Podcasts about franky hippert

  • 8PODCASTS
  • 432EPISODES
  • 2mAVG DURATION
  • 1EPISODE EVERY OTHER WEEK
  • Apr 28, 2025LATEST

POPULARITY

20172018201920202021202220232024


Best podcasts about franky hippert

Latest podcast episodes about franky hippert

RTL - FLF Goal
FLF-Magazin, 28/04/2025

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Apr 28, 2025 3:01


An der BGL-Ligue am Lëtzebuerger Futtball bleift et 4 Spilldeeg viru Schluss spannend fir déi europäesch Plazen. Duerch déi besser Goldifferenz steet Stroossen elo nom 26. Spilldag op der zweeter Plaz, punktgläich virum F91 Diddeleng. De Racing, Nidderkuer an esouguer theoretesch Munneref sinn och nach an der Course fir d'Conference League Qualifikatioun ze spillen. Haut gouf och de Kontrakt fir d'Emissioun Goal op RTL Tëlee Lëtzebuerg mat der FLF an der CMCM ëm 3 Joer verlängert. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

schluss haut magazin kontrakt joe r plaz flf duerch stroossen futtball rtl t franky hippert
RTL - FLF Goal
FLF-Magazin, 14/04/2025

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Apr 14, 2025 2:55


Den FC Déifferdeng 03 hätt lo de Weekend, um 7.t-leschte Spilldag, fréizäiteg kënne Champion ginn...do huet den Tabellenzweeten F91 Diddeleng awer net matgespillt. Hannendrun bleift Course ëm déi drëtt europäesch Plaz spannend. Bei den Dammen gouf et an der Spëtzepartie tëscht deenen zwee éischten Racing an Hesper e Remis. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

RTL - Rebound
Basketball: Rebound, 11/04/2025

RTL - Rebound

Play Episode Listen Later Apr 11, 2025 2:49


Mat der Etzella steet deen éischte Finalist am Championnat am Härebasket scho fest. An der Halleffinall tëscht der Amicale Steesel an dem T71 Diddeleng fält d'Decisioun awer eréischt am drëtten an decisive Match. Bei den Dammen ass muer déi éischt Final tëscht dem Gréngewald an der Sparta. De Rebound vun haut mam Franky Hippert:

RTL - FLF Goal
FLF-Magazin: BGL-Ligue a Nationalequipe, 17/03/2025

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Mar 17, 2025 2:57


Zanter gëschter ass déi Lëtzebuerger Futtball-Nationalequipe zu Lëpschent am Trainingslager fir d'Frëndschaftslännermatcher e Samschdeg heiheem géint Schweden, an en Dënschdeg-8-Deeg zu Sankt Gallen géint d'Schwäiz ze preparéieren. An der BGL-Ligue ass den FC Déifferdeng 03 Directioun zweete Championstitel ënnerwee..., d'Equipe vun der Stonn ass awer och Stroossen, mat mëttlerweil der drëtter Plaz an der Tabell. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

ligue schweden magazin trainingslager deeg plaz sankt gallen tabell zanter stonn samschdeg stroossen franky hippert
RTL - FLF Goal
FLF Magazin, 10/03/2025

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Mar 10, 2025 2:53


Beim Progrès geet et och nom Trainerwiessel net wierklech besser. De Samuel Scholer huet jo d'lescht Woch de Jeff Strasser op der Trainerbänk ersat. Fir den Opsteiger Beetebuerg gouf et no der Wanterpaus emol nees eng Kéier eng Victoire, an dat war eng wichteg géint den direkte Konkurrent Monnerech. E Mëttwoch geet et schonn weider mat den 1/8.els Finalen an der Coupe. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

