POPULARITY
Ufank vun der leschter Woch war de Lëtzebuerger EU-Deputéierte Fernand Kartheiser fir e puer Deeg op politescher Visitt zu Moskau. Den ADR-Politiker hat eng Invitatioun vum russesche Parlament ugeholl a sech nieft Deputéierten och mat engem vun de Vize-Ausseministere getraff. D'Opmierksamkeet war him domadder gewëss, awer och d'Kritik. Déi koum net just vum politesche Géigner, mee och aus den eegene Reien. D'EKR-Fraktioun, an där hien am EU-Parlament Member ass, wëllt hien ausschléissen. E Mëttwoch wäert doriwwer ofgestëmmt ginn. Ma elo schonn huet de Fernand Kartheiser mat der Rees an déi russesch Haaptstad net nëmme sech selwer, mee och senger Partei ee Selbstgol geschoss, mengt de Marc Hoscheid an engem Commentaire.
De Carlos Ferreira an de Pedro Emanuel Pereira kommen allen zwee aus Portugal. Kenne geléiert hunn si sech awer virun e puer Joer zu Amsterdam. Iert si dann ee Klarinette-Piano-Duo gi sinn, hunn si Futtballmatcher zesumme gespillt. "De Futtball war fir d'éischt, an et huet zanter dem Ufank einfach gematcht tëscht eis zwee", seet de Carlos Ferreira. Aktuell ass den Duo op Concertstournée an Europa dank der Serie "Rising Star" vun der ECHO (European Concert Hall Organization), a nom leschte Concert zu Porto ass de nächste Stopp den Dënschden 20. Mee an der Philharmonie um Kierchbierg. Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit de Carlos Ferreira méi, iwwert hiert Kenneléieren an och iwwer de Programm, deen e Mix aus Schumann, Debussy, an och méi neie Wierker ass. Mat dobäi ass och eng eege Kompositioun vum Pianist, déi hien extra fir de Klarinettist geschriwwen huet.
Leschte Weekend huet d'Architektur-Biennale zu Venedeg hier Dieren opgemaach. Nieft 64 anere Länner, stellt och Lëtzebuerg op der renomméierter Konschtausstellung mat aus. An zwar mat dem Projet “Sonic Investigations”, enger Klanginstallatioun, déi een d'Landschaft vum Grand-Duché nei erliewe léisst. Kommissär vum Lëtzebuerger Pavillon ass ënnert anerem déi National Kultur-Exportagence Kultur | lx, déi de Projet vum Ufank bis zum Opbau zu Venedeg begleet huet. D'Eléonore Mialonier, Beoptraagt fir Architektur, Design a Konschthandwierk, huet dem Joé Birchen verroden, wéi een sech op d'Biennale virbereet huet.
D'LUGA ass zanter leschter Woch offiziell op. Déi grouss urban Gaardenausstellung soll nohalteg an ekologesch sinn, sou gouf d'Expo ënner fräiem Himmel op d'mannst vun Ufank u vermaart a verkaf. Ma wéi nohalteg kann en temporäert Evenement iwwerhaapt sinn, freet sech d'Claudia Kollwelter a sengem Commentaire.
D'Luxembourg Saxophone Association huet vum 7. bis 9. Abrëll hiren alleréischte Saxofonsfestival zu Lëtzebuerg fir Klassesch- an Jazzsaxofonisten a -saxofonistinnen organiséiert. Ufank vun der Ouschtervakanz hat d'Saxofonsfamill sech zu Esch versammelt, fir an deenen ënnerschiddlechsten Atelieren ronderëm dat polyvalent Instrument ze schaffen. Si waren alleguer komm: vum Sopran iwwer den Alto an den Tenor bis bei de Bariton. De Guy Engels huet e puer Andréck vun Esch matbruecht.
E Samschdeg waren de Lex Delles, de Claude Seywert an d'Blanche Weber d'Invitéeën an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Greentea Peng, do denkt een un Dub, Neo-Soul a psychedeelesche Pop, déi sech wéi an enger haarder Kamell zesummen a Spiralen dréien. De Goût: gréngen Téi, kompromësslos vitaliséierend a bis elo ëmmer mat enger gudder Dosis Zocker. Dee feelt awer op der neier bal ganz, an dat strooft den Titel “Tell Dem It's Sunny” - ee Saz, deen d'Aria Wells hirem Bëbee um Ufank vun der Plack seet - Ligen. Well Reen, verzerrte Gittar, äiskal Synthesizer a Welten, déi op Säit, déi Angscht maachen, vu psychedeelesch siche ginn, huele séier Iwwerhand. De Marc Clement huet d'Plack fir eis gelauschtert an ass am Studio, fir doriwwer ze schwätzen.
