RTL - Rebound

Follow RTL - Rebound
Share on
Copy link to clipboard

De Magazin vun der Total League

RTL Radio Lëtzebuerg


    • May 23, 2025 LATEST EPISODE
    • every other week NEW EPISODES
    • 2m AVG DURATION
    • 579 EPISODES


    More podcasts from RTL Radio Lëtzebuerg

    Search for episodes from RTL - Rebound with a specific topic:

    Latest episodes from RTL - Rebound

    Rebound, 23/05/2025

    Play Episode Listen Later May 23, 2025 2:50


    Muer fänken d'Spiller vun de klenge Länner, an Andorra un. Den Häre Basket ass bei dëser Editioun net an der Kompetitioun dran, dofir awer Dammen. An dat esouwuel am 5 géint 5, wéi och am 3 géint 3. Am Rebound vun haut, kuckt de Rich Simon, wéi d'Chance vun der FLBB Selektioun an Andorra stinn.

    Rebound, 16/05/2025

    Play Episode Listen Later May 16, 2025 2:44


    Virun e puer Deeg huet den Thomas Grün annoncéiert, datt hien Basketsschong un den Nol géif hänken. Am Rebound vun haut kuckt de Rich Simon ënnert anerem op seng ausseruerdentlech Karriär zeréck. Een anert Thema ass d'Jugend am Lëtzebuerger Basket.

    Rebound, 25/04/2025

    Play Episode Listen Later Apr 25, 2025 2:21


    Bei den Hären ass Decisioun em de Championstitel nach net gefall. Bei den Dammen ass dat awer anescht. De Gréngewald war och dëst Joer nees déi beschten Ekipp. Am Rebound vun haut, kuckt de Rich Simon op d'Saison an awer och op déi leschten 3 Matcher vun der Final, zeréck..

    Rebound, 18/04/2025

    Play Episode Listen Later Apr 18, 2025 2:28


    De Rebound vun haut steet am Zeeche vun der Däitscher Damme-Bundesliga. An där ginn nämlech d'Finalle vum Championnat gespillt. Aus Lëtzebuerger Siicht ass dat interessant, well d'Magaly Meynadier an deene Finalle mat Saarlouis géint Keltern spillt. De Rebound gëtt iech vum Rich Simon presentéiert.

    rebound championnat saarlouis siicht zeeche rich simon
    Basketball: Rebound, 11/04/2025

    Play Episode Listen Later Apr 11, 2025 2:49


    Mat der Etzella steet deen éischte Finalist am Championnat am Härebasket scho fest. An der Halleffinall tëscht der Amicale Steesel an dem T71 Diddeleng fält d'Decisioun awer eréischt am drëtten an decisive Match. Bei den Dammen ass muer déi éischt Final tëscht dem Gréngewald an der Sparta. De Rebound vun haut mam Franky Hippert:

    Rebound, 28/03/2025

    Play Episode Listen Later Mar 28, 2025 2:45


    Am nationale Basket kréien d'Clibb dacks virgehäit, si hätte keng Gedold mat hire Profien. Den Auslännerkarussell géif ze séier dréien, an dat wier alles anescht wéi eng Reklamm fir de Lëtzebuerger Basket. Datt et awer net ëmmer un de Clibb läit, beweist de Guy Seyler am Rebound vun haut um Beispill vum BBC US Hiefenech.

    Rebound, 21/03/2025

    Play Episode Listen Later Mar 21, 2025 2:46


    Déi éischt Decisioune sinn an dëser Saison schonns de leschte Weekend gefall. Nämlech wie bei den Damme wéi och bei den Hären d'Coupe géif gewannen. De Verdikt ass bekannt. Bei den Dammen ass d'Coupe an der Gréngewald gaangen a bei den Hären op Esch. Am Rebound kuckt de Rich Simon haut nach eng Kéier op déi zwee Matcher zeréck.

    Rebound, 14/03/2025

    Play Episode Listen Later Mar 14, 2025 2:32


    Ee vun de wichtegsten Rendezvousen wärend enger Basketsaison sinn d'Finalle vun der Coupe. Déi gi muer an der Coque gespillt. Bei den Damme kritt de Gréngewald et mat Bartreng ze dinn, a bei den Hären spillt Ettelbréck géint Esch. Am Rebound vun haut kuckt de Rich Simon op dës zwee Matcher no vir.

