POPULARITY
Den 10. European Month of Photography, kuerz EMOP, ass mat "Rethinking photography" iwwerschriwwen. Kräiz a queesch uechter eis Kulturinstitutioune kënnt Dir vun elo u visuell Aarbechte vun internationalen an nationale Kënschtler:innen a Fotograf:innen entdecken, déi de Medium hannerfroen, an deels ganz experimentell Äntwerte ginn. An den Diddelenger Centres d'art Nei Liicht an Dominique Lang sinn Eenzelausstellunge vu Serge Ecker a Patrick Galbats opgaangen: an do dominéiert d'Fro a wéiwäit e Fotograf sech nei erfanne kann. D'Kerstin Thalau beim Expo-Hopping zu Diddeleng
Den 10. European Month of Photography, kuerz EMOP, ass mat "Rethinking photography" iwwerschriwwen. Kräiz a queesch uechter eis Kulturinstitutioune kënnt Dir vun elo u visuell Aarbechte vun internationalen an nationale Kënschtler:innen a Fotograf:innen entdecken, déi de Medium hannerfroen, an deels ganz experimentell Äntwerte ginn. An den Diddelenger Centres d'art Nei Liicht an Dominique Lang sinn Eenzelausstellunge vu Serge Ecker a Patrick Galbats opgaangen: an do dominéiert d'Fro a wéiwäit e Fotograf sech nei erfanne kann. D'Kerstin Thalau beim Expo-Hopping zu Diddeleng
Sujeten: Eclat am Wäissen Haus, Tram fiert op de Findel, 5 Joer Corona, Service vun de Poubellen zu Diddeleng, Bibel an der BNL, Vëlo, Theater.
Sujeten: Eclat am Wäissen Haus, Tram fiert op de Findel, 5 Joer Corona, Service vun de Poubellen zu Diddeleng, Bibel an der BNL, Vëlo, Theater.
Am nationale Futtball-Championnat huet Déifferdeng de Weekend e grousse Schratt a Richtung Championstitel gemaach. Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op de Spëtzematch géint Diddeleng zeréck a verréit eis wien un den internationalen Plazen dru bleift.
Um drëttleschte Spilldag an der Qualifikatiounsronn an der Enovos-League bei den Hären huet den zweetleschten, Musel-Pikes, d'Limiten géint den Zweeten an der Tabell, Diddeleng, gewise kritt. Lo hunn d'Hären wéinst der Nationalequipe bis Enn Februar Paus. Bei den Dammen gouf de leschte Weekend net gespillt well d'Nationalequipe am Asaz war. Et sollt um Enn fir d'FLBB-Dammen awer esou just net duergoen fir sech fir d'Europameeschterschaft ze qualifizéieren. De Rebound vun haut mam Franky Hippert:
D'Asylpolitik vun der CSV-DP-Regierung gëtt analyséiert, an et gëtt en neien Delai bei Liberty Steel zu Diddeleng, well dat vun de potentielle Repreneure gefrot gouf.
Wéi gesäit eng Asylpolitik "mat Häerz a Verstand" aus, doriwwer maache sech d'Zeitungen de Moie Gedanken, donieft kruten déi potentiell Repreneure vu Liberty Steel vun Diddeleng e weideren Delai vun zwou Wochen.
De Lëtzebuerger Ensembel "Machine à Trois" (Mà3) huet elo en neien Album opgeholl. Den Trio stellt sech zesummen aus der Rachel Xi Zhang um Marimba, dem Laurent Warnier um Vibraphon an dem Pascal Meyer um Piano. Déi dräi hunn sech wärend hire Studien zu Amsterdam kenne geléiert. Fir hiren neien Album "Unlearn" hunn si mat ville Kënschtler zesummegeschafft, wéi mam Pol Belardi a mam Michel Reis. De Release-Concert vum Album ass den 18. Januar 2024 um 8 Auer Owes op der Schmelz zu Diddeleng. D'Marie Schockmel huet sech mat der Rachel Xi Zhang an dem Pascal Meyer iwwert den Trio an de neien Album ënnerhalen.
Just e puer Deeg no der Annonce, datt hie mam Lëtzebuerger Konschtpräis 2024 ausgezeechent géif ginn, koum d'Nouvelle, datt de Kënschtler Marc Henri Reckinger gestuerwe wier. Dat war den 31. August 2023. Bis de 16. Mäerz 2025 éieren den Nationalmusée um Fëschmaart, zesumme mat den Diddelenger Kulturhaiser Dominique Lang an Nei Liicht de Moler mat dräi verschiddenen Ausstellungen. De Joé Birchen huet eis Impressiounen aus dem Nationalmusée matbruecht a wollt vun der Marlène Kreins, Curatrice vun den Ausstellungen zu Diddeleng wëssen, wéi et zu den dräi separaten Expoe koum.