Et ass just en Ufank vun enger 6-deeleger Serie. D'Protagonistin an der éischter Oper ass d'Amelia Earhart. Als Fra huet si vill Rekorder opgestallt. Ënner anerem ass si als éischt Pilotin eleng iwwer den Atlantik geflunn. D'Lëtzebuerger Komponistin Albena Petrovic huet dës Liewensgeschicht an engem Monodrama verschafft, eng Kammeroper mat nëmmen enger Sängerin. Mat dobäi ass de Lëtzebuerger Ensembel United instruments of Lucilin. D'Opféierung ass den 8. Mäerz 2025 um 18:00 am Kapuzinertheater an der Stad. D'Albena Petrovic schreift awer net nëmmen Operen. Si ass grad erëm vun New York, wou e Concerto vun hir an der Carnegie Hall opgeféiert gouf ...
No "Mettre au Monde" - ee Stéck iwwer Leihmutterschaft - brécht d'Realisatrice Renelde Pierlot mat engem weideren Tabou-Sujet a proposéiert mat "Les jours de la lune" ee Stéck iwwer Menstruatioun. "Pas le sujet le plus vendeur qui soit", seet eng Figur um Ufank vum Stéck. An awer - oder eebe grad - ass et een Theema, dat jiddweree betrëfft. "Les jours de la lune", geschriwwe vun der Renelde Pierlot an dem Francesco Mormino, ass eng Rees vum Obskurantismus an d'Luucht vun der Wëssenschaft an der Gläichberechtegung. De Jeff Schinker huet d'Metteuse en scène fir ee Gespréich an de Studio agelueden.
De Robert Weber, fréieren LCGB-Nationalpresident a fréieren Deputéierten, beschäftegt sech mat dem "Sozialen Dialog“. An dësen zwee Wieder leien Ignoranz, Arroganz, Wëssen an Opsin fir aner Ideen, enk beieneen.
Och 2024 war ee produktiivt Joer, wat déi klassesch Musek ugeet. Net nëmmen hu mir an eisem Klassik Album vun der Woch 14 verschidde Produktioune virgestallt. Mee och gouf mat Luxembourg Classics en neie Label gegrënnt, dee vun Ufank un nei Albume lancéiert huet. Mee wéi eng Produktioune konnten eis Klassik-Ekipp esou begeeschteren, datt se et als perséinleche Coup-de-coeur gepackt hunn? Lauschtert hei den opus-100,7-Réckbléck!
Zanter den 1980er schreift d'Kim Deal an zwou groussaartege Rockbands Geschicht: The Pixies an The Breeders. Bal 40 Joer nom Ufank vun hirer Musekskarriär huet si elo just hiren éischte Soloalbum erausbruecht: "Nobody Loves You More". Dissonant Distortioun verhënnert Gefiller net, besonnesch wann deen ee Saz vun der Mamm den Titel däerf stellen. D'Claire Barthelemy huet déi nei Scheif fir eis gelauschtert.
Déi lescht Plack vun Trentemøller heescht “Dreamweaver“ an ass grad emol 8 Wochen dobaussen. Fir den Dän, deen um Ufank vu senger Karriär éischter fir laang instrumental Tracks bekannt war, ass d'Plack den Eckpunkt vun enger Evolutioun zu méi vokaler Musek. Déi atmosphäresch an originell Tracke sinn nach ëmmer meeschterhaft mat déiwe syntheeteschen Texture begléckt, an deenen och organesch an instrumental Sounds hir Kraaft entwéckelen - eng schéi Balance. Op all Track séngt iwwregens seng Kollaboratrice DiSA, déi och schonn eng Zäitche Member vu senger Live-Band ass. Iwwerhaapt ass de Kontrast tëschent feiner Studio-Aarbecht um Album, an enger richteger Band-Experienz op der Bün, scho laang ee Markenzeeche vun Trentemøller - zanter et deemools Zäit war, op d'Bün ze goen. Den Anders Trentemøller a seng Band sinn de Sonndeg den Owend (17.11.) zu Gaascht an der Escher Kulturfabrik. Am Virprogramm spillt d'Sakura, alias Sakura Katsuura Chow, eng verspillten a minimalistesch Produzentin vun Hongkong, déi zu Wien schafft. Eng interessant Affiche!
