POPULARITY
Gëschter Donneschdeg Owend huet d'Schrëftstellerin Marie NDiaye hiren neien Text "Ma chérie" zesumme mat der Improvisatiounsmusekerin Christine Wodrascka ënner der Regie vum Denis Cointe am TNL virgelies. Am Kader vun dësem Projet, deen dank dem TNL an dem IPW op Lëtzebuerg koum, huet de Jeff Schinker sech mat der franséischer Schrëftstellerin ënnerhalen, déi net just mam Prix Goncourt an dem Prix Femina ausgezeechent gouf, mee och rezent mat hirem Roman "La Sorcière" op der Shortlist vum International Booker Prize stoung. Am Extrait aus hirem laange Gespréich geet et ëm den Text "Ma chérie", ëm international Unerkennung, mee och ëm d'Gefore vun der KI an d'politesch a kulturell Situatioun am Frankräich.
No gutt 33 Joer mécht den 1. September Op der Lay seng Dieren zou: d'Bicher vum Verlag gëtt et da just nach bei Librairen, a Bibliothéiken a second hand. Wat bedeit dat fir d'Zukunft vum Verlagswiesen zu Lëtzebuerg? Verstoppt sech hanner deem Eenzelfall vläicht esouguer ee méi déiwen, strukturelle Problem? Doriwwer huet de Jeff Schinker mam Eric Steffen, deen Op der Lay déi lescht Jore mat der Doris Bintener zesumme geleet huet, mam Marc Binsfeld vun den Éditions Guy Binsfeld plus Vizepresident vum Verband vun den Editeuren, mat der Anne-Marie Reuter vu Black Fountain Press a mat der Claudine Muno, als concernéiert Op-der-Lay-Autorin, geschwat. An engem éischten Deel geet et hei ëm eng Zort Bestandsopnam vun der Situatioun vun de Verläg.
Um Literaturfestival Etonnants voyageurs an der Bretagne huet d'Valerija Berdi sech mat den zwou Schrëftstellerinnen Hala Moughanie an der Maram al Masri ënnerhalen. Dëse Sonndeg kënnt Dir déi zwou Autorinnen héieren, wa si iwwer hiert Wierk awer och iwwer hiert Liewen an déi aktuell Situatioun an hire Länner schwätzen. Mir lauschteren e klengen Appetizer, hei mat Aussoe vun der libaneesescher Schrëftstellerin Hala Moughanie an der Emissioun Déi wonnerbar Valibrairie Déi ganz Sendung mat literaresche Stëmmen aus Syrien an dem Libanon kënnt Dir de Sonndeg um 11 Auer lauschteren an duerno natierlech och an eiser Mediathéik.
D'Situatioun vun den Ekabe-Mëllechbauere gëtt analyséiert, Theema ass och d'Sécherheet vu Cattenom a wéi gutt oder schlecht dat neit Transparenzregëster funktionéiert.
"Sound of Falling" huet de Film d'Ouverture vum leschte Festival de Cannes geheescht - a keen hätt geduecht, dass den Titel eng gutt Ëmschreiwung kéint sinn vun deem, wat an de leschte Méint an der Lëtzebuerger Filmbranche gelaf ass. Virun engem Joer ass um 78. Festival de Cannes mam Jafar Panahi säin “It Was Just an Accident” eng Lëtzebuerger Koproduktioun mat der Palme d'Or ausgezeechent ginn. Ee Joer drop schéngt et der Filmindustrie zu Lëtzebuerg finanziell allerdéngs net besonnesch gutt ze goen: eng Produktiounsfirma huet Faillite gemaach an d'Studioen am Filmland maachen zou. D'Stëmmung um Lëtzebuerger Dag um Samschden op der Croisette war dowéinst och liicht méi bedréckt, wéi soss. De Jeff Schinker war fir eis op der Platz an huet sech mam Guy Daleiden, Direkter vum Film Fund, iwwert déi schwiereg Situatioun a méiglech Ausweeër ënnerhalen.
Den zukünftegen UEL-President iwwer d'wirtschaftlech Situatioun hei am Land, eng ëmstridde Baugeneemegung zu Gilsdref - dat si Sujeten an der nationaler Press vun haut.
De Logementsminister Claude Meisch huet dës Woch d'Schafung vun enger nationaler Loyerskommissioun ugekënnegt. Domat gëtt eng laangjäreg Fuerderung vum Mieterschutz erfëllt. Wéi kann déi hëllefen, d'Situatioun um Locatiounsmaart ze berouegen? Dat froe mir de President vun der Asbl.
Wéi eng Chancen huet d'Tripartite, ass d'Situatioun am Garer Quartier nach ze retten a wéi gëtt an Zukunft op der däitscher Grenz kontrolléiert, dat si Froen aus den Zeitungen.
Neit Denke bei der FLF, d'Spuerkeess an der Kritik an d'Situatioun vum Lëtzebuerger Journalismus. dat sinn d'Themen an der Presserevue.
Eng lose-lose Situatioun fir d'Regierung, Onkloerheete beim Projet Cigale a wat mécht eigentlech de Marc Girardelli, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Dem Minister Wilmes seng Ausso iwwert "win-win-Situatioun" werft Froen iwwert dat problematescht Medieverständnes vu ville Regierungsmemberen op, sou e Kommentar an der Press
Een neie Rapport vum Ombudsman wéist op een néits, datt Fraen zu Lëtzebuerg am Prisong weiderhin ongläich behandelt ginn. Dat läit engersäits dorunner, datt d’Untersuchungshaft an déi Verurteelt net getrennt sinn, mä och u generell méi schlechten Haftkonditiounen, méi schlechter medezinescher Versuergung a stereotyppen Atelieren. Am Podcast erkläert d’woxx-Journalistin Melanie Czarnik, wisou dat esou ass a wisou sech zanter Joerzéngte kaum eppes vun dëser Situatioun geännert huet, obwuel de Grand-Duché virun net emol véier Joer ee fuschneie Prisong opgemaach huet – mä deen ass ebe just fir Männer.The post Wéi Fraen am Prisong duebel bestrooft ginn first appeared on Radio ARA.
D'Situatioun am Iran, e Bléck op d'Buedemschätz a Grönland mat engem Lëtzebuerger, deen do schafft an eng Lëtzebuerger Entreprise, déi de Weltall wëllt botze sinn Theemen.
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. No Joerzéngte vu Verhandlungen kéint d'EU-Mercosur-Abkommen elo séier Realitéit ginn. An enger geopolitësch ugespaanter Situatioun huet Italien seng Blockade opginn – domat ass eng qualifizéiert Majoritéit am EU-Rot erreechbar, an eng Ënnerschrëft kéint schonn an de kommende Deeg erfollegen. Mä d'Kritik ass grouss: Ëmweltschutz-NGOen, landwirtschaftlech Verbänn an indigen Communautéiten a Südamerika warnen viru méi Offorchtung, steigenden Emissiounen an onfaire Konkurrenz fir europäesch Baueren. Iwwer d'politesch Dynamiken, d'Roll vun der Landwirtschaft an d'Froen, wien vum Abkommen profitéiert, schwätzt de Joël Adami mat der María Elorza Saralegui an dëser Episod. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: EU-Mercosur-Abkommen: EndspurtThe post EU-Mercosur-Abkommen: Endspurt first appeared on Radio ARA.
Sujeten haut: Vullegripp, Med Safety Week, Reaktioun vum Martine Deprez op Situatioun an der Santé a Lëtzebuerger Kader fir nächst Lännermatcher
Sujeten haut: Vullegripp, Med Safety Week, Reaktioun vum Martine Deprez op Situatioun an der Santé a Lëtzebuerger Kader fir nächst Lännermatcher
Den Dépôt vum Staatsbudget ass all Joer d'Geleeënheet fir de Point ze maachen iwwert déi ekonomesch a budgetär Situatioun zu Lëtzebuerg. Mir dierfen do awer net déi sozial Situatioun aus den Ae verléieren an do stellt ee fest, dass de Budget net der sozial beonrouegender Situatioun zu Lëtzebuerg gerecht gëtt, sou de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.
Den Dépôt vum Staatsbudget ass all Joer d'Geleeënheet fir de Point ze maachen iwwert déi ekonomesch a budgetär Situatioun zu Lëtzebuerg. Mir dierfen do awer net déi sozial Situatioun aus den Ae verléieren an do stellt ee fest, dass de Budget net der sozial beonrouegender Situatioun zu Lëtzebuerg gerecht gëtt, sou de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.
No der Hierscht-Quadripartite vu gëscht: Froen un d'Sozialministesch Martine Deprez iwwer déi schlecht finanziell Situatioun vun der CNS a Weeër do eraus.
En Donneschdeg de Moie waren d'Nordstadfusioun an déi global Situatioun zu Ettelbréck Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
En Donneschdeg de Moie waren d'Nordstadfusioun an déi global Situatioun zu Ettelbréck Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Den Industrielleverband FEDIL mécht sech Suergen iwwer déi aktuell wirtschaftlech Situatioun hei am Land, iwwer de Sozialdialog, deen net méi funktionéiert, an iwwer US-Taxen, déi eventuell vun e Mëttwoch un op Europa duerkommen, wann d'EU bis dohi keen Accord mat Amerika fonnt huet, deen dem Donald Trump Satisfaktioun gëtt. Iwwer all déi Theeme geet rieds mam President vun der FEDIL.
Déi eng zitt et e Samschdeg op d'hëtzeg Stroossen, déi aner kommen net séier genuch an de kille Bësch. Iwwerdeem d'Gewerkschaften all eenzele Member op hir Maniff e Samschdeg ruffen, invitéiert d'Patronat fir de Weekend Doheem oder soss enzwousch ze genéissen - d'Haaptsaach, net op der Strooss. De Roy Grotz iwwert eng toxesch Situatioun, an där lo e radikaalt Ëmdenke gefrot ass.
Déi eng zitt et e Samschdeg op d'hëtzeg Stroossen, déi aner kommen net séier genuch an de kille Bësch. Iwwerdeem d'Gewerkschaften all eenzele Member op hir Maniff e Samschdeg ruffen, invitéiert d'Patronat fir de Weekend Doheem oder soss enzwousch ze genéissen - d'Haaptsaach, net op der Strooss. De Roy Grotz iwwert eng toxesch Situatioun, an där lo e radikaalt Ëmdenke gefrot ass.
Eng BD, geschriwwe vum Bruno Duhamel a gezeechent vum David Ratte. Et geet ëm zwee Sans-Abrisen, där hir Situatioun weider eskaléiert. Den Nicolas Calmes huet d'BD fir eis gelies.
De Politmonitor, wou de Premier Plomme léisst, weider gespaante Situatioun op der Gare an e Sträit zu Esch ronderëm déi nei Vëlospist duerch d'Kanalstrooss sinn de Moien Theemen.
An der Kultur zu Lëtzebuerg sinn d'Frae nach ëmmer ënnerrepresentéiert. Dat weist den Etat des lieux, deen de CID | Fraen an Gender wärend der Saison 2022-23 gemaach huet. D'Resultat ass erschreckend. Knapp ee Véierel vun de Plazen am kulturelle Secteur si vu Frae besat. An der klassescher Musek sinn dës Zuelen esouguer nach méi extreem: 80,9 Prozent vun de Plaze si vu Männer besat. D'Marie Trussart schwätzt mat Fraen aus dem kulturellen a feministesche Beräich iwwer dës Situatioun an iwwer hir perséinlech Erfarungen. Participanteën: • Alena Baeva, Geiistin • Chloé van Soeterstède, Dirigentin • Claire Schadeck, Chargée de projets CID | Fraen an Gender • Mariana Florea, Presidentin The Network Musek: • Helen Buchholz (1877-1953): Nocturno Marco Kraus, Piano • Lou Koster (1889-1973): Toute vie Orchestre Estro Armonico Luxembourg Jonathan Kaell, Direktioun • Catherine Kontz (geb. 1976): Murmuration Cathy Krier (Piano)
D'Regierung steet am Moment bei ville Sujeten an der Kritik: Pensiounen, Ouvertureszäiten, Kollektivverträg. Wéi kann d'Situatioun entschäerft ginn? Mir froen d'DP-Presidentin.
En Dënschdeg de Moie war déi finanziell Situatioun vun der Gesondheetskeess Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Themen haut: D'Oktav, Europadag, Situatioun am Gaza, Iron Scout, Karate-EM mam Jenny Warling, U8-Basket-Camp an d'Minièresbunn.
Themen haut: D'Oktav, Europadag, Situatioun am Gaza, Iron Scout, Karate-EM mam Jenny Warling, U8-Basket-Camp an d'Minièresbunn.
D'Situatioun vun den Aarmen a vun de Räichen, an d'Grande-Duchesse Charlotte, déi haut virun 80 Joer aus dem Exil zeréckkoum - dat sinn Theemen an der nationaler Press vun haut.
D'Situatioun vun den Aarmen a vun de Räichen, an d'Grande-Duchesse Charlotte, déi haut virun 80 Joer aus dem Exil zeréckkoum - dat sinn Theemen an der nationaler Press vun haut.
Theemen haut: Conseil vun den EU-Ausseministeren, MSF iwwer Situatioun an der Gazasträif an Interview mat der palästinensescher Ambassadrice.
Theemen haut: Conseil vun den EU-Ausseministeren, MSF iwwer Situatioun an der Gazasträif an Interview mat der palästinensescher Ambassadrice.
Déi schwiereg Situatioun vum Fleegepersonal an de Klinicken ass en Theema an der Presserevue, grad wéi déi nei drëtt Spuer op der A3, déi, wéi et schéngt, net esou richteg vun den Automobiliste verstane gëtt.
Zu Lëtzebuerg gëtt et ee Mangel u Plazen a Strukture fir Leit, déi geflücht sinn. Zesumme mat dem extrem iwwerlaaschte Wunnengsmaart feiert dat zu Situatiounen, datt Leit aus de staatleche Strukturen expulséiert ginn. Hir eenzeg ëffentlech Alternativ ass dann déi sougenannt Maison de retour – oder d’Wanteraktioun. Am Podcast erkläert d’María Elorza, wéi et zu dëser Situatioun komm ass a wéi se sech warscheinlech entwéckele wäert. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Politique d'asile : Signaux d'alerte.The post Wann den Dierwiechter an d'Flüchtlingsheem kënnt … first appeared on Radio ARA.
D'Polindex-Etude, d'Problematik ronderëm den Emgang an de Schoulen mat de Kanner mat spezifesche Besoinen an déi nei geopolitesch Situatioun op der Welt sinn Theemen an der Presserevue
D'Vëlos-Primmen, d'Situatioun vun den Taxichauffeuren, an d'ASBL Wonschkutsch - dat sinn d'Sujeten an der nationaler Press dëse Weekend.
Mat eise Sujeten: 3 Joer Krich an der Ukrain an Expert iwwer aktuell Situatioun, Handicap International besuergt iwwer Trend a Kolonië vun der SNJ.
Sujeten haut: Neit Fraenhaus fir Frae mat Drogeproblemer, Situatioun vu Frontalieren, Houser Contournement, Formel 1 an de Kleeschen am Zirkus.
Theemen haut: Allerhellegen, Trauerwee ASBL, Ausschreiwungen, MSF iwwer Situatioun zu Gaza an de Bilan no den Iwwerschwemmungen a Spuenien.
Sujeten: Poopstvisitt, Parteiwiessel vum Ben Polidori, CIPA fir Leit a prekärer Situatioun, Rentrée ENAD, REEL zu Köln, Internationales, TdL, Champions League.
Theemen haut: Problemer um Findel, Situatioun vun de Wéngerten, MSF am Sudan, Iwwerfëschung weltwäit an den neien Alienfilm.
Eis Sujeten haut: Kiminalitéitsstatistiken, de Krich an der Gazasträif, an d'Chamberdebatt zu der Situatioun am Noen Osten.
Sujeten haut: Situatioun am Horeca-Secteur, Space Resources Week, UNO-Sécherheetsrot fuerdert Wafferou an der Gazasträif an nach de Sport.
Theemen haut: Chantiere vun den CFL, Chambre des métiers zu aktueller Situatioun, Froestonn iwwer Lëtzebuerger Sprooch, Defie vun MSF a FSCL-Selektioun fir WM.
Theemen haut: Situatioun am Noen Osten, EU-Sommet zu Bréissel, Kritik vu Passerell, de Gérard Schockmel am Portrait, Amoklaf an den USA an Dammefuttball.
Sujeten: Rout Ktäiz reagéiert op Aussoe vum Ausseminister, Situatioun am Noen Osten, Mantelsonndeg, Internationales, Film vun der Woch a Sport.
Eis Sujete vun haut: Portrait iwwer schwiereg Situatioun am Logement, Votum Klima, uerge Wanter an der Ukrain gefaart, Noriichteniwwerbléck a Steelbowl.