POPULARITY
“Murmurare”: dem Kënschtler Serge Ecker seng aktuell Foto-Expo am Diddelenger Konschtzentrum Nei Liicht dréit en diskreten, onopdrénglechen Titel. Vläicht well hien zanter 15 Joer fräischaffende Kënschtler a Grafiker ass, awer eigentlech kee Fotograf? Allerdéngs start de Serge Ecker seng Projeten heefeg mat Fotorecherchen, fir duerno Skulpturen oder Printen ze realiséieren. Virun zwee Joer hat de Serge Ecker fir eng CNA-Bourse kandidéiert, fir sech awer eemol intensiv mat senger ganz perséinlecher Billerflut ausenanerzesetzen an domat eng Expo op d'Been ze stellen. Also mat deene Fotoen, déi zum ekophilosopheschen Theema “De Mënsch an d'Natur”, respektiv “d'Zesummespill tëschent deenen zwee”, eppes bäidroe kéinten. D'Resultat "Murmurare" ass an der Nei Liicht zu Diddeleng ze gesinn.
Den Dialog tëschent confirméierten an emergente Kënschtlerinnen a Kënschtler, dem grousse Publik an den Institutiounen ze fërderen, ass d‘Zil vum TalentLab, deen elo säin 10. Gebuertsdag feiert. Vum 30. Mee bis den 8. Juni gëtt awer net just gefeiert, mee d‘Stater Theatere bidden en ofwiesslungsräiche Programm un. D‘Valerija Berdi huet mam Tom Leick, dem Direkter vun de Stater Theatere geschwat. All Detailer iwwer de Programm ass op der Säit theatre.lu ze fannen.
Virun e puer Deeg huet den Thomas Grün annoncéiert, datt hien Basketsschong un den Nol géif hänken. Am Rebound vun haut kuckt de Rich Simon ënnert anerem op seng ausseruerdentlech Karriär zeréck. Een anert Thema ass d'Jugend am Lëtzebuerger Basket.
Vu senger Konscht kënnen ze liewen – de groussen Dram vun all Kënschtler erweist sech zu Lëtzebuerg zumindest um Pabeier als méiglech: 107 Leit hunn hei am Land de Statut d'artistes, 268 Leit dee vum Intermittent du spectacle. An der Praxis gesäit d'Saach allerdéngs e bësse méi schwiereg aus, dat net just zu Lëtzebuerg, ma och am Ausland. Am Frankräich ass beispillsweis de Prozentsaz vu Schrëftsteller:innen, déi vun hirem literaresche Schreiwen eleng liewe kënnen, zimmlech geréng. Virun e bësse méi wéi engem Mount huet een Artikel an der Luxembourg Times, an deem zwee Kulturschafender iwwert de Seeldanz tëschent Broutjob a Konscht geschwat hunn, fir ee (klenge) Shitstorm gesuergt, dat well de Journalist op eng liicht naiv Manéier e Portrait gezeechent huet vu Leit, déi daagsiwwer schaffen an nuets kreativ ginn, ouni ze hannerfroen, wéi et kéint sinn, dass deels renomméiert Kulturschafend et nawell net packen, vun hirer Musek, hirer Konscht, hirem Schreiwen, bref vun hirer Aarbecht ze liewen. Fir e bësse mat där Manéier, de kreative Beruff ze verklären, opzeraumen, hunn d'Kerstin Thalau an de Jeff Schinker haut véier Leit agelueden, déi mat eis iwwert d'Erausfuerderung vum onofhängege Schaffen diskutéieren: d'Kënschtlerin Julie Wagener, déi transdisziplinaresch Kënschtlerin Clio van Aerde, de Museker Tun Biever an de Schrëftsteller Antoine Pohu.