RTL - Rebound
Basketball - Rebound, 21/02/2025

RTL - Rebound

Play Episode Listen Later Feb 21, 2025 2:51


Am Rebound vun haut mam Franky Hippert geet et ëm de Championnat am Dammebasket... dann huet d'Lëtzebuerger Häre-Nationalequipe gëscht hire leschte Match an der Prequalifikatioun gespillt... a fir den Thomas Grün war et déi lescht Partie am Dress vun der FLBB-Formatioun:

RTL - Rebound
Basketball: Rebound, 14/02/2025

RTL - Rebound

Play Episode Listen Later Feb 14, 2025 2:49


Um drëttleschte Spilldag an der Qualifikatiounsronn an der Enovos-League bei den Hären huet den zweetleschten, Musel-Pikes, d'Limiten géint den Zweeten an der Tabell, Diddeleng, gewise kritt. Lo hunn d'Hären wéinst der Nationalequipe bis Enn Februar Paus. Bei den Dammen gouf de leschte Weekend net gespillt well d'Nationalequipe am Asaz war. Et sollt um Enn fir d'FLBB-Dammen awer esou just net duergoen fir sech fir d'Europameeschterschaft ze qualifizéieren. De Rebound vun haut mam Franky Hippert:

RTL - Rebound
Rebound: Duebele Spilldag bei den Hären, 31/01/2025

RTL - Rebound

Play Episode Listen Later Jan 31, 2025 2:30


Am nationale Basket hunn d'Dammen op héchstem Niveau dëse Weekend Paus. Charlie Bidinger a Co. spillen d'nächst Woch an der Europameeschterschaftsqualifikatioun an hunn d'eenzegaarteg Méiglechkeet sech fir d'EM ze qualifizéieren. D'Hären hunn am Championnat haut an e Sonndeg en duebele Spilldag um Programm stoen. De Rebound vun haut mam Franky Hippert:

RTL - FLF Goal
FLF-Magazin, 18/11/2024

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Nov 18, 2024 2:52


A ronn zwou Stonne fänkt fir déi Lëtzebuerger Futtball-Nationalequipe dee leschte Match an dëser Nations League Campagne un. D'Rout Léiwe kréien et um 20:45 Auer am Stade de Luxembourg mam Tabelleleader aus der Divisioun C Grupp 3 ze dinn. Fir d'Equipe vum Nationaltrainer Luc Holtz geet et drëms an där Divisioun ze bleiwen. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert.

RTL - Rebound
Rebound: FLBB-Dammen wannen sensationell géint Montenegro, 08/11/2024

RTL - Rebound

Play Episode Listen Later Nov 8, 2024 2:33


Am Härebasket ass dëse Weekend den 9.te Spilldag. Déi meescht Matcher sinn haut. Bei den Dammen ass Paus an dat well d'Nationalequipe am Asaz ass. Gëscht hunn sech d'FLBB-Dammen sensationell 71 op 49 géint Montenegro duerchgesat. Den Rebound vun haut, mam Franky Hippert:

RTL - FLF Goal
FLF-Magazin, 28/10/2024

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Oct 28, 2024 2:36


An de Nations League Play-Offs am Futtball déi zu der Europameeschterschaftsqualifikatioun zielen, huet déi Lëtzebuerger Damme-Nationalequipe sech am Allermatch géint Schweden ganz anstänneg aus der Affär gezunn. An der BGL-Ligue gouf et um 11.te Spilldag eng wichteg Victoire fir den F91 Diddeleng géint de Progrès Nidderkuer an der Lutte ëm d'europäesch Plazen. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

RTL - FLF Goal
FLF-Magazin: Rout Léiwen kréie Punkt a Bulgarien, 14/10/2024

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Oct 14, 2024 2:50


Déi Lëtzebuerger Futtball-Nationalequipe ass matten dran an hirem duebele Rendezvous an der Nations League. A Bulgarien gouf et ee Punkt, elo heescht de nächste Géigner an Ungarn "Belarus". Déi jonk Rout Léiwen sinn dëser Deeg och am Asaz. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

