POPULARITY
Zanter dem Fréijoer, a bis an dat anert Joer eran, feiert de Casino, also de Forum fir déi zäitgenëssesch Konscht an der Ënneschtgaass, säin 30. Gebuertsdag. Dëst ënner dem Motto “Fora”, deemno Forum an der Meerzal. Den Echange ronderëm Entwécklungen an der Konscht gëtt an deem Kontext grouss geschriwwen. Vu muer u mat engem 2. Volet: dee Moment sti Performancen zum Theema “Retour au réel et au geste” um Gebuertsdagsprogramm, mee och Konferenzen, déi sech mat eisem Banneliewen, eisen Dreem an der Source vun der Kreativitéit beschäftegen. D'Kerstin Thalau huet sech fir haut emol mam Banneliewe vum Casino beschäftegt, mat deene Membere vun der Ekipp, déi net esou bekannt sinn.
De Clint Eastwood an de Morgan Freeman feiere Gebuertsdag
Fir den zéngte Gebuertsdag vun der ASBL Lët'z Arles hu sech hier Memberen eppes Besonnesches afale gelooss: si hunn di verschidde Lëtzebuerger Institutioune mat Edward-Steichen-Sammlungen un een Dësch bruecht, fir gemeinsam d'Expo “La nature d'Edward Steichen” fir di renomméiert Rencontres de la photographie d'Arles 2026 op d'Been ze stellen. Dernieft huet déi New Yorker Kënschtlerin a Chercheuse Lisa Oppenheim Steichen-Archiver besicht, fir op Basis vun hirem Material, an och fir Arles, eng zäitgenëssesch kënschtleresch Ausso zum Monsieur Steichen ze schafen. Gëschter hate mir iech d'Projete méi am Detail presentéiert: d'Aussoe fannt dir an eiser Mediathéik um Internet. Mee vu datt de Christoph Wiesner, zanter 2020 Direkter vun de Rencontres d'Arles, bei der Presentatioun dobäi war, wollt d'Kerstin Thalau vun him méi iwwert de ganze Festival gewuer ginn.
Wat leeft? Do dréint der Kënschtlerin Su-Mei Tsé hier Klangskulptur, eng Aart Luuchte-Karussell, an der aler Kierch Saint-Laurent zu Dikrech hier Ronnen; fält dem Michel Majerus säin Tableau “Halbzeit”, zum Thema hypermediatiséiert Konsumkultur, am Luxembourg Learning Centre um Belval op. Tja, esou ass dat, wann eng wichteg Kulturinstitutioun e ronnen 30. Gebuertsdag feiert: de Mudam deelt seng Bonbone mat der Bevëlkerung. Zwielef Wierker aus der Mudam-Sammlung si momentan duerch zwielef Kantonen “on tour”, sinn a lokale Muséeën, Administratiounen, Bibliothéiken, Kulturzentren ze gesinn. Ënnert anerem och e Leporello vun der Etel Adnan am nationale Literaturarchiv, wou dëse Freiden d'Aktioun “Dodeka” offiziell lancéiert gëtt. D'Kerstin Thalau ass vun der Bettina Steinbrügge, Directrice vum Mudam, méi gewuer ginn.