Care More Be Better: Social Impact, Sustainability + Regeneration Now
If we can be more conscious about our food consumption, building a more sustainable world is certainly achievable. Corinna Bellizzi chats with Ben Kelly of Better Origin Ingredients about what it takes to create a sustainable nutrition ingredient supply. He shares the environmental benefits of using algae-based Omega-3s, particularly in ending illegal fishing, saving fish populations, and replacing fish oil. They discuss the complexities of global supply chains, as well as how to handle trade wars and tensions happening all around the world. Ben also talks about his philosophy of running a business focusing on social impact, employee well-being, and community service.About Guest:An entrepreneurial-minded leader and connector, Ben has spent the past 15+ years in business development and leadership roles in the dietary supplement and food ingredient industry. He holds his B.A. (Honors) from the University of New Brunswick and his M.P.A from the University of Saskatchewan. Ben's partner Katie, their two daughters and two dogs make their home in Saskatoon, Saskatchewan, Canada. Ben began his professional career in business development with POS Bio-Sciences (a global leader in contract R&D services). While at POS, Ben Co-Founded Algarithm, with Dr. Udaya Wanasundara building on his interest in lipids, childhood nutrition and sustainability. In 2021 the business was acquired by Mara Renewables Corp., creating a fully integrated ingredient organization. In 2024 Ben left Algarithm and joined Virun as their Vice President of Business Development, moving one step closer to the consumer. He also took on a new role as CEO of a new B2B ingredient organization - Better Origin Ingredients in April 2025.Guest LinkedIn: https://www.linkedin.com/in/benjamin-k-4b326460/Guest Website: https://www.betterorigin.ca/Guest Social: https://www.linkedin.com/company/better-origin-ingredients/Show Notes: Raw audio | Final FV00:03:28 - Ben Kelly And Better Origin [00:03:32]00:07:11 - Saving Fishes Through Algae Oil [00:06:47]00:12:37 - Understanding The Impact Of Illegal Fishing [00:11:52]00:24:17 - How To Significant Improve Supply Chains [00:22:58]00:28:24 - Working Opportunities With Better Origin Ingredients [00:26:54]00:31:19 - How Ingredients Will Be Sourced In The Future [00:29:39]00:40:21 - More Clarity In The Food Ingredient Industry [00:37:52]00:47:11 - How Consumers Can Push For Change [00:43:48]00:50:38 - Episode Wrap-up And Closing Words [00:46:29]JOIN OUR CIRCLE. BUILD A GREENER FUTURE:
Virun nach net allze laanger Zéit, huet een duerch online Agendae gescrollt oder Pabeierbroschüre gebliedert, an da selwer säin Dag geplangt. Haut huet Kënschtlech Intelligenz op all Fro eng Äntwert. Dozou eng Carte blanche vum Christiane Bram, Ekonomist a Kommunikatiounsexpert.
"C'est vraiment une volonté aussi de montrer que la musique contemporaine n'est pas que avantgardiste" - dat seet de Pierre Fontenelle iwwer d'Musek, déi hien den 13. Abrëll um 16:00 a sengem Solo-Recital zu Bieckerech an der Kierch spillt. Et ass e variéierte Programm, bei deem dee jonken Cellist Pierre Fontenelle dem Publikum d'Méiglechkeete vu sengem Instrument an deene verschiddenste Stiler presentéiert. Virun allem gëtt et och zäitgenëssesch weiblech Komponistinnen ze entdecken, mat deenen hien net nëmmen a Kontakt steet, mee heiansdo och op der Bün. Am 100,7-Interview mam Christophe Mirkes verréit de Pierre Fontenelle ënner anerem wéi hien dës Komponistinnen entdeckt a kennegeléiert huet.
Virun 33 Joer huet "Basic Instinct" d'Sharon Stone zum Weltstar gemaach. Eng Zeen am Film huet deemools fir vill Diskussiounen gesuergt. De Pit Biwer kuckt haut op dëse markante Moment am Kino zeréck a schwätzt ënnert anerem mat der Schauspillerin an dem Produzent iwwert Changementer am Filmbusiness an dass et vill Ellementer ginn, déi e Film beaflosse kënnen.
Virun zwou Wochen hate mer iwwert de Fall vum Immobilieprojet Cité Ouschterbour zu Uewerkuer bericht. An dat net fir d'éischte Kéier: scho Mëtt 2023 hate mer an engem Reportage thematiséiert, datt et um Chantier net virugoe géing, well de Promoteur Capelli d'Baufirmen net bezuelt hat.
Muer (22.2.) ass d'Präisveriwwerreechung vun der Berlinale, an et dierf ee gespaant sinn, wie mam Gëllenen, respektiv de sëllege Sëlwere Bieren heemgeet. De Jeff Schinker ass nach ëmmer zu Berlin - a mécht eis ee klenge Bilan vum Concours.