RTL - FLF Goal
FLF-Magazin: Leschte Spilldag, 27/05/2024

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later May 27, 2024 2:59


Am nationale Futtball sinn an der regulärer Saison elo iwwert de Weekend déi lescht Decisioune gefall. Fir verschidden Equippen geet et iwwert d'Barragematcher awer och nach an d'Verlängerung. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

saison magazin fir futtball franky hippert equippen
RTL - Rebound
Rebound: 3. Finalle stinn um Programm, 26/04/2024

RTL - Rebound

Play Episode Listen Later Apr 26, 2024 2:22


Am nationale Basket sinn d'Finalle vum Championnat voll am gaangen. Souwuel bei den Dammen wéi bei den Hären steet et no deenen zwee éischte Matcher 1-1 an der Serie "Best of Five". An der drëtter Partie kann deemno nach keng Decisioun falen...bei den Hären spillt Steesel muer doheem géint d'Etzella, an bei den Dammen huet de Grengewald den Heemvirdeel géint den T71 Diddeleng. De Rebound vun haut mam Franky Hippert:

RTL - FLF Goal
FLF-Magazin: D'Damme wannen géint Albanien, 08/04/2024

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Apr 8, 2024 2:59


D'Lëtzebuerger Futtballnationalequipe vun den Dammen huet an der Europameeschterschaftsqualifikatioun hiren éischte Match vun der Campagne géint Albanien gewonnen. An der BGL-Ligue léisst d'Jeunesse no der Wanterpaus, an der Spëtzepartie, beim F91 Diddeleng, déi éischte Kéier Punkten hänken. Den Tabelleleader FC Déifferdeng 03 huet sech awer net géint den Opsteiger Miersch iwwerrasche gelooss. An der Coupe de Luxembourg goufen d'1/4.els Finallen gezunn. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

RTL - Rebound
Rebound: 2 Véierelsfinallen ginn an der drëtter an decisiver Partie decidéiert, 29/03/2024

RTL - Rebound

Play Episode Listen Later Mar 29, 2024 2:43


Am Härebasket fält muer an zwou Partien d'Decisioun wien nieft der Etzella an Esch an d'Halleffinallen vum Championnat kënnt. Am Modus "Best of Three" steet et tëscht Walfer an der Fiels an tëscht Steesel an der Sparta no zwee Matcher 1-1. Den Heemvirdeel kéint eng gewësse Roll spillen. De Rebound vun haut mam Franky Hippert:

RTL - FLF Goal
FLF-Magazin: De Countdown leeft fir de Georgienmatch, 18/03/2024

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Mar 18, 2024 2:56


De Countdown leeft fir d'Partie an der Halleffinal vun de Play-Offs an der Nations League géint Georgien. En Donneschdeg ass et esou wäit, dann ass een vun de wichtegsten Matcher an der Geschicht vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun. Wann d'Rout Léiwen zu Tiflis gewannen, dann ass d'FLF-Formatioun just nach ee Match vun der Europameeschterschaft am Summer an Däitschland ewech. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

RTL - FLF Goal
FLF-Magazin: F91 léisst Punkten hänken, Leader FCD03 kann sech liicht ofsetzen., 04/03/2024

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Mar 4, 2024 2:45


An der BGL-Ligue am Lëtzebuerger Futtball huet den Tabellenzweeten F91 Diddeleng Punkten zu Käerjeng hänke gelooss...de Leader FC Déifferdeng 03 konnt mat engem Succès zu Munneref seng Avance als Leader ausbauen. D'Fola huet um Wupp vun der Tabell nees e Liewenszeeche vun sech ginn. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

RTL - FLF Goal
FLF-Magazin: Déifferdeng léisst Punkten hänken, d'Jeunesse vun den Escher Derby, 19/02/2024