Den Opus, eise Klassiksender, bréngt Iech dëse Mëttwoch den 13. Mee 2026 ee ganz besonnesche Concert heem an d'Stuff. Gast Waltzing & Guests - Live ab 19:30 Auer De Lëtzebuerger Komponist a Museker Gast Waltzing feiert säi 70. Gebuertsdag. Musikalesch bléckt hien op iwwer 55 Joer Karriär zeréck. Hien invitéiert dofir eng Rei Kënschtler, mat deenen hien zesummegeschafft huet, op d'Bün. Hie selwer dirigéiert dobäi d'Lëtzebuerger Philharmoniker, déi och well iwwer dräi Joerzéngte mam Gast Waltzing zesummeschaffen. Op der Bün stinn deen Owend nieft de Lëtzebuerger Philharmoniker an dem Gast Waltzing: d'Sängerinnen Angélique Kidjo, Dobet Gnahoré, Morgane Ji, seng Fra Maggie Parke, den Trompettist Li Xiaochuan, de Geiist Jean-Jacques Mailliet souwéi d'Museker David Laborier, Kyle Eastwood, Rom Heck a Rainer Kind. Mat insgesamt 17 Wierker weisen si dem Gast Waltzing seng Bandbreet a Villsäitegkeet. Schalt an dëse Mëttwoch um 19:30 Auer live um Opus op DAB+, ënnert opus.radio oder an ärer Opus 100,7 App. Duerch de Concert begleet Iech de Lex Kauffmann (Opus) an d'Maria Gutierrez (SR Kultur)
Den 100. Gebuertsdag vun der Journalistenassociatioun ALJP an d'Pressefräiheet zu Lëtzebuerg ass Theema, donieft de Récktrëtt vun der Jury vun der Konschtbiennale vu Venedeg
Den éischte Juli feiert de Mudam e ronnen 30. Gebuertsdag. An dat soll, der Mudam-Ekipp no, am beschten dat ganzt Land matkréien. Dowéinst gouf virun enger Woch de Projet “Dodeka - zwielef Wierker fir zwielef Kantonen” lancéiert, nom Griicheschen “dôdeka”, wat eben “zwielef” bedeit. D'Sammlung vum Mudam ëmfaasst mëttlerweil gutt 800 Wierker; dovunner ass meeschtens just eng Selektioun ze gesinn. Fir “Dodeka” gouf de Mudam-Archiv opgemaach an no Aarbechte gesicht, déi éischtens schonn eng Zäitchen net méi ausgestallt waren, an zweetens bei lokal Muséeën, Bibliothéiken a Kulturhaiser queesch duerch Lëtzebuerg passe géifen. D'Presentatioun vum Projet war am Maacher Kulturhuef. D'Kerstin Thalau am Gespréich mat der Kulturhuef-Coordinatrice Monika Jakobs
D‘Saatchi Gallery zu London huet mat hire kontroversen Ausstellunge jonk brittesch Kënschtler:innen an den 90er Joren zu Weltstare gemaach. Fir hire 40. Gebuertsdag weist d‘Galerie elo nach eemol grouss Blockbuster-Installatiounen, déi hir Geschicht markéiert huet. Mee och nei zäitgenëssesch Konscht gëtt presentéiert. D‘Claire Barthelemy war kucken.
1995, also fir dat éischt Kulturjoer zu Lëtzebuerg, gouf an der Ënneschtgaass en temporären Espace opgemaach, fir Ausstellungen ze empfänken. Dat Joer drop ass doraus de Sëtz vun der Casino Lëtzebuerg ASBL ginn, déi vun deem Moment un Expoen an eng Hellewull aner Aktivitéiten zum Theema aktuell Konscht proposéiert huet. A wa se net gestuerwen ass, ...? Nee: de Casino hält sech daper, ass ewell Établissement public a feiert Mëtt Mäerz e ronnen 30. Gebuertsdag. D'Kerstin Thalau mam Detail vun der Programmatioun
Leschte Rido dëse Weekend fir de rainy days Festival 2025: d'Bünekënschtlerin Claire Thill invitéiert op d'Performance “Apoplexie” an de Kasemattentheater. Performance? Éischter Live-Hörspill, respektiv eng Opféierung tëschent Theater, Musek a Klangwelten. Am Zentrum steet eng Fra, déi mat Verloscht, hiren Erënnerungen, bannenzege Changementer konfrontéiert ass. D'Stéck ass vun der Philharmonie an dem Kollektiv Independent Little Lies coproduzéiert. D'Claire Thill ass net just Member, mee Grënnungsmember vum Kollektiv. A well en dësen Hierscht e ronnen 30. Gebuertsdag feiert, huet d'Kerstin Thalau d'Claire Thill an de Studio invitéiert, fir mat hir iwwer ILL an “Apoplexie” ze schwätzen.
Zanter eeelef Joer bréngt de Grape Sound Collective lokalen an internationale Post-, Math-, an Noiserock op Lëtzebuerger Bünen. De Mathis Krier, Grënner vum Kollektiv, ass beim Jeff Schinker am Studio, fir ze erklären, wat hie mat sengem Kollektiv déi lescht eelef Joer erreecht huet - a wéi si hiren eelefte Gebuertsdag feieren.
