Podcasts about bewosstsinn

  • 6PODCASTS
  • 9EPISODES
  • 29mAVG DURATION
  • ?INFREQUENT EPISODES
  • Nov 18, 2022LATEST

POPULARITY

20172018201920202021202220232024

Best podcasts about bewosstsinn

Latest podcast episodes about bewosstsinn

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
De Muechtmëssbrauch am Kultursektor stoppen

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Nov 18, 2022

Zanter dem MeToo-Mouvement gëtt et méi Bewosstsinn fir sexueller Iwwergrëffer, grad och am Kultursektor. Allerdéngs ass et zu Lëtzebuerg esou, datt et keng Affer ginn, déi ëffentlech iwwert hir Erliefnisser schwätze wëllen. Am Podcast schwätze

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Serge Tonnar: Vu Kanner, Klima, Krich, Krisen a Katastrophen, 01/06/2022 12:50

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Jun 1, 2022

An enger Welt, déi vum Mënsch zerstéiert gëtt, maache mer eis Suergen a sichen no Schëllegen tëscht de Generatiounen. Dobäi bréichte mer e Bewosstsinn, dass mir all eng eenzeg Generatioun sinn, déi gemeinsam Verantwortungen huet, denkt de Serge Tonnar a senger Carte Blanche.

Konferenzen
Artistesch Fräiheet a Meenungsfräiheet - Ronndëschgespréich

Konferenzen

Play Episode Listen Later Jan 1, 2022 55:47

Wéi funktionéiert Konscht als Medium? Véier Kënschtler diskutéieren zum Theema artistesch Fräiheet a Meenungsfräiheet. Si stellen d'Fro, wéi Messagen duerch Konscht iwwermëttelt ginn, a wéi de Public se ophëlt. Virfäll wéi déi géint d'Karikaturiste vu Charlie Hebdo oder Attentater op aktivistesch Kënschtler hunn eng Diskussioun iwwer déi artistesch Fräiheet an d'Roll vu Konscht a Kultur an der Gesellschaft lassgeléist. Wéi wichteg ass Konscht fir Versteesdemech an Toleranz, Bewosstsinn a Wäitsiicht vum Individuum a vun der Gesellschaft ze fërderen? E Ronndëschgespréich vum 2. Dezember 2021 an der Nationalbibliothéik BNL An der Diskussioun mat dobäi waren:  Didier Scheuren, Kënschtler Pascal Schumacher, Museker Anne Simon, Theater Filip Markiewicz, Performancekënschtler, Installatiounen a Film Moderatioun: Dr. Nora Schleich Enregistrement: BNL, Mastering a Montage: Carlo Link Schluss an d'Diskussioun mat dem Publikum lauschteren  

Kultur
Jonk Stëmmen aus der Lëtzebuerger Literatur

Kultur

Play Episode Listen Later Aug 29, 2020 5:15

Luuchtepottoen versammelen sech an der Wüüst an zéien a Gruppen Richtung Horizont. Kathedralen a Plastilinn weisen sech besonnesch stolz. Dëst ass dem Maxime Weber seng erfonnte Welt aus dem Text "Panima". An dëser Welt entwéckele Géigestänn e Bewosstsinn an souguer hir eegen Ausdrocksweisen. Den 26 Joer alen Auteur war mam Lara Bousch am Interview.

Humanities Talk
Irma Hadzalic

Humanities Talk

Play Episode Listen Later Apr 5, 2020 26:58

D'Geschicht vun der ARBED an hir Plaz an der Lëtzebuerger Gesellschaft ass wuel jiddwerengem ee Begrëff, mee d'Kreatioun vun enger zweeter Firma duerch d'ARBED am brasilianesche Minas Gerais am Ufank vum 20. Joerhonnert ass net vill am ëffentleche Bewosstsinn. Dr. Irma Hadzalic fuerscht an hirer Thees iwwer Prozesser vu sozialen Initiativen, déi d'ARBED eent zu eent wollt a Brasilien implementéieren. Si fënnt eraus, datt d'Motivatioune vun der ARBED net eleng engem renge Sozialgeescht gedéngt waren.

RTL - Am Gespréich
Am Gespréich: Judith Teusch- Schmit , 16/12/2019 12:10

RTL - Am Gespréich

Play Episode Listen Later Dec 16, 2019

En Interview iwwer humanistesch Hypnos. Beim Begrëff 'Hypnos' hunn déi meescht vun eis d'Bild am Kapp vum Hypnotiseur, deen eng Kéier schnippst an dann ass ee fort. Déi Form vun Hypnos kann esouguer geféierlech ginn an déi humanistesch Method, 2001 zu Paräis erfonnt, verännert alles. Bei där ass de Client voll do a behält d'Kontroll. E gëtt wuel a en Zoustand vun Trance versat, awer een, deen am méi héije Bewosstsinn ass. Domatter loosse sech al Wonnen zou maachen, dat Erlieftent ka verschafft ginn an de Mënsch ass erëm equilibréiert. Eis Invitée bilt an hirem Institut och aus an huet eis verroden, wat ee mat der Technik kann am alldeegleche Liewen ufänken. Op déi Manéier gëtt et eng Liewensphilosophie.

RTL - Am Gespréich
Am Gespréich: Judith Teusch- Schmit, 16/12/2019 12:10

Viviane Clausse Directrice vu "Smile-Kids" Sophrologie a Yoga fir Kanner , 10/07/2019 12:10

RTL - Am Gespréich

Play Episode Listen Later Jul 10, 2019

Bewosstsinn a Meditatioun ënnerscheet sech quasi vun Allem wat een an der Welt als alleréischt mol geléiert gëtt. Normalerweis léiere mer ëmmer alles am Sënn fir eis ze verbesseren. Ma bei der Meditatioun an dem Bewosstsinnstraining geet et net ëm d'Verbesseren, et geet dorëms ze mierken dass ee scho perfekt ass, esou wéi een ass.

RTL - Am Gespréich
Viviane Clausse Directrice vu "Smile-Kids" Sophrologie a Yoga fir Kanner, 10/07/2019 12:10