'Sprooch ass alles fir de rumänesche Schrëftsteller a wéi een eens gëtt, wann een d'Source vun dëser verluer huet, erzielt de Manea an erënnert u weider Acteure vun der Exilliteratur. D'Valerija Berdi mat Hannergrënn.  

Norman Manea

Play Episode Listen Later Apr 23, 2018 7:46


Die Rückkehr des Hooligan - ein Selbstporträt - ass den Titel vum autobiographesche Wierk vum Norman Manea. Den 1936 gebuerene rumänesche Schrëftsteller mécht eng Rees duerch déi rumänesch Literatur, déi grad esou komplex, widderspréchlech, beréierend, erschreckend a räich ass wéi d'Geschicht vun dësem Balkanland. E Land, eng Sprooch an eng Literatur, déi de Norman Manea, trotz sengem Exil, net lassléisst. Valerija Berdi.

Esther Kinsky

Play Episode Listen Later Apr 16, 2018 8:57


D'Esther Kinsky gouf dëst Joer mam Buchpreis der Leipziger Buchmesse fir hiert Prosawierk "Hain. Geländeroman" ausgezeechent. Bei hire Prosatexter huet een eigentlech den Androck, et géif ee pur Poesie liesen, wat u sech net erstaunlech ass, well et ass d'Lyrik, wou d'Esther Kinsky sech doheem spiert. Iwwer der Esther Kinsky hir Gedichter informéiert d'Valerija Berdi.

Richard Dawkins - Wierken haut

Play Episode Listen Later Mar 26, 2018 11:10


De Radio 100,7 hat dëse Mount d'Geleeënheet, ee Gespréich mat eisem Schrëftsteller vum Mount ze féieren. Am Ufank een distinguéierten Evolutiounsbiolog, huet sech dem Richard Dawkins seng Carrière schnell an d'Richtung vun der Wëssenschaftspopulariséierung beweegt. Virun allem säi Buch "The Selfish Gene" war destinéiert, di philosophesch Implicatioune vun der Evolutiounsbiologie an der Genetik anzefänken an duerzestellen. Spéider huet hien sech als Verfechter vum Atheismus verstanen, a sëch dogéint gewiert, dass reliéis Virstellungen oft zu Ongonschte vun der Rationalitéit ee Monopol op d'Moral beusprochen. Am Gespréich setzt de Richard Dawkins eiser momentan kulturpessimistescher Stëmmung ee radikaalt Bild vu moraleschem Fortschrëtt entgéint, deen an der Geschicht festgeschriwwen ass, mee heiansdo op Ierweer geréit: hie verweist hei op di besser Aspekter vun eiser Natur. Deene ville Virwërf vu Sozialdarwinismus, déi un hien adresséiert goufen mee déi hien ni op sech sëtze gelooss huet, begéint hie mat Mënschlechkeet;  a mat der Warnung, dass natierlech Selektioun kee Virbild fir eis sozial Organisatioun soll duerstellen. De Kampf géint reliéis an ideologesch Iwwerzeegungen, Elementer déi senger Meenung no d'Gesellschaft splécken éischter wéi zesummebréngen, féiert hie mat engem Kannerbuch weider, dat sekular Educatioun erëm zeréck an de Mëttelpunkt setze soll.

Richard Dawkins - Evolutiounskontroversen

Play Episode Listen Later Mar 12, 2018 15:38


Ënnert dem Numm The Darwin Wars gouf an den 1970er Joren eng Kontrovers gefouert, déi scheinbar grouss politesch a weltanschaulech Konsequenze vun der Evolutiounstheorie betraff huet. Bedeit dem Darwin seng Theorie, an d'Erfuerschung vun der Genetik am Allgemengen, datt d'Mënschheet just iwwerliewe kann, wa se sech der Natur hire scheinbaren Egoismus zu eege mécht? Eng passionant Debatt, an där de Richard Dawkins Position huet missen agräifen.