Wéi lieft eng Actrice, wéi d'Julia Roberts a wéi ass et, wann een als Actrice ëmmer an ëmmer erëm mat just engem Film a Verbindung bruecht gëtt, dem Pretty Woman. E Film deen am Ufank en anert Enn sollt kréien.
De Ben an den Dylan huelen de ganze Lëtzebuerger Fussball am Detail auserneen: Goler, Chancen, Giel Kaarten a souguer eng interessant Karte-Statistik. Da schwätzen si nach driwwer, dass een am Fussball ëmmer bis zum Schluss spille sollt a kucken op den Ufank vun der neier Champions-League-Saison.
De Martin Faubert, een Hausdokter mat engem zimmlech dilettantesche Sënn fir Deontologie, verléift sech onstierflech an eng knallhaart Businessfra, déi Mann a Kanner huet. Fir si vum Mann ze trennen, léisst hie mat Hëllef vun engem Kolleeg aus dem Labo hire Blutttest fälschen a jubelt hir eng fiktiv Geschlechtskrankheet ënner. "Quitte à faire quelque chose de mal, autant le faire bien" ass dat anonymt Spréchwuert, dat um Ufank vum Nicolas Rey sengem 12. Roman steet. Datt et allerdéngs onméiglech ass, sech aus enger Situatioun erauszezéien, déi op moralesch verwerfleche Prämisse baséiert, weist den Nicolas Rey a senger immens pechschwaarzer amoralescher Fabel. De Jeff Schinker huet d'Buch rezenséiert - a sech prächteg ameséiert.
De Martin Faubert, een Hausdokter mat engem zimmlech dilettantesche Sënn fir Deontologie, verléift sech onstierflech an eng knallhaart Businessfra, déi Mann a Kanner huet. Fir si vum Mann ze trennen, léisst hie mat Hëllef vun engem Kolleeg aus dem Labo hire Blutttest fälschen a jubelt hir eng fiktiv Geschlechtskrankheet ënner. "Quitte à faire quelque chose de mal, autant le faire bien" ass dat anonymt Spréchwuert, dat um Ufank vum Nicolas Rey sengem 12. Roman steet. Datt et allerdéngs onméiglech ass, sech aus enger Situatioun erauszezéien, déi op moralesch verwerfleche Prämisse baséiert, weist den Nicolas Rey a senger immens pechschwaarzer amoralescher Fabel. De Jeff Schinker huet d'Buch rezenséiert - a sech prächteg ameséiert.
Absolvent vum Conservatoire vun Amsterdam, huet hie sech fir dësen Häerzensprojet mat sengem fréieren All The Way Down-Batteur John Wolter zesummegedoen, wat d'Verbindung zum musikaleschen Ufank sécherstellt, genee wéi eng fusionell Rhythmussektioun. Programm vu LINQ hirer neier Plack “Between Worlds” ass d'Erfuerschung vum Bandleader senge musikaleschen Influenzen, wou danzbar Genrë wéi Funk, Hiphop, Disco an Afrobeat duerch d'Lëns vum Jazz refraktéiert ginn. An dëst Fundament integréiere sech de Pit Dahm op de Clavieren, de Pierre Cocq-Amman um Saxofon, an de Gilles Grethen op der Gittar. Den Nicolas Calmes an de Marc Clement hu sech LINQ hir Debutplack “Between Worlds” ugelauschtert an deelen hir Andréck.
Datt Succès net vum selwe kënnt, weess een och zu Hollywood. Sou war zum Beispill d'Julia Roberts net vun Ufank u virun der Kamera gesat. Ma och Schauspiller déi sech als Regisseur, an ëmgedréint, probéieren, wëssen datt dat mam Erfolleg alles relativ op ass. E puer Beispiller mam Pit Biwer.
Wéi de Kent Leppink eng Bezéiung mam Mechele Linehan ageet, denkt hie bei weitem net drun, dass dës Bezéiung den Ufank vu sengem Doud ass. Kuerz viru sengem Doud schreift hien awer e Bréif un seng Eltere mat 3 méiglechen Täter falls him eppes sollt zoustoussen.