No dem 20 Joer Rockhal ass et direkt um nächste Concertsveranstalter, säi Gebuertsdag ze feieren: den Atelier, 1995 an enger fréierer Renaults-Garage gebuer, feiert seng 30. Joer. De Laurent Loschetter, de Michel Welter an d'Jette Kayser si bei eis am Studio, fir iwwer hir mouvementéiert Success Story ze schwätzen.
25 Joer Innovatioun a spektakulär Installatiounen an engem Gebai, dat industriell Architektur gekonnt asetzt.: Den Tate Modern zu London feiert dëst Joer säi 25 Gebuertsdag. Dëse Musée ass duerch seng spektakulär Installatiounen an innovativ Kuratioun zu engem vun de beléiftsten zäitgenëssesche Muséeë vun der Welt ginn. Mee déi lescht Jore ware fir den Tate Modern net einfach. D‘Claire Barthelemy mat Detailer vu London
Mat der CSV-Deputéiert kucke mir zeréck op 50 Joer Kampf fir Fraerechter. Den Nationale Fraerot, dee si presidéiert, feiert haut dee ronne Gebuertsdag.
Zanter 20 Joer triede lokal an international Artisten am Centre de Musiques Amplifiées um Belval op. Den Owend feiert d'Rockhal mat Encore, engem éischte vun zwee Eventer, dee ronne Gebuertsdag. Eng 30 Artisten aus der Lëtzebuerger Musekszeen wäerten an der Rockhal op der Bün stoen, zesumme mat enger Hausband, déi speziell fir dësen Event op d'Bee gesat gouf. Erklärunge vum Mathieu Moës, dem Responsabele vum Rocklab
Den Nationale Literaturzenter féiert haut säin 30. Gebuertsdag. D'Nathalie Jacoby, Directrice vum CNL ass Invitée beim Valerija Berdi fir iwwer hir Zäit am CNl awer och iwwer Perspektiven ze schwätzen.
Dëse Weekend feiert de Kulturhuef zu Gréiwemaacher säi 25. Gebuertsdag. Dir sidd natierlech alleguerten invitéiert! D'Ekipp proposéiert Visitten an hirem Dréckerei-Musée, e Lego-Print-Atelier fir Erwuessener, Kreativworkshoppe fir Kanner, Liesunge mat der Christiane Kremer a méi. Haut den Owend ass d'Seance académique mat festem Programm. Wat opfält, ass, datt dee ganz am Zeeche vun den hausinterne Kënschtlerresidenze steet. Den Invitéë ginn net nëmmen déi zwee lescht Participante presentéiert, an enger Konferenz gëtt de Phenomeen Kënschtlerresidenz, souzesoen als Häerzstéck vun der Programmatioun, och wëssenschaftlech auserneegeholl. D'Kerstin Thalau ass vun der Coordinatrice Monika Jakobs gewuer ginn, firwat.
Déi franséisch Mark Alpine feiert dëst Joer de 70. Gebuertsdag. Vill am Gespréich ass aktuell d'Alpine-Versioun vum ganz beléifte Renault R5, deen op den Numm A290 lauschtert. An dësem Automag gëtt awer net elektresch gefuer, ma mat Verbrenner, an dann och nach an engem Zwee-Sëtzer. Den Andy Brücker aus der Automag-Ekipp war mam A110 ënnerwee.
Theemen haut: Iwwerschwemmungen, Chamber-Finazkommissioun, 95. Gebuertsdag vum Jean Spautz, d'Situatioun vun der Regierung a Frankräich an Damme-Basket
Theemen haut: Iwwerschwemmungen, Chamber-Finazkommissioun, 95. Gebuertsdag vum Jean Spautz, d'Situatioun vun der Regierung a Frankräich an Damme-Basket
D'Revue feiert den 1. September hiren 80. Gebuertsdag. Mir schwätze mat der laangjäreger Chefredaktesch iwwer d'Geschicht an d'Zukunft vum Magasinn.