Sujeten haut: Regierungsrot, EU-Accord mat de Mercosur-Staaten, Goldmënzen zu Holztem an de Chrëschmaart zu Diddeleng.
Sujeten haut: Regierungsrot, EU-Accord mat de Mercosur-Staaten, Goldmënzen zu Holztem an de Chrëschmaart zu Diddeleng.
De Benu Village zu Esch soll elo definitiv ofgerappt ginn, fir Liberty Steel steet eng decisiv Woch un, d'Stolwierk zu Diddeleng huet eng geriichtlech Sanéierung ugefrot, an de Sven Clement dementéiert, datt hie wéilt bei déi gréng wiesselen.
Wéi ee Fake News kann opdecken a ganz uewen um Fernsehtuerm zu Diddeleng. D'Fact-Checkers vun AFP weise wéi si Fake News fannen a richteg stellen. Mat engem Experiment am Journal teste mer den Afloss vu KI op Noriichten. Weise wéi d'Leit viru bal 200 Joer fir Meenungs- a Pressefräiheet gekämpft hunn. Firwat zu Diddeleng europäesch Tëleesgeschicht geschriwwe gouf. A klammen op de bal 300 Meter héije Fernseetuerm erop. Et ass eng liicht iwwerschaffte Versioun vum Pisa aus der Saison 16.
Wéi ee Fake News kann opdecken a ganz uewen um Fernsehtuerm zu Diddeleng. D'Fact-Checkers vun AFP weise wéi si Fake News fannen a richteg stellen. Mat engem Experiment am Journal teste mer den Afloss vu KI op Noriichten. Weise wéi d'Leit viru bal 200 Joer fir Meenungs- a Pressefräiheet gekämpft hunn. Firwat zu Diddeleng europäesch Tëleesgeschicht geschriwwe gouf. A klammen op de bal 300 Meter héije Fernseetuerm erop. Et ass eng liicht iwwerschaffte Versioun vum Pisa aus der Saison 16.
D'lescht Joer am Summer gouf bekannt, datt de Moler Marc Henri Reckinger mam Lëtzebuerger Konschtpräis 2024 ausgezeechent sollt ginn. Just e puer Deeg no der Annonce koum dunn d'Nouvelle, datt de Kënschtler verstuerwe wier. Elo éieren den Nationalmusée um Fëschmaart, zesumme mat den Diddelenger Kulturhaiser Dominique Lang an Nei Liicht de Moler mat dräi verschiddenen Ausstellungen. De Joé Birchen huet eis Impressiounen aus dem Nationalmusée matbruecht a wollt vun der Marlène Kreins, Curatrice vun den Ausstellungen zu Diddeleng, wëssen, wéi et zu den dräi separaten Expositioune koum.
Sonndesaarbecht, de Personalmangel am soziale Secteur an déi desolat Situatioun bei Liberty Steel zu Diddeleng si Sujeten an der Presserevue.
Theemen haut: Pressekonferenz vun HUT, Healthcare Week an de Foireshalen an den Immpbilieprojet Al Schmelz zu Diddeleng.
Theemen haut: Pressekonferenz vun HUT, Healthcare Week an de Foireshalen an den Immpbilieprojet Al Schmelz zu Diddeleng.
Och dëse Samschdeg steet nees Uergelmusek zu Diddeleng am Kader vum Festival International de l'Orgue um Programm. Mat dobäi ass dës Kéier déi slowakesch Organistin Bernadetta Sunavska. Si interpretéiert bei dësem Concert dem Bruckner seng 4. Sinfonie, och nach als "Déi Romantesch" bekannt. Eng Interpretatioun mat engem Arrangement vum Eberhart Klotz. Mee wéi ass dat, fir d'éischte Kéier op enger Uergel ze spillen, déi een nach net kennt? A wéi gutt kann een op enger Uergel Naturgeräischer nomaachen? Dat alles fannt Dir am Interview mat der Organistin eraus!