Wéi Lëtzebuerg d'NATO matgegrënnt huet: dorun erënnert haut d'Luxemburger Wort. Als klengste Grënnungsmember hätt de Grand-Duché vun Ufank un Zouverlässegkeet a Loyalitéit bewisen. Och am Tageblatt heescht et, datt d'NATO haut de 75. Joresdag vun der Ënnerschrëft vum Nordatlantik-Vertrag feiert. “Méi Respekt w.e.g.”, mat dësem Zitat ass den Tageblatt-Editorial vum Jenny Zeyen iwwerschriwwen. Theema ass d'Aggressioune géint Jugend- Schidsriichteren. Iwwer d'Aarmut zu Lëtzebuerg an iwwer déi sozial Schiflag schreift den Eric Hamus am Editorial an der Revue.
Wéi Lëtzebuerg d'NATO matgegrënnt huet: dorun erënnert haut d'Luxemburger Wort. Als klengste Grënnungsmember hätt de Grand-Duché vun Ufank un Zouverlässegkeet a Loyalitéit bewisen. Och am Tageblatt heescht et, datt d'NATO haut de 75. Joresdag vun der Ënnerschrëft vum Nordatlantik-Vertrag feiert. “Méi Respekt w.e.g.”, mat dësem Zitat ass den Tageblatt-Editorial vum Jenny Zeyen iwwerschriwwen. Theema ass d'Aggressioune géint Jugend- Schidsriichteren. Iwwer d'Aarmut zu Lëtzebuerg an iwwer déi sozial Schiflag schreift den Eric Hamus am Editorial an der Revue.
Der 70-järeger, fréierer Sonic Youth-Frontfra Kim Gordon, hir nei Plack “The Collective” ass mëttlerweil schonns ee Mount eraus, mee villäicht méi wéi jee derwaert ze recommandéieren. Firwat? Well dat, wat am Ufank mat flashege Beats a vill Stream-of-Consciousness wéi ee kuerzleebegen Unikum geschéngt huet, och elo näischt vu senger Schäerft verluer huet. Test bestanen?
Zanter dem Ufank vum Ukrainkrich an de Sanktioune géint Russland, ass den Export a Russland agebrach, och vu Lëtzebuerg aus, dofir awer klëmmt den Aussenhandel mat den Nopeschlänner vu Russland.
Ënnert dem Titel „Memories“ gi véier Wang-Bing-Filmer, a spezieller Zeenographie, am Cercle Cité presentéiert. Tëscht dem 29. Februar an dem 10. Mäerz ass Luxembourg City Filmfestival. Mat dobäi de Wang Bing. De Realisateur ass 1967, kuerz nom Ufank vun der Kulturrevolutioun, a China op d'Welt komm, huet mat 14 säi Papp verluer, ass du fir seng Famill schaffe gaangen. Spéider huet hie Foto a Film studéiert. Am Westen huet hie sech mëttlerweil en Numm als haarde realisteschen Documentaire-Filmer gemaach. Mat véier vu sengen Aarbechte kënnt Dir iech elo schonn am Ratskeller vum Cercle Cité ausenanersetzen. Eng Film-Expo obschonns Wang-Bing-Aarbechten am Kontext vum Festival gewise ginn? D'Kerstin Thalau ass dozou vun der Curatrice Anastasia Chaguidouline méi gewuer ginn.
Ënnert dem Titel „Memories“ gi véier Filmer vum Wang Bing am Cercle Cité presentéiert. Tëscht dem 29. Februar an dem 10. Mäerz ass Luxembourg City Filmfestival. Mat dobäi de Wang Bing. De Realisateur ass 1967, kuerz nom Ufank vun der Kulturrevolutioun, a China op d'Welt komm, huet mat 14 säi Papp verluer, ass du fir seng Famill schaffe gaangen. Spéider huet hie Foto a Film studéiert. Am Westen huet hie sech mëttlerweil en Numm als haarde realisteschen Documentaire-Filmer gemaach. Mat véier vu sengen Aarbechte kënnt Dir iech elo schonn am Ratskeller vum Cercle Cité ausenanersetzen. Eng Film-Expo obschonns Wang-Bing-Aarbechten am Kontext vum Festival gewise ginn? D'Kerstin Thalau ass dozou vun der Curatrice Anastasia Chaguidouline méi gewuer ginn.
Am Mee 2007 ass d'Famill McCann a Portugal an d'Vakanz. Een Owend sinn d'Elteren iessen an d'Kanner sinn eleng an der Wunneng. All 30 Minutte geet een no de Kanner kucken, bis op eemol d'Maddie verschwonnen ass. Dëst ass den Ufank vun engem vun de gréisste Vermësste-Fäll aus Europa. Wat genau geschitt ass a wéi et weider geet, gitt dir an dëser Episod gewuer.