Groussbritannie feiert dëst Joer den 250. Gebuertsdag vu sengem gréisste Moler, den Joseph Mallord William Turner. De Romantiker ass virun allem fir seng Landschaftsbiller a seng dramatesch Duerstellunge vu Stierm a Schëffsaccidenter bekannt. Seng Duerstellung vum Liicht gëtt bis haut nach bewonnert. Mee de Moler war och vill an Europa ënnerwee, woubäi hien och zweemol zu Lëtzebuerg stoe bliwwen ass. D‘Claire Barthelemy vu London
Op Initiativ vun der Ariel Wagner-Parker ginn um Lampertsbierg mat insgesamt dräi Chéier déi bekanntste Melodië vum Mikis Theodorakis opgeféiert. Dräi Chéier trieden den 11. Juni 2025 zesummen am Tramsschapp op. Dat sinn den Ambitus, d'Chorale vun der Communauté hellénique a Membere vun der Associatioun Sequenda. De Grond ass dem griichesche Komponist Mikis Theodorakis säin 100.Gebuertsdag, deen dëst Joer gefeiert gëtt. D'Ariel Wagner-Parker huet dëse Concert initiéiert. Domat schléisst si u Concerten un, déi hire Mann, de Guy Wagner (Auteur vum Buch "Mikis Theodorakis, une vie pour la Grèce" a fréieren 100,7-Mataarbechter mat enger eegener Serie iwwer de Mikis Theodorakis), zënter den 1970er Jore mat der Musek vum griichesche Komponist programméiert huet. Nieft dem Concertsprogramm huet d'Ariel Wagner-Parker dem Christophe Mirkes am Gespréich vill biographesch Detailer iwwer de Mikis Theodorakis verroden.
Den Dialog tëschent confirméierten an emergente Kënschtlerinnen a Kënschtler, dem grousse Publik an den Institutiounen ze fërderen, ass d‘Zil vum TalentLab, deen elo säin 10. Gebuertsdag feiert. Vum 30. Mee bis den 8. Juni gëtt awer net just gefeiert, mee d‘Stater Theatere bidden en ofwiesslungsräiche Programm un. D‘Valerija Berdi huet mam Tom Leick, dem Direkter vun de Stater Theatere geschwat. All Detailer iwwer de Programm ass op der Säit theatre.lu ze fannen.
Den Orchestre de Chambre du Luxembourg, kuerz OCL, huet haut op eng Pressekonferenz am Grand Théâtre agelueden. Niewent der Presentatioun vun der Saison 2025-26 gouf och de Programm vum Jubiläumsconcert fir de 50. Gebuertsdag vum Orchester virgestallt, deen de 15. Mee an der Philharmonie ass, esou wéi e Buch vum Alain Steffen iwwer d'Geschicht vum Orchester. D'Marie Trussart war mat dobäi an erzielt eis méi doriwwer.
Theeme vun haut: Grand-Duc huet Gebuertsdag, Tilly Metz an der Ukrain, Platzverweis an Direkter vu palästinenseschem Flüchtlingscamp op Visitt zu Lëtzebuerg.
Theeme vun haut: Grand-Duc huet Gebuertsdag, Tilly Metz an der Ukrain, Platzverweis an Direkter vu palästinenseschem Flüchtlingscamp op Visitt zu Lëtzebuerg.
Lescht Woch gouf d'Shortlëscht vum Prix Servais bekannt. Dorop fënnt ee mam Tomas Bjørnstad, der Margret Steckel, dem Guy Rewenig, der Anne-Marie Reuter an der Carla Lucarelli vill al Bekannter a relativ wéineg Iwwerraschungen. An der VaLibrairie vun de leschte Méint haten d'Valerija Berdi an de Michel Delage déi fënnef Wierker scho beschwat. Ee gudde Grond, am Laf vun den nächsten Deeg nach eemol hir Rezensioune vun de Bicher ze lauschteren. Mir fänken u mat der Margret Steckel hirem “Doswidanja Genosse”. D'Schrëftstellerin hat lescht Joer fir hir Novelle “Mutterrache” de Lëtzebuerger Buchpräis kritt - a feiert dëse Mount, de 26. Abrëll hiren 91. Gebuertsdag. De Servais hat si 1997 schonn eemol kritt fir “Der Letzte vom Bayrischen Platz”.
