Podcasts about owend

  • 32PODCASTS
  • 291EPISODES
  • 11mAVG DURATION
  • 1WEEKLY EPISODE
  • Jun 2, 2025LATEST

POPULARITY

20172018201920202021202220232024


Best podcasts about owend

Latest podcast episodes about owend

Kultur
D'Passioun fir d'Kläng vum Akkordeon

Kultur

Play Episode Listen Later Jun 2, 2025 6:31


De Richard Galliano ass professionellen Akkordeonist a scho méi wéi 50 Joer op der Bün. Mat 74 Album-Produktiounen zielt hien zu den aktuelle Weltakkordeonisten. Net nëmmen huet hie Generatioune vu Museker:inne Joerzéngte laang gepräägt, mee och vill fir d'Entwécklung an d'Akzeptanz vum Instrument a verschiddene Genrë wéi dem Swing, Jazz, Tango oder sengem eegene Stil, der Neier Musette gemaach. Grouss Museker wéi den Astor Piazzolla hunn zu sengem enke Frëndeskrees dozou gehéiert. Haut den Owend, den 02. Juni 2025, kënnt de Museker fir ee Concert zesumme mat de Solistes Européens, Luxembourg op de Kierchbierg an d'Philharmonie. De Lex Kauffmann vum opus 100,7 huet sech an deem Kader mam Museker iwwer seng Karriär ënnerhalen.

Kultur
Gustavo Gimeno: säi leschte Concert als Chefdirigent

Kultur

Play Episode Listen Later May 23, 2025 6:47


Haut den Owend (23.05.) dirigéiert de Gustavo Gimeno säi leschte Concert als Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker. Den 100,7 iwwerdréit den Abschidsconcert live aus der Philharmonie. Wat den Owend ze erwaarden ass, beschwätzt de Marc Clement mam Christophe Mirkes. Et ginn och éischt Ablécker an dee leschte groussen 100,7-Interview mam Gustavo Gimeno, an deem hie vu sengen Erënnerungen aus engem Joerzéngt un der Spëtzt vun de Lëtzebuerger Philharmoniker erzielt a seng perséinlech Gedanke fir d'Preparatioun fir säi leschte Concert verréit.

Kultur
Eurovision Song Contest 2025 zu Basel

Kultur

Play Episode Listen Later May 16, 2025 5:44


Lëtzebuerg ass an der Finall vum Eurovision Song Contest – d'Laura Thorn konnt sech jo gëschter Owend an der Halleffinall mam Lidd “La Poupée monte le son” duerchsetzen. Muer denowend ass dann di grouss Finall, wou nach am ganzen 26 Länner géinteneen untrieden. D'Sophie Schroeder ass fir den 100,7 nach ëmmer zu Basel an elo live zougeschallt. Sophie, wéi ass dann d'Stëmmung lo kuerz virun der Finall di muer ass?

Kultur
European Song Contest zu Basel : Halleffinall

Kultur

Play Episode Listen Later May 15, 2025 7:03


Den Owend ass déi zweet Halleffinall vum Eurovision Song Contest, op där sech decidéiert, ob Lëtzebuerg sech fir di grouss Finall e Samsde qualifizéiere kann. Lëtzebuerg ass dëst Joer vertrueden duerch déi 25 Joer jonk Laura Thorn, mam Lidd “La poupée monte le son”, an trëtt den Owend als 13. Vun 16 Länner op.

Kultur
Klassik Live: der fliegende Holländer

Kultur

Play Episode Listen Later May 13, 2025 9:35


Haut den Owend um 19:30 Auer spillen d´Lëtzebuerger Philharmoniker eng konzertant Versioun vum Richard Wagner sengem Fliegenden Holländer. Hannert dem Dirigentepult: de 25 järege finneschen Dirigent Tarmo Peltokoski. Den international unerkannte Wagnerianer hat schonn am Alter vun 22 Joer d´Integral vum Ring dirigéiert. Am Gespréich mam Marie Trussart erkläert hien ënner anerem, firwat hien denkt datt een d´Konscht vum Kënschtler muss trennen an och wéi seng Faszinatioun fir de Wagner iwwerhaapt ugefaangen huet.

Kultur
Optakt Filmfestival vu Cannes

Kultur

Play Episode Listen Later May 13, 2025 5:40


Déi 78. Editioun vum Festival de Cannes start haut den Owend. Um Programm stinn, wéi ëmmer, eng Hellewull u Filmer. Mir maachen de Point mam Jeff Schinker, dee fir eis op der Plaz ass

Kultur
Le Coup de Majesté

Kultur

Play Episode Listen Later May 7, 2025 11:17


De 7. Mee owes um hallwer 8 kann een am Kammermusekssall vun der Philharmonie op eng musekalesch Zäitrees goen. An zwar an d'Paräis vum 17. Joerhonnert, fir méi genee ze sinn an de Palais du Louvre. Ënner dem Titel "Le Coup de Majesté” presentéiert den Ensembel Le Poème Harmonique ënner der Leedung vum Theorbist Vincent Dumestre a mat der Mezzosopranistin Eva Zaïcik eng Villfalt u Kläng aus dëser Epoch. De Programm ëmfaasst Balleten a Kammermusek bis zu Drénklidder, Vollekslidder an Extraiten aus italieeneschen Operen. D'Marie Trussart huet sech mam Vincent Dumestre, deen den Ensembel Le Poème Harmonique och matgegrënnt huet, iwwer seng Passioun fir d'Kultur vum 17. Joerhonnert ënnerhalen an doriwwer, wat fir eng Zäitrees de Public den Owend erwaart.