De Wanter ass do a fir de neie Policeminister heescht dat: Zäit fir Heescherten aus der Stad ze geheien. De Leon Gloden huet d'Decisioun vu senger Virgängerin Taina Bofferding, de Stater "Platzverweis" net z'approuvéieren, réckgängeg gemaach. Ausserdeem: de längste Streik zu Lëtzebuerg zënter 30 Joer a den Ufank vum lëtzebuergeschen Eurovision Song Contest-Marathon.
Wéi heescht déi Rubrik, déi mir reegelméisseg ëm dës Zäit samschdes moies senden? Dir erënnert Iech net?? Mee, dat gëtt et héich Zäit, datt mir eppes fir Är Memoire maachen: eisen Auteur a Linguist Jean Portante mécht den Ufank an erkläert Iech elo am “Wuert vun der Woch”, wou d'Ausdréck Memoire a Gediechtnes iwwerhaapt hierkommen, a wéi se evoluéiert hunn.
Ufank vum 20. Joerhonnert ginn an Norddäitschland oft Läiche vu Jonge fonnt. Se wierken all ëmmer wéi wann se géife schlofen, gekleet an der deemools beléifter Matrousen-Uniform. Mee firwat sinn d'Jongen dout? Dodrun ass den Onkel Tick-Tack schold. An deser Episod schwätzen mir iwwert den Fall Adolf Seefeld.
Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf iwwert een dach bedenklechen Ufank vun enger neier Koalitioun.
Zanter dem Ufank vum Krich am Noen Osten hunn Ufeindungen an och Menacë géint Judden erëm zougeholl. Wéi huet d'Lag zu Lëtzebuerg sech entwéckelt? Dat freet d'Christiane Kleer d'Direktesch vum Zenter géint Radikaliséierung, méi bekannt ënner dem Numm respect.lu.
Si genuch Stocken u Medikamenter fir de Wanter do? Déi Fro kënnt all Joer nees op an an der Press berouegt haut d'Vizepresidentin vum Apdikte-Verband, op alle Fall mol fir den Ufank
De Weekend vum 10. op den 12. November ass déi 9. Editioun vun der Luxembourg Art Week. Am Virfeld goufen, wéi fir déi lescht dräi Editiounen, Skulpturen am ëffentleche Raum opgeriicht, woumat och den Ufank vun der Ausstellung markéiert gëtt. Dës Kéier ass et um Atelier Van Lieshout: fënnef Skulpture stinn hei op fënnef verschiddene Plazen, an de Joé Birchen huet fir eis den Tuer gemaach.
E Méindeg de Moie war d'Legaliséierung vum Cannabis Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Vum 19. bis den 27. August ass d'Liichtathletik Weltmeeschterschaft zu Budapest an Ungarn. Mam Bob Bertemes, dem Patricia Van der Weken, dem Vera Hoffmann an dem Charel Grethen sinn 4 Lëtzebuerger mat dobäi. Virun allem de Charel Grethen hat net deen einfachsten Ufank vun der Saison, Sam Rickal.
Ufank der Woch ass de Realisateur William Friedkin verstuerwen. De bekannte Realisateur hat eisem Hollywood Reporter eng Kéier verrode, wéi hien d'Rollen a senge Filmer am léifste besetzt. Och zu Wuert kommen des Woch de Francis Ford Coppola an den Andy Garcia.
Ufank 2016 deckt de Chris Monteiro eng Hitman-for-hire Websäit am Darkweb op an erstellt eng Lëscht mat den Zilpersounen. Ganz uewen op der Lëscht steet den Numm vum Amy Allwine. Wien ass den Auftraggeber mam Numm DogDayGod? Firwat wëll desen d'Amy ermorden loossen? Dat gidd dir an dëser Episod gewuer.
Firwat mir al ginn a wat een dogéint maache kann Experiment Alter. Wa Gewiichter un Äerm a Been, enk Bandagen un de Gelenker an e spezielle Helm een al maachen. Mat engem Altersimulatiounskostüm kann ee spiere wéi d'Liewen ass mat Ufank 80. Mir gesinn wéi Computerspiller eelere Leit kënnen hëllefe manner séier ze falen. A wéi ee säi Kierper a Gehier duerch Sport an aner Aktivitéite laang fit kann halen.