Richard Dawkins - Den Evolutiounsbiolog

Play Episode Listen Later Mar 5, 2018 11:32


De Richard Dawkins ass engersäits Wëssenschaftler aus dem héichtechnesche Beräich vun der Evolutiounsbiologie an anerersäits e Verfechter vun engem wëssenschaftlech motivéierten Atheismus. De Versuch, déi zwee Aspekter vuneneen ze trennen, ass eventuell zum Scheitere veruerteelt ... mä grad dowéinst derwäert. Well genee déi Kontroversen, déi sech aus dëser Onméiglechkeet erginn, bestëmmen de Personnage a seng Wierkung bis haut. Eng Introduktioun vum Marc Clement.

Edouard Louis

Play Episode Listen Later Feb 26, 2018 13:12


Literatur a Soziologie verbanne fir d'Wourecht auszeschwätzen an ze verschaffen, sinn d'Motiver, déi den Edouard Louis inspiréiert hunn. Bis elo sinn zwee Wierker dobäi erauskomm: "En finir avec Eddy Bellegueule" an "Histoire de la violence". Den Edouard Louis war kierzlech Gaascht am Institut Pierre Werner, wou hien analytesch iwwert seng Literatur a seng Biographie geschwat huet. D'Valerija Berdi presentéiert de jonke franséische Schrëftsteller.

Didier Eribon

Play Episode Listen Later Feb 19, 2018 9:07


Den Didier Eribon wollt "Retour à Reims" schreiwen a vergiessen, Dat war awer net méiglech an dann huet de Soziolog "La société comme verdict" publizéiert. Nach emol geet hien op d'Phänomener vun de soziale Klassen an. "Transfuge de classe" bezeechent hien de sozialen Opstig, dee geléngen awer ni fräi vu Stigmatiséiere bleift. E Bléck an dëst Wierk, awer och op all déi, déi dem Eribon seng soziologesch Analys beaflosst hunn, well se Ähnleches z'erzielen haten: Richard Hoggart, Pierre Bourdieu an d'Annie Ernaux. Valerija Berdi iwwer de Schrëftsteller vum Mount.

Didier Eribon

Play Episode Listen Later Feb 5, 2018 9:05


Den Didier Eribon gehéiert haut zu de bedeitendste Soziologen a Frankräich. De soziale Milieu, sozial Beweegungen an d'Aarbechterklass stinn am Fokus vu senge Recherchen, Coursen a Seminären. Hie selwer staamt aus der Aarbechterklass an de sozialen Opstig vun Aarbechterkanner ass en eminent Thema a senge Wierker, grad esou wéi d'Roll an awer och d'Versoe vu lénker Politik. Den Didier Eribon ass Professer op der Fakultéit Philosophie, Sciences humaines et sociales op der Universitéit vun Amiens. Nom Doud vu sengem Papp geet den Didier Eribon zréck a seng Gebuertsstad Reims a mécht sech op d'Spure vu senge Virfahren. Hie begéint do dem Aarbechtermilieu an deem hien opgewuess ass an analyséiert déi gesellschaftlech Voleten a sengem autobiographesche Wierk "Retour à Reims". Detailer mam Valerija Berdi.

Literaresch Bloggen ze Lëtzebuerg?

Play Episode Listen Later Jan 29, 2018 11:49


Bloggen kann a ville Formen an aus villen Uersaachen realiséiert ginn. D'Valerija Berdi huet sech op d'Sich no literaresche Bloggen ze Lëtzebuerg gemaach. Wat ass d'Plus-value a wéi eng Auswierkug huet dat op d'Schreiwen? A wéi enger Form bloggen Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller ze Lëtzebuerg?

Ech schreiwen, also bloggen ech!

Play Episode Listen Later Jan 22, 2018 8:06


Ech schreiwen, also bloggen ech! De Blog ass net just eng Plaz wou d'Lieser, mä och Auteure sech nieft dem fäerdege Buch mat der Literatur ausenanersetzen. Mat der eegener an der friemer, mat sech a mat de Lieser. Wie sinn déi berühmte Blogger a wat beweegt si dozou, sech och an dëser Form matzedeelen? D'Valerija Berdi huet sech op d'Sich gemaach.

Claim SchrëftstellerIn vum Mount

In order to claim this podcast we'll send an email to with a verification link. Simply click the link and you will be able to edit tags, request a refresh, and other features to take control of your podcast page!

Claim Cancel