Kultur
D'Finall vum internationale Klarinette-Concours 2025

Kultur

Play Episode Listen Later Apr 11, 2025 3:54


Den opus a radio 100,7 sinn dëst Joer nees live fir Iech bei der Finall dobäi! Erlieft déi 3 Finalistinnen a Finaliste mat engem Programm vun iwwer 30 Minutte pro Kandidat. Ugemellt hu sech dëst Joer 80 Museker:innen aus der ganzer Welt ënner 35 Joer. Aus 12 Halleffinalisten a -finalistinne si gëschter 3 Talenter erausgesicht ginn, déi elo haut den Owend vun 19:00 un an der Finall op der Bün stinn.

Kultur
Opéra'tion Séduction

Kultur

Play Episode Listen Later Apr 4, 2025 7:36


Muer den Owend de 5. Abrëll gëtt am CAPE zu Ettelbréck verféiert. Erausgesicht goufen dofir Operenarië vun deene bekanntste Komponisten (Puccini, Mozart, Bizet, Donizetti, Verdi a Gounod). Den Orchestre de Chambre du Luxembourg huet dräi international Solisten invitéiert. D'Dirigentin fir dëse Projet ass d'Camilla Rossetti, déi 2024 zwou Opere mam OCL opgeféiert huet. Si gëtt vun der Associatioun Sequenda Opera Studio gefërdert an de Christophe Mirkes huet bei der jonker Dirigentin nogefrot, wat si zum Opereprojet vu muer den Owend verféiert huet.

Invité vum Dag
Blanche Weber

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Mar 27, 2025 13:47


Riskéiert d'Theema Klimawandel lues awer sécher am generellen Oprüsten ënnerzegoen? A wat mécht een dogéint? Dat froe mir d'Presidentin vum Mouvement écologique no hirem Kongress de Mëttwoch Owend.

Invité vum Dag
Blanche Weber

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Mar 27, 2025 13:47


Riskéiert d'Theema Klimawandel lues awer sécher am generellen Oprüsten ënnerzegoen? A wat mécht een dogéint? Dat froe mir d'Presidentin vum Mouvement écologique no hirem Kongress de Mëttwoch Owend.

Kultur
Den 28.03. ass an der Escher Konschthal LEAP-Gala

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 27, 2025 6:02


Muer den Owend gëtt an der Escher Konschthal de LEAP, de Luxembourg Encouragement for Artists Prize, verginn. Dräi vun de véier Nominéierten hu mir Iech an de leschten Deeg, mat hiren Ausstellungsprojete fir de Präis, virgestallt. No Mike Bourscheid, Rozafa Elshan a Jil Lahr feelt just nach d‘Lynn Scheidweiler, Joergang 1994, ausgebilte Bünebildnerin a Kostümdesignerin. D‘Kerstin Thalau wollt vun der Lynn Scheidweiler ënner anerem wëssen, wat de LEAP fir si bedeit.

Kultur
E Concert, bei deem de Sologeiist an den Dirigent eng Persoun ass

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 27, 2025 6:10


"Je suis sur scène comme dans la vie" - dat verréit eis de Renaud Capuçon an engem Gespréich. Beim Concert haut (27.3.) den Owend an der Philharmonie steet de franséische Geiist am Mëttelpunkt. Hien trëtt weltwäit op, an dat net nëmme mat senger Gei, mee och als Dirigent. Bei dësem Concert huet de Museker och déi zwou Kapen un. "Man muss jung sein um gute Dinge zu tun" - dat Zitat vum Goethe passt ganz gutt bei de Programm vum Concert, well all Wierker hunn de Beethoven, Mozart a Mendelssohn wärend hirer Jugend komponéiert. Dëse Concert iwwerdroe mir haut den Owend live um opus 100,7 a radio 100,7 (Donneschdeg, de 27. Mäerz) vun 19:30 un aus der Philharmonie. Et ass eng gemeinsam Iwwerdroung mam SR Kultur, déi vu Marie Schockmel a Maria Gutierrez moderéiert gëtt. D'Marie Schockmel huet sech zwee Deeg virum Concert am Backstage vun der Philharmonie mam Museker fir e Gespréich getraff, an deem hien nawell vill spannend Saache verroden huet. Programm: Ludwig van Beethoven: "Die Geschöpfe des Prometheus op.43": Ouverture Wolfgang A. Mozart: Concerto fir Gei Nr. 3 KV 216 Felix Mendelssohn Bartholdy: Symphonie Nr. 3 "Schottische" Interpreten: Lëtzebuerger Philharmoniker Renaud Capuçon, Direktioun & Gei

Invité vum Dag
Blanche Weber

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Mar 27, 2025 13:47


Riskéiert d'Theema Klimawandel lues awer sécher am generellen Oprüsten ënnerzegoen? A wat mécht een dogéint? Dat froe mir d'Presidentin vum Mouvement écologique no hirem Kongress de Mëttwoch Owend.