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Feb 19, 2024 2:50


"En Derby spillt een net, en Derby wënnt een", déi Futtball-Wäissheet war och gëscht zu Esch nees wouer. D'Jeunesse huet sech mam knappste vun alle Resultater, 1-0, beim grousse Rival Fola duerchgesat. Den Tabellenéischten Déifferdeng huet beim Remis zu Monnerech Punkten hänke gelooss, den zweeten Diddeleng huet mat enger klorer Victoire um Racing, Terrain gutt gemaach. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

RTL - FLF Goal
FLF-Magazin: Reprise no der Wanterpaus, 12/02/2024

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Feb 12, 2024 2:50


An der héchster Divisioun am nationale Futtball rullt dat ronnt Lieder zanter gëschter nees. Um éischte Spilldag no der Wanterpaus hunn sech déi zwee Tabellenéischt Déifferdeng an Diddeleng net iwwerrasche gelooss..., den drëtten Hesper trëppelt fir den Optakt direkt emol op der Plaz. An der nächster Nations League Campagne kréien d'Rout Léiwen et mat Bulgarien, Nordirland an Wäissrussland ze dinn. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

RTL - Rebound
Rebound: Duebele Spilldag op Fuesent, 09/02/2024

RTL - Rebound

Play Episode Listen Later Feb 9, 2024 2:25


An der LBBL am Härebasket gouf et um 18. Spilldag, bis op eng Ausnam, just Victoiren vun den Auswäertsequipen. Lo um Fuess-Weekend ass et en duebele Spilldag. Bei den Dammen ass de Gréngewald no 14 Spilldeeg mat 14 Succèsen ongeschloen un der Tabellespëtzt. D'Dammen trieden dëse Weekend just eng Kéier un. De Rebound vun haut mam Franky Hippert:

bei rebound succ ausw dammen franky hippert tabellesp
RTL - FLF Goal
FLF-Magazin: Am Fall vun EM-Qualifikatioun sinn d'Rout Léiwen an engem Grupp mat ë.a. Portugal, 04/12/2023

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Dec 4, 2023 2:56


Wann déi Lëtzebuerger Futtball-Nationalequipe am Mäerz sech an de Play-Offs vun der Nations League nach fir d'Europameeschterschaft de nächste Summer an Däitschland géif qualifizéieren, dann géifen d'Rout Léiwen et an der Gruppephase ënnert anerem mat Portugal ze dinn kréien. An der ieweschter Divisioun hei am Land kënnen sech déi zwee Tabellenéischt Déifferdeng an Diddeleng ofsetzen. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky HIppert:

RTL - FLF Goal
FLF-Magazin: Wichteg Partie an der EM-Qualifikatioun, 16/10/2023

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Oct 16, 2023 2:56


Déi Lëtzebuerger Futtballnationalequipe spillt den Owend wuel ee vun de wichtegste Matcher an hirer Geschicht. Wann et géint d'Slowakei vun 1/4 vir 9 un, eng Victoire gëtt, dann bleiwen d'Chancen erhalen, datt d'FLF-Formatioun sech fir d'Europameeschterschaft d'nächst Joer an Däitschland kéint qualifizéieren. De Weekend war hei am Land awer och zum Beispill den 8. Spilldag an der Éierepromotioun. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

RTL - FLF Goal
FLF-Magazin: 9. Spilldag an der BGL, an lo d'Lännermatcher, 09/10/2023

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Oct 9, 2023 2:58


Déi Lëtzebuerger Futtballnationalequipe ass zanter gëschter am gaangen zwee vun hire wichtegsten Matcher an der Geschicht vun de Roude Léiwen ze preparéieren. Do virdrun war awer nach de 9.Spilldag an der BGL-Ligue. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

magazin matcher geschicht roude l franky hippert
RTL - FLF Goal
FLF-Magazin: Rout Léiwen hu géint Island gewonnen, 11/09/2023