D'Lambrini Girls sinn eng brittesch Punkband vu Brighton, déi sech duerch hir live Optrëtter en Numm gemaach hunn, éier si iwwerhaapt en Album verëffentlecht haten. Hir éischt Plack ass haart, politesch an och zimmlech witzeg. Virun allem mécht se onheemlech Spaass, seet d'Claire Barthelemy, wat eragelauschtert huet.
D'Matilda Lloyd ass eng jonk brittesch Trompettistin, déi elo fir déi alleréischt Kéier op Lëtzebuerg kënnt. An der Philharmonie spillt si am Kader vum Rising Star-Programm vun der ECHO (European Concert Hall Organization) e Concert mat engem ganz diverse Programm. Éier si hir Wallis fäerdeg gepaakt huet fir hir Rees vu Berlin bis heihinner, huet d'Trompettistin dem Marie Schockmel op e puer Froe geäntwert. Ënner anerem verréit si, wat hiert Liblingswuert op Däitsch ass an hiert Ritual kuerz virun all Optrëtt.
Virun engem Mount ass de syreschen Diktator Baschar al-Assad gestierzt ginn. D'Diskussiounen iwwert den Ëmgang mat syresche Flüchtlingen huet net laang op sech waarde gelooss. Och d'Lëtzebuerger Regierung huet séier decidéiert, d'Decisiounen iwwert de Statut fir syresch Migrante bis op Weideres op Äis ze leeën. Ënnert anerem de Flüchtlingsrot, Passerell an d'Asti ruffen zur Virsiicht op an dat zu Recht fënnt d'Claudia Kollwelter a sengem Commentaire:
An der neier Episod vun Am Bistro mat der woxx schwätzt de Joël Adami iwwert seng Meenung an Usiichten zur sougenannter Kënschtlecher Intelligenz, wéi hien se och a sengem Essay an der neister woxx duergeluecht huet. Riets geet iwwert d’Verschmotzung vum Internet, iwwert d’Materialitéit vu KI an anere Programmer a wéi grouss den ökologesche Foussofdrock vun esou Programmer ass. Hien erkläert awer och, wat fir Uwendunge senger Meenung no sënnvoll sinn a wat vun der KI-Fabrik vun der Lëtzebuerger Regierung ze halen ass Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Der Computer bleibt dummThe post Am Bistro mat der woxx #314 – Wisou de Computer domm bléift an kënschtlech Intelligenz virun allem Hype ass first appeared on Radio ARA.
Virun e puer Deeg huet de Georges Urwald zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker, der Debbie Marinkovich an dem Ivan Boumans en Album mam Titel “Lidderflupp” digital erausbruecht. Lidderflupp ass och den Titel vun engem Projet, deen de Georges Urwald zesumme mat der MIL ASBL op d'Bee gesat huet. Op deem Album kann een 10 Medleye lauschteren, déi sech jeeweils ëm ee Komponist, eng ganz Epoch oder eng bestëmmten Thematik dréien. D'Marie Trussart huet mam Georges Urwald ënner anerem iwwer d'Volleksmusek zu Lëtzebuerg geschwat, wat se esou besonnesch mécht, an hien huet och verroden, firwat hien esou begeeschtert ass vun eisem Musekspatrimoine.
Virun annerhallwer Woch war et esou wäit: d'Notre-Dame zu Paräis ass gutt 5 Joer nom Brand nees op fir de grousse Public. Et war eng opwenneg Restauratioun, un där ronn 250 Entreprisë bedeelegt waren. D'Uergel war net ofgebrannt, mee se huet komplett nees missen opgebaut, gebotzt a restauréiert ginn. Ëm 8.000 Päifen huet sech misse gekëmmert ginn a responsabel war dofir ënner anerem och ee Lëtzebuerger: de Laurent Anen. De Christophe Mirkes huet beim Uergelbauer nogefrot, wéi seng Aarbecht konkret ausgesinn huet.