An deem Kader huet eisen Hollywood-Reporter Pit Biwer en Interview vun der verstuerwener Schauspillerin Janet Leigh aus sengem Archiv gekroomt. D'Janet Leigh schwätzt am Interview iwwert déi feelend Gläichberechtegung zu Hollywood a wéi si probéiert huet, hir Duechter Jamie Leigh Curtis op de raue Filmbusiness virzebereeden.
An deem Kader huet eisen Hollywood-Reporter Pit Biwer en Interview vun der verstuerwener Schauspillerin Janet Leigh aus sengem Archiv gekroomt. D'Janet Leigh schwätzt am Interview iwwert déi feelend Gläichberechtegung zu Hollywood a wéi si probéiert huet, hir Duechter Jamie Leigh Curtis op de raue Filmbusiness virzebereeden.
D'Diddelenger Indie-Band TUYS waren op flotte Plazen an deene leschte Joren. Fir d'éischt zesummen op Berlin geplënnert, duerno zeréckkomm an Two Steps Twice, hir Management a Produktiounsboîte gegrënnt. Si hunn ee Konzeptalbum verëffentlecht mat Reflexiounen iwwer eng Welt, déi sech binariséiert, originell Videoclippe realiséiert a sech erëm nei fonnt. Iwwer hir nei EP “◑◐◐” an den 18. Gebuertsdag vun der Band, deen den 2. Mee an de Rotondë gefeiert gëtt, schwätze mir mam Tun Biever.
Bach in the Subways - dat ass de Motto ënner deem weltwäit den 21. Mäerz dem Johann Sebastian Bach säi Gebuertsdag gefeiert gëtt. Hei zu Lëtzebuerg gëtt et dee Mini-Festival zanter e puer Joer a fir d'Editioun 2025 ass et eng Kollaboratioun tëschent dem INECC (Institut Européen de Chant Choral), dem Ensembel Ad Libitum an der neier Bach Vereenegung Lëtzebuerg (BVL). Op deem engen Dag ginn et 58 Mini-Concerten op verschiddene Plazen an der Stad, um Kierchbierg an am Garer Quartier - ënner anerem am Gebai vum Kulturministère an an der Fondation Pescatore. Wéi all Joer gëtt och erëm de Bach Project Choir dofir organiséiert, bei deem jidderee matsange kann. Umelle kann ee sech op inecc.lu. De Lex Kauffmann huet sech mam Jean-Paul Hansen vum Comité BVL iwwer de Mini-Festival ënnerhalen.
Leschte Samschdeg war den internationalen Fraendag. An eng international Ikon am Automobil-Secteur huet leschte Samschdeg säi 75. Gebuertsdag gefeiert. De VW Bulli! Den 8. Mäerz 1950 ass deen éischten T1 zu Wolfsburg vum Band gelaf. Antëscht ass ee jo och beim Bulli am E-Zäitalter ukomm. Hei zu Lëtzebuerg gouf dat gefeiert mat enger Randonnée duerch d'Land. Vum T1 bis zum ID Buzz war all Generatioun vertrueden. Fir eis war de Christian Schmit mat dobäi.
Leschte Samschdeg war den internationalen Fraendag. An eng international Ikon am Automobil-Secteur huet leschte Samschdeg säi 75. Gebuertsdag gefeiert. De VW Bulli! Den 8. Mäerz 1950 ass deen éischten T1 zu Wolfsburg vum Band gelaf. Antëscht ass ee jo och beim Bulli am E-Zäitalter ukomm. Hei zu Lëtzebuerg gouf dat gefeiert mat enger Randonnée duerch d'Land. Vum T1 bis zum ID Buzz war all Generatioun vertrueden. Fir eis war de Christian Schmit mat dobäi.