    Rebound, 07/03/2025

    Play Episode Listen Later Mar 7, 2025 2:48


    D'Magaly Meynadier, huet de leschte Weekend e bësse Lëtzebuerger Sportgeschicht geschriwwen. D'Nationalspillerin huet nämlech mat hirem Veräin "Saarlouis Royals", déi däitsch Coupe gewonnen. Am Rebound vun haut kuckt de Rich Simon, mat der fréiere Spillerin vun de Musel Pikes, zeréck op dëse Succès...

    rebound succ coupe rich simon musel pikes
    Rebound, 28/02/2025

    Play Episode Listen Later Feb 28, 2025 2:34


    No der verpasster Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft vun de Basket-Dammen, ass d'Pre-Qualifikatioun fir d'WM vun de Basket Hären elo och eriwwer. De leschte Weekend gouf et nämlech eng Néierlag an Norwegen. Dat war och dem Thomas Grün säi leschte Match an der Nationalekipp. Dat sinn Themen haut am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt...

    Basketball - Rebound, 21/02/2025

    Play Episode Listen Later Feb 21, 2025 2:51


    Am Rebound vun haut mam Franky Hippert geet et ëm de Championnat am Dammebasket... dann huet d'Lëtzebuerger Häre-Nationalequipe gëscht hire leschte Match an der Prequalifikatioun gespillt... a fir den Thomas Grün war et déi lescht Partie am Dress vun der FLBB-Formatioun:

    Basketball: Rebound, 14/02/2025

    Play Episode Listen Later Feb 14, 2025 2:49


    Um drëttleschte Spilldag an der Qualifikatiounsronn an der Enovos-League bei den Hären huet den zweetleschten, Musel-Pikes, d'Limiten géint den Zweeten an der Tabell, Diddeleng, gewise kritt. Lo hunn d'Hären wéinst der Nationalequipe bis Enn Februar Paus. Bei den Dammen gouf de leschte Weekend net gespillt well d'Nationalequipe am Asaz war. Et sollt um Enn fir d'FLBB-Dammen awer esou just net duergoen fir sech fir d'Europameeschterschaft ze qualifizéieren. De Rebound vun haut mam Franky Hippert:

    Rebound, 07/02/2025

    Play Episode Listen Later Feb 7, 2025 2:38


    Den Dram fir bei der Europameeschterschaft dobäi ze sinn, geet fir Dammen -Nationalekipp weider. Gëschter huet d'FLBB Selektioun, kloer a Bosnien/Herzegowina gewonnen. Wann d'Ekipp elo och nach e Sonndeg a Montenegro gewënnt, dann ass ee sécher op der EM dobäi. Dat ass Thema haut am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt...

    Rebound: Duebele Spilldag bei den Hären, 31/01/2025

    Play Episode Listen Later Jan 31, 2025 2:30


    Am nationale Basket hunn d'Dammen op héchstem Niveau dëse Weekend Paus. Charlie Bidinger a Co. spillen d'nächst Woch an der Europameeschterschaftsqualifikatioun an hunn d'eenzegaarteg Méiglechkeet sech fir d'EM ze qualifizéieren. D'Hären hunn am Championnat haut an e Sonndeg en duebele Spilldag um Programm stoen. De Rebound vun haut mam Franky Hippert:

    Rebound, 24/01/2025

    Play Episode Listen Later Jan 24, 2025 2:21


    Am Rebound vun haut steet virun allem Dammenekipp vu Bartreng am Mëttelpunkt. Vu Match zu Match gëtt kloer, datt d' Sparta déi Ekipp ass, déi an dëser Saison dem Gréngewald als éischt ka geféierlech ginn. Béid Ekippen stinn elo och an der Final vun der Coupe. De Rebound gëtt iech haut vum Rich Simon presentéiert....

    Rebound, 17/01/2025

    Play Episode Listen Later Jan 17, 2025 2:54


    Eng traureg Affär vun engem U14 Match huet dës Woch déi Lëtzebuerger Basketswelt dominéiert. Elo stinn um Weekend awer nees d'Halleffinalle vun der Coupe um Programm. Deemno steet elo nees dat Sportlecht un. Dat sinn déi zwee Themen dës Woch am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt...