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Sep 11, 2023 2:53


Déi Lëtzebuerger Futtballnationalequipe ass mattendran, an hirem duebele Rendez-vous, an der Europameeschterschaftsqualifikatioun. Den Owend vun 1/4 vir 9 un spillen d'Rout Léiwen zu Faro géint Portugal. E Freideg gouf et déi éischt Victoire iwwerhaapt géint Island. D'Qualifikatioun fir d'EM d'nächst Joer an Däitschland ass op jiderfall fir d'Equipe vum Nationaltrainer Luc Holtz keng Utopie méi. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

RTL - FLF Goal
FLF-Magazin: Hesper um gudde Wee fir Champion ze ginn, 17/04/2023 18:50

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Apr 17, 2023


An der BGL-Ligue am Lëtzebuerger Futtball bleiwen nach 450 Minutten, also 5 Spilldeeg, ze spillen. Gëscht huet Hesper an der Spëtzepartie mat der 4-3 Victoire géint den Zweeten Diddeleng e wichtege Schratt an Direktioun éischte Championstitel gemaach. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

champion magazin victoire ginn gudde hesper schratt futtball franky hippert
RTL - Rebound
Rebound: 2. Halleffinallen, 07/04/2023 18:50

RTL - Rebound

Play Episode Listen Later Apr 7, 2023


An der LBBL waren e Mëttwoch déi éischt Halleffinallen vum Championnat. Bei den Hären ginn Diddeleng an Steesel mat engem Avantage an déi zweet Partie eran, bei den Dammen konnten sech den T71 an Hueschtert am éischte Match behaapten. Muer stinn déi zweet Halleffinallen um Programm. De Rebound vun haut mam Franky Hippert:

RTL - Commentaire
Franky Hippert: Vum Amateurismus bei de Professionalismus: et muss e Mentalitéitswiessel am Lëtzebuerger Sport kommen!, 14/03/2023 18:30

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later Mar 14, 2023


"Mir sinn Amateuren, mir spille wéi Amateuren a mir bleiwen Amateuren", dat ass d'Ausso vun engem frustréierten Tommy Wirtz gewiescht nom desolaten Optrëtt vun der Lëtzebuerger Handballnationalekipp an der Europameeschterschaftsqualifikatioun géint an an der Tierkei. De Kapitän vun der FLH-Formatioun weess och, wéi et besser kéint a misst sinn... schliisslech huet hien als Profi an Däitschland gespillt an do gesinn, wéi et ass. A sengem Tëscheruff seet de Franky Hippert, datt d'Lëtzebuerger Sportswelt esou séier wéi méiglech e Mentalitéitswiessel brauch.

RTL - FLF Goal
FLF-Magazin: Nidderkuer an Péiteng komme méi no, 13/03/2023 18:50

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Mar 13, 2023


Um 20.te Spilldag an der BGL-Ligue hunn déi zwee Tabellenéischt Hesper an Diddeleng Punkten hänke gelooss. Den Drëtten Nidderkuer an och de 4.ten Péiteng kommen op jiddwerfalls ëmmer méi no. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

RTL - Rebound
Rebound: Nadia Mossong mat leschtem Heemmatch an der Nationalequipe, 10/02/2023 18:50

RTL - Rebound

Play Episode Listen Later Feb 10, 2023


An der LBBL, der Luxembourg Basketball League ass bei den Hären haut schonn den Optakt vum 20. Spilldag mat der Partie Sparta géint den T71. Bei den Dammen ass kee Championnat well Nadia Mossong a Co. hir lescht Matcher an der Europameeschterschaftsqualifikatioun hunn. A propos Nadia Mossong, fir déi fréier Profi war et gëscht an der Partie géint Italien, no iwwer 19 Joer an der Nationalequipe, dee leschten Heemmatch am Dress vun der FLBB-Formatioun. De Rebound vun haut mam Franky Hippert:

RTL - FLF Goal
FLF Magazin: Déifferdenger Derby mat Victoire vum Progrès, 05/12/2022 18:50

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Dec 5, 2022


Um zweetleschte Spilldag virun der Wanterpaus gouf et an der BGL-Ligue de Déifferdenger Derby. Um Enn huet d'Partie tëscht dem FC Déifferdeng 03 an dem Progrès Nidderkuer och dat gehalen wat een sech vun esou engem Match erwaart. De FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert.