Am CNA zu Diddeleng waren op dësem Freideg de Moien d'Assisen am audiovisuelle Secteur, woumat hei haaptsächlech d'Filmindustrie zu Lëtzebuerg gemengt ass. Fir déi Professionnell war et d'Geleegenheet, fir sech auszeschwätzen a Fuerderungen ze stellen. Op de Secteur elo gutt oder schlecht do steet, doriwwer ginn d'Meenunge je no Bléckwénkel auserneen.
Et ass eng onverständlech Situatioun: Säit dräi an hallef Jore ginn d’Employéë vu Liberty Steel zu Diddeleng bezuelt, fir bal näischt ze schaffen. D’Stolwierk steet stell, déi ronn 160 Aarbechter*innen hu keng Aarbecht. An der leschter Zäit, huet sech d’Lag nach verschlëmmert: Säit Woche waarden d’Employée*n op hire Loun vum August, mä bis elo ass keen*t bezuelt ginn. D’Syndikater sinn alarméiert, den Aarbechtsministère suivéiert d’Situatioun. De Fabien Grasser präsentéiert dëst Woch seng exklusiv Recherche zum Thema an erkläert, wéi et dozou komm ass, wéi eng Zukunft d’Stolwierk an d’Aarbechter*inne erwaarde kéint a wat de Milliardär Sanjeev Gupta mat allem ze dinn huet. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Liberty Steel Dudelange : chronique d'une débâcle annoncéeThe post Liberty Steel an der finanzieller Kris first appeared on Radio ARA.
Den 31. August geet et lass: de Marathon mat den insgesamt 11 Sinfonië vum Anton Bruckner. Déi ginn all der Rei no op der Diddelenger Uergel am Kader vum Festival International de l'Orgue opgeféiert. Déi Fassunge fir Uergel hunn awer fir d'éischt Mol misse geschriwwe ginn. A bei esou grousse Wierker ass dat net just ee Projet fir e puer Méint. De Christophe Mirkes huet den Eberhardt Klotz, deem seng Uergel-Transkriptioune vum Bruckner senge Sinfonien zu Diddeleng gespillt ginn, getraff. Um Duxall vun der Kierch St. Martin zu Diddeleng krut hien all Froen zu deem Mammut-Projet, deem den Organist sech verschriwwen huet, beäntwert.
Sujeten haut: Serie Commerce zu Diddeleng, e Sonndeg um Stauséi, Opklärung iwwer séchert Feieren um e-Lake an d'Serveurscourse an der Stad.
Sujeten haut: Serie Commerce zu Diddeleng, e Sonndeg um Stauséi, Opklärung iwwer séchert Feieren um e-Lake an d'Serveurscourse an der Stad.
Op Initiativ an Engagement vun der ASBL Lët'z Arles ass Lëtzebuerg, vum 3. Juli un, fir déi siwente Kéier op de renomméierte Rencontres d'Arles vertrueden; dëst mat der Foto-Expo “L'odre des choses” vum Michel Medinger. De Michel Medinger, Joergang 1941, gehéiert hei am Land zu de bekanntste Fotokënschtler, war och erfollegräiche Liichtathleet. Aus gesondheetleche Grënn konnt hie keen Ausstellungsprojet entwéckelen. Lët'z Arles hunn en oppenen Appel curatorial, fir eng neutral an nei Vue op dem Fotograf säi Wierk lancéiert. Déi franséisch Curatrice a Kënschtlerin Sylvie Meunier huet sech mat hirem Dossier duerchgesat. D'Kerstin Thalau am Gespréich mat der Sylvie Meunier, no hirer Presentatioun am CNA zu Diddeleng
Wéi ee Fake News kann opdecken a ganz uewen um Fernsehtuerm zu Diddeleng. D'Fact-Checkers vun AFP weise wéi si Fake News fannen a richteg stellen. Mat engem Experiment am Journal teste mer den Afloss vu KI op Noriichten. Weise wéi d'Leit viru bal 200 Joer fir Meenungs- a Pressefräiheet gekämpft hunn. Firwat zu Diddeleng europäesch Tëleesgeschicht geschriwwe gouf. A klammen op de bal 300 Meter héije Fernseetuerm erop.
Wéi ee Fake News kann opdecken a ganz uewen um Fernsehtuerm zu Diddeleng. D'Fact-Checkers vun AFP weise wéi si Fake News fannen a richteg stellen. Mat engem Experiment am Journal teste mer den Afloss vu KI op Noriichten. Weise wéi d'Leit viru bal 200 Joer fir Meenungs- a Pressefräiheet gekämpft hunn. Firwat zu Diddeleng europäesch Tëleesgeschicht geschriwwe gouf. A klammen op de bal 300 Meter héije Fernseetuerm erop.
