D'RTL Buch Recommandatioun
An den nächste Minutten tauche mir an e mageschen Universum an! «Dark Sigils-was die Magie verlangt», dat ass den Titel vum éischten Deel vun enger neier Fantasy-Trilogie vun der däitscher Autorin Anna Benning. D'Bea Kneip huet sech verzaubere gelooss.
De Schnéi huet sech dëst Joer bis elo réischt ganz douce gewisen. Virun allem déi lescht Deeg si vereenzelt Flacke vum Himmel gefall. Ma dorëms geet et dann och an eisem Buch vun der Woch: Ëm Schnéi. Oder besser gesot, dat ass den Titel vum Thriller "Schnee" vun der islännescher Schrëftstellerin Yrsa Sigurðardóttir.
Hutt dir iech schonn eng Kéier gefrot, wéi d'Clan-Kriminalitéit an Däitschland opgebaut ass ? Oder wat mat ville vun deenen 170 000 anticke Konschtwierker aus dem Nationalmusée zu Bagdad geschitt ass, déi 2003 nom Amarsch vun den Amerikaner geklaut goufen ? Am Lukas Erler sengem Krimi a Politthriller « Das letzte Grab » fënnt de Lieser ënner anerem Äntwerten op déi Froen. De Lucien Czuga huet de Roman gelies.
Eng wéineg bekannten Episod aus dem 2. Weltkrich, e Mord an engem Hotel zu Bonn an e mysteriéist Bild vum Picasso, dat a Südfrankräich nees optaucht : dat sinn ënner anerem d'Ingrédienten vum Andreas Storm sengem éischte Krimi ronderëm de Konschtexpert Lennard Lomberg ''Das 9. Gemälde''. De Lucien Czuga huet et gelies.
Wann engem säin absolutten Dram e beemol platzt, fir deen een alles gemaach huet fir deen z'erreechen, a wéi et engem duerno ka goen, beschreift zu engem gudden Deel ëm wat et am Debütroman vun der Mariko Turk aus Colorado geet. Si gëtt op der Uni Course fir kreatiivt Schreiwen a Rhetorik. «So federleicht wie meine Träume» op English “The other side of perfect” ass den Titel vun dësem Buch. D'Sandra Mélan huet et gelies.
D'Stéphanie des Horts ass eng franséisch Schrëftstellerin déi englesch Literatur studéiert huet. Deemno ass et keng Surprise dass hir Romaner sech haaptsächlech op ikonesch Fraen aus England an Amerika konzentréieren. De Star vun hirem rezentste Roman ass d'Doris Delevigne, déi London an den 20er an 30er Joren onsécher gemaach huet. D'Valeria Wiwinius huet d'Buch gelies.
De Lincoln Highway war déi éischt Strooss, déi duerch ganz Amerika, vun der Westküst bis op d'Ostküst, gaangen ass. An sengem neie Roman “Lincoln Highway,” hellt den amerikaneschen Auteur Amor Towles de Lieser mat op dëse Roadtrip. Eng richteg Aventure, Julie Mathes.
D‘Sybille Vincendon ass eigentlech bekannt als Journalistin vun der franséischer Dageszeitung Libération. Mee si huet och scho Bicher publizéiert. Eist Buch vun der Woch ass hiren neiste Roman. D'Tiffany Saska huet d‘Buch "Trois Alexandrines" fir eis gelies.
E Buch iwwer Persounen, déi wierklech gelieft hunn, muss net onbedéngt eng reng Biographie sinn. De Schwäizer Auteur Alex Capus huet sech als Virlag fir säin neie Roman eng Fra gesicht, déi mam Kënschtlernumm Caroline Weldon an den USA als Molerin vum berüümten Häuptling « Sitting Bull » bekannt war. Als jonkt Meedchen war se mat hirer Mamm Mëtt vum 19te Joerhonnert aus der Schwäiz an d'USA op New York ausgewandert. D'Christiane Kremer huet d'Buch gelies.