    Rebound, 10/01/2025

    Play Episode Listen Later Jan 10, 2025 2:50


    Am Rebound steet haut den eelste Veräin aus dem Land am Mëttelpunkt. Nämlech d'Nitia vu Beetebuerg. Et ass nieft dem Mierscher Veräin, deen eenzegen deen an der Nationale 2 ouni auslännesch Verstäerkung spillt. De Rebound vun haut, gëtt iech vum Rich Simon presentéiert...

    Rebound, 20/12/2024

    Play Episode Listen Later Dec 20, 2024 2:55


    Am Rebound vun haut kucke mir op de Kellerduell vum leschten Dënschdeg zeréck. Wat ass mat der Sich no engem neie President zu Bartreng? An d'Magaly Meynadier verréit eis, mat wéi engem Bus Saarlouis ënnerwee ass. De Rebound gëtt iech haut vum Rich Simon presentéiert...

    Rebound: Etzella Ettelbréck & Romain Hoffmann, 13/12/2024

    Play Episode Listen Later Dec 13, 2024 2:17


    Am Rebound vun haut steet d'Etzella vun Ettelbréck am Mëttelpunkt. Bei der Hären Ekipp leeft et perfekt an och Damme sinn nees um Wee Richtung Nationale 1. Do dernieft gi mir gefuer, firwat de Romain Hoffmann als President zu Bartreng ophält. De Rebound gëtt iech vum Rich Simon presentéiert...

    Rebound, 06/12/2024

    Play Episode Listen Later Dec 6, 2024 2:31


    Am Rebound vun haut, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt, dréit sech alles em d'Dammen Nationalekipp. An dat aus guddem Grond. Si gouf nämlech e Mëttwoch als beschten Ekipp 2024 gewielt. An de Mariusz Dziurdzia ass op déi zweete Platz an der Kategorie vun den Trainere gewielt ginn...

    Rebound, 29/11/2024

    Play Episode Listen Later Nov 29, 2024 2:21


    Am Rebound vun haut, steet d´Hären-Nationalekipp am Mëttelpunkt. Déi huet e Sonndeg an der WM Pre-Qualifikatioun, géint Rumänien verluer. Déi vill Leit déi beim Match mat dobäi waren, ware sech awer eens, datt sech amgaangen ass eppes am Lëtzebuerger Basket positiv, ze entwéckelen. De Rebound gëtt iech vum Rich Simon presentéiert...

    Rebound, 22/11/2024

    Play Episode Listen Later Nov 22, 2024


    Am Rebound vun haut geet et ëm een Thema, dat den Ament vill a Basketkreesser diskutéiert gëtt. Nämlech datt den Vibball Iechternach den Ament seng Ekippen zeréck gezunn huet a keng Aktivitéite méi ubitt. Dobäi gëtt et de Veräin nach net laang. De Rebound gëtt iech vum Rich Simon presentéiert.

    Rebound, 15/11/2024

    Play Episode Listen Later Nov 15, 2024 2:48


    Am Rebound vun haut, steet Dammen Nationalekipp ganz am Fokus. Déi huet virun enger gudder Woch an der EM Qualifikatioun géint Montenegro gewonnen, awer géint d'Schwäiz verluer. Den Dram vun der Europameeschterschaft geet awer virun. De Rebound gëtt iech haut vum Rich Simon presentéiert...

    Rebound: FLBB-Dammen wannen sensationell géint Montenegro, 08/11/2024

    Play Episode Listen Later Nov 8, 2024 2:33


    Am Härebasket ass dëse Weekend den 9.te Spilldag. Déi meescht Matcher sinn haut. Bei den Dammen ass Paus an dat well d'Nationalequipe am Asaz ass. Gëscht hunn sech d'FLBB-Dammen sensationell 71 op 49 géint Montenegro duerchgesat. Den Rebound vun haut, mam Franky Hippert:

    Rebound, 01/11/2024

    Play Episode Listen Later Nov 1, 2024 2:39


    D'nächst Woch spillt déi Lëtzebuerger Dammen Basketnationalekipp hiren drëtten a véierten Match an der EM-Qualifikatioun. Am Rebound vun dëser Woch kuckt de Sam Rickal op déi béid Lännermatch-Rendezvousen géint Montenegro an d'Schwäiz no vir.