"Ich liebe Operetten" - dat ass e Saz, deen de Stanislav Rosenberg aus ganzem Häerz soe kann. Hien ass net nëmme Pianist a Komponist, mee och nach Dirigent. Egal ob hien um Piano Sänger:inne begleet oder eng grouss Oper dirigéiert, d'Opermusek bleift fir hien einfach "die ultimative Leidenschaft". Den 28. Februar 2025 dirigéiert hien eng Operettegala am neie Centre culturel Machera zu Gréiwemaacher, eng Operettegala mam Fokus op d'Wiener Musek vum Johann Strauss II - ganz passend, well 2025 säin 200. Gebuertsdag gefeiert gëtt. Dem Marie Schockmel huet de Museker méi verroden, ënner anerem iwwer déi alleréischt Oper, déi hie gesinn huet an doriwwer, datt dem Strauss seng Musek eng ganz aktuell ass.
De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
De 27. Januar ass net nëmmen de Gebuertsdag vum Wolfgang Amadeus Mozart, mee och den internationale Gedenkdag un d'Affer vum Holocaust. An der Philharmonie organiséieren d'Solistes Européens, Luxembourg dofir ee ganz passende Concert mat ënnert anerem engem Rondo vum Mozart an "From Jewish Life" vum Ernest Bloch. Op der Bün steet e Cello-Piano Duo mam Alexander Hülshoff an dem Andreas Frölich. D'Marie Schockmel huet sech mam Cellist Alexander Hülshoff ënnerhalen an iwwert seng Erënnerunge vu Lëtzebuerg bei sengem éischte Concert geschwat.
Den Ulass ass de sougenannten Holocaust Remembrance Day. Fir dem 80. Gebuertsdag vun der Befreiung vun Auschwitz zegedenke spillt d'Militärmusek dee Concert ënner dem Jean-Claude Braun. Um Programm stinn ënner anerem Wierker vum E.W. Korngold an John Williams, esou wéi och vun de lëtzebuerger Komponiste Marco Pütz a Georges Sadeler. D'Marie Trussart huet mam Dirigent doriwwer geschwat, wat d'Roll vun der Militärmusek wärend dem Zweete Weltkrich war a firwat et haut nach wichteg ass sech aktiv un den Holocaust ze erënneren.
Zwischen den Jahren ass äre Guilty Pleasure Podcast zwar dout vu bannen, mee liwwert trotzdeem alles, wat ee virum Joreswiessel wësse muss: Weie Fussballveräin ass sympathesch? Kann ChatGPT d'Zukunft viraussoen? A wisou gëtt um 26.12. guer net gestuerwen? No enger Chrëschtdags-Recap an zukünfteg Feierdags-Iddie erlaabt d'"Professionell und seriös GmbH" sech esouwuel e Bléck op d'vergaangent Joer ewéi och op dat, wat schonn an de Startlächer steet. Et geet ënner anerem ëm eng Dram- an eng Loserkoppel, en Adoptiounsantrag, de Raoul an d'Julie, Beemchen-Inspo, d'Seitan-Kontrovers, Veloskapen a Gespréicher vum Jesus sengem Gebuertsdag – mee och ëm méi seriö Themen ewéi Mëssbrauchsvirwërf, Schmiercampagnen an eis Heldin vum Joer. Mir wënschen iech all e gudde Rutsch an d'neit Joer – ganz nom Motto: "Ween als éischt kënnt, ass als éischt do."
Motetten, de Magnificat WAB 24 an d'Missa Solemnis WAB 29 séngt d'Maîtrise um éischten Adventssonndeg (1.12.) an der Kathedral. Domat steet deen traditionelle Concert "Au Seuil de l'Avent" ganz am Zeeche vum Anton Bruckner sengem 200. Gebuertsdag. Dat ass awer net deen eenzegen Anniversaire, deen op dësem Concert eng Roll spillt. Den Dirigent Marc Dostert verréit am Interview beim Christophe Mirkes, wéi eng Jubiläe mat dësem Concert nach gefeiert ginn.
De Weekend huet de grousse Gebuertsdag vun der Kufa ugefaangen, 40 plus 1 Joer feiert d'Institutioun wärend engem ganze Mount. No engem ganz besonnesche Mutiny on the Bounty Concert um Freideg goung et den Dag duerno direkt weider mat de kanadesche Postrock-Legende Godspeed You Black Emperor fir ee musekalescht Erliefnis vun zwou Stonnen. De Kufa-Direkter René Penning hat also kaum Zäit, sech ze erblosen, éiert e bei eis an de Studio koum fir e Gespréich iwwert een e bëssen anere Gebuertsdag.