Wie schonn eng Kéier zu Venedeg war, huet bestëmmt vun do onvergiesslech Andréck matbruecht. Ob eng Hochzäitsrees, e Weekend-Trip oder den Depart oder d'Arrivée mam Croisièresschëff, dëst si fir den Tourist fantastesch Momenter, si sinn awer och eng Menace fir d'Erhale vun dëser eenzegaarter Stad. Mat hirem neie Buch « Il faut sauver Venise » wëll d'Isabelle Autissier eis dëst an Erënnerung ruffen an och viru weidere Gefore warnen. Ob dat him geléngt seet eis elo de Lucien Czuga.
D'Tove Alsterdal ass eng schweedesch Autorin, déi schonn zënter enger Rei vu Joren am skandinavesche Raum bekannt a beléift ass. Si ass a ville Genren doheem, huet an de 2000er en Kabaret-Theater geleet, Manuskripter fir Filmer an Theater verfaasst, bis si dunn 2009 hiren éischten Thriller erausbruecht huet. 2020 ass STURMROT a Skandinavien an d'Buttiker komm, den éischten Deel vun enger Trilogie, mat där d'Tove Alsterdal mam schweedesche Krimipräis ausgezeechent gouf. D'Manon Bercker huet d'Buch geliess
Wien et wochelaang op der Bestseller-Lëscht vun der New York Times aushält a bei Kritik a Lieser gläich gutt ukënnt, deen huet mat sengem Roman wuel e gudden Nerv geroden. De Fall ass dat fir déi amerikanesch Schrëftstellerin Rebecca Serle, déi mat "In five Years" grousse Succès hat. D'Buch ass och elo an der däitscher Iwwersetzung erauskomm, Christiane Kremer.
Net méi schaffe mussen goen an d‘Liewen genéissen. Dolce far niente. Dorëms geet et net an „Freiheit für alle – Das Ende der Arbeit wie wir sie kannten“. De Philosoph Richard David Precht beschreift a sengem neie Wierk d‘Transformatioun vun der Aarbechtsgesellschaft. An Zukunft wäert d‘Aarbecht net méi just do sinn fir d‘Paie um Enn vum Mount, mä se wäert am Idealfall mat Sënn erfëllt sinn, esou den Auteur. An dee Wiessel hätt schonn ugefaangen. Pierre Jans.
Ëm e Buch iwwer Bicher, besser gesot, iwwert d'Geschicht vum Buch an de leschten 3000 Joer, geet et an den nächste Minutten. «Papyrus – Die Geschichte der Welt in Büchern» vun der spuenescher Philologin Irene Vallejo ass eist Buch vun der Woch. D'Bea Kneip huet d'Detailer.
D'Kate Spencer ass eng vun de Presentatrice vum Podcast «Forever 35» an den USA. Si schreift ënner anerem fir InStyle, Washington Post, Rolling Stone a Cosmopolitan. Nodeems si d'Erzielung mat autobiographeschen Elementer “The Dead Moms Club” geschriwwen hat, huet si sech lo un hiren éischte Roman erugewot,"Zwei Herzen unter acht Millionen". Dofir huet si sech duerch hir Faszinatioun vun der Stad New York an de klasseschen, romantesche Komedien aus den 80er Joren inspiréiere gelooss. Wat dobäi erauskomm ass, weess d'Sandra Mélan
Ass eng Frëndschaft tëschent engem 17 Joer allen Teenager an enger eelerer Bomi realistesch? Jo dat ass se, an di zwee Haaptprotagonisten aus eisem Buch vun der Woch sinn de beschte Beweis dofir. "Die Hundert Jahre von Lenni und Margot" ass eng Geschicht iwwert d´Liewe mat all sengen Héichten an Déiften. D'Tiffany Saska huet d'Buch fir eis gelies.
A.M. Ollikainen steet fir den Aki an d'Milla Ollikainen. Si si bestuet, hunn 2 Kanner a wunnen am Süden vu Finnland. Si hunn allebéid schonn dräi Romaner geschriwwen an hunn och scho Präisser gewonnen. D'Koppel huet lo zesummen den éischte Roman vun enger Serie vu 5 Deeler erausbruecht. De Kriminalroman kënnt a 15 Länner op de Marché: Team Helsinki: die Tote im Container. D'Sandra Mélan huet versicht erauszefannen, ob d'Buch hält wat den Titel versprécht.