    Rebound, 25/10/2024

    Play Episode Listen Later Oct 25, 2024 2:32


    Am Rebound vun haut steet d'Jugend am Mëttelpunkt. Déi nächste Woch, also an der Vakanz, ass nämlech een Trainingsstage fir d'U14 Ekippen zu Miersch. Dat ass Thema haut am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt....

    Rebound, 18/10/2024

    Play Episode Listen Later Oct 18, 2024 2:43


    De Marc Mouton ass ee vun der erfuerenste Basket-Arbitter bei eis am Land. Elo ass awer Schluss mam aktive Päifen. Am Rebound vun haut kuckt de Rich Simon ënnert anerem op seng Karriär zeréck. En anert Thema ass den T71, deen sech dës Saison dach e bësse schwéier deet....

    Rebound, 11/10/2024

    Play Episode Listen Later Oct 11, 2024 2:43


    Am Rebound stinn haut zwou Persounen am Mëttelpunkt. Engersäits d'Esmeralda Skrijelj, déi zanter dëser Saison zu Konter spillt. Anersäits de Bob Melcher, dee sech un ee ganz spezielle Match vu virun 10 Joer erënnert. De Rebound gëtt Iech haut vum Rich Simon presentéiert.

    Rebound, 24/05/2024

    Play Episode Listen Later May 24, 2024 2:26


    Haut ass de leschte Rebound fir dës Saison. An deem kuckt de Rich Simon zeréck op déi ausseruerdentlech Generalversammlung déi de leschte Weekend an der Coque war. Bei där goung et ënnert anerem em eng nei NON-JICL Reegel. De Rebound gëtt iech vum Rich Simon presentéiert.

    Rebound, 17/05/2024

    Play Episode Listen Later May 17, 2024 2:28


    Am Rebound vun haut zitt de Rich Simon, zesumme mam Nationaltrainer vun den Hären, Ken Diederich, ee Bilan vun der Saison. Déi nächste Saison, spillen och d'Musel Pikes nees an der LBBL a Schieren huet et esou just net gepackt. An dat ass och een Thema am Rebound vun haut...

    Rebound, 10/05/2024

    Play Episode Listen Later May 10, 2024 2:59


    E Sonndeg Steesel bei den Hären a gëschter de Gréngewald bei den Dammen. Dat sinn déi zwou Ekippen déi dës Saison Champion am Basket gi sinn. Domadder ass dann och d´Saison 2023 - 2024 eriwwer. A beim T71 ass fir dräi Leit gëschter eng Ära op een Enn gaangen. Dat sinn Themen am Rebound vun haut, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt.

    Rebound: 3. Finalle stinn um Programm, 26/04/2024

    Play Episode Listen Later Apr 26, 2024 2:22


    Am nationale Basket sinn d'Finalle vum Championnat voll am gaangen. Souwuel bei den Dammen wéi bei den Hären steet et no deenen zwee éischte Matcher 1-1 an der Serie "Best of Five". An der drëtter Partie kann deemno nach keng Decisioun falen...bei den Hären spillt Steesel muer doheem géint d'Etzella, an bei den Dammen huet de Grengewald den Heemvirdeel géint den T71 Diddeleng. De Rebound vun haut mam Franky Hippert:

    Rebound, 19/04/2024

    Play Episode Listen Later Apr 19, 2024 2:39


    Steesel géint Ettelbréck bei den Hären a Diddeleng géint de Gréngewald bei den Dammen. Dat sinn d'Finalle vum Championnat am nationale Basket. Souwuel bei den Häre wéi och bei den Dammen, huet allkéiers eng Ekipp ee drëtte Match an den Halleffinall musse spillen fir et bis an d'Final ze packen. Dat ass Thema haut am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt...

    Rebound, 12/04/2024

    Play Episode Listen Later Apr 12, 2024 2:15


    Virun e puer Deeg, koum d´Nouvelle, datt den Arbitter Jean Samida gestuerwen ass. Am Rebound vun haut kuckt de Rich Simon op seng Karriär zeréck an hie seet eis awer och, wéi d´Situatioun am Championnat ass. An dat souwuel bei den Damme wéi bei den Hären.