RTL - FLF Goal
FLF Magazin, 24/03/2025

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Mar 24, 2025 2:04


D'Lëtzebuerger Futtball Nationalequipe huet e Samschdeg de Frëndschafts Lännermatch géint Schweden 1-0 gewonnen. Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op dësen perfekten Optakt an d'Joer 2025 zeréck an awer och schonns op den Match muer den Owend an der Schwäiz no vir.

Kultur
Franséisch Musek tëschent Hoffnung a Verzweiwlung

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 18, 2025 9:58


Fauré, Boulanger, Saint-Saëns a Leclair - 4 grouss Nimm aus der franséischer Museksliteratur, déi vill Gemeinsamkeeten hunn an awer am Kontrast zuenee presentéiert ginn. Fréijoersgefiller an d'Enn vum Liewen an d'Liichtegkeet an d'Schwéierfällegkeet spillen dobäi eng grouss Roll. Zesummegestallt gouf dëse Repertoire vun dräi jonke Professorinnen aus dem Escher Conservatoire, déi de Samschdeg den Owend (22.03.) fir d'éischt zesummen am Trio optrieden. D'Pianistin an Organistin Stefanie Duprel an d'Cellistin Nora Braun hunn an engem Gespréich mam Christophe Mirkes verroden, wat si un dësem franséische Programm begeeschtert, wat et mam Fréijoer an dem Enn vum Liewen op sech huet a wéi dëse Programm zustane koum, well d'Ausgangsiddi war eigentlech eng aner.

Kultur
De 15. LuxFilmFest start den Owend

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 6, 2025 15:25


Haut den Owend (6.3.) start déi 15. Oplag vum LuxFilmFest mam Erëffnungsfilm "Hot Milk" mat der Vicky Krieps, deen och op der Berlinale gelaf ass an do eidel ausgoung. Mir lauschteren nach eemol d'Gespréich, dat de Michel Delage mam Programmdirekter Alexis Juncosa geféiert huet an an deem den Alexis Juncosa ënner anerem erkläert, wat ee sech dëst Joer um Festival kann erwaarden.

Kultur
Berlinale (1)

Kultur

Play Episode Listen Later Feb 14, 2025 9:29


Gëschter (13.02.) huet déi 75. Berlinale ugefaangen. A wéi wa Lëtzebuerg wéilt matfeieren, datt et de Berliner Filmfestival elo schonn een 3/4-Joerhonnnert gëtt, sinn dëst Joer rekordverdächteg vill - also ganzer sechs - Lëtzebuerger Koproduktiounen um Start. De Jeff Schinker ass de Mëttwoch Owend no enger sportlecher a virun allem endloser Zuchfaart mat der DB dann och iergendwann zu Berlin ukomm - a gëtt eis en éischten Abléck an den éischten Dag vum Festival.

Kultur
Dokumentarfotoen als Bréck zu Albdram änleche Bestiairen

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 30, 2025 13:25


Haut den Owend (30.1.) um 6 ass an der Galerie Reuter-Bausch an der Ënneschtgaass de Vernissage vun der Expo “Jim Peiffer curated by Christian Aschman”. Béid Hären si bekannt: de Christian Aschman haaptsächlech als Architekturfotograf, mee ewell och als Ausstellungscurateur; de Jim Peiffer als Moler vun neien Albdram änleche Bestiairen, an intensive Faarwen, op deene verschiddenste Supporten, vun Toile iwwer Holz bis Blech. Béid Hären si sech och nawell zimmlech bekannt: de Christian Aschman ass dem Jim Peiffer säi Monni. D'Kerstin Thalau war virun e puer Deeg beim Montage vun der Expo mat dobäi an huet mat allen Implizéierte geschwat.

Kultur
No Metal In this Battle, Tvesla an Odds Ratio

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 29, 2025 8:48


D'Téitenger Schungfabrik proposéiert eng oft ganz alternativ Programmatioun. Dräi lëtzebuergesch Bands, deenen hiren dénominateur commun amerikaneschen DIY Rock direft sinn, stinn de Samschden den Owend do op der Bün. Ee Gespréich mat zwee Gittaristen, dem Pierre Bianchi vun No Metal in this Battle an dem David André vun Odds Ratio.

battle metal bands owend odds ratio samschden
Kultur
Live aus der Philharmonie

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 23, 2025 7:10


Haut den Owend sinn de radio 100,7 an opus 100, 7 nees live an der Philharmonie fir e Concert mat de Lëtzebuerger Philharmoniker ënnert der Direktioun vum Hans-Christoph Rademann. De Guy Engels präsentéiert de Concert, an hien ass am Studio, fir eis méi iwwert de Programm ze verroden.

Presserevue
Editioun 8h15

Presserevue

Play Episode Listen Later Jan 20, 2025 3:09


Den Autosfestival, deen e Samschdeg opgeet, dem Donald Trump seng Vereedegung den Owend an den déidleche Virfall virun zwee Joer wärend engem Jugendtraining zu Esch sinn Theemen an der Presserevue.

Presserevue
Editioun 7h15

Presserevue

Play Episode Listen Later Jan 20, 2025 4:10


Dem Donald Trump seng Vereedegung den Owend, ze vill Stress an der Schoul an den déidleche Virfall virun zwee Joer wärend engem Jugendtraining zu Esch sinn Theemen an der Presserevue.