Op en neie Roman vum Jan Weiler freet een sech bal genee esou wéi e klengt Kand op säin éischte Besuch op der Schueberfouer. Well säin dréchenen Humor wéi a senge Bicher iwwer Jonker an der Pubertéit, seng Léift fir seng Personnage wéi an senge Kriminalromaner mam Kommissar Kühn maachen all seng Bicher zu engem Erliewnës. Ob dat och de Fall ass bei sengem neie Roman « Der Markisenmann » seet eis elo de Lucien Czuga.
Manner bezuelt gi wéi ee Mann, fir déi nämmlecht Aarbecht war normal. Eng eege Kreditkaart hunn, ouni dass de Mann mat-signéiert war komplizéiert. Op enger Ivy League Uni studéieren, war onméiglech. An den 1960er Joren war d'Welt fir Fraen eng aner. Et war eng Zäit an där Frae sech ëm Kanner, Haus a Kichen gekëmmert hunn – net eng Karriär an en Numm fir sech gebaut hunn. Ma grad an dëser Welt ass d'Protagonistin vum Bonnie Garmus hirem Débutroman „Eine Frage der Chemie“ Doheem an zum Schock vun hire Matmënschen, wëll si awer grad dat: eng Karriär als Wëssenschaftlerin a Gläichberechtegung.
Den engleschen Auteur Jonathan Lee huet Literatur studéiert, fir Affekoten zu London an Tokyo geschafft a schreift mëttlerweil Dréibicher zu New York. Mat sengem Roman « Der grosse Fehler » huet hien elo engem groussen New Yorker, dem Andrew Haswell Green, e literarescht Monument gesat. Kennen ech net, wäerten déi Meescht vun iech elo soen, och déi, déi déi schonn emol eng Kéier zu New York waren. Dobäi waren si bestëmmt op Plazen, déi deem Mann ze verdanke sinn. Wat fir eng dat sinn, seet eis elo de Lucien Czuga.
Wann d'Mier sech zréckzitt, hannerléisst et allerhand Planzen a Gedéiesch. Ass dodrënner awer och eng Läich, dann ass mat Sécherheet iergendeppes faul. Am Krimi « Gezeitenmord » vum däneschen Auteur Dennis Jürgensen ass dat de Fall. Gläichzäiteg ass dat och deen éischte Fall fir dat dänescht-däitsch Ermëttlerduo Teit a Lehmann. Ob dës éischt Kollaboratioun och nach anerer no sech zéie soll, seet eis elo de Lucien Czuga.
Fantasy-Bicher sinn de groussen Hit bei de jonke Lieser. Dorobber hu sech dann och schonn eng ganz Rei vun Auteure spezialiséiert. Eng, déi domadder besonnesch vill Succès huet, ass d' Amerikanerin Elizabeth Lim, déi nieft dem Komponéiere fir Filmer a Videospiller, ëmmer erëm Besteller schreift. Mat "Die sechs Kraniche" ass hir dat grad nees gegléckt, Christiane Kremer.
Wie gäre liest an awer och mol fir Stonnen an e Computerspill andauche wëll – fir deen hu mir eventuell dat passend Buch. „Rabbits“ vum Terry Miles erzielt nämlech d'Geschicht vun engem Real Time Adventure Game an deem den Asaz net manner ass wéi dat eegent Liewen. Den amerikaneschen Auteur ass och Filmproduzent an huet eng Rei Podcast-Serië kreéiert, dorënner Rabbits, aus där elo dëst Buch enstanen ass. D'Tiffany Saska huet d'Buch fir eis gelies.
Fantasy-Geschichten mat jonken Haaptprotagonisten, déi um Sprong an d'Erwuessewelt sinn, spriechen natierlech e jonke Publikum un, awer net nëmmen. Bescht Beispiller sinn do "Die unendliche Geschichte" oder "Hobbit". Den däitschen Auteur Albrecht Selge huet sech elo mat sengem fënnefte Roman och un dëse Genre gewot. "Luyanta - oder das Jahr in der Unselben Welt" spillt an der Welt vun den Dolomiten. D'Christiane Kremer huet et gelies.
