POPULARITY
An dëser Episod diskutéieren de Ben an de Gilles déi spannendste Momenter aus der BGL-Ligue, analyséieren d'Relegatiounschancë vun den Equippen an der Éierepromotioun a geheien e Bléck op déi rezentst Leeschtungen an Entwécklunge beim lëtzebuergesche Fraefussball. Mat interessante Statistiken an e puer Insider-Tipps suergen si fir déi gemittlech Stëmmung aus der Buvette.
Am nationale Futtball sinn an der regulärer Saison elo iwwert de Weekend déi lescht Decisioune gefall. Fir verschidden Equippen geet et iwwert d'Barragematcher awer och nach an d'Verlängerung. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
No der Summerpaus war de leschte Weekend den Optakt vum nationale Futtball Championnat.Mat Hesper gëtt et dës Saison ee klore Favorit op den Titel. Ma och Nidderkuer mécht sech seriö Hoffnungen.Um éischte Spilldag sinn déi zwee souverän era gestart an am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer och op Equippen déi ee manner gudden Depart haten.
Et hat sech schonns fréi an der Saison gewisen, datt mat Diddeleng an Hesper zwou Equippen iwwert deenen anere stinn.Bis d'Wanterpaus konnten sech déi 2 nawell zolidd ofsetzen.Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op de leschte Spilldag virun der Paus zeréck.
Bis den 11. Spilldag waren an der BGL Ligue mam F91 a mat Hesper zwou Equippen déi nach kee Match verluer haten. Gëscht war et dunn am Stade Jos Nosbaum zu Diddeleng den Duell tëscht deenen zwee Tabellenéischten, an do war de Swift einfach déi besser Equipe. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
Am nationale Futtball stoung de Weekend d'Coupe um Programme.Grouss Iwwerraschungen sinn allerdéngs ausbliwen, mä verschidden Equippen hunn sech awer schwéier gedoen.Am FLF Magazin vun haut huet de Jeff Kettenmeyer sech eng Partie Matcher erausgepickt.
Am nationale Futtball Championnat marschéieren 2 Equippen mam Maximum vun 12 Punkten vir ewech.Hesper an Diddeleng schéngen net ouni Grond déi zwee Topfavoritten op den Titel ze sinn.Am FLF Magazin vun haut hellt de Jeff Kettenmeyer déi zwee méi genee ënnert d'Lupp.
Déi 4 Tabellenéischt, Nidderkuer, Diddeleng, Hesper an Déifferdeng hunn sech gëscht net iwwerrasche gelooss an hir Partien all Kéier gewonnen. Hannendrun trëppelen zanter der Reprise no der Wanterpaus d'Fola an Stroossen op der Plaz. Gëscht war et dunn den direkten Duell tëscht béiden Equippen, an deen ass mat engem 0-0 Remis op en Enn gaangen. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
Am nationalen Häre Basket komme virum leschte Spilldag nach 3 Equippen fir déi leschte Plaz am Playoff a Fro.d'Musel Pikes, Konter an en T71 Diddeleng wëllen nach op déi 8. Plaz.Am Rebound vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer awer och op Dammen vun de Musel Pikes déi och ouni d'Cathy Schmit weider iwwerzeegen.
Am nationalen Häre Basket bleiwen nach zwee Spilldeeg bis feststeet wien et alles an de Playoff gepackt huet.Zwou Equippen fir déi et nach virun 2 Méint schlecht ausgesinn huet sinn d'Musel Pikes a Steesel.De leschte Weekend sinn béid Equippen openeen getraff an déi Miseler rullen d'Feld weider vun hannen op, Jeff Kettenmeyer.
Déi Lëtzebuerger Dammen Futtballnationalequipe huet muer den Owend am Stade de Luxembourg nees e grousse Rendezvous an der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun géint Éisträich. Nom 13. Spilldag stinn an der ieweschter Divisioun bei den Hären, 3 Equippen mat all Kéier 27 Punkten un der Tabellespëtzt, an zwar Diddeleng, Stroossen an de Racing. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
An nationalen Futtball Championnat streiden sech souzesoen 3 Equippen em de Championstitel. An souguer 6 kommen an der a Fro fir déi 4. an domat leschten europäesch Plaz, Jeff Kettenmeyer.
Op Grond vun de Corona Mesuren vun der Regierung déi bis den 15. Januar verlängert goufen, kann och de Basket net wéi virgesinn nees de 16. Januar nees ugoen well een den Equippen eng gewëssen Zäit u Preparatioun well a muss loossen. Am Rebound vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer ënnert anerem op d'Situatioun ronderëm d'Amerikaner.
Op Grond vun de Corona Mesuren vun der Regierung déi bis den 15. Januar verlängert goufen, kann och de Basket net wéi virgesinn nees de 16. Januar nees ugoen well een den Equippen eng gewëssen Zäit u Preparatioun well a muss loossen.Am Rebound vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer ënnert anerem op d'Situatioun ronderëm d'Amerikaner.
Am nationalen Häre Basket sinn no 4 Spilldeeg nach 3 Equippen ongeschloen. Am Rebound vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op de 5. Spilldag no vir.
Am nationalen Häre Basket sinn no 4 Spilldeeg nach 3 Equippen ongeschloen.Am Rebound vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op de 5. Spilldag no vir.
Am nationale Basket sinn d'Decisiounen bei den Dammen an Hären em d'Plazen am Titelplayoff nach net gefall.Am Rebound vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op den duebelen Spilldag no vir, a seet Iech wéi eng Equippen déi beschte Kaarten hunn.