RTL - Rebound
Rebound, 02/12/2022 18:50

RTL - Rebound

Play Episode Listen Later Dec 2, 2022


An der Europameeschterschaftsqualifikatioun hunn d'Lëtzebuerger Dammen déi leschte Woch zwee Matcher gespillt. An der Coque gouf et eng Néierlag géint d'Slowakei an zu Fribourg ee klore Succès géint d'Schwäiz. Am Rebound, deen iech haut vum Franky Hippert presentéiert gëtt, ginn déi zwee Matcher nach eng Kier ënnert d'Lupp geholl...

RTL - FLF Goal
FLF-Magazin: Nationalequipe spillt géint Ungarn an Bulgarien gläich., 21/11/2022 18:50

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Nov 21, 2022


An de leschten Deeg huet déi Lëtzebuerger Futtballnationalequipe d'Joer 2022 mat enger positiver Note ofgeschloss. En Donneschdeg gouf et am Stade de Luxembourg en 2-2 Remis géint Ungarn, an gëscht hunn d'Rout Léiwen op der nämmlechter Plaz 0-0 géint Bulgarien gläichgespillt. An der 111 Joer aler Geschicht vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun gouf et domat e neie Rekord. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

RTL - FLF Goal
FLF-Magazin: Hesper deet Diddeleng am Spëtzenduell wéi!, 07/11/2022 18:50

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Nov 7, 2022


Bis den 11. Spilldag waren an der BGL Ligue mam F91 a mat Hesper zwou Equippen déi nach kee Match verluer haten. Gëscht war et dunn am Stade Jos Nosbaum zu Diddeleng den Duell tëscht deenen zwee Tabellenéischten, an do war de Swift einfach déi besser Equipe. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

RTL - FLF Goal
FLF Magazin: Barragematcher an Coupe, 30/05/2022 17:50

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later May 30, 2022


Et ass d'Phase vun den Decisiounen am nationale Futtball. An de Barragematcher konnten sech Hueschtert an Wolz all Kéier an der BGL-Ligue halen. An der Coupe de Luxembourg ass de Stater Racing no der Victoire an der Final géint Diddeleng, d'nächst Saison europäesch. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

RTL - FLF Goal
FLF Magazin: F91 quasi Champion, U-17 bei der EM, 16/05/2022 17:50

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later May 16, 2022


Fir d'Spiller vun der Lëtzebuerger U-17 Futtballnationalequipe fänkt haut e grousse Moment an hirer Karriär un. Bei der Schlussphase vun der Europameeschterschaft kritt d'Equipe vum FLF-Nationaltrainer Mario Mutsch et lo a ronn enger Stonn mam Organisateur Israel. An der BGL-Ligue ass den F91 Diddeleng esougutt wéi Champion, ma fir de Rescht sinn awer nach e puer Decisiounen op. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

RTL - FLF Goal
FLF-Magazin: Dammen wannen géint Lettland, an RM Hamm Benfica steet als Ofsteiger fest, 11/04/2022 17:50

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Apr 11, 2022


Déi Lëtzebuerger Futtball-Dammennationalequipe huet an der aktueller Weltmeeschterschaftsqualifikatioun schonn hiren zweete Match gewonnen. E Samschdeg war et zu Beetebuerg eng 3-2 Victoire géint Lettland. Muer geet et zu Esch scho weider géint Nordmazedonien. An der BGL-Ligue kann den F91 Diddeleng op mannst schonn d'Telefonsnummer eraushuelen fir den Schampes fir d'Championsfeier ze bestellen..., d'Jeunesse wäert d'nächst Saison keng Coupe d'Europe spillen. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