2019 publizéiert d'Charlotte McConaghy hiren éischte Roman „Zugvögel“. Schonns do weist sech, datt di jonk Australierin sech mat den Themen Natur a Klima auserneesetzt, andeems si d´Geschicht an d'Evolutioun vun den Zuchvullen erzielt. De Roman gëtt e weltwäite Succès. An hirem neie Roman beschäftegt sech Charlotte Mc Conaghy mat de Wëllef. D´Tiffany Saska huet „Wo die Wölfe sind“ gelies.
D'Nicola Yoon ass eng jamaikanesch-amerikanesch Autorin. Nodeem si 20 Joer laang am Investment Management geschafft huet, bréngt si 2015 hiert éischt Buch eraus, inspiréiert duerch Gedanken an Ängschten bei der Gebuert vun hirer éischter Duechter. "Du neben mir und zwischen uns die ganze Welt" packt et direkt an d'Bestsellerlëschten a gëtt geschwënn dono verfilmt. Och den zweete Roman verkeeft sech gutt. An lo ass mat "Als wir tanzen lernten" hiren drëtte Roman eraus.
Fir säi Roman „Tell“ ass de Joachim Schmidt an de Schwäizer Folklor wulle gaangen an huet eng Legend ausgepaakt, déi den däitschsproochege Raum a virun allem d'Schwäizer immens gepräägt huet: et geet ëm d'Geschicht vum Wilhelm Tell, och bekannt als de Mann dee sengem Bouf en Apel vum Kapp geschoss huet. D'Valeria Wiwinius huet d'Buch gelies.
D´Buch „Das verschlossene Zimmer“ erzielt d´Geschicht vun der jonker Fra Marie a hirem Papp Dominik, déi zu Krakau a Polen liewen. Iwwerdeems de Papp Precautiounen trëfft well de Krich virun der Dier steet, beschäftegt sech d´Marie mat engem ganz aneren Thema. Hatt sicht seng Mamm. D'Tiffany Saska huet d´Buch vum Rachel Givney fir eis gelies.
An Italien ass se gebuer, huet an Däitschland a Japan gelieft, iert se an d'USA goung, fir an der Neurobiologie ze promovéieren. Viru Kuerzem krut d'Ali Hazelwood den Titel vun der Professorin, wat kaum en anere méi schockéiert, wéi si selwer. Si ass och Autorin an d'Michèle Schons huet hiren neie Roman "Die theoretische Unwahrscheinlichkeit von Liebe" gelies.
All Geschicht huet säin Held, am Buch vun der Woch steet deen awer op wackelege Been oder besser gesot, kuerze Been. "Der Held vom Bahnhof Friedrichstrasse" ass nämlech d'Geschicht vun engem Ligener, deen iergendwéi an eppes erarutscht aus deem een net méi raus kënnt. Ee Buch dat mat Humor a vill Charakter Froen iwwert eis Gesellschaft opwërft.
De Jakob Augstein ass bekannt als Journalist a Coproprietär vun der Spiegel Gruppe. Elo huet hie dann eng éischte Kéier e literarescht Wierk verfaasst a verëffentlecht säin éischte Roman „Strömung“. E Roman, deen d'Geschicht vun engem Politiker erzielt an dobäi alles ass, awer net politesch. D'Tiffany Saska huet d'Buch fir eis gelies.
E Libesroman ka kitscheg sinn oder grondleegend Gefiller wéi d'Léift tëscht zwee Mënschen, d'Trauer iwwer e Verloscht an d'Méiglechkeet vun enger neier Relatioun op eng Aart a Weis thematiséieren, déi souwuel d'Häerz wéi och den Intellekt vum Lieser uspriechen. Wat fir eng vun deenen zwou Méiglechkeeten de Fall ass bei « Du hast gesagt, es ist für immer » vum Trish Doller, dat héiere mir elo vum Marie Gales.
Déi éisträichesch Autorin Eva Menasse gouf 1970 zu Wien gebuer. No hirem Germanistik- a Geschichtsstudium schafft si als Redakteurin bei diversen Noriichtemagaziner.Scho ganz fréi huet si sech politesch engagéiert. Bei hirem Roman DUNKELBLUM- deen op reelle Fakte baséiert- setzt si d'Lous vun de Judden am 20te Joerhonnert an de Fokus. D'Manon Becker huet "Dunkelblum" gelies.