Kultur
Ryvage um Eurosonic Festival

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 17, 2025 9:33


De Lëtzebuerger Produzent spillt haut den Owend um gréissten europäesche Showcase Festival. Am Gespréich mat Ryvage gi mir op seng Erwaardungen a Perspektiven an.

perspektiven produzent owend am gespr eurosonic festival
RTL - Kloertext (Large)
"Kloertext": Trump & Musk: eng Gefor fir ons Demokratien?, 16/01/2025

RTL - Kloertext (Large)

Play Episode Listen Later Jan 16, 2025 0:40


Am Kloertext op der Tëlee um Donneschdeg den Owend gëtt debattéiert, wéi vill Muecht dierfen nëmmen e Grappvoll Mënschen hunn.

RTL - Kloertext (Small)
"Kloertext": Trump & Musk: eng Gefor fir ons Demokratien?, 16/01/2025

RTL - Kloertext (Small)

Play Episode Listen Later Jan 16, 2025 0:40


Am Kloertext op der Tëlee um Donneschdeg den Owend gëtt debattéiert, wéi vill Muecht dierfen nëmmen e Grappvoll Mënschen hunn.

Kultur
Eraus, an d'Näischt

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 13, 2025 6:31


Muer den Owend (14.1.) ass am Stater Conservatoire den Neijoerschconcert vum Ensemble Vocal du Luxembourg. Nieft dem "Gloria" vum John Rutter steet och eng Uropféierung um Programm. Et ass déi nei Kompositioun vum Lëtzebuerger Komponist Roland Wiltgen. Am Mëttelpunkt steet de Weltall. De Christophe Mirkes huet mam Komponist, mat zwee Chouersänger a mam Dirigent iwwer d'Thema an d'Visioun hannert "Out, into the void" geschwat.

Kultur
Musek aus der "schéiner Zäit"

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 10, 2025 8:05


Den däitsche Pianist Joseph Moog huet e ganze Concertsprogramm der Belle Epoque gewidmet. Dee féiert hie muer (11.1.) den Owend am Conservatoire zu Esch op. De Christophe Mirkes huet sech mam Joseph Moog iwwert d'Konzept vun dëser Programmatioun ënnerhalen. Seng éischt Fro war, ob een d'Belle Epoque iwwerhaapt musikalesch kann zesummefaassen. Ëmmerhi ginn um Concert 8 Komponisten aus verschidden Epoche gespillt.

RTL - Hollywood Reporter
Hollywood Reporter: Golden Globes, 05/01/2025

RTL - Hollywood Reporter

Play Episode Listen Later Jan 5, 2025 3:06


Haut den Owend geet mat de Golden Globes d'Saison vun de Präisverdeelungen un. Eisen Hollywood Reporter Pit Biwer erzielt d'Geschicht vum renomméierte Präis a stellt eis d'Favoritten an deene verschiddene Kategorië vir!

Kultur
Musekspräisser 2024 an der Philharmonie

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 20, 2024 11:02


Gëschter Owend (19.12.) goufen an der Philharmonie op Initiativ vum Kulturministère d'Lëtzebuerger Musekspräisser verginn. De Jury huet de Präis fir d'Liewenswierk dem Komponist, Posaunist, Tenor an Dirigent Camille Kerger decernéiert, deen iwwer Joerzéngten déi Lëtzebuerger Museks- a Kulturlandschaft gepräägt huet: ënnert anerem als Member vun der Lëtzebuerger Gesellschaft fir Nei Musek, als Leeder vu verschidden Ensembelen, als Grënnungsmember a musikaleschen Direkter vum Théâtre National an als Direkter vum Institut Européen de Chant Choral INECC.

Kultur
Vu Montfort op Saint Germain

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 17, 2024 6:58


An der Concert-Serie ActArt presentéieren Enseignanten aus dem Stater Conservatoire ee Museksprogramm, dee ganz kloer den Impressionismus erëmspigelt. Mat Wierker vu Claude Debussy a Maurice Ravel féieren de Pianist Grégoire Baumberger, de Geiist Emilio Mecenero an den Cellist Stéphane Giampellegrini duerch déi verschiddenst Klangfaarwen. De Concert ass den 19. Dezember um 19h00 am Stater Conservatoire. Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätzt de Pianist vum Owend iwwer déi bildlech Musek an de roude Fuedem vun dëser musikalescher a geografescher Rees.

Kultur
Così fan tutte am Groussen Theater

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 10, 2024 7:20


Haut den Owend (10.12.) um 8 Auer ass déi lescht Virstellung vum Mozart senger Oper “Così fan tute” am Grand Théâtre. D'Marie Trussart aus der Klassik-Redaktioun war d'Oper kucken a verréit, firwat een déi haut den Owend net sollt verpassen.