RTL - FLF Goal
FLF Magazin: U-17, Nationalequipe a BGL-Ligue, 04/04/2022 17:50

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Apr 4, 2022


Déi Lëtzebuerger U-17 Futtballnationalequipe huet den historeschen Exploit fäerdeg bruecht, sech fir d'Endphase vun der Europameeschterschaft ze qualifizéieren. D'A-Equipe zitt interessant Erkenntnisser aus de Frëndschaftslännermatcher géint Nordirland an géint Bosnien. An der BGL-Ligue konnt sech den F91 Diddeleng um 23. Spilldag un der Tabellespëtzt ofsetzen,. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

RTL - FLF Goal
FLF-Magazin: Nationalequipen, 28/03/2022 17:50

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Mar 28, 2022


An dësen Deeg sinn d'Futtballnationalequipen voll am Asaz. D'Lëtzebuerger U-17 krut respektiv krit et an der Eliteronn vun der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft mat Frankräich an England ze dinn. D'A-Equipe huet de Frëndschaftslännermatch géint Nordirland schonn hannert sech, an spillt muer zu Zenica géint Bosnien-Herzegovina. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

england magazin nordirland deeg zenica frankr bosnien herzegovina franky hippert
RTL - FLF Goal
FLF-Magazin: Roude Léiwen spille géint Nordirland, 21/03/2022 17:50

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Mar 21, 2022


Nom 22. Spilldag an der BGL-Ligue kann den Tabelleleader Diddeleng den Ecart op den zweeten Nidderkuer e bësse vergréisseren. Lo ass awer mol am Championnat Paus, an dat wëll déi Lëtzebuerger Futtballnationalequipe zwee Frëndschaftslännermatcher um Programm stoen huet. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

RTL - FLF Goal
FLF-Magazin: Fola an Stroossen trëppelen op der Plaz, 07/03/2022 17:50

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Mar 7, 2022


Déi 4 Tabellenéischt, Nidderkuer, Diddeleng, Hesper an Déifferdeng hunn sech gëscht net iwwerrasche gelooss an hir Partien all Kéier gewonnen. Hannendrun trëppelen zanter der Reprise no der Wanterpaus d'Fola an Stroossen op der Plaz. Gëscht war et dunn den direkten Duell tëscht béiden Equippen, an deen ass mat engem 0-0 Remis op en Enn gaangen. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

RTL - FLF Goal
FLF-Magazin: Nidderkuer nees Leader, 28/02/2022 17:50

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Feb 28, 2022


D'Odyssee aus der Ukrain zeréck op Lëtzebuerg ass fir déi 3 Nationalspiller Enes Mahmutovic, Oli a Vincent Thill gëschter Mëtteg glécklech op en Enn gaangen. An der BGL-Ligue gëtt et nom 19. Spilldag nees e Wiessel un der Tabellespëtzt. Nidderkuer huet der Fola eng kleng Lexioun ginn, an d'Leaderpositioun vun Diddeleng nees iwwerholl. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

RTL - FLF Goal
FLF Magazin: F91 nees Leader, 14/02/2022 17:50

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Feb 14, 2022


Déi Lëtzebuerger Dammen Futtballnationalequipe huet an dëser Woch zwee Frëndschaftslännermatcher géint Tahiti. An der ieweschter Divisioun bei den Hären huet sech den F91 Diddeleng d'Tabellespëtzt um zweete Spilldag no der Wanterpaus nees zeréckgeholl. Am éischten Drëttel vun der Tabell sinn d'Equippen zimmlech no beieneen. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

RTL - FLF Goal
Nom 13. Spilldag 3 Equippen mat all Kéier 27 Punkten un der Tabellespëtzt, 29/11/2021 17:50