Am nationalen Häre Basket sinn nach zwee Spilldeeg bis d'Hironn ofgeschloss ass.An der Tabell leien relativ vill Equippen no beieneen, just Konter verléiert liicht den Uschloss, Jeff Kettenmeyer.
Am nationalen Häre Basket sinn nach zwee Spilldeeg bis d'Hironn ofgeschloss ass.An der Tabell leien relativ vill Equippen no beieneen, just Konter verléiert liicht den Uschloss, Jeff Kettenmeyer.
Am nationalen Härechampionnat ass mam Basket Esch nom 4.Spilldag nach eng Equipe ongeschloen.Allgemeng huet een den Androck, datt des Saison e puer Equippen vill méi no beieneen leie wéi nach d'lescht Saison.Am Rebound vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op de 4. Spilldag zeréck, ma awer och schonns op déi nächst Matcher no vir.

Am nationale Basket sinn zwee Spilldeeg gespillt, a bei verschidden Equippen brennt de Bam zwar nach net - mä e fänkt awer esou lues u mat dämpen.Am Rebound vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer ënnert anerem op déi zwee Finaliste vu leschter Saison, Etzella an Diddeleng, déi nach kee Match gewonnen hunn.

Am nationalen Häre-Basket bleiwe nach 2 Spilldeeg, a mat der Sparta an de Musel Pikes streide sech nach zwou Equippen em déi 6. Plaz.Am Rebound vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer awer och op den Tabelleleader bei den Dammen, a mir gi gewuer wéi et mam Veräin vu Kayl viru geet.

Am nationalen Häre-Basket war an der Woch eng méi lass.No de 4 Equippen, déi sech fir d'Coupe-Halleffinallen qualifizéiert hunn, gëllt et sech elo nees op d'Championnat ze konzentréieren.Am Rebound vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op den 12. Spilldag no vir.

Am nationalen Härebasket si no 3 Spilldeeg nach 3 Equippen ongeschloen: Steesel, Diddeleng an iwwerraschend och de Racing.Am Rebound kuckt de Jeff Kettenmeyer awer och op d'Damme-Championnat, méi speziell op den Opsteiger Wolz.

Am nationale Basket war de leschte Weekend Optakt vum Championnat. No enger laanger Summerpaus ass et endlech nees am Gaang, an bei verschiddenen Equippen dauert et wuel nach e bëssen, bis d'Topform do ass. Am Rebound vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op den éischte Spilldag zeréck, an awer och schonns op den Zweeten no vir.

E Samschdeg ass am Lëtzebuerger Footballchampionnat de Spëtzematch tëscht dem Tabellenzweeten Nidderkuer an dem Leader Diddeleng. Déi zwou Equippen sinn punktgläich, den F91 huet just ee Gol méi geschoss. De Karapetian war 3 Saisonen zu Diddeleng, spillt awer zanter dem leschten Juni fir de Progrès. An den 11 Championnats-Matcher déi den fréieren armeneschen Nationalspiller des Saison fir déi Nidderkuerer gespillt huet, huet de Stiermer 16 mol getraff. Haut ass den Aleksandre Karapetian den Invité am Radio Sport Club.
Am Basket – Championnat si mëttlerweil scho 4 Matcher gespillt, an d’Equippen hunn deen 1. duebele Spilldag hannert sech. Am Rebound vun haut maachen de Jeff Kettenmeyer an de Jhang Mathes e kuerze Point vun der aktueller Tabellesituatioun.