Luxembourgish with Anne PODCAST
Practice Luxembourgish Prepositions Quiz - Level A1 & A2

Luxembourgish with Anne PODCAST

Play Episode Listen Later Nov 21, 2024 20:06


How well do you know your Luxembourgish Prepositions? Not sure?Don't worry—this episode is for you! I've prepared a quick and fun multiple-choice quiz where you can test your Luxembourgish knowledge about the prepositions.Here's how it works: I'll say a sentence without the preposition then 3 possible answers, you'll have 5 seconds to think about the correct response, and then I'll reveal the correct answer. With this quiz you'll be able to assess your knowledge in real-time and discover which prepositions you might need to focus more study. Whether you're preparing for the *Sproochentest* or just curious about your Luxembourgish level, this quiz will give you a clear idea about your knowledge of prepositionsBass du prett fir de QuizEch fueren um 7 Auer moies ______ d'Aarbecht. – I drive to work at 7am.a) an b) op c) zub) Ech fueren um 7 Auer moies op d'Aarbecht.Find the correct preposition:1. Mir fueren ________ Zuch op Paräis. – We go (drive) by train to Paris.     a) mat b) mam c) beiLearn all about the tricky  preposition mat in my lesson on my BLOG called Learn to use correctly the preposition Mat 2. De Fliger kënnt ______ Dublin. – The plane is coming from Dublin.     a) aus b) zu c) vun3. Meng Noperen waren 1 Mount ____ Indien. – My neighbours were for 1 month in India.     a) an b) op c) zu4. Ech si(nn) _______ 3 Deeg zeréckkomm. – I came back 3 days ago.      a) no b) an c) virun5. De Vol ______ 8 Stonnen war ustrengend. – The 8-hour flight was exhausting.     a) vun b) an c) um6. Stell d'Fläsch Wäin ____ de Frigo! – Put the bottle of wine into to fridge.    a) am b) um c) an7. D'Apdikt ass _______ der Gare. – The pharmacy is next to the station.     a) tëschent b) iwwert c) niewent8. D'Fläsch Waasser steet _____ Dësch. – The bottle of water is on the table.      a) am b) um c) an9. Ech klammen ______ dem Bus. – I get out of the bus.     a) aus b) op c) an10. Ech ginn haut _______ Maria an de Kino. – I go to the cinema with Maria today.         a) mat b) mam c) mat der11. Komm mir ginn ________ de Park. Et ass schéint Wieder. – Let's go through the park. It's nice weather.      a) iwwer b) duerch c) laanscht12. ______ Cours ginn ech direkt heem. – After the course I'll go straight home.       a) no der b) no c) nom13. Mir mussen _____ eis Vakanz schwätzen. – We have to talk about our holidays.        a) vun b) iwwert c) während14. ______ gëschter hunn ech Congé. – I've been on leave since yesterday.       a) fir b) virun c) zanter (zënter)15. Ech léiere _____ 6 Méint Däitsch. – I've been learning German for 6 months.      a) zanter/ säit b) virun c) fir16. Ech huelen de Bus ____ ______ d'Stad. – The train goes to (as far as) Lux city.       a) bis / an b) — / an c) — / op17. Mir fueren ___ de Weekend ___ d'Vakanz. – We'll drive on vacation at the weekend.      a) an / an b) an / zu c) — / an18. _____ Fréijoer schaffen ech gär _____ Gaart. – I like to do some gardening in Spring.      a) Um / am b) Am / am c) Am / um19. ____ Mëttwoch ____ Owend ginn ech ____ de Yogacours. – I'll go this Wednesday        evening to the yogaclass.      a) — / am / an b) De / en / op c) E / den / an20. ___ moies drénken ech ____ 7h00 ____ 7h20 Kaffi. – I'm having breakfast from 7am                                until 7h20 every morning (in the mornings)      a) — / vun / bis b) De / vun / bis c) Am / géint / bis

Kultur
New Wave op Spuenesch

Kultur

Play Episode Listen Later Nov 21, 2024 11:49


Tëschent New Wave a Krautrock: De spuenesche Quartett Melenas presentéiert den Owend (21.11.) an der Kulturfabrik säin neien Album "Ahora“. Et ass net déi éischte Kéier, datt d'Formatioun Melenas zu Lëtzebuerg zu Gaascht ass. Mat hirem drëtten Album "Ahora" brénge si awer och en neie Sound mat.

Kultur
Trentemøller Live an der Kufa

Kultur

Play Episode Listen Later Nov 15, 2024 7:10


Déi lescht Plack vun Trentemøller heescht “Dreamweaver“ an ass grad emol 8 Wochen dobaussen. Fir den Dän, deen um Ufank vu senger Karriär éischter fir laang instrumental Tracks bekannt war, ass d'Plack den Eckpunkt vun enger Evolutioun zu méi vokaler Musek. Déi atmosphäresch an originell Tracke sinn nach ëmmer meeschterhaft mat déiwe syntheeteschen Texture begléckt, an deenen och organesch an instrumental Sounds hir Kraaft entwéckelen - eng schéi Balance. Op all Track séngt iwwregens seng Kollaboratrice DiSA, déi och schonn eng Zäitche Member vu senger Live-Band ass. Iwwerhaapt ass de Kontrast tëschent feiner Studio-Aarbecht um Album, an enger richteger Band-Experienz op der Bün, scho laang ee Markenzeeche vun Trentemøller - zanter et deemools Zäit war, op d'Bün ze goen. Den Anders Trentemøller a seng Band sinn de Sonndeg den Owend (17.11.) zu Gaascht an der Escher Kulturfabrik. Am Virprogramm spillt d'Sakura, alias Sakura Katsuura Chow, eng verspillten a minimalistesch Produzentin vun Hongkong, déi zu Wien schafft. Eng interessant Affiche!