Gëschter Owend war an der Valerius Art Gallery op der Theaterplaz an der Stad Vernissage vun der Expo “Pick one” vum Daniel Wagener. Mee firwat just “one”, wann ee momentan “two” kann hunn? Nach bis de 16. Juni ass nämlech dem Fotokënschtler a Grafiker seng Fotoinstallatioun “Opus incertum” am Pomhouse vum CNA zu Diddeleng ze gesinn. A wann den Daniel Wagener, dee gréisstendeels zu Bréissel lieft a schafft, schonn eemol am Land ass, da schmäisst en a sengem Exporaum zu Diddeleng muer den Owend och nach eng Zort “finissage gourmand”. Am zweeten Exporaum stellt iwweregens d'Rosafa Elshan bis de 7. Juli aus. De Joé Birchen war béid Aarbechte kucken.
D'Star-Organistin Anna Lapwood wëllt onbedéngt eng Kéier op der Uergel zu Diddeleng spillen. Hire Wonsch geet haut den Owend (04.06.) an Erfëllung. Eigentlech geet d'Anna Lapwood eréischt Enn Juni nees op Tournée. Elo de 4. Juni steet awer nach Diddeleng op hirer Agenda. Si hëlt de Concert vum 30. Abrëll no, dee si aus gesondheetleche Grënn hat missen ofsoen. Si gëtt mat grousser Virfreed erwaart, de Concert vun haut den Owend ass ausverkaaft. Op TikTok huet si Honnertdausende vu Follower, a si spillt reegelméisseg an deene gréisste Concertssäll uechter Europa. Elo steet fir si zu Lëtzebuerg fir e Concert op der Affiche, op dee si sech ganz besonnesch freet: Haut spillt si nämlech op der Uergel zu Diddeleng an der Kierch. Et ass en Instrument, dat si scho méi laang eng Kéier wollt ausprobéieren, wéi si dem Luc Boentges am Interview verréit. Organiséiert gëtt dëse Concert vum FIMOD, dem Festival international d'orgue de Dudelange.
Déi fréier Directrice vun der Steierverwaltung Pascale Toussing mécht e Comeback am Finanzministère, Diddeleng kritt en neie Sécherheetsplang an eng nei asiatesch Runnen-Aart bedrot d'Beien.
Eis Sujete vun haut: Uber kënnt op Lëtzebuerg, Europawalen bei der DP an déi Gréng, e Rond-point mat Luuchten zu Diddeleng an am Sport hu mer Badminton.
Eis Sujete vun haut: Uber kënnt op Lëtzebuerg, Europawalen bei der DP an déi Gréng, e Rond-point mat Luuchten zu Diddeleng an am Sport hu mer Badminton.
Iwwert d'Konscht- a Kulturoffer zu Lëtzebuerg kann ee sech haut wierklech net bekloen. Eng etlech Leit fannen, nieft hirem eegenen alldeegleche Programm, just keng Zäit dofir. Dach, fir eng schonn: fir d'Akafskultur. Viru knapps 10 Joer hate 7 Fraen sech an de Kapp gesat, déi ze revolutionéieren, an domat d'Gesellschaft nohalteg ze veränneren. Si hate séier Succès: fir hiert Konzept vum Null-Verpackungsbuttek si si mam Innovatiounspräis ausgezeechent ginn, hu kuerz drop den éischten “Ouni” op der Gare opgemaach. Viru 5 Joer ass en 2. “Ouni” zu Diddeleng annoncéiert ginn. Zanter 2 Joer ass Lëtzebuerg elo ouni “Ouni”. D'Kerstin Thalau huet mat Diddelenger Membere vun der Cooperative geschwat.
Am nationale Futtball ass Déifferdeng dem Titel zanter dem leschte Weekend esou no wéi nach ni.Den Tabelleleader huet seng Aufgab erfëllt an hannendrun huet Hesper mat enger Victoire géint Diddeleng gehollef.Den Jeff Kettenmeyer iwwert d'Virentscheedung am Championnat.
Steesel géint Ettelbréck bei den Hären a Diddeleng géint de Gréngewald bei den Dammen. Dat sinn d'Finalle vum Championnat am nationale Basket. Souwuel bei den Häre wéi och bei den Dammen, huet allkéiers eng Ekipp ee drëtte Match an den Halleffinall musse spillen fir et bis an d'Final ze packen. Dat ass Thema haut am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt...