Am Basket ass et op nationalem Plang den Ament éischter roueg. Dofir sinn déi Lëtzebuerger Dammen- an Häreselektiounen déi nächst Woch op de Spiller vun de klenge Länner a San Marino awer richteg gefuerdert. Am REBOUND vun haut beliichten de Jeff Kettenmeyer an de Jhang Mathes zesumme mam FLBB – President Henri Pleimling d’Chancen vun eisen 2 Equippen an där klenger Republik no bei der Adria ....

Am nationalen Häre Basket bleiwen nach 3 Spilldeeg bis mat Sécherheet fest steet wéi eng 4 Equippen am Final 4 wäerte stoen. D'Amicale Steesel ass sécher mat dobäi, ma do hannendrun hunn d'Musel Pikes déi lescht Match Plomme gelooss. Am Rebound vun haut kucken de Jang Mathes an de Jeff Kettenmeyer och nach iwwert de grousse Pull eriwwer an d'USA.

Am nationale Basket ass zanter leschtem Weekend den Titelplayoff bei den Dammen an Hären amgaang. Am Rebound vun haut analyséieren de Jang Mathes an de Jeff Kettenmeyer, wéi eng Equippen en optimalen Optakt haten an wien nach eng Schëpp muss drop leeën.

Am nationalen Häre Basket hunn sech déi éischt 4 Equippen sou lues eraus kristalliséiert.Nieft de Favoritten Steesel an de Musel Pikes, sinn och d'Etzella a Konter den Ament a ganz dréchen Dicher. Do hannendrun geet et em déi aner zwou Plazen am Playoff. Am Rebound vun haut kucken de Guy Seyler an de Jeff Kettenmeyer wien do déi beschte Kaarten huet.

Am nationalen Basket ass d'Halschent vun der Qualifikatiounsphase eriwwer. Am Rebound vun haut kucken de Jang Mathes an de Jeff Kettenmeyer wéi eng Equippen am Soll sinn a wien den Ament hannert den Erwaardungen zeréck bleift.

Am nationalen Futtball Championnat geet d'Allers-Ronn sou lues op en Enn.Zwou Wochen bleiwe nach bis Paus ass.Am FLF Magazin vun haut kucken de Jang Mathes an de Jeff Kettenmeyer, ënner anerem op déi Equippen déi gëschter eng gutt Affaire gemaach hunn.

Am nationalen Häre Basket hunn zwou Equippen bis ewell nach kee Match gewonnen.Dëse Weekend spillen elo Bascharage a Fiels géinteneen an domat kann dann eng vun béiden Equippen um 7. Spilldag hir éischte Victoire feieren. Am Rebound vun haut kucken de Jang Mathes an de Jeff Kettenmeyer awer och nees an d'USA, net op den Donald Trump, mä op den NBA Superstar Steph Curry.

Den Ament ass déi 75. Editioun vum Skoda Tour de Luxembourg amgaangen. Zanter 13 Joer ass de Frank Zeimet President vun der Organisatioun. Wéi gesäit Zukunft vun eisem Nationalen Tour aus? Wat muss sech änneren, dass nees méi grouss Equippen an domadder och grouss Nimm bei eis an d'Land kommen? Dës Froen an aneren thematiséieren mer mam Frank Zeimet dës Woch am Radio Sport Club.
Argentinien sou just an Däitschland sou kloer- dat ass d'Finale vun der Fussballweltmeeschterschaft a Brasilien, déi e Sonndeg mat der Kréinung vum neie Weltmeeschter op en Enn geet. Wat kann ee sech vun der Finale erwaarden a wien hat déi zwou Equippen op der Rechnung? Messi oder Lahm- wie kritt d'Coupe iwwerreecht? Am Radio Sport Club spezial diskutéieren Emilia Oliveira, Robi Langers, Guy Hellers, Franky Hippert a Christiane Kremer. Vun hallwer 2 un.
D'Fussballweltmeeschterschaft a Brasilien geet an déi nächst Ronn a Lëtzebuerg ass mattendran, mattendran tëscht deene 4 europäeschen Véierelsfinalisten- eis Nopeschlänner Belsch, Frankräich an Däitschland an net vill méi wäit ewech Holland, hunn nach gutt Chance Weltmeeschter ze ginn. Oder hunn déi südamerikanesch Equippen awer e Virdeel op hirem Kontinent? Ënner anerem doriwwer diskutéiere mer am Radio Sport Club spezial WM mam Emilia Oliveira, Robi Langers, Guy Hellers, Franky Hippert a Christiane Kremer. Ugepaff gëtt um hallwer 2.