Kultur
Concert LIVE

Kultur

Play Episode Listen Later Nov 15, 2024 4:42


An engem Privatconcert léisst de jonke Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker, d'romantesch Musek an der Philharmonie opliewen. Si spillen, ënner der Leedung vum Gaaschtdirigent Martin Rajna, ee Programm mat Wierker vu Wagner, Tschaikowski an Dvorak. De Jeff Schinker schwätzt mam Presentateur vum Owend, dem Lex Kauffmann doriwwer, wat Iech bei dësem Concert haut den Owend erwaart.

Kultur
D'Finall vum Prix Anne et Françoise Groben

Kultur

Play Episode Listen Later Nov 14, 2024 6:36


D'Finaliste vum Prix Anne et Françoise Groben sinn tëschent 18 an 22 Joer al a wäerten zesumme mam Orchestre de Chambre du Luxembourg an der Philharmonie optrieden. Den 100,7 iwwerdréit d'Finall aus der Philharmonie live vun halwer 8 un. De Christophe Mirkes gëtt eng Iwwersiicht iwwer dat dat, wat den Owend um Programm steet a wien optrëtt.

Kultur
D'ESAL-Laureatinnen 2024: Marianne Villière (F) a Clio Van Aerde (L)

Kultur

Play Episode Listen Later Nov 6, 2024 16:22


Viru genee 20 Joer gouf, op Initiativ vum Ambassadeur a Kënschtler Hubert Wurth, den ESAL, also den Edward Steichen Award Luxembourg, an d'Liewe geruff. Dëst mat der Ënnerstëtzung vun der Steichen-Famill an den USA. Zanter 2011 ginn d'Laureaten a Laureatinnen aus der Groussregioun zousätzlech mat engem Kënschtler:inneresidenze-Programm vun e puer Méint, zu New York, belount. 2005 war d'Su-Mei Tse déi éischt Laureatin, Sophie Jung, Mary-Audrey Ramirez, Jeff Weber, Jeff Desom koumen, nieft aneren, no. Gëschter Owend war am Mudam d'ESAL-2024-Soirée. D'Ierfgroussherzogin Stéphanie, de Kulturminister Eric Thill, jo och déi fréier Kulturministerin Erna Hennicot-Schoepges hu sech dat net entgoe gelooss. D'Kerstin Thalau war fir eis mat dobäi an huet eng vun den 2 Laureatinnen an de Studio invitéiert.

Kultur
Halloween an Allerséilen um opus 100,7

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 31, 2024 6:40


Haut den Owend (31.10.) gëtt et am Veianer Schlass e Concert mam Motto "Ein Abend mit Dracula". Hei si net nëmmen d'Musekerinnen a Museker vun der Kammerata Luxembourg passend verkleet, mee och de Public kann a grujelege Kostümer kommen. Um Programm steet ënner anerem dem Philip Glass seng Filmmusek vun “Dracula” an eng Liesung aus dem Bram Stoker sengem Roman. De Concert ass den Optakt fir de Festival MusicDays Vianden vun der Kammerata Luxembourg. A passend fir de grujelegsten Dag vum Joer huet de Christophe Mirkes aus der Klassik-Ekipp eng Halloween-Playlëscht erstallt, déi een op www.opus.radio lauschtere kann. Perfekt, wann een onheemlech Musek léiwer ouni onheemlech Biller lauschtert. No Halloween kënnt dann ëmmer séier Allerhellegen an Allerséilen. Um Owend vun Allerséile gëtt et an der Méchelskierch an der Stad scho fir déi 32. Kéier den traditionelle Concert vum Méchelschouer. Am Mëttelpunkt steet dëst Joer dem Gabriel Fauré säi weltberüümte Requiem.

Kultur
Ultranothing Debut-EP

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 25, 2024 2:17


Muer (26.10.) den Owend ass um Belval am MK Bar en Highlight fir all Fans vun haarder, bal Hardcore Post-Punk-Musek. Déi nach nei Band Ultranothing presentéieren do hir Debut-EP. Ervirgaangen ass de Power Trio aus Membere vun Office of Weird an dem Batteur Pit Jacobi, mat deem mir iwwer dat neit Wierk geschwat hunn.

Luxembourgish with Anne PODCAST
3 important rules about the word order in Luxembourgish