Et ass geschitt. Den Dylan ka mat Kaiserslautern op Berlin fueren. Lautern steet an der Final, Diddeleng spillt mat Trikote vun die Wilden Kerle, Lissabon ass aktuell gréng, Rouspert huet 3:0 gewonn, d'Lëtzebuerger Dammen si souverän an d'Quali gestart an an an… Alles dat a villes méi an dëser Episod.
De Festival zu Diddeleng geet a seng drëtt Editioun mat Cro, English Teacher, Say Yes Dog, Tali a ville méi. Rendez-vous ass den 1. an 2. Juni.
Educatrice, Animatrice a Politikerin: Vun der Kandheet zu Diddeleng, d'Danzschoul, iwwer d'Zäit op RTL, d'Politik an e e sëllegen Tréinen
Am nationale Futtball Championnat hunn Déifferdeng an Diddeleng d'Avance op d'Konkurrenz ausgebaut.Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op de Spëtzematch Hesper géint Nidderkuer an wéi d'Jeunesse sech aus dem Tabellekeller erausgespillt huet.
"En Derby spillt een net, en Derby wënnt een", déi Futtball-Wäissheet war och gëscht zu Esch nees wouer. D'Jeunesse huet sech mam knappste vun alle Resultater, 1-0, beim grousse Rival Fola duerchgesat. Den Tabellenéischten Déifferdeng huet beim Remis zu Monnerech Punkten hänke gelooss, den zweeten Diddeleng huet mat enger klorer Victoire um Racing, Terrain gutt gemaach. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
An der héchster Divisioun am nationale Futtball rullt dat ronnt Lieder zanter gëschter nees. Um éischte Spilldag no der Wanterpaus hunn sech déi zwee Tabellenéischt Déifferdeng an Diddeleng net iwwerrasche gelooss..., den drëtten Hesper trëppelt fir den Optakt direkt emol op der Plaz. An der nächster Nations League Campagne kréien d'Rout Léiwen et mat Bulgarien, Nordirland an Wäissrussland ze dinn. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
Bis de 7. Abrëll stellen de Pit Riewer an de Julien Hübsch an den Diddelenger Konschtzentren Nei Liicht an Dominique Lang nei Aarbechten aus. Béid Kënschtler waren am Kontext vum Hierschtsalon vum CAL mat Präisser ausgezeechent ginn: de Pit Riewer mam Prix Révélation; de Julien Hübsch mam Prix Grand-Duc Adolphe. De Julien Hübsch huet d'Nouvelle am Ausland erreecht: hie war näämlech dee Moment nach an der Kënschtlerresidenz an der Paräisser Cité des Arts. Fir hie war séier kloer, datt en zu Diddeleng d'Resultater vu senger Paräisser Recherche mam Public deele wéilt. D'Kerstin Thalau war an der Galerie Dominique Lang an huet mam Julien Hübsch geschwat.
Eis Sujete vun haut: Reaktioun op Stater Heescheverbuet, Prozess ëm Doutschlag zu Diddeleng, kee Youth for Climate Lëtzebuerg méi a Kanner-Psychiatrie am CHL.
Mat eise Sujeten: Réckbléck op eng Woch Walcampagne, Suivi Äerdbiewen am Maroc, Bilan CFL, Handball an eng Lokomotiv zeréck zu Diddeleng.
Eis Sujete vun haut: Den Usina-Festival zu Diddeleng, de Resumé Background am Gespréich, Kanddaf vum Prënz François an de Bilan Spiller vun de klenge Länner.
Welcome to our very first episode of the pod! Today we break down all the action from tomorrow's Europa and Europa Conference League's 3rd Qualifying Round, 1st Leg. Throughout, we travel to Ireland, Northern Ireland, Kazakhstan, Azerbaijan, Finland, and so many more. We also take particular interest in the Luxembourger side Diddeleng, aka the Diddlers. Enjoy responsibly, and we'll see you Friday. Cheers, to the gaffer!
Theemen haut: D'Finanzen an der EU, den ESM-Conseil, e Mini-Sommet zu Kiew an d'Lokomotiv Nummer 6 zu Diddeleng.
Theemen haut: CSV-Nationalkongress, Stammzellespenden an Usina22 zu Diddeleng.
Theemen haut: Eurosolar an alternativ Energien, d'Gesetz vum Gardiennage, de Clierfer Contournement an d'Preparatioune fir den Usina22 zu Diddeleng.