POPULARITY
Am Basket heescht de Champion bei den Hären wéi och schonn déi lescht 2 Joer Amicale Steesel. Bei den Dammen kéint dat och esou sinn, well hei spillt d’Amicale d’Finall géint den T71 Diddeleng. Am REBOUND vun haut kucken de Guy Seyler an de Jhang Mathes nach eng Kéier zréck op d’Häre – Finall, an natierlech awer och no vir op déi bei den Dammen

Gëschter huet mam Marco Tropeano ee vun de beléiftste Lëtzebuerger Football-Arbittere säi leschte Match gepaff. E Mëttwoch sinn d'Halleffinalen an der Coupe de Luxembourg. An der BGL-Ligue dogéint sinn um drëttleschte Spilldag, déi wichtegst Decisiounen nach net gefall. Den FLF-Magazin vun haut mat Franky Hippert an Jhang Mathes:

Am FLF Magazin steet haut den Escher Derby am Mëttelpunkt. Mat engem 1-1 sinn d'Fola an d'Jeunesse gëschter ausenee gaangen. Wéi gewinnt gëtt et awer och nees een Trickot vun der National-Equipe ze gewannen an de Paul Philippe kritt nees eng interessant Fro gestallt. Den FLF Magazin gëtt iech vum Jhang Mathes a Rich Simon presentéiert...

D'US Esch steet an der BGL-Ligue als éischten Ofsteiger fest. Déi zweeten Ofstigs- respektiv d'Relegatiounsplaz maache mat Rouspert, Stroossen an Rodange wuel 3 Equipen ënnert sech aus. Wat déi drëtt Positioun an der Tabell ugeet, déi als lescht fir Europa a Fro wäert kommen, gesäit et esou aus, wei wann sech déi zwee Escher Verainer Fola a Jeunesse dorëms streiden. Den FLF-Magazin vun haut mat Jhang Mathes a Franky Hippert:

Am Basket steet mat der Etzella bei den Hären mëttlerweil deen 1. Finalist fest.Am REBOUND vun haut kucken de Franky Hippert an de Jhang Mathes nach eng Kéier zréck op d’Halleffinall – Matcher vun der Woch, an si maachen de Point am Damme - Championnat ....

Am Basket geet et no de Coupe - Finallen dëse Weekend nees weider am Championnat.Am REBOUND vun haut kucken de Rich Simon an de Jhang Mathes mat enger gewësser Enttäuschung nach eng Kéier zréck op d’Matcher vum leschte Weekend an der Coque.

Englesch Wochen an der BGL-Ligue - e Mëttwoch ass et ënnert anerem d'Spëtzepartie tëscht der Jeunesse an dem F91 Diddeleng. An der Éirepromotioun war de Weekend de Nordderby tëscht Wolz an der Etzella, wou déi Ettelbrécker déi besser Affär gemaach hunn. De FLF-Magazin mat Jhang Mathes a Franky Hippert:

Wéinst de Wiederkonditiounen konnt dëse Weekend am nationale Futtball Championnat nees net gespillt ginn. Domadder sinn elo schonns zwee Spilldeeg hannerteneen ausgefall. Dat ass haut een Thema am FLF Magazin deen iech vum Jhang Mathes a Rich Simon presentéiert gëtt....

Am Basket hu gëschter déi Lëtzebuerger Hären heiheem géint Zypern gespillt, an dat war och dem Tom Schumacher säi leschte Match am Dress vun der Nationalequipe.Am REBOUND vun haut maachen de Guy Seyler an de Jhang Mathes ënner anerem e kuerze Réckbléck op eng bemierkenswäert international Carrière

Mat der Jeunesse géint d'Fola stoung den Escher Derby am Mëttelpunkt vun der Reprise vum Championnat no der Wanterpaus. Fir ee war et awer och schonns de leschte Match. Nämlech fir de Jürgen Tücks. Dat sinn ënnert anerem Themen am FLF Magazin deen iech haut vum Jhang Mathes a Rich Simon presentéiert gëtt....

Am Basket geet et zu Lëtzebuerg dëse Weekend bei den Dammen a bei den Hären weider am Championnat. Jeff Kettenmeyer a Jhang Mathes kucken donieft awer och zesumme mam Nico Graf emol, wat sech bei eisen Noperen zu Tréier den Ament deet.

Am Basketchampionnat leeft de Betrib scho nees op Héichtouren - d’Vakanz vum Joresenn war dës Kéier extrem kuerz. Am REBOUND kucken de Rich Simon an de Jhang Mathes op déi aktuell Situatioun, an hunn donieft och eng ganz interessant Invitatioun fir all Basketsfrënn.

Am Basket – Championnat sinn d‘Dammen schonn an der Vakanz, d’Häre mussen, bis op Walfer an d’Pikes, den Owend nach eng Schicht drunhänken. Am REBOUND vun haut kucken de Guy Seyler an de Jhang Mathes donieft nach eng Kéier zréck op Véierelsfinallen an der Coupe, a si probéieren et mol nees mat enger klenger Rechenaufgab.

Déi Lëtzebuerger Footballnationalequipe huet dat beschte Joer an hirer Geschicht hannert sech. Bei der FLF wëll een awer net stoen bleiwen, an dofir ginn et eng Rei Idiien.De Weekend konnt hei zu Lëtzebuerg wengst de schlechte Wieder an Terrainkonditiounen kee Football gespillt ginn. Déi Responsabel vun der Federatioun hunn elo decideiert datt déi Championnatsmatcher an den zwou ieweschten Divisiounen, de nächste Weekend gespillt ginn, an dofir d'Coupe op 2018 verreckelt gëtt. Den FLF-Magazin vun haut mat Jhang Mathes an Franky Hippert:

Am Basket – Championnat bei den Dammen ass den Ament d’Amicale Steesel d’Equipe vun der Stonn.Am REBOUND vun haut kucken de Jeff Kettenmeyer an de Jhang Mathes donieft op d‘Deplacement vun den Hären a Portugal, an si gratuléieren fir e Gebuertsdag.

No der Lännerspill-Paus gouf dëse Weekend nees an der BGL Ligue gespillt. Enner anerem war et deen éischte Optrëtt op der Trainerbänk um Racing fir de Patrick Grettnich. An do goufen et fir déi Stader 3 Punkten. De Patrick Grettnich ass een Thema am FLF Magazin deen iech haut vum Jhang Mathes a Rich Simon presentéiert gëtt.

Am Moment spillt déi Lëtzebuerger U-19 Footballnationalequipe d'Europameeschterschaftsqualifikatioun déi a Form vun engem Mini-Tournoi hei am Land gespillt gëtt. De leschten Donneschdeg war et dann e ganz positiven Ofschloss fir d'A-Equipe an deem erfollegraichsten Joer vun der Lëtzebuerger Footballfederatioun. Den FLF-Magazin vun haut mat Jhang Mathes a Franky Hippert:

Am Basket – Championnat geet dëse Weekend schonn d’Aller- Ronn vun der Qualifikatiounsphase op en Enn. Am REBOUND vun haut kucken de Guy Seyler an de Jhang Mathes nieft dem Championnat awer och op d‘Coupe ....

An de nächsten Deeg stinn d'Nationalequipen am Mëttelpunkt. Vun e Mëttwoch un, spillt d'U-19 an der Europameeschterschaftsqualifikatioun hei am Land e Mini-Tournoi géint Schottland, d'Tschechesch Republik an Armenien. D'A-Equipe kritt et en Donneschdeg an engem Frëndschaftslännermatch mat Ungarn ze dinn. An der BGL-Ligue gouf et nees e Wiessel un der Tabellespëtzt. Den FLF-Magazin vun haut mat Jhang Mathes an Franky Hippert:

De Weekend stoung d'Coupe de Luxembourg am nationale Football am Mëttelpunkt. Haut war schonn den Tirage vun den 8.tels Finalen. Net méi dobäi ass den Tripléegewënner F91. Déi Diddelenger hunn gëscht an den 16.tels Finalen an enger richteg flotter Partie no 11 Meter-Schéissen géint de Progres Nidderkuer verluer. Den FLF-Magazin vun haut mat Jhang Mathes a Franky Hippert:

An der BGL-Ligue huet den Tabelleleader Nidderkuer kloer op der Jeunesse gewonn, an den F91 huet d'Fola an engem flotte Match 4-3 geklappt. Lo de nächste Weekend steet d'16.tels Finale an der Coupe de Luxembourg um Programm mam absolute Spëtzematch tëscht Diddeleng an dem Progrès. Dann war de leschte Samschdeg awer och de Kongress vun der Footballfedereatioun zu Harel. Den FLF-Magazin vun haut mat Jhang Mathes an Franky Hippert:

Am Basket – Championnat si mëttlerweil scho 4 Matcher gespillt, an d’Equippen hunn deen 1. duebele Spilldag hannert sech. Am Rebound vun haut maachen de Jeff Kettenmeyer an de Jhang Mathes e kuerze Point vun der aktueller Tabellesituatioun.

An de leschten Deeg gouf et positives an negatives vun de Lëtzebuerger Footballnationalequipen. D'U-21 huet an der Europameeschterschaftsqualifikatioun en 1-1 géint Slowenien realiseiert. D'A-Equippe huet eng sauer 0-8 Defaitte aus Schweden matheem bruecht. Muer hunn d'Rout leiwen d'Meiglechkeet, dat ganzt am Stade Josy Barthel géint Bulgarien, zum Deel nees gutt ze maachen. Den FLF-Magazin vun haut mat Jhang Mathes an Franky Hippert

An de nächsten zwou Wochen bleift de Ball an der ieweschter Divisioun am Lëtzebuerger Football am Schaaf. D'Nationalequipe spillt nämlech hir zwee lescht Matcher an der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun. Heiheem war haut den Tirage vun der Coupe, an do koum mat der Partie F91 Diddeleng géint de Progrès Nidderkuer e richtegen Hummerlous dobäi eraus. Dann war et op der Fola awer och deen éischte Match no der Ära Jeff Strasser, deen elo beim 1.FC Kaiserslautern op der Trainerbänk setzt. Den FLF-Magazin vun haut mat Jhang Mathes an Franky Hippert:

Am Basket war de leschte Weekend deen 1.Spilldag vun där neier Saison, an dee war net ganz ouni Surprise. Am REBOUND kucke Guy Seyler a Jhang Mathes nach eemol zréck op déi éischt Matcher, an och op e puer Saachen, déi fir den Ufank nach net geklappt hunn.