Luxembourgish with Anne PODCAST

Play Episode Listen Later Oct 24, 2024 14:57


There are cases in which Luxembourgish and English word order are identical,however the word order in Luxembourgish is more variable and flexible than in English. In particular, sentences need not begin with the subject. BUT there are strict rules determining the position of the VERB and there are a few other rules to bear in mind.1. The Verb is Always the Second ElementNo matter which element begins a Luxembourgish declarative sentence (a statement), the verb is always the second element. If you remember nothing else about Luxembourgish word order, remember this. The subject for instance ech, den Hond, Meng Kanner, d'Haus will either come first or immediately after the verb if the subject is not the first element. This is a simple and fast rule. In a statement (not a question) the verb always comes second.This rule applies to sentences and phrases that are independent clauses.A “normal” word order places the subject first, the verb second, and any other elements third.Examples:Ech léieren haut Lëtzebuergesch. – I learn Luxembourgish today.Haut léieren ech Lëtzebuergesch. – Today I learn Luxembourgish. (Lit: Today learn I Luxembourgish)Remark:“in second position” or “second place,” means the second element, NOT necessarily the second word.Only one element can precede the verb, but it may consist of more than one word, for example Haut den Owend.In such cases, the verb remains second and the subject must immediately follow the verb:⇒Haut den Owend léieren ech Lëtzebuergesch. –This evening I learn Luxembourgish.⇒Um wéi vill Auer bass du muer doheem. –At what time are you at home tomorrow2. Time, Manner and Place: Wéini, Wéi, WouAnother area where Luxembourgish syntax may vary from that of English is the position of expressions of time wéini?, manner wéi? and place wou?In English we would say, Tom is coming home by train today. English word order in such cases is place, manner, time… the exact opposite of Luxembourgish. We say: time, manner, place.Examples:Den Tom kënnt haut mam Zuch heem. ⇒ haut (time), mam Zuch (manner), heem (place).Ech ginn all Dag mam Auto op d'Aarbecht. ⇒ all Dag (time), mam Auto (manner), d'Aarbecht (place). – I go to work by car everyday.3. Sentence BracketWhen you have a separable verb (with a prefix), a modal verb or when a verb is used in combination with a second verb then the conjugated verb still stays in POSITION 2. This creates a sentence bracket that contains all of the other information.Examples: Meng Mamm fiert normalerweis um 6 Auer heem. – My mom usually goes home at 6pm.Here we have a separable verb heemfueren. ⇒ fueren is the stem and heem is the a prefix. For such verbs, the prefix is separated from the stem and placed at the end of the sentence in the present tense (as long as the clause is not subordinate or relative).Meng Mamm wëll haut um 6 Auer heemfueren. – My mom wants to go home at 6pm today.Here we have the modal verb wëllen (the conjugated verb) and the 2. verb comes at the very end of the sentence. In this case a separable verb is no longer separated.Meng Mamm ass haut um 6 Auer heemgefuer. My mom came home at 6pm today.I know that the sentence order is quite challenging. That's why And as there is much to say about the word order in Luxembourgish sentences I decided to create an online course – 10 day course: Understand the Basics of Luxembourgish Sentence Structure - this is included for FREE in the online course A1FSummary :1 Simple, declarative sentences are identical in Luxembourgish and English: Subject, verb, other. Ech léiere Lëtzebuergesch2 The verb is always the second element in a Luxembourgish sentence. Am Summer ginn ech gär an d'Schwämm..3 Luxembourgish sentences are usually “Time, Manner, Place.” Ech fueren um 8 Auer moies mam Auto op d'Aarbecht4 With separable, modal verbs and tenses, the second verb goes last, but the conjugated verb is still second.Ech fueren ëmmer um 6 Auer owes heemWebsite: https://luxembourgishwithanne.luSproochentest Oral Exam Prep Class:https://courses.luxembourgishwithanne.lu/p/oralexamFacebook: https://www.facebook.com/luxembourgishwithanne.lu/Instagram: https://www.instagram.com/luxembourgishwithanne/?hl=enLinkedIn: https://www.linkedin.com/company/80364342/admin/feed/postsYoutube: https://www.youtube.com/channel/UCh7_kWqrLaZea-IJH46KJEA

Kultur
Anna Erhard an de Rotonden

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 24, 2024 5:58


Delikaten Humor, deen op mënschlech Widderspréch hiweist, ass eng vun den definéierende Charakteristike vun der Anna Erhard hirer Musek. Heirauser ensteet eng déif Emotionalitéit an hire Songs otemt. Fans vu Wet Leg a Singer-Songwriterinne wéi der Fiona Apple dierften hei op hir Käschte kommen. Haut den Owend spillt déi gebierteg Schwäizerin an der Bouneweger Rotonde, a mir haten Geleeënheet haut de Moie virun hirem Depart mat hir ënner Anerem iwwert déi nei LP “Botanischer Garten” ze schwätzen.

Kultur
“Den Cello huet mech ausgewielt”

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 22, 2024 10:26


De Petar Pejčić ass 22 Joer jonk a spillt Cello zanter sengem 4. Liewensjoer. Concerte gëtt hie ronderëm d'ganz Welt, an den 22. Oktober kënnt hie fir d'alleréischte Kéier op Lëtzebuerg. An der Philharmonie trëtt hien zesumme mam Ensemble Esperanza vu Liechtenstein op, an dat ass och hiren alleréischte gemeinsame Concert. Am Mëttelpunkt vum Owend stinn dem Tchaikowsky seng Rokoko Variatiounen. De Petar Pejčić huet dem Marie Schockmel ënnert anerem verroden, wéi hie sech physesch a mental op Concerte virbereet a firwat hien als Kand den Cello gewielt huet.

Kultur
Chilly Gonzales – Gonzo an der Phil

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 18, 2024 7:23


De Chilly Gonzales huet eng räich Karriär hannert sech, an där hien sech vun engem kanadeschen Neoklassik-Pianist zu engem zu Berlin a Paräis schaffenden, ganz humorvolle Piano-Rapper entwéckelt huet. Muer den Owend steet de Museker fir d'drëtt op der Bün vum groussen Auditoire vun der Philharmonie.