Firwat mir al ginn a wat een dogéint maache kann Experiment Alter. Wa Gewiichter un Äerm a Been, enk Bandagen un de Gelenker an e spezielle Helm een al maachen. Mat engem Altersimulatiounskostüm kann ee spiere wéi d'Liewen ass mat Ufank 80. Mir gesinn wéi Computerspiller eelere Leit kënnen hëllefe manner séier ze falen. A wéi ee säi Kierper a Gehier duerch Sport an aner Aktivitéite laang fit kann halen.
An dëser Episode schwätzen ech mat der Kënschtlerin Sarah Mandres @sarah_mandres_art iwwert de Prozess an d'Hannergrënn vu senger Konscht
Am Groussen Theater gëtt dem Bertolt Brecht seng Oper "Aufstieg und Fall der Stadt Mahagonny", déi an Zesummenaarbecht mam Kurt Weill entstanen ass, gewisen. Dës Oper, ass 1930 ze Leipzig uropgefouert ginn, just am Ufank vun der Weltwirtschaftskris. An eiser Emissioun Kultur um 5 wollt de Philippe Hansen vum Valerija Berdi wëssen, wéi aktuell des Oper haut nach ass.
De Museks-Festival ass an der ganzer hollännescher Stad a kënnt all Joer mat enger besonnesch futéierter Programmatioun dohier. Genee do war eise Korrespondent Max Tholl gëschter fir den Ufank vum Festival an huet am Kulturmagasinn ënner anerem iwwer de Line-Up vum Festival geschwat. Fazit: eng Mëschung aus gefälleg an experimentell. Mir lauschteren eran.
Den Zoufäll huet zwee Bouwen mol nees zesummebruecht. An dat heescht: Ham, Fritten & Zaldot op enger Plaz! D'Themen: 20 Joer Luxair-Accident an den Ufank vum Gemengewalkampf. An e puer Recommandatiounen!
D'Emissioun Background am Gespréich stoung e Samschdeg ganz am Zeeche vum Klimawandel respektiv -Schutz. Dat kuerz virum Ufank vun der Weltklimakonferenz.
Ginn Regierung, Gewerkschaften a Patronat op d'Sennenger Schlass...wat wéi den Ufank vun engem Witz klengt, decidéiert wéi de Wanter zu Lëtzebuerg wäert ausgesinn. Ausserdeem ware politesch Box-Wochen am Ländchen. Um Programm: Piraten vs. Claude Turmes an CSV-Lokalpolitiker vs. Jonk Gréng.
Encevo huet no Hacker-Attack nach keng Plainte gemaach, d'Konsequenze vun der Dréchent fir Baachen a Flëss an den Ufank vun der Drauwelies, dat sinn e puer vun de Sujeten an der Presserevue mam Paule Rodesch.
Sträit tëschent ACL a LaLux, nach keng Plainte vun Encevo no Hacker-Attack, Ufank vun der Drauwelies an de Retourmatch vum F91 géint Lech Poznan, dat sinn d'Sujeten an der Presserevue mam Paule Rodesch.
Virun eppes méi wéi zwee Joer koum de Coronavirus zu Lëtzebuerg hunn. Et war den Ufank vun enger Kris, déi kee gesinn huet kommen. E Stresstest fir d'Gesellschaft, d'Politik, d'Wirtschaft an natierlech fir d'Wëssenschaft.
Fir d'Jil Devresse war d'Schauspillerei am Ufank keng Optioun. U sech wollt hat a Richtung Socio, Geschicht oder Philosophie goen. Wéi et schlussendlech awer an der Schauspillerschoul gelant ass, gitt der an dëser Episode gewuer. Hat beschreiwt eis wéi säi Studium gelaf ass, wéi Corona him bei ville Saachen ee Stréch ënnert d'Rechnung gezunn huet, wéi wichteg Connections zu Lëtzebuerg sinn a schlussendlech schwätze mir och iwwert dem Jil Devresse säin éischt Lidd ënnert sengem Kënschtlernumm "Lilou". Vill Spaass beim Lauschteren! . . . Hannert dësem Podcast stécht vill Aarbecht a vill Energie. Falls dir Loscht an d'Méiglechkeet hutt mech z'ënnerstëtzen, da géing ech mech iwwert e klengen Don freeën. Op dësem Link fannt der méi Infoen doriwwer: ➡️ https://www.patreon.com/cecidoyouloveme Dir kritt och natierlech eppes dofir zréck! D'Packages stinn all um Patreon Account. Falls du nach Froen dozou hues, dann zéck net a mell dech bei mir :)