Krimien, an deenen et ëm Serial-Killere geet, gëtt et mëttlerweil wéi Sand um Mier. Mä een, wou den Täter bei sengem eegene Prozess selwer am Jury sëtzt, op déi Iddi wor bis elo nach kee komm. Den iresche Krimiauteur Steve Cavanagh huet dëst Gedankenexperiment gewot an de Lucien Czuga seet eis elo, op him dat gelongen ass.
Eng Fra kalbliddeg ermort an hirem Appartementzëmmer. E Kommissär tappt verzweiwelt hannendrun an zwee Noperen wou een net weess a wéi wäit si an dës Saach verwéckelt sinn. Dat ass d'Thema am Henri Faber sengem Debüt Thriller "Ausweglos." Ma wann ee Spannung an Emotiounen gäer huet leet en dëst Buch net méi aus den Hänn, Julie Mathes.
Vältesdag ass zwar elo eriwwer, romantesch gëtt et awer elo nach eng Kéier - am Buch vun der Woch. "Die letzten Romantiker" vun der amerikanescher Schrëftstellerin Tara Conklin. D'New York Times Bestsellerautorin huet awer keng Libesgeschicht geschriwwen, mee eng Familljegeschicht, d'Léift an d'Tragedie déi engem d'Liewe bréngt.
1967 ass den Auteur vum Buch vun dëser Woch zu Wien op d'Welt komm. De Marc Elsberg lieft och haut an dëser Stad. Hie war Strategie- a Kreativberoder fir Publicitéit an huet fir déi éisträichesch Zäitung „Der Standard“ geschriwwen. International bekannt ginn, ass hien duerch seng Bicher Blackout, Zero, Helix a Gier. Säin aktuellt Wierk ass e Politthriller: der Fall des Präsidenten. D'Sandra Mélan huet genee dëst Buch gelies.
Mat senger Metro-Trilogie, déi et iwwregens och als Videospill gëtt, ass de russesche Schrëftsteller a Journalist Dmitry Glukhovsky weltberümt ginn. Och säin neitste Roman "Outpost - Der Posten" ass eng Dystopie déi a Russland spillt. D'Bea Kneip ass him begéint an huet sech mat him iwwer seng Bicher, awer och iwwer déi aktuell Situatioun a sengem Heemechtsland ënnerhalen.
De Roman „Im Menschen muss alles herrlich sein“ ass der Theaterautorin a Schrëftstellerin Sasha Marianna Salzmann hiren zweete Roman an zielt vum Liewen an der Sowjetunioun, der "Perestroika" an dem haitegen Däitschland. Erzielt gëtt aus véier verschiddene Perspektiven - vun zwou Mammen an zwou Duechteren. D'Valeria Wiwinius huet d'Buch gelies.
Am Buch vun der Woch maache mir eng kleng Rees duerch d'Zäit a fannen eis zréck am Joer 1929. Die Blankenburgs vum Eric Berg ass den Optakt vun enger Rei, a begleet déi fiktiv Famill, wéi et den Titel vum Buch scho seet, Blankenburg duerch déi turbulent Zäit an Däitschland aus de 1930er Joren. D'Lea Schwartz huet d'Buch gelies.
En neie Roman vum Michel Houellebecq ass ëmmer nees en Evenement. Et huet een d'Impressioun, datt déi ganz literaresch Communautéit ee Moment stoebleiwt an Otem hëlt fir dat Evenement ze verdauen, sech d'Ae reiwt a sech freet : « Mat wat wëll en eis dann dës Kéier iwwerraschen oder Angscht maachen ? » De Lucien Czuga huet sech schlau gemaach an ''anéantir'' deen neie Roman vum Michel Houellebecq gelies.
Max Korn ass ee vun dräi Pseudonyme vum däitschen Auteur Oliver Kern.Säin Duerchbroch hat hien 2013, a vun do u fënnt ee seng Romaner reegelméisseg an de Spiegel-Bestsellerlëschten.De Kern huet en Deel vu senger Jugend an engem bayreschen Duerf verbruecht. Geschichten a Legenden aus deem Eck hunn hien zu senger neier Trilogie inspiréiert. Den éischten Deel, TALBERG 1935, ass eist Buch vun der Woch. D'Manon Bercker huet et gelies.