En Donneschdeg de Moie waren Arnaquen d'Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Mat 6 Joer huet de Johan Perdigão mam Piano ugefaangen. Elo mat 20 Joer studéiert hien dat Instrument zu Wien an de Sonndeg spillt hien e Concert zu Lëtzebuerg. Am Centre Culturel Machera zu Gréiwemaacher steet hien zesumme mat der Luxembourg Philharmonia op der Bün. Eréischt d'lescht Joer hu si zesummen dem Edvard Grieg säi Concerto fir Piano gespillt, an elo steet dee vum Robert Schumann op der Affiche. Bei deem Wierk fillt de jonke Pianist virun allem staark Léift. Dem Marie Schockmel huet hie méi verroden.
Virun zwou Woche sinn mer op dëser Plaz op de Problem agaangen, datt an eiser Gesellschaft déi meescht Gewalt vun Männer ausgeet.
1959 ass fir déi éischte Kéier ee Mini iwwer d´Stroosse gerull an et gëtt en nach ëmmer. Et kann een allerdéngs net méi onbedéngt vun engem Mini schwätzen. Virun allem, wann et sech em de Countryman handelt. Iwwer dee schwätze mir an den nächste Minutten, mam Rich Simon aus eiser Automag Redaktioun....
Virun 10 Deeg hate mir den Chino Moreno an de Shaun Lopez am Interview, hei verréit eis de Jeff Schinker, wéi hiren Optrëtt gëschter (17.6.) am Atelier war.
Virun den Debatten um Krautmaart hunn en Dënschdeg den Owend scho Vertrieder vun de 7 Parteie am "Kloertext" geschwat.
Wéi gutt oder schlecht hu sech d'Parteie geschloen? Sinn d'Ënnerscheeder oder d'Extremer elo kloer?
Virun e puer Deeg, koum d´Nouvelle, datt den Arbitter Jean Samida gestuerwen ass. Am Rebound vun haut kuckt de Rich Simon op seng Karriär zeréck an hie seet eis awer och, wéi d´Situatioun am Championnat ass. An dat souwuel bei den Damme wéi bei den Hären.
E Mëttwoch de Moie war d'Piratepartei Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Virun de Sozialwalen: Froe vum Maurice Molitor un de President vun der Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC, déi am zweeten Ulaf e Sëtz an der CSL upeilt.
My students often want to say in Luxembourgish sentences such as "Before I go to work I do this and that". And then I see them hesitating and most of the time I hear phrases such as: Virun ech ginn op d’Aarbecht, ech drénken Kaffi. Short sentence but with some mistakes
Déi nei LSAP-Deputéiert Paulette Lenert war e Méindeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.
Vill vun eis, virun allem déi méi jonk ënnert eis, hu sech relativ fréih an hirem Liewen mat Sexualitéit a Geschlecht auseneegesat. Virun allem an de soziale Medien an a ville queere Spaces ass d Perspektiv vu Jonke präsent, oder och nach vu manner Jonken déi vu queeren Erfarungen aus hirer Jugend erzielen. Mee wat … Continue reading "#130: Coming out later in Life – Interview mamm Annette"
Virun de Walen huet den neie Luc Frieden d'Cravatte ausgedoen, den ieweschte Knapp vum Hiem opgemaach a versprach, hie wier elo locker an oppen. No de Walen ass kloer, den neie Luc konzentréiert nach méi Muecht bei sech wéi deen alen. En Tëscheruff vum Michèle Sinner.
Virun zwou Wochen huet e klenge franséischen Zirkus fir Opreegung gesuergt, well en exotesch Déiere mat an d'Land bruecht huet. Wéi dacks kënnt esou eppes vir? De Rick Mertens freet den Direkter vun der Veterinärverwaltung.
D'Geschicht an d'Technik vu Radio Luxembourg Vu wäit gesi se guer net esou héich aus. Wann een awer drënner steet, si se imposant. D'RTL Antenne vu Jonglënster. Den Olivier Catani a Mister Science klammen op déi 215 Meter héich Masten erop. Virun 90 Joer gouf vu Jonglënster aus déi éischt Sendung vu Radio Luxembourg ausgestraalt. Am Pisa weise mir wéi de Radio vu Lëtzebuerg grouss Deeler vun Europa eruewert huet. Firwat een de Sender fréier och am Telefon héiere konnt. A mir geheien Eeër vum Mast erof, an se dierfen dobäi net futti goen.