Kultur
Lëtzebuerger Dirigentin um Pult vun der Militärmusek

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 17, 2024 10:24


E Freideg den 18. September spillt d'Militärmusek ee Concert am Kultursall zu Steesel. Um Programm steet ee "Lëtzebuergesch-Éisträicheschen Owend", bäi deem déi jonk Lëtzebuerger Klarinettistin an Dirigentin Véronique Bernar an de Lieutenant Jean Thill dirigéieren. Am Gespréich huet eis d'Dirigentin Véronique Bernar Detailer zum Programm verroden an erzielt, wat et hir perséinlech bedeit, als eng vun den eenzege weiblechen Dirigentinnen d'Militärmusek ze leeden. Zudeem schwätzt si am Gespréich mam Lex Kauffmann iwwert hir perséinlech Beweeggrënn, Direktioun ze studéieren a wéi Fraen an der Fonctioun vun enger Dirigentin generell akzeptéiert sinn.

concerts programm milit pult dirigentin fraen owend dirigentinnen am gespr e freideg steesel
Kultur
"Alle Menschen werden Brüder"

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 7, 2024 5:59


Haut den Owend spillt ee Quintett vun de Solistes Européens, Luxembourg ee Concert an der Philharmonie. Een Owend ënnert dem Motto "Alle Menschen werden Brüder". Um Programm stinn awer net nëmme Wierker vum Ludwig van Beethoven, ma och vun anere Komponisten aus verschiddenen Epochen. Ee Museker vum Quintett, den Aaron Aussenhofer-Stilz, huet am Gespréich mam Lex Kauffmann verrode wéi et zum Programm komm ass. Hien verréit och firwat et wichteg ass, dem Public ee villsäitege Programm ze bidden.

Kultur
Math Rock mat Chouer fir 41 Joer Kufa

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 2, 2024 14:36


De Freideg den Owend ass de groussen Aweiungsowend vun engem Programm, wéi déi Escher Kulturfabrik en nach net gesinn huet: ee Mount laang feiert dee fréiere Squat 40+1, also 41 Joer. De Programm vum Owend selwer fänkt u mat der Ouverture vun engem spezielle Parcours mat Konschtinstallatiounen, enger Virstellung vun der Biergerbün, deenen übleche Rieden an engem Buffet. Um véierel fir 10 owes spillt dann eng Band ee Concert, déi op der Kulturfabrik hirer Mëscht gewuess ass. Mutiny on the Bounty hu vun 2004 un an der Kulturfabrik geprouft, an der Originalbesetzung eng Mëschung aus Europaschoul-Absolventen a Minettsdäpp. Vum Kufa-Proufsall goung et 3 Joer méi spéit eraus an d'Welt, op Bünen a Kanada, de Vereenegte Staate a Japan, an ee Plackevertrag beim Label New Romance for Kids huet hir Musek iwwerall hin transportéiert ...

Kultur
Faarwen a Kontraster

Kultur

Play Episode Listen Later Sep 20, 2024 3:27


D'Ouverture vun enger Saison ass ëmmer e feierlechen Ament. Och wann et déi lescht mam aktuelle Chefdirigent ass. Erlieft den éischte Concert vum Gustavo Gimeno senger leschter Saison mat de Lëtzebuerger Philharmoniker. Den Titel "Colours & Contrasts" ass hei Programm. Um Programm: Maurice Ravel: Ma mère l'Oye. Cinq pièces enfantines pour orchestre Dmitri Chostakovitch: Concerto fir Piano, Trompett a Sträichorchester Sergueï Prokofiev: Sinfonie Nr. 3 Interpreten: Simon Van Hoecke, Trompett Seong-Jin Cho, Piano Lëtzebuerger Philharmoniker Gustavo Gimeno, Direktioun De radio 100,7 an den opus 100,7 iwwerdroen dëse Concert live aus der Philharmonie den Owend (20.9.) um 19:30. Duerno bleift de Concert nach bis de 27.9.2024 an der Mediathéik op www.opus.radio disponibel.

Kultur
Gros Coeur a Chaton Laveur: Déi belsch Zeen an der Rotonden

Kultur

Play Episode Listen Later Aug 21, 2024 8:24


Gros Coeur heeschen esou, well si genee dat, een an deem aneren erkennen: ee grousst Häerz. Hiren Debut “Gros Disque” koum d'Lescht Joer eraus, mat véier laangen, danzbaren, psychedeelesch ugehauchte Rockstécker, an deene sech dat Séisst an dat Haart ofwiesselen, fir der Welt Liewensfreed entgéintzestellen. Déi véier Belsch stinn den Owend (21.8.) op der Bün vun de Rotonden zu Bouneweg, an zwee vun hinnen hu sech bei hirer Arrivée an e Gespréich mam Marc Clement agelooss: de Gittarist a Perkussionist Jimmy, an den Adrien, dee séngt an och Gittar spillt.

Kultur
Lëtzebuergesche Math-Rock an de Rotonden

Kultur

Play Episode Listen Later Aug 16, 2024 5:46


Bei de Congés annulés geet et geschwënn an déi lescht Woch, awer nach fënnef Concerte sinn ze erliewe beim traditionelle Summer-Festival vun de Rotonden. No der duebeler Affiche Hannah Ida a Bartleby Delicate den 28. Juli ass et haut den Owend (16.8.) eng weider eenheemesch Duebel-Affiche zu Bouneweg. Ee Concert fir Rockfans, ganz kloer, Mutiny on the Bounty headlinen, The Cookie Jar Complot maachen op, a mat deenen huet de Marc Clement beim Soundcheck e puer Wuert gewiesselt, an dëser Reiefolleg: de Sven Schmäler an de Gilles Glesener.