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Nov 29, 2021


Déi Lëtzebuerger Dammen Futtballnationalequipe huet muer den Owend am Stade de Luxembourg nees e grousse Rendezvous an der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun géint Éisträich. Nom 13. Spilldag stinn an der ieweschter Divisioun bei den Hären, 3 Equippen mat all Kéier 27 Punkten un der Tabellespëtzt, an zwar Diddeleng, Stroossen an de Racing. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

racing luxembourg rendezvous punkten stade nom owend diddeleng stroossen franky hippert tabellesp equippen
RTL - FLF Goal
FLF Magazin: Nationalequipe an BGL-Ligue, 18/10/2021 17:50

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Oct 18, 2021


Haut komme mer nach emol op d'Rendezvousen vun der A-Nationalequipe an der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun zeréck, an och op den Exploit vun der U-17 an der EM-Qualifikatioun. An der BGL-Ligue gouf et lo de Weekend déi éischt Defaite vun der Saison fir den Tabellenéischten F91 Diddeleng. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

RTL - FLF Goal
FLF Magazin: Coupe a Nationalequipe, 04/10/2021 17:50

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Oct 4, 2021


Déi Lëtzebuerger Futtballnationalequipe ass am gaangen hir nächst Rendezvousen an der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun ze preparéieren. Lo de Weekend stoungen d'32.tels Finalen an der Coupe de Luxembourg um Programm. D'Surprisen sinn net ausbliwwen. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

RTL - FLF Goal
FLF Magazin: BGL Ligue an FLF Dammen, 27/09/2021 17:50

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Sep 27, 2021


Déi Lëtzebuerger Futtball Dammennationalequipe huet hir zwee éischt Matcher an der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun hannert sech. Och wann et géint England eng 0-10 Defaite gouf, ass dat eng Experienz gewiescht, déi di jonk FLF-Equipe an Zukunft no vir bréngt. Am nationalen Härechampionnat ass den F91 Diddeleng nom 8. Spilldag nom kloeren 6-1 géint Ettelbréck nach ëmmer un der Tabellespëtzt. D'Spëtzepartie huet de Racing 2-0 beim Progres Nidderkuer gewonn. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

RTL - FLF Goal
FLF Magazin: Dammen géint England, 20/09/2021 17:50

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Sep 20, 2021


Lëtzebuerg géint England, dat ass muer den Owend um 1/4 op 8 an der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun de grousse Rendezvous am neie nationale Futtball a Rugbystadion. D'FLF Dammen sinn déi éischte Kéier bei esou enger Qualifikatioun dobäi an kréien et an hirem éischten Heemmatch direkt mat esou engem schwéieren Géigner ze dinn. An nationale Championnat bei den Hären steet d'US Mondorf no 6 Spilldeeg iwwerraschend op der 3. Plaz an der Tabell. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

RTL - Commentaire
Franky Hippert: Neien nationale Stadion: De Roude Léiw ass nach verstoppt, 12/07/2021 18:33

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later Jul 12, 2021


D'Never-Ending-Story, wat den neie nationale Futtball- a Rugbystadion ugeet, schéngt säi finaalt Kapitel ze schreiwen. Iwwert d'Finanzen an den Numm war jo scho vill diskutéiert ginn.

kapitel nationale stadion numm iwwert futtball roude l franky hippert
RTL - FLF Goal
Futtball: FLF-Dammen hunn sech anstänneg géint d'Belsch geschloen, 14/06/2021 17:50

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Jun 14, 2021


Déi Lëtzebuerger Dammen Futtballnationalequipe ass eréischt am Ufank vun hirer Entwécklung. E Samschdeg hunn d'Rout Léiwinnen zu Wegdichen "am Pëtz" um Terrain vum FC Wolz knapp 0-1 géint d'Belsch verluer. Et war en Optrëtt op deen ee méi wéi opbaue kann, Franky Hippert:

terrain anst entw sech hunn dammen ufank optr futtball e samschdeg franky hippert