Zanter méi wéi 90 Joer gëtt et hei am Land d'Caritas. 1932 gouf de "Kathoulesche Lëtzebuerger Caritasverband" gegrënnt. Datt d'Organisatioun den 100. Gebuertsdag feiert, ass éischter onwarscheinlech. D'ONG gouf beklaut a steet virum Enn vun hirer Existenz. Et bleiwe vill Froen an d'Ongewëssheet, wéi et weidergeet mat der Caritas. Mä déi lescht Deeg hunn och Resultater bruecht. D'Carine Lemmer kommentéiert.
De spéiden Duerchbroch vum Michael Douglas zu Hollywood hat net nëmmen eppes mam berüümte Papp ze dinn. De Michael Douglas huet, wéi vill aner Acteuren och, kleng ugefaangen. Fir säin 80. Gebuertsdag kuckt de Pit Biwer op d'Karriär vum Acteur zeréck.
De spéiden Duerchbroch vum Michael Douglas zu Hollywood hat net nëmmen eppes mam berüümte Papp ze dinn. De Michael Douglas huet, wéi vill aner Acteuren och, kleng ugefaangen. Fir säin 80. Gebuertsdag kuckt de Pit Biwer op d'Karriär vum Acteur zeréck.
D'Kulturfabrik feiert 40+1 Joer, 41 Joer. Et ass kee ronne Gebuertsdag, trotzdeem gëtt d'Feier ganz grouss opgezunn - et gëtt een Hommage un d'Vergaangenheet vun der Kufa, eng Festegung vun hirer aktueller Roll an der Lëtzebuerger Kulturzeen, an et gëtt ee Bléck an d'Zukunft gewot. Geplangt fir Oktober an ufanks November si Concerten, Spektakel, Workshoppen, Filmseancen, Liesungen, Ausstellungen, a villes méi.
Wa Summer an der Stad ass, ass och déi alljärlech Expo vun der Stater Fotothéik am Cercle Cité. 2024 esouguer am Kontext vun engem ronne 40. Gebuertsdag: 1984 war d'Institutioun gegrënnt ginn, fir Fotoen, déi d'Verännerungen an der Stad iwwer d'Zäit dokumentéieren, ze archivéieren, awer och zougänglech ze maachen. Zum Beispill duerch eng Summerexpo, déi dëst Joer ënner dem Motto “Put it on!” steet. D'Kerstin Thalau am Gespréich mat der Gaby Sonnabend, Responsabel vun der Fotothéik, plus de Christian Aschman, Fotograf bei der Fotothéik: also déi zwee hanner dem “put on display”.
125 Joer mat Héichten an Déiften ginn et haut am Automag.D'Mark mam Blëtz am Logo, Opel, feiert Gebuertsdag an de Christian Schmit krut en exclusiven Abléck an d'Classic Werkstatt zu Rüsselsheim.Huet sech awer och fir d'Mark Opel hei zu Lëtzebuerg interesséiert.
Bei Kultur um 5 isoléieren d'Kerstin Thalau an de Joé Birchen reegelméisseg e Klang aus eiser alldeeglecher Geräischkuliss, huelen en ausenaner a sichen no Lienen tëschent dem Soundschnëppel an der Alldagskultur, der Musek, der Konscht. Dës Kéier hunn déi Zwee sech, fir hire Soundatlas, an eiser temporärer Kannerkëscht installéiert a feieren niewebäi och nach e ronne Gebuertsdag.
Star Wars an Indiana Jones: fir dës Franchisen ass den George Lucas bekannt. Virgëschter huet de Realisateur säin 80. Gebuertsdag gefeiert. Den Hollywood-Reporter Pit Biwer hat de ganz engagéierte Filmkënschtler um RTL Mikro.
Theemen haut: EU-Sommet, Staatsvisitt Grand-Duc, Drëpsi-Award, 100. Gebuertsdag vun enger Zäitzeie vum 2. Weltkrich a Resumé Flèche Wallonne.