D'Geschicht an d'Technik vu Radio Luxembourg Vu wäit gesi se guer net esou héich aus. Wann een awer drënner steet, si se imposant. D'RTL Antenne vu Jonglënster. Den Olivier Catani a Mister Science klammen op déi 215 Meter héich Masten erop. Virun 90 Joer gouf vu Jonglënster aus déi éischt Sendung vu Radio Luxembourg ausgestraalt. Am Pisa weise mir wéi de Radio vu Lëtzebuerg grouss Deeler vun Europa eruewert huet. Firwat een de Sender fréier och am Telefon héiere konnt. A mir geheien Eeër vum Mast erof, an se dierfen dobäi net futti goen.
Haut ass et de Renouveau an der Elektromobilitéit bei Nissan. Virun enger Zäitche huet en scho seng Weltpremière gefeiert, a lues a lues gesäit een en dee Modell op eise Stroossen. De Nissan Ariya. Iwwer de Summer war deen och an der Automag Redaktioun ukomm - an de Christian Schmit konnt en elo sou richteg testen.
Virun enger Woch hunn Déi Gréng déi heftegst Waldéfaite an hirer Geschicht erlieft. Wéi konnt et dozou kommen? Dat froe mir den erfuerenste grénge Politiker. Moderatioun: Rick Mertens.
Eng 284.000 walberechtegt Bierger hunn et an der Hand. Wie leet d'politesch Geschécker déi nächst 5 Joer a wie soll mat wiem an eng Koalitioun kommen?
Virun de Chamberwahlen 2023 maache mir en Ausbléck. Wéi knapp gëtt et? Wéi ee Bezierk gëtt decisiv? An huet d'Affär Giorgetti en Afloss op d'Wahlresultat? Ausserdeem: Mir kucken op d'Nuit des Musées an eise Besuch am Festungsmusée.
Vum 19. bis den 27. August ass d'Liichtathletik Weltmeeschterschaft zu Budapest an Ungarn. Mam Bob Bertemes, dem Patricia Van der Weken, dem Vera Hoffmann an dem Charel Grethen sinn 4 Lëtzebuerger mat dobäi. Virun allem de Charel Grethen hat net deen einfachsten Ufank vun der Saison, Sam Rickal.
De Cabaret Vert ass ee vun deene gréisste Museksfestivallen a ganz Frankräich. Wéi vill anerer huet en als kleng Rockbün op enger Wiss ugefaangen an ass a 17 Joer zu engem multikulturellen Event mat Comicberäich a masseg Büne gewuess. En ass och guer net wäit ewech vun eis hei, grad emol 140 km bei Charleville-Mézières an den Ardennen. Fir ee klengen Iwwerbléck iwwer ee kolossale Line-Up, deen desen DOnneschde lasgepaff gëtt, huet de Marc Clement aus der Museksredaktioun sech mat engem vun de Festivaldirekteren, dem Cédric Cheminaud, ënnerhalen.
Eng gutt Partie Lëschte sinn eraus a spéitstens nodeems de Weekend eng Rei Parteikongresser waren, ass de Startschoss fir d'Campagne fir d'Chamberwale gefall. Wou sti mir esou kuerz virun der "Grousser Vakanz"? An ass iwwerhaapt eng politesch Summerpaus ze erwaarden? D'Monica Camposeo analyséiert am Commentaire déi verschidde Strategië vun de Parteien.
E Dënschdeg de Moie war d'Handwierk Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Geschicht an d'Technik vu Radio Luxembourg Vu wäit gesi se guer net esou héich aus. Wann een awer drënner steet, si se imposant. D'RTL Antenne vu Jonglënster. Den Olivier Catani a Mister Science klammen op déi 215 Meter héich Masten erop. Virun 90 Joer gouf vu Jonglënster aus déi éischt Sendung vu Radio Luxembourg ausgestraalt. Am Pisa weise mir wéi de Radio vu Lëtzebuerg grouss Deeler vun Europa eruewert huet. Firwat een de Sender fréier och am Telefon héiere konnt. A mir geheien Eeër vum Mast erof, an se dierfen dobäi net futti goen.
D'Geschicht an d'Technik vu Radio Luxembourg Vu wäit gesi se guer net esou héich aus. Wann een awer drënner steet, si se imposant. D'RTL Antenne vu Jonglënster. Den Olivier Catani a Mister Science klammen op déi 215 Meter héich Masten erop. Virun 90 Joer gouf vu Jonglënster aus déi éischt Sendung vu Radio Luxembourg ausgestraalt. Am Pisa weise mir wéi de Radio vu Lëtzebuerg grouss Deeler vun Europa eruewert huet. Firwat een de Sender fréier och am Telefon héiere konnt. A mir geheien Eeër vum Mast erof, an se dierfen dobäi net futti goen.
Den Accord aus der Tripartite ass also ënnerschriwwen an et steet fest, wéi der Finanzministesch hire Sputt vu 500 Milliounen Euro, verdeelt gëtt. D'Yuriko Backes hat gesot d'Regierung wéilt mat deene Suen "eppes Flottes" fir d'Leit maachen. Ob dat gegléckt ass oder net sief mol dohi gestallt, op alle Fall ass fir jiddereen eppes mat dobäi, fënnt Dany Rasqué a sengem Commentaire.
Virun der grousser Karriär huet d'Geld vun anzwousch anescht mussen hierkommen. Modele war fir vill bekannten Actricen eng gutt Alternativ. De Pit Biwer huet ë.a. doriwwer mam Cameron Diaz geschwat.
Virun e puer Deeg stoung hie nach op Concertsbünen an Amerika. Muer Freideg (13.01.) spillt de Jan Lisiecki zesumme mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ënner der Baguette vum Krzysztof Urbański e Concert an der Philharmonie. Mam polneschen Dirigent huet dee gebiertege 27järege Kanadier schonn dacks gespillt. An der Philharmonie steet de Pianosconcerto vum Edvard Grieg um Programm. D'Marie Schockmel huet sech mam Pianist ënnerhalen.
2020 huet de Kulturministère den Arts Council Kultur:LX an d'Liewe geruff, deem seng Haaptmissioun d'Bekanntmaachen an d'Promotioun vu Lëtzebuerger Konscht a Kultur am Ausland sollt ginn. Virun de Feierdeeg war et d'Nouvelle, datt de Yann Annicchiarico fir eng Residenz am Berliner Künstlerhaus Bethanien, de Julien Hübsch fir eng Residenz an der Paräisser Cité des Arts selektionéiert gi wieren. Allebéid si plastesch Kënschtler. Fir hiren Domaine ass d'Hélène Doub bei Kultur:LX zoustänneg. Fir si kënnt den Hype ronderëm d'Kënschtlerresidenzen net vun ongeféier, kënnen d'Effete vun esou engem Openthalt sech nohalteg an extreem positiv auswierken.
2020 huet de Kulturministère den Arts Council Kultur:LX an d'Liewe geruff, deem seng Haaptmissioun d'Bekanntmaachen an d'Promotioun vu Lëtzebuerger Konscht a Kultur am Ausland sollt ginn. Virun de Feierdeeg war et d'Nouvelle, datt de Yann Annicchiarico fir eng Residenz am Berliner Künstlerhaus Bethanien, de Julien Hübsch fir eng Residenz an der Paräisser Cité des Arts selektionéiert gi wieren. Allebéid si plastesch Kënschtler. Fir hiren Domaine ass d'Hélène Doub bei Kultur:LX zoustänneg. D'Kerstin Thalau wollt méi konkret gewuer ginn, wat fir Effeten esou en Openthalt am Idealfall huet.
De Schnéi huet sech dëst Joer bis elo réischt ganz douce gewisen. Virun allem déi lescht Deeg si vereenzelt Flacke vum Himmel gefall. Ma dorëms geet et dann och an eisem Buch vun der Woch: Ëm Schnéi. Oder besser gesot, dat ass den Titel vum Thriller "Schnee" vun der islännescher Schrëftstellerin Yrsa Sigurðardóttir.
Zwee Deeg laang, leschte Weekend, hat de Public d'Geleeënheet déi Lëtzebuerger Bicherlandschaft op de Walfer Bicherdeeg ze entdecken a krut e ganz faarwege Programm ugebueden. Datt hanner dësem grousse Fest vum Buch eng nach méi grouss Organisatioun stécht, dat kann ee sech gutt virstellen. Wéi dat konkret ausgesäit, huet eis d'Claudine Trauden vun der Walfer Gemeng, déi fir d'Organisatioun vun dësem Evenement responsabel ass, an eiser Emissioun Kultur um 5 erzielt.