    Rebound: Virschau op d'Halleffinallen vum Championnat, 05/04/2024

    Play Episode Listen Later Apr 5, 2024 2:58


    Am nationalen Basket ginn de Weekend déi éischt Matcher vun den Halleffinallen bei den Dammen an den Hären gespillt. Am Rebound vun dëser Woch huet de Sam Rickal sech am Virfeld d'Matcher bei den Hären méi genau ugekuckt. Et kann ee sech spannend Dueller erwaarden.

    Rebound: 2 Véierelsfinallen ginn an der drëtter an decisiver Partie decidéiert, 29/03/2024

    Play Episode Listen Later Mar 29, 2024 2:43


    Am Härebasket fält muer an zwou Partien d'Decisioun wien nieft der Etzella an Esch an d'Halleffinallen vum Championnat kënnt. Am Modus "Best of Three" steet et tëscht Walfer an der Fiels an tëscht Steesel an der Sparta no zwee Matcher 1-1. Den Heemvirdeel kéint eng gewësse Roll spillen. De Rebound vun haut mam Franky Hippert:

    Rebound, 22/03/2024

    Play Episode Listen Later Mar 22, 2024 2:59


    Dës Woch war déi zweeten Editioun vun der Basket Awards Night. Bei där ginn alleguerten déi Leit ausgezeechent, déi am laf vun der Saison positiv op sech opmierksam gemaach hunn. Am Rebound vun haut ass dat een Thema a mir ginn och gewuer, wou d'Ehis Etute deemnächst am Asaz ass. De Rebound gëtt iech vum Rich Simon presentéiert...

    Rebound, 08/03/2024

    Play Episode Listen Later Mar 8, 2024 2:44


    Am Basket ass dëse Weekend de leschte Spilldag vun der Qualifikatiounsronn bei den Hären. Déi huet awer praktesch just nach ee statistesche Wäert. Apropos Statistik: an der NBA huet de Lebron James eppes fir seng gemaach. Dat sinn Themen haut am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt.

    Basket Rebound, 01/03/2024

    Play Episode Listen Later Mar 1, 2024 2:54


    De Black Star Miersch ass ee vun den eelste Basketveräiner aus dem Land. Dëst Joer gëtt de Club 90 Joer al. Datt et an där Zäit op an of goung, ass normal. Den Héichpunkt hate si an den 1960er Joren, wéi si 2x Champion goufen. An der Lescht sinn si tëschent der National 2 an der héchster Divisioun hin an hier gependelt, konnte sech ni méi wéi 1 Joer uewen halen. Zanter 2015 sinn si nëmme méi zweetklasseg gewiescht. Mee dat kënnt sech elo ännere, Guy Seyler:

    Rebound, 23/02/2024

    Play Episode Listen Later Feb 23, 2024 2:15


    Gëschter war fir d'Hären Nationalekipp den Optakt vun der Pre WM-Qualifikatioun. An do gouf et zu Cluj a Rumänien och den éischte Succès. Am Rebound vun haut, kuckt de Rich Simon op dee Match zeréck an och no vir op dee vun e Sonndeg géint Norwegen...

    Rebound, 16/02/2024

    Play Episode Listen Later Feb 16, 2024 2:11


    Am nationalen Häre Basket ass dese Weekend Paus, dat well d'Nationalequipe déi nächst Woch wäert zwee Matcher spillen.Am Rebound vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer mam Nationaltrainer Ken Diederich op d'Matcher an Rumänien an heiheem géint Norwegen no vir.

    Rebound: Duebele Spilldag op Fuesent, 09/02/2024

    Play Episode Listen Later Feb 9, 2024 2:25


    An der LBBL am Härebasket gouf et um 18. Spilldag, bis op eng Ausnam, just Victoiren vun den Auswäertsequipen. Lo um Fuess-Weekend ass et en duebele Spilldag. Bei den Dammen ass de Gréngewald no 14 Spilldeeg mat 14 Succèsen ongeschloen un der Tabellespëtzt. D'Dammen trieden dëse Weekend just eng Kéier un. De Rebound vun haut mam Franky Hippert:

    bei rebound succ ausw dammen franky hippert tabellesp

    Claim RTL - Rebound

    In order to claim this podcast we'll send an email to with a verification link. Simply click the link and you will be able to edit tags, request a refresh, and other features to take control of your podcast page!